Le magazine de la commune de PĂŠtange
Meng Gemeng August / September 2019
De PĂŠitenger Gemengerot Le conseil communal de PĂŠtange
Sujets Dossier principaux 2
Meng Gemeng August / September 2019 7
6
Säiten 4-5
5
4
3
2
1
“Thank you for your Service Sir” Viru 75 Joer, samschdes moies, den 9. September 1944, sollte fir Péiteng véier laang Joer ënner dem Nazi Regime endlech op en Enn goen. Vun Athus hir koumen deen Dag nämlech déi éischt amerikanesch Zaldote mat hire Ween op d’Lëtzebuerger Land zou.
RUE DES ÉCOLES
ÉCOLE PRIMAIRE EXISTANTE
RUE DE LA PROVIDENCE
FAÇADE ANTÉRIEURE / RUE DE LA PROVIDENCE
LIVRAISON
Seite 6-7
RUE DE LA PROVIDENCE TERRASSE
BÂTIMENTEXISTANT EXISTANT BÂTIMENT
JARDIN DE RÉCRÉATION EXISTANT
LIVRAISON
FAÇADE POSTÉRIEURE
Schule und Kinderbetreuung unter einem Dach Am vergangenen 17. Juni beschloss der Petinger Gemeinderat einstimmig, das aus den 70er Jahren stammende Schulgebäude „Gehren“ sowie den Anbau aus dem Jahr 2003 in Lamadelaine neu zu errichten beziehungsweise zu erweitern. Hier sollen Früherziehung, Kindergarten und Kinderbetreuung unter einem Dach beherbergt werden
Säit 8 JARDIN DE RÉCRÉATION EXISTANT
ENTRÉE SECONDAIRE PRÉCOCE BÂTIMENT EXISTANT
FAÇADE DE LA COUR DE RECREATION / RUE DES ECOLES
COUR DE RÉCRÉATION
E kloert Zil: d’Natur schützen an erhalen
RUE DE LA PROVIDENCE ENTRÉE PRINCIPALE
Wee SICONA-Südwesten seet, deen denkt virun allem un eis Ëmwelt, ëm d’Landwirtschaft, ëm d’Fleeg vun der Natur. De SICONA-Südwesten steet och fir eng multifunktionell Aarbechtséquipe, déi an deenen 21 ugeschlossene Gemengen aus dem Land professionell asetzbar ass an Aufgaben iwwerhëlt, déi d’Gemengen zum Beispill net kënnen ausféiere well si dofir net déi noutwendeg Ausstattung hunn. Duerch esou eng spezialiséiert Fleeg gëtt garantéiert, datt genee do den Hiewel ugesat gëtt, wou e gebraucht gëtt fir esou d’Fauna an d’Flora vun heiheem ze schützen an d’Biodiversitéit ze erhalen.
Editorial
Sommaire 2
Haaptthemen
3
Editorial
4-5
“Thank you for your Service Sir”
6-7
Schule und Kinderbetreuung unter einem Dach
8
E kloert Ziel: d’Natur schützen an erhalen
9-12
Agenda
13
Wat war lass
14-15
Nationalfeierdag
16-24
Wat war lass
25
Korksammlung 2018/2019
26
Mir gratuléieren
27
D’Gemeng informéiert: Rentrée 2019/2020
28
Vakanzaktioun
Impressum Éditeur: Administration communale de Pétange B.P. 23 / L-4701 Pétange Tél.: 50 12 51-1000 / Fax: 50 12 51-2000 www.petange.lu / commune@petange.lu Réalisation: Espace-Médias S.A. Comité de rédaction: Pia Hansel, Jean-Paul Oms Photos: Service Culture et Communications de la commune de Pétange, Laurent Blum, Christopher Schmitt, Wagner Jill Imprimeur: Imprimerie Heintz, Pétange „Meng Gemeng”, imprimé sur du papier 100% recyclé, paraît 6 fois par an. La revue est distribuée gratuitement à tous les ménages de la commune de Pétange. Édition: Août-Septembre 2019 ISSN 1993-0070
3
D’Fräiheet gëtt et net fir näischt 75 Joer sinn et hier, datt de Wee an d’Fräiheet fir déi ënnerdréckte Länner a Westeuropa, jo esouguer an der Welt, mat der Landung vun den Alliéierten um europäesche Festland ugefaangen huet. Véier Joer laang hat de Krich d’Welt a sengem Grëff. Fir Millioune vu Mënschen huet dat Misär bedeit oder esouguer den Doud. Den 9. September 2019 sinn et 75 Joer hir zënter déi amerikanesch Zaldote Péiteng als éischt Uertschaft am Lëtzebuerger Land befreit hunn. An zënter dësem historesche Moment hate mir déi grouss Chance, kee Krich méi ze hunn an eisem Land, d’Fräiheet ze genéissen an duerch vill an haart Aarbecht eisen haitege Wuelstand ze schafen. Mee vill ze dacks vergiesse mir, wiem mir, déi méi jonk Leit, dat alles ze verdanken hunn. Eis Elteren a Grousselteren waren et, déi vu moies bis owes geschafft hu fir deene jonke Generatiounen e bessert Liewen am Fridden, an der Fräiheet z’erméiglechen. Si mir eis nach bewosst, datt de Räichtum, den Iwwerfloss mat all senge positiven an negativen Aspekter d’Resultat vun hirem Schweess ass? 1944 war en neien Ufank, dee guer net esou selbstverständlech war ewéi mir dat haut heiansdo mengen. Eréischt wa mir verstinn, wat alles um Spill stoung deemools, wat fir Affer bruecht goufe fir d’Zukunft kënnen unzegoe kënne mir wäertschätzen, wéi vill mir deene Generatioune virun eis wierklech verdanken. Dëst Joer ass e speziellen Anniversaire vun der Befreiung, dee 75. E Grond fir d’Gemeng, dëse Feierlechkeeten e spezielle Kader ze ginn, well vun de Veteranen an den Zäitzeien aus eiser Gemeng an doriwwer eraus ass just nach e klengen Deel ënner eis. Hinne solle mir weisen, datt mir hire Courage an hire Kampf fir d’Fräiheet net vergiessen. Nieft den offizielle Feierlechkeete vum 9. September an enger Woch mat Manifestatioune fir d’Bierger a mat de Bierger organiséiert d’Gemeng Péiteng e wéineg méi spéit am Joer, vum 25. Oktober bis den 29. Dezember, um ale Site vum Lycée Technique Mathias Adam eng grouss national Ausstellung iwwer Lëtzebuerg am 2. Weltkrich. Eng Expo, déi Jonk a manner Jonk sech sollten ukucke fir uschléissend vläicht e méi komplett Bild vun deenen däischtere Joren aus eiser Vergaangenheet ze hunn. Nëmme wann d’Leit wëssen, wat geschitt ass a firwat, kënnen si hiren Deel dozou bäidroen, datt dat sech net méi widderhëlt. Da kréien och déi Zeilen um Hyman Josefson-Monument, déi Zäitzeien a Bierger deemools agravéiere gelooss hunn, dee Wäert, deen si sollen hunn: “We shall never Forget”! De Schäfferot vun der Péitenger Gemeng
Liberatiounsfeierlechkeeten 4
“Thank you for your Service Sir” Viru 75 Joer, samschdes moies, den 9. September 1944, sollte fir Péiteng véier laang Joer ënner dem Nazi Regime endlech op en Enn goen. Vun Athus hir koumen deen Dag nämlech déi éischt amerikanesch Zaldote mat hire Ween op d’Lëtzebuerger Land zou. Dës Noriicht hat sech schonn erëmgeschwat, an d’Leit souze quasi op Eeër bis et esou wäit war. Alles wat konnt lafen, krauchen a fuere vun de Besatzer huet sech oder hat sech schonn aus dem Stëbs gemaach. Vun de „Bonze” war wäit a breet näischt méi ze gesinn, och dee vun de Preisen agesaten „Amtsbürgermeister“ hat de Réckzuch ugetrueden.
D’Befreiung huet ugefaangen Aus der Luucht hunn d’Jaboen d’Gare mat all de Lokomotiven, déi do stoungen, ënner Beschoss geholl esou datt de Schinneverkéier ganz stoung. Eréischt no enger
Zäitchen, nodeems et méi roueg an de Stroosse war, koumen d’Awunner lues a lues aus hiren Haiser eraus, wou si sech während dem Bombardement zeréckgezunn haten. Et war bal Mëtteg, wéi et dunn housch „Se sinn do!“ Kuerz drop sinn déi éischt gepanzert Gefierer lues iwwer d’Athuser Strooss méi no komm. Um Bord vun der Strooss haten sech d’Leit versammelt fir ze wénken, en éischte Bléck op d’Befreier ze geheien iwwerdeems d’Lëtzebuerger Fändelen nees houfreg gewise goufen. Deen éischte Won, en amerikaneschen M8, sollt net iwwer d’Kräizung bei der Mille kommen a gouf vun enger däitscher Kanoun getraff. Mat der Hëllef vun den Awunner konnt dës Geschoss ausser Gefecht gesat ginn, an de Wee iwwer d’Lénger Strooss war fräi. D’Bréck iwwer d’Kor gouf och net gesprengt ewéi d’Besatzer dat virgesinn haten, well e Patriot d’Saach an d’Hand geholl huet an deen Zaldot erschoss huet, deen alles an d’Luucht sollt sprengen.
Amerikanesch Camionen op der Bomecht
Photo: collection Lucien Heyard
Liberatiounsfeierlechkeeten 5
Dat éischt amerikanescht Affer Laang Zäit wousst keen, ween deen Zaldot war, deen deemools a sengem Won bei der Millen ëm d’Liewe koum. Eréischt 1988, no onermiddleche Recherchë gouf den Numm vun deem Mann bekannt, deen als éischt Affer op Lëtzebuerger Buedem fir d’Fräiheet vum Land gefall ass: Hyman Josefson. Hie koum de 14.4.1909 am Staat New York op d’Welt an huet och do zu Middletown gelieft. Nom Lycée huet hien op der Cornell University Droit studéiert, war awer och nach Ingenieur. Eng vu senge Leidenschafte war d’Réngen, wou hien ëmmer ënner deene beschte war. Mee et war säi Sënn fir Gerechtegkeet, deen hien ausgezeechent huet an deen hien och dozou bruech huet, an d’Arméi anzetrieden. Säi Courage a säin Affer, awer och déi vun all deenen, déi sech fir d’Fräiheet agesat hunn, sinn net an dierfen och net vergiess ginn.
Den Hyman Josefson (uewe lénks op dem Won) um Wee fir op Péiteng
Photo: Pierre Vandeninden, Aubange
Dossier Neie Projet 6
Schule und Kinderbetreuung unter einem Dach integréiert. Etwas abgeschirmt und von der rue des Ecoles her zugänglich entsteht der Pausenhof, welcher von einer zweistöckigen Pergola eingefasst wird. Der überdachte Teil soll vor Regen und Sonne schützen indes der obere Teil als Terrasse genutzt werden kann.
Der Innenraum Im Erdgeschoss des Neubaus befinden sich neben den vier Kindergartenklassenräumen mitsamt den Garderoben auch Sanitäranlagen sowie das Restaurant – eingeteilt in 3 verschiedene Zonen -, eine pädagogische Küche sowie zwei Funktionsräume. Darüber hinaus stößt vom Eingangsbereich kommend auf den sogenannten “Indoorspielplatz”, der zum Austoben einlädt. Das bestehende Gebäude bietet Platz für die Früherziehungsklassen mit den dazugehörigen Ruhezonen auf einem Mezzaningeschoss, welches über eine Treppe erreichbar ist.
Die „alte“ Schule wird bald der Vergangenheit angehören Am vergangenen 17. Juni beschloss der Petinger Gemeinderat einstimmig, das aus den 70er Jahren stammende Schulgebäude „Gehren“ sowie den Anbau aus dem Jahr 2003 in Lamadelaine neu zu errichten beziehungsweise zu erweitern. Hier sollen Früherziehung, Kindergarten und Kinderbetreuung unter einem Dach beherbergt werden. Gebäudetechnisch aber auch in energetischer Hinsicht entsprechen die jetzigen Räumlichkeiten den heutigen Anforderungen in keinster Weise. Doch wie sieht die Organisation des Gebäudes auf dem “Campus” eigentlich aus?
Im ersten Obergeschoss wiederholt sich die Aufteilung samt Spielplatz im Innenbereich. Hier sind die Bibliothek, sowie verschiedene Funktionsräume (Kreativraum, Konstruktionsraum, Snoozle-Raum, Spielsaal mit Bühne), wo sich hauptsächlich die Kinder der Zyklen 1 und 2 aufhalten. Ein Sitzungszimmer, ein Aufenthaltsraum für die Betreuer sowie ein Kopierraum sind auf dieser Etage vorgesehen, derweil im Bestandsgebäude ein Lehrerzimmer sowie die Ruhezone der Früherziehung eingerichtet wird.
Die Außenräume Der Haupteingang für Eltern und Kinder des 1. Zyklus – Kindergarten – befindet sich an der Ecke rue de la Providence und rue des Ecoles. Vier „Kiss-and-go“-Parkplätze sind ebenfalls in der rue de la Providence vorgesehen. Für die Kinder der Früherziehung sowie für Kinder mit einer eventuellen Behinderung wird der alte Zugangsweg zu einer Rampe umgebaut, so dass sie diesen Zugang zum Gebäude benutzen können.
Das zweite Obergeschoss dient hautpsächlich als Begegnungs- und Aufenthaltszone für den 3. Zyklus mit eigenem Sanitärbereich und Garderoben. Im Untergeschoss entsteht eine Produktionsküche, in der 580 Mahlzeiten zubereitet werden können. Der Zuliefer-
Die„Naturspillplaz“ um den zu erhaltenden Anbau herum bleibt ebenfalls bestehen und wird in das neue Projekt 7
6
5
4
3
2
1
RUE DES ÉCOLES
ÉCOLE PRIMAIRE EXISTANTE
FAÇADE ANTÉRIEURE / RUE DE LA PROVIDENCE
RUE DE LA PROVIDENCE
LIVRAISON
FAÇADE POSTÉRIEURE
Neie Projet 7
RUE DE LA PROVIDENCE
JARDIN DE RÉCRÉATION EXISTANT
ENTRÉE SECONDAIRE PRÉCOCE
COUR DE RÉCRÉATION
ENTRÉE PRINCIPALE
BÂTIMENT EXISTANT
FAÇADE DE LA COUR DE RECREATION / RUE DES ECOLES
bereich befindet sich in der rue de la Providence, fernab von den Zugängen der Schüler. Ein Aufzug erleichtert den Transport des Essens zum Restaurant.
Zeitlich, räumlich und energetisch angepasst
g wässerun Linienent
2= -2,0 ,34 + 295
cht Lichtscha g rundum wässerun
x 16,3
cm
x 28
0,65
cm
2= -1,5 ,84 + 295
/0,82
E LA
/0,30
0,40
/0,30
RU
/1,80
1,82 0,50
/1,10
/0,50
ED
RUE
0,90
0,40
0,95
0,40
PR
OVI
MATHIA
DEN
CE
S HEI
STG
/0,60 2,92
/2,07
/0,60
1,70 /0,40
/0,60
1,00
/0,85
4= -1,2 ,12 + 296
/3,64
cm x 28,05
1
cm
2
0= 0,0 ,36 + 297
22
g wässerun Linienent
5= -1,1 ,21 + 296
/0,40
3
1,70
4
x 17,05
5
STG
6
/0,40
0,62
7
1,70
8
/0,40
0,50
9
1,70
Das alte Schulgebäude wird bald in Vergessenheit geraten wenn sich die neue Fassade, der neue Umriss auf dem Campus in Lamadelaine fertiggestellt sind. Die Fassade besteht aus einer 20cm dicken Dämmung, einer Luftschicht sowie Faserzementplatten, welche einfach ausgetauscht werden können.
NEN
Linienent
23
0= 0,0 ,36 + 297
cm 22
STG
x 29
cm STG
0,61
cm
x 16,14
22
x 29
/1,20
cm
x 16,14
7= -0,8 ,49 + 296
S
Die Holz-Alu-Fenster verfügen über je einen Lüftungsflügel um die Räume natürlich abzukühlen. Alle Scheiben haben eine Dreifachverglasung, die der Sonne exponéierten Fenster erhalten darüber hinaus einen außen angebrachten Sonnenschutz aus Rafflamellen oder Stoffstores.
2= -0,7 ,64 + 296
ES
ED
RU g wässerun Linienent
OLE
ÉC
1= -0,6 ,75 + 296
4= -0,7 ,62 + 296
3= -1,0 ,33 + 296
1= -1,6 ,75 + 295
2= -1,9 ,44 + 295
Was die Umweltfreundlichkeit des Schulgebäudes betrifft, so wird eine Photovoltaikanlage sowie eine SolarthermieAnlage auf dem Dach eingerichtet. Darüber hinaus wird das Regenwasser in einer unterirdischen Zysterne gesammelt und für die Toilettenspülung verwendet.
Kurz belichtet Schüler: 160 (40 in der Früherziehung, 120 im Kindergarten) Betreuungsstruktur: 120-130 Schüler Gesamtfläche: 2.300 m2 Kostenpunkt: 15.776.000.- € inkl. Mehrwertsteuer Beginn der Arbeiten: Ende August 2019 Voraussichtliche Inbetriebnahme: September 2022
GemengeDossier syndikat 8
E kloert Zil: d’Natur schützen an erhalen Wee SICONA-Südwesten seet, deen denkt virun allem un eis Ëmwelt, ëm d’Landwirtschaft, ëm d’Fleeg vun der Natur. De SICONA-Südwesten steet och fir eng multifunktionell Aarbechtséquipe, déi an deenen 21 ugeschlossene Gemengen aus dem Land professionell asetzbar ass an Aufgaben iwwerhëlt, déi d’Gemengen zum Beispill net kënnen ausféiere well si dofir net déi noutwendeg Ausstattung hunn. Duerch esou eng spezialiséiert Fleeg gëtt garantéiert, datt genee do den Hiewel ugesat gëtt, wou e gebraucht gëtt fir esou d’Fauna an d’Flora vun heiheem ze schützen an d’Biodiversitéit ze erhalen. Ma dem SICONA-Südwesten säin Aufgabeberäich huet sech am Laf vun de Joren erweidert. Mat de Joren hunn sech aus deene sporadeschen Aktivitéite fir Kanner e pädagogesche Programm fir déi Kleng an och fir Jugendlecher entwéckelt, well si jo eng Kéier sollen déi Aufgaben am Naturschutz iwwerhuelen, an esou mat hirer Ëmwelt op Tuchfühlung goen. Awer net nëmme jonk Leit, och Erwuessenebildung ass ugesot. De SICONA-Programm „Nature for People – People for Nature“ bitt eng ganz Palett un Aktivitéiten ewéi Wanderungen oder Visitë vu Bauerenhäff an de Partnergemengen un. Dobäi kommen nach praktesch Atelieren zu ganz ënnerschiddlechen Themen. An zënter Joren ëmmer derbäi ass de „Pflanzenbestimmungskurs“, deen op grousst Interessi bei de Leit stéisst.
Och Privatleit kënnen Näschter vum Sicona ubrénge loosse fir de Villercher en Doheem ze bidden
Studenten, déi un enger Bachelor- oder Masteraarbecht am Beräich vum Aarten- a Biotopschutz wëlle schaffe kënnen dat an Zesummenaarbecht mam SICONA-Südwesten maachen. Dat ass méiglech duerch eng gutt Zesummenaarbecht mat verschiddenen Universitéiten am Ausland. De SICONA-Südwesten huet 21 Membergemengen. Seng Statute goufe vun dëse beschloss an sinn duerch e groussherzoglecht Reglement a Kraaft getrueden. De Gemengesyndikat setzt sech zesummen aus: – Comité mat 21 Memberen – een aus all Membergemeng – Exekutivbüro mat 7 Memberen – Direktiounsteam 6 Mataarbechter – Sekretariat mat 2 Mataarbechter – Pädagogesch Abteilung mat 5 Mataarbechter – Wëssenschaftlech Abteilung mat 8 Mataarbechter – Planungsabteilung mat 5 Mataarbechter – Technesch Abteilung mat 17 Mataarbechter inklusiv eng Aarbechteréquipe – esouwéi e spezialiséierte Maschinnepark Informatiounen op www.sicona.lu
Al Bongerten um Prënzebierg - en Doheem fir Siweschléifer a Fliedermais
Eenheemesch Wëllplanze ginn ugebaut fir de botaneschen Aarteschutz aktiv ze förderen
Ausflich an d'Natur gehéieren zur Panoplie vun Aktivitéite vum Sicona
Agenda Dossier 9
AGENDA août - octobre 2019 Bicherland Péiteng Zënter Februar 2019 gëtt et zu Péiteng um 2. Stack am Kulturhaus „A Rousen” op der Maartplaz eng Bibliothéik, wou d'Bicherwierm ganz op hir Käschte kommen. Vu Krimi iwwer Wëssenschaft a Kannerbicher fënnt een hei vun allem. WÉINI Auer.
ASS OP?
Donneschdes a freides tëscht 14 an 18
! Wéinst der Summervakanz mécht d'Bicherland seng Diren eréischt vum 22. August un op. De Cyberhall an der rue Pierre Gregoire ass och elo am Summer op. Weider Informatioune ginn et iwwer Tel. 23 65 17 33 oder per e-mail (info@cigpetange.lu) www.cigpetange.lu
WAX / Konscht Millen 2, rue d’Athus L-4710 PETANGE www.wax.lu du 06.09. au 15.09.2019 Exposition en plein air : – Véhicules militaires – Panneaux explicatifs des monuments sur le territoire de la commune de Pétange – Rétrospective des présences de la Famille Grand-ducale aux festivités de la Libération Visites guidées : – Espace muséologique 9.44 le 10.09. et 11.09.2019 19h30 : Conférences thématiques 20h30 : Projection de films / Démonstrations le 14.09.2019 19h30 : – Animation musicale par l'orchestre « Ferussian Big Band Orchestra » – Evocation historique sur écran géant de la 2e Guerre Mondiale et de la Libération de Pétange – Effets pyrothechniques / Show Laser / Illuminations – Finale musicale par l'orchestre « Ferussian Big Band Orchestra » Org. : Administration communale de Pétange en collaboration avec le Syndicat d’Initiative et de Tourisme de la Commune de Pétange et le Comité du Souvenir de la Commune de Pétange
Dossier Agenda 10
AGENDA août - octobre 2019 17/08 – 18/08
Start your Engine
Pre 1975 Cars’ & Bikes’ Meeting Zu Péiteng bei den Tennisterrainen (rue de Linger) De 17/08 vun 11 bis 21 Auer Den 18/08 vun 10 bis 18 Auer Fräien Entrée Animatioun fir Kanner Concerten (ë.a. Christophe Reitz, Mick Harga & Andy Mc Bride) Sonndes gëtt et Kaffi a „breakfast“ E Shuttle fiert vun dëse Parkingen op den Event: Parking rue du Stade, Parking Centre Sportif Bim Diederich, Parking rue Gillardin, Parking Place du Marché Org.: Retro-Cars-Péiteng asbl
25/08
Journée des Randonnées populaires « Mémorial Bim Diederich »
Pétange – Centre sportif (rue Pierre Hamer) Départs à partir de 8h00 (Inscriptions à partir de 7h45) Départ officiel en présence des autorités et invités d’honneur à 8h30 Parcours de 16, 55, 91 et 130 km Informations sur www.ucp.lu Org. : Union Cycliste Pétange
Bicherbus 23/09/2019 Péiteng beim Schoulgebai An Éigent rue Mathias Adam Vun 13.10 bis 13.30 Auer Rodange bei der Sportshal rue Jos. Moscardo Vun 13.45 bis 14.05 Auer Gratis Bicher, Audio-Bicher an DVDe léinen. Info iwwer Tel.: 80 30 81 (Romain Kayser) oder per E-Mail (bicherbus@bnl.etat.lu) Org.: Kulturministère
01/09
Rallye-pédestre avec Fête champêtre
Pétange – Chalet Langwiss Début : 9h00 Parcours de 8 km Equipes de 4 personnes minimum Inscriptions obligatoires : events@volley80.lu Fête champêtre dès 11h30 Org. : Volley 80 Péiteng
11/09
Mam Bus op d’Schueberfouer
Gratis-Trajet mam Bus an d’Stad an zeréck Wou a wéini fiert e fort? 17.00 Auer – Rodange, Sportshal 17.10 Auer – Lamadelaine, Schoul 17.20 Auer – Péiteng, rue de l’Eglise (op der Héicht vun der Kierch) Opgepasst! D’Plazen am Bus si begrenzt. Umelde kann een sech um Tel.: 50 12 51-2071 während den Ëffnungszäite vun der Gemeng. Org.: Gemeng Péiteng 04/10
Männerkachcours
Mam Guy Kohnen Lamadelaine – Milllen Vu 19 bis 22 Auer D’Plaze si limitéiert Präis: 30.- € Aschreiwunge sinn obligatoresch bis de 27.9. Per Mail (maria.agostino@petange.lu) Per Tel.: 50 12 51-2021 Org.: Gemeng Péiteng an Zesummenaarbecht mat der Chancegläichheetskommissioun
Pabeiersammlung Vu moies fréi bis nomëttes Nëmme Päck ënner 10 kg gi matgeholl! De 14.9 zu Rodange an zu Lamadelaine Den 7.9 a 5.10 zu Péiteng Org.: Guiden a Scouten vu Rodange/Lamadelaine a Guiden a Scoute vu Péiteng
08/10 -11/10
Forum de Prévention des toxicomanies, des conduites à risque et de la violence
Pétange – Maison de la Culture « A Rousen » De 8h30 à 13h00 Ateliers, discussions, informations Org. : Péitenger Jugendhaus asbl 29/09
Kaffisstuff
Rodange - Kulturzenter vu 15 bis 18 Auer Gratis Entrée Salltombola Org.: Fraen a Mammen – Jeunes Mamans Rodange 29/09
Fête des Pères
Pétange – Maison de la Culture « A Rousen » de 15h00 à 18h00 Entrée gratuite Tombola de salle Org. : Coin de Terre et du Foyer Pétange
AgendaDossier 11
Cours de Langues 2019-2020 organisés par le Syndicat d’Initiative et de Tourisme de la Commune de Pétange Lieu des cours : Lycée Technique Mathias Adam (LTMA) à Lamadelaine. Les inscriptions se feront sur place aux dates suivantes : – Luxembourgeois – 1re année (débutants) : vendredi, 20 septembre 2019 à 19h00 – Luxembourgeois – 2e année (initiés) : mercredi, 18 septembre 2019 à 19h00 – Luxembourgeois – 3e année (avancés) : jeudi, 19 septembre 2019 à 19h00 – Luxembourgeois – 4e année (avancés 2) : jeudi, 19 septembre 2019 à 19h00 – Français – 1re année (débutants) : mercredi, 18 septembre 2019 à 19h00 – Français – 2e année (initiés) : jeudi, 19 septembre 2019 à 19h00 Début des cours : mardi, 1er octobre 2019 mercredi, 2 octobre 2019 jeudi, 3 octobre 2019 Durée des cours : 17 semaines à raison de 1 fois par semaine de 19h00 à 21h00, excepté pendant les vacances scolaires Prix: 100.- € par personne et cours (70.- € pour les habitants de la Commune de Pétange) Le payement se fera comptant lors de l'inscription. (Pas de cartes acceptées)
AGENDA août - octobre 2019 Minettpark Informations sur www.minettpark.lu, par Tél. : 26 50 41 24 ou par e-mail (info@minettpark.lu)
Portes ouvertes Train 1900
08/09 Fond-de-Gras À partir de 11h00 Remises et ateliers ouverts au public Visites guidées gratuites sur place Démonstrations de travaux de forge Départs de Pétange Visite de la mine avec la « Minièresbunn »
« Fer autour d’un café »
14/09 Hall Paul Wurt, Fond-de-Gras À 19h00 Spectacle en hommage aux femmes de Mineurs de Françoise Markun Ouverture des portes à 18h30 Durée : environ 1h Prévente 15.- €, Caisse du soir 18.- € Réservation : info@minettpark.lu
Steampunk Convention Luxembourg
28/09 Fond-de-Gras
septembre 2019
Cours de langue italienne organisés par le Syndicat d’Initiative de Rodange Au Centre culturel à Rodange (avenue Dr. Gaasch) Les inscriptions ser feront sur place aux dates et heures suivantes : 23/09, 24/09 et 30/09 de 19h30 à 20h30 Les cours auront lieu les jours suivants à raison de 1 fois par semaine excepté pendant les vacances scolaires : Italien 1 (débutants) – lundi Italien 2 (intermédiaire) – mardi Italien 3 (avancés) – mercredi Italien 4 (conversation) - jeudi Prix : 100.- € pour toute la session. Renseignements par Tél. : 691 502 241 ou 621 636 412 ainsi que par e-mail (syndicat.rodange@gmail.com)
Samedi 28 & dimanche 29 septembre 2019 de 11h00 à 18h00 au Minett Park Fond-de-Gras (Luxembourg)
Animations de rue, concerts, marché victorien, exposition de créations steampunk, trains historiques à vapeur,...
www.anno1900.lu
Agenda 12
Club Senior Prënzebierg
27-29, rue Michel Rodange zu Déifferdeng Tel.: 26 58 06 60 e-mail: prenzebierg@clubsenior.lu Kontaktpersoun: Geneviève FABER
24/08
Floumaart zu Temploux (B)
Méi wéi 1000 Stänn op 6 km verdeelt Départ um 9.00 Auer zu Déifferdeng (Parking Plateau des Hauts Fourneaux) Retour géint 16.30 Auer Präis: 20.- €
27/08
Stroossegolf mam Jugendhaus SABA vu Käerjeng
Treffpunk: 14.00 Auer am Club oder um 14.30 Auer bei der Buvette um Belval Flotten Nomëtteg mat deene Jonken Retour géint 17.00 Auer Gratis Präis fir den Transport: 6.- €
21/09
Grouss Porte ouverte vum Club Senior
Vu 14.00 bis 17.00 Auer Begréissung mat Club-Cocktail, Virstellung vun den Aktivitéiten Vernissage vun der Ausstellung „Freed um Molen“ – mat Biller, déi an de Molcourse realiséiert goufen
AGENDA août - octobre 2019
Wat war lass? 13
04/06 – D’Gemeng Péiteng an de Comité du Souvenir hunn eng Konventioun ënnerschriwwen am Hibléck op déi grouss Ausstellung iwwer de Krich an d’Liberatioun, déi ab Enn Oktober um ale Site vum Lycée Technique Mathias Adam wäert opgoen. Domat huet de Comité du Souvenir sech verpflicht, d’Exploitatioun vun der Ausstellung an d’Hand ze huelen a kritt fir dës Ausgaben e Budget vun der Gemeng zougestanen.
08/06 – Op eng grouss Portioun Interessi ass och dëst Joer nees den Dag vun der oppener Dir an der Musikschoul zu Péiteng gestouss. Sief et beim Nolauschteren oder beim Experimentéiere mat den Instrumenter, d’Musik mécht Grouss a Kleng vill Freed, besonnesch wann deen éischten Toun erkléngt. An däer gouf et eng ganz Rei!
Nationalfei
Fotoe vun dëser Säit: © Laurent Blum
ierdag 2019
Dossier Wat war lass? 16
08/06 – Bewegung stand im Mittelpunkt der „Nuit du sport“ in Petingen. Sei es Aikido, Schwimmsport, Tischtennis, Squash, Tanzen oder „Special Olympics Luxembourg“, für jeden Geschmack und jedes Alter war die Freude am Mitmachen und das Probieren neuer Sportarten eine gelungene sowie gesunde Wochenendbeschäftigung.
Wat war Dossier lass? 17
08/06 – Le voisinage en fête, voilà une bonne occasion pour rencontrer les citoyens qui habitent dans votre rue, votre quartier ou encore votre immeuble. De nombreux habitants ont profité de la Fête des voisins pour passer quelques heures agréables en bonne compagnie.
12/06 – C’est en présence de la Ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement durable, des dirigeants et collaborateurs du SIACH ainsi que des représentants des communes membres du syndicat intercommunal qu’a eu lieu la pose de la 1ère pierre pour les travaux d’extension de la capacité de traitement des eaux de la station d’épuration à Pétange. Un projet qui coûtera 58 millions d’euros et sera subventionné à hauteur de 33 millions d’euros par l'Etat.
Dossier Wat war lass? 18
14/06 – „’t ass Kiermes am Duerf“, sou housch et viru kuerzem och nees zu Péiteng, wéi Membere vum Schäffen- a Gemengerot zesumme mat de Kiermesleit, der Musik, dem Syndicat d’initiative an enger Rei Gäscht d’Kiermes offiziell opgemaach hunn. E Stéck Kiermeskuch an e Pättchen ware selbstverständlech och Deel vum Programm.
15/06 – Remonter dans des ères lointaines au fil d’une excursion guidée, voilà le but d’une balade à pied au «Giele Botter» organisée par la commune et animée par le paléontologue Robert Haas. Une visite interessante et qui a mené à de nombreuses questions sur ce passe qui intrigue et qui est omnipresent dans nos régions.
Wat war Dossier lass?
Fotoe vun dëser Säit: © Laurent Blum
19
15/06 – Zwee Deeg laang stoung den Handball am Mëttelpunkt zu Rodange um a ronderëm de Fussballsterrain, wou Honnerte Jonker hire Sport op Wues am Kader vum WISI-Cup erliewe konnten. Eng Geleeënheet, hir Talenter ënner Beweis ze stellen an nei Bekanntschaften ze maachen.
Dossier Wat war lass? 20
27/06 – Jouer, bouger et bavarder, ce ne sont que quelques attributs associés à la Fête d’été des Maisons Relais de la commune de Pétange. Et par une journée parfaitement ensoléilée, une petite pause sous le parasol autour d’un rafraichissement a certainement contribué à de nombreuses rencontres entre parents mais aussi avec les éducateurs et éducatrices auxquels ils confient leurs enfants jour après jour.
29/06 – Och dëst Joer hat de Club Senior Prënzebierg nees seng Memberen – dorënner eng sëlleche Leit aus der Péitenger Gemeng – op säi Summerfest an de Parc Gerlache op Déifferdeng agelueden. Eng Invitatioun, déi gären ugeholl gouf a wou sech d’Seniore fir e flotten Nomëtteg zesummefonnt hunn. Et versteet sech, datt ënner Frënn a Bekannte vill gepotert a gelaacht gouf.
Wat war Dossier lass? 21
29/06 – Um 1. Generatiounefest, dat déi Péitenger Gemeng organiséiert hat, hunn sech d’Matbierger vun all Alter an Nationalitéit ronderëm de Sportzenter Bim Diederich zesummefonnt fir mateneen e puer Stonnen ze verbréngen. Eng Iddi, déi d’Bierger alleguer soll aus den Haiser lackele fir sech besser kennen a schätzen ze léieren. An am Uschloss sollt et op der Skatepiste nach eng Kéier héich hirgoen, wéi nieft Musik och nach e Graffiti-Workshop an „Action“ um Skateboard gefrot war.
Dossier Wat war lass?
Foto: © Claude Piscitelli
Foto: © Claude Piscitelli
Foto: © Claude Piscitelli
22
16 + 30/06 – Hoch das Bein und hoch die Arme, so klang es bei Gelegenheit des Z’Chicas Gala sowie des Open Air in Rodange, zwei Veranstaltungen, die auch in diesem Jahr wieder zahlreiche Fans des Zumba angelockt hatten. Dabei spielten die Temperaturen keine Rolle, denn ins Schwitzen kam jeder. Nun ja, wer in Form sein möchte, der muss auch kleine Anstrengungen in Kauf nehmen.
Wat war Dossier lass? 23
06 + 07/07 – Après son déménagement dans les locaux de l’AUDEO à Lamadelaine, le «Radio Péiteng on Air» avait invité à ses deux jours de porte ouverte. Deux jours pour découvrir les installations, de s’installer derrière les micros et de s’imaginer comme présentateur. Une initiative interessante qui a su attirer un beau monde avide de découvrir les coulisses.
12/07 – Et si schonn e puer Joer hir zënter zu Lamadelaine deen neie Lotissement “An Atzéngen” ugefaange gouf. No laange Bauaarbechten, an nodeems elo schonn e puer Matbierger an hir nei Wunnéngen erageplënnert sinn, gouf dësen neien Deel vu Rolleng a Präsenz vum Direkter vun der SNHBM, Guy Entringer, esouwéi ville Gäscht offiziell ageweit. Gläichzäiteg gouf eng Strooss nom fréiere Péitenger Buergermeeschter an Deputéierte René Putzeys benannt.
Dossier Wat war lass?
Fotoe: © Tageblatt Arives / Isabella Finzi - Alain Rischard
24
13/07 – Non-stop-Musik auf 11 verschiedenen Bühnen, und das zwischen 18 Uhr und 2 Uhr morgens, so präsentierte sich der Blues Express auch dieses Jahr wieder von seiner besten Seite. Ein Event, das sich sowohl im In- als auch im Ausland herumgesprochen hat und jedes Mal viele Besucher nach Fond-de-Gras sowie nach Lasauvage lockt.
02/08 – Um Enn vun der Vakanzaktioun, an nodeems d’Kanner sech ausgetobt haten, hunn d’Educateuren an d’Educatricen zesumme mat de Veräiner, déi matgemaach hu beim Ofschlossfest, dëst Joer e Scheck un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht. Den Erléis vun 1.100€ wäert direkt an d'Recherche goen, wou dës Suë ganz dréngend gebraucht ginn.
Wat warDossier lass? 25
Korksammlung 2018/2019
D’Kanner aus der Grondschoul hunn och am lësche Joer nees fläisseg Stëpp gesammelt an da bei der Associatioun „King-Kork“ zu Tréier zu neie Produkter weiderverschafft. Am ganze goufen 255.4kg gesammelt. Wann een alles zesummerechent, da kënnt een tëscht 1997 an 2018 op e Gewiicht vun 28.659,3 kg. Respekt! D’Gewënner sinn: 1. Klass vun der Madamm Rauen am Zyklus ‘4.2 mat 5,93 kg 2. Klasse vun der Madamm Conrad am Zyklus 2.2 mat 1,93 kg 3. Klass vun der Madamm Koenig am Zyklus 1 mat 1,09 kg 4. Klass vun der Madamm Schmitt am Zyklus 1 mat 1,07 kg 5. Klas vun den Damme Kohnen, Ludwig, Staes aam Précoce mat 1,02 kg
Mir gratuléieren 26
MIR GRATULÉIEREN
90 Joer jonk gouf dëser Deeg d’Madamm Anne Munhoven, déi an der Seniore St. Joseph zu Péiteng hiren Éirendag gefeiert an dofir eng sëlleche Gléckwënsch entgéint geholl huet. De Patt an e Stéck Kuch huet si sech och net entgoe gelooss.
Och op 90 Liewensjoer kuckt d’Madamm Marie-Thérèse Muller zeréck. D’Gléckwënsch huet si gären entgéint geholl. Wat den obligate Patt an e klenge séisse Maufel ugeet, do huet si sech net laang fléiwe gelooss.
D’Gemeng Dossier informéiert
D’GEMENG INFORMÉIERT « Qui a eu cette idée folle ... ... un jour d’inventer l’école ? » Evidemment, c’était
bien ce « sacré Charlemagne » qui a décidé que les enfants auraient le droit de s’éduquer. Depuis, de nombreux siècles se sont écoulés et les établissements scolaires sont devenus partie intégrante de notre quotidien. Et les vacances alors ? Bon, il ne pouvait pas penser à tout quand même ! Mais même en temps de congé estival pour les écoliers il faut déjà penser à la rentrée qui arrive à grands pas. C’est pourquoi nous voulions publier quelques renseignements sur le monde scolaire dans la commune de Pétange.
Les bâtiments scolaires Ecole Pétange
Bâtiment « An Éigent » Tél. : 50 12 51 - 5100 Bâtiment « Am Park » Tél. : 50 12 51 - 5000 Ecole Rodange
Bâtiment « Am Päesch » Tél. : 50 12 51 - 5400 Bâtiment « Fonderie » Tél. : 50 12 51 - 5500 Bâtiment « Neiwiss » Tél. : 50 12 51 - 5300 Bâtiment « Blobierg » Tél. : 50 12 51 - 5480 Ecole Lamadelaine
Bâtiment « Beim Tëtelbierg » Tél. : 50 12 51 - 5200
! Pendant les travaux d’agrandissement du bâtiment scolaire « Gehren » à Lamadelaine, les enfants du précoce seront délogés à partir de la rentrée scolaire 2019 au Centre de loisirs dans la rue Grousswiss. Aussi, les 4 classes de maternelle seront intégrées dans les bâtiment scolaire « Beim Tëtelbierg » jusqu’à la fin des travaux. Ecole Lasauvage et « Grondmillen »
Bâtiment « Naturschoul » Tél. : 26 50 79 - 20 / 23
La rentrée en quelques chiffres Cycle 1 précoce : Cycle 1 : Cycle 2 : Cycle 3 : Cycle 4 : Logopédie :
108 élèves, 8 classes 467 élèves, 29 classes 493.élèves, 31 classes 517.élèves, 33 classes 414.élèves, 27 classes 6 élèves, 1 classe
Les horaires officiels Dans l’ensemble de l’enseignement fondamental, les cours débutent le 16 septembre 2019 et finiront le mercredi 15 juillet 2020.
Classes de l’enseignement fondamental : (cycles 2-4) : 7h55 - 12h05 et 14h00 - 15h45 Classes du cycle 1 : 7h55 - 11h45 et 14h00 - 15h45 Les mardis et jeudis après-midis, il n'y a pas de cours!
Le Transport scolaire Un ramassage scolaire est organisé à Rodange et à Pétange à l’exception des enfants du précoce. Les itinéraires sont disponibles auprès du Service Enseignement de la commune de Pétange.
Contacts utiles Service Enseignement Communal
Tél. : 50 12 51 - 2050 / 2051 / 2053 (ens. fondamental) Service Maison Relais
Tél. : 50 12 51 - 2055 / 2056 / 2057
Service Médico-Socio-Scolaire Rita Brugnoni (infirmière), Tél. : 621 351 776 Natalia Nogueira De Almeida (infirmière), Tél. : 621 351 776 Mady Olinger (volet social), Tél. : 621 351 775 Stéphanie Figueiredo (volet social), Tél. : 621 989 285
27
Ofschlossfest vun der Vakanzaktioun 2019!