Le magazine de la commune de Pétange
Meng Gemeng Février - Mars 2016
De Péitenger Wand, dee bléist, dee bléist, dee bléist op der Cavalcade zu Péiteng, de 6. Mäerz 2016 um 15.11 Auer
Sujets Dossier principaux 2
Meng Gemeng février 2016 Pages 4-5
Vill Aarbecht, vill Ausgaben an e stabille Budget! Den 18. Dezember 2015 goufen no villen Diskussiounen an Debatten de rektifizéierte Budget 2015 esou wéi de Budget 2016 am Gemengerot gestëmmt. E wichtegen Dag, deen all Joer op en Neits Akzenter setzt.
Page 6
Nachtschwärmer unterwegs Ob eine Party im Stadtviertel Clausen steigt oder der Kinobesuch länger dauern soll, ob „Schueberfouer“ oder Konzertbesuche, manchmal dauern Wochenendabende länger als geplant, manchmal ist bereits im Vorfeld klar, dass der Abend mit Freunden und Bekannten nicht unbedingt früh zu Ende ist. In jedem Fall ist es sinnvoll, das Auto zu Hause stehen zu lassen und auf den öffentlichen Dienst umzusteigen. Doch welche Optionen bestehen im Bereich Transport für die Nachtschwärmer?
Page 7
L’aménagement communal, un vaste sujet! Depuis un certain temps, les termes de PAG et PAP sont de mise, soit dans les médias, soit lors des séances du conseil communal. Mais quelle est la définition de ces notions?
Editorial Dossier
Sommaire 4-5
Budget 2016
6
Nachtschwärmer unterwegs
7
L’aménagement communal
8-9 Agenda 10-11 Rentnerfeier 12 Agenda 13-19 Wat war lass? 19-20 Mir gratuléieren 21
D’Gemeng informéiert
22
Nei Geschäfter
23
Bijouterie Kinn
24
61e Cavalcade
3
Budget 2016
Déi finanziell Lag vun der Gemeng ass gutt Den 18. Dezember vum leschte Joer gouf den neie Budget fir 2016 gestëmmt. Dat Wichtegst, wat zur finanzieller Situatioun vun eiser Gemeng ze soen ass, ass, datt mer weiderhin en héijen Iwwerschoss am ordinäre Budget hunn – vun 11 Milliounen Euro. Dës Entwécklung ass scho säit e puer Joer konstant an natierlech ideal, fir eis Investissementer an der Gemeng ze realiséieren. Sou sinn och dëst Joer am extraordinäre Budget 26,8 Milliounen Euro virgesinn, fir ze investéieren. Elo sinn eis technesch Servicer gefuerdert fir – mat den Architekten an Ingenieursbüroen – d’Realisatioun vun de Projeten, déi geplangt sinn, ze assuréieren. Weider ass ze erwähnen, datt an de Konten 2012 - 2014, dem Budget rectifié 2015 an dem Budget initial 2016 schonn 103 Millioune vun insgesamt 129 Milliounen Euro, déi am Plan de financement pluriannuel 2012 - 2017 stinn, agedroe sinn. Dat sinn deemno 80% a 5 vu 6 Joer, wat en exzellente Prozentsaz ass. Am Allgemenge gëtt et do ervirzesträichen, dass all gréisser Investissementer, déi an dëser Mandatsperiod virgesi waren, an den erhofften Delaie realiséiert goufen, bis ob dräi Projeten, an zwar:
Impressum Éditeur: Administration communale de Pétange B.P. 23 / L-4701 Pétange Tél.: 50 12 51-1 / Fax 50 43 96 www.petange.lu / commune@petange.lu Réalisation: Espace Médias S.A. / Polygraphic Comité de rédaction: Pia Hansel, Jean-Paul Oms Photos: Service Publications et Communication de la commune de Pétange, Carlo Gira, Tom Jean, Polygraphic Imprimeur: Imprimerie Heintz, Pétange ‘Meng Gemeng’, imprimé sur du papier 100% recyclé, paraît 6 fois par an. La revue est distribuée gratuitement à tous les ménages de la commune de Pétange. Édition: Février 2016 – ISSN 1993-0070
• Beim Projet vun der Zone économique Grand Bis ass de Co-Finanzement duerch de Wirtschaftsministère ofgeséchert an d’Prozedur vum PAP ofgeschloss. Et sinn elo déi lescht Decisiounen (Kommodosprozedur) amgaangen, soudass viraussiichtlech 2017 ka mat der Realisatioun ugefaange ginn. • Och bei eise Gemengegaragen, dem Neibau fir eis Regiebetrieber, sinn déi lescht Prozeduren um Lafen, soudatt och hei 2017 de Bau hoffentlech kann ufänken. • Dat selwecht gëllt fir eis Musekschoul, déi um Site vum fréieren LTMA geplangt ass. Hei sinn d’Verhandlunge mat der Regierung, no Startschwieregkeeten erëm opgeholl ginn, soudatt d’Planung vun dësem Projet hoffentlech Enn 2016 an Ugrëff geholl ka ginn. De Retard bei dësen dräi Projeten ass deemno haaptsächlech op administrativ Prozeduren zeréckzeféieren. Dës Projete maachen dann och de gréissten Deel vun de 26 Milliounen Euro aus, déi vun eisem Plan pluriannuell nach net genotzt goufen. E ganz wichtege Punkt vun eise Finanzen ass ausserdeem, datt eis Verschëldung weider zréckgeet. Och 2016 gëtt eis Schold erëm ëm 2 Milliounen Euro reduzéiert. Dëst ass och an der Linn mat deene Jore virdrun. An deene leschten 12 Joer hu mir eis Schold vun 38 op 12,6 Milliounen Euro reduzéiert, also ëm ronn 25 Milliounen. Dëst ass eng gutt Ausgangslag, fir an nächster Zukunft weider am Intresse vun de Bierger an eis Gemeng ze investéieren. De Schäfferot
Dossier 4
Vill Aarbecht, vill Ausgaben an e stabille Budget! Den 18. Dezember 2015 goufen no villen Diskussiounen an Debatten de rektifizéierte Budget 2015 esou wéi de Budget 2016 am Gemengerot gestëmmt. E wichtegen Dag, deen all Joer op en Neits Akzenter sëtzt an duerch dee versicht gëtt, d’Gemeng op déi richteg Schinn fir d’Zukunft ze bréngen.
