1 minute read
I. Hannergrond an Iwwersiicht iwert de Rapport
De CDTMOOC-Projet ënnerstëtzt eng oppen Educatioun an innovativ Praktiken am digitalen Zäitalter duerch een interaktiven a gameifizeierte MOOC, an digitale Guiden déi innovativ Methode fir hiren Notzen an der alldeeglecher Praxis beschreiwen.
De Projet huet als Ziel d´Léieremfeld duerch innovativ Pedagogik zu transforméieren. Tatsächlech geet et bei dësem Projet drëms, verschidde Methodologië Wéi de Creative Problem Solving, Design Thinking an Human-Centred Design anzesetzen, fir een modernt Entreprenariat ze ënnerstëtzen, eng Verännerung an der Praxis unzereegen. Des Methodologien haten sech an enger intensiver Testphase vum Pilotprojet bewäert.
Advertisement
Am Kontext vum intellektuellen Output 1 "Rapport zur Collecte vu BeWéiser“, ass Fuerschung op verschiddenen Niveaue duerchgefouert ginn:
● Recherche documentaire iwwert d´Situatioun vum Enseignement supérieure a Verbindung mam Léieren an der Ausbildung zum Entreprenariat an Europa ● Fokusgruppeinterview a fënnef EU-Partnerlänner - Finnland, Italien, Frankräich, Lëtzebuerg an Island. D´Partner hunn eng Recherche mat Interviewquestionnairen duerchgefouert mat verschiddenen Zilgruppen dorënner Dozenten, Studenten an Entrepreneuren. All
Partnerorganisatioun huet ee Bericht iwwert seng Konklusiounen am Bezuch op Formatioun am Entreprenariat virgeluecht. Fënnef Berichter si gesammelt ginn. UTU huet d'Methodik vun der Recherche formuléiert an analyséiert d´Resultater. D´Recherche ass tëschent
Dezember 2019 a Mee 2020 duerchgefouert ginn.
Bei der Recherche um Terrain hunn d´Partner ee standardiséierten Questionnaire benotzt an deem och oppe Froe waren. De Questionnaire ass an der Annexe 1 ze fannen.