6 minute read
Éditions Phi
DOLORES FOCACCETTI
Rout, gréng, giel… Paprika!
Dëst Buch baséiert op den Erfarungen, di d’Auteure als jonk Mamm mat hirem eegene Meedche konnt maachen. D’Buch handelt vun engem Meedchen, wat sech nëmmen eesäiteg ernäert bis zum Zäitpunkt wou et mierkt, dass déi eintöneg Ernärung zimmlech langweileg ass an et interessant ass allerlee nei Liewensmëttel ze entdecken. Dëst gëtt am Buch unhand vu Faarwe gutt duergestallt.
Genre Livre pour enfants ISBN 978-29199-57-61-3 Prix 21,00 € Nombre de pages 21
1964 gebuer, vun italieneschen Elteren, huet d’Dolores Focaccetti Compta studéiert. Si huet als Sekretärin an Aide-comptable a verschiddene Banken an Entreprisen zu Lëtzebuerg geschafft, a sech duerno hirer Famill gewidmet. Am Moment schafft si als Secrétaire médicale an an hirer Fräizäit stellt si Doudouen (amiguitoby-dolores) hir.
Éditions Friederich-Schmit
Den Arthur huet säin Duddu verluer
Fir säi Gebuertsdag krut den Arthur en neien Duddu vu sengen Eltere geschenkt. Oh, wéi schéin deen ass! De Pepito ass de léifsten Teddybier, deen et gëtt. Awer haut kann den Arthur de Pepito einfach net fannen!
Fir säi Gebuertsdag huet den Arthur en Duddu als Kaddo vu sengen Eltere kritt.
Ah, wéi schéin ass de Pepito. Hien ass wierklech de léifsten Teddybier vun der Welt.
ELISENDA CASTELLS / FRANK ENDERSBY
De Krokodil verléiert säi Mëllechzant
Ee vun dem Krokodil senge Bëbeeszänn wackelt. Hie stellt sech elo allerhand fierchterlech Saache vir, déi geschéie kéinten. Glécklecherweis berouege seng Frënn hien – den Elefant, den Tiger an den Äffchen – a ginn him gutt Rotschléi: sech entspanen, den Zant mat der Zong beweegen, asw.
30
Wärend déi véier Frënn gemittlech an der Wiss leien a kucken, wéi d’Wolleke laanscht zéien, jäizt op eemol de Krokodil ganz haart: “Tara Tara! Hei ass en!” A senger Hand huet hien en Zant an a sengem Mond e grousst Lach. Hien ass ganz roueg a spiert sech esou richteg glécklech. Hie weess, dass elo näischt Schreckleches méi geschéie wäert a seet senge Frënn Merci fir hir Hëllef. ass en!An hei
Genre Livre pour enfants ISBN 978-2-919791-35-4 Prix 16,00 € Nombre de pages 36
ELISENDA CASTELLS / FRANK ENDERSBY
Den Äffche wëll net schlofen
Éditions Phi
De Krokodil, den Elefant, den Tiger an den Äffchen – véier Frënn – hu vill Spaass am Dschungel. Jiddereen huet natierlech seng Eegenheeten. Haut huet den Äffche seng Frënn zu enger Pyjamasparty agelueden. Duerno solle se bei him doheem schlofen. Hien huet sech och witzeg Aktivitéiten ausgeduecht. Do ass de Spaass garantéiert!
24
Den Elefant freet: “Wat ass mat dir lass, Äffchen? Firwat wëlls du net schlofen? Bass du net midd?” Den Äffchen äntwert, dass hien nach net schlofe wëll, well hie gäre mat hinne spillt. Hie biedelt: “Ech loossen iech souguer d’Spill eraussichen, awer wannechgelift, kommt, mir spille weider! Och wann et nëmmen nach e ganz bësschen ass!” elo?Wat leeft
ELISENDA CASTELLS / FRANK ENDERSBY
Den Elefant huet Angscht virum Waasser
Am Dschungel ass et déck waarm. Den Tiger, de Krokodil an den Äffche sprangen an d’Waasser. Mee wou ass den Elefant? Firwat bleift hien um Ufer stoen? Ma hien huet Angscht virum Waasser an hie kann net schwammen. Seng Frënn fannen eng Méiglechkeet, dass hien awer bei si an d’Waasser komme kann.
