Mir wënschen e gudde Rutsch an d’neit Joer!
GEMENGEBUET IV / 2019
INDEX Editorial vum Buergermeeschter 03 - 04 GemengerotssĂŤtzung vum 30.10. an 02.12.2019 Den Dag vum Bam mam Cycle 2.1 vum Synecosport
14
Den Dag vum Bam an der Gemeng Manternach
14
Adventfeier vun der Seniorekommissioun den 01.12.2019 am Centre Beaurepaire
2
05 - 13
15 - 16
Infoversammlung vum Offallkonzept
17
Aweiung vun engem neien Trakter fir de Service Technique
18
Nachhaltigkeit macht Schule
19 - 20
Publications
21 - 35
Flyer Ruffbus
36
SMS2Citizen
37
Interdiction Feu d’artifice
38
Etat civil a Kontakt
39
Publications
40
EDITORIAL Léif Matbiergerinnen a Matbierger, Ech wëll op dëser Plaz nach eng Kéier op eis nei Offalltaxen an eist Offallreglement agoen. Et ass sécherlech keng einfach Aufgab fir Politiker verschidde Mesuren ze huelen, mee leider ass et heiansdo, wéi an dësem Fall, net anescht méiglech well d’Gesetz engem keng aner Optioune léisst. Mir mussen eis hei, genau wéi beim Drénk- an Ofwaasser och, konform zu de Gesetzer setzen an dem Prinzip vum Pollueur-payeur, also der integraler Käschtendeckung, Rechnung droen. Hei den Extrait aus dem Offallgesetz vum 21. März 2012: « les taxes communales relatives à la gestion des déchets doivent couvrir l’ensemble des frais encourus par les communes respectives en matière de gestion des déchets ». Dat hätt bal 8 (!) Joer nom a Kraaft triede vum Gesetz eigentlech scho laang misse geschéien. Een obligatorescht Offallreglement wat d’Reegelen a Flichte vun der Gemeng an de Bierger festleet, hate mir bis dato iwweregens nach guer keent. Mir haten den 3. Dezember eng Informatiounsversammlung well ech där Meenung sinn, dass et wichteg ass d’Leit aus der Gemeng iwwert esou wichteg Ännerungen ze informéieren, besonnesch well am Virfeld scho vill onkomplett an irreführend Informatiounen am Ëmlaf waren. Vill Leit haten dann och de Wee op Berbuerg fonnt. Ech well et trotzdeem hei nach eng Kéier kuerz erklären, fir all déi, déi deen Owend keng Zäit haten, respektiv nach weider Explikatioune brauchen. Mir hu virun engem Joer, esou wéi d’Gesetz dat verlaangt, d’Biotonn agefouert an eis Offer u Poubelle staark verbessert. Sou hu mir besonnesch bei de bloen a grénge Poubellen eng méi grouss Offer fir d’Leit. Am Géigesaz zu verschiddenen anere Gemenge stelle mir de Stéit des Poubellen zur Verfügung an des fléissen och net an d’Berechnung vun de Präisser mat ran. Et brauch een deemno keng Taxe d’acquisition ze bezuelen. Well déi lescht Upassung vun der Präisser schonn op d’Joer 2008 zeréck geet, fält des Upassung leider méi hefteg aus. An de leschte Joren huet d’Gemeng all Kéiers ëm déi 200.000 € bei der Offallentsuergung bäigeluecht, wat ebe laut dem Gesetz net erlaabt ass. Duerch des feelend Recette konnten iwwerdeems och vill aner Projete net oder net richteg realiséiert ginn. Ech wäert am nächste Buet méi am Detail dorop agoen. An de Fixkäschte vun der schwaarzer Poubelle ass déi komplett Offer mat integréiert: souwuel déi blo Poubelle fir de Pabeier, déi gréng fir d’Glas, déi brong fir de Biomüll wéi och de Grünschnitt, de Grünschnittcontainer an de mobile Recyling Center, deen ab Abrëll erëm wäert op Berbuerg kommen. D’Offer ass also schonn ausgeweit ginn. Wéi vum Gesetz virgesinn hu mir awer och een Chip agefouert, dee registréiert, wéi oft eng Poubelle eidel gemaach gëtt. Sou kenne Stéit, déi hier Poubelle just nach all zwou Woche rausstellen, iwwer 100 € am Joer spueren. An dat soll och jidderengem säin Zil sinn: am Sënn vun engem méi bewosste Sënn fir eist Klima an eis Ëmwelt soll all Stot versiche souvill Dreck wéi méiglech ze vermeiden an ze trennen. Et soll een also vill Gebrauch vun den anere Poubelle maachen, déi am Präis mat dra sinn, an dofir déi schwaarz net méi sou oft rausstellen a Sue spueren. Ech wëll an deem Kontext awer och nach eng Kéier op eis „Allocation de solidarité +“ erënneren, déi all finanziell net sou gutt gestallte Stot erméiglecht, bis zu 2.000,-€ pro Joer vun der Gemeng ze kréien. De ganze Gemengerot hofft hei op d’Versteesdemech vun alle Biergerinnen a Bierger fir dës alternativlos Decisioun, un der momentan och all aner Gemengen aus der Ëmgéigend schaffen. Esou wäerten dann an engem bis zwee Joer alleguer d’Präisser an der Ëmgéigend an änleche Parage sinn. Wann dir elo nach weider Froen hutt, kënnt dir iech gäre per Mail op jean-pierre.hoffmann@manternach.lu bei mir mellen oder e Rendezvous am Schäfferot froen. Op d’Pläng déi mir am Budget 2020 festgeluecht hunn ginn ech och am nächste Buet an. Ech well iech lo schonn Allerguer am Numm vum Schäffen- a Gemengerot schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch wënschen. Jempi Hoffmann Buergermeeschter
3
Chères citoyennes et chers citoyens, J’aimerais profiter de cette préface pour vous présenter encore une fois le règlement de la gestion des déchets, ainsi que la nouvelle taxe y relative. Il convient de souligner que certaines mesures ne sont pas faciles à prendre pour les responsables politiques mais parfois on ne nous laisse, malheureusement, aucune marge de manœuvre. Nous devrions ici, tout comme ce fut le cas pour les taxes de l’eau potable et des eaux usées, en tant que commune, nous mettre conforme à la législation nationale et respecter le principe du pollueur-payeur. Veuillez voir ci-après un extrait de la loi du 21 mars 2012 relative à la gestion des déchets : « les taxes communales relatives à la gestion des déchets doivent couvrir l’ensemble des frais encourus par les communes respectives en matière de gestion des déchets ». Si on considère que la mise en œuvre de cette loi se passait il y a presque 8 ans, cette adaptation législative aurait donc déjà avoir eu lieu préalablement. Un règlement communal concernant la gestion des déchets et fixant les droits et les obligations de la part de la commune et des citoyens faisait défaut jusqu’à présent. En date du 3 décembre la Commune a organisé une réunion d’information, puisque j’estime qu’il faut informer les personnes concernées sur des changements ayant une telle envergure. Ce fut d’autant plus important parce qu’au préalable, des informations non complètes et trompeuses circulaient. Beaucoup de gens ont suivi l’appel. Tout de même j’aimerais expliquer encore une fois le contexte pour tous ceux qui ne pourraient pas être présents respectivement pour tous ceux qui demandent encore des explications supplémentaires. Il