deSCOUT 2/2004

Page 1

deSCOUT 2/04

Happy Birthday

25 Joer EXPLORER

No 507 / 84. Joergang

FNEL SCOUTEN A GUIDEN


PROGRAMME du 82e POW-WOW le dimanche 11 juillet 2004 à Capellen 9h45

Ouverture du Pow-Wow

10h00

Début des Activités Postes

12h00 - 13h00

Déjeuner / Pic-Nic

15h10

Fin Postes

15h30

Partie Officielle

16h35

Chant des Adieux

17h00

Vin d’honneur

19h30

Dîner

D’CAPER PIWITSCHEN

invitéieren all d’Membere vun den Amicalen, de Comité’en a Frënn vun der FNEL op e gemeinsamt Mëtteg- an/oder Nuechtiessen

12:30 Auer Mëttegiessen

d’Redaktiouns-Equipe

EDITORIAL D’Explorer vun der FNEL feieren hire 25. Gebuertsdag, eng net ganz alldeeglech Affär! D’Geleeënheet fir jiddereen, zréck ze kucken op eng Hellewull Aktivitéiten, Anekdoten a méi oder manner flott Etappen an der Geschicht vun dëser Branche. Dee Gebuertsdag soll awer och d’Geleeënheet sinn, no vir ze kucken a Weeër ze sichen, fir d’Explorerbranche ze stäerken. Een éischte Schrëtt war d’lescht Joer d’Adaptatioun vum Alter vun de Branchen, esou dass ee méi laang an den Explorer ass. Weider Erausfuerderunge waarden nach: nei Membere gewannen an aler behalen, de Programm attraktiv gestalten an

un déi Jonk upassen. Dat heescht dann och, deene Jonken nolauschteren an op hir Iddi’en a Kritiken agoen. An dëser Editioun vun deSCOUT fannt dir och op zwou Säiten Extrait’en aus dem Diskussiounsforum vum Internet-Site vun der FNEL, wou jidderee kann iwwert all méiglech Theme matschwätzen. Eis schéngt et wichteg, dass mer och an de Scouten eng gesond “Sträitkultur” sollen hunn. Just duerch e stännegt Hannerfroë vun eise Programmer an Aktivitéite kënne mer nei Weeër aschloen a nei Iddië verwiirklechen, am Interessi vun der FNEL, mee virun allem vun deene Jonken, déi eis Bewegung ausmaachen.

Zalot - Ungaresche Gulasch - Dessert Präis vum Menu sec 18€

19:30 Auer Nuechtiessen Fierkel um Spiiss - gebootschte Gromperen - Zalot - Kaffi an Taart

deSCOUT

Périodique officiel de la FNEL Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg 43, rue de Hollerich, Luxembourg

Präis vum Menu sec 15€

Parait 4 fois par an

Mellt Iech w.e.g. bis spéitstens den 3. Juli 2004 u beim Alice Ruppert - 21, av. G-D Jean - L-8323 Capellen Fax 30 96 18 - E-mail ruppert@pt.lu

Rédaction et mise en page Anne Kaiffer, Martine Feller, Jacques Degardin, Claude Freistroffer Impression Imprimerie Victor Buck, Leudelange Adresse postale deSCOUT (FNEL) B.P. 2676 L-1026 Luxembourg Tel +352 26 48 04 50 Fax. +352 26 48 04 30 E-mail deSCOUT@fnel.lu Internet www.fnel.lu

an iwwerweist d’Suen op de Konto IBAN LU93 0030 0253 4057 0000 vun de Caper Piwitschen bei der BGLL

Clôture de rédaction pour le prochain numéro le 1er septembre2004

deSCOUT

2/04

EDITORIAL3


Norichte ronderem Scoutismus a Scouten

deSCOUT

VU et ENTENDU 50 JOER AN DE SCOUTEN Viru kuerzem goufen de Rudy von Graes an de Louis Dickes fir hir 50 Joer Memberschaft an de Grénge Scouten a Guide vun Diddeléeng geéiert. ONGD FNEL Lors du conseil du 14 juin, Paul Geditz a démissioné en tant que vice-président. de l’ONGD FNEL dont il fut pendant de longues années la cheville ouvrière. Nous le remercions pour son engagement dévoué.

RHINOCEROS EN OR Eugène Berger, Pierre Matagne et Paul Geditz ont reçu cette distinction honorifique lors de leur visite des projets de développement de l’ONGD-FNEL au Népal.

VICTORINOX De schwäizer Fabrikant vun de bekannte rouden Täschemesseren passt sech der Zäit un: d’Firma huet elo ee Modell mat USB-Memorystick eraus bruecht.

TITELTHEMA 25 Joer Explorer E klenge Réckbléck op d’Geschicht vun der Branche.

11 12

6

18

deSCOUT

2/04

International Europäesch Konferenz

BEAVER Beaver Fun-Day zu Colmar-Bierg

16

WELLEFCHER Sixplo zu Bouneweeg

18

SCOUTEN Explo zu Veianen

21

EXPLORER Floossfahrt Kiewerlecken a Gréng Scouten

23 27 28

28

AKTUELL Presserevue Fir iech gelies...

14

J. Degardin

OLIVIER LAMY graphiste à Luxembourg et Bruxelles, ancien membre des Kiewerlecken a obtenu le premier prix du concours pour l’élaboration du logo de l’Université du Luxembourg.

6

J. degardin

GEORGES LENTZ administrateur délégué de la brasserie Bofferding et membre du Conseil National de la FNEL a été intrônisé dans “l’Ordre de la Chevalerie du Haut de la Ville d’Arlon” pour ses mérites sur le plan économique.

2/04

30 32 33 36 38 39

RONDEREM ONGD-FNEL D’Klinik vu Banepa Misärshaff Kiirmes Formatiounen um Misärshaff

ZU GUDDER Ech schwätze mat LESCHT Nei Homer Äer Säiten De klenge Scout E gudde Rotschlo 3 Froen INHALT5


EXPLORER ass fir mech... …vill Spaass Organisatioun

mat

wéineg

…onorganiséierte Latz, bei deem näischt futtéiert gëtt

…méi Fräiheeten hu wéi als Scout, mee eben och mat Grenzen

Ben Huberty, PI

Alain Fritsch, WI

Anne Büchler, KS

Claude Freistroffer

25 Joer Explorer, ee Réckbléck 1979

d’Effektiver vun der FNEL ginn nei organiséiert: Resultat ass eng nei Branche “Explorer” fir déi 14-18 Joer. De Robi Sunnen hëllt sech der Saach un a gëtt den éischte Commissaire.

89-90 1982 Jubica

1986 Toblach

80-81

Camp zu Louvain am "Kamphuis in de Zon". De "Fonske" - eng Statu op der Haaptplaz kritt ganz offiziel ee FNEL's T-Shirt a Foulard ugedoen.

81-82 82-83 83-84 84-85

Jubica zu Betzder

90-91

Ouschtere mam Velo op der belscher Plage an duerno huet missen um Nuetsrallye dem "Alrik de Knuppert" säi Schatz gebuerge ginn. Um Jamboree a Korea waren d'Explorer ënnert der Leedung vum Michel Donven vertrueden.

Camp volant an de Vogesen grousse Camp zu Aquila

zu Mamer war ee KnéchelWeekend wou ënnert anerem ee Minicomputer a Betrib war - d'Explorer gi sech also als zukunftsorientéiert Branche ... Ausserdem war am Februar eng Nuetssortie a Form vun engem Autosrallye.

91-92

D'Nuetssortie vun dësem Joer war ee Postkutscherennen am Wilden Westen; mat selwergebaute Weenercher hu sech 69 Explorer op den Trajet gemaach. Da war nach ee groussen internationale Camp a Grönland: 79 Participant'e waren dobäi.

éischte Skicamp zu Toblach. Ee vollen Erfolleg

86-87

an dofir direkt nach eng Kéier zweete Skicamp zu Toblach

88-89

6TITELTHEMA

Camp an der Toskana

92-93

85-86

De Jacquot Woeffler iwwerhëllt vun elo un d'Rudder. Dee schonn traditionelle Sportsdag an der amerikanescher Schoul ass dëst Joer mat engem zweeten Dag an der Schwemm kombinéiert ginn. 53 Leit hunn um Skiausflug zu Welsberg deelgeholl ouni awer Schnéi ze hunn. Camp zu Réiden.

wéinst de schlëmme Stierm huet d'Première vun der Nuit Polaire missen ofgeblose ginn, dofir hunn d'Explorer am drëtten Trimester da Coca Cola Bingo gespillt. Et gëtt och bemängelt, dass nach ëmmer ee Meedchen an der Crew feelt. D'Alters-Spart war och schonn deemools ee Problem, et gët dovu geschwat, fir den Alter op 16-21 Joer ze hiewen ...

93-94 1984 Aquila

1991 Raid

deSCOUT

2/04

e Segeltörn um Ijsselmier an Holland stoung während der Ouschtervakanz um Programm - dee leschte Sportsdag an der amerikanescher Schoul zitt 81 Exploerer a Rover un. TITELTHEMA7


EXPLORER ass fir mech... …eppes léieren, Aventure an Hike, a Campen am Ausland

…relax mat anere Leit vum Alldagsliewen ofschalten an dobäi fir d’Liewe léieren

...laang Owenter beim Feier, Hiken am Reen, Schnéi an an der Hëtzt, schlofen am Bësch, op der Genn oder an der Höhl, Diskussiounen mat „denen Alen“ aus dem Grupp/der Federatioun, Nepal, Grönland, d’Kleeder di no Feier an alles sténken, wann een heem kënnt

Géraldine Maroldt, CM

Chantal Hermes, PI

Sandra Cellina, GS

…ee stéirende Faktor fir jonk Cheffen Anonym

94-95

Et ass um Tour vum Hengi Schreiner fir d'Charge vum Commissaire z'iwwerhuelen. Um Programm steet ënnert anerem eng Visite vum Konzentratiounslager vu Struthof. De "Creatol", ee Forum fir Kreativitéit an Toleranz, huet vill Leit begeeschtert.

