Gemengebuet 2019/I

Page 1

Foto: Joé Weis

GEMENGEBUET I / 2019


INDEX Editorial vum Buergermeeschter Gemengerotssëtzunge vum 19.12.2018 an 13.02.2019

03 04 -30

Neijoersreceptioun den 8. Januar 2019 31 - 34

2

Abschied vum André Gillen de 25. Januar 2019

35

Infoversammlung vum Waasserpräiss an der Allocation de vie chére

36

Grouss Botz 2019

37

Neie Mataarbechter am Service Technique

38

Presentatioun vum FIBI-Bitz Club Manternach

38

Infopoint Osten

39

Landjugenddag den 30. Mee 2019

40

Anmeldung von Hunden in der Gemeinde

41

Neies aus dem Service Technique - D’Waasserversuergung an der Gemeng Manternach

42 - 43

Groussen Erfolleg vun der Biotonn

43

Schützen Sie Tiere und Gewässer – E Message vu Natur & Ëmwelt

44

Nightlifebus an d’Nightcard

45 - 46

Biologische Station Osten - Ökologische Aufwertung unserer öffentlichen Grünanlagen

46 - 48

Biologische Station Osten - Bunte Vielfalt: Schmetterlinge in meinem Garten

48 - 49

D’Geschichtssäiten - De Berbuerger Wopen an den Uersprong vum Numm “Berbuerg”

49 - 50

Etat civil

51

Ëffnungszäiten a Kontakter vun der Gemeng Manifestatiounen

51 52


EDITORIAL Léif Matbiergerinnen a Matbierger, Als éischt well ech iech och op deem heite Wee nach nodréiglech all Guddes am neie Joer wënschen. Och am neie Joer sinn erëm vill Projeten an der Gemeng geplangt. E groussen Deel dovun hat ech schonn a menger Ried op der Neijoersreceptioun presentéiert, déi och am Buet ofgedréckt ass (S. 31-33). Et sinn awer e puer Projeten, op déi ech méi am Detail wëll agoe well se grouss Verännerunge wäerte mat sech bréngen. Als éischt ass dat déi al Spillschoul zu Berbuerg, déi wäert ofgerappt ginn. Mir sinn eis bewosst dass vill Leit aus der Gemeng mat dësem Gebai vill schéi Kandheetserënnerunge verbannen. Vill Leit aus der Gemeng, e.a. och ech selwer, sinn hei an d’Schoul gaangen. Duerch déi nei Schoul ginn des Säll net méi gebraucht an och déi zwou Wunnenge sinn net méi bewunnbar. Weiderhin ass eng akut Baufällegkeet vum Gebai festgestallt ginn. Aus dem Grond mécht et finanziell gesinn, trotz aller Nostalgie, och kee Sënn vill Geld dorun ze hänken. Mir probéieren, de Wopen, dee bei der Schoul war, aus der Mauer auszeschneiden an en op enger anerer Plaz ze erhalen. De Claude Theisen geet op de Geschichtssäiten (S. 49-50) op den Historique vum Wopen an dem Numm Berbuerg an. Op dëser Plaz och e grousse Merci fir dës flott Rubrik, déi menger Meenung no immens interessant ass an eng grouss Plus-value vum Gemengebuet duerstellt. Wat soll awer elo mat dësem Terrain geschéien? Sou wéi de Plan directeur et scho virun enger Rei Jore virgesinn hat, plange mir op dem Terrain ee Plan d’aménagement particulier (PAP). D’Ziel ass et, fir hei e flotte Projet mat Wunnflächen entstoen ze loossen, ouni dass et verbaut ausgesäit. Et soll an de rurale Charakter vum Duerf passen an eng lieweg Plaz ginn. Mir wëllen deemno och eng Spillplaz an eng Gemeinschaftsplaz entstoe loossen. Weiderhin ass et eis een Uleies, fir hei och klenge Commerce entstoen ze loossen. Sou kéint eventuell eng Epicerie sech hei néier loossen. Detailer dozou ginn et awer nach keng. D’Pläng gi momentan ausgeschafft. Soubal se um Dësch leie wäerte mir doriwwer diskutéieren an och d’Biergerinnen a Bierger heiriwwer an enger ëffentlecher Versammlung informéieren. E grousse Stroossebauprojet, deen Ufank Mee soll ugoen ass deen am Bierg zu Berbuerg. Des Infrastrukturaarbechte sinn noutwenneg fir hei virun allem nei Kanäl ze leeë fir beim Ofwaasser eng Trennung vum Reen- a Schmotzwaasser ze garantéieren. En plus wäert d’Post och hei nei Fiber-Leitunge leeën. Mir wëllen d’Gemeng an de nächste Joren a punkto Infrastrukturen also no an no fit fir d’Zukunft maachen. Och eng Berouegung vum Verkéier an der Strooss soll duerch d’Aarbechten erreecht ginn. Et handelt sech em ee Projet dee knapp zwee Joer dauere wäert. Och hei ass eng ëffentlech Versammlung, viraussiichtlech fir de 24. Abrëll, geplangt. Mir sinn dann och am Gaang un engem neie Pompjeesbau zu Berbuerg ze plangen. Hei hu mir e Compromis mam Proprietär vum Terrain ënnerschriwwen. Vu dass den Terrain an der „zone verte“ läit, muss eng modification ponctuelle vum PAG gemaach ginn. Duerch all d’Ëmweltprüfungen an d’Prozedure gëtt de Projet ëm länger Zäit verzögert a kascht och méi deier. Mir waren dovun ausgaangen dass bei engem Bau, dee vu besonneschem Interêt fir d’Gesellschaft ass, dës Prozedure kéinten erliichtert ginn, mee dat ass leider net de Fall. Mir sinn trotzdeem motivéiert de Projet sou séier wéi méiglech virun ze bréngen. Ech wënschen iech vill Spaass beim duerchliese vum éischte Gemengebuet am Joer 2019. Jempi Hoffmann Buergermeeschter

3


GEMENGEROTSSËTZUNG VUM 19. DEZEMBER 2018

REUNION DU CONSEIL COMMUNAL DU 19 DECEMBRE 2018

Dagesuerdnung

Ordre du jour

An ëffentlecher Sëtzung

En séance publique

1.

Unhuele vum Plan de gestion 2019 (triage de Manternach)

1.

Approbation du plan de gestion 2019 (triage de Manternach)

2.

Unhuele vu Recetten

2.

Approbation de recettes

3.

Vote vum Budget rectifié 2018

3.

Vote du Budget rectifié 2018

4.

Vote vum Budget 2019

4.

Vote du Budget 2019

5.

Unhuele vum Reglement bezüglech de Richtlinne vum mobille Recyclingpark (SIGRE)

5.

Approbation du Règlement relatif à l’utilisation du Parc de recyclage mobile (SIGRE)

6.

Unhuele vun engem Mietvertrag

6.

Approbation d’un contrat de bail

7.

Unhuele vun der Kënnegung vun enger Konventioun

7.

Approbation de la résiliation d’une convention

8.

Unhuele vum neie Bautereglement

8.

Approbation du nouveau règlement sur les bâtisses, les voies et les sites

9.

Unhuele vum Acte de cession COPROM SA/Commune de Manternach Nummer 14.792

9.

Approbation de l’acte de cession COPROM SA/Commune de Manternach numéro 14.792

10.

Unhuele vun de Modifikatiounen am Verkéiersreglement a.) « Am Wues » zu Mënjecker b.) « Nicolas Wagner » zu Berbuerg

10.

Approbation des modifications du règlement de circulation a.) « Am Wues » à Münschecker b.) « Nicolas Wagner » à Berbourg

11.

Erneierungsufroen /Reprise vu Grafkonzessiounen a) LE_N°24 Alphonse Petry-Hoffmann

11. Demandes de renouvellement /reprise des concessions tombales a) LE_N°24 Alphonse Petry-Hoffmann

12.

Unhuele vun engem Morcellement – Raymond Lipski

12.

Approbation de morcellement – Raymond Lipski

13.

Unhuele vu Cadeauen

13.

Approbation de cadeaux

14.

Vergi vun engem Extraordinäre Subside fir d’« Bech-Berbuerger Musek »

14.

Octroi d’un subside extraordinaire à l’association « BechBerbuerger Musek »

15.

Vergi vun engem Extraordinäre Subside fir den Orchestre des Jeunes de l’Est

15.

Octroi d’un subside extraordinaire à l’Orchestre des Jeunes de l’Est

16.

Iwwerteneestëmmend Deliberatioun mam Avis vum SIDEN bezüglech de Staatlechen Hëllefen an den Delaien fir d’Mise en œuvre vum programme de mesure am Domaine vum Assainissement vum Ofwaasser

16.

Délibération concordante avec l’avis du SIDEN relatif aux aides étatiques et aux délais de mise en œuvre du programme de mesure dans le domaine de l’assainissement des eaux usées

17.

Neit Gemengereglement bezüglech dem Vergi vu Subsiden un d’Schüler an d’Studente vun der Gemeng Manternach

18.

Gemengereglement bezüglech dem Vergi vu Subsiden fir Sportler a Sport Equippen

17. Nouveau Règlement Communal concernant l’octroi de subsides pour élèves et étudiants de la Commune de Manternach

19.

Gemengereglement bezüglech dem Vergi vu Subsiden u Veräiner an Associatiounen

4

18.

Règlement Comunal concernant l’octroi de subsides pour sportifs méritants où équipes sportives

19) Règlement Communal concernant l’octroi de subsides pour associations


20.

Syndikater/Kommissiounen – Informatioune vun den Delegéierten / Presidenten

20. Syndicats/Commissions – Informations des délégués / Présidents

21.

Kommunikatioun vum Schäfferot a Froe vun de Conseilleren

21.

Communication du collège des bourgmestre et échevins et questions des conseillers En huis clos

A geschlossener Sëtzung 22.

Unhuele vun enger Konventioun déi d’Bereetstellung vun Aarbechter betrëfft

22.

Approbation d’une convention traitant la mise à disposition de salariés à tâche manuelle

Uwiesend: HOFFMANN Jean-Pierre, Buergermeeschter KLEIN-UNGEHEUER Alix, Schäffin THEISEN Claude, Schäffen KLEIN-SEIL Henriette, LEHMANN ép. THOSS Marie-Rose, SCHRAM-PETRI Alice, MEHLEN Robert, STEINMETZ-KRIER Isabelle, HELLERS Franky, Gemengerot ROSEN Guy, secrétaire communal f.f.

Présents: HOFFMANN Jean-Pierre, Bourgmestre KLEIN-UNGEHEUER Alix, Échevine THEISEN Claude, Échevin KLEIN-SEIL Henriette, THOSS-LEHMANN Marie-Rose, SCHRAM-PETRI Alice, MEHLEN Robert, KRIER-STEINMETZ Isabelle, HELLERS Franky, Conseillers ROSEN Guy, secrétaire communal f.f.

Fehlend: a) entschëllegt: / b) onentschëllegt: /

Absents: a) excusé: / b) sans motif: /

1. Unhuele vum Plan de gestion 2019 (triage de Manternach)

1. Approbation du plan de gestion 2019 (triage de Manternach) Le plan de gestion 2019 du triage de Manternach a été accepté par toutes les voix des membres présents.

De Plan de gestion 2019 vum Triage vu Manternach gouf eestëmmeg ugeholl.