y a un an, la commune a introduit, comme le prévoit la loi, la poubelle pour déchets organiques et, en plus, étoffé l’offre de poubelles de manière considérable. Surtout en ce qui concerne les poubelles bleues et vertes, le choix est nettement plus grand maintenant. Au contraire de ce que font certaines autres communes, il s’y agit d’une mise à disposition des poubelles de la part de la Commune de Manternach. En plus, les coûts ne seront pas intégrés dans l’évaluation de la taxe. Aucune taxe d’acquisition n’est prélevée. Puisque la dernière adaptation des tarifs remonte déjà à l´année 2008, cette adaptation sera malheureusement un peu plus conséquente. Pendant les dernières années, la Commune a annuellement subventionné la gestion des déchets par des montants d´environ 200.000 €, ce qui est, d´après la législation nationale, pas autorisé. A cause des recettes manquantes au budget, beaucoup de projets importants n´ont pas pu être réalisés ou seulement de manière insuffisante. Dans les coûts fixes qui incombent pour la poubelle noire, l´offre intégrale suivante en fait partie : la poubelle bleue pour le papier, la verte pour le verre, la brune pour les déchets organiques tout comme les déchets verts, le container pour les déchets verts et le recycling mobile. L´offre a donc déjà été étendue de manière considérable. Comme la loi l´ordonne, nous venons d´intégrer un chip dans les poubelles noires afin d´enregistrer le nombre de vidanges. Ainsi les ménages qui ne vident leurs poubelles noires que toutes les deux semaines, peuvent épargner plus de 100€ par an. Le but de chacun devrait être, dans la perspective de protéger notre environnement et le climat, d´éviter au maximum les déchets et de séparer les déchets convenablement. Les ménages pourront faire plus usage des autres poubelles, qui sont inclus dans les tarifs, à ce qu´ils n´auront plus besoin de mettre la poubelle noire aussi souvent et pour épargner ainsi. Dans ce contexte, j´aimerais encore une fois vous rappeler notre nouvelle « allocation de solidarité + » qui permet d´octroyer aux ménages, étant dans une situation financière précaire, chaque année une somme de maximum 2.000,- € de la part de la Commune. L´ensemble du conseil espère avoir la compréhension des citoyennes et des citoyens pour cette décision dont la loi ne nous laissait aucune autre option, tout en sachant que grand nombre de communes avoisinantes sont eux aussi en train d´adapter les tarifs. Dans un horizon de temps d´une à deux années, toutes les communes de la région devraient ainsi demander des tarifs comparables. En cas de questions supplémentaires, n´hésitez de me contacter par email ou de demander un rendez-vous au collège des bourgmestre et échevins. Dans la prochaine édition, je vais aborder les plans qui seront intégrés dans le budget 2020. J´aimerais, au nom du Conseil Communal, vous souhaiter de bonnes fêtes de fin d´année. Jempi Hoffmann Bourgmestre 4
GEMENGEROTSSËTZUNG VUM 30. OKTOBER 2019
1)
REUNION DU CONSEIL COMMUNAL DU 30 OCTOBRE 2019
Dagesuerdnung
Ordre du jour
An der geschlossener Sëtzung
En séance huis clos
Prise de position vum Gemengerot bezüglech engem Fax un den Här Buergermeeschter
1)
Prise de position du conseil communal par rapport à un fax adressé à Monsieur le Bourgmestre En séance publique
An ëffentlecher Sëtzung 2)
Unhuele vu Recetten
2)
3)
Erneierungsufro /Reprise vu Grafkonzessiounen
3.1) 3.2)
3) Demande de renouvellement /reprise des concessions tombales
4)
MA_29 Delvaux-Beffort MA_37 Heinz-Stamm
Approbation de recettes
3.1) 3.2)
Ufro fir d’Erneierung vun enger Grafkonzessioun
4)
Demande de nouvelle concession tombale
4.1)
4.1) BE-30 Reckinger Schiltz
5)
Ännerung vum Verkéiersreglement
5)
Modification du règlement de circulation
5.1) 5.2) 5.3)
BE_30 Reckinger-Schiltz
Kierchewee zu Manternach Ab der Kräizung vun der rue « Um Bëschelt » bis un d’Kräitzung vun der rue « Ale Wee », déi Riets Säit Am Wangertsbierg zu Mënjecker
5.1) 5.2) 5.3)
MA-29 Delvaux-Beffort MA-37 Heinz-Stamm
Kierchewee à Manternach A partir de l’intersection avec la rue « Um Bëschelt » jusqu’à l’intersection avec la rue « Ale Wee », côté droit Am Wangertsbierg
6) Unhuele vum Leitbild vun der Gemeng Manternach Klimapakt
6)
7) Geneemegung vun der Konventioun bezüglech der Koordinatioun an dem Suivi régional vun de „Programmes de mesures de protection autour des captages d’eau potable“ duerch en Waasseranimateur vum Naturpark Mëllerdall
7) Approbation de la convention concernant la coordination et le suivi régional des programmes de mesures en zone de protection autour des captages d’eau potable par un « animateur ressources eau potable » du Naturpark Mëllerdall
8)
8)
Comité d’accompagnement fir d’Drénkwaasser an der Regioun vum Naturpark Mëllerdall
8.1) 8.2)
Nominatioun vun engem Representant vum Comité d’accompagnement fir d’Drénkwaasser an der Regioun vum Naturpark Mëllerdall Nominatioun vun engem Suppléant vum Comité d d’’accompagnement fir d’Drénkwaasser an der Regioun vum Naturpark Mëllerdall
Approbation du Leitbild de la commune de Manternach – pacte climat
Comité d’accompagnement pour l’eau portable de la région du Parc naturel du Mëllerdall
8.1) 8.2)
Nomination d’un représentant au comité d’accompagnement pour l’eau potable de la région du Parc naturel du Mëllerdall Nomination d’un suppléant au comité d’accompagnement pour l’eau potable de la région du Parc naturel du Mëllerdall
9)
Avis bezüglech der Reorganisatioun vum RGTR-Reseau
9)
Avis concernant la réorganisation du réseau RGTR
10)
Geneemegung vun Decompten
10)
Approbation de décomptes
11)
Syndikater / Kommissiounen – Informatioune vun den Delegéierten / Presidenten
11) Syndicats / Commissions – Informations des délégués / Présidents
12)
Kommunikatioun vum Schäfferot a Froe vun de Conseilleren
12)
Communication du collège des bourgmestre et échevins et questions des conseillers 5
Uwiesend:
Présents:
HOFFMANN Jean-Pierre, Buergermeeschter KLEIN-UNGEHEUER Alix, Schäffin THEISEN Claude, Schäffen KLEIN-SEIL Henriette, THOSS-LEHMANN Marie-Rose, MEHLEN Robert, KRIER-STEINMETZ Isabelle, HELLERS Frank, Gemengeréit ROSEN Guy, secrétaire communal f.f.
HOFFMANN Jean-Pierre, Bourgmestre KLEIN-UNGEHEUER Alix, Échevine THEISEN Claude, Échevin KLEIN-SEIL Henriette, THOSS-LEHMANN Marie-Rose, MEHLEN Robert, KRIER-STEINMETZ Isabelle, HELLERS Frank, Conseillers ROSEN Guy, secrétaire communal f.f.