1994 Segelcamp

1996 Nuetsrallye

99-00

Dës Kéier ass um Nuetsraid ee "gëlent Meedche" verluer gaang an huet nees missen zeréckfonnt ginn. Um Tour de Luxembourg ass et da mat Bus, Zuch an zu Fouss duerch eist Ländche gaangen.

95-96

“Dem Dr. Livingstone seng Dagebicher” war dat Joer d’Thema vum Nuetsrallye an d'Sich nom gëllenen Zepter huet bis 3 Auer gedauert. Den éischte FNEL's Triathlon stoung nach op der Lescht fir dëst Joer - ouni de Federalscamp zu Techuana ze vergiesse wou 57 Explorer um Souscamp "Chichèn Itza" deelgeholl hunn.

00-01

Aussergewéinlech grousse Succès haaten der Explorerformatioun hier Konstruktiounen um COSL Spillfest. Um UIPL Camp um Misärshaff waren 122 Meedercher a Jongen aus Frankräich, Italien, Katalounien a Lëtzebuerg zesumme fir eng flott a mat Momenter schwiereg Woch z'erliewen.

96-97

Thema vum Joer - Raid de nuit: "d'Urmënsche si lass". Et gouf mat Holzkuel gemoolt a mam Bou geschoss. Den Ouschtercamp vun dësem Joer war an de Vogese wou d'Explorer mat engem BateauPéniche iwwert de Lac de Gérardmer gegondelt sinn.

01-02 Guy Bichel heescht dee neien Explorercommissaire. Ënnert sénger Leedung ass fir déi x-te Kéier um Misaershaff gehollef gi Beem ze planzen an aner noutwenneg Aarbechten ze maachen. Och d'Traditioun vum Nuetsraid huet eng nei Suite kritt - dës Kéier goung et an de Minett.

97-98

Explorer in Paris : fir ee Weekend hunn se d'Stad onsécher an den übleche Program gemaach : Métrofueren, Champs Elysées, Arc de Triomphe, Äiffeltuerm, de Musée des Sciences an dee grousse Floumaart.

98-99

Den Tom Scholtes trëtt an dem Hengi séng Fousstapfen a leet vun elo un d'Branche. Eng méi aussergewéinlech Activitéit stoung an der Fuesvakanz um

8TITELTHEMA

Programm: mat Schnéischung si 24 Explorer duerch d’Alpen vu Refuge zu Refuge gehikt. D’Wieder war gutt, et war vill Schnéi an eng super Ambiance, obschonns et fir deen een oder anere ganz schéin heavy war. Mee trotz de Strapazen a Bloderen wor et fir jiddereen eng super Experienz.

02-03 JOTI - JOTA - wee mengt dat wär 1995 Struthof

1997 Ouschtercamp

näischt fir d'Explorer huet sech nawell geiert well och do maache si wéi all Joer mat. et geet weider ...

deSCOUT

2/04

TITELTHEMA9


De Week-End vum éischte Mee goufen déi 25 Joer Explorer giedlech gefeiert.

deSCOUT huet nees an de verschiddenen auslänneschen a Gruppen-Zeitungen erëmgestöbert an Interessantes fir iech erausgepickt.

Sandra Cellina

Claude Freistroffer

GEBUERTSDAGS-PARTY

PRESSE-REVUE

Wéi feieren d’Explorer Gebuertsdag? Mat Kuch an enger Party, natierlech, an um Misärshaff. Mee ufänken ze feieren dinn se nach méi natierlech mat engem Hike.

Um Misär ukomm, gëtt sech séier installéiert an da ginn d’Atelierë lass: Poulie a Klamme sinn d’Haaptaktivitéiten, hei gëtt net nëmme geturnt, mee och Kniet an aner wichteg Dommheete geléiert. Owes ass déi regelrecht Gebuertsdagsparty ugesot: D‘Musek gëtt opgeluecht, d’Lions Bleus probéiere Stëmmung ze man, et gëtt Kuch mam neien Explorerofzeechen drop a gefeiert gëtt bis... déi lescht schlofe ginn.

10TITELTHEMA

Photos: J. Degardin

Den 30. Abrëll ginn also eng gutt Dosen Explorer vun iergendwou (dat haten se sech selwer erausgesicht) bis op de Flatzbuer, wou se sech fir d’Nuecht installéieren, Feier man an aus deene vun der Équipe ugeliwwerten Ingredienten eng wonnerbar Molzecht a Form vu Pack-Alu zauberen. An der Tëschenzäit sinn och déi ukomm, déi aus diverse Grënn net konnte mat zu Fouss goen. Mat e bësse Gedrénks a vill méi Gepoters sëtze mer nach bis zu spéider Stonn ronderëm d’Feier. Moies fréi geet et, no Kaffi a Schmier, op en Trajet mat Posten. Wéi, eng règle de tri? Wat ass dat? Wéisou ass 1 cm a Wierklechkeet net och 1 cm op der Kaart? Wien hätt dat geduecht? Nodeems dësen an ähnlech Rätsele geléist an d’Dëppe futtigeschloe sinn an „d’Feier“ geläscht ass, gëtt et op der Mëttesplaz Spaghetti Bolo an eng Banane fir den Duuscht.

deSCOUT

Wandrous (Lions bleus)

Scouting magazine (UK)

Nummer 268/04, Artikel vum Patsy Hatz

May 2004 - page 45

D’HIESERCHER GINN ON-AIR!!! De 4. Mee wor et endlech esou wäit: d’Unitéit Hiesercher ginn op de Radio, den Eldoradio versteet sech!! Do leeft nämlech mëttwochs owes eng Sendung “D’Clique vun der Woch”, a genau do wollte mir hin!! D’Iddi kënnt eigentlech dohier, datt mer dës Sendung all mëttwochs héieren, wa mer am Auto ënnerwee an d’Virbereedungsversammlung an d’Home sinn. A jo, dunn hunn ech eis ugemellt, a lo wor et dann esou wäit. Mir haten eis och schonn zweemol virun der Sendung am Home getraff, vir e bësse virzebereeden, wat mer géifen esou “spacken” (gell Anne??!!). D’Sendung sollt da schlussendlech de 4. Mee am Eldoradiostudio zu Gaasperech opgeholl an den Dag drop ausgestraalt ginn. Well net jiddereen wousst, wou de Studio wier, hu mer eis eng hallef Stonn virdru bei eis am Home getraff a sinn zesummen dohinner gefuer. Mir si ganz frëndlech vum Ivano, dem Redaktiounssekretär, emfaange ginn; kruten och eppes ze drénken (vläicht géint d’Opreegung?? Asou, a ween wor dann sou nervös...??). An dunn ass de Claude Nussbaum och scho komm: hien, deen d’Sendung mécht, huet eis nach séier e puer Tippë ginn, wéi mer di 5 Kéieren, wou mer sollte schwetzen, gestalten. Mir hu nach e bësse preparéiert an dunn ass et och schonn an de Studio gaangen. [...]

Think differently - A growing movement What can we do to increase the membership of Cub Scouting?

2/04

Provide Scouting immediately after school; this would perhaps appeal to a different membership of both young people and adults, provide a much needed service for parents who may work full time and perhaps also fit around other activities that young people take part in. [...] Sell the fun side of Scouting - it’s not just for young people, but for adults too. Develop better procedures for the induction of both young people and adults. The first few weeks are the most important, we need to make sure new members get the best first impression. Seek better links with famous former Scouts from your locality and use them as role models to encourage both recruitment and retention. Make good use of the Balanced Programme, providing a range of activities and using a range of methods to deliver them. If necessary, combine and amalgamate the smaller, less supported groups to build stronger and more succesful groups that both young people and adults want to be part of: success breeds success. AKTUELL11


Ënnert dem Thema “Be Unique” gouf déi 11. Europascoutskonferenz, vun deenen 2 Mouvementer WOSM (World Organization of the Scout Mouvement) a WAGGS (World Association of Girl Guides and Girl Scouts) vum 18.-21. Abrëll zu Reykjavik ofgehalen.

Parallel zur Scoutskonferenz sinn och Workshops fir déi jonk Memberen organiséiert ginn. Och vun der FNEL waren der zwee derbäi.