2. Approbation de recettes

2. Unhuele vu Recetten

Les recettes suivantes de l’année 2018 ont été approuvées à l’unanimité des membres présents du conseil communal:

Folgend Recette goufen eestëmmeg vun de Membere vum Gemengerot ugeholl :

Recettes 2018 Article budgétaire Libellé 2/120/746000/99001 Indemnités d’assurance touchées suite à un sinistre - Réparation dallage couloir Mairie 2/170/707110/99001 Impôt foncier A 2/170/707110/99001 Impôt foncier B 2/170/707120/99001 Impôt commercial - participation directe 2/411/708211/99001 Fermage/Location de terres agricoles 2/412/702200/99002 Vente de bois long 2/413/708211/99001 Location de la chasse/pèche 3. Vote vum Budget rectifié 2018 No puer Erklärunge vum Buergermeeschter, gouf de Budget rectifié 2018 eestëmmeg vum Gemengerot ugeholl. Doduerch dass d’Gemeng Manternach verschiddene Syndikater bäigetrueden ass, hunn déi ordinär Depense missen erop gesat ginn. D’Gemeng ass net verschëlt, mee wann enges Daags misst e Prêt gemaach ginn, fir d’Wuel vun de Bierger ze garantéieren, géingen d’Vertrieder vun der Gemeng net zécken dat ze maachen.

Montant

2.637,18 € 12.624,60 € 18.160,90 € 26.000,00 € 1192,08 € -0,40 € 1578,52 € Total: 62.192,88 €

3. Vote du Budget rectifié 2018 Après quelques expliquations par le bourgmestre, le budget rectifié 2018 a été approuvé par tous les membres du conseil communal. Dû à l’adhésion de la commune de Manternach à différents syndicats, les dépenses ordinaires ont augmenté. La Commune n’est pas endettée, mais si un jour il serait nécessaire de faire un emprunt pour garantir le bien des citoyens, les représentants de la Commune n’hésiteront pas à le faire.

5


4. Vote vum Budget 2019

4. Vote du Budget 2019

De Budget 2019 gouf vum Buergermeeschter virgestallt an doropshin eestëmmeg ugeholl. 5. Unhuele vum Reglement bezüglech de Richtlinne vum mobille Recyclingpark (SIGRE) Duerch d’Aarbechten déi um Parking vum Schoulkomplex Synecosport zu Berbourg virgesi sinn, hunn d’Bierger d’Méiglechkeet fir 2 Mol de Mount op d’Décharge Muertendall tëscht Fluessweiler a Gréiwemaacher ze fueren. Dat diesbezüglecht Reglement fir d’Benotze vum Parc de recyclage mobile (SIGRE) gouf eestëmmeg ugeholl. 6. Unhuele vun engem Mietvertrag De Mietvertrag tëscht der Gemeng an engem Bierger gouf mat 8 Jo-Stëmmen an enger Enthalung ugeholl. 7. Unhuele vun der Kënnegung vun enger Konventioun Doduerch dass eng Servitude op engem Terrain net méi néideg ass, hunn d’Membere vum Gemengerot eestëmmeg d’Kënnegung vun enger Konventioun tëscht der Gemeng an 2 Bierger ugeholl. 8. Unhuele vum neie Bautereglement

Le Budget 2019 a été présenté par le bourgmestre et a été approuvé à l’unanimité. 5. Approbation du Règlement relatif à l’utilisation du Parc de recyclage mobile (SIGRE) Suite aux travaux prévus sur le parking du complexe scolaire à Berbourg, les citoyens ont la possibilité d’aller 2 fois par mois à la décharge Muertendall entre Flaxweiler et Grevenmacher. Le règlement relatif à l’utilisation du Parc de recyclage mobile (SIGRE) a été approuvé avec toutes les voix des membres présents. 6. Approbation d’un contrat de bail Le contrat de bail entre la commune de Manternach et un citoyen a été approuvé avec 8 voix pour et une abstention. 7. Approbation de la résiliation d’une convention Les membres du conseil communal ont approuvé à l’unanimité la résiliation d’une convention entre la Commune et deux citoyens, puisque la servitude sur ce terrain s´avère superfétatoire. . 8. Approbation du nouveau règlement sur les bâtisses, les voies et les sites

Dat neit Bautereglement gouf mat 7 Jo-Stëmmen an 2 Enthalungen ugeholl. 9. Unhuele vum Acte de cession COPROM SA/Commune de Manternach Nummer 14.792

Le nouveau règlement sur les bâtisses, les voies et les sites a été approuvé avec 7 voix pour et 2 abstentions. 9. Approbation de l’acte de cession COPROM SA/Commune de Manternach numéro 14.792

Den Acte de cession N°14.792 tëscht COPROM SA an der Gemeng Manternach gouf eestëmmeg vun de Membere vum Gemengerot ugeholl.

L’acte de cession n°14.792 entre COPROM SA et la commune de Manternach a été approuvé avec toutes les voix des membres présents.

10. Unhuele vun de Modifikatiounen am Verkéiersreglement

10. Approbation des modifications du règlement de circulation

a.) « Am Wues » zu Mënjecker

a.) « Am Wues » à Münschecker

De Gemengerot huet eestëmmeg d‘Ännerunge vum Verkéiersreglement ugeholl, dass d’Zone 30 « Am Wues» zu Mënjecker duerch eng Zone residentielle ersat gëtt mat enger Vitesslimitatioun vun 20 KM/h.

b.) « Nicolas Wagner » zu Berbourg

Le conseil communal a approuvé à l’unanimité les modifications du règlement de circulation, disant que la Zone 30 dans la rue « Am Wues » à Münschecker sera remplacée par une Zone résidentielle avec une limitation de vitesse à 20km/heure.

D’Verkéiersreglement gouf eestëmmeg ugeholl.

b.)« Nicolas Wagner » à Berbourg

Le règlement de circulation a été approuvé à l’unanimité des voix des membres présents.

11. Erneierungsufroen /Reprise vu Grafkonzessiounen D’Ufro fir d’Konzessioun « LE_N°24 Alphonse Petry-Hoffmann » ze erneieren, gouf eestëmmeg ugeholl.

11. Demandes de renouvellement /reprise des concessions tombales La demande de renouvellement de la concession « LE_N°24 Alphonse Petry-Hoffmann » a été accordée par toutes les voix des membres présents.

6


12. Unhuele vun engem Morcellement – Raymond Lipski D’Morcellement gouf eestëmmeg ugeholl. Den Terrain vum Här Lipski ass am Bauperimeter dran a gëtt soumat getosch an un déi reell Situatioun ugepasst, well e schonn ëmmer esou genotzt gouf. 13. Unhuele vu Cadeauen D’Membere vum Gemengerot hunn eestëmmeg decidéiert fir 2 Cadeaue vu jeeweils 75 €, wéinst Familjenzouwuess, ze verdeelen. Den Här Luc Roeder, Fierschter an den Här Marc Wantz, Fonctionnaire op der Gemeng Manternach, si béid Papp ginn. 14. Vergi vun engem Extraordinäre Subside fir d’« Bech-Berbuerger Musek » Doduerch dass d’Bech-Berbuerger Musek dëst Joer 10. Gebuertsdag feiert, hunn d’Membere vum Gemengerot decidéiert fir hinnen e Subside extraordinaire vun 2.500,- € ze verginn. 15. Vergi vun engem Extraordinäre Subside fir den Orchestre des Jeunes de l’Est Den Orchestre des Jeunes de l’Est krut e Subside extraordinaire vu 400,- € accordéiert. Dëst gouf eestëmmeg ugeholl. 16. Iwwerteneestëmmend Deliberatioun mam Avis vum SIDEN bezüglech de Staatlechen Hëllefen an den Delaien fir d’Mise en œuvre vum programme de mesure am Domaine vum Assainissement vum Ofwaasser De Syndikat SIDEN huet en Avis publizéiert, an deem hien sech onzefridde weist bezüglech de Staatlechen Hëllefen an den Delaien fir d’Mise en oeuvre vum programme de mesure am Domaine vum Assainissement vum Ofwaasser. De Schäfferot huet doropshin eng Deliberatioun geholl, andeems hien sech deem Avis vum SIDEN uschléisst. Dës Deliberatioun gouf eestëmmeg vum Gemengerot ugeholl. 17. Neit Gemengereglement bezüglech dem Vergi vu Subsiden un d’Schüler an d’Studente vun der Gemeng Manternach E neit Gemengereglement bezüglech dem Vergi vu Subsiden un d’Schüler a Studenten aus der Gemeng gouf vum Schäfferot ausgeschafft a vum Gemengerot mat 8 Jo-Stëmmen an enger Enthalung ugeholl. 18. Gemengereglement bezüglech dem Vergi vu Subsiden fir Sportler a Sport Equippen E neit Gemengereglement bezüglech dem Vergi vu Subsiden un d‘Sportler a Sportequippen aus der Gemeng gouf vum Schäfferot ausgeschafft a vum Gemengerot eestëmmeg ugeholl.

12. Approbation de morcellement – Raymond Lipski Le morcellement a été approuvé à l’unanimité. Le terrain se trouve dans le périmètre et sera échangé et adapté à la situation réelle, puisqu’il a toujours été utilisé ainsi. 13. Approbation de cadeaux Les membres du conseil ont approuvé unanimement l’octroi de deux cadeaux à chaque fois pour 75 € dû aux nouvelles situations familiales de Monsieur Luc Roeder, forestier, et de Monsieur Marc Wantz, fonctionnaire au service technique de la Commune de Manternach. 14. Octroi d’un subside extraordinaire à l’association « Bech-Berbuerger Musek » Vu que l’association Bech-Berbuerger Musek célèbre son 10e anniversaire en 2019, les membres du conseil communal ont décidé d’accorder unanimement l’octroi d’un subside extraordinaire de 2.500,- € à l’association. 15. Octroi d’un subside extraordinaire à l’Orchestre des Jeunes de l’Est Un subside extraordinaire de 400,- € a été accordé par toutes les voix des membres présents à l’Orchestre des Jeunes de l’Est. 16. Délibération concordante avec l’avis du SIDEN relatif aux aides étatiques et aux délais de mise en œuvre du programme de mesure dans le domaine de l’assainissement des eaux usées Le syndicat SIDEN a publié un avis dans lequel il décrit son mécontentement par rapport aux aides étatiques et aux délais de mise en œuvre du programme de mesure dans le domaine de l’assainissement des eaux usées. Le collège échevinal a élaboré une délibération concordante à cet avis. Le conseil communal a approuvé cette délibération à l’unanimité des voix des membres présents. 17. Nouveau Règlement Communal concernant l’octroi de subsides pour élèves et étudiants de la Commune de Manternach Un nouveau règlement communal concernant l’octroi de subsides aux élèves et étudiants de la Commune de Manternach a été élaboré par le collège échevinal et approuvé unanimement par le conseil communal. 18. Règlement Comunal concernant l’octroi de subsides pour sportifs méritants où équipes sportives Un nouveau règlement communal concernant l’octroi de subsides aux sportifs méritants de la Commune de Manternach a été élaboré par le collège échevinal et approuvé avec 8 voix pour et une abstention par le conseil communal.

