STUDÉIEREN ZU NANZE G

tudiants
uxembourgeois
tudiants
uxembourgeois
Léif futur Student:innen,
Déi gréissten Decisioun déi all Schüler:in treffen muss ass wou an wat weiderstudéieren. All Studium ass verschidden, genausou ass och all Uni- an Studentestad eenzegaarteg. Fir mech perséinlech war Nanzeg déi richteg Entscheedung an dat gelt net nëmmen fir mäin Studium.
Eis Memberen droen och e gutt Stéck zu der Atmosphäre vun eisem Cercle bäi. Mir sinn een ganz sozialen an gemittleche Cercle an jiddereen gëtt direkt integréiert sou als wier een schonn ëmmer dobäigewiercht.
Mir hoffen dass des Broschür futuren ELANer erméiglecht en Abléck an eise Cercle ze kréien. Et ginn souvill hëllefräich Informatiounen ze fannen, iwwert d’Unien an d’Stad selwer. An sollt dir awer nach iergendeng Fro hunn, dann zéckt net an kontaktéiert eis roueg.
Am Numm vum Nanzeger Comité, wënsche mir Iech e gudde Start mat vill « élan » an d’Unisliewen eran an mir hoffen Iech am September op eiser Soirée de Bienvenue kennenzeléieren.
Jason Braas President 2023Den ELAN (Etudiants Luxembourgeois à Nancy) gouf offiziell de 7. August 2007 als Association sans but lucratif gegrënnt an ass zanter deem Member vun der ACEL (Association des cercles d’étudiants luxembourgeois). Den ELAN ass de Nofollger vun der AELUN (Association des étudiants luxembourgeois aux universités de Nancy) déi zënter hirer Grënnung probéiert huet méi „élan“ an d’Nanzeger Studenteliewen ze bréngen.
Eist Ziel ass et Lëtzebuerger Studenten zu Nanzeg ze encadréieren an zesumme zebréngen, ouni dobäi de Kontakt zu eise franséische Kolleegen ze vernoléissegen. Fir dass een sech zu Nanzeg ewéi doheem fillt organiséiert den ELAN reegelméisseg Soiréeën, ënnerstëtzt seng Memberen bei Froen zu administrativen Demarchen, a sicht de Kontakt zu aneren Studentevereenegungen zu Nanzeg an zu Lëtzebuerg. Den ELAN zielt ongeféier 80 Memberen an ass ëmmer op groussen Evenementer fir Studenten present, sou wéi dem ACEL Studentebal, der Foire de l’Etudiant oder dem Tournoi de Noël.
All Mëttwoch treffen sech, mol méi mol manner ELANer an eisem Stammcafé, Café les Artistes, fir zesummen e puer Pätt ze drénken an ze schnëssen. Do kanns du aawer och léieren, dech mat Frënn treffen, Fussball kucken, oder heiansdo mol eng Partie Kaarten spillen. Et ass ëmmer eng lass !
Ausserdeem profitéieren t’ELANer am Café les Artistes vun extrae Konditiounen opverschiddenem Gedrénks (Béier, Softdrinks, Shoten, ...) mat der Memberskaart vum ELAN (15€/Joer). Dëst ass Deel vun eisem Deal, dee mir all Joer nei mam Café les Artistes aushandelen. Wei den Deal genau leeft a wat den ELANer elo wéi vill kascht gëss du ëmmer am Ufank vum Joer vum Comité gewuer.
36 Rue Stanislas
54000 Nancy
Zu eisen traditionelle Rendezvous’er gehéiert eis Soirée de Bienvenue am Ufank vun all Joer. De genauen Datum vun der Soirée de Bienvenue fënns du virun allem op eisem Instagram Account an an eiser Facebook Grupp wou ma eng FacebookVeranstaltung deelen. (Den Link fannt der zum Schluss vun der Broschür.)
No der Soirée de Bienvenue ass et dann un der Daf fir déi nei ELANer. D’Daaf ass een vun den Highlights vum Joer an natierlech léist den Comité sech ëmmer erëm flott nei Spiller afalen. Déi scho
sinn dann och present fir nozekucken an déi nei ELANer ze ënnerstëtzen. Ufank Dezember kennt de Kleeschen bei den ELAN a verdeelt Kaddoen, Séissegkeeten an, fir déi net sou brav ELANer, Rutten. Nieft dësen Haaptaktivitéiten organiséiert den ELAN am Laf vum Joer och nach vill aner Saachen: Iessen, Nuetsrallye, Wichtelowend, Quizowend an en Abstecher op t’Fouer zu Lëtzebuerg an zu Nanzeg. Mir gin och Karting fueren, Bowling spillen a mol heiansdo an de Kino.
Méi Infoe zu all den Events ginn et bei all gudden ELANer, an eiser Facebook Grupp (ELAN) an virun allem op eisem Instagram Account. Wéi dir mierkt ass eisen Instagram Account den herzschlaach vum ELAN.
Nanzeg ass eng iwwersiichtlech Stad an der Lorraine mat Ronn 100 000 Awunner. D’Proximitéit zu Lëtzebuerg, Däitschland an der Belsche gëtt der Stad hiren «europäeschen» Flair a mam Uschloss un den TGV ass Paräis nëmmen nach 1h30 ewech. Nanzeg ass awer och eng richteg Studentestad mat de Fakultéiten vun der Université de Lorraine an enger ganzer Rei Héichschoulen.
D’Place Stanislas ass den Zentrum vun Nanzeg an definitiv net ze verfeelen. Des Platz aus dem 18. Joerhonnert ass dem fréieren Duc de Lorraine Stanislas Leszczynski gewidmet an ass Unesco klasséiert. Funfact : se ass souguer eng kéier als 4. schéinst platz vun der Welt gewielt gi. Mat hirer impressionanter Architektur ass se och d’Platz wou sech all déi wichteg Gebaier wei den Hotel de ville, den Musée, d’Opera an eng rei vun Caféen, Clubs an Restauranten befannen.
Do fënnt all Joer den «jardin éphémère» statt deen ëmmer vill Undrang huet. Ausserdeem gëtt do den Kleeschen gefeiert deem seng Legend zu St.Nicolas-du-Port, an der Agglomératioun vun Nanzeg, gebuer gouf.
Den Musée des Beaux-Arts regruppéiert souwuel historizischtesch an contemporain Konscht an dem Gebai op der place Stanislas sou wei och enger moderner Annexe ënnert där een nach d’Ruinen vun der aler Festungsmauer fënnt. Vum Mëttelalter, iwwert den Impressionismus bis zu aktuellen Ausstellungen kann een do och eppes iwwert déi bekannten lokal Artisten an Architekten gewuer gi.
Den Claude (le lorrain) Gellée ass en klassizisteschen Artiste aus der Géigend deen mat sengen Landschaftsbiller déi bekanntsten franséisch, hollännesch an englännesch romantesch Artisten beaflosst huet.
Den Jean Prouvé ass en Nanzeger Architekt deen aus industriellen Baustecker een vun den éischten an der prefabrizéierter Architektur war an sech en internationalen Numm gemaach huet duerch déi schnell an Käschten gënschteg Baumethod. Ausserdeem huet een vun den robuststen Still (kann 500kg droen) designed déi een och am McDonalds am Zentrum gesinn kann.
Wann mir scho vun Architektur schwätzen muss een onbedéngt den Art Nouveau Stil zu Nanzeg erwänen. Am laf vum 19. Joerhonnert ass Nanzeg immens gewues dowéinst fënnt een iwwerall ausserhalb vum Zentrum wonnerschéin Gebaier déi een duerch déi geschwongen an floral Elementer erkennt. Em déi Zäit ass d’école de Nancy gebuer wou déi gréissten Architekten, Moler, Schräiner, Glasbléiser an aaner Artisanal Beruffer sech zesummen fonnt hunn. Am Musée de l’école de Nancy (38 rue Sergent Blandan) kann ganz Geschicht zeréckverfollegen an rëm zréck an d’Vergaangenheet reesen. D’Villa Majorelle (1 rue Louis Majorelle) zielt zu den Ikonen vun der Zäit an kann een all Samschden besichen goen.
Zu aneren Muséeë zielt och nach den Musée de l’Aquarium deen tatsächlech lieweg Déieren an eng permanent Naturausstellung.
och nach en botaneschen Gaart. All ell Aktivitéiten kann een am Mäi souguer Nuets besichen goen am Kader vun der Nuit des
Allgemeng herrscht zu Nanzeg ëmmer eng relativ gemittlech Ambiance. Et ass eng lieweg Stad déi aktiv Events organiseiert an sengen Bierger eng angeneem Liewensqualitéit ubitt. Zu Nanzeg kann een quasiment alles zu fouss maachen an nuets ouni Problem duerch d’Stroossen zeien.
Am Summer fënnt een plazeweis «guingetten», am wanter eng rei Chreschtmärt an doteschent suergen Fussblassmatcher vum AS Nancy Lorraine, concerten am Zenith an am l’Autre Canal sou wei, Studenten Events wei d’nocturnes étudiantes an d’24h de Stan an aner Festegkeeten ëmmer fir eng Beschäftegung.
Wéi an all aner Stad ass och Nanzeg a verschidde Quartiere agedeelt wou deen ee mol méi schéin ass wéi deen aneren. Am Zentrum
wunnen heescht meeschtens an engem méi alen Gebai ze wunnen wat immens vill Charme huet. Fir déi déi eppes méi modernes sichen ass d’Sich méi schwéier ausser et geet een méi ausserhalb wei zum Beispill zu Villers-les-Nancy wat een als ganz gemittlecht Wunngebitt qualifizéieren
kann mat 1-Familljenhaiser a méi primitiven Residencen. Wann e bëssi trëppelen een net steiert kennt der iech den Quartier Rives de Meurthe ( 10 & 11) ukucken well do vill nei Gebaier gebaut gi.
Deng Wunneng kanns du dir an Funktioun vum Standuert vun denger Uni eraussichen. D’Faculté de Droit et des Sciences économiques an den Campus Lettres et Sciences Humaines sinn éischter am Zentrum. Fir d’Mathé-, Medezinsoder Sportsstudenten ass Vandoeuvre oder Villers-les-Nancy méi no bei der Uni. Di meescht Lëtzebuerger wunnen alleng an klengen Appartementer oder Studioen an der fënnt een och relativ vill zu Nanzeg.
Hei fannt der eng Kaart mat den Präisser pro m2 vun den verschiddenen Quartieren fir eng Iddi ze kréien.
Ganz einfach fënns du eng Wunneng iwwert eng Agence. Der ginn et zu Nanzeg relativ vill mee an Frankräich muss een op den Garant oppassen. Ganz vill Agencen wëllen nämlech dass een ofgeséchert ass duerch eng Persoun déi an Frankräich wunnt. Zu Nanzeg gi et awer zwou Agencen déi do eng Exceptioun maachen: Homnis immobilier an Cabinet Deveaux. All Joers ginn och Lëtzebuerger Studenten fäerdeg mat der Uni a kënnen bei der Sich no der Wunneng weiderhëllefen an den Kontakt zu Agence hierstellen. Du kanns an eis Facebook Gruppe (ELAN) froen ob een en Matbewunner sicht oder ob eng Wunneng fräigëtt. Du kanns eis awer och eng Noriicht schreiwen via Instagram DM a mir leeden deng Froen weider un eis Memberen. Eng aner Méiglechkeet ass einfach duerch d’Stroossen lafen. An den Fënsteren hänken oft Schëlder « A LOUER ». Wann dir eppes gefält kanns de dech direkt bei der Agence mellen an däin Gléck probéieren.
Mell dech bei der EDF (Electricité de France) un ! Et ass immens wichteg datt dir iech bei arem Vermieter informéiert op d’elektresch schonn ugeschloss ass oder net. Et ass och wichteg, dass du e Kontrakt hues well d’EDF mëscht dir ouni Virwarnung de Stroum aus wann keen virleit. Wanns de Froen hues kanns du hinnen och uruffen (+33969321515).
Vun der CAF (Caisse des Allocations Familailes), kriss du all Mount en Deel vun dengem Loyer erëm. Dofir brauchs du mëttlerweil eng carte vitale (déi du gratis ufroen kanns), déi dir erméglecht en Compte bei der CAF ze maachen op www.caf.fr .
w ei fannen ech eng w unneng ?
a n wann ech bis eng w unneng hun ?EDF CAF
Internet
Ouni Internet geet haut des Daags net méi vill. Fir vun Ufank un Internet ze hunn, maach däin Abonnement am beschten soubal du däin Appartement fonnt hues. Et dauert oft eng Zäitchen bis du däi Rooter kriss an alles funktionéiert. Praktesch sinn t’Komplettpaketer, déi di meeschten
Ubidder hunn. Hei kanns du Internet, Telefon a Fernseh an engem Abonnement kombinéieren: Illimitéierten Internet, Fernseh, Gratis Verbindung op Festnetznummeren an Europa (Lëtzebuerg) an Handysnummeren a Frankräich
Op der Uni kanns du gratis an esou oft an esou laang weis du wëlls online goen. Deng Zougangsdaten fir den Eduroam kriss du vun der Uni.
