1 minute read
Eng Méiglechkeet fir eng Carrière
bréngen. Si wënschen sech, dat d´Studenten an hirer Aarbecht méi autonom sinn, z. B. während engem Stage, well Start-up keng Ressourcen fir d´Formatioun vun Stagiairen hunn. D´Entrepreneuren wënschen sech weiderhin, dat d´Studenten méi onofhängeg wieren a méi Initiativ ergräifen géifen. Eng Rëtsch Vertrieder vun Entreprisen hunn och erkläert, dat d´Motivatioun vun de Studenten een Défi ass, well d´Studenten dacks an enger Entreprise wieren fir Credits ze kréien awer keng perséinlech Motivatioun hätten Erfarungen ze sammelen an hier Kompetenzen ze notzen. Dest deckt sech mat de Kommentaren vun de Studenten iwwer hier Motivatioun an doriwwer wéi si sech wënschen dat hiren Studium méi wéi eng Zort Projetsaarbecht sollt mateneen verbonnen an integréiert sinn fir besser ze verstoen wéi déi vermëttelt Kompetenzen an der Praxis agesat gi sollen.
D´Entreprisen hunn och mei wéi eng Kéier gesot, dat sech d´Léierkultur veränneren sollt fir dat d´Studenten manner Angscht viru Feeler hätten. D´Studenten sollten aus Echec léieren Erfarung kréien wéi si sech no engem Echec erhuelen kennen fir esou méi resilient ze ginn. Dest steet erëm am Aklang mat de Methoden, déi vun den Enseignanten genotzt ginn fir eng méi experimentell Approche déi sech op Pobeieren a Feeler machen baséiert ze verfolgen.
Advertisement
Par Rapport zu den Stagen hunn e puer Studenten erwäänt, dat si net esou effizient waren, wéi si gehofft haten, virun allem well d´Aufgaben déi si kritt hunn net mat hiren Studium iwwerteneen gestemmt hätten an éischter Assistenzaufgaben gewiescht wieren. Op der aneren Säit hunn aner Studenten erkläert, dat et eng gutt Geleeënheet ass während dem Studium éischt Beruffserfarung ze kréien an eppes iwwer Gestioun an Teammanagement, Problemléisung asw. ze léieren.
Eng Méiglechkeet fir eng Carrière
Kompetenzen vun engem erfollegräichen Entrepreneur
Während den Diskussiounen sinn Entrepreneuren a Studenten gebieden ginn déi noutwendeg Kompetenzen ze identifizéieren, fir een Entrepreneur ze ginn . An der Grafik hei ënnen drënner gesäit een d´Resultater. Déi Kompetenzen déi méi dacks erwäänt gi sinn, sinn duerch een méi héigen Balken gekennzeechent. A blo sinn d´Äntwerten vun den Entrepreneuren an orange sinn d´Studenten.
Souwuel d´Entrepreneuren wéi och d´Studenten bezeechnen Leadership a Gestioun, Kommunikatiounsfäegkeet, d´Fäegkeet iwwert den Tellerrand erauszekucken de Virwëtz, Belaaschtbarkeet souwéi de Verkaf a Marketing als déi wichtegst Kompetenzen. Et ass interessant, dat nëmmen d´Studenten, d´Orientéierung op de Client als eng wichteg Kompetenz identifizéiert hunn, während d´Entrepreneuren dat guer net erwäänt hunn.