Fränk Stolz-Page

Chantal Hermes

EUROPA-SCOUTSKONFERENZ

12AKTUELL

- di Jugendlech an d’Décisiounsprozesser ze implizéieren; - der Natur eng wichteg Roll an onsem Aktivitéitsprogramm ze ginn; - d’Organisatioun vum 100-jähregen Anniversaire vum Scoutissem an Europa ze promouvéieren . Weider ass décidéiert ginn, de PNB vun 4.000.-US$ op 6.000.-US$ ze erhéijen, wat d’Cotisatioun bei der Europaregioun ugeet vun deene Länner déo an der Kategorie « D » sinn (déi Länner mam héchste PNB). D’Konséquenz heivunner ass eng Erhéijung vun der Cotisatioun em 1 Rappen also vun 0,19 CHF op 0,20 CHF pro Member. Nieft de groussen Discussiounsthemen ass et zu Reykjiavijk awer och em déi méi grouss Perséinlechkeete gaang. Sou huet z.B. och dee neie General Sekretär vum Bureau Mondial, den Eduardo MISSONI, sech virgestallt, dee vun dësem Joer un de Jacques Moreillon ersetzt. Derniewent gouf och en neien Europacomité gewielt, mat un sénger Spëtzt dem Lideja POZAIC aus Kroatien (Association Scoute de Croatie). Wat de Kaderprogram ugeet, kann een ervirsträichen dass et ënnert anerem zwee international Owenter gouf, deen ee mat kulinaresche Spezialitéiten aus alle vertruedene Länner an deen aneren e Bazar wou een allméiglech Gadget’e konnt kafen. Do derbäi hate mir och nach 2 Visitë fir e bëssen eppes vun Island ze gesinn, déi eng bei d’Geisiren an déi aner an eng Blue Lagoon.

De Jugendprogramm huet, niewent e puer interessante Visiten, aus Workshop’en mam Thema „Eenzegartegkeet“ bestanen. A klenge Gruppen hu mir iwwert ee gewëssent Thema oder eng konkret Fro nogeduecht, zum Beispill: Wéi kréien ech méi Memberen a mäi Grupp? Duerno hu mer all ons Iddien op ee grousst Stéck Pabeier geschriwwen an

huet een déi 22 Leit, déi do waren enorm séier kenne geléiert an et huet ee vill néi Meenunge gesinn. Heiansdo hu mer och méi kriddeleg Froe fir eis misse beäntweren, zum Beispill: Wat ass Kultur? D’Thema gouf dunn an all nëmme méiglech Richtungen ausgedehnt, vun der Fro, wat ee Land oder eng Relioun eenzegaarteg mécht, iwwert d’Eenzegaartegkeet vun all Persoun, bis hin zu den Elementer, déi de Scoutissem u séch

www.scout.is/euroconf2004 deSCOUT

se deem ganze Grupp virgedroen.

Duerch des Presentatiounen an Équipen

Photos: Equipe Internationale FNEL

D’Konferenz war organiséiert vun den “Bandalag Islenskra Skata”, d’islännesch Scouts a Guidë Federatioun. D’Ouverture vun der Konferenz war am “Fresh Water Wells Gvendabrunnar” bei enger Baussentemperatur vun ongeféier 4°C. Dëst ass d’Plaz, wou d’Waasserquelle fir ganz Reykjavik ofgezaapt ginn a wou anscheinend net jiddereen hikënnt, en eenzegaartege Site also fir esou een Event. Et waren 37 Länner mat iwwer 500 Delegéierte representéiert. D’LBSA (Luxembourg Boy Scout Association), déi zur WOSM gehéiert, war mat 7 Delegéierten derbäi, dovunner 5 vun der FNEL – dorënner 2 Jonker fir um Jugendprogramm deel ze huelen - an 2 vun der LGS. Bei der WAGGS waren et 5 Représentant’en, 3 vun der AGGL an 2 vun der LGS. Bei dëser Konferenz geet et virun allem drëm ze diskutéieren an ze décidéiere wou d’Scouten an Europa an den nächste Joren zesumme wëllen histeieren. No villen Diskussioune gouf dunn en neien Aktiounsplang 2004-2007 fir d’Europaregioun festgehal, bei deem d’Prioritéiten ënnert aneren dës sinn : - d’Koopératioun tëschent WOSM a WAGGS nach ze verbesseren resp. ëmmer méi Aktivitéiten zesummen ze organiséieren; - d’Memberszuel vun den nationalen Organisatiounen erëm ze verbesseren (Perte vun 20% vun de Memberen an Europa an deene leschten 8 Joer); - de Volontariat ze promouvéieren;

d’WORKSHOPS vum JUGENDPROGRAMM

2/04

eenzegaarteg man. Et war eng enorm interessant Woch an där mer e ganze Koup aner Iddië kenne geléiert hunn, ons alleguerte gudd ameséiert hunn, mee awer och vill nei Kontakter kruten. AKTUELL13


Fir de Beaver-Funday war dëst Joer zu Colmar-Bierg e groussen Zirkus.

Anne Kaiffer

ZIRKUS-FUNDAY 2004 Sonndes, de 17. Mee, huet d’Beaverbranche

Beispill en Zelt an deem eng Madame souz,

dës Kéier net nëmmen zu engem Krees

déi konnt net nëmmen d‘Zukunft aus der

opgeruff, mee zum Beaverfunday. Dat

Hand liesen, mee wousst och nach, wat een

grousst Beavertreffen huet sech dëst Joer

dann däer Deeg virum Beaverfunday esou

eng Kéier Clan’en aus dem ganze Land zesummebruecht. Et sollt deene ville Beaver och wierklech net

Leed

doen,

a

muncherengem

si

Mausfänken, mat Messere „laanscht“ e grousse Kartons-Clown schéissen, ee Geschécklechkeetsparcours, ee Clownen-

moies ganz sécher Mond an Aen opstoe

Faarweg-Molen Atelier, Konschtturnen…an

bliwwen, wou en denen aneren Clan’en hir

ech hunn der bestëmmt nach eng sëlleche

Verkleedungen entdeckt huet. All Clan hat

vergiess. Well déi grouss Ustrengungen

sech nämlech ee speziellt Déier erausgesicht,

awer och de Mo ganz schéin eidel maachen,

awer lo näischt esou banales ewéi en Hond

goufen et nach zwee e bësse méi schneekeg

oder eng Kaz, nee nee, op dësem Sonnden

Atelier’en, wou een, wéi kënnt et anescht

ass een éischter méi exoteschen Déieren op der Wiss hannert dem Home vun den Hirsch begéint. Ech sinn direkt emol enge sëllechen Elefanten an Tigere begéint, an awer soss nach eng Partie aner Zirkusbewunner.

sinn am Zirkus, entweder Popcorn selwer maache konnt, oder awer säin Uebstspiess séier eng Kéier huet dierfen duerch déi herrlech Schokolasfondue zéien.

d’Beavercheffe

Tjo, a wann der bis heihi gelies hutt, da

sech erëm richteg Méi gemaach, fir esou

gidd der mer jo recht, dass wann een esou

e richtegen Open-Air Zirkus op d’Been ze

eppes héiert, da géif een am léifsten erëm

stellen. Direkt an der Entrée, do stoung zum

zréck an de Beaveralter falen.

Och

14BEAVER

gestëbst hat.

dëst

Joer

haten

deSCOUT

2/04

Photos: A. Kaiffer

zu Colmar-Bierg ofgehalen an hat alt erëm

BEAVER15


De Sixplo war dëst Joer de 15. a 16. Mee zu Bouneweeg ënnert dem Thema Entwécklungshëllef.

Jacques Degardin

SIXPLO zu BOUNEWEEG De Sixplo leeft iwwer zwee Deeg, samschdes si just d’Sixeren do, sonndes kommen d’Wëllefcher vun all de Meuten. D’Sixer weisen den éischten Dag, dass och si kënnen eppes zur Entwécklungshëllef bäidroen an dass och e klenge Geste, an dësem Fall e puer Kilometer Velo fueren, eppes bréngt.

«Mir wëllen de Kanner

heimat weisen, dass si och als Wëllefcher kënnen anere Leit hëllefen», erklärt d’Anouk Prim, Wëllefchers-Commissaire. Um Enn vum Dag léisst d’Resultat sech weisen: an engem Mëtteg hunn d’Sixer ronn 1300 Euro gesammelt! Dës Sue sollen dann a Projet’en vun der ONGD-FNEL investéiert ginn, wou aner Kanner dervu profitéieren. Deen zweeten Dag sinn da ronn 200

Et ass naass. Ganz naass. Alles naass. Mee d’Sixer vun der FNEL stéiert dat séier wéineg. «Mir si jo net aus Zocker», mengt den Tom vun de Kiewerlecken. Hien ass grad mam Julien vun de Grénge Scouten 10 Kilometer mam Vëlo gefuer. «Domat sammele mer Suen, déi mer de Kanner an

16WELLEFCHER

deenen aarme Länner ginn», erklären se ganz houfreg. Fir all Kilometer spendéiert e Sponsor, dee si sech gesicht hunn, Suen, déi dann un d’ONGD vun der FNEL fléissen. «Mir fannen dat eng gudd Saach. Dat kënnt roueg méi oft bei de Scoute gemaach ginn», fannen den Tom an de Julien. deSCOUT

duerch Bouneweg a laanscht d’Uelzecht. «Dësen Dag dréit em Sensibilisatioun, fir dass d’Kanner gesinn, wéi d’Leit an Drëtt-Welt-Länner liewen a firwat een hinne soll hëllefen», esou d’Anouk Prim. Op verschidde Poste léieren d’Kanner mat Memory-Spill, afrikaneschen Dänz, Gewierzer erroden, asw. friem Länner an hir Liewensweise kennen. 2/04

Photos: J. Degardin

C. Freistroffer

Wëllefcher um Dill, fir ee Piste-Postes

WELLEFCHER17


Ritter goufen et just am Mëttelalter. Oder net? Wann een se richteg lackelt, esou wéi de 15. a 16. Mee, da kommen se hannert hiren ale Maueren eraus an dinn eis eppes erliewen...