Paschtoueschhaus Rolleng: Fir ronn 1,085 Milliounen Euro soll dëst Haus ëmgebaut ginn. Am Januar dëst Joer hunn d’Aarbechten hei ugefangen. Hei wäerten an Zukunft déi Péitenger Geschichtsfrënn nei, modern an zäitgeméiss Raimlechkeete kréien wou d’Archivë vun der Gemeng Péiteng besser verwalt kënne ginn.
Stabil Finanzen Wat den ordinären Iwwerschoss ugeet, esou läit deen – ewéi dat schonn déi lescht 3 Joer de Fall war – bei 11 Milliounen Euro, an dat obwuel d’Recetten net esou staark geklomme sinn. Doduerch sinn déi sëllechen Investitiounen ob alle Fall geséchert. Am ganze sollen dëst Joer 26,8 Milliounen investéiert ginn, woubäi déi Haaptakzenter op dës Gebitter geluecht ginn: • Stroosseninfrastrukturen a Reseaue mat 15,9 Milliounen Euro • Sport, Jugend a Kultur mat 4,2 Milliounen Euro • Sozial Ariichtunge mat 1,9 Milliounen Euro.
Déi grouss Projeten am Iwwerbléck An Atzéngen: Op 4,6 Hektar entsteet hei en neit Wunngebitt, wat haaptsächlech jonke Koppelen d’Méiglechkeet soll ginn, en Haus fir hir Famill ze kréien. 96 Haiser an 31 Appartementer ginn hei an Zesummenaarbecht mat der „Nationale Gesellschaft für verbilligtes Wohneigentum“ gebaut. Déi éischt Aarbechten hunn am November 2015 schonn ugefaangen. Neiapostolesch Kierch: Déi fréier neoapostolesch Kierch zu Rolleng gëtt definitiv ëmgebaut. Nodeems d’Gemeng dëst Haus kaf huet, soll et an Zukunft en Haus fir spezifesch kulturell Aktivitéite fir Lokalveräiner ginn. E Proufsall entsteet um Rez-de-Chaussée, en Toun- a Videostudio am Keller, an et gëtt och iwwer eng Zesummenaarbecht mat dem LTMA nogeduecht, fir esou d’Schüler an esou Projeten anzebannen. Käschtepunkt: 1 Millioun Euro.
Den Zentrum vu Rodange: Ronderëm d’Kierch ass eng verkéiersberouegt Zon geplangt, e sougenannte „shared space“. Dëse Beräich soll vill méi zougänglech gi fir Bevëlkerung an esou dozou bäidroen, datt d’Leit sech nees dobaussen treffen. Eng Residenz an Terrassë solle Liewen an dee Quartier bréngen. Déi éischt Phas vun den Aarbechte sollen am Mäerz ufänken. Am Budget stinn dofir 1,6 Milliounen Euro.
Dossier 5 Scoutschalet: An Zesummenaarbecht mat dem Ëmweltministère gouf eng Léisung fir de Bau vun engem neie Chalet fonnt, woubäi d’Gemeng en Terrain zur Verfügung stellt, deen dann an den „Natura2000“ agebonne soll ginn. Dëse Projet kënnt am Fréijoer an de Gemengerot, esou datt d’Aarbechten duerno kënnen ulafen. Insgesamt soll de Projet ronn 1 Millioun Euro kaschten, dovunner si 590.000 Euro zu Laaschte vun der Gemeng, de Rescht iwwerhëlt de Staat. Grand Bis: Eng laang Geschicht kritt endlech e gutt Enn! Hannenaus op der Fonderie soll eng nei Aktivitéitszon entstoen. De PAP ass 2015 guttgeheescht ginn, esou datt elo nach d’Commodo-Incommodo-Prozedur ulafe muss. Enn 2016 an Ufank 2017 lafen dann déi éischt Infrastrukturaarbechten hei un. Am Budget sinn dofir 500.000 Euro dëst Joer virgesinn.
Stroossennetz: Ufank 2016 fänken d’Aarbechten an der rue Belair zu Péiteng un, wou op der ganzer Längt d’Infrastrukturen erneiert ginn. Käschtepunkt: 1,7 Milliounen Euro. Zu Rodange gëtt de Parking an der verlängerter rue de la Minière fir 1,4 Milliounen Euro fäerdeg gemaach iwwerdeems d’rue du Clopp en neie Reprofilage fir 400,000 Euro kritt. An der avenue Dr. Gaasch kënnen d’Aarbechten um ënnerierdesche Parking ulafen, wou d’Gemeng 31 Parkplazen, dovunner 2 Plaze fir behënnert Leit, keeft. 900.000 Euro huet d’Gemeng dofir prettgestallt.
PAG: Esou wéi et ausgesäit, wäert d’Ausschaffe vum PAG dëst Joer op en Enn goen. Eng sougenannt „Strategische Umweltprüfung“ muss nach duerchgefouert ginn, esou datt d’Ëmwelt bei neie Projete geschützt bleift. Enn 2017 misst de PAG dann an d’Prozedur goen. Käschtepunkt: iwwer 620,000 Euro. Berouegung Schoul Rolleng: An enger éischter Etapp geet et ëm d’Strooss, déi tëscht deenen 2 Schoulgebaier läit an déi fir de Verkéier zougemaach soll ginn. Den Zougang ass da vun hannen erbäi méiglech. Amplaz vun der Strooss gëtt e Fousswee ugeluecht an déi zwee Schoulhäff matenee verbonnen. Enn 2016 gëtt den Accès vir zougemaach. Käschtepunkt: 300.000 Euro.