Handy
Ee franséischen Handy brauchs du net onbedéngt. Allerdéngs ass et mat enger franséischer Nummer méi einfach Kontakt mat de Franzéischen entreprisen (Banken, SFR, Orange, Free, asw.) ze halen. Den Handy kanns du entweeder am kompletten Abo (Internet, Fernseh, Telefon, Handy) dobäi huelen, am eenzelen Abo oder mat enger Prepaid Card kafen.
D’Liewensmëttelen kaschten zu Nanzeg ongeféier esou vill wéi zu Lëtzebuerg. An der périphérie vun Nanzeg fënnt een virun allem grouss Supermarchéen ewéi Auchan, Cora, Leclerc an Super U. Am Zentrum fënnt een iwwerall kleng Filialen vun Carrefour, Monoprix oder och kleng Epicerien. Am Zentrum befënnt sech och nach den Marché Central, datt ass en groussen Marché Couvert wou een frëscht Uebst an Geméis kritt, sou wéi och Fleesch an Fësch. Ausserdeem fënnt een och alles wat international Kichen ass (Asiamarket, Arabesch, Tierkesch, Afrikanesch Epicerien asw.). Wann du keng Loscht op Kachen hues, da fënns du am Stadkär och genuch SchnellImbissen sou wéi Restaurante mat Präisser déi richteg studentenfrëndlech sinn. D’Kantin (Crous, equivalent zu Restopolis) ass och guer net esou schlecht. Den kompletten Menu kascht em dei 3€.
Fräizäit
De Béier an d’Cola Owes am Café sinn allerdéngs richteg deier an iwwertreffen oft nach déi lëtzebuerger Präisser. Dofir kënns du awer oft gratis oder fir ee klengen Entréespräis an Discoen oder op Studentesoiréeën eran. An net ze vergiessen, am Café les Artistes ginn et besser Präisser fir t’ELANer !
Shopping
Alles waats du brauchs a wëlls, sief et Schoulbicher, Kleeder, Videospiller, Makeup oder Iesswueren
fënns du am Zentrum. An der rue St. Jean, rue St. Georges an hiren Niewestroossen si vill verschidden Butteker. An wann dat ëmmer nach net duer geet kanns du och am Centre commercial St. Sebastien laanschtgoen. Den St. Seb ass ee grousse Shoppingzenter mat Supermarché a villen aneren Butteker.
Vill Lëtzebuerger Studente verbréngen den Weekend gären zu Lëtzebuerg a maachen während der Schoulzäit quasi all Woch den Trajet tëschent Lëtzebuerg an Nanzeg.
Mam Zuch
Tëschent Lëtzebuerg an Nanzeg gëtt et eng direkt Zuch Ligne déi all 1- 2 Stonnen fiert. Di aktuell Horairen fënns du op www.sncf.fr .
Den Präis vun engem Trajet Lux-Nancy läit bei ongeféier 20 Euro, wann dir den Ticket op SNCF Connect oder der SNCF Borne op der Gare huelt. Et gi allerdéngs Reduktiounen mat der Carte Fluo Jeune déi een fir 1€ kritt an dann 50% op allen regionalen Zich kritt. Dat heescht den Trajet vun Nanzeg bis op Thionville ass hallef sou deier. Win win.
Mam Auto
Vun der Stad Lëtzebuerg aus bis an den Zentrum vun Nanzeg lees du 118 km zréck (an dat ouni Peage). Fir déi Streck brauchs du ongeféier 1 Stonn a 15 Minutten. Opgepasst ! Ab Thionville ass d’Geschwindegkeet ofwiesselend op 110 an 90 kmh reduzéiert an eng Rëtsch Radare suergen dofir, dass dëst och agehale gëtt. Wann du mam Auto fiers rode mir dir natierlech of wärend der RushHour ze fueren fir onnéidege Stau ze evitéieren. Rush-Hour ass Moies a Richtung Lëtzebuerg an géint Feierowend an Richtung Nanzeg. Wann du d’Ëmwelt an däi Portmonnie schoune wëlls, ëmfro dech bei den ELANer ob keen den Trajet wëll mat dir zesummen maachen.
Zu Fouss
Zu Nanzeg kanns du di meeschten Trajet’en ganz gutt zu Fouss maachen. D’Weeër tëscht den Fakultéite (Droit, Lettre) an de wichtege Platzen an der Stad si meeschtens zimmlech kuerz. Ausserdeem kriss du dann och ebësse Beweegung an e Gespier fir t’Stad. Keng Angscht wann du dech déi éischt puer Deeg net direkt erëmfënns, dat kënnt mat der Zäit.
Bus an Tram
Ween sech awer eng Kéier méi wäit deplacéiere muss, dee ka vum ëffentlechen Transport profitéieren. Nieft de Busser huet Nanzeg och eng Tramlinn, déi vu Saint-Max op déi aner Säit vum Floss duerch d’ganz Stad bis erop op NancyBrabois fiert, wou d’Faculté de Médecine ass. Wann du de Bus nëmmen heiansdo brauchs, kaf dir en Pass10. Domat kanns du 10 mol fueren, et ass awer méi bëlleg wei wann du all Kéiers en neien Ticket keefs.
Weekends ass de Bus gratis an d’Gemeng
Nanzeg schafft och dorun den ëffentlechen Transport komplett gratis ze maachen, genausou wéi zu Lëtzebuerg.
Mam Vëlo
Gutt fiers du och mam Vëlo duerch Nanzeg, entweder mat dengem eegene Vëlo oder mat engem geléinte « Vélostan ‘lib » dee nom selwechte Prinzip fonctionnéiert wéi de lëtzebuerger « Veloh». Extra fir de Vëlo ze promovéieren ass t’maximal Geschwindegkeet am Stadskär och op 30 kmh erofgesat ginn.
Dei duerchschnëttlech mensuel Liewenskäschten vun engem ELANer :
Jee nodeems weis du den Trajet tëschent Nanzeg a Lëtzebuerg mëss, kommen natierlech nach Frais’en dobäi. Mam Zuch sinn dat +/- 35 € pro aller-retour, mam Auto hänkt et natierlech staark vum Präis vum Benzin of. Och den Transport an Nanzeg ass net mat agerechent.
*Falls een elo léiwer an enger colocation wëllt wunnen kann een mat 300€ Loyer rechnen.
Den Ufank vum Semester hänkt staark vun dengem Studiegang an denger Fakultéit of. Generell kann
ee soen :
Op deene verschiddenen Campu’sen zu Nanzeg ginn iwwer 400 Diplomer ugebueden (BUT, Licence, Master, Doctorats, …). D’Unien vun Nanzeg genéissen een ganz gudden Ruff waat d’Ausbildung vun de Studenten ugeet. An och d’ELANer sinn zefridden mat hirer Uni.
Am Zentrum vun der Stad befannen sech verschidde
Campus’en :
• Faculté de Droit, Sciences économiques et Gestion
• Campus Lettres et Sciences humaines
• IAE (School of Management)
Zu Vandoeuvre-lès-Nancy befannen sech och :
• Faculté de Médecine
• Faculté des Sciences et Technologies
Vandoeuvre ass ongeféier eng hallef Stonn mam Bus vum Zentrum fort.
- Ufank vum 1. Semester : Am September (oft scho déi éischt Woch am September)
- Allerhellegen : eng Woch Vakanz
- Chrëschtdag : 2 Wochen Vakanz (Oft sinn d’Examen d’Woch virun an direkt no der Chrëschtvakanz)
- Ufank vum 2. Semester : Et gëtt keng «Semesterferien». Dat 2. Semester gëtt direkt un dat 1. drun gehaangen.
- Fuesent : Eng Woch Vakanz (déi fält net onbedéngt d’selwecht wéi d’Fuesvakanz zu Lëtzebuerg)
- Ouschteren : 2 Wochen Vakanz (Wei bei der Chrëschtvakanz sinn d’Examen oft direkt no der Vakanz)
- Enn vum 2. Semester : D’Examen vum 2. Semester si fir déi meescht am Mee/Juni an d’Noexamen dann am Juni/Juli.
Coursen kënnen vu Méindes bis Samschdes Moies geluecht ginn !
Jiddereen deen op der Université de Lorraine (UL)
ugemellt ass, kann gratis un den Aktivitéiten vum SUAPS deelhuelen an muss sech dofir nemmen op hirem Site umellen.
Den SUAPS bitt iwwer 50 professionell encadréiert Aktivitéiten un :
An der Schwämm : Tauchen, Aquafitness, Sauvetage aquatique, …
An der Equipe : Basketball, Volleyball, Futtball, …
Dobaussen : Golf, Ski, Klammen, Conyoning, Aviron, …
Eleng oder am Grupp : Fitness, Muskulatioun, Kampfsport, Danzen, Yoga, …
Alles ronderëm d’Raquette : Tennis, Dëschtennis, Squash, Badminton, …
Vill vun dëse Sportaarten sinn an 3 Niveauen agedeelt, sou dass dir de Ufänger bis zum gekonnten Sportler de richtegen Training dobäi ass.
Am Laf vum Joer ginn ëm déi 50 Stagen organiséiert, déi entweder owes am Laf vun der Woch oder de Weekend stattfannen. Extra Fraisen falen nëmmen bei spezielle Stagen (Ski, Kanu, …) un.
Nanzeg bitt sech virun allem och deene Lëtzebuerger un, déi hire Sport op héijem Niveau bedreiwen an deen natierlech op der Uni net vernoléissegen wëllen a kënnen. Wien als Sportler onbedéngt a Frankräich studéiere well, fir deen ass déi kuerz Distanz tëscht Nanzeg an Lëtzebuerg ideal, an esou léisst sech oft béides, Uni an Sport, gutt kombinéieren.
Déi franséisch Unien ënnerstëtzen Sportler och an deem se hinnen e besonnesche Status ginn, deen vum « Sportif de haut niveau ». Dëse Certificat fënns du um Internet. Deng Sportfederatioun muss dir deen Certificat ausfëllen an du muss en dann bei denger Inscriptioun erareechen. De Certificat erlaabt dir beispillsweis méi Absencen ze hunn wei aner Studenten an et ass dann och méi einfach fräi ze kréien fir eng wichteg Competitioun.
s port s port de haut niveau
Son et Lumière “La Belle Saison” – Place Stanislas
D’Place Stanislas eleng ass schon en ästhetesche Genoss mee an de Summernuechten vu Juni bis September verwandelt sech dës Platz fir 20 Minutten an ee Spektakel aus Luucht a Musek deen een net verpasse sollt.
Chrëschtdaagszäit
Oft héiert een den Numm « Nancy – Cité des Lumières ». Dëst gëllt fir d’Summernuechten op der Place Stanislas mee och fir d’Stad Nanzeg an der Chrëschtzäit. Iwwerall an der Stad sinn d’Stroossen mat Luuchten an aner Dekoratioun gerëscht an op der Place Stan steet ee grousse Chrëschtbeemchen. Em Chrëschtdagszäit einfach duerch den Zentrum lafen, um Chrëschtmaart en Glühwäin drénken an einfach d’Stëmmung genéissen.
Dann kennt een automatesch a Chrëschtdagsstëmmung.
Et gett och all Joer e speziellt Luuchtespektakel mam Creschtdagsthema ze erliewen.
Foire attractive
Enn März oder Ufank Abrell fënnt déi bekannten « Foire attractive de Nancy» op der Place Carnot a Cour Léopold statt. Déi dauert ee ganze Mount an d’ELANer ginn all Joers zesummen op d’Fouer op puer Spiller an dono eppes iessen.
Rue des Maréchaux
Nëmmen e puer Schrëtt vun der Place Stanislas ewech reit sech hei ee Restaurant un den aneren.
D’Strooss ass fir den Verkéier gespaart an déi agreabel Terrassen ginn och nach gären bei méi kalen Temperaturen benotzt. Fir all Goût an all Portemonnie ass eppes dobäi.
Le Bouche à Oreille
42 rue des Carmes
Am Bouche à Oreille gëtt et Spezialitéiten « à base de fromage ». Ween also Kéis gär huet, fir deen ass de Bouche à Oreille en absolute Muss.