Jacques Degardin

EXPLO zu VEIANEN

Ugefaang huet alles samschdes, wéi ronn 50 Patrullecheffen sech am Reen op en Orientéierungslaf ronderëm d’Veianer Schlass maachen. Si sinn a gemëschte Patrullen ënnerwee, wou CP’en aus verschiddene Gruppe vertruede sinn. “Mir wëllen de Patrullesystem, deen immens wichteg an der Scouts-Branche ass, weider ausbauen”, erkläert de Gilles Martin, Scouts-Commissaire. “Mir mëschen d’Patrullen, fir dass d’Patrullecheffen sech ënnertenee besser kenneléieren an dono mat Patrullen aus aneren Truppen Aktivitéiten zesumme maachen. Doduerch gëtt en Austausch favoriséiert, jidderee ka vun engem anere léieren an nei Iddië kréien: déi eng kënnen z.B. ganz gudd Konstruktioune bauen, anerer si besser am Kaarteliesen asw.” D’Patrullecheffe schénge scho gudd mateneen eens ginn ze sinn, well, och wa Verschiddener sech alt emol verlaf hunn, se sinn all ganz, wann och zimlech naass, am Schlass ukomm.

18SCOUTEN

deSCOUT

2/04

Photos: J. Degardin

Wien huet net schonn eng Kéier dovu gedreemt, zum Ritter geschloen ze ginn? D’Patrull Superdreckskëscht vun den Dippecher Dachsen huet dat scho fäerdeg bruecht: si hunn um Explo de Rallye duerch d’Schlass gewonnen a goufen als Belounung zu Ritter geschloen.

Owes iessen d’Ritter zu Veianen op der Maartplaz a ginn dono fir dat grousst Schlassfest bei de Kinnik an d’Prinzessin. Mee op eemol gëtt d’Prinzessin vun anere Ritter entfouert, an da geet et natierlech drëm, fir se erëmzefannen. D’Scoute verbréngen de Rescht vum Owend domat, d’Prinzessin ze sichen a wéi all Liebesgeschicht huet och des hiren HappyEnd. Sonndes mueres huelen 240 Ritter d’Veianer Schlass an. Dee ganzen Dag ass e Rallye mat Posten, déi am Haff an am Schlass selwer verdeelt sinn. Op engem Poste gëtt Brout um Feier gebak, op engem zweete gi Faakelen aus Duch a Wuess fabrizéiert. “Mir fannen déi al Rittersaachen am flottsten”, fannen e puer Caper Piwitschen. “Speerwäerfen ass déck cool, mee och zu véier eise Kinnék op sengem Stull droen oder ee bei engem Kampf SCOUTEN19


Déi zweet Floossfahrt vun de Kiewerlecken an de Grénge Scouten war an der Ouschtervakanz op der Uewersauer.

André a Bob

FLOOSSFAHRT op der SAUER

Um Enn vum Dag kommen d’Scouten all am grousse Rittersall zesummen, wou d’Ritterfrënn vu Veianen als Ofschloss jongléirem, sangen an, natierlech, e Schwertkampf weisen, wat jidderee begeeschtert. An dann ass et och schonn eriwwer an eis Ritter man sech op de Wee fir erëm zréck an d’Neizäit.

20SCOUTEN

deSCOUT

Mir hunn eis den 27. Mäerz zu fréier Mueresstonn um 8 Auer bei eis zu Diddeleng um Bierg getraff. Do hu mer mat voller Kraaft eis schwéier Floosser op de Kiewerlecken hire Camion geschleeft. Vun do aus si mer alleguer Richtung Heiderscheidergronn gefuer. No laangem Gerenns hu mer d’Floosser zu Waasser gelooss an hun eis Patrullenkëschte mam Ravi doropper fixéiert. A lo nach séier Schwammwesten ugedoen a lass ass et gaang. De Waasserstand war am Ufank korrekt; net ze vill an net ze mann. Pro Floss

waren am Duerchschnëtt 5 Leit am Asaz, déi sech doropper konzentréiert hu richteg ze steieren ouni an d’Waasser ze falen. D’Mettesplaz, déi mer spontan festgeluegt haten, hu mer ouni gréisser Tëschefäll erreecht. No engem vitaminräiche Mëttegiessen hu mer eis op den Wee fir op Mechela gemaach. Ennerwee koum et dunn zum 1. Tëschefall: engem vun eise 4 Floosser ass d’Loft ausgaang. 2 vun deenen 5 Leit déi doropper waren, sinn domatter weidergefuer an déi aner 3 sinn op déi aner Floosser verdeelt ginn.

Photos: Y. Jadin

mam Bengel vun enger Bott erof geheien. Iergendwéi erwächen déi al Maueren erëm zum Liewen, wann een déi grouss a kleng Ritter an de Säll an de Gäng vum Schlass gesäit. Am gewëllefte Keller probéieren der, ee vun hirer Patrull duerch e riesege Chaos aus gespaante Ficellen ze hiewen, an der Kiche schmaacht eng Patrull grad komesch mëttelalterlech Substanzen. Ganz flott ass och de Posten an der Kapell, wou e mëttelalterlecht Lidd gesonge gëtt, wat an dësem Raum natierlech ganz gudd kléngt. Natierlech ass d’Schlass och mat Schëlder a Fändelen dekoréiert an d’Verkleedunge si wierklech dem Thema ugepasst. Mee och d’Iessen ass zimlech mëttellalterlech. “T’ass cool fir ouni Gamelle a Forschette z’iessen”, soen d’Julie, d’Ann an d’Cathy vun de Grénge Scouten. “Mir haten e klengt Brout, wou mer fir t’éischt den Deeg aus der Mëtt eraus geholl hunn. Dunn hu mer Zopp doraus giess an dono war et en Teller fir d’Fierkel vum Spiiss.”

2/04

EXPLORER21


L’ONGD de la FNEL a été créée en 1989 par l’ensemble des cadres de la Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg, le CT, CA et CD, pour réaliser des projets dans des pays en voie de développement.

La FNEL-ONGD se présente En fait, à partir de 1995, le Bureau Européen du Scoutisme, par certaines résolutions, incitait, avec les chartes de Kigali et de Marrakech, les associations nationales à proposer des projets de développement à travers le scoutisme. Ces projets, en ce qui concerne le Grand-Duché de Luxembourg pouvaient être, après avoir été acceptés, cofinancés par le Ministère des Affaires Etrangères (MAE).

D’Konsequenzen dovunner waren, d’Floosser si méi schwéier ginn, si méi lues gefuer an sinn ëmmer méi an de Steng hänke bliwwen. Vun do u ware mer gezwongen ëmmer méi an dat kaalt Waasser ze klamme fir d’Floosser iwwert d’Steng ze hiewen. Géint 17 Auer ware mer all erfruer an d’Flemm hate mer och. D’Floosser hu mer einfach niewend d’Sauer geluet an hunn op eis Chauffere gewaart, déi eis dann op Ierpeldéng an d’Schlass op eis Nuetsplaz gefouert hunn. Bei engem gemittlechen Iessen hu mer den Owend ausklénge gelooss a si midd an eis Better gefall.

Bien que l’ONGD-FNEL soit une association sans but lucratif indépendante, son conseil d’administration se compose de cadres, actuels et anciens, de la fédération du mouvement scout ou de ses amis. L’assemblée générale, qui se compose de l’ensemble des membres, décide des grandes lignes d’orientations des activités qui sont pour le moment la sensibilisation, la santé, la jeunesse et l’environnement.

Den anere Moien huet eise Gruppechef, den Yves, eis eng gudd Baueren-Omelett gebrutscht, éiert et erëm weider op d’Flooss goung. Mëttesplaz war zu Bourscheid op der Plage. Nom Iesse si mer just dee grousse Wehr erofgefuer, éier mer erëm d’Floosser op de Camion gelueden hunn an heem op Diddeleng gefuer si fir auszelueden. Owes hunn d’Kiewerlecken eis ageluede fir bei si op Stroosse grillen ze goen.

La gestion journalière est confiée au comité de gestion du conseil d’administration qui se compose de dirigeants bénévoles et renforcé par des employés rémunérés. Il se compose du président, vice-président, secrétaire et trésorier. Ces membres se consultent régulièrement, exécutent les décisions du conseil d’administration et rendent compte de leurs activités à ce dernier.

Zesummegefaasst war dee Weekend genial flott, mir hun eis bommen amëséiert obschosns et äiseg war an dass mer ni zu Ierpeldéng mat de Floosser ukomm sinn. An elo soll ee soen, et géife keng Réuniounen „intergroupes“ gemaach ginn.

