1 minute read
HME: 1. Fréijaouersconcert
No zwee Jaouer Paus woar ët endlich suwäit. D’HME konnt den 24. Abrëll 2022 hieren 1. Fréijaouersconcert, an dat als Ersaz fär d’Neijaouersconcerten 2021 an 2022 am TRIFOLION spillen, an dat zum 100. Gebuertsdag voam DARING CLUB EECHTERNOACH. Zu dëser Feier hat hiren Dirigent Daniel Heuschen d’Daring’s Léid voam Nic Welschbillig nei arrangéiert. Gesonge voam Daring Member Emile Elsen guff dëss nei arrangéiert Léid mat vill Succès uropgeféiert.
Advertisement
Bäi Geleegenheet voan dësem Concert konnt d’HME e Scheck voan 10.000,- Euro oan de Ben Scheuer iwwerreechen. Dës Suen haten d’Musiker bäim Hämmelsmarsch 2021 gesammelt an hoan den integrale Betrag oan di Eechternoacher Iwwerschwemmungsoafer voam Hiwaasser am Juli 2021 gespend. En décke Merci oan d’Eechternoacher Leit fär hir Solidaritéit mat de Betroafenen. Zum Schluss voam Concert, dee gratis woar, hoat d’HME d’Ukrainisch Nationalhymn, d’Europahymn an d’Heemicht gespillt an hoan der Eechternoacher Sektiunn voam Rudde Kräiz d’Geleegenheet geen en Quête ze maachen an dat zu Gonsten voan de Flüchtlingen aus der Ukraine déi och mat eener stoarker Delegatiunn am TRIFOLION woaren. .