Excelsior
50 Rue Henri-Poincaré
Direkt niewent der Gare fillt een sech an dëser franséischer Brasserie wei an der Belle Epoque mat der Deko an deem gastronomeschen Kader.
Foy
1 Pl. Stanislas
Direkt op der Place Stan ass des franséischen Grand Café nach méi flott am Summer op der Terrasse.
Fir d’Liwwerungen doheem gett et Uber Eats an Deliveroo.
Zu de Clichées vum Studenteliewen gehéiert natierlech och d’Feieren. Hei fënns du e puer Caféen, Bar’en an Discoen. Natierlech vun ELANer getest a fir gutt empfonnt.
Café des Artistes
36 Rue Stanislas
No bei der Place Stan ass de Café des Artistes ideal fir den éischten Deel vun enger Soirée. Hei kriss du alles, vun der einfacher Cola bis zum Cocktail. An den ELAN kritt do all Mettwoch Reduktiounen.
Brexit
21 Rue de la Faïencerie
Den Brexit ass e klenge
gemittleche Bar mat enger flotter Terrasse.
La Quincaillerie
2 Rue St Nicolas
D’Quincaillerie ass e Bar wou sech alles em de Rum dréiht.
La Faille
11 rue Dom Calmet
D’Faille ass e klénge Bar deen sech komplett mat den Themen
Sci-Fi an Fantasy fusionnéiert. Jiddereen deen e Spillowend mat Kollegen ronderem e Patt well maachen ass hei häerzlech Wellkomm. Der Faille hir Kaart ass och eenzegarteg sou dass de hei Drinks an Cocktails kriss wéi nirgendswous aanescht (och alkoholfräi).
Meltdown
2 Rue du Cardinal Tisserant
De Meltdown huet eng kleng
Game Station an en GewennRad. Seng vintage ArcadeGames huet een virdrun nemmen an Filmer an Serien gesinn.
Les Arcades
14 Place Saint-Epvre
Les Arcades hued eng flott Terrasse op enger platz um fouss vun der Basilika.
Le Mouton électrique
6 Rue de la Primatiale
Den Mouton ass perfekt fir Leit déi net emmer déi selwecht
franséisch Musék wellen héieren an 90er, 2000er an 2010er Musék gäeren hunn.
Ruin Bär
22 Rue Saint-Dizier
Den Ruin ass den neiste Bar à ambiance zu Nanzeg an leit och direkt am Zentrum.
Beer Trade Center
64 Rue Stanislas
D’Praiser an deser Bar variéieren all 5 min, de Präis kann entweder rop oder rofgoen (ca 4,6 – 8,5 fir eng Pinte).
Les Caves
9 Pl. Stanislas
Do leeft emmer eng after.
Zu Nanzeg kann een all Dag rausgoen. Et ass eng ganz jonk a lieweg Stad. Op bal all Eck gëtt et ee Café oder eng Bar an op der Place Stan kann ee super erausgoen an dat bis déif an d’Nuecht. Et geet dann awer ëmmer nach duer fir séier an d’Dusch ze goen éiert een an de Cours muss !
Iwwer Nanzeg
www.nancy.fr
www.nancytourisme.
Info Logement
www.homnis-immobilier.com
www.cabinetdevaux.com
www.seloger.com
www.leoncoin.fr
Transport
www.sncf-connect.com/
(App : SNCF Connect)
www.sncf.fr
www.ter-sncf.com
www.cfl.lu
www.reseaustan.com
www.velostan.fr
Cedies
https://guichet.public.lu/ de/citoyens/enseignementformation/etudes-superieures/ aides-logement/aidefinanciere.html
Stroum
www.edf.fr
Internet, Handy, Fernseh …
www.orange.fr
www.sfr.fr
www.free.fr
ACEL
www.acel.lu
Caisse des allocations
familiales
www.caf.fr
www.bouyguestelecom.fr
Université de Lorraine
https://www.univ-lorraine.fr/
Sport
https://sport.univ-lorraine.fr/
mam ELAN ze verbréngen oder du hues eng Fro zu engem Studium, oder och eng administrativ Fro, oder der Stad selwer ? Zeck net an mëll dech bei eis an mir probéieren dir e sou séier wéi mégilech ze hëllefen.
Et hun matgewierkt :
Anna Yegles
Jason Braas
Belkisa Trimi
Sandro Sonnetti
ELAN a.s.b.l.