22EXPLORER

Afin de réaliser son programme, l’ONGD de la FNEL a signé un accord-cadre avec le ministère de la coopération – ce qui nous permet actuellement de développer 30 deSCOUT

2/04

projets dans divers pays tels que Burkina Faso, Haïti, Ile Maurice, Honduras, Cap Vert et Népal. Il s’agit de la construction d’écoles, de postes de santé, plantation d’arbres, soutien aux enfants les plus démunis, prévention contre le SIDA et renforcement de structures de sensibilisation. Le système de cofinancement nous permet, avec nos fonds propres qui doivent être de 15%, de réaliser des projets en 2003 pour EUR 745.125.2004 pour EUR 791.513.2004 pour EUR 672.786.Les projets sont réalisés en notre propre régie ou en collaboration avec des bailleurs de fonds tels que La FNEL, Nepalimed, L’association Luxembourg Népal, Mettalux, la Croix Rouge Luxembourgeoise, des groupes de la FNEL tels que les Kiewerlecken, la Ville de Luxembourg et d’autres communes du Grand Duché. Les grands projets réalisés de 1990 à 2000 à travers notre ONGD étaient pour la FNEL, hormis le reboisement à Godam Chowr, la construction de l’hôpital pour enfants handicapés à Banepa, la construction de l’école de Godam Chowr et le projet proposé par Claudine Hengesch qui consistait en l’extension de l’école de Naikap. ONGD23


Projet FNEL 009

Banepa Intitulé de l’action Participation aux frais d’hospitalisation (identification, traitement, hospitalisation, suivi) d’enfants handicapés à Banepa, Népal Durée de l’action 5 ans – de 2003 à 2007 Localisation exacte de l’action Hospital and Rehabilitation Centre for Disabled Children (HRDC), Adhikari Gaon, Wards No 6, Ugratara-Janagal VDC, Banepa, Kavre District, Népal Bénéficiaires directs de l’action Le projet concernera spécifiquement 250 enfants en 5 ans souffrant d’handicaps de toutes sortes suite à des brûlures (mais pas en urgence) et de malformations physiques (congénitale ou dues à l’arthrite), scoliosis, myelodysplasia. Au total, l’hôpital fait en moyenne 1.320 interventions chirurgicales par an dont 120 sont des cas d’handicaps physiques graves - la catégorie cible du projet. 50 enfants handicapés seront identifiés par an, afin de leur donner accès aux soins médicaux nécessaires et appropriés et de les suivre en réhabilitation pendant 5 ans. Bénéficiaires indirectes de l’action Les familles de ces 250 enfants handicapés. Rôle des bénéficiaires Les parents participent activement à la rééducation des enfants. L’hôpital a entre autres un service „Communitybased Rehabilitation” qui forme les familles des handicapés en rééducation.

24ONGD

deSCOUT

Partenaire local Friends of the Disabled (FOD)/HRDC, G.P.O. Box 6757, Kathmandu. FOD est reconnu par le gouvernement népalais comme ONG enregistrée au district de Kathmandu - no. de registre 130 / 049 / 050 (2049 / 05 / 29) et affiliée à SWC – no. d’affiliation 685 (2049 / 06 / 07). Responsable formel M. Ashok K. Banskota, Président du FOD Responsable de l’exécution M. Krishna Bhattarai, Directeur de HRDC et HRDC même Antécédents de l’action Le partenariat FNEL-ONGD – FOD/HRDC a commencé en 1991. La ville de Luxembourg avait alors accordé à FNEL-ONGD une somme substantielle en vue de l’extension de l’hôpital à Jorpati. Ce projet n’a pas été réalisé suite à un désaccord interne au sein du Social Welfare Council népalais. C’était en 1996 que le partenariat a connu un nouvel élan quand FNEL-ONGD ensemble avec le gouvernement luxembourgeois finançait la construction de l’hôpital HRDC. Un accord bilatéral a été signé entre les gouvernements népalais et luxembourgeois pour l’équipement de HRDC. Depuis lors, la relation des deux partenaires a toujours été positive. Viabilité de projet Les matériaux et équipements orthopédiques qui sont dépassés par les enfants bénéficiaires initiales seront remis à HRDC et ce dernier va prêter ces équipements aux autres enfants. Les enfants qui ont dépassé les équipements par leurs tailles vont recevoir d’autres équipements plus adaptés. FNEL-ONGD et le gouvernement luxembourgeois financent le projet pour 5 ans et la continuité sera prise en charge par Terre des Hommes Suisse et Friends of the Disabled Nepal. 2/04

ONGD25


Signature de l’accord de coopération entre l’ONGD - FNEL et les Nepal Scouts à Kathmandu Nepal

Den 2. Mee hat de Club des Misérables an d’Fondation FNEL nees op de Misärshaff invitéiert.

Claude Freistroffer

Un cadre de coopération Cependant, nous estimons qu’il est de notre devoir de faire prendre conscience aux jeunes du déséquilibre qui existe dans les relations et de l’interdépendance entre le Nord et le Sud. Selon nous, notre mission est de préparer les citoyens au monde de demain ; cela signifie former des individus suffisamment motivés et compétents pour contribuer au développement de la société. C’est précisément à cause de l’objectif de notre mouvement éducatif que nous sommes intéressés par la coopération et le développement. Les grands projets réalisés de 1990 à 2000 à travers notre ONGD étaient pour la FNEL, hormis le reboisement à Godam Chowr, - la construction de l’hôpital pour enfants handicapés à Banepa, - la construction de l’école de Godam Chowr - et le projet proposé par Claudine Hengesch qui consistait en l’extension de l’école de Naikap.

26ONGD

...an d’Kanner loossen hire Kaffi ston

Le partenariat signifie que :

Fir deene schéinen Hämmel nozegon

- Tous les partenaires participent à la prise de décision - Les activités sont dirigées conjointement - La culture, les convictions et les valeurs d’autrui sont respectées - Les informations sont échangées - Une décision et un accord trouvent place avant toute définition d’une politique et toute décision le concernant - Les partenaires sont libres d’exprimer leurs besoins dans un esprit de confiance mutuelle - Les structures des associations sont respectées - Les activités et les relations sont régulièrement soumises à une évaluation à laquelle participent l’ensemble des partenaires

Wou d’Musek ass déi spillt sou lëschteg d’Gaassen an, Fir bei all grouss Hären an der Stad hir Ronn ze man, hir Ronn ze man. Hämmel waren zwar keng um Misärshaff mee soss war awer alles, wat esou zu eng richteger Kiermes gehéiert, do - vum typesche Kiermesmenu (Paschtéitchen) bis zur Duerfmusek (vu Rammerech). Mee dat war awer nach net alles - fir d’Saach esou richteg flott ze maachen an de Leit och eppes ze bidden, konnt een nach

Au Népal nos partenaires sont :

säi Mutt op enger Klammwand beweisen

- Les Népal Scouts - La Népal Luxembourg Cultural and Friendship Association - Advocacy Forum - The Friends of the Disabled - The Friends of Sankhu - Dhulikel Hospital - John Sanday Associates - bureau d’architectes

deSCOUT

- Kanu fuere war ugesot, da konnt een nach eng Promenade guidée duerch de Bësch genéissen an zu gudder lescht hat sech d’Organisatiounséquipe nach eppes Besonnesches afale gelooss - an zwar ee Photos: J. Degardin

Le Guidisme et le Scoutisme sont des mouvements éducatifs, pas des agences de développement.

t’ass KIERMES...

2/04

Concours mat als Haaptpräis e Weekend gastronomique fir eng kleng Famill (4-5 Persounen) mat engem super Iessen. RONDEREM27


Vum 10. bis den 12. Abrëll 2004 war d’Leadership Formatioun um Misäershaff. deSCOUT war ee Mëtteg firwëtzen

Op der Scouts-Akademie kritt een d’Méiglechkeet, op engem Camp a Kuerzfaassung, déi elementar ScoutsTechnike kennen ze léieren.

Jacques Degardin

Jacques Degardin

LEADERSHIP-FORMATIOUN 25000 Scoutië pro Patrull. Den Hond net fidderen! Handy aus! Net op den Toilettë spullen! Fir e Patrullechef op der Leadership-Formatioun geet de Camp emol mat e puer Reegelen un… Scoutien? Dat ass d’Währung, mat där eng Patrull sech hiert Iessen akeeft, wat se sech da selwer kacht. Domatter missten d’Scoute bis dee leschten Dag auskommen, wann se sech gudd organiséieren an net alles den éischten Dag ausginn. Se kënnen natierlech och nach mat anere Patrullen tauschen, wann hinnen eppes géif feelen. Mee op jidder Fall mussen se scho gudd ënnerteneen eens ginn, fir hir Suen ze verwalten a sech hir Menu’en opzestellen.

SCOUTS-AKADEMIE

28RONDEREM

an oft zu Fouss duerch d’Land ënnerwee sinn, gëtt op der Scouts-Akademie och Orientatioun vermëttelt. Eng Kaart liesen an interpretéiere gehéiert do grad esou derzou wéi mat engem Kompass eens ginn oder mat Hëllef vum Koordinatesystem eng Plaz op der Landkaart erëmfannen. Wat mécht ee klassesche Scouts-Camp aus? Fir en aalen Hues ass des Fro einfach ze beäntweren: nuets am Zelt schlofen, e Lagerfeier, vill an der Natur sinn, an der

Grad esou wichteg wéi d’Iessen ass natierlech, en Dag iwwert dem Kapp ze hunn, an dësem Fall e Patrullenzelt. Zelt opriichten, kee Problem? Awer net wann d’Halschent vun der Patrull d’Ae verbonnen huet an déi aner solle guidéieren. Déi eng schloe sech op d’Fangeren, déi aner verléiere sech am Iwwerdag, mee zu gudder lescht stinn d’Zelter awer eenegermoosse riicht.

selwer gebauter Kiche kachen. Fir een neie Chef oder Explorer ass et net evident, iwwert all des Saache Bescheed ze wëssen.

