1 minute read

Journée du Centenaire

AOUER DARING

De 17. September 2022 huet den Daring Club Echternach d’Festivitéiten vum 100. Anniversaire mat enger „Journée du Centenaire“ am Trifolion ofgeschloss.

Advertisement

A Presenz vum Buergermeeschter Yves Wengler, vum Sportminister Georges Engel a vum President vun der FLF Paul Philipp ass an enger Séance académique op déi 100järeg Geschicht vum Veräin zeréckgekuckt ginn. Fir de musikaleschen Encadrement huet en Ensembel vun der Harmonie Municipale Echternach gesuergt. De Julio Paulos, President vum Organisatiounscomité, ass a senger Ried nach eng Kéier op d’Manifestatiounen, déi am Kader vum 100. Gebuertsdag stattfonnt hunn, agaangen. No der Publikatioun vum Buch „100 Jaouer Daring Eechternoach - Mir erënneren is“ am Januar 2022, huet d’Harmonie Municipale Echternach am Abrëll hire Galaconcert am Kader vun „100 Jaouer Daring Club Eechternoach“ gespillt. Hei ass „Daring’s Léid“, dat vum Danny Heuschen fir den Jubiläum nei arrangéiert ginn ass, uropgefouert ginn. Ufank Juli stung ee Weekend sportif um Programm mat engem Tournoi fir d’Jugendequipen, engem Galamatch an der Aweiung vum „Erënnerungsbaam“. Am September huet eng Fotosausstellung am Trifolion u vill schéi Momenter aus der Geschicht vum Veräin erënnert.

Fir de feierlechen Ofschloss vun der Journée du Centenaire huet ee GalaDinner gesuergt. Bei engem gudde Patt an engem gudde Maufel ass hei sécher och déi eng oder aner flott Anekdot aus dem „Bréil“ verzielt ginn.

Allez Daring! Op déi nächst 100 Joer... .

This article is from: