3 minute read
IV. Methodologie
Déi fir des Recherche genotzten Methode baséieren op Fokusgruppeninterviewen an Eenzelinterviewen mat den representativen Interessenvertrieder: ● Akademiker, Professoren an Dozenten ● PME an Entreprisen ● Studenten v.a. aus Héichschoulen, awer och aus Berufsbildungsariichtungen.
Fir des Fuerschung sinn interviewt ginn: 31 Entrepreneuren, 38 Studenten an 32 Enseignanten am total 101 extern Stakeholderen.
Advertisement
D´Fuerschung fënnt teschtent November 2019 an Juni 2020 statt. D´Fuerschungsmethode mat där geschafft ginn ass, ass eng hallefstruktureiert Fokusgruppeemfro. De Responsabelen vun dëser Arbeschtgrupp, d´Universitéit Turku, huet fir all Zilgrupp eng Rei Froen preparéiert (v. Annexe1). Des Froen sollten d´Entretienen guidéierten awer d´Diskussiounen konnte fräi gehale ginn. D´Interviewen sinn v.a. an de Raimlechkeeten vun de Partner gehale ginn. D´Participanten sinn op Basis vun Convenience Sampling ausgewielt ginn, dat sech un der Disponibilitéit an dem Bedarf un ënnerschiddlechen Profiller orientéierte huet: Geschäftsfelder, Alter, Geschlecht, ethneschen Hannergrond asw. De gréissten Deel vun der Fuerschung ass perséinlech duerchgefouert ginn awer opgrond vun COVID-19 war et schwiereg, d´Participanten ze erreechen, an fir déi restlech Daten ze sammelen, sinn Telefoninterviewen an Online-Emfroen duerchgefouert ginn.
D´Grafiken aus dem Rapport sinn ouni Moossstaf. D´Resultater sinn qualitativ analyséiert ginn an reflektéieren net d´Unzuel vun den Äntwerten, mee villméi Wéi wichteg déi vun all Projetsmanager gesammelt Aussoen sinn. D´qualitativ Fuerschung erméiglecht et eis, d´Erkenntnisser iwwer Verhalen a Motivatioun ze sammelen, fir d´Grënn an d´Motivatioun vum Verhalen ze verstoen.
Entreprenariat fënnt een iwwerall. An de läschten 40 Joer sinn akademesch Programmer, akademesch Recherche, Communautéiten vu Studenten, Pedagogik am Enseignement ëmgesat an entwéckelt ginn, an Entreprenariat ass fir eis Gesellschaft relevant ginn. Entreprenariat ass vill méi Wéi d´Créatioun vun enger Entreprise. Et ass och eng Haltung, déi sech drop konzentréiert Chancen ze sichen,Risiken anzegoen, resilient ze sinn, Ressourcen kreativ ze notzen an eng Iddie ëmzesetzen. Awe mir sollten eis ugesiichts vun der ErWéiderung vum Wirkungsfeld vum Entreprenariat iwwerleeë, Wéi d´Zukunft vum Enseignement am Entreprenariat kéint ausgesinn? An dëst bréngt eis dozou, och doriwwer nozedenken firwat den Esprit d´Entreprise enseignéiert gëtt? wat ass den Inhalt vum Enseignement zum unternemereschem Denken an Handele?
Laut der Zäitschrëft Journal of Small Business Management 2018 an hirer Ausgab "Examining the Future of Trajectory of Entrepreneurship" gëtt d´Erzeiung zum Entreprenariat op den Universitéiten aus verschiddenen Grënn enseignéiert. Déi eng sichen virun allem no Wertschöpfung, wärend déi aner d´Dynamik vum Prozesser berécksiichtegen, dee Leidenschaft an Energie, d´Créatioun an
d´Mise en oeuvre vun innovative Iddien erfuerdert18. Den Inhalt variieiert tëscht dräi Variabelen, déi dacks kombinéiert ginn a sech op 1) Basis vun der Entreprise an engem Kontext vun der Gestioun d'entreprise, 2) unternehmeresche Contenu de base an 3) een Esprit d´entreprenariat konzentréiert. Wat de Mechanismus fir d´Vermëttlung vum Contenu betrëfft , sou ginn des dacks duerch konventionell Konferenzen, salles de classe inversées oder Online-Plattformen vermëttelt. D´Zukunft vum Enseignement zum Entreprenariat hänkt awer och vum Léierprozess selwer of, deen vun der Zukunft vun der Bildung am Allgemeinen ofhängeg ass.
Dest bréngt eis bei Zukunft vum Enseignement zum unternehmeresche Denken an Handele. Des kennt an aner Disziplinne disperséiert sinn an gewëssermoossen verschwannen oder opmannst net esou offensichtlech sinn Wéi se et haut ass an als getrennt Haapt- an Niewefächer enseignéiert ginn. Den Entrepreneursgeescht kéint räifen an een éischter theoreteschen Usaz verfollegen an doduerch sech ee Schrack Wéider vun der Praxis entfernen. D´Entreprenariat kéint dozou bäidroen , d´Bildung esou ze veränneren, dat si d´Gesellschaft besser ënnerstëtzt an d´Roll vun den Universitéiten verännert an als een Instrument fir d´Autonomiséierung an d´Transaformatioun ugesinn gëtt.
Mat dëser Recherche versiche mir erauszefannen, Wéi modern Instrumenter a Konzepter a Verbindung mat Entreprenariat, een Impakt op d´Créatioun vun neien Entreprisen an op d´Verbesserung vun hirer Leeschtung kënnen hun . Wärend der Recherche hu mir och versicht, déi aktuell Bedürfnisser vun Entrepreneuren zur Steigerung vun hirer Compétitivitéit ze identifizéieren an erauszefannen Wéi d´Zesummenaarbecht mat Bildungsariichtungen duerch d´Enseignanten ee positiven Afloss op d´Ekonomie an op déi zukünfteg Main d’oeuvre hu kann.
18 Kuratko 2017