32
Elo, mat zwee Äermercher an enger Schwammhëllef spiert den Elefant sech endlech sécher. Déi véier Frënn sinn am Waasser a spille mam Ball. Den Äffchen ass ganz gutt am Fänken. De Krokodil schléit sou staark mat sengem Schwanz, dass de Ball héich duerch d’Loft flitt. An den Elefant benotzt natierlech säi Rüssel, fir dass de Ball net an d’Waasser fält. Alle Véier sinn esou richteg glécklech, well se endlech zesumme spille kënnen. et méi SpaassZesumme mécht
Genre Livre pour enfants ISBN 978-2-919791-37-8 Prix 16,00 € Nombre de pages 36
ELISENDA CASTELLS / FRANK ENDERSBY
Den Tiger léiert recycléieren
Éditions Phi
Beim Tiger doheem ze spille mécht ëmmer Spaass. Nodeems se all eppes Liichtes giess hunn, mussen natierlech d’Verpakungen an d’Iessensreschter ewech geraumt ginn. Den Tiger pucht alles séier an e grousse Sak. Dat iwwerrascht seng Frënn, den Elefant, de Krokodil an den Äffchen. Dofir erkläre se him, wat Recycling ass.
20
Elo musse se d’Këschten nach just flott dekoréieren. Den Elefant pecht e Blat op eng Këscht an de Krokodil moolt eng Fläsch drop. Well den Äffche seng Witzer mécht, gëtt hie mat senger Këscht net esou richteg eens. Dat gesäit jo aus wéi en Hutt! “Hal elo op, Äffchen!”, ruffe seng Frënn. Véier Etiketten
ÈVE HERRMANN / ROBERTA ROCCHI
Chrëschtdag mam Liv a mam Emmi
Léif Geschichten, voller Poesie, aus dem Alldag. Um Enn vun der Geschicht eng flott Aktivitéit fir d’Freed ze verlängeren. Geschichten am Montessori-Geescht.
Den nächste Moie leie vill Kaddoen ënnert dem Chrëschtbam. A wat d’Kichelcher ubelaangt an d’Glas Mëllech: déi si verschwonnen!
Genre Livres pour enfants ISBN 978-2-919791-29-3 Prix 9,50 €
ÈVE HERRMANN / ROBERTA ROCCHI Mir raumen op!
Nombre de pages 32 Éditions Phi
Léif Geschichten, voller Poesie, aus dem Alldag. Um Enn vun der Geschicht eng flott Aktivitéit fir d’Freed ze verlängeren. Geschichten am Montessori-Geescht.
Och d’Emmi huet mam Opraumen ugefaangen
– Wat méchs du dann, Emmi? Du raums jo alles duercherneen!
VIVIANE DAMAN
Kanner, Masken, Halloween
D’Sarah huet en héijen, schwaarzen Hexenhutt op säi Kapp gedoen an hatt huet sech eng laang, kromm Nues mat enger décker grénger Waarzel drop op seng eegen Niesche gestach. De Pascal hat an der Schoul eng orange, ronn Kalbass mat zwee groussen Aen an engem Mond ewéi en Hallefmound gebastelt. Déi setzt hie sech iwwer säi Gesiicht. Elo kennt keen hien erëm. De Steve wollt sech jo als Zombi verkleeden, awer hien huet net däerfen. Seng Mamm war dergéint. Si huet him awer en zackegt, schwaarz-wäisst Läinzeeche queesch iwwer d’Gesiicht gemoolt. Säi lénkst A verstoppt hien hannert engem ronnen, rouden Aendeckel. Dem Pol huet si riseg, schwaarz Rondelen ëm seng Ae gepinselt. Säi Gesiicht ass wäiss geschminkt an op der Kopp huet hien eng Paréck mat wujelegen, rouden Hoer, déi ausgesinn, ewéi wann hie sech nach ni a sengem Liewe gekämmt hätt. Och de Blacky ass verkleet: hie krut e roude Schal mat schwaarzen Doudekäpp drop ëm den Hals gestréckt.
Genre Livre pour enfants ISBN 978-2-919791-28-6 Prix 16,00 € Nombre de pages 48
WIERDERBUCH
Mäin éischt Wierderbuch
© Privat
Viviane Daman goung an d’Primärschoul zu Nidderkuer, da siwe Joer an den Escher Meedercherslycée an huet e Biochimiestudium zu Stroossbuerg ofgeschloss. Duerno war si 15 Joer laang Chargée de direction an der Primärschoul vun der Gemeng Péiteng. Vun 2003 bis 2013 hat d’Viviane Daman eng Librairie zu Esch/ Ulzecht. Si ass och Mamm vun zwee erwuesse Kanner, a lieft mat Hond a Kaz zu Péiteng.
Éditions Phi
Mathëllef vun dësem moderne Wierderbuch léiert Äert Kand vill nei Wierder kennen an dat, wa gewollt, gläich an dräi verschidde Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch. D’Themen entspriechen dem Alldag vum Kand.