- Editioun 01 / 2022
Seniorefeier Den 28. November 2021 war zu Berbuerg déi traditionell Seniorefeier. Bei engem gudden Iessen hu sech vill Leit aus der Gemeng zesumme fonnt an e flotten Nomëtteg zesumme verbruecht. Wärend der Feier sinn och 80järeg Matbiergerinnen a Matbierger aus der Gemeng geéiert ginn an et ass Geld fir een Don fir d'ALAN gesammelt ginn.