Absent:
Absents:
a) entschëllegt: SCHRAM-PETRI Alice, Gemengerot b) onentschëllegt : /
a) excusé(e)s: SCHRAM-PETRI Alice, Conseiller b) sans motif: /
An der geschlossener Sëtzung
En séance huis clos
1) Prise de position vum Gemengerot bezüglech engem Fax un den Här Buergermeeschter
1) Prise de position du conseil communal par rapport à un fax adressé à Monsieur le Bourgmestre
De Gemengerot huet iwwert e Fax diskutéiert deen un den Här Buergermeeschter geriicht war, an huet entscheet dorobber ze äntweren.
Le conseil a discuté au sujet d’un fax envoyé au Bourgmestre et a décidé d’y répondre. En séance publique
An der ëffentlecher Sëtzung
2) Approbation de recettes
2) Unhuele vu Recetten Déi folgend Recettë vun de Joren 2018 an 2019 goufen eestëmmeg vum Gemengerot ugeholl:
Les recettes suivantes des années 2018 et 2019 ont été approuvées à l’unanimité des membres présents du conseil communal:
Titres de recettes 2018 Article budgétaire Libellé 2/412/702200/99001 Vente de bois de chauffage
Montant
745,60 € Total: 745,60 €
Titres de recettes 2019 Article budgétaire Libellé
Montant
1/640/162000/99001 Part de l’Etat dans le renouvellement de l’éclairage public 1.400,00 € 2/170/707120/99001 Impôt commercial - participation directe 34.000,00 € 2/170/744560/99001 Fonds de dotation globale des communes - tranche juillet 2019 856.460,00 € 2/170/744560/99001 Fonds de dotation globale des communes - tranche septembre 2019 856.460,00 € 2/180/748391/99001 TVA à récupérer de l’Administration de l’Enregistrement et des Domaines 5.951,05 € 2/180/755300/99001 Intérêts sur créances commerciales 1,74 € 2/412/702200/99002 Vente de bois long -537,01 € Total: 1.753.735,78 €
6
3) Ufro fir d’Erneierung/d’Reprise vu Grafkonzessiounen 3.1 & 3.2) D’Ufroe fir d’Grafkonzessiounen „MA_n°29 Delvaux-Beffort„ an „MA_n°37 Heinz-Stamm“ goufen eestëmmeg vum Gemengerot ugeholl.
4) Ufro fir d’Erneierung vun enger Grafkonzessioun 4.1) D’Ufro fir eng nei Grafkonzessioun „BE_n°30 Reckinger-Schiltz“ attribuéiert ze kréien, gouf eestëmmeg vun de Membere vum Gemengerot ugeholl. 5) Ännerung vum Verkéiersreglement
3) Demande de renouvellement /reprise des concessions tombales 3.1 & 3.2) Les demandes pour les concessions tombales « MA_N°29 Delvaux-Beffort » et « MA_N°37 Heinz-Stamm » ont été approuvées par tous les membres présents du conseil communal. 4) Demande de nouvelle concession tombale 4.1) La demande pour une nouvelle attribution d’une concession tombale « BE_N°30 Reckinger Schiltz a été approuvée par tous les membres présents du conseil communal. 5) Modification du règlement de circulation
De Gemengerot huet eestëmmeg déi folgend Ännerunge vum Verkéiersreglement ugeholl:
Le conseil communal approuve à l’unanimité des membres présents les changements des règlements de circulation suivants:
5.1) am Kierchewee zu Manternach: Park- a Stationnéierverbuet op der Ganzer längt vum Kierchewee.
5.1) dans la rue Kierchewee à Manternach: Interdiction de se garer et de stationner le long du Kierchewee à Manternach.
5.2) Ab der Kräizung vun der rue « Um Bëschelt » bis un d’Kräitzung vun der rue « Ale Wee », ass op där Rietser Säit Stationnéierungsverbuet. 5.3) am Wangertsbierg zu Mënjecker gouf de Parkverbuet beim Haus Nr. 11 opgehuewen.
5.2) Interdictino de stationner à partir de l’intersection avec la rue « Um Bëschelt » jusqu’à l’intersection avec la rue « Ale Wee », côté droit 5.3) L’interdiction de se garer près de la maison numéro 11, dans la rue Am Wangertsbierg à Münschecker, a été annulée.
7
6) Unhuele vum Leitbild vun der Gemeng Manternach Klimapakt
6) Approbation du Leitbild de la commune de Manternach – pacte climat
De Gemengerot huet d’Leitbild vun der Gemeng Manternach eestëmmeg ugeholl. D’Gemeng setzt sech a fir verschidden Ännerungen a verschidden Domainer ëmzesetzen, fir eng méi nohalteg Politik ze gestalten a fir d’Ëmwelt besser ze protegéieren. Folgend Beräicher ginn dobäi viséiert:
1. Landesplanung 2. Gemengegebaier an Installatiounen 3. Versuergung an d’Gestioun vum Offall 4. Mobilitéit 5. Intern Organisatioun 6. Kommunikatioun, Kooperatioun
7) Geneemegung vun der Konventioun bezüglech der Koordinatioun an dem Suivi régional vun de „Programmes de mesures de protection autour des captages d’eau potable“ duerch en Waasseranimateur vum Naturpark Mëllerdall De Gemengerot huet déi genannte Konventioun eestëmmeg ugeholl. Am Kader vun der Ariichtung an der Ausféierung vun de Miessprogrammer an de “zones de Protection autour des captages d’eau destinée à la consommation humaine” laut dem Artikel 44 (9) vum geännerte Gesetz vum 19. Dezember 2008 bezüglech dem Waasser, gouf eng Chargée de Mission “Drénkwaasseranimateur” vum Naturpark Mëllerdall agestallt. Si ass d’Kontaktpersoun an dee regionalen Intermédialre fir all betraffen Acteuren (Gemengen, Administratiounen, Propriétairen, Exploitanten, Associatiounen, ONG’en, d’Ëffentlechkeet, etc.). Well verschidden Zones de Protection, déi an der Regioun vum Mëllerdall leien, awer vu Net-Member-Gemenge vum Naturpark Mëllerdall exploitéiert ginn, ass et wichteg fir déi regional Kollaboratioun ze formaliséieren, fir kënne beschtméiglech all d’Sourcë vum Drénkwaasser an der Regioun ze schützen. Dës Konventioun huet also als Objet fir e Comité d’accompagnement op d’Been ze stellen a fir d’Nëtzungsbedingungen an de Finanzement vum “Waasseranimateur” festzeleeën.
8) Comité d’accompagnement fir d’Drénkwaasser an der Regioun vum Naturpark Mëllerdall 8.1) Nominatioun vun engem Representant vum Comité d’accompagnement fir d’Drénkwaasser an der Regioun vum Naturpark Mëllerdall De Gemengerot huet den Här Germain MATHAY als Representant vum u.g. Comité d’accompagnement noméiert. 8.2) Nominatioun vun engem Suppléant vum Comité d’accompagnement fir d’Drénkwaasser an der Regioun vum Naturpark Mëllerdall De Gemengerot huet d’Madame Alix KLEIN-UNGEHEUER als Suppléant vum u.g. Comité d’accompagnement noméiert. 8
Le conseil commmunal a unanimement approuvé le Leitbild de la commune de Manternach. La commune s’engage à apporter des changements dans plusieurs domaines afin de veiller à mettre en œuvre une politique plus durable et à protéger l’environnement, à savoir :
1. aménagement du territoire 2. bâtiments et installations communaux 3. alimentation et gestion des déchets 4. mobilité 5. organisation interne 6. communication, coopération
7) Approbation de la convention concernant la coordination et le suivi régional des programmes de mesures en zone de protection autour des captages d’eau potable par un « animateur ressources eau potable » du Naturpark Mëllerdall Le conseil communal approuve à l’unanimité des membres présents la convention en question. Dans le cadre de l’établissement et de la mise en oeuvre des programmes de mesures dans les zones de protection autour des captages d’eau destinée à la consommation humaine, conformément à l’article 44 (9) de la loi modifiée du 19 décembre 2008 relative à l’eau, une chargée de mission « animateur ressources eau potable » a été engagée par le Naturpark Mëllerdall. Elle sera la personne de contact et l’intermédiaire régional pour tous les acteurs concernés (communes, administrations, propriétaires, exploitants, associations, ONG, grand public, etc.). Etant donné que certaines zones de protection situées dans la région Mëllerdall sont exploitées par des communes non-membres du Naturpark Mëllerdall, il est primordial de formaliser la collaboration régionale afin de garantir la meilleure protection pour toutes les sources et captages d’eau potable de la région. La présente convention a donc pour objet l’instauration d’un comité d’accompagnement et la fixation des modalités d’engagement et de financement de l’« animateur ressources eau potable ». 8) Comité d’accompagnement pour l’eau portable de la région du Parc naturel du Mëllerdall 8.1) Nomination d’un représentant au comité d’accompagnement pour l’eau potable de la région du Parc naturel du Mëllerdall Le conseil communal a nominé Monsieur Germain MATHAY en tant que représentant de la commune de Manternach au sein du comité d’accompagnement pour l’eau portable de la région du Parc naturel du Mëllerdall. 8.2) Nomination d’un suppléant au comité d’accompagnement pour l’eau potable de la région du Parc naturel du Mëllerdall Le conseil communal a nominé Madame Alix KLEIN-UNGEHEUER en tant que suppléante de la commune de Manternach au sein du comité d’accompagnement pour l’eau portable de la région du Parc naturel du Mëllerdall.
9) Avis bezüglech der Reorganisatioun vum RGTR-Reseau De Gemengerot vun der Gemeng Manternach deelt Iech folgend Kommentare mat:
9) Avis concernant la réorganisation du réseau RGTR Le conseil communal de la Commune de Manternach tient à vous soumettre les commentaires suivants :
- Ligne 274 (ancienne 474)
- Ligne 274 (ancienne 474)
De Gemengerot begréisst d’Verbesserung vun de Frequenzen / der Periodicitéit wärend de Stousszäiten (all 30 Minutten) a wärend dem Recht vum Dag (all Stonn); De Gemengerot weist déi Responsabel vun der Reorganisatioun vum RGTR-Reseau drop hin, op d’Koordinatioun tëscht den Horairë vum Bus a vum Zuch opzepassen. Et ass essentiell, dass d’Frequenze vun de Korrespondenzen an d’Luucht gesat gi fir dass d’Zäite vum Bus/ Zuch iwwert enee stëmmen. Wann d’Frequenzen um Zuchreseau an d’Luucht gesat ginn, ass den ëffentlechen Transport méi intressant fir d’Bierger vun der Gemeng. Virun allem fir d’Awunner vu Berbuerg ass et wichteg, dass d’Horaire vun den Arrivéeën an Departe vum Zuch op der Gare zu Wecker un den Horaire vun der Buslinn 274 ugepasst ginn.
Le conseil communal approuve l’amélioration des fréquences / de la périodicité pour les heures de pointes (toutes les 30 min.) et pour le reste de la journée (tous les 60 min.) ; Il importe au conseil communal d’attirer l’attention des responsables de la réorganisation du réseau RGTR à la nécessité de veiller à une coordination des horaires des bus et avec celle des trains. Il sera indispensable d’augmenter les fréquences des correspondances, de veiller à une mise en cohérence des horaires trains/bus. L’augmentation des fréquences des correspondances sur la ligne ferroviaire rendra les transports publics plus attractifs pour les habitants de notre Commune. Il importe surtout pour les habitants de Berbourg que l’horaire des trains arrivant / partant à / de Wecker soit coordonné avec l’horaire du bus 274.
- Ligne 273 (ancienne 475) Och wann de Gemengerot d’Verbesserunge vun de Frequenze begréisst, sou bedauert en d’Bäifüge vun verschiddenen Dierfer, well doduerch den Trajet erhieflech méi laang gëtt. Dëse Projet ass ze iwwerdenken, well e negativ Konsequenze fir d’Bierger vu Lelleg, Manternach a Mënjecker huet. Am Allgemenge bedauert de Gemengerot dass et ëmmer nach keng Verbindung tëscht dem Centre de Développement d’attraction (CDA) an dem neie Lycée zu Jonglënster gëtt. Am Sënn vu méi enger Nohalteger Entwécklung a fir d’Ëmwelt ze schützen, wier de Gemengerot frou, wann d’Transportméiglechkeete méi ekologesch Gefierer wieren, wéi z.B. elektro- oder hybrid Busser. Ausserdeem informéiert de Conseil driwwer dass et wichteg ass fir d’Gréisst vun de Busser nom Besoin unzepassen, fir d’Loftverschmotzung sou wéi d’Stroosseschied ze reduzéieren. D’Schoultrajeten sinn net erwäänt ginn, sou dass de Gemengerot sech net iwwer eventuell Ännerunge kann ausschwätzen. Et ass ze erwänen dass eng Reduktioun vun deene Korrespondenzen op allefall ze vermeiden ass.
10) Geneemegung vun Decompten
- Ligne 273 (ancienne 475) Alors que le conseil communal salue l’amélioration légère des fréquences, il déplore fortement l’ajout des arrêts dans certaines localités parce que ceci engendrait un allongement considérable de la durée du voyage. Ce projet est à reconsidérer alors qu’il comporte des conséquences négatives pour les citoyens des villages de Lellig, Manternach et Münchecker. De manière générale, le conseil communal regrette qu’une connexion avec le centre de développement d’attraction (CDA) et le nouveau Lycée de Junglinster font toujours défaut. Dans le sens d’une responsabilité pour un développement durable et pour une meilleure protection de l´environnement, le conseil communal demande à ce que les moyens de transport soient des véhicules plus écologiques comme par exemple des bus électriques ou hybrides. En outre, le conseil communal tient à signaler qu’il serait important d’adapter les grandeurs des bus selon les besoins, afin de limiter la pollution d´air ainsi que les dégâts routiers. Les courses scolaires ne sont pas mentionnées, de sorte que le conseil communal ne saurait se prononcer sur d’éventuelles modifications. Il est à noter qu’une réduction des correspondances dans ce contexte est à éviter en tout état de cause. 10) Approbation de décomptes
De Gemengerot huet eestëmmeg folgend Decompten ugeholl:
Le conseil communal approuve à l’unanimité des voix des membres présents les décomptes suivants :
- Réaménagement du terrain sis en amont du nouvel atelier communal (référence 13001): 639.734,13 € - Réaménagement Gardewee (réf.14006): 459.188,14 €
- Réaménagement du terrain sis en amont du nouvel atelier communal (référence 13001): 639.734,13 € - Réaménagement Gardewee (réf.14006): 459.188,14 €
11) Syndikater / Kommissiounen – Informatioune vun den Delegéierten / Presidenten Den Här Buergermeeschter huet informéiert dass d’Jugendkommissioun den 21. November 2019 am Café Beichtstull zu Berbuerg e Quizowend organiséiert.
11) Syndicats / Commissions – Informations des délégués / Présidents Monsieur le Bourgmestre informe que la commission des jeunes organisera une soirée quiz le 21 novembre 2019 au Café beim Beichtstull à Berbourg.
9
D’Aweiung vum neie Verkéierskonzept vum Syndikat “Synecosport” gouf op d’nächst Joer verluecht.
L’inauguration du concept de circulation du syndicat « Synecosport » a été reportée à l’année prochaine.
Den Här Robert MEHLEN huet matgedeelt, dass d’Geschichts- a Kulturkommissioun den 22. November 2019 e Lidderowend am Centre Fiisschen zu Manternach organiséiert huet.
Monsieur Robert MEHLEN a rajouté que la commission d’histoire et de la culture organisera le 22 novembre 2019 un « Lidderowend » au centre culturel Fiisschen à Manternach.
12) Kommunikatioun vum Schäfferot a Froe vun de Conseilleren
12) Communication du collège des bourgmestre et échevins et questions des conseillers
Den Dag vum Bam ass dëst Joer de 9. November 2019 zu Berbuerg beim Waasserbaseng, ab 11h00. D’Porte ouverte vum Bëschkierfecht ass de 16. November 2019 vu 9h00 bis 12h00. En zousätzlechen Arrêt, Potaschbierg – Activa zu Gréiwemaacher, gouf dem Service vum RUFFBUS bäigefüügt. Den Här MEHLEN huet gefrot a wéi engem Mooss d’Gemeng mat hirem Elektroauto zefridden wär. Den Här Buergermeeschter huet matgedeelt, dass den Auto de Besoine vum Service Technique géif entspriechen an dass no engem Joer nach keng Nodeeler fest gestallt goufen.
GEMENGEROTSSËTZUNG VUM 2. DEZEMBER 2019
La journée de l’arbre aura lieu le 9 novembre 2019 à Berbourg auprès du réservoir d’eau à 11 :00. La porte ouverte du cimetière forestier aura lieu le 16 novembre 2019 de 9 :00 – 12 :00. Un arrêt supplémentaire a été rajouté pour le service RUFFBUS, à savoir le Potaschbierg – Activa à Grevenmacher. Monsieur MEHLEN a demandé dans quelle mesure la commune serait satisfaite avec sa voiture électrique. Monsieur le Bourgmestre a affirmé que la voiture serait adaptée aux besoins du service technique et qu’après une année d’utilisation, pas d’inconvénients n’auraient été constatés.
REUNION DU CONSEIL COMMUNAL DU 2 DÉCEMBRE 2019
Dagesuerdnung
Ordre du jour
An der ëffentlecher Sëtzung
En séance publique
1) Unhuele vum Plan de gestion annuel 2020 vum Triage vu Manternach
1) Approbation du plan de gestion annuel 2020 du triage de Manternach
2)
Unhuele vu Recetten
2)
Approbation de recettes
3)
Upasse vum Kollektifvertrag
3)
Adaptation du contrat collectif
4)
Fixéiere vun Don’en déi a verschiddene Situatioune vum Liewen accordéiert
4)
Fixation des dons à accorder à l’occasion de certains événements de la vie
5)
Approbatioun vum Budget 2020 vum CIGR
5)
Approbation du Budget 2020 du CIGR
6)
Approbatioun vum DPO vun der Gemeng Manternach
7)
Tariffer fir d’Centres culturels ze lounen
6) Approbation du DPO de l’administration communale de Manternach
8)
Zweet Lecture vu Reglementer
9)
Denominatioun vun der Strooss vum PAP « Auf der Lieffraechen »
10) 11)
10
7)
Tarifs d’utilisation pour les Centres culturels
8)
Deuxième lecture des règlements
9)
Dénomination de la rue du PAP « Auf der Lieffraechen »
Syndikater / Kommissiounen – Informatioune vun den Delegéierten / Presidenten
10)
Syndicats / Commissions – Informations des délégués / Présidents
Kommunikatioun vum Schäfferot a Froe vun de Conseilleren
11)
Communication du collège des bourgmestre et échevins et questions des conseillers
Uwiesend:
Présents:
HOFFMANN Jean-Pierre, Buergermeeschter THEISEN Claude, Schäffen KLEIN-SEIL Henriette, THOSS-LEHMANN Marie-Rose, MEHLEN Robert, KRIER-STEINMETZ Isabelle, HELLERS Frank, Gemengeréit
HOFFMANN Jean-Pierre, Bourgmestre THEISEN Claude, Échevin KLEIN-SEIL Henriette, THOSS-LEHMANN Marie-Rose, MEHLEN Robert, KRIER-STEINMETZ Isabelle, HELLERS Frank, Conseillers
Absent: a) entschëllegt: KLEIN-UNGEHEUER Alix, Schäffin SCHRAM-PETRI Alice, Gemengerot b) onentschëllegt : /
Absents: a) excusé(e)s: KLEIN-UNGEHEUER Alix, Échevine SCHRAM-PETRI Alice, Conseiller b) sans motif: /
An der ëffentlecher Sëtzung
En séance publique
1) Unhuele vum Plan de gestion annuel 2020 vum Triage vu Manternach Den Här Luc Roeder, huet de Plan de Gestion 2020 vum Triage vu Manternach presentéiert. De Fierschter huet de Gemengerot driwwer informéiert, dass eng Kollaboratioun mam SIAS fir 2020 geplangt ass an dass de SIAS eng gréisser Bamplanzaktioun bedreift. Duerch fehlend Formatioune fir den Entretien vun de Beem, dierfen d’Employéeë vum Triage net méi an d’Beem klamme fir déi propper ze man, zeréck ze schneiden, etc. 2) Unhuele vu Recetten
1) Approbation du plan de gestion annuel 2020 du triage de Manternach Monsieur Luc Roeder, a présenté le plan de gestion 2020 du trirage de Manternach. Le forestier a informé le conseil qu’une collaboration avec le SIAS est prévue pour l’année prochaine et qu’auprès de ce dernier une action est en cours pour la plantation d’arbres. Dû à une formation pour l’entretien des arbres qui fait défaut, les employés du triage n’ont plus le droit de monter dans les arbres pour retirer les repousses, etc. 2) Approbation de recettes
Et goufen Titres de Recettes am Total vun 72.110,26 € eestëmmeg ugeholl.
Les titres de recettes d’une valeur totale de 72.110,26 € ont été approuvés à l’unanimité des voix des membres présents.