Photos: J. Degardin

Domatter ass et awer nach net gedoen, well wann een seng Scoutien ausginn huet, wëll ee sech mat sénge Commissioune jo schliisslech eppes kachen. Also muss eng Kichen an en Dësch hir. No e bëssen Hin an Hier sinn dann och déi richteg Staange fonnt an zesummegekniet an iirgendwa kann da gekacht a giess ginn.

loossen. Well d’Scoute vill an der Natur sinn

D’Leadership-Formatioun ass geduecht fir Patrullecheffe vun der Scouts-Branche. D’Kandidate kréien hei net nëmmen theoretesch Couren (z.B. éischt Hëllef, Orientatioun, Organisatioun vun der FNEL etc), mee wenden och e groussen Deel vun deem Geléierten direkt selwer un. Ziel ass et, dass jidder Patrullechef genuch Wëssen an Iddië mat op de Wee kritt, fir selbstänneg séng Patrull ze leeden a mat hir zesummen Aktivitéiten z’organiséieren.

deSCOUT

Deen een oder anere ka vläicht déi méi theoretesch Aspekter (Geschicht a Sënn vum Scoutismus, Pädagogie, asw) e bësse vermëssen, mee déi gi bewosst op der Säit gelooss. “Op der Scouts-Akademie kréien d’Kandidate praktescht Wësse vermëttelt”, seet d’Nancy Brosius, Responsabel vun der Akademie. Et wier net mat deenen anere

Zu engem richtege Camp gehéiert zum

Formatiounen ze vergläichen, wou och méi

Beispill, eng Kichen an en Iessdësch selwer

theoretesch Couren ugebuede gin. “Mir

opzeriichten. Déi Kichen, déi hei mat der

bidden de Kandidaten d’Méiglechkeet,

fachmännescher Ennerstëtzung vun der

sech mat e puer wichtege Scouts–Techniken

Formatiouns-Equipe opgeriicht gin ass, war

ze familiariséieren, fir dass se déi dono

op jiddefall super équipéiert mat Aarbechts-

an hirem Grupp kënnen uwenden”, esou

a Kachplack, Regaler a Läffels-Kreep. Och

d’Nancy Brosius. Eng limitéiert, mee kloer

beim Kachen, wou d’Kandidaten och eppes

Missioun, déi de Gruppen d’Méiglechkeet

iwwer Hygiène a Sécherheet beim Kache mat

bidd, hiren neie Cheffen, Explorer oder

op de Wee kruten, konnt d’Resultat a Form

Rover eng Säit vum Scoutismus op einfach

vu Paprika-Geschnetzeltes sech schmaache

Manéier méi no ze bréngen.

2/04

RONDEREM29


Wéi sti mer zu eiser Uniform? Ass se nach ëmmer zäitgeméiss? Wéini do mer se un a wéi soll se ausgesinn? Dëst Thema schéngt d’Gemidder nawell z’erhëtzen, wann een op de Forum geet oder d’Reaktioun op 3 Fotoen am leschten deSCOUT liest... Wat ass är Meenung dozou? www.fnel.lu

Um Internet-Site vun der FNEL fannt dir de Forum ënnert der Rubruk Interactif. Hei kann een iwwert all méiglech Theme matschwetzen. Bei der Diskussioun ëm de RoverAlter sinn allerlee Reaktioune komm. Extrait’en:

ECH SCHWÄTZE MAT Badger, Uniform, Krëschtbeemchen… Eng flott Aktivitéit bei de Scouten ass et jo Badger, Ofzeechen, Foulard’en etc. vun de Scouten a Guiden vun der ganzer Welt ze sammelen. Des kann een op Jamboree’en an aner Treffen tauschen, oder als Frëndschaftszeechen bei Visiten etc. kréien. Mee wouhin domat? Et kann een se wéi Timberen an engem Classeur, Pinnwand, Këscht, etc. schéi versuergen. Mee, dass een des neierdéngs op de Réck vun sengem Uniformshiem bitzt, kann an däerf net toleréiert ginn. An dëst alles dobäi nach als „Chef de Groupe“ an Delegéierte vun der FNEL am Ausland (Photo’en „de SCOUT“ Nr. 506, p. 23). Eis Uniform, déi jo eist „Aushängeschëld“ vun eisem Mouvement no baussen ass, huet näischt mat Arméi oder Militär ze dinn. Si soll eist Zesummengehéieregkeetsgefill no baussen ausdrécken a weisen, dass mir eis dozou bekennen. Mir sollten all stolz sinn, si adrett ze droen an esou eise Groupe bzw. d’FNEL a Lëtzebuerg ze presenteiren. Als „Chef“ bzw. nach „Chef de Groupe“ soll een e Virbild fir seng Scouten a Guide sinn, och an enger tipp-topper Uniform! An net ewéi e „Krëschtbeemchen“ ronderëm lafen! Ech hoffen, dass dëst en „Eenzelfall“ eng „Ausnahm“ war, an net nach Schoul mécht! Als Alternativ fir är „Badge-Collectioun“, schloen ech iech eng flott „Lagerfeierdecken“ fir, wéi mir se fréier haten. Näischt fir ongudd, Lénks Patt, Rudy

30ZU GUDDER LESCHT

www.fnel.lu - FORUM

Submitted by Raoul on 3/23/2004

Rover-Alter, GS Rover, 26. Apr

Submitted by julie on 3/23/2004

Vill vun eisen Rover sin an der Woch oft um Bierg fir flécken, botzen a.s.w. Saachen dei onentbärlech sin fir dei Jonk Cheffen fir sech ganz op hier Taach ze konzentreieren genannt “Scoutismus”. Mär als Gréng Scouten wellen dass all eis Rover vun 18-99 Joer NET als Amicale bei der FNEL bezeechend gin.

Submitted by David on 3/23/2004

Ech hoffen just als Chef de Gruppe vun den Gréngen dass ech nach lang Zeit kann op esou “jonk” Rover zielen! Gréng Scouten brauchen se! An waat et mat der Altersdifference op secht huet! ha ha ha.. Mär gin eens! (an zwar all zimlech gudd!). Argument et kann een Jonk an Aal net bei den Aktiviteiten mechen ass egal waat!! Ech mengen wann eng Madame oder en Herr sech mat 50 Joer fir en Hike interesseiert an well matgoen.. firwaat net! Do gin et och genuch Beispiller!

Ech hu mech gefrot fierwat de POW-WOW zu engem Fuesbal get?! De POW-WOW ass dei wichtegst offiziell Aktivitéit dei mier hun. Hei op der HP stet iergendwou dass en op enger offizieller Aktivitéit eng Uniform soll undoen. Me wann d’FNEL sech schon net drun hällt dann get dat dach bestemmt och net an de Gruppen sou gemaach, oder?! also ech sin och kee groussen frënd vun verkleedungen (ausser wann Föös as...), mee ech fannen awer, dass de pow-wow méi witzeg as, wann jiddereen verkleed as. dann as einfach d’atmosphère méi flott...!as jo awer flott, wann all groupe seng eegen verkleednug huet. An d’uniform fannen ech guer nt wichteg. daat war menger meenung no just fréier gudd...deemols hun d’scouten sech nahc domadder identifizéiert, mee lo maule di meescht scouten souwisou, wann et heescht si sollen d’uniform undoen, an zwar och nach korrekt, zou gekneppt an de läpp an der box!

Re: Rover-Alter,Yves Jadin, 26. Apr

Datt d´Kanner hir Uniform nit gaeren undin hänkt menger Meenung no och vill vun den Chef oof ! Wann d´Chefen ni oder seelen eng Uniform undoen an daat nit serieux geholl gett da maan d´Kanner daat och nit. De Chef as numoll d´Virbild. Ech hun op allefall eng gut Retsch Kanner bei mir di all Woch fraiwelleg, ouni ugestallt si gin mat Uniform a Foulard ( Foulard as zwar souwisou selbstvertändlech) an d´Versammlung kommen.

Re: Rover-Alter, David, 26. Apr

deSCOUT

Jejeje, ech kann heiansdo nemmen den Kapp reselen, ech mengen et gin Leit di hätten den B.P. nach aus den Scouten gehait well en schons sou aal wor wi en se gegrennt hott.

Re: Rover-Alter, Hengi com prg, 27. Apr Et huet nie ee gesoot dat en net mei daerf no 26 Joer an der FNEL sin, hun der 40 sin nach emmer aktiv am Grupp an an der Federatioun an et

2/04

gin der immens vill an daat ass och gudd esou. Ech mengen dat ee mat 50 Joer aaner Interessi huet wei en 18 Jaehregen. Mir kennen d’Rover jo och opsplecken an “dei jonk Rover” an “dei besschen mei aal Rover”. Mir maachen e Programm fir dei Jonk an dest ass allgemeng, net nemmen bei eis sou, bis em dei 26 Joer, wann awer elo een do matgeet deen mei aal ass, domat hun ech an ganz bestemmt och keen aaneren ee Problem. Richteg ass dat et dir (also d’Gruppen woren dei des Aennerung decideiert hut; haett dir anescht ofgestemmt, da wier et och aanescht weider gaan, natierlech waeren dann dei aaner nees roose gewiecht, well et mech een et jo nie engem gerecht.

Re: Rover-Alter,Yves Jadin, 27. Apr Just nach eng kléng Remarque den Ennerschéed vun 26 bis 60 ass net vill mei grouss wei vun 30 bis 60 : -)!

Re: fir deng Hengi, David, 29. Apr Ech fannen et nit gut datt een eeler Rover einfach an een Deppen Amicale gehait, et kann natiirlech jiddereen den wellt an eng Amicale goen, mee eng Amicale kann nit eng Branche ersetzen. Waat ech mir kinnt virstellen wiren Rover an z.B. Rover+ waat eigentlech zwou verschidden Branchen wiren (um Pobeier) an déi dann awer je no Interessie méi oder manner vill zesummen ennerhuelen kinnten.