Sport: De Fusiounsveräin FC Titus Péiteng kritt an dësem Joer zousätzlech Vestiairen an och Duschen, esou datt adequat awer och behënnertegerecht Installatiounen deenen Aktiven zur Verfügung stinn. Nei Sanitäranlage fir de Public an och eng nei Buvette um Péitenger Fussballs terrain kommen nach derbäi. Käschtepunkt: 855.000 Euro. Maison Relais zu Rodange: Fir d’Rentrée 2016/2017 soll zu Rodange déi nei Opfangstruktur stoen, wou da ronn 100 Kanner kënne betreit ginn. Doduerch gëtt d’Waardelëscht fir eng Plaz ze kréie méi kleng, et ginn awer och nees eng Dosen nei Aarbechtsplaze geschaf. Käschtepunkt: 1,66 Milliounen Euro.
c
lubhouse
Kanalnetz: Wann um Kanalnetz geschafft gëtt, da fält dat net jidderengem direkt op, well dës Aarbechten ënner dem Buedem geschéien. Eist Uertsnetz ass 67km laang. Dobäi kommen nach 2400 Syphonen/Avaloiren esou wéi 1500 Schächt mat Deckelen, déi natierlech all ënnerhal an, wann dat noutwenneg ass, och ersat musse ginn. An d’Kanalnetz ginn dëst Joer ronn 1,3 Milliounen Euro investéiert, haaptsächlech fir d’Botzen an d’Zéie vun Inliner a verschiddene Stroossen an der Gemeng. Doriwwer eraus ginn Etudë fir de Fonçage vun der rue de la Liberté op d’rue de Niedercorn gemaach an och d’Zone vum GrandBis gëtt un d’Kanalnetz ugeschloss.
union titus péiteng
construction d'un clubhouse avec vestiaires à pétange
maître d'ouvrage: administration communale de pétange
décembre 2015
19 avenue de la gare L-4734 pétange tél: +352 26 58 18 61 fax: +352 26 58 18 62 mail: afj@pt.lu
fran k jungers ARCHITECTURE
Dossier Actualité 6
Nachtschwärmer unterwegs Ob eine Party im Stadtviertel Clausen steigt oder der Kinobesuch länger dauern soll, ob „Schueberfouer“ oder Konzertbesuche, manchmal dauern Wochenendabende länger als geplant, manchmal ist bereits im Vorfeld klar, dass der Abend mit Freunden und Bekannten nicht unbedingt früh zu Ende ist. In jedem Fall ist es sinnvoll, das Auto zu Hause stehen zu lassen und auf den öffentlichen Dienst umzusteigen. Doch welche Optionen bestehen im Bereich Transport für die Nachtschwärmer?
„Night Rider“ die Gäste auf Bestellung zu einer Veranstaltung und auch wieder zurück, dies ausschließlich am Wochenende zwischen 18.00 Uhr und 5.00 Uhr morgens. Allerdings ist dieser Dienst nicht kostenlos. Informationen zum „Night Rider“ gibt es unter der Nummer 900 71 010 (3 Cent/Minute) von montags bis freitags zwischen 8.00 und 18.00 Uhr sowie freitags und samstags zwischen 8.00 und 5.00 Uhr. Im Internet sind Details auf www.nightrider.lu erhältlich.
Der neue „Late Night Bus Pétange“!
Eine „Night Card“, welche für den Transport im „Night Rider“ gültig ist, wird in den Gemeinden Petingen, Differdingen, Düdelingen, Esch/Alzette, Niederkerschen, Monnerich, Rümelingen, Sassenheim und Schifflingen angeboten. Die Jahreskarte ist den Einwohnern der eben genannten Gemeinden vorbehalten und kostet 40 Euro (für Kunden zwischen 16 und 26 Jahren), 80 Euro ab einem Alter von 26 Jahren. Details zu Buchungen sowie Auskünfte sind auch auf www.nightrider.lu/nightcard einsehbar.
Bereits seit dem 2. Januar 2016 besteht ein kostenloser Shuttle-Service zwischen Niederkerschen und den drei Ortschaften der Gemeinde Petingen. Dieser Dienst funktioniert jedoch lediglich bei der Rückfahrt aus Luxemburg-Stadt. Mit der Buslinie 215 kommt man freitag- und samstagabends um 1.00 Uhr sowie um 3.00 Uhr aus der Hauptstadt – Haltestellen sind u. a. Kirchberg J.F. Kennedy, Clausener Bréck, Badeanstalt, Hamilius, Hauptbahnhof, Fonderie und P&R Bouillon – bis zur Haltestelle „Arcades“ in Niederkerschen. Hier heißt es dann umsteigen auf den gratis Shuttle, welcher bereits auf die Gäste wartet und sie anschließend weiterfährt. Falls Probleme auftauchen, können die Passagiere jederzeit eine Ansprechperson unter der Telefonnummer 23 62 64 43 erreichen. Auskünfte sind ebenfalls unter www.petange. lu/actualite einsehbar. Selbstverständlich kann diese Linie auch bei früheren Abfahrtzeiten in Luxemburg-Stadt benutzt werden. Es sei jedoch angemerkt, dass in diesem Fall keine Gratisverbindung in die Gemeinde Petingen besteht.
Weitere Angebote im Nachtverkehr Neben dem eben erwähnten „Late Night Bus Pétange“ bestehen noch weitere Transportmöglichkeiten, um vom Nachtleben wieder nach Hause zu finden. So fährt der
Zeitlich etwas eingeschränkter sind die Zugverbindungen zwischen Luxemburg-Stadt und der Gemeinde Petingen. So fährt der letzte Zug um 23.53 Uhr (via Dippach) oder um 23.50 Uhr (via Esch/Alzette) in der Hauptstadt ab. Freitags und samstags gibt es noch eine spätere Verbindung über Esch/Alzette mit Abfahrt in Luxemburg-Stadt um 00.50 Uhr. Informationen sind unter Tel. 2489 2489 sowie auf der Internetseite www.cfl.lu einsehbar. Wer lieber Bus fährt kann auch auf die TICE-Linien 1, 3 und 13 zurückgreifen, welche zwischen Esch/Alzette und Petingen, Lamadelaine sowie Rodange zirkulieren. Auch hier ist der zeitliche Rahmen etwas eingeschränkt. Die letzten Fahrten erfolgen gegen 23.00 Uhr, sonntags und feiertags gelten andere Fahrzeiten. Auskünfte zu den verschiedenen Fahrplänen sind über 57 42 32 – 999 sowie auf der Internetseite www.tice.lu erhältlich, wo auch die einzelnen Fahrpläne der Buslinien aufgelistet sind. Weitere Informationen sowie individuell erstellbare Verbindungen sind auf www.mobiliteit.lu einsehbar.