Titres de recettes 2019 Article budgétaire Libellé 1/640/162000/99001 Part de l’Etat dans le renouvellement de l’éclairage public 2/113/707260/99001 Remboursements de la part des commissions consultatives 2/180/755220/99001 Intérêts sur compte à terme 2/412/702200/99002 Vente de bois long 2/412/702200/99002 Vente de bois long 2/412/702200/99002 Vente de bois long 2/413/708211/99001 Location de la chasse/pêche 2/425/705100/99001 Production énergies renouvelables 3) Upasse vum Kollektifvertrag Eng Ännerung vum Kollektifvertrag bezüglech der Permanencenindemnitéit ass eestëmmeg vun de presente Memberen ugeholl ginn. D’Gemeng huet sech bei deem Punkt op déi scho genotzte Konditioune vum SIDERE ugeleent. 4) Fixéiere vun Don’en déi a verschiddene Situatioune vum Liewen accordéiert De Gemengerot huet verschidde Montante festgeluecht déi an diverse Situatioune vum Liewen accordéiert solle gin. Et geet dorëms net all Kéiers mussen eng nei Delibératioun am Conseil ze huelen an eng Behandlung “à la tête du client” ze évitéieren.
Montant
11.000,00 € 303,85 € 418,24 € 52.728,82 € -884,55 € -255,04 € 1.638,91 € 335,03 € Total: 72.110,26 €
3) Adaptation du contrat collectif Le contrat collectif, en ce qui concernce l’indemnité de permanence; a été adapté à l’unanimité des voix des membres présents. La commune s’est ralliée sur ce point aux mêmes conditions déjà mise en place par le SIDERE et d’autres communes.. 4) Fixation des dons à accorder à l’occasion de certains événements de la vie Le conseil communal a fixé des montants de dons à accorder à l’occasion de certains événements de la vie afin d’actroyer les mêmes montants pour les mêmes événements de la vie à chacun et de mettre fin à une politique “à la tête du client” dans ce dossier. 11
5) Approbatioun vum Budget 2020 vum CIGR
5) Approbation du Budget 2020 du CIGR
De Gemengerot huet eestëmmeg de Budget 2020 vum CIGR ugeholl an awer och drop higewisen, dass de CIGR muss déi Missiounen ausféieren, déi de Schäfferot hinnen opdréit. D’Depenses belafe sech op 131.322,03 € an d’Recetten op 131.557,98 €. 6) Approbatioun vum DPO vun der Gemeng Manternach De Gemengerot huet d’Missioun vum RGPD un d’Firma Itrust ginn an den Här Carlo Harpes als DPO vun der Gemeng genannt fir sech hei conforme mam Dateschutzgesetz ze setzen.. 7) Tariffer fir d’Centres culturels ze lounen De Gemengerot huet iwwer d’Tariffer fir d’Lokatioun vu folgende Säll vun der Gemeng decidéiert:
7.1) 7.2) 7.3) 7.4)
Centre Beaurepaire à Berbourg Centre Kräizstrooss à Lellig Centre Kueb à Münschecker Centre Fiisschen à Manternach
Déi lokal Veräiner kréien d’Säll gratis, soulaang d’Veranstaltung am Manifestatiounskalenner steet oder wann d’Manifestatioun eng eng Veranstaltung d´utilité publique ass. 8) Zweet Lecture vu Reglementer Déi positiv Avise vum Ëmweltministère, sou wéi och vum Gesondheetsministère goufe berécksiichtegt. D’Reglement, sou wéi och d’Tariffer fir d’Offallgestioun goufen eestëmmeg vun de Membere vum Gemengerot ugeholl. 9) Denominatioun vun der Strooss vum PAP « Auf der Lieffraechen » D’Memberen hate folgend Denominatioune fir de Numm vun der Strooss vum PAP “Auf der Lieffraechen” zur Auswal : “A Feeschtesch” a “Liefraechen”. Letztendlech ass sech fir de Numm “A Feeschtesch” decidéiert ginn. 10) Syndikater / Kommissiounen – Informatioune vun den Delegéierten / Presidenten SYNECOSPORT : Den Här Hoffmann huet matgedeelt, dass nom Bau vun der Schoul a no der Instandsetzung vum Parking, beim Schoulsyndikat manner Ausgabe sinn. Nächst Joer ass geplangt fir d’Vestiairen ze erneieren an e Waasserspender soll virun d’Gebai kommen. Zu dësem Zweck kritt all Kand e Bidon fir mat Waasser opzefëllen. Eng Etüd gëtt gemaach fir ze iwwerpréiwen op eng PhotovoltaikAnlag kann op kann op den Daach vun der Schoul installéiert ginn. SIDERE: de Budget 2020 gouf gestëmmt.
12
Le conseil approuve à l’unanimité des voix des membres présents le budget 2020 du CIGR, mais signale qu’il faudrait veiller à ce que celui-ci exécute les missions que le conseil échevinal lui attribue. Les dépenses pour l’année 2020 s’élèveront à 131.322,03 € et les recettes à 131.557,98 €. 6) Approbation du DPO de l’administration communale de Manternach Le conseil a confié la mission GDPR à la société Itrust et nomme Monsieur Carlo Harpes DPO de la commune de Manternach afin se conformiser avec la législation actuelle. 7) Tarifs d’utilisation pour les Centres culturels Le conseil communal a décidé sur les tarifs d’utilisation suivants:
7.1) 7.2) 7.3) 7.4)
Centre Beaurepaire à Berbourg Centre Kräizstrooss à Lellig Centre Kueb à Münschecker Centre Fiisschen à Manternach
La location des centres culturels pour les associations locales est gratuite sous condition que leur manifestation est inscrite dans le calendrier des manifestations de la Commune ou si leur manifestation soit d’utilité publique. 8) Deuxième lecture des règlements Les avis positifs du Ministère de l’environnement et du Ministère de la Santé ont été pris en compte. Le règlement, ainsi que le tarif relatif à la gestion des déchets ont été approuvés à l’unanimité des voix de membres présents. 9) Dénomination de la rue du PAP « Auf der Lieffraechen » Les membres avaient le Choix entre ces deux dénominations de la rue du PAP « Auf der Lieffraechen »: « A Feeschtesch » et « Liefraechen ». Le Conseil communal s’est décidé pour la dénommination “A Feeschtesch” 10) Syndicats / Commissions – Informations des délégués / Présidents SYNECOSPORT : Monsieur Hoffmann a fait le point sur le fait qu’il y a moins de dépenses au syndicat scolaire, fu fait que la construction de l’école et la remise en état du parking ont été terminé. L’année prochaine, le renouvellement des vestiaires est prévu, ainsi qu’une fontaine d’eau sera installée près du hall. A cette occasion, les enfants recevront chacun un bidon réutilisable. Une étude sera réalisée pour vérifier la possibilité d’installer un système photovoltaïque sur le toit de l’école. SIDERE : le budget 2020 a été voté. SIDEST : une réunion pour le raccordement de Münschecker à la station d’épuration de Grevenmacher aura lieu prochainement.
SIDEST: deemnächst ass eng Reunioun bezüglech dem Uschloss vu Mënjecker un d’Kläranlag vu Gréiwemaacher. SIAEG: de Budget 2020 gouf gestëmmt, an et gouf e neie Receveur agestallt. Office social commun de Grevenmacher: de Budget 2020 gëtt an enger nächster Sëtzung gestëmmt. 11) Kommunikatioun vum Schäfferot a Froe vun de Conseilleren De Buergermeeschter huet de Gemengerot driwwer informéiert, dass déi nächst Sëtzung vum Gemengerot Freides den 20. Dezember 2019 um 14h00 am Sëtzungssall ass. Hien huet och drun erënnert dass eist Policereglement all Zorte vu Freedefeier verbitt um Territoire vun der Gemeng Manternach. Affär Wirtz c./ AC Manternach: Nodeems den Artikel 9 vun der Prozedur vum PANC duerchlaf gouf, huet den Här Jean-Pierre Hoffmann, Buergermeeschter, seng Decisioun vum leschte Januar annuléiert an duerch e Retrait mat Effekt an der Zukunft ersat. Doduerch ass dem Här Henri Frank seng Baugenehmegung net méi aktiv. Den Här Wirtz huet elo d’Méiglechkeet fir eng nei Baugeneemegung, déi am Einklang mat eisem Bautereglement ass, anzereechen. De Buergermeeschter huet de Gemengerot och nach iwwer aktuell Reuniounen respektiv Pläng iwwer den neie Pompjeesbau vum CGDIS, eng eventuell Extensioun vun der Gemeng, enger Etude fir eng nei Crèche ze bauen sou wéi Gespréicher mam Fonds du Logement iwwer de PAP “An Harnisch” a Kenntnis gesat.
SIAEG : le budget 2020 a été voté, ainsi qu’un nouveau receveur a été engagé. Office social commun de Grevenmacher : le budget 2020 sera voté lors d’une prochaine réunion. 11) Communication du collège des bourgmestre et échevins et questions des conseillers Le bourgmestre a informé le conseil communal que la prochaine séance du conseil se tiendra le vendredi 20 décembre 2019 à 14h00 à la Mairie. Ensuite il a rappelé au membres du conseil que dans le règlement de police il y a écrit que les feux d’artifice de toute sorte sont interdits sur le territoire de la Commune de Manternach. Affaire Wirtz c./ AC Manternach : Monsieur Jean-Pierre Hoffmann, bourgmestre, a annulé sa décision prise en janvier dernier et l’a remplacé par un nouveau retrait avec effet au futur, après avoir parcouru l’article 9 de la procédure administrative non contencieuse (PANC). Suite à ceci, le roucours a été annulé et l’autorisation de construire que Monsieur Henri Frank avait accordée n’est plus active. Monsieur Wirtz a maintenant la possibilité de réintroduire une nouvelle demande de construction conforme au règlement des bâtisses. ou de faireun recours contre la décision. Le Bourgmestre a étenu au courant le Conseil communal quant a des réunions concernant le nouveau bâtiment du CGDIS, une extension éventuelle de la Commune, une étude pour ériger une crèche et les réunions avec le fonds du logement concernant le PAP “an Harnisch”.
13
DEN DAG VUM BAM MAT DE SCHOULKANNER VUM CYCLE 2.1 VUM SYNECOSPORT Den 8. November 2019 hunn d’Kanner vum Cycle 2.1, am Kader vum Nationalen Dag vum Bam, um Parking vum Schoulkomplex Synecosport zu Berbuerg e puer Beem geplanzt.
DEN DAG VUM BAM MAT DE SCHOULKANNER VUM CYCLE 2.1 VUM SYNECOSPORT De 9. November 2019 huet de Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Manternach zesumme mam Fierschter an e puer engagéierte Bierger den Dag vum Bam gefeiert andeems Beem beim alen a beim neie Waasserbaseng zu Berbuerg gesat gi sinn.
14
CHRËSCHTFEIER VUN DE SENIOREN DEN 1. DEZEMBER 2019 Den 1. Dezember huet d’Seniorekommissioun hir järlech Chrëschtfeier am Centre Beaurepaire zu Berbuerg ofgehalen. Wéi all Joers war och dëst Joer d’Feier erëm gutt besicht. Nom Iesse krut all Gaascht nach eng Tablett Schokela vum Atelier du Tricentenaire iwwerreecht. D’Quête ass dëst Joer un d’Associatioun “Lëtzebuerger Guiden a Scouten” gaangen fir hire Projet am Nepal. De Kleeschen, gespillt vum Hellers Frank an den Houseker gespillt vum Theisen Claude, goufen dëst Joer vun hiren Engelcher, dem Schoellen Nathalie an dem Janssen Maïté begleet an hunn d’Kaddo’e verdeelt.
15
16
INFORMATIOUNSVERSAMMLUNG IWWER DAT NEIT OFFALLKONZEPT AN DER GEMENG Dënschdes, den 3. Dezember war am Centre Beaurepaire zu Berbuerg eng Versammlung iwwer dat neit Offallkonzept an Taxereglement vun der Gemeng Manternach. Den obligatoresche käschtendeckende Präis gëtt agefouert an d’Gemeng setzt sech 8 Joer nom a Kraaft triede vum Gesetz iwwer d’Offallgestioun konforme mat dësem. Den Här Buergermeeschter, Jean-Pierre Hoffmann, sou wéi den Direkter vum SIGRE, den Här Serge Less, hunn de villen intresséierte Bierger déi op d’Reunioun komm sinn, dat neit Konzept erkläert an op d’Froe vun de villen interesséierte Bierger geäntwert. Mir soen dem Direkter vum SIGRE an dem Personal Merci fir hier Hëllef bei der Reunioun a bei der Ausschaffung vun de Reglementer. De Buergermeeschter geet a sengem Préface nach méi am Detail op dëse Sujet an.
17
AWEIUNG VUN ENGEM NEIEN TRAKTER FIR DE SERVICE TECHNIQUE Mëttwochs den 11 Dezember gouf am Gemengenatelier en neien Trakter vum Typ Fendt 313 Vario fir de Service Technique ageweit. De Buergermeeschter Jempi Hoffmann huet dem Chef d’Equipe vum Service Technique symbolesch de Schlëssel iwwerreecht.