7


19. Gemengereglement bezüglech dem Vergi vu Subsiden u Veräiner an Associatiounen Fir d’Veräiner an de Benevolat ze encouragéieren, huet de Schäfferot decidéiert fir d’Prozedur vun den Demandë fir Subsiden ze änneren. An Zukunft mussen d’Veräiner an Associatiounen e Formulaire bis zu engem bestëmmten Datum beim Sekretariat vun der Gemeng ufroen an ausgefëllt an ënnerschriwwen erëm areechen. Fir kënnen e Subside unzefroen, mussen d’Veräiner an Associatiounen op mannst 1 Mol d’Joer eng ëffentlech Veranstaltung, am Sënn vun der Ëffentlechkeet maachen. Dëst Dokument wäert deemnächst am Sekretariat disponibel sinn. 20. Syndikater/Kommissiounen – Informatioune vun den Delegéierten / Presidenten D’Madamm Alix Klein-Ungeheuer huet de Gemengerot iwwer d’Versammlung bezüglech dem Bëschkierfecht informéiert. Fir déi zukünfteg Begriefnisser um Bëschkierfecht tëschent Eschweiler a Jonglënster, si grouss Eeche virgesinn an en Ënnerstand gëtt opgeriicht. Et ass e Budget vun 3.000,- € fir dëse Projet virgesinn. D‘Käschte pro Begriefnis belafen sech op 150,- €. Déi commémoratif Placke ginn am Ënnerstand ubruecht. D’Nummere vun de jeeweileg betraffene Beem ginn dorobber agedroen. Den Här Claude Theisen huet d’Membere vum Gemengerot iwwert déi läscht Reunioun vum SIGRE, déi de 19. November 2018 war, informéiert. Zwee nei Éierepresidente goufen ernannt, den Här Marcel Lahr an den Här Joseph Johanns. Déi 4. Ausbaustuf vun der Deponie mat enger Kapassitéit ëm déi 200.000 m3 fir eng Lafzäit vun 10 Joer ass amgaange geplangt ze ginn. Zousätzlech si Stellplaze fir 30-40 Containere fir déi intersyndikal Zesummenaarbescht mam SIDEC virgesinn. Desweideren gëtt och en neit Verwaltungsgebai fir de SIGRE an de SIDERE geplangt. Dëst Gebai soll och mat Atelier’e fir de SIDERE equipéiert ginn. D’Madamm Marie-Rose Thoss-Lehmann huet iwwert d’Wanderweeër bericht. Dës sinn am gaange vum Ministère du Tourisme iwwerschafft ze ginn. Den Här Frank Hellers war op där leschter Reunioun vun der „Flusspartnerschaft Syr“ an huet de Gemengerot iwwert de Bréif un d’Madamm Minister, Carole Dieschbourg, informéiert. Den Här Theisen, Member vun der Kultur- a Geschichtskommissioun huet bericht, dass wärend där leschter Sëtzung decidéiert gouf, dass Schëlter mat QR-Coden op al Haiser sollen ubruecht ginn. Andeems een dës Code scannt, krit een d’Geschicht iwwert dës Haiser erzielt a Foto vu Fréier gewisen. 21. Kommunikatioun vum Schäfferot a Froe vun de Conseilleren De Buergermeeschter Jean-Pierre Hoffmann huet de Membere vum Gemengerot iwwert déi lescht Verhandlungen informéiert, déi et mam Besëtzer vum Terrain gouf, dee fir de Bau vum Pompjeesbau virgesinn ass. De Proprietaire ass laut de leschten

8

19. Règlement Communal concernant l’octroi de subsides pour associations Pour encourager les associations et le bénévolat, le collège échevinal a décidé de modifier le mode d’introduction des demandes de subside. Dès à présent, un document sera à demander auprès du secrétariat de la commune pour introduire la demande. Ce document doit être remis dûment rempli et signé dans les meilleurs délais. Pour pouvoir profiter d’un subside, les associations sont tenues à organiser au moins un évènement public par an. Ce document sera disponible prochainement au secrétariat. 20. Syndicats/Commissions – Informations des délégués / Présidents Madame Alix Klein-Ungeheuer a informé les membres du conseil sur la réunion concernant le cimetière forestier. Pour les futurs enterrements au cimetière forestier entre Eschweiler et Junglinster sont prévus dix chênes, un abri sera construit. Un budget de 3.000,- € est prévu à cet effet. Les frais pour l’enterrement sont fixés à 150,- €. Les plaques commémoratives seront fixées dans l’abri. Les numéros des arbres concernés seront inscrits sur les différentes plaques. Monsieur Claude Theisen informait le conseil sur la dernière réunion du SIGRE, qui a eu lieu le 19 novembre 2018. Deux nouveaux présidents honoraires ont été nommés, Monsieur Marce Lahr et Monsieur Joseph Johanns. La 4e étape d’expansion de la déponie est en cours de planification. Elle a une capacité de 200.000m3 et une durée de 10 ans. Des places supplémentaires pour 30-40 containeurs concernant la collaboration avec le SIDEC ont été prévues. De plus un nouveau bâtiment administratif sera planifié pour le SIGRE et le SIDERE. Ce bâtiment sera aussi équipé d’ateliers pour le SIDERE. Madame Marie-Rose Thoss-Lehmann parlait sur le fait que les sentiers de randonnée sont en cours de révision par le Ministère du Tourisme. Monsieur Frank Hellers a été à la dernière réunion de la « Flusspartnerschaft Syr », il a informé le conseil sur le courrier qu’ils ont envoyé au Ministre, Madame Dieschbourg. Monsieur Theisen, membre de la commission consultative de la culture et de l’histoire informait sur la décision qui a été prise lors de la dernière rassemblée, que des codes QR vont être mis sur les panneaux d’anciennes maisons. En scannant ces codes, l’histoire de ces maisons, ainsi que des photos de jadis vont s’afficher. 21. Communication du collège des bourgmestre et échevins et questions des conseillers Le Bourgmestre, Jean-Pierre Hoffmann a communiqué aux membres du conseil communal que lors des dernières négociations, le propriétaire du terrain, sur lequel le nouveau hall pour les pompiers sera planifié, s’est mis d’accord avec la


Negociatiounen d’Accord mat de Pläng fir de Pompjeesbau. Et wäert e Compromis ausgeschafft an ënnerschriwwe ginn. Et muss awer eng Modification ponctuelle vum PAG gemaach ginn. De Bau vun där neier Hal fir d’Pompjeeën ass immens wichteg fir eis Bierger an d’Gemeng selwer. D’Pompjeeë leeschten eng gutt Aarbecht am Sënn vun der Gesellschaft an d´Gemeng wëll hinnen och dementsprechent Gebailechkeeten zur Verfügung stellen.

commune. Un compromis sera dressé et signé. Une modification ponctuelle du PAG sera effectuée. La construction du nouveau hall pour les pompiers est importante pour les citoyens, ainsi que pour la commune elle-même. Les sapeurs-pompiers occupent un rôle très important au sein de la communauté et la commune veut s´efforcer à leur mettre à disposition les moyens appropriés.

Weiderhi gouf decidéiert fir de Grünschnittcontainer „Am Éier“ bäizebehalen. En zousätzleche Container wäert hannert de Fussballterrain op den Terrain vum Synecosport zu Berbourg kommen. Folgend Datumer goufen an den Agendae blockéiert: - 08.01.2019 : Neijoersreceptioun - 17.01.2019 : Reunioun mat der Associatioun ELVERE, der Weeëkommissioun an dem Gemengerot, iwwert de « Séchere Schoulwee » - 29.01.2019 : Informatiounsversammlung iwwert dee neie Waasserpräis.

De plus il a été décidé de garder le container pour les déchets verts dans la rue « Am Éier » à Manternach. Un autre container sera mis en place derrière le terrain de football sur le terrain du Synecosport à Berbourg. Les dates suivantes ont été bloquées dans les différents agendas : - 08.01.2019 : Réception du nouvel an - 17.01.2019 : Réunion avec l’association ELVERE, la commission consultative de la voirie et le conseil communal, sur le « Séchere Schoulwee » - 29.01.2019 : Réunion d’information sur la nouvelle tarification de l’eau.

A geschlossener Sëtzung 22. Unhuele vun enger Konventioun déi d’Bereetstellung vun Aarbechter betrëfft

En huis clos 22. Approbation d’une convention traitant la mise à disposition de salariés à tâche manuelle

D’Konventioun bezüglech der Bereetstellung vun Aarbechter gouf traitéiert.

GEMENGEROTSSËTZUNG VUM 13. FEBRUAR 2019

La convention concernant la mise à disposition de salariés à tâche manuelle a été traitée.

REUNION DU CONSEIL COMMUNAL DU 13 FÉVRIER 2019

Dagesuerdnung

Ordre du jour

An ëffentlecher Sëtzung

En séance publique

1.

Unhuele vu Recetten

1.

Approbation de recettes

2.

Unhuele vun der Konventioun vun der Zurverfügungstellung vun de Kierchen vun der Gemeng Manternach bezüglech dem Gesetz vum 13. Februar 2018

2.

Approbation de la convention de mise à disposition des églises de la Commune de Manternach en vertu de la loi du 13 février 2018

3.

Unhuele vun den Offeren bezüglech der Remise en état vun de Landstroossen an der Gemeng Manternach

3.

Approbation des devis concernant la remise en état des chemins ruraux dans la commune de Manternach.

4.

Erneierungsufroen / Reprise vu Grafkonzessiounen

4. Demandes de renouvellement/reprise des concessions tombales.

4.1) Be_N°55 Jos Regenwetter 4.2) Be_N°80 Jean Mantz-Fohmann 4.3) Le_N°04 Marie-France Leonardy-Wildgen 4.4) Le_N°05 Marie-France Leonardy-Wildgen

5.

4.1) Be_N°55 Jos Regenwetter 4.2) Be_N°80 Jean Mantz-Fohmann 4.3) Le_N°04 Marie-France Leonardy-Wildgen 4.4) Le_N°05 Marie-France Leonardy-Wildgen

Unhuele vun engem Avenant zum Kollektivvertrag vun de Salariéeë vun der Gemeng Manternach

5.

Approbation d’un avenant à la convention collective des salariés de la Commune de Manternach

6.

Kënnegung vun enger Konventioun bezüglech der Zurverfügungstellung vun engem Fonctionnaire

6.

Résiliation d’une convention concernant la mise à disposition d’un fonctionnaire

7.

Unhuelen vu Kotisatiounen

7.

Approbation de cotisation

9


8.

Ännerung vun den Prestatiounstariffer vun de Salariéen vun der Gemeng Manternach

9. Unhuelen vun der Konventioun « Neie Wee » (PAP) zu Berbourg 10.

Reglement de Police (2. Lecture)

11.

Syndikater / Kommissiounen – Informatiounen vun den Delegéierten / Presidenten

12.

Kommunikatioun vum Schäfferot a Froe vun de Conseilleren

8.

Modification des tarifs de prestations des salariés de la Commune de Manternach

9.

Approbation de la convention « Neie Wee » (PAP) à Berbourg

10.

Règlement de Police (2ième lecture)

11. Syndicats / Commissions – Informations des délégués / Présidents 12.

Communication du collège des bourgmestre et échevins et questions des conseillers

Uwiesend: HOFFMANN Jean-Pierre, Buergermeeschter KLEIN-UNGEHEUER Alix, Schäffin THEISEN Claude, Schäffen KLEIN-SEIL Henriette, LEHMANN ép. THOSS Marie-Rose, SCHRAM-PETRI Alice, MEHLEN Robert, HELLERS Franky, Gemengerot ROSEN Guy, secrétaire communal f.f.

Présents: HOFFMANN Jean-Pierre, Bourgmestre KLEIN-UNGEHEUER Alix, Échevine THEISEN Claude, Échevin KLEIN-SEIL Henriette, THOSS-LEHMANN Marie-Rose, SCHRAM-PETRI Alice, MEHLEN Robert, HELLERS Franky, Conseillers ROSEN Guy, secrétaire communal f.f.

Fehlend: a) entschëllegt: STEINMETZ-KRIER Isabelle, Gemengerot b) onentschëllegt: /

Absents: a) excusé(e)s: KRIER-STEINMETZ Isabelle, Conseiller b) sans motif: /

2. Unhuele vu Recetten

1. Approbation de recettes Les recettes suivantes de l’année 2018 ont été approuvées à l’unanimité des membres présents du conseil communal:

Folgend Recette goufen eestëmmeg vun de Membere vum Gemengerot ugeholl :

Recettes 2018 Article budgétaire Libellé

Montant

1/590/138318/99001 Fonds de réserve “Pacte Clima” (frais bancaire) 3,50 € 2/112/748310/99002 Remboursement par le fonds pour dépnses communales : élections et référendum 3.660,02 € 2/113/707260/99001 Remboursements de la part des commissions consultatives 2.252,50 € 2/170/744560/99001 Fonds de dotation globale des communes 719.827,21 € 2/180/755220/99001 Intérêts sur compte à terme 3.365,21 € 2/180/811100/99001 Reprise sur fonds de réserve budgétaire 151,36 € 2/270/748800/99001 Subside étatique pour le Plan Communal Intégration (PCI) 826,20 € 2/411/708211/99001 Fermage / location de terres agricoles 7,44 € 2/413/708211/99001 Location de la chasse/pêche 421,44 € 2/425/705100/99001 Production énergies renouvelables 383,55 € Total: 730.898,43 € 2. Unhuele vun der Konventioun vun der Zurverfügungstellung vun de Kierchen vun der Gemeng Manternach bezüglech dem Gesetz vum 13. Februar 2018 Déi betreffend Konzessioun gouf eestëmmeg vun all de Memberen ugeholl. 3. Unhuele vun den Offeren bezüglech der Remise en état vun de Landstroossen an der Gemeng Manternach Déi verschidden Offeren bezüglech der Remise en état vun der „Faberstrooss“ an „op der Schiecht“ zu Manternach, goufen ugeholl. Et gouf en Devis vun 154.000,- € ugeholl.

10

2. Approbation de la convention de mise à disposition des églises de la Commune de Manternach en vertu de la loi du 13 février 2018 La convention concernée a été approuvée à l’unanimité des voix des membres présents. 3. Approbation des devis concernant la remise en état des chemins ruraux dans la commune de Manternach Les différents devis concernant la remise en état des rues « Faberstrooss » et « op der Schiecht » à Manternach ont été ap prouvés unanimement. Un devis de 154.000,- € a été retenu.


4. Erneierungsufroen /Reprise vu Grafkonzessiounen Folgend Ufroen fir Grafkonzessiounen ze erneieren oder ze iwwerhuelen goufen eestëmmeg ugeholl:

4.1) Be_N°55 Jos Regenwetter 4.2) Be_N°80 Jean Mantz-Fohmann 4.3) Le_N°04 Marie-France Leonardy-Wildgen 4.4) Le_N°05 Marie-France Leonardy-Wildgen

5. Unhuele vun engem Avenant zum Kollektivvertrag vun de Salariéë vun der Gemeng Manternach De Kollektivvertrag vun den Aarbechter vun der Gemeng gouf un de Staatskollektivvertrag adaptéiert. D’Allocation de famille gouf op 29 Punkten erhéicht, d’allocation spéciale gouf op 15 Punkte festgeluecht mat der SGE-Zoulag vu 5 Punkten, wat eng Allocatioun vun 20 Punkte mécht. Ab dem 1. Januar 2020 kréien d’Salariéeën och e Zäitspuerkont ageriicht an den Tableau „Groupe salaire“ gouf un dee vum Staat ugepasst. Dësen Avenant zum Kollektivvertrag vun de Salariéeë vun der Gemeng Manternach, gouf eestëmmeg ugeholl. 6. Kënnegung vun enger Konventioun bezüglech der Zurverfügungstellung vun engem Fonctionnaire D’Konventioun déi e Fonctionnaire enger aanerer Gemeng zur Verfügung gestallt huet, gouf gekënnegt. D’Memberen vum Gemengerot hunn déi Kënnegung eestemmeg ugeholl. 7. Unhuelen vu Kotisatiounen D’Joreskotisatioun un d’Fédération régionale des pompiers de l’Est vun 125,- € gouf eestëmmeg ugeholl. 8. Ännerung vun den Prestatiounstariffer vun de Salariéën vun der Gemeng Manternach D’Tarifer goufen em 10 € erhéicht a sinn soumat vun 20 € op 30 € erop gaangen. Dëst gouf eestëmmeg ugeholl. 9. Unhuelen vun der Konventioun « Neie Wee » (PAP) zu Berbourg D’Konventioun „Neie Wee“ zu Berbuerg gouf ausgeschafft vum Schäfferot an eestëmmeg vun de Membere vum Gemengerot ugeholl. 10. Règlement de Police (2. Lecture) Nodeems d’Policereglement nom favorabelen Avis vun der Santé an den Observatioune vum Inneminister adaptéiert gouf, gouf eestëmmeg vum Gemengerot ugeholl.

4. Demandes de renouvellement/reprise des concessions tombales Les demandes de renouvellement, respectivement de reprise des concessions tombales suivantes ont été approuvées à l’unanimité des voix des membres présents :

4.1) Be_N°55 Jos Regenwetter 4.2) Be_N°80 Jean Mantz-Fohmann 4.3) Le_N°04 Marie-France Leonardy-Wildgen 4.4) Le_N°05 Marie-France Leonardy-Wildgen

5. Approbation d’un avenant à la convention collective des salariés de la Commune de Manternach Le contrat collectif des salariés de la Commune de Manternach a été adapté au contrat collectif de l’Etat. L’allocation de famille a été augmentée à 29 points, l’allocation spéciale a été fixée à 15 points avec l’allocation-SGE de 5 points, ce qui donne une allocation totale de 20 points. A partir du 1er janvier 2020, un compte épargne temps sera instauré et le tableau groupe salaire a aussi été adapté à celui de l’Etat. Cet avenant a été approuvé avec toutes les voix des membres présents. 6. Résiliation d’une convention concernant la mise à disposition d’un fonctionnaire La convention qui mettait à disposition un fonctionnaire à une commune voisine a été résiliée. Les membres du conseil communal ont approuvé cette résiliation unanimement. 7. Approbation de cotisation La cotisation annuelle de la fédération régionale des pompiers de l’Est a été accordée pour un montant de 125,- €. 8. Modification des tarifs de prestations des salariés de la Commune de Manternach Les tarifs ont été augmentés de 10 €, c.-à-d. ils ont été fixés de 20 € à 30 €. Ceci a été approuvé à l’unanimité. 9. Approbation de la convention « Neie Wee » (PAP) à Berbourg La convention «Neie Wee » à Berbourg a été élaborée par le collège échevinal et approuvée unanimement par les membres du conseil communal. 10. Règlement de Police (2ième lecture) Après adaptation du règlement de police, celon l’avis favorable de la Santé et les observations du Ministère de l’Intérieur, le conseil communal a approuvé le règlement de police avec toutes les voix des membres présents.

11


11. Syndikater / Kommissiounen – Informatiounen vun den Delegéierten / Presidenten

11. Syndicats / Commissions – Informations des délégués / Présidents

Madamm Marie-Rose Thoss-Lehmann huet de Gemengerot driwwer informéiert, dass am Altersheem zu Gréiwemaacher zwou Wunnenge fräi wiere fir Betreit Wunnen.

Madame Marie-Rose Thoss-Lehmann a informé les membres du conseil qu’il y a deux appartements libres au CIPA Grevenmacher. Monsieur Frank Hellers rapportait sur le fait qu’au SIAEG, des nouveaux contrats avec différentes entreprises sont élaborés. Ensuite Monsieur Hellers a informé le conseil que l’Administration n’a pas de droit de vote au LEADER pendant 2 ans, puisque ceci change à tour de rôle tous les deux ans.

Den Här Frank Hellers huet bericht dass beim SIAEG nei Kontrakter mat verschiddenen Entreprisen am gaange sinn ausgeschafft ze ginn. Desweideren huet den Här Hellers doriwwer informéiert, dass d’Gemeng Manternach elo wärend 2 Joer kee Stëmmrecht beim LEADER méi huet, well dat all 2 Joer, à tour de rôle, gewiesselt gëtt.

Madame Alice Schram-Petri donnait l’information que la fête multiculturelle de la commission de l’intégration sera célébrée le 16 juin 2019 sur la place du village à Berbourg. Les différentes associations et clubs devront être motivés pour participer à la fête.

D’Madamm Alice Schram-Petri huet dem Gemengerot matgedeelt, dass d’Multikultifest vun der Integratiounskommissioun dëst Joer de 16. Juni wäert op der Duerfplaz zu Berbuerg sinn. Déi verschidde lokal Veräiner solle motivéiert gi fir um Fest deel ze huelen. 12. Kommunikatioun vum Schäfferot a Froe vun de Conseilleren

12. Communication du collège des bourgmestre et échevins et questions des conseillers

Den Här Buergermeeschter, Jean-Pierre Hoffmann, huet de Gemengerot nach iwwer folgend Themen informéiert:

12

- Den Här Jérôme Loetsch wäert de 15. Februar 2019 an der Equipe vum Service Technique ufänken. - Et gouf e Compromis mam Propriétaire vun der Parzell vis-à-vis vum Beaurepaire ënnerschriwwen, fir de Bau vun der neier Pompjeeshal. - Déi al Schoul zu Berbuerg gëtt deemnächst ofgerappt. D’Firma Entrapaulus krut d’Commande. - De Synecosport war an deene leschte Méint an engem schlechte Finanziellen Zoustand, sou dass keng Rechnunge méi konnte beglach ginn. Den Apport en Capital konnt net vun der Becher Gemeng bezuelt ginn. Des Problemer konnten awer behuewe ginn an de Fonctionnement vum Syndicat ass erem assuréiert. - De Chantier um Parking zu Berbuerg fänkt am Mee 2019 un.

Monsieur le Bourgmestre, Jean-Pierre Hoffmann, donnait les informations suivantes au conseil communal :

- Monsieur Jérôme Loetsch commencera le 15 février 2019 au service technique. - Un compromis pour la construction du hall des sapeurs pompiers a été signé avec le propriétaire de la parcelle vis-à-vis du Centre Beaurepaire. - L’ancienne école à Berbourg sera démolie prochainement. L’entreprise Entrapaulus a eu la commande. - Le syndicat Synecosport a été dans une mauvaise situation financière, à ce point qu’il n’était plus en mesure de régler les comptes. L’apport en capital n’a pas pu être payé par la Commune de Bech. Entretemps, la situation a su être réglée et le syndicat fonctionne de façon normale. - Le chantier sur le parking à Berbourg commencera en mai 2019.


13


14


15


16


17


18


19


20


21


22


23


24


25


26


27


28


29


30


NEIJOERSRECEPTIOUN DEN 8. JANUAR 2019 Léif Kollegen aus dem Gemengen- a Schäfferot, léiwen Här Éierebuergermeeschter, léif Membere vum CGDIS, léif Membere vun der Force publique, léif Vertrieder vun de Veräiner, léiwen Här Dechen, léif Kollegen aus de Schäfferéit aus de Nopeschgemengen, léif Vertrieder vum Schoulpersonal an der Maison Relais, léif Matbierger alleguer, als alleréischt well ech iech alleguerte vill Gléck am neie Joer wënschen. Ech hoffen dass all är Wënsch an Erfëllung ginn an dir all bei gudder Gesondheet bleift. Mir wëllen haut och un all déi Leit an eiser Gesellschaft an op dëser Welt denken deenen et leider net esou gutt geet wéi de meeschte Leit hei. Des Receptioun ass fir eis ëmmer eng gutt Geleeënheet e klenge Réck- an Ausbléck ze maachen. Insgesamt gesi stinn no de Chamberwalen 2018 mat den Europawalen nächst Joer erëm wichteg Wale virun der Dier déi maassgeeblech wäerte fir d’EU an domat och fir eist Land sinn. Ech well haut den Owend awer besonnesch op eis Gemeng agoen an iech presentéiere wat am leschte Joer geschitt ass a wat mir fir dat neit Joer wëlles hunn: insgesamt kann ee soen dass mir am Joer 2018 vill geschafft kritt hunn. An deene ville Schäfferotssëtzungen an an den aacht Gemengerotssëtzungen hu mir vill Projeten op de Wee bruecht déi d’Zukunft vun eiser Gemeng solle besser gestalten. Wat mir um Häerz geleeën huet, war fir dës Gemeng méi modern a méi fit fir d’Zukunft ze gestalten, an dat ass eis, denken ech emol, och gelongen. Duerch eis Facebooksäit an déi nei Homepage sollen d’Informatioune fir d’Bierger nach besser disponibel sinn. Mee och eis méi Informatiounsziedelen “à tous les ménages” a méi Gemengebuete sollen zu enger besserer Kommunikatioun fir d’Bierger féieren. Et ass eis wichteg eng Politik méi no um Bierger ze maachen. Ech well dofir och nach eng Kéier betounen dass all Bierger mir kann zu all Moment eng Mail schreiwen an ech probéieren dat esou séier wéi méiglech ze beäntwerten. Fir déi administrativ Demarchen ze vereinfachen hu mir d’Bezuele per Digicash agefouert ouni déi traditionell Bezuelmethoden opzeginn. Weiderhin hu mer d’Taxe de Chancellerie ofgeschaaft, sou dass verschidde Formulairen a Copies conformes kënne per Mail ugefrot ginn. E weidere Service ass de Latenightbus dee mir zesumme mat der Gemeng Biwer agefouert hunn. Dëse kann och weiderhi vun all Bierger all Weekend um Heemwee aus der Staat gratis benotzt ginn. Ee ganz wichtege Projet konnt 2018 fäerdeg gestallt ginn: eis nei Schoul an där elo alleguer d’Schüler aus der Manternacher an der Becher Gemeng Plaz fannen. Dëst schéint Gebai ass säit September a Betrib an ass och virun engem Mount ageweit ginn. Et ass eis zesumme mam Klimateam gelongen, fir eng méi nohalteg a klimagerecht Gemeng ze stoen: sou hu mer e.a. eng Photovoltaik-Anlage a Betrib geholl, nei extra Subside fir ëmweltfrëndlech Approchë wéi z.Bsp. Subside fir Photovoltaik a fir Elektrovëloen, mir hunn een Elektroauto fir déi kuerz Strecke kaf an och een neit Offallkonzept an d’Liewe geruff. Duerch dëst Konzept, wat den 1. Januar agefouert ginn ass, wäert eis Gemeng een Offallkonzept hunn wat dem Gesetz entsprécht. Nëmmen sou kënnen eis Subside vum Staat garantéiert ginn. Mat dësen a nach villen anere Mesuren hoffe mir bei der nächster Klimapaktevaluatioun endlech eng besser Nott ze kréien. Ech sinn iwwerzeegt dass mir als Gemeng nach vill kennen an déi Richtung ënnerhuelen an denken dass eng gréng Politik och kann zesumme mat de Bierger a net géint d’Bierger gemaach ginn. Wann mir schonn dobäi si wollt ech och nach eng Kéier kuerz op de neien Drénk- an Ofwaasserpräis agoen. Och hei hu mir als Gemeng missen eis Responsabilitéit iwwerhuelen an e käschtendeckende Präis aféieren. Leider ass et laut dem Gesetz net anescht méiglech an ouni d’Subside vum Staat, déi ouni de käschtendeckende Waasserpräis géinge fort falen, ass de Gemengebudget net am Equiliber ze halen a vill elementar wichteg Infrastrukturpoblemer kéinten net finanzéiert ginn. Fir iech déi ganz Thematik besser ze erklären, organiséiere mir de 29. Januar eng Informatiounsversammlung fir all Bierger aus der Gemeng zesumme mat engem Vertrieder vun der AGE.

31


Natierlech sinn nach eng ganz Rei aner Projeten 2018 realiséiert ginn, mee ech denken dat géing de Kader vun haut den Owend sprengen. Ech well awer op dëser Plaz och dem ganze Gemengepersonal villmools Merci soen dass si an eisem éischte Joer sou gutt matgeschafft hunn. Ech well dann awer och nach op eis zukünfteg Projeten agoen: mir hunn de Budget fir 2019 unanime gestemmt mat enger ganzer Rei Mesuren déi solle geholl ginn: • • • • • • • • •

32

De Beaurepaire an déi al Schoul am Duerf zu Berbuerg sollen deelweis renovéiert ginn. d’Parkplazproblematik an den Dierfer dierft jidderengem bekannt sinn, aus deem Grond wäerte mir 2019 zu Berbuerg op zwee Sitten insgesamt iwwer zwanzeg nei Parkplazen amenagéieren; hei zu Berbuerg wäert déi al Spillschoul ofgerappt ginn. Mir sinn eis bewosst dass vill Leit mat dësem Gebai eng Rei Erënnerunge verbannen, mee et ass baufälleg an dofir net méi rentabel fir et ze halen. Mir hu wëlles fir do och Commercen dran ze integréieren, beispillsweis eng kleng Epicerie. Iwwer déi genau Pläng wäert dir natierlech um Lafende gehale ginn; Mir wäerten d’Jugendaarbecht an de Veräiner weider probéieren ze stäerken. Eis Veräiner stinn alleguer gutt do a representé ieren eis Gemeng exzellent no baussen an dat soll och esou bleiwen. De Sport, d’Musek an déi aner Aktivitéiten hunn een integrative Charakter a fërderen d’Gemeinschaft. Aus deem Grond ass et eis wichteg d’Veräiner finanziell, mee och an allen anere Beräicher ze ënnerstëtzen; Et soll endlech mam Plange vun engem Pompjeesbau ugefaange ginn. Mir hunn hei an der Gemeng en exzellente Pompjeescorps op dee mir ganz houfreg kënne sinn an deene mir fir hiren onermiddlechen Asaz op dëser Plaz nach eng Kéier wëlle Merci soen. Et war bis elo esou, dass d’Membere vum CGDIS op 2 Plazen hire Site haten, wat net optimal an och net zäitgeméiss méi ass. Aus dem Grond war et eng vun eise Prioritéiten e neie Site fir e Pompjeesbau ze fannen. Elo bleiwen nach vill Démarche wéi beispillsweis eng Modification ponctuelle vum PAG, déi eis vum Ëmweltministère operluecht ginn ass, ze iwwerstoen. Trotzdeem hoffe mir an dësem Dossier esou séier wéi méiglech virun ze kommen. Et sinn eng ganz Infrastrukturprojeten déi mussen an Ugrëff geholl ginn. Fir dës Kanalisatiouns-a Stroossebauprojeten zu Berbuerg an zu Lelleg geet e groussen Deel vum Budget 2019 drop, mee et handelt sech em Aarbechten déi dringend mussen erleedegt ginn. Insgesamt geet et an de nächste Joren dorëm, eis Gemeng Infrastrukturell gesi fit fir d’Zukunft ze gestalten, a genau mat der Maxime plange mir eis Investissementer. Och dem Bevëlkerungswuesstem, deen zwar moderat wäert bleiwen, musse mir als Gemeng Rechnung droen an eis Infrastrukturen deementspriechend upassen. Et geet dorëm, eng proactiv Approche vis-à-vis vun den Defie vun der Zukunft ze weisen an net ëmmer nëmmen ze waarde bis de Problem sech gestallt huet E weidere wichtege Sujet ass d’Verkéierssécherheet vun alle Bierger aus der Gemeng. Dat geet hei um Parking bei der Schoul un, wou duerch een neit Verkéierskonzept soll d’Sécherheet vun de Kanner garantéiert ginn. Et handelt sech heibäi sécher em een deiere Projet, mee ech denken d’Sécherheet vun de Kanner kann eis net wichteg genuch sinn ech fannen et och net gutt, dass op dem Réck vun de Kanner hirer Sécherheet sou eng Polemik an de leschte Joren entstanen ass. Weiderhin hu mir fir d’Sécherheet vun de Bierger bei allen Zebrasträife Markéierungen ubruecht déi fir méi Siichtbarkeet vun de Foussgänger ze garantéieren. Am Joer 2019 gëtt dann de Projet „de séchere Schoulwee“ ëmgesat: et geet dorëm d’Schoulweeër méi sécher ze maachen an sou erëm méi Leit derzou ze beweegen de Bus ze huelen, respektiv ze Fouss op de Bus oder an d’Schoul ze goen. Des Initiative kommen natierlech alle Bierger ze gutt. Weiderhin hu mer net méi spéit wéi muer e Rendezvous mat de Ponts & Chaussées fir weider Projeten an déi Richtung ze diskutéieren E weideren Aspekt vun enger méi Klimagerechter Politik sinn d’Ëmstellen op LED Luuchten an allen Dierfer. Mir wëllen och derfir suergen erëm méi Liewen an d’Dierfer ze kréien. An deem Kontext hat ech jo scho gesot dass d’Veräiner nach méi ënnerstëtzt solle gi fir Evenementer ze organiséieren, an et gëtt och envisagéiert méi Commercen an eis Dierfer ze kréien. Doriwwer eraus sollen och aner grouss Manifestatiounen net ausbleiwen: no der Flèche du Sud an dem Maart zu Berbuerg, déi alle béit lescht Joer e grousse Succès waren, gëtt et och 2019 erëm e Maart an och de Landjugenddag kënnt op Berbuerg. Mee och soss steet villes um Programm: d’Integratiounsfest wäert erëm stattfannen, wou all Kulturen, kleng an al zesumme kommen. Weiderhi steet nach den 10. Gebuertsdag vun der Musek an d’Haus: de Veräin huet sech eng ganz Rei Saachen afale gelooss.


Ech well dann och nach e puer Leit Merci soen:

• Als éischt dem Schäffen a Gemengerot fir déi gutt Zesummenaarbecht lescht Joer. Och wann mir net ëmmer enger Meenung sinn denken ech dass mir alleguer awer gutt zesummeschaffen an sou gemeinsam am Sënn vun eise Bierger d’Gemeng no vir bréngen. • Dem Schoulpersonal an de Mataarbechter aus der Maison Relais fir hier gutt Aarbecht dat ganzt Joer iwwer fir de Nowuess aus der Gemeng. • Dem gesamte Gemengepersonal fir hier gutt a kompetent Mataarbecht. • De Membere vum CGDIS fir hiren onermiddlechen Asaz fir d’Leit aus der Gemeng. • De Veräiner an all hire Membere fir déi gutt Zesummenaarbecht an hiert Engagement fir e bessert Zesummeliewen an der Gemeng Ech soen iech villmools Merci fir är Opmierksamkeet.

33


34


ABSCHID VUM ANDRÉ GILLEN DE 25. JANUAR 2019 Den André Gillen huet Freides de 25. Januar 2019 säin Abschid, mat sengen Aarbechtskollegen aus dem Service Technique, sou wéi och mat dem Personal aus dem Administrative Service, bei der Gemeng gefeiert. De Schäfferot, sou wéi och seng Aarbechtskollegen hunn him fir seng Aarbecht a Kollegialitéit Merci gesot an him jeeweils eng Corbeille iwwerreecht. Hien ass bei de Corps Grand-Ducal d’Incendie et de Secours (CGDIS) gewiesselt, wou hien als “Pompier professionnel”, souwuel fir de Centre d’Incendie et de Secours vun der Gemeng Manternach wéi och fir dee vu Grevenmacher-Mertert schafft. Weiderhin ass den André awer nach ëmmer fräiwëlleg zu Manternach täteg, wou hie vill Zäit verbréngt, sief et als Pompjee oder a senger Funktioun als Chef de Centre adjoint.

35


INFOVERSAMMLUNG VUM WAASSERPRÄIS AN ALLOCATION DE VIE CHERE De 29. Januar hat de Schäfferot d´Populatioun aus der Gemeng invitéiert fir d´Upassung vum Waasserpräis an och déi nei Allocation de vie chére z´erklären an ze presentéieren. No enger Aféierung vum Buergermeeschter Jempi Hoffmann huet de Vertrieder vun der Administration de la Gestion de l´eau, de Frank Wersandt déi gesetzlech néideg Upassung vum Waasserpräis explizéiert. Uschléissend war et dunn un den interesséierte Bierger fir hier Froen ze stellen.

36


GROUSS BOTZ 2019 De Schäffen- a Gemengerot huet an Zesummenaarbecht mam Klimateam an der Nohaltegkeetskommissioun op d‘Grouss Botz, Samschdes de 16. Mäerz invitéiert. Trotz dem schlechte Wieder waren dee Moie vill Leit zesumme komm fir bei der grousser Botz ze hëllefen. Mir soen hinnen Alleguer (och deenen déi net op der Foto sinn) villmools Merci fir hire groussen Asaz. Mir erënneren drun dass keen Dreck soll an d´Ëmwelt geheit ginn. Et ass wichteg eis Natur propper ze halen.

37


NEIE MATAARBECHTER AM SERVICE TECHNIQUE Moien, Mäin Numm ass Jérôme Loetsch, si 40 Joer al a gebierteg vu Maacher. Ech si bestuet a Papp vun 2 Kanner. De 15. Februar hunn ech meng Aarbecht op der Gemeng Manternach ugefaangen. Ech sinn Häerzlech an der Equippe vum Service Technique opgeholl ginn a freeë mech drop meng Erfarungen an den Déngscht vun de Bierger aus der Gemeng Manternach ze integréieren.

PRESENTATIOUN VUM FIBI-BITZ CLUB MANTERNACH Den FiBi-Treff Manternach stellt sech vir: Mir sin Bomien, Mammen, Dammen an Meedecher déi gäeren bitzen. Sidd Dir intresséiert? Dann zéckt net an mellt Ierch bei eis. Tel: 661 211 714

38


39


40


ANMELDUNG VON HUNDEN IN DER GEMEINDE Jeder Hundehalter ist verpflichtet, seinen Hund innerhalb von 4 Monaten nach der Geburt oder dem Kauf, bei seiner Wohnsitzgemeinde mit einer tierärztlichen Bescheinigung anzumelden, aus der Folgendes hervorgeht: - die Rasse; - ob der Hund potenziell gefährlich ist; - der aktuelle Impfstatus gegen Tollwut. Grundsätzlich wird diese Bescheinigung durch einen zugelassenen Tierarzt zum Zeitpunkt der elektronischen Kennzeichnung oder der Tollwutimpfung des Tieres ausgestellt. Außerdem muss der Hundehalter bei der Anmeldung bei der Gemeindeverwaltung einen Nachweis darüber vorlegen, dass ein Versicherungsvertrag mit einer zugelassenen Versicherungsgesellschaft oder mit einer Gesellschaft abgeschlossen wurde, der eine Genehmigung für ihren Geschäftsbetrieb in Luxemburg erteilt wurde. Diese Versicherung muss die Haftpflicht des Hundehalters für Schäden abdecken, die Dritten durch das Tier entstehen. Bezüglich dieses Versicherungsnachweises wird empfohlen, sich zunächst bei seiner Wohnsitzgemeinde zu erkundigen: Es kann sich um eine von der Versicherung ausgestellte Bescheinigung handeln oder um eine einfache Kopie des Versicherungsvertrags. Die Anmeldung (die auf einem von der Gemeinde oder vom Tierarzt zur Verfügung gestellten Formular erfolgt) muss insbesondere Auskünfte zum Hundeeigentümer, zur Rasse des Hundes, zu seiner elektronischen Identifikationsnummer und seiner Tollwutimpfung sowie die Unterschrift des Tierarztes enthalten. Der Vermerk „Potenziell gefährlicher Hund” muss zudem auf der Anmeldung stehen, wenn der Hund für gefährlich befunden wurde. In diesem Fall ist daneben noch eine weitere Erklärung vorzunehmen. Die Person, die den Hund anmeldet, erhält dann von der Gemeindeverwaltung einen Nachweis über die erfolgte Anmeldung (eine Quittung in Form einer vom Bürgermeister unterzeichneten Empfangsbestätigung). Diese Empfangsbestätigung trägt den Buchstaben A für die Anmeldung für jeden Hund und den Buchstaben B für die zweite Erklärung für potenziell gefährliche Hunde. Jährlich wird eine Hundesteuer von 12,35 € erhoben. Desweiteren bitten wir Sie Ihren Hund nicht auf öffentliche Plätze sich erleichtern zu lassen. Hundetoiletten stehen in der ganzen Gemeinde zu Ihrer Verfügung.

DECLARATIONS DE CHIENS Tout détenteur de chien est obligé de faire enregistrer son chien, dans les 4 mois qui suivent la naissance du chien, à sa commune de résidence à l’aide d’un certificat vétérinaire, déclarant : - la race ; - si le chien est susceptible d’être dangereux ; - le statut de vaccination antirabique actuel. En principe, ce certificat est établi par le vétérinaire agréé au moment de l’identification électronique ou au moment de la vaccination contre la rage de l’animal. En outre, le détenteur du chien doit remettre lors de la déclaration à l’administration communale une pièce attestant qu’un contrat d’assurance a été conclu avec une société agréée ou autorisée à opérer au Luxembourg, garantissant la responsabilité civile du détenteur du chien pour les dommages causés aux tiers par l’animal. Concernant cette pièce, il est recommandé de se renseigner au préalable auprès de sa commune de résidence : il peut s’agir d’un certificat émis par l’assurance ou d’une simple copie du contrat d’assurance. La déclaration (à faire sur un formulaire fourni par la commune ou par le vétérinaire) comprend notamment les renseignements sur le propriétaire, la race du chien, son numéro d’identification électronique, sa vaccination antirabique et la signature du vétérinaire. L’ajout d’une mention “Chien susceptible d’être dangereux” doit figurer sur la déclaration, si le chien est reconnu comme dangereux. Dans ce cas, une déclaration supplémentaire est également à effectuer. Le demandeur obtient ensuite de l’administration communale une preuve de sa déclaration (un reçu sous forme de récépissé signé par le bourgmestre). Ce récépissé porte la lettre A pour la déclaration de tout chien, et la lettre B pour la seconde déclaration pour les chiens susceptibles d’être dangereux. Il est perçu une taxe annuelle sur les chiens s’élevant à 12,35 € par chien. Finalement, il nous tient à cœur de vous rappeler qu’il convient d’éviter, pour des raisons d’hygiène, de laisser les chiens se soulager sur les places publiques et dans les alentours des écoles, centres culturels et aires de jeux. Des poubelles vous sont mises à disposition.

41


NEIES AUS DEM SERVICE TECHNIQUE Waasserversuergung an der Gemeng Manternach Hierkonft a Verbrauch D’Gemeng Manternach bezitt 85% vum Drénkwaasser vum Waassersyndikat SIDERE, dat waren 2018 insgesamt 125.733m3. Aus eiser eegener Quell hu mer nach 19.258m3 agespeist sou dass mer 2018 insgesamt 144.991m3 Waasser duerch eise Reseau un d’Bierger verdeelt. E puer Zuelen: 4 Drénkwaasserbehälter : • • • •

Manternach 500m3 Bäerbuerg 500m3 Mënjecker 250m3 Lelleg 240m3

1 Quell 3 Hydrophoren 20,22km Waasserreseau 773 Uschlëss un de Waasserreseau Capacité réservée beim SIDERE 525m3/Dag Duerchschnëttsverbrauch pro Awunner pro Dag (2018): 128,77 Liter Waasserverbrauch vun de Gemengegebaier: 826m3/Joer Stroumverbrauch am Reseau: 17.500 kWh/Joer Entretien a Qualitéit Fir eng permanent héich Waasserqualitéit ze garantéieren ass et extrem wichteg dass de Reseau an d’Behälter reegelméisseg a gewëssenhaft kontrolléiert a gutt ënnerhale ginn. Heifir ass eng Equipe vun zwee Handwierker vun der Gemeng zoustänneg. Si kontrolléieren 2x pro Woch d’Basengen, d’Quell a strategesch wichteg Punkten am Reseau op hir Funktioun an den Zoustand (Zäitopwand min.16 Stonne pro Woch). Ausserdeem gi wärend dem Joer reegelméisseg Waasseranalysen no de Virgabe vun der Waasserverwaltung (AGE) an de Basengen an am Reseau geholl. D’Resultater vun den Analyse kann en beim Service Technique ufroen a si ginn um Internetsite vun der Gemeng publizéiert. D’Waasser vum Krunn kann ouni Bedenken als Drénkwaasser genotzt ginn. Eis Gemeng ass mam Label „Drëpsi, mir schaffe fir proppert Drénkwaasser“ vun der AGE certifiéiert. Säit 2017 hu mer en intelligenten Telegestiounssystem fir eist Netz a Betrib. Heimat kennen all d’Basengen iwwerwaacht a gesteiert ginn sou dass mer z.b. am Fall vun enger Fuite extrem séier reagéiere kennen an d’Verloschter esou kleng wie méiglech bleiwen. Dëse System kann och selbststänneg d’Niveauen an de Basenge regléieren sou dass z.b. d’Capacité réservée net iwwerschratt gëtt oder dass déi minimal „Feierreserve“ ëmmer zur Verfügung steet. Säit leschtem Joer sinn och alleguer eis Compteuren mat Funkmoduler equipéiert sou dass d’Lecture vill méi einfach a méi séier vun eiser Equipe duerchgefouert ka ginn an si net méi an d’Haiser musse goe fir ofzeliesen. Des Moduler senden iwwregens just wärend deem kuerze Moment wou se vu baussen ofgelies ginn. An der Gemengerotssëtzung vum 14. September 2018 huet d’Gemeng en Subside gestemmt fir d’Installatioun vun Hydrophoren a privat Gebaier finanziell ze ënnerstëtzen. Informatiounen dozou an de Formulaire fir eng Demande ze stellen fann der um Internetsite vun der Gemeng oder beim techneschen Déngscht. 42


Routinekontroll am Baseng

Jäerlech Botz vun den Inox Drénkwaasserbehälter zu Lelleg

GROUSSEN ERFOLLEG VUN DER BIOTONN Den 1. Januar 2019 huet d‘Gemeng Manternach déi brong Biotonn agefouert. Bis haut hu mer 254 Biotonnen an der Gemeng verdeelt wat bedeit dass 34% vun den Haushalter hir organesch Offäll trennen! 2018 hu mer am Duerchschnëtt 7,347t Hausmüll pro Collecte gesammelt. 2019 (KW 1-9) ass den Hausmüll schonn op 6,713t zréck gaangen, zäitgläich hu mer pro Collecte 820kg Biomüll agesammelt. Wien nach keng Biopoubelle huet kann gären nach eng ob der Gemeng bestellen. Merci fir déi gutt Mataarbecht!

43


44


D'NIGHT-CARD VUN DER GEMENG MANTERNACH Für wen ist die Night-Card? Alle Einwohner der Gemeinde Manternach können im Alter von 16 bis 25 Jahren für einen Jahresbeitrag von 20 € die Night-Card erwerben.

Qui peut acheter une Night-Card ? Tous les habitants de la commune de Manternach âgés de 16 à 25 ans (inclus) peuvent acquérir la Night-Card au prix de 20,- € / an.

Was kostet die Fahrt mit der Night-Card der Gemeinde Manternach? Für alle Kunden die eine Night-Card der Gemeinde Manternach besitzen übernimmt die Gemeinde die Transportkosten. Einzige

Combien coûte le tranfert avec la Night-Card de la commune de Manternach ? Les frais de transfert des clients en possession de la Night-Card Manternach sont pris en charge par la commune, à condition que le 45


Voraussetzung hierfür ist, dass entweder Einstiegs- oder Zielort innerhalb der Gemeinde Manternach* liegt. * Berbourg, Lellig, Manternach, Münschecker Im Falle einer zu späten Annulierung der Buchung werden die Kosten nicht von der Gemeinde übernommen. Diese werden dem Kunden weiter verrechnet.

lieu de départ ou le lieu de destination soient situés sur le territoire de la commune*. * Berbourg, Lellig, Manternach, Münschecker En cas d’annulation tardive de la réservation, les frais d’annulation ne sont pas pris en charge par la commune. Ces frais seront refacturés au client en question.

Wie buchen Sie eine Fahrt mit Ihrer Night-Card? Um den Night Rider kostenlos mit Ihrer Night-Card zu nutzen geben Sie bitte Ihren Night-Card Code (z.B.: „MANT12345“) der sich auf der Vorderseite Ihrer Karte befindet in die Buchungsmaske ins Feld „Night-Card“ ein. Fahren mehrere Personen eine identische Strecke, wird der Fahrpreisanteil der Night-Card Inhaber bei der Buchung direkt vom Gesamtbetrag abgezogen.

Comment réserver un trajet avec la Night-Card ? Pour utiliser gratuitement le Night Rider, entrez le code de votre Night-Card, dans la case « Night-Card » du formulaire de réservation (p.ex. MANT12345, numéro qui se trouve au recto de la carte). Si plusieurs personnes réservent le même trajet, la participation à payer par les détenteurs de la Night-Card est automatiquement déduite du prix global, lors de la réservation.

ÖKOLOGISCHE AUFWERTUNG UNSERER ÖFFENTLICHEN GRÜNANLAGEN In unserer Gemeinde befinden sich 87 Grünanlagen (11,8 ha), die von unseren Gärtnern innerhalb der Ortschaften gepflegt werden. Hier findet (anders als auf landwirtschaftlichen Nutzflächen) keine wirtschaftliche Produktion statt, so dass diese Anlagen sich ausgezeichnet eignen um Naturschutzprojekte umzusetzen. Die Biologische Station SIAS ist in unserer, sowie in 17 weiteren Gemeinden aktiv und leitet unter anderen ein Projekt zu den öffentlichen Grünanlagen. Ziel ist es, diese Flächen so zu gestalten und unterhalten, dass sie sowohl ästhetisch ansprechend sind, wie auch ihren ökologischen Nutzen erfüllen. Die Maßnahmen, die von der Biologischen Station SIAS zur ökologischen Optimierung der Grünanlagen definiert wurden, basieren auf 13 verschiedenen Bausteinen. Jeder Baustein bietet eine Gebrauchsanweisung, wie die besagten Flächen ökologisch aufgewertet werden können. Unsere Gemeinde hat 2018 erste Pflegemaßnahmen im Rahmen dieses Projektes umgesetzt und vorerst den Baustein „Spätmahd“ getestet. Dieser empfiehlt, wie der Name andeutet, eine spätere und weniger häufige Mahd. Die Pflege der Wiesen findet erst nach der Blüte statt um den Insekten eine Nahrungsquelle zu bieten und damit die Kräuter aussamen können. Die reduzierte Mahd bedeutet auch, dass Zeit und vor allem fossile Brennstoffe eingespart werden. Parallel zur Umsetzung hat die Biologische Station SIAS floristische Inventare erstellt um herauszufinden, welche Blumenarten sich in unseren Wiesen befinden. Bemerkenswert ist der Wiesensalbei (Salvia pratensis), der am alten Wasserbecken in Lellig gefunden wurde. Früher kam der Wiesensalbei in vielen landwirtschaftlichen Mähwiesen vor. Heute ist er aufgrund der Düngung und der intensiven Nutzung der Wiesen nur noch selten anzutreffen. Aus diesem Grund wollen wir den Bestand am Wasserbecken durch eine Anpassung der Mahd erhalten. Auch andere Flächen werden den vorkommenden Pflanzen- und Tierarten entsprechend gepflegt, sodass die Natur sich entfalten kann. Denn etliche Pflanzenarten, die vor einigen Jahrzehnten noch häufig waren, stehen heute vor dem Aussterben. Vor allem jene Wildkräuter, die auf nährstoffarmen Böden vorkommen, haben es durch den Einsatz von Düngemittel und Pestizide schwer. Viele Insekten können von der Umstellung der Pflege und der erhöhten Blütenvielfalt profitieren. In der EU sind 31 % der Schmetterlingsarten rückgängig. Während der Verlust bisher auf der Flur durch den Einsatz von Pestiziden am höchsten war und die Arten in Blumenbeeten ein Refugium finden konnten, verschlechtert der aktuelle Trend der „Schotterbeete“ vor den Häusern die Bedingungen für die Insekten innerhalb der Ortschaften. Dabei spielen viele Insekten (und zwar nicht nur die Honigbienen) eine wichtige Rolle bei der Bestäubung der Wild- und Kulturpflanzen. Das Projekt wird sicherlich Auswirkungen auf das Erscheinungsbild unserer Gemeinde haben. Für manche unter uns wird es weniger „propper“ sein, andere werden die Blumen und Blüten genießen, vor allem nach genauerer Betrachtung der Schmetterlinge, Hummeln und Wildbienen, die von dem Nahrungsangebot angezogen werden. Auch wenn es stellenweise wilder aussehen wird, so wollen wir auf jeden Fall vermeiden, dass unsere Ortschaften ver-wildern. Aus diesem Grund werden wir das Projekt zusammen mit der Biologischen Station SIAS weiterentwickeln und unserer Maßnahmen gegebenenfalls anpassen. Die Biologische Station SIAS steht nicht nur unseren Gemeindegärtnern als Berater zur Verfügung, sondern berät auch Privatleute bei der ökologischen Aufwertung ihrer Vorgärten oder Rasenflächen rund ums Haus. Ansprechpartner für unsere Gemeinde ist Marc THIEL. Biologische Station SIAS - Kontaktperson Gemeinde Manternach: Marc THIEL - 5, rue de Neuhaeusgen - L-2633 Senningerberg Tel: 34 94 10 – 26 - Mail: m.thiel@sias.lu 46


Konzept der reduzierten Mahd an der BMX-Anlage an der alten Schule in Berburg: lediglich jene Areale, die regelmäßig genutzt werden, werden auch regelmäßig gemäht.

Muss diese Fläche am Wasserbecken in Münschecker ständig gemäht werden? – Nein! In Zukunft werden hier die Wildblumen blühen.

Der sehr seltene Wiesensalbei hat am alten Wasserbecken in Lellig eines seiner letzten Refugien in der Gemeinde Manternach gefunden.

So soll es sein! Spätmahd spart Zeit, fossile Brennstoffe und fördert die Biodiversität. Bienen und Schmetterlinge danken für einen reich gedeckten Tisch.

47


Naturgarten oder Schotterbeet: über Ästhetik lässt sich streiten; über die Sinnhaftigkeit oder die ökologische Wertigkeit nicht.

BUNTE VIELFALT: SCHMETTERLINGE IN MEINEM GARTEN Ein aufmerksamer Beobachter hat schon längst festgestellt, dass er seine Windschutzscheibe viel seltener säubern muss als noch vor 20 Jahren. Während der Spritztour an einem sonnigen Sommertag klatscht nur noch selten eine Fliege, Biene oder ein Schmetterling gegen die Scheibe. Im letzten Jahr hat die Forschung des Entomologischen Vereins Krefeld eine Zahl zu diesem Phänomen aufgedeckt: ein Verlust von 76% der fliegenden Insektenmasse in 27 Jahren. Durch ihre große Vielfalt und einem Mangel an Experten, ist die Aufnahme der Insekten ein schweres Unterfangen. Eine Gruppe der Fluginsekten wird deswegen oft als Indikator für andere Arten genutzt: die Schmetterlinge (hauptsächlich die Tagfalter) sind gut erforscht. Sie sind charismatischer als z.B. Fliegen und mit überschaubaren 80 Arten in Luxemburg einfach wiederzuerkennen. Prof. Dr. Josef Reichholf hat schon in seiner Kindheit angefangen Offenland Schmetterlinge in seiner Heimat, dem Unteren Inn in Bayern zu zählen. Nach 40 Jahren auch hier eine ernüchternde Feststellung, ein Rückgang von 73% . Schuld am Verlust sind Obdachlosigkeit (Verlust an Lebensräumen), Hunger (Rückgang an Blütenpflanzen) und Vergiftung (Pestizide). Was kann ich tun um zu helfen? Insekten sind auf Nektar und Pollen angewiesen. Wenn ich auf Pestizide (auch Fungizide und Herbizide) im Garten verzichte, schütze ich nicht nur die Bestäuber, sondern auch meine eigene Gesundheit. Die Webseite der Kampagne ‘Ouni Pestiziden’ (www.ounipestiziden.lu) gibt praktische und nützliche Tipps für jeden. Kleine Wildnis-Ecken, in denen sich auch mal Disteln oder Brennnesseln entwickeln können, beherbergen Arten wie Kleiner Fuchs, Tagpfauenauge und Landkärtchen. Wenn zumindest ein Teil des Rasens nicht gedüngt und weniger oft gemäht wird, können sich hier heimische Pflanzen ansiedeln, die wiederum anderen Faltern als Nahrungspflanzen dienen, z.B. Hornklee für die Bläulinge. 48


Mit dem Verständnis der Arten und ihrer Bedürfnisse steigt die Motivation sie zu schützen. In meinem naturnahen Garten kann ich Schmetterlinge bei ihrer Entwicklung von Raupe zu Falter beobachten und lernen, welche Arten welche Pflanzen mögen. Das erlernte Wissen kann ich dann weiter vermitteln und dazu beitragen, die Datengrundlage in Luxemburg zu verbessern. In diesem Sinn organisiert die Biologische Station SIAS, zusammen mit Bee together und LIST folgende Veranstaltungen (Anmeldung erforderlich): Was Wann Wo Sprache Schmetterlinge bestimmen Teil 1 12. Mai Niederanven Englisch Schmetterlinge bestimmen Teil 2 14. Juli Weiler-la-Tour Englisch Schmetterlings-wanderung 3. August Aspelt Luxemburgisch Wenn Sie weitere Fragen rund ums Thema Bestäuber und Schmetterling haben, dann melden Sie sich bei: Michelle Clemens, Tel.: 34 94 10 28, m.clemens@sias.lu Biologische Station SIAS, 5, rue de Neuhauesgen, L-2633 Senningerberg

D’GESCHICHTSSÄITEN - DE BERBUERGER WOPEN AN DEN URSPRONG VUM NUMM BERBUERG Als éischten Här vu Berbuerg gëtt 1192 de Cuno de Belpere, Brudder vum Arnoldus ex castro Rupis (aus dem Schlass aus der Fiels) genannt. Wéinst der Ofstamung vun den Hären aus der Fiels, hunn d’Häre vu Berbuerg an hirem Wopen dat selwecht rout Ankerkräiz gedroe wéi d’Häre vun Ouren well se allebéid vun dësen oofgestaamt sinn. Am Joer 1236 huet de Wirich vu Berbuerg nach op folgend Manéier gesigelt: Wirich von Ouren, Herr von Berburg. Déi éischte Nimm ware Belpere, Belrepere, Beaurepaire. Dëss Nimm kann ee bis an d’15. Joerhonnert fannen. Duerno transforméiert sech de Numm fir d’éischt a Berperch, dann Berpurg a Berdtburg bis ee schlussendlech de Numm Berbuerg fanne kann. D’Bedeitung vu Beaurepaire kann een op däitsch als “schöner Zufluchtsort” bezeechnen. Datt de Numm Berbuerg iergendeppes mat engem “Bär” ze dinn huet kann ee kaum unhuelen. De Numm huet sech mat de Joerhonnerten esou erginn. D’Famill vun den Häre vu Berbuerg ass géint dem Enn vum 13. Joerhonnert ausgestuerwen.

49


D’Famill “von Berburg” CUNO VON BERBURG (Belpere) - ernimmt 1192 als Lehnsmann vun der Abtei Iechternach AGNES VON BERBURG (de Pulchro Recessu) - ernimmt am Joer 1221 WIRICH I. VON BERBURG (Berreper, Beaurepaire, Belrepaire) - genannt Wirich von Ouren, Herr von Berburg - ernimmt 1231-1258 - de Wirich von Berbuerg war ee vun de bescht ugesinnenen Edelsleit aus senger Zäit gewiescht. Säi Numm kann een a villen Akte fannen, wéi zum Beispill och op der Fräiheetscharta vun Iechternach (1236) a vun der Staat Lëtzebuerg (1244). - am Joer 1236 gëtt hien och als Här vun Temmels genannt. HEINRICH VON BERBURG (de Bellorepayrio) - ernimmt 1251 HUGO VON BERBURG (de Berreperch, Bearepeir) - ass vun 1256-1267 als “Klostervogt” vun der Abtei Iechternach zu Bech genannt ginn KATHARINA VON BERBURG - Si war déi zweet Priorin am adelege Fraeklouschter am Mariendall (1288) JOHANN VON BERBURG (Berreper, Belreperch, Berpech) - Hie war e Vassal vum Keeser Henri VII a war oft um Keeseschhaff zu Speier. Him hu Lehensgidder zu Euren, Temmels, Biwer a Stolzebuerg gehéiert. Fir seng trei Déngschter ass hie vum Schlass Lëtzebuerg mat den Allodialgidder zu Mertert a Waasserbëlleg beschenkt ginn. Zu senger Zäit ass och déi éischte Kéier d’Mille vu Berbuerg ernimmt ginn (1280) WIRICH II. VON BERBURG (de Beaurepaire) - iwwer hien ass net esouvill bekannt. Hien ass seelen ernimmt ginn, seng Fra war d’Agnes von Burscheid.

WIRICH IV. VON BERBURG - Hien ass seelen ernimmt ginn. Hien ass scho virun 1378 gestuerwen an ass an der Familljegrouft an der Abteikierch zu Iechternach bäigesat ginn. Vue datt keng Kanner aus sengem Bestietnis mam Johanna von Rodemacher gebuer goufen ass d’Herrschaft Berbuerg dunn un d’Famill von Gymnich gaangen. Duerch wéi eng Relatioun dëst geschitt ass, konnt bis haut nach net erausfonnt ginn.

Vun den Häre vu Berbuerg sollen och d’Häre vu Lelleg ofgestaamt hunn, well si hu sech laang Zäit als “Häre vu Lelleg vu Berbuerg” betitelt. Zum Beispill de Wilhelm von Lellig von Berburg, deen sech am Joer 1478 mam Catharina von Wampach bestuet huet an hier als WIRICH III. VON BERBURG (Berpergh, Berperich) - genannt ginn tëschent 1328 an 1370. Hie war Adelsrichter “douaire, la maison castrale de Berbourg avec dépendances” geschenkt huet. vum Groussherzogtum Lëtzebuerg vun 1353 bis 1360. Seng Duechter d’Elisabeth von Lellig von Berburg huet sech 1540 mam Hie louch begruewen virum Altor vun der helleger Katharina Dietrich Mohr von Wald bestued. Hire Nokommen hunn nach gréisser Besëtztimmer bis un d’Enn vum 18. Joerhonnert zu Berbuerg gehéiert. an der Abteikierch vun Iechternach 50

Quellen: Brochure Fanfare de Berbourg 75 Anniversaire, Nationalarchiv


ETAT CIVIL Naissances entre le 12.12.2018 et le 20.03.2019

Décès entre le 12.12.2018 et le 20.03.2019

KERSCH Lena Hanna

15.12.2018

DUHR Marthe Régine

22.12.2018

SCHWALL Cattleya Christine

28.01.2019

WILDGEN Alphonse Jean Pierre

22.12.2018

DE MORAIS COSTA Kendrian Miguel

11.02.2019

CASH Frank Garry

26.12.2018

DOS SANTOS Ayden

01.03.2019

Fève Maria Elisabeth

06.01.2019

FELTES Dorothée Rose

07.01.2019

Mariages entre le 12.12.2018 et le 20.03.2019 KOOB Sam WEBER Esther Josée Marie Anne

21.12.2018

LOURENCO DOS SANTOS Ricardo Alexandre BUZAS Alexandra

21.12.2018

JIMENEZ HOLGUIN José Raul GANSEN Tamara

15.03.2019

NEI ËFFNUNGSZÄITEN VUN DER GEMENG Méindes: Dënschdes: Mëttwochs: Donneschdes: Freides:

08:00 - 12:00 Auer | 13:30 - 17:00 Auer 08:00 - 12:00 Auer | 13:30 - 17:00 Auer 07:00 - 12:00 Auer | 13:30 - 17:00 Auer 08:00 - 12:00 Auer | 13:30 - 17:00 Auer 08:00 - 12:00 Auer | Mëttes ass zou

DE SOUSA OLIVEIRA Maria Emilia

08.01.2019

MANTZ-MUSSIGBRODT Gerda Ella

08.01.2019

KRACK Emile Nicolas

09.01.2019

GILLEN Maria 15.01.2019 POUPART-PIRRI Ivorta

29.01.2019

SIMON Rosa 06.02.2019 PETRY Armand Jean Pierre

11.02.2019

WEYDERT Henriette Catherine

02.03.2019

KONTAKT Secrétariat

Service technique

ROSEN Guy Tél.: 71 01 72 - 23 Secrétaire communal f.f. Fax: 71 08 16

MATHAY Germain Tél.: 71 01 72 - 24 Ingénieur diplômé Fax: 71 08 16

GRÄFF Caroline Tél.: 71 01 72 - 30 Rédacteur communal Fax: 71 08 16

WANTZ Marc Tél.: 71 01 72 - 25 Expéditionnaire technique Fax: 71 08 16

secretariat@manternach.lu

technique@manternach.lu

Population THEWES Véronique Réception et Bureau de Population

Service d’incendie Tél.: 71 01 72 - 21 Fax: 71 08 16

Recette MEYERS-DOSTERT Monette Receveur communal

WEIS Christian Tél.: 621 250 952 Chef de Corps Service forestier

Tél.: 71 01 72 - 22 Fax: 71 08 16

ROEDER Luc Tél.: 26 71 67 - 1 Préposé forestier Tél.: 621 202 133 Service technique: Centre de recyclage

www.manternach.lu www.facebook.com/manternach.lu/

PAULUS Paul Chef d’Equipe

Tél.: 710 710 Tél.: 621 290 332

51


MANIFESTATIOUNEN Abrëll 2019 05.04.2019

Schoulsportdag - Centre Beaurepaire Berbuerg Org.: Schoulpersonal vum Synecosport

24.05.2019

Coupe scolaire mat de Vëloen zu Berbuerg Org.: Schoulpersonal vum Synecosport

05+06.04.2019 Berbuerger Wies’n - Centre Beaurepaire Berbuerg Org.: F.C. Berdenia Berbuerg

26.05.2019

Trëppeltour - Centre Beaurepaire Berbuerg Org.: Syndicat d’Initiative Berbuerg

07.04.2019

30.05.2019

45. Landjugenddag 2019 zu Berbuerg Org.: Landjugend Maacher

Sunday Lunch - Centre Kräizstrooss Lellig Org.: Fraen a Mamme Lellig

Mee 2019

Juni 2019

01.05.2019

1. Mee-Feier Org.: Entente des sociétés Berbuerg, Manternach

02.06.2019

Berbuerger Maart Schoulstrooss Berbuerg

03.05.2019

Mee Spadséiergang zu Mënjecker Org.: Mënjecker Kueben

04.05.2019

Concert BBM zu Berbuerg Centre Beaurepaire Berbuerg Org.: Bech-Berbuerger Musek

07+08.06.2019 Kings of Penalty – 11. Editioun Parking Rénert Berbuerg Org.: F.C. Berdenia Berbuerg

05.05.2019

Aweihung vum Fändel a Musekssall Concert: Fanfare Municipale Luxembourg Bonnevoie Centre Beaurepaire Berbuerg Org.: Bech-Berbuerger Musek

10.06.2019

Duerffest, vill Concerten a Stage Addicts beim Weier zu Bech - Org.: Bech-Berbuerger Musek

14.06.2019

Grill an Chill (vu 16:00 Auer un) Org.: Maison Relais Rénert

16.06.2019

Multi-Kulti Fest op der Duerfplaz zu Berbuerg Org.: Integratiounskommissioun

10.05.2019

Concert: Musique Militaire Grand-Ducale Centre Beaurepaire Berbuerg Org.: Bech-Berbuerger Musek

16.06.2019

11.05.2019

Lëtzebuerger Owend, Dëppegéisser, Two Man Sound Centre Beaurepaire Berbuerg Org.: Bech-Berbuerger Musek

Fréijoersfest am Syrdallschlass Syrdallschlass Manternach Org.: Centre Thérapeutique Manternach

20.06.2019

Déckkäpp am Centre Beaurepaire Berbuerg Org.: FC Berdenia Berbuerg

12.05.2019

Concert: Harmonie Municipale Echternach / Esch-sur-Alzette am Centre Beaurepaire Berbuerg Org.: Bech-Berbuerger Musek

22.06.2019

Nationalfeierdag zu Menjecker Centre Kueb Mënjecker

19.05.2019

Duerfbeschass am Stade Rénert Org.: F.C. Berdenia Berbuerg

29.06.2019

Summerfest am Haaptmann‘s Schlass Haaptmann’s Schlass Berbuerg Org.: Amicale vum Haaptmann‘s Schlass

52


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.