ZU GUDDER LESCHT31


Den 20/21 März war beim RecyclingCentre zu Stroossen e Week-End fir d’Sixer an d’Second’en vun de Kiewerlecken

J. Bauer

Bannent zwee Méint goufen dräi Homer vu FNEL’s Gruppen ageweit.

SIXerSEcond WEEK-END

HOME, SWEET HOME

HOGA Si hunn hiren neien Home de 27. Mäerz ageweit. An deem aalen doheem war et ze kleng ginn, dofir ass dat Haus niewendru mat bäigeholl ginn an déi zwee Gebeier goufen an e flotte ScoutsHome ëmgebaut.

Photos: J. Degardin

CASTORE vu SCHËTTER Hei gouf vill bannen am Home geschafft an alles nei aménagéiert. Ageweit gouf deen “neie” Chalet den 22. Mee.

32ZU GUDDER LESCHT

Jeff Bauer, Chef de Meute, Kiewerlecken

CAPER PIWITSCHEN Endlech, no 23 Joer Existenz, krute si hiren eegene Chalet. Den 22. Mee ass dee moderne Bau, wou vill mat Holz geschafft gouf, ageweit ginn. D’Gebei läit direkt beim Bësch an et kann een och Zelter um Terrain opriichten. deSCOUT

Wat méchs du an denger Fräizäit??? Ma ech sinn an de Scouten. Mam, bass du krank!!! Wat méchs du dann do??? Ma ech si Wëllefchers-Chef. Hues du se nach alleguer, dat ass jo nach méi schlëmm, dech ëm déi kleng Kanner ze këmmeren!!!! Déi oder esou ähnlech méi kleng Streidereien hunn ech scho selwer matgemaach. An ech si meeschtens op daf Ouere gestouss, wann ech si vum Géigendeel wollt iwerzeegen. Nu jo, hei ass e Rapport, dass een och eppes mat de Kanner ka maache wat d´Scouten normalerweis maachen. Et hat alles wonnerbar ugefaang mat de Présencen, just dass e Second net komm wor a sech och net ofgemellt hat. Wéi mir no engem kuerzen Trajet ukomm woren, hu mir mol schnell d’Zelter opgebaut. Mee nodeems den Truppechef laanschtkomm ass, ass et méi schnell gaangen. No der Installatioun hu mir relax eng ganz Kichen zesummengebaut, wou souguer owes drop gekacht gouf. Nodeems mir mol giess hunn, hu mir géint halwer néng eis op de Wee gemaach fir d’Nuetsspill. Dat wor och flott just dass awer esou staarke Wand wor, dass d’Flamen awer ausgaange sinn. HA. Dunn hu mir mol schnell improviséiert. D’Sixer an d´Second’en hu missen op e bestëmmte Bam, an engem ugemoossenen Ofstand, oppassen. D’Cheffen hun misse probéiere bei de Bam ze kommen, wat 2 Kanner op 1 Chef Moyenne wor. No 3 Partië wor et Zäit fir zréck ze gon. 2/04

Ukomm, si mir direkt schlofe gaang, well mir alleguer e bësse midd woren. Moies gouf emol Frühsport gemaach fir dass jiddereen och waakreg ginn ass. Déi lescht sinn awer no der Nutellas-Schmiir erwecht. Du géint 11 Auer hu mir ons op de Wee op d’Feierplaz gemaach, wou mir méi wäit wéi virgesi gaang sinn. No engem gudde Mëttegiessen, wou d’Cheffe mol eng Kéier fir t’éischt z´iesse kruten, well hiert Feier als éischt prett wor. Erëm zréck op der Campplaz ukomm, goufen d’Zelter ofgeriicht. Well mir nach e bëssen Zäit haten, hu mir nach e puer Klengegkeete mat de Kanner gebastelt (Konstruktiounen). Du gouf et awer Zäit fir de Meckercarré an d’Badger ze verdeelen. No dësem Ritual si mir alleguer zréck bei d’Elteren gaangen, déi sech iwwert déi knaschteg, midd, awer frou Kanner gewonnert hunn. Dir gesidd jo, dass een och esou Saache ka mat de Wëllefcher maachen, och wann et déi méi eeler sinn. Mee trotzdem sinn ech stolz e Wëllefcherschef ze sinn, besonesch wann ech gesinn, dass e Second, deen an der Nout iwwerhaapt Second ginn ass an nach an sengem 2. Joer ass, all d’Kniet kann an am meeschten un der Kiche geschafft huet. Esou een huet sécher de Knécheler verdéngt. Natiirlech hunn ech Verständnes, wa jiddereen net wëll Wëllefcherschef sinn oder ginn, mee dann haalt op mat deene Remarquë wéi se uewe stinn. ZU GUDDER LESCHT33


Patrulleweekend Wellschwäin a Schleek vun de Grénge Scoute vun Diddeleng.

Den 21. an 22. Februar haten d’Beaver vun den Dippecher Dachsen e WeekEnd zu Heeschdref mam Thema Walt Disney.

Luc Schmit, SP Patrull Wëllschwäin, Gréng Scouten

Corinne Schoos

PATRULLEWEEKEND

34ZU GUDDER LESCHT

Souvill schaffen hat eis honegreg gemeet. Eng Equipe hat sech scho samschdes mueres drëm gekëmmert fir de Ravi akafen ze goen an och déi richteg Rezepter besuergt. Mir sinn an d’Kiche gaang an hunn eis Nuddele mat Ham a Ram gekacht a suguer mat Kéis am Schäffchen iwwerbak. No der Spull hu mir eis dunn op de Wee an de Bësch gemeet wou mir e spannend Nuetsspill gemat hunn. Duerno hu mir nach e bësse mat eisen neie Maquettë gespillt bis mir midd an d’Better gefall sinn. No enger kuerzer awer erhuelsamer Nuecht hu mir eis mat Croissant’en a Schoki gestäerkt. De ganze Moien iwwer hu mir Turnéieren op eise Maquettë gespillt. Duerno hu mir Pizza gebak. Den Deeg hu mir selwer gemat a jidderee konnt sech drop leeë wat hie wollt. Als Dessert ass et e gudde Petit-Beurre’s Kuch ginn. Am Nomëtteg hunn eis Maquetten eng Éiereplaz am Home kritt. Duerno hu mir eis Rucksäck gepak a virun d’Dier gestallt. Och d’Botze vum Home hu mir net vergiess. Eis Cheffe sinn nach kucke komm ob mir eist Home och propper gebotzt haten a si ware ganz zefridde mat eis. Si hunn eis gelueft fir eis flott Maquetten. Leider huet et schonn um 4 Auer geheescht „Äddi soen“ well vill vun eis hunn nach doheem misse fir d’Prüfungszäit schaffen. Mir hunn eis awer an der Ouschtervakanz Rendez-vous gi fir nees mat eise Maquetten ze spillen. deSCOUT

Um 14h00 sinn d’Kanner vum Blupp (Margot NEU) , Reebou (Corinne SCHOOS) a Mark, déi natierlech als Walt Disney Personnagë verkleed waren, emfaange ginn. Dunn hunn d’Beaver sech installéiert a si mam Blupp an e gemittleche Sall gangen, wou hatt si op d’Verspriechen dat owes sollt sinn, virbereet huet. Dono si se erof an de grousse Sall gaang, wou se hier Bastel, eng Tafel op där Devise, Verspriechen a Gesetz stoungen, gemat hunn. Tjo, dono hu mer eis waarm ugedoen a sinn duerch de Park gaang, wou mer Spiller gemaach hunn, an se krute Froen iwwert d’Natur gestallt. No deem klengen Tour dobaussen hu mer nach e puer Spiller gemaach an dunn ass giess ginn. Nom Iessen, et war schonn däischter, ass et an de Park gaang, wou mer de Bibu gesicht hunn, well 4 Beaver wollten hiert Versprieche man. Mir stoungen an engem halwe Krees an hu nom Bibu geruff. No der 2ter Kéier ass en dunn och komm an d’Jeanne, den Diogo, d’Danijela an de Max hunn hiert Versprieche beim Bibu ofgeluet a kruten du vun him hiere Foulard. Mir hunn dem Bibu Äddi gesot a sinn erëm an den Home gaang wou d’Beaver sech hu misse verkleeden, natierlech als Walt Disney Personnage . Jo an dunn hu mer eng genial Quizshowgemaach. Se waren an 3 Dämm agedeelt, an all Damm krut noeneen e 2/04

C. Schoos

Den 13 an 14 Mäerz 2004 hunn eis 2 Patrulle sech pünktlech um 3 Auer um Scoutebierg getraff. Mir hunn eis patrulleweis an den Dortoiren installéiert an du goung et lass. Mir haten eis fir dëse Weekend Grousses virgeholl. Mir hunn eis Maquettë gebaut fir mat selwergebastelte Figuren drop ze spillen. Mee samschdes mëttes konnt vu Spillen nach net riets goen. Well d’Reunioun vu samschdes mëttes fir meng CP Formatioun war hat ech de Plang fir d’Maquetten an de leschte Méint ausgeschafft an d’Material hat ech schon 2 Woche virdru besuergt.. De genaue Programm hat ech och un d’Cheffe vun der Formatioun geschéckt. Eis Patrullen haten an der Reunioun virdrun och scho gudd Viraarbecht geleescht well esou eng Bastel kann een net an enger Kéier maachen. Bierger, Landschaften, Haiser a Ruinen hu missen aus Styroporplakken erausgeschnidde ginn. Duerno hu mir si mat Styroporpech op eng grouss hëlze Plack gepecht. Du gouf dat ganzt mat Gips modeléiert. Soubal de Gips dréche war hu mir Pech opgedroen an d’Maquettë mat Sand bestreet. Duerno goufen d’Landschaft an d’Kulisse faarweg gesprëtzt. Wéi alles dréchen war hu mir d’Maquettë nach mat Hecken a Straich dekoréiert. Duerno hu mir den Atelier erëm tiptop geraumt a gekiert. Während där selwechter Zäit huet en anert Team Spillregelen op d’Bee gestallt. Well mir all sou gudd zesumme geschafft hu war och um 18.30 Auer alles prett.

