![](https://assets.isu.pub/document-structure/220926130527-816164773bb5d81028700aecba9dde3f/v1/3ee68732900f6a92be9b396b3e346fd6.jpeg?width=720&quality=85%2C50)
1 minute read
80 Joer Enrôlement forcé an LCE-Streik
80 Joer Enrôlement forcé an LCEStreik
Den 1. September war ee mémorabelen Daag fir Iechternach: op den Dag ganau virun 80 Joer hun d’Schüler an Professeren aus dem Iechternacher Kolléisch gestreikt nodeems de Gauleiter SIMON den 30. August 1942 den Enrôlement forcé vun de Jongen a Meedercher vun de Joergäng 1920 bis 1924 ordonnéiert haat. Den 31. August ware schons Streiken zu Wolz an am Minett. Konsequenzen vum Streik:
Advertisement
1. De Professer Alphonse SCHMIT as verhaft an standrechtlech erschoss gin
2. 3 Professeren sin verhaft gin awer nees fräi geloos gin
3. Schüler sin verhéiert gin an der Villa Pauly an an de Prisong gestach gin
4. 83 Schüler sin fir 3 Méint op Burg Stahlek verschleeft gin an een „Umerziehungslager“
5. 4 Schülerinnen dovun 3 vun Iechternach op Adenau/
Ahrweiler 6. Vill vun hinnen sin duerno direkt an den „Arbeitsdienst“ an/oder an d‘„Wehrmacht“ komm
7. Vill Schüler a Professeren sin am Krich gefall, an der
Gefaangenschaft gestuerwen, erschoss gin oder am KZ ëmkomm
8. De Schüler Raymond PETIT war Matbegrënner vun enger Resistenzorganisatioun an as an enger Schéisserei mat der Gestapo zu Berdorf ëmkomm.
E puer Stechwieder an Erënnerungen un déi dramatesch Episode vum II. WK am Iechternacher Lycée op dem Territoire vun der Gemäng Iechternach, fir vill Iechternacher Jongen a Meedercher.
Mir därfen net vergiessen!
André HARTMANN Präsident vun der Amicale des Enrôlés de Force – Victimes du Nazisme, Sektioun Iechternach an Ëmgéigend .