PAG / PAP Dossier 7
L’aménagement communal, un vaste sujet! Depuis un certain temps, les termes de PAG et PAP sont de mise, soit dans les médias soit lors des séances du conseil communal. Mais quelle est la définition de ces notions ?
un moratoire pour certains quartiers et bandes de maisons) et à réaliser une analyse des réseaux d’infrastructures, des bâtiments communaux et de la mobilité, ceci en fonction de la croissance de la commune.
Un territoire communal bien défini
L’élaboration du projet du nouveau PAG devrait être finalisée en fin d’année 2016 pour être présenté au conseil communal et ensuite être soumis à l’avis du ministre de l’Intérieur et d’autres instances. À ce même moment le projet de PAG sera disponible au public qui pourra également s’exprimer. Une réunion de présentation sera par ailleurs organisée pour la population.
D’après la loi modifiée du 19 juillet 2004 concernant l’aménagement communal et le développement urbain, le plan d’aménagement général (PAG) se compose d’une partie graphique et d’une partie écrite à caractère réglementaire. Celui-ci couvre l’ensemble du territoire communal, le divise en différentes zones et en arrête l’utilisation du sol et l’affectation. On y retrouve par exemple les zones d’habitation, les zones économiques, les zones de sports et loisirs ou encore la zone verte, la zone rurale et d’autres bien sûr. Par cette division du territoire ainsi que par l’implantation équilibrée d’activités diverses, le PAG entend garantir un développement durable dans la commune. Comme toutes les communes du Grand-Duché sont tenues d’avoir un PAG de la nouvelle génération, une majorité de celles-ci sont en cours d’élaborer un document actualisé. Pétange n’y fait point exception. Avant de pouvoir l’arrêter définitivement, d’innombrables études et analyses devront être finalisées, comme un rapport sur les incidences environnementales (RIE) et une évaluation environnementale stratégique (SUP) traitant par exemple l’impact sur la faune et la flore, entre autre les populations des chauvessouris, batraciens et muscardins…. S’y ajoutent les schémas directeurs par lesquels la commune projette le développement futur des différentes zones. Il reste également à établir définitivement une liste des bâtiments dignes de protection (actuellement il existe
Compte tenu des avis et éventuelles objections, le conseil communal délibérera ensuite avant que le PAG puisse entrer en vigueur définitivement. En ce qui concerne un projet d’aménagement particulier (PAP), il «... précise et exécute les dispositions réglementaires du plan d’aménagement général concernant des terrains spécifiques ». En d’autres termes, le PAP est une vue détaillée de mise en valeur de terrains répertoriés dans le plan d’aménagement général. Si un terrain se situe dans un quartier existant, la construction du terrain nécessite en principe uniquement une simple autorisation de construire. Cependant, pour les terrains situés dans un nouveau quartier et sans infrastructures publiques existantes, un PAP devra être élaboré et approuvé par le ministre du ressort afin de déterminer le type et le nombre des constructions à prévoir. Il importe de savoir que, p.ex., lors de l’implantation d’un nouveau quartier ou lotissement tel que la Croix Saint Pierre à Rodange, le promoteur doit céder 25% des terrains à la commune, entre autre la voirie, les trottoirs et les infrastructures. La commune peut également y prévoir des structures d’intérêt général pour la collectivité.
Agenda 8
AGENDA février - mars 2016 Generalversammlungen
5/3 an 12/3
13/2 12/3
Coin de Terre et du Foyer Rodange
FNCTTFEL (Landesverband)
Pabeiersammlung an der Gemeng
Vu moies fréi bis nomëttes Nëmme Päck ënner 10kg gi matgeholl! Rodange – Kulturzenter Den 12.3. zu Péiteng Vu 15.00 bis 18.00 Auer Org.: Guiden a Scoute vu Péiteng 13/3 De 5.3. zu Rodange an zu 19/2 Foi et Lumière Minette Lamadelaine AMTF / Train 1900 Rodange – Centre culturel Org.: Guiden a Scoute vu Rodange/ De 14h30 à 18h00 Pétange – Maison de la Culture Lamadelaine A Rousen De 19h00 à 21h30 14/3 7/2 Amicale de la Seniorie Kannerfuesbal 20/2 St Joseph Lamadelaine – Fräizäitzenter Foyer de la Femme Pétange Pétange – Seniorie St Joseph Vu 14.30 bis 18.00 Auer Pétange – Maison de la Culture Début : 19h00 Fräien Entrée fir d’Kanner A Rousen Entrée fir Erwuessener : 5€ De 15h00 à 18h00 16/3 Org.: Gaart an Heem Lamadelaine
21/2
Péiteng – Kulturhaus A Rousen Vu 16.00 bis 20.00 Auer
Syndicat d’initiative de la Commune de Pétange
10/2 Pétange – Maison de la Culture Self-Defense-Cours A Rousen Fir Leit vu 16 Joer un Pétange – Maison de la Culture Début : 20h00 Rodange – Sportshal A Rousen Mëttwochs (10 Mol) vun 18.30 De 15h30 à 18h00 18/3 bis 20.00 Auer OGBL Pétange Informatiounen iwwer Harmonie Municipale Pétange – Maison de la Culture Tel. 621248392 (Romain) A Rousen Rodange Präis: 80€ De 19h00 à 22h30 Rodange – Centre culturel Aschreiwungen op der Plaz Début : 11h00 Organisatioun: Wing Tsun Club 21/3 Péiteng 28/2 Chorale Municipale Foyer de la Femme/ «Ons Hemecht» Pétange asbl 13/2 Foyer des Jeuenes Pétange – Maison de la Culture Buergbrennen zu Péiteng A Rousen Pétange – Maison de la Culture Péiteng – Scoutschalet um De 20h00 à 22h30 A Rousen Prënzebierg (rue Bellevue) Début : 15h00 Ufank vum Fakelzuch : 18.30 Auer Fräien Entrée 22/3 Org.: Guide a Scoute vu Péiteng 2/3 Amis des Jumelages de la Fraen a Mammen – Commune de Pétange 18/2 Jeunes Mamans Pétange – Maison de la Culture A Rousen Séance Info Level-up Rodange – Kulturzenter De 20h00 à 23h00 Pétange – Maison de la Culture Vu 15.00 bis 18.00 Auer A Rousen De 9h30 à 11h30 23/3 4/3 Org. : Service National de la Union Cycliste Rodange Angel’s Majorettes de la Jeunesse Commune de Pétange Rodange – Centre culturel Rodange – Centre culturel De 19h00 à 20h00 28/2 De 18h00 à 20h00 Réunion mensuelle 11/3 Rodange – Centre culturel Hobby 81 Lamadelaine De 14h30 à 18h30 Lamadelaine – Centre de loisirs Org. : Foi et Lumière Minette Début à 20h00
Coin de Terre et du Foyer Pétange
Agenda 9
AGENDA février - mars 2016 WAX
12/3
Pol Belardi’s Force
Pop and Rock’n’Roll Ufank: 20.00 Auer Entrée: 10€ Org.: Konscht-Millen WAX
12/2 Jazz contemporain Début : 20h00 Entrée : 10€ Org. : Konscht-Millen WAX
18/2
The Shouting Stars
18/3
Entrée : 10€ Org. : Konscht-Millen WAX
9/2 an 21/3 11/3
Bicherbus
Prom Night
Péiteng bei dem Schoulgebai Soirée américaine pour les An Éigent classes terminales Vun 13.10 bis 13.35 Auer Lamadelaine – Centre de loisirs Rodange bei der Sportshal De 20h0 à 22h30 Vun 13.50 bis 14.05 Auer Org. : LTMA Gratis Bicher, Audio-Bicher an DVDe léinen. 12/3 an 13/3 Info iwwer Tel. 803081 Bazar (Romain Kayser) Rodange – Centre culturel Org.: Kulturministère De 14h00 à 20h00 (les 2 jours) Entrée libre 4/3 Tombola de salle Eng Kuer zu Mondorf – Org. : Amis des Lépreux e lëschtegt Theaterstéck an Rodange asbl 3 Akten Péiteng – Home St Hubert 13/3 (rue de l’Eglise) Concert de Gala Ufank: 19.30 Auer Pétange – Home St Hubert Entrée: 10€ fir Erwuessener, 5€ fir Début : 16h00 Kanner, Gratis Entrée fir Kanner bis Entrée : 8€ 6 Joer. Reservatiounen iwwer Org. : Chorale municipale ‘Ons Tel. 621 197 160 Hemecht’ Pétange asbl Org.: Guiden a Scoute vu Péiteng – Grupp Hl. Franz vun Assisi
6/3
Bazar - Internationale Fraendag Rodange – Kulturzenter Vun 10.00 bis 20.00 Auer Fräien Entrée Salltombola Org.: Union des Femmes Luxembourgeoises ASBL
Tai Chi
Péiteng – Kulturhaus A Rousen Tëscht 10.00 an 11.00 Auer Info iwwer Tel. 58771 - 1301 Org.: Aktiv Senioren
23/3
Man of Steel 2016 Chansons populaires, ballades Lamadelaine – Centre de loisirs et rythmes chauds De 19h00 à 3h00
D’Stad Lëtzebuerg – Avec Lisa Mariotto fréier an haut Début : 20h00
Filmprojektioun Ufank: 19.30 Auer Org.: Konscht-Millen WAX
15/3 – 18/3
Org.: Basket Kordall Steelers
Vum 14/4 bis 14/7
Pflanzenbestimmungskurs „Wie bestimme ich Pflanzen?“
Olm – SICONA-Zentrum (12, rue de Capellen) jeweils zwischen 17 und 19 Uhr Teilnahmegebühr: 40€, Rentner 20€ Anmeldung bis zum 24/3 Informationen über Tel. 26303627 oder unter www.sicona.lu Org.: SICONA-Ouest
Expositions
Maison de la Culture A Rousen place du Marché à Pétange
Susi Leger
jusqu’au 14 février L’exposition est ouverte les après-midis
Art Senior vum 10. bis den 13. Mäerz D’Ausstellung ass nomëttes vu 14.00 bis 18.00 Auer op Fräien Entrée Org.: Amicale vun der Seniorie St. Joseph MARDI 10 MAI 2016 VISITE DU PARLEMENT EUROPÉEN À STRASBOURG 6h00 Départ Rodange «Sportshal» 6h05 Départ Lamadelaine Ecole «beim Tëtelbierg» 6h15 Départ Pétange Centre Sportif «Bim Diederich» 10h00 Accueil par le député européen M. Frank Engel 10h00 – 15h00 Visite du parlement européen avec déjeuner offert à midi Temps libre à Strasbourg de 15h00-17h00 17h00 Retour
Inscriptions : 50 12 51-234 (Coos Laurent) Dernier délai d’inscription: 15/04/2016
Rentne 201
erfeier 16
Agenda 12
GRANDES MANIFESTATIONS
février – mars 2016
Amicale Nidderréideng Rodange
Buergbrennen zu Rodange op der Denneknipchen BueRgsonnDeg
14. Februar 2016 Grousst um 19.30 Auer
Freedefeier um 19.45 Auer ufänken vun der
BueRg
Fir Iessen an Drenken as gesuergt am groussen Zelt ab 14.00 Auer
Wat war lass? 13
28.11 - 29.11.2015 – Den Héichpunkt vum Niklosmaart zu Péiteng war – op d’mannst fir déi Kleng – de Besuch vum Kleeschen an dem Housécker, déi ganz fläisseg Tiitercher awer och geleeëntlech eng Rutt ausgedeelt hunn.
28.11.2015 – Durant une soirée, des jeunes musiciens ont fait un carton lors du concours de musique « Rock the South » au Home St Hubert à Pétange afin de faire découvrir leur talent sur scène. « The Kooters » se sont vus attribuer la victoire et auront la chance d’enregistrer un album.