BEAVER WEEK-END

Passage aus engem Disneybuch virgelies oder aus engem Disneyfilm gewisen an hunn du misse rode wat et wier. Sou seier wor dee flotten Owend op en Enn gaangen a mir sinn an d’Bett gaangen. Deen anere Moien hu mer gemittlech Kaffi gedronk, mir sinn eis wäsche gaang an hunn eis Rucksäck gepak. Elo wor et esou wäit: eis zweet Bastel ass dunn un d’Rei komm, eng Winnie-Pooh Klammer. Dono hu mer eis e Film ugekuckt. Um 12 Auer ass et Mëttegiesse ginn, an dono ass eng kleng Mëttesrascht gehaale ginn, iert se sech du fir eis Fuesparty vekleed hun. Hei wor awer nach e klenge Quiz un der Rei iert mer mat der Fuesparty ugefaangen hunn. Um 16h00 sinn d’Elteren hier Kanner siche komm an de Weekend war fäerdeg. ZU GUDDER LESCHT35


Wéi gudd kenns du déng Déieren?

de klenge SCOUT

Fann déi richteg Spréchwieder déi dës Déieren ëmschreiwen a gewann déng Dschungelgeschicht vum Kipling als Täschebuch. Martine Feller

1. Aarm ewéi ____________________________________ 2. Fläisseg ewéi __________________________________ 3. Stur ewéi ____________________________________ 4. Staark ewéi ___________________________________

Firwat... picken d’Moustiquen?

5. Fräi ewéi _________________________________

zzzzzzz... AUA!!! Petsch... ze spéit... d’Moustique huet dech gepickt... an dat bestëmmt net fir t’éischt. Firwat picken déi kleng Fléidéieren iwwerhaapt? Scho richteg, eng Harespel pickt fir sech ze wieren oder z’attackéieren, mee d’Moustique net... si pickt fir z’iessen! Si erniert sech vun eisem Blutt, an hire Stachel ass hire Schalimmo. Et sinn awer nëmmen déi weiblech Moustiquen, déi eis picken. Si brauche méi Energie an huelen eist Blutt an d’Potéinen doraus, fir hir Nokommen ze fidderen. D’Männercher sinn e bësse méi liddereg a gi sech mam Nektar vun de Blummen zefridden. Mee firwat deet dat dann esou wéi, wann ee gepickt gëtt? Wann der genee opgepasst hutt, dann hutt der gemierkt, dass et net wéi deet, den Ament wou dir gepickt gidd, mee eréischt duerno. D’Moustique ass net domm... ier si zoubäisstt, schléifert si déi gewënschte Plaz op eisem Kierper mat enger Flëssegkeet aus hirem Stachel an, fir dass mir näischt mierken a si net op eemol doutschloen. An do läit d’Kromm an der Heck: no a no gëtt déi Flëssegkeet, déi och dofir suergt, dass eist Blutt an der Moustique schéi flësseg bleift, vun eisem Kierper als Friemkierper wouergeholl an als Reaktioun schwëllt déi Plaz un, si gëtt rout a fänkt u mat bäissen... a mir krazen a krazen a krazen... Nach en Tipp, fir dass iech dat dëse Summer NET geschidd: reift iech mat Zitronnellespray oder crème an, dee Geroch huet d’Moustique nämlech net gär a bleift ganz wäit ewech!

36ZU GUDDER LESCHT

deSCOUT

6. Flénk ewéi ________________________________ 7. ______________________________ ewéi e Fuuss. 8. ___________________________ ewéi e Panther. Schéck déng Äntwert bis de 15. Juli un: de klenge SCOUT, FNEL, B.P: 2676, L-1026 Luxembourg. ènnert deene richtegen Äntwerten gëtt de Gewënner ausgeloust.

Verluer am Dschungel...

2/04

wie geet bei ween?

ZU GUDDER LESCHT37


3

1 kilomètre à pied, ça use, ça use 1 kilomètre à pied, ça use les souliers 2 kilomètres à pied, ça use, ça use, 2 kilomètres à pied, ça use les souliers...

FROEN

Claude Freistroffer

déng SCHONG Wësst dir, wat esou en einfacht Puer Schong alles vu Konditiounen erfëlle muss? - et muss virun allem Halt gi fir datt een net ëmknéckt, - hier Suele solle sech net ze schnell diebelen oder ze mëll sinn, - et soll de Fouss schützen, - et soll waasserdicht sinn, de Schweess awer och no bausse loosse well soss ginn är Féiss mat der Zäit schweesseg a fiicht an d’Blodere si virprogramméiert (do spille gudd Strëmp och eng wichteg Roll), - ausserdem soll et och nach dofir suergen, datt een net rëtscht, d’Suel muss deementspriechend mat Noppen ausstafféiert sinn, - et déngt als Stoussdämpfer fir d’Gewiicht vum Kierper opzefänken, dat ass dann d’Roll vum der banneschter Suel an awer och neess vun de Strëmp, - a wa méiglech soll et och nach esou liicht wéi méiglech sinn : op engem Hike vun engem Dag hieft een d’Féiss tëschent 10.000 an 30.000 mol. Et ass also liicht ze verstoen, wéi wichteg d’Wiel vun engem gudde Schong ass. Huelt iech also genuch Zäit fir Schong kafen ze goen a gitt och nët ze fréi, d’Féiss schwëlle während dem Dag. Ee gudde Schong ass wichteg; kuckt also net zevill op d’Suen, +-150 € sinn e gudden Unhaltspunkt.

38ZU GUDDER LESCHT

Ditt är Trekkingstrëmp, mat deenen der herno wëlles hutt ze trëppelen, an är nei Schong un. Gitt domatter duerch d’Geschäft - e puer hunn och schonn ee klengen Trekking-TestParcours opgeriicht; d’Zéiwe musse sech nach beweege loossen ouni datt de Fouss no vir rëtscht (eng kleng Hëllef: maacht d’Stréckele ganz op, rutscht mam Fouss ganz no vir : da muss nach e Fanger hannert d’Feescht passen). Stréckt de Schong da richteg - wann der dann an d’Knéie gitt, däerf d’Feescht net rëtschen. Fir ganz sécher ze sinn, probéiert roueg eng hallef oder ganz Nummer méi grouss fir den Ënnerscheed ze spieren. An dann nach e puer Rotschléi fir den Ënnerhalt vun ären neie Schong: - befreit se esou schnell wéi méiglech vum Bulli, dee verstoppt nämlech d’Poren (Stréckelen eraushuelen an d’Schong ënnert dem Waasser mat enger mëller Biischt ofmaachen, dat geet ganz séier) - NIE Schong direkt op eng Heizung oder esouguer beim Feier drechenen (do zëmools ginn et eng etlech Anekdoten ze verzielen...), huelt wa méiglech déi bannescht Suel eraus a stoppt se mat Zeitungspabeier aus, deen der e puer mol wiesselt, dat wierkt Wonner. - selbstverständlech brauch een de Goretex, etc NET anzefetten. deSCOUT

Vum Martine Feller un de Guy Bichel, Explorer-Commissaire.

Wei eng Roll spillen d’Explorer am Scoutsmouvement? D’Explorerbranche ass eng ganz wichteg Etapp am Liewe vun engem Scout. Hei geet et net méi nëmmen drëm, seng Scoutstechniken ze beherrschen, mee et kënnt eng nei Erausfuerderung an d’Spill: “Selbststännegkeet a Verantwortung”. Vun elo un ass den Explorer selwer gefuerdert: zesumme mat senge Kollegen aus der Unitéit féiert hien d’Regie iwwert de Programm, de Responsabele steet nach just mat Rot an Dot zur Säit. A mengen Ae féiert kee Wee laanscht des Branche, well éier ee Responsabilitéit fir aner Leit kann iwwerhuelen, muss ee léieren, verantwortlech fir sech selwer se sinn. Explorer ass eng Branche, déi e speziellen Alter uschwätzt a mat villen aneren Offeren a Konkurrenz steet. Wat sinn d’Haaptproblemer, mat deenen dës Branche den Ament ze kämpfen huet? Menger Meenung no leit eis Konkurrenz net onbedengt bei aneren Organisatiounen, mee plutôt op gesellschaftlechem Plang. An eiser Konsumgesellschaft vun haut ass all ze oft de Spaass à la Carte gefrot, an dat ouni vill Engagement wa méiglechst. Dass des “Club Med”-Philosophie net bei de Scoutismus passt, ass jo kloer. Als edukative Mouvement geet et eben net nëmmen drëm, fir “Funny-Games” ze spillen, mee niewent der Freed bei den Aktivitéiten verlaang mir och e gewëssen Asaz fir de Grupp. Bei deene jonke Leit, déi am Scoutismus aktiv sinn, mangelt et dann och net um Engagement, au contraire. Leider gi si all ze oft vill ze fréi an eng Responsabel-Roll gedréckt, där si dann um Enn awer net gewuess sinn, an da leiden se schon mat 20 um Burn-Out Syndrom. Explorer a 25 Joer: