Gemengebuet 03.2021

Page 25

Abschied Monette Den 13. August 2021 huet de Schäffen- a Gemengerot, zesumme mam Gemengepersonal, dem Monette Meyers-Dostert „Merci“ gesot fir seng exzellent Aarbecht fir d’Gemeng Manternach. Zënter dem 1. Mäerz 2020 ass d’Monette offiziell a senger wuelverdéngter Pensioun. Leider huet d’Feier wéinst der Corona-Kris e puer Mol misse verluecht ginn.

D’Monette ass den 1. Mee 1986 als Receveuse agestallt ginn a war deemno bal 34 Joer fir d’Gemeng am Asaz. A senger Ried huet de Buergermeeschter dem Monette Merci gesot fir seng ëmmer korrekt an exakt Aarbecht, awer och seng Loyalitéit an Hëllefsbereetschaft gelueft. Mir wënschen dem Monette eng schéi Pensioun.

Presentatioun Ben Thill Mäin Numm ass Ben Thill, ech sinn 33 Joer al a wunnen zu Berbuerg. Säit dem 1. Abrëll 2021 verstäerken ech d’Equipe vun eisem Service Technique als Ingenieur-Technicien. Virdrun hunn ech bei enger Firma fir

Energiedistributioun geschafft wou ech nei Fernwärmenetzer an Anlage mat geplangt a realiséiert hunn. Ech freeë mech op meng nei Aufgaben a fir zesumme mat där dynamescher Equipe eis Gemeng nach weider virun ze bréngen.

25 - D’Liewen an der Gemeng

01


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.