18
NACHHALTIGKEIT MACHT SCHULE Kampagne zur Umweltsensibilisierung in der Grundschule Das Ziel Die 3 Ziele der Umweltsensibilisierung bestehen darin: • • •
Umweltwissen zu vermitteln bestimmte wünschenswerte Umwelteinstellungen auszubilden umweltgerechtes Verhalten zu fördern
Ziel erreicht Was CO2 oder der Treibhauseffekt ist, wissen mittlerweile die Dritt- und Viertklässler der Grundschule. Ebenso kennt jeder Schüler den Zusammenhang zwischen dem Hochdrehen des Heizthermostats und dem Klimawandel. Rückmeldung der Eltern: die Schülerinnen und Schüler setzen das Erlernte in der Schule und Zuhause um. Der Weg Mittels Experimenten, Exkursionen z.B. in die Heizzentralen der Schulen, Rätseln und Rollenspielen begreifen und erkennen die Kinder Zusammenhänge der Klimaerwärmung und lernen ihr eigenes Handeln entsprechend einzuschätzen, zu überdenken und anzupassen. Das Projekt integriert sich mit regelmäßigen Terminen in den vorhandenen Stundenplan der Grundschulklassen. Durch zweisprachige, themenbezogene Elterninfos werden die Eltern mit ins Boot genommen. Kleinere Aufgaben bereiten die Schüler auf das jeweils nächste Thema vor. Im Anschluss an das spielerische Erarbeiten energieeffizienter Verhaltensmuster werden die Schüler in den Umgang mit Messgeräten (Thermometer, CO2-Messgeräte) eingewiesen und bekommen diese zum dauerhaften Einsatz in ihrem Klassenzimmer ausgehändigt. Die Nachhaltigkeit des Projektes ist gewährleistet, durch Lüftungs-, Heiz- und Lichtbeauftragte, die in den jeweiligen Klassen ernannt wurden. Objectif : Cette campagne a été développée par l’Agence de l’Energie de Luxembourg afin de sensibiliser les élèves d’école fondamentale aux sujets suivants: • • •
la transmission de connaissances sur l’environnement la création d’une attitude environnementale souhaitée la promotion d’un comportement qui respecte la nature
Le processus: par le biais d’expérimentations, de devinettes, de jeux de rôles et aussi une excursion dans la chaufferie des écoles, les enfants comprennent et reconnaissent les rapports du changement climatique et apprennent à évaluer leur comportement pour ensuite l’adapter en conséquence. Mais l’impact de cette campagne est encore plus important car les enfants reçoivent après chaque leçon une fiche explicative contenant des informations plus approfondies et pertinentes qu’ils remettent aux parents. Ainsi, non seulement ceux-ci sont informés du projet, mais ceci entraîne une mise en question des habitudes quotidiennes dans les ménages ce qui a pour effet de multiplier le nombre de personnes visés par cette campagne. Le projet s’intègre dans l’horaire habituel des cours par des leçons régulières de l’école fondamentale. Des petits devoirs à domicile préparent les élèves aux cours suivants. Après avoir induit des comportements économes des ressources comme: l’énergie, l’eau et le papier, les élèves apprennent à se servir
19
d’appareils de mesure comme le thermomètre, mesure de Co2, Luxmètre de façon ludique et reçoivent ces appareils pour leur salle de classe. Durabilité: chaque semaine un(e) élève est nommée avec la charge de veiller à sur l’éclairage, la ventilation et le chauffage des salles de classe. Le projet comporte les modules suivants qui s’enchainent: Module 1: durabilité et effet de serre Module 2: sources d’énergie Module 3: chauffer et ventiler convenablement Module 4: économiser du courant électrique Module 5: la ressource EAU Module 6: la ressource Papier et quiz final D’autres Modules ainsi que le développement du projet pour d’autres classes d’âge sont prévus. Win-win -l’initiative pour cette campagne vient des equipes climat des communes de Bech et Manternach -les communes sensibilisent les citoyens de demain pour une attitude et des actions durables pour l’environnement -cette initiative est un élément-clé de la protection du climat des communes et elle est bien prise en compte dans le “pacte climat”
20
PUBLICATIONS
21
22
23
24
25
26
27
28
29
30
31
32
33
34
35
36
37
38
ETAT CIVIL Mariages entre le 15.11.2019 et le 06.12.2019
Naissances entre le 09.11.2019 et le 06.12.2019 Espinosa Iana
09.11.2019
Martins Pereira Hélder Luis
Marques da Cruz
15.11.2019
Marciszewska Katarina
06.12.2019
ËFFNUNGSZÄITEN VUN DER GEMENG Méindes: Dënschdes: Mëttwochs: Donneschdes: Freides:
08:00 - 12:00 Auer | 13:30 - 17:00 Auer 08:00 - 12:00 Auer | 13:30 - 17:00 Auer 07:00 - 12:00 Auer | 13:30 - 17:00 Auer 08:00 - 12:00 Auer | 13:30 - 17:00 Auer 08:00 - 12:00 Auer | Mëttes ass zou
KONTAKT Secrétariat
Service technique
ROSEN Guy Tél.: 71 01 72 - 23 Secrétaire communal f.f. Fax: 71 08 16
MATHAY Germain Tél.: 71 01 72 - 24 Ingénieur diplômé Fax: 71 08 16
GRÄFF Caroline Tél.: 71 01 72 - 30 Rédacteur communal Fax: 71 08 16
WANTZ Marc Tél.: 71 01 72 - 25 Chargé technique Fax: 71 08 16
secretariat@manternach.lu
technique@manternach.lu
Population THEWES Véronique Réception et Bureau de Population
Service d’incendie Tél.: 71 01 72 - 21 Fax: 71 08 16
Recette MEYERS-DOSTERT Monette Receveur communal HOFFMANN Pit Rédacteur communal
WEIS Christian Tél.: 621 250 952 Chef de Corps Service forestier
Tél.: 71 01 72 - 22 Fax: 71 08 16
ROEDER Luc Tél.: 26 71 67 - 1 Préposé forestier Tél.: 621 202 133 Service technique: Centre de recyclage PAULUS Paul Chef d’Equipe
Tél.: 710 710 Tél.: 621 290 332
www.manternach.lu www.facebook.com/manternach.lu/ 39
MANIFESTATIOUNEN Januar 2020
Mäerz 2020
07.01.2020
Neijoerschdag Patt vun der Gemeng am Centre Beaurepaire
07.03.2020
Kanner-Second-Hand a Bichermaart am Beaurepaire Org.: ELVERE
11.01.2020 12.01.2020
Indoor Challenge Jean Mantz Jeunes & Seniors am Centre Rénert Berbuerg Org.: FC Berdenia Berbuerg
14.03.2020
Grouss Botz Org.: Klimateam Gemeng Manternach
18.01.2020
Sketchowend zu Manternach am Fiisschen Org.: Syndicat Manternach
22.03.2020
Sunday Lunch am Centre Kräizstrooss Lellig Org.: Fraen a Mamme Lellig
25.01.2020
Nokiermesbal am Centre Kräizstrooss Lellig Org.: Fraen a Mammen Lellig
24.03.2020
Konferenz “den 2. Weltkrich zu Manternach” Org.: Geschichtsfrënn Manternach
28.03.2020
Historeschen Trëppeltour (Pabeierfabréck) Org.: Geschichtsfrënn Manternach
29.03.2020
Mir kache fir Iech am Centre Beaurepaire Berbuerg Org.: BBC East Side Pirates Berbuerg/Waasserbëlleg
Februar 2020 08.02.2020
Theater vum Cycle 4.1 Centre Fiisschen Manternach Org.: Ecole fondamentale Rénert
09.02.2020
Kannerfuesbal zu Bech am Centre Hannerbra Org.: Bech-Berbuerger Musék
23.02.2020
Kannerfuesbal am Centre Beaurepaire Org.: D.T. Berbuerg an FC Berdenia Berbuerg
29.02.2020
Buergbrennen zu Manternach Org.: Pompjeeën Gemeng Manternach ASBL
29.02.2020
Buergbrennen zu Berbuerg beim Centre Beaurepaire Org.: Amicale „Rudden Hunn„ Berbuerg
All éischte Freideg am Mount: Gemittlechen Owend zu Mënjecker am Kueb 03/01, 07/02, 06/03, 03/04, 01/05, 05/06, 03/07, 02/10, 06/11, 04/12 Org.: Mënjecker Kueben 40
Abrëll 2020 03.04.2020
Schoulsportdag am Centre Beaurepaire Berbuerg Org.: Schoulpersonal vum Synecosport
24.04.2020 25.04.2020
Berbuerger Wies’n am Centre Beaurepaire Berbuerg Org.: F.C. Berdenia Berbuerg