- Spezial Editioun
Numm vum Veräin : Fit Fiissercher Manternach, asbl
Gegrënnt : Den 11.7.2003 ënnert dem haitegen Numm gegrënnt an der Nofolleg vum 1985 gegrënnten Dammen - Turnveräin „ Gym 2000 “.
President : Zur Zäit ass de Poste vakant
Sekretärin : Irene Schultz - Gerstein
Fit Fiissercher Manternach Beschreiwung vum Veräin Mir organiséiere wöchentlech Fitness - , Réckenturnen - a Yogacoursen am Centre Fiisschen zu Manternach. Vum Hierscht 2021 u kommen och nach Nordic - Walking Coursen derbäi.
Zuel vun aktive Memberen ( Kanner + Erwuessener ) 39 Membere sinn an de Coursen ageschriwwen, dovu schaffen der 7 aktiv am Kommitee mat ( Sekretärin Irene Schultz - Gerstein, Trésorière Yvette Scholtes, Dominique Chaumaz, Marylène Heinz - Kayser, Marie - Claire Huberty, Pascale Scholtes, a Carole Weis ).
Aktivitéiten – Trainingen Säit méi wéi 35 Joer trainéiere fitness - an / oder yogabegeeschtert Dammen an Häre vu 16 Joer un mat eisen Trainerinnen am Fiisschen zu Manternach. Fir och e Sport am Fräien ubidden ze kënnen, komme vum nächste September un och nach 2 Nordic - Walking - Coursen derbäi.