30.11.2015 – A Präsenz vun der fréierer Wunnengsbauministesch Maggy Nagel gouf zu Lamadelaine den éischte Spuedestéch fir dat neit Lotissement An Atzéngen gemaach. Hei sollen nieft 31 Appartementer och nach 96 Eefamilljenhaiser fir jonk Famillen entstoen.
Dossier Wat war lass? 14
1.12.2015 – Einen neuen Lieferwagen mit Kühlraum nahmen die Verantwortlichen des „Cent Buttek“ entgegen. Das Gefährt wird von der Gemeinde Petingen vorfinanziert und vom Sozialamt rückerstattet, sodass die Lebensmittel während der Lieferzeit gekühlt lagern und somit frisch angeboten werden können.
3.12.2015 – Fir de Krichsaffer aus Syrien ze hëllefen huet d’Gemeng Péiteng e Scheck iwwer 2.500 Euro un d’Associatioun „Médecins sans frontières“ iwwerreecht. Mat deene Sue goufe méi wéi 300 Behälter fir Blutttransfusiounen esou wéi den Akaf vu Medikamenter fir ronn 250 Blesséierter finanzéiert.
Wat war Dossier lass? 15
5.12.2015 – Eng Traditioun lieft weider an eiser Gemeng: zesumme mat dem Hl. Eloi gouf déi Hl. Barbel esouwuel zu Rodange ewéi och zu Rolleng gefeiert. Nieft engem Cortège a Blummennéierleeunge stoungen eng Receptioun an eng Mass fir all Mineuren, Pompjeeën a Metallaarbechter um Programm.
7.12.2015 – Afin de récompenser les jeunes participants pour leur participation aux après-midis de découverte en pleine nature, la commune de Pétange avait organisé une réception lors de laquelle ils ont reçu un diplôme certifiant leur engagement.
Dossier Wat war lass? 16
7.12.2015 – Anlässlich eines Empfangs wurden 25 neue Mitarbeiter der Gemeinde Petingen den Mitgliedern des Schöffen- und Gemeinderates vorgestellt. Ziel ist es, den Kontakt zwischen Politikern sowie Mitarbeitern und somit gegenseitiges Verständnis zu fördern.
10.12.2015 – Zum Abschluss des Schuljahres 2014/2015 der Petinger Musikschule waren die angehenden Musiker zur Diplomüberreichung eingeladen. Nebst großem Lob für ihr Engagement erhielten sie als zusätzliche Belohnung ein Geschenk der „Amis de l’Ecole de Musique de Pétange“.
15.12.2015 – Comme depuis de nombreuses années, l’école de musique de la commune de Pétange avait invité à son audition de Noël où les jeunes musiciens ont pu faire preuve de leur talent et des progrès qu’ils ont fait depuis leur première leçon.
Wat war Dossier lass? 17
18.12.2015 – Fir hir laang Servicer goufen um Enn vum Joer Mataarbechter vun der Gemeng, vum Léierpersonal, aus de Pompjeeën an e Conseiller geéiert. Eng ganz Rei vun hinnen hunn am leschte Joer en neie Liewensofschnëtt ugefaangen: hir wuel verdingte Pensioun. Si all kruten e schéine Kaddo an e grousse Merci fir den Engagement iwwer all déi Joren.
19.12.2015 – En fin d’année, les élèves méritants furent honorés lors d’une réception à la Maison de la Culture A Rousen à laquelle 64 lauréats s’étaient inscrits. 191 lauréats avaient fait une demande pour les récompenses de fin de formation tandis que 917 demandes furent déposées pour les primes de réussite annuelle. La commune de Pétange a ainsi soutenu les efforts des étudiants avec 140.700 euros.
23.12.2015 – Op Initiativ vun „Reech eng Hand“, Bierger a mat der Ënnerstëtzung vun der Péitenger Gemeng war zu Rodange eng Chrëschtfeier mat Flüchtlingen organiséiert ginn. Nieft engem gudde Maufel war dëst awer och eng gutt Geleeënheet, fir sech a Gespréicher e bësse besser kennen a schätzen ze léieren.
Dossier Wat war lass? 18
8.1.2016 – Zahlreich waren die Belegschaft der Gemeinde Petingen sowie das Lehr- und Betreuungspersonal der Einladung des Schöffenrates gefolgt, um zusammen auf das neue Jahr anzustoßen. Bürgermeister Pierre Mellina blickte zurück auf 2015 und unterstrich ebenfalls die unablässige Zusammenarbeit und Kollegialität der Angestellten, damit auch in Zukunft gute Arbeit – wie in vergangenen Jahren – geleistet werden könne.
9.1.2016 – Esouwuel an der Seniorie St. Joseph zu Péiteng ewéi och an der Résidence Ronnwiss zu Rodange goufen d’Pensionäre vum Schäfferot iwwerrascht, dee seng Neijoerswënsch fir déi eeler Leit an d’Personal aus deenen zwee Haiser perséinlech iwwerbruecht huet. An als klenge Bonus krut och jiddereen eng kleng Schneekerei, fir 2016 gutt unzefänken.
25.1.2016 – Mat ganz spezifeschen Iddien, haaptsächlech ronderëm d’Thema Schoul, hunn sech déi nei Vertrieder vum Kannergemengerot aus der Gemeng Péiteng de Memberen aus dem aktuelle Schäffen- a Gemengerot virgestallt an hunn uschléissend hir Buergermeeschtesch am grousse Sëtzungssall gewielt. An dësem „klenge“ Gemengerot si vertrueden: Aïssatou Ndoye, Kannerbuergermeeschtesch a Serge Junior Giuliani vu (Rodange); Goran Ink Fautsch, Jonathan Vidic, Maria Alice Duarte Pires (Péiteng); Karim Jebali, Lara Lucas, Ricardo Lopes Martins (Lamadelaine).
Mir gratuléieren Dossier 19
MIR GRATULÉIEREN
95 Joer jonk gouf d’Madamm Elise Parisot, déi zënter enger Zäitchen an der Seniorie St. Joseph zu Péiteng doheem ass.
Hiren 90. Gebuertsdag huet d’Madamm Marie Karp-Fassbinder an der Seniorie St. Joseph zu Péiteng gefeiert.
Dossier Mir gratuléieren 20
MIR GRATULÉIEREN
103 Käerze stoungen op der Madamm Colbach hirem Kuch, wéi si als Doyenne vun der Gemeng Péiteng hire Gebuertsdag an der Seniorie gefeiert huet.
Viru 50 Joer hu si sech d’Jo-Wuert ginn, den Här Nicodemo Agostino an d’Madamm Raffaela Camarda, e Jo-Wuert, wat si ouni ze zécken am Krees vun der Famill erneiert hunn.
D’Gemeng Dossier informéiert 21
D’GEMENG informéiert Changementer am Gemengerot An der Sëtzung vum 18. Dezember 2015 huet den Norbert Pierre, Joergang 1943, deen an der LSAP zu Péiteng engagéiert ass, bekannt ginn, dass hie seng Schung op den 31. Dezember géing am Gemengerot un den Nol hänken a senge Kollegen am Schäffen- a Gemengerot Äddi soen. No bal 34 Joer, an deenen hie sech fir d’Interesse vun de Bierger agesat huet, gouf et fir dësen „alen Hues“ an der Politik Zäit, deene méi jonke Parteikollege Plaz ze maachen.
An den nächste Jore wäert hien e bësse méi kuerz trieden a sech méi Zäit fir sech selwer awer och fir d’Familljeliewen huelen. De 26. Januar 2016 gouf d’Gaby Birtz als nei Vertriederin vun der LSAP am Gemengerot vereedegt. Hatt gehéiert och zu där méi jonker Generatioun, déi amgaang ass, mat groussem Engagement op politeschem Niveau ze schaffen.
Dee fréiere Péitenger Geschäftsmann a laangjärege President vum CSP, deen zu Lamadelaine wunnt, war tëscht dem 1. Januar 1982 an dem 30. Abrëll 1991 esou wéi zënter dem 1. Januar 2000 bis Enn Dezember 2015 als Conseiller aktiv. Vum 1. Mee 1991 bis den 31. Mee 1992 a vum 1. Januar 1994 bis den 31. Dezember 1999 souz hien am Schäfferot wou heen d’Bauten an d’Personal ënnert sech hat, an och de Projet „Collectrice du Sud“ begleet huet. Den Norbert Pierre war awer och Vertrieder vun der Gemeng Péiteng am „Syndicat des Eaux du Sud (SES) an huet sech iwwer laang Joren och a verschiddene Kommissiounen, ë. a. d’Baute- respektiv d’Verkéierskommissioun engagéiert.
Neie Mataarbechter Zënter dem 1. Dezember 2015 schafft de LE Anh Phong als „agent municipal“ an der Péitenger Gemeng.
Opruff un d’Bierger! D’Gemeng Péiteng ass amgaang, en „Espace muséologique“ am Rouden Haus (nieft dem WAX) anzeriichten. Hei gëtt d’Geschicht vun der Gemeng Péiteng am Krich ervirgehuewen. D’Ouverture vun dësem Haus ass viraussiichtlech am Summer. Aus deem Grond lancéiert d’Gemeng en Opruff un d’Bierger. Wann Dir Fotoen oder Filmmaterial hutt aus der Zäit tëscht dem 10. Mee 1940 an dem Juni 1945, wou Grande-Duchesse Charlotte eis Gemeng besicht huet, da
sot eis Bescheed. Mir wiere frou, eng Kopie vun deenen Dokumenter ze hunn an se esou fir d’Generatiounen no eis ze erhalen. Dir kënnt eis erreechen iwwer Tel.: 501251-1 oder iwwer E-Mail (guy.kummer@petange.lu). Elo schonn e Grousse Merci fir Är Mathëllef bei dësem grousse Projet!
Dossier 22
Café Come-Back Nomen est Omen sagt das Sprichwort und hier trifft es den Nagel auf den Kopf! Vor 30 Jahren führte Patricia Laroche-Vivani an gleicher Stelle die bekannte Dorfwirtschaft „An der Gässel“, bevor sie sich einem andern Berufszweig widmete. Jetzt feiert die geborene Wirtin ihr „Come-Back“ und kehrt an die Stätte ihres früheren Wirkens zurück, sehr zur Begeisterung ihrer damaligen Stammkundschaft, die geschlossen ihre Treue zeigt. Natürlich bietet sie tagsüber kleine Speisen an, unter anderem eine sehr lecker aussehende „Hameschmier“. Öffnungszeiten: Täglich von 9 bis 1 Uhr, außer donnerstags. 1, rue du Commerce L-4812 Rodange Tel.: 26 50 02 31
www.facebook.com/ cafe.comeback
Sports-Bar Depuis très peu, Corinne Andres a ouvert cet endroit à l’installation très sobre et accueillante. La sympathique exploitante dispose d’une grande expérience dans le monde des bistros et des brasseries et elle a du pain sur la planche. Originaire de Lorraine, elle propose de la petite restauration sur base surtout de «cochonnaille lorraine», une spécialité d’assiettes composées notamment de charcuterie artisanale, chacun trouvera certainement chaussure à son pied. Pour la période estivale, une grande terrasse sera à la disposition des clients et des concerts de Jazz classique et manouche seront organisés. Avis aux amateurs! Ouvert tous les jours de 08 à 01 heures. 2A, rue du Commerce L-4812 Rodange
Tél.: 661 55 50 67
Terramagus Plongez dans l’ésotérisme, cet art de vivre qui base sur l’harmonie du corps et de l’esprit, dans le respect du passé, du présent et du futur et qui considère chaque homme comme étant un être unique. Vous n’y trouverez que des produits laissés à l’état naturel, représentant chacun une pièce unique, que ce soient les pierres naturelles, les vêtements médiévaux, steampunk, gothique et western ou encore les accessoires en cuir personnalisés sur place, comme des ceintures, des bracelets, voire même des colliers pour vos animaux domestiques, conseils inclus. Terramagus fait aussi partie du réseau DPD ParcelShop. Ouvert: Lundi de 14 à 19 heures, mardi à vendredi de 09 à 12 et de 14 à 19 heures, samedi de 09 à 16 heures. 8, rue du Parc L-4771 Pétange
Tél.: 691 65 10 16 www.terra-magus.lu
Lapidibus Shop „Lapidibus“ bedeutet Steine in lateinischer Sprache und um genau diese dreht es sich in diesem hell erleuchteten, aufgeräumten Geschäft. Guy Breyer hat eine große Auswahl in seiner imposanten Sammlung ausgestellt, vom Tsesit über den Markasit bis hin zum Bergkristall, um nur diese zu nennen. Alle Steine sind ausgewählt anhand ihrer besonderen Wirkungen die sie ausüben im Bereich der Steinheilkunde und mit denen der Inhaber selbst positive Erfahrungen machen konnte. Sei es für den geneigten Sammler, als Anhänger, als Armband, als Roh-, Trommel- oder Taschenstein, eine kompetente Fachberatung wird Ihnen auf jeden Fall zuteil kommen. Interessant zum Stöbern ist auch der Online-Shop! Geöffnet ist Dienstag bis Samstag von 13 bis 18 Uhr. 25b, route de Luxembourg L-4761 Pétange Tel.: 28 99 15 81
www.lapidibus-shop.com/ lapidibus-shop-pétange-luxembourg
Betrib virstellen 23
Ein Familienname mit Tradition Die Überlegung der Eltern, auch Kunden jenseits der Gemeinde- und Landesgrenzen anzusprechen, hat sich bezahlt gemacht. Auch wenn der große Teil aus Luxemburg stammt, so steht der Name Kinn im nahen Grenzgebiet hoch im Kurs. Was die Zukunft der Geschäftswelt in Rodange bzw. den Einzelhandel im Allgemeinen angeht, so hofft Dany Kinn, dass trotz der anstehenden Projekte im Zentrum der Ortschaft die Betriebe sich behaupten können. Heutzutage seien Kompetenz, Professionalität und Kundenservice gefragt, Qualitäten, welche beim Interneteinkauf gerne auf der Strecke bleiben.
Uhrmacher will gelernt sein Wenn in Rodange der Name Kinn fällt, dann wissen die Alteingesessenen sofort, wer sich dahinter verbirgt. Und dies seit 1959.
Eine gute Strategie Es war vor 57 Jahren, als in der rue Jos. Philippart ein Juweliergeschäft seine Türen öffnete. Die Gründung des Betriebs lag damals in den Händen der Eheleute Irène und Michel Kinn. Beide Geschäftsleute, gebürtig aus Esch/Alzette und Drauffelt, waren in die Minettegegend gezogen, um hier ein eigenes Geschäft zu starten, da es zu jenem Zeitpunkt noch keinen Juwelier in Rodange gab. In ihren Augen schien dies ein optimaler Ort zu sein, da auch Kundschaft aus den angrenzenden Gebieten in Belgien und Frankreich in den Einzugsbereich einbezogen werden konnten. Nach zwei Jahren, von 1959 bis 1961, in der „Groussgaass“ kam der erste große Umzug in neue Räumlichkeiten auf Nummer 17 in der avenue Dr. Gaasch. 18 Jahre und viele Erfahrungen später ging es auf die gegenüberliegende Seite, wo sich das Juweliergeschäft auch heute noch befindet. Ein erster großer Wechsel an der Spitze des kleinen Unternehmens war die Übernahme der Leitung durch die Kinder Dany und Jasmine im Jahr 1993. Zusammen mit Danys Frau Claudine arbeitet die Familie derzeit zu dritt im Betrieb.
Eigentlich ist Dany Kinn gelernter Uhrmacher, der – wo könnte man das Handwerk besser erlernen – seine Ausbildung ab dem 15. Lebensjahr in der Schweiz begann. Doch die anfangs harte Zeit in der großen weiten Welt hat sich gelohnt, denn im Atelier werden Uhren aller Art und aller Jahrgänge repariert. Auch Pendeluhren können wieder zum Leben erweckt werden; aufgrund der sehr spezifischen Ersatzteile, welche oftmals nicht auffindbar sind und von Hand angefertigt werden müssen, kann die Reparatur jedoch etwas länger dauern. Was die Schmuckkreationen betrifft, so arbeitet die Familie Kinn mit renommierten Ateliers zusammen, um die Wünsche der Kundschaft zu erfüllen. Die Geschäftsleute schauen selbstbewusst in die Zukunft und denken noch gar nicht ans Aufhören. 60 Jahre Juweliergeschäft – vielleicht ein paar mehr –, das wollen sie unbedingt erreichen. Die Chancen stehen gut, denn vor Jahren hatte bereits ein einheimischer Kunde dem Vater, Michel Kinn, gegenüber bemerkt: „Mir wäerte jo och nach esou en aarme Bijoutier ënnerhale kréien!“ Wenn das kein gutes Omen war....
Muechtwiessel an der
IONNEZ la M
LE
CT
ge r Cava lc t en
15.11 heures
éi
6 mars
TE de la COT «P AS
»
CO L
NOUVEAU
e ad
M i - Ca rê me Dimanche, le
UNIQUE AU LUXEMBOURG
ENTRÉE LIBRE
REMISE DE L’ORDRE CARNAVALESQUE DE PRINCE YVES I
«PRENZEN NUECHT»
APRÈS LA CAVALCADE
CHAPITEAU AMBIANCE FOLLE AU AVEC
SAMEDI, 5 MARS
À PARTIR DE 20.00 HEURES ENTRÉE: 25 € AVEC BUFFET FROID/CHAUD INSCRIPTION PRÉALABLE AU TÉL. 621 166 434
VENTE DU LIVRE
,
«de Péitenger Wand dee bléist!»
nd KaG ePe disp oni ble au sta
NAVETTE D’AUTOBUS GR ATUITE:
CACTUS BASCHARAGE CENTRE DE PÉTANGE
Péitenger Gemeng!
i·m·p·r·i·m·e·r·i·e HEINTZ, Pétange
CHAPITEAU CHAUFFÉ À LA PLACE DU MARCHÉ ANIMATION: ZUMBACHICAS, BUMSKI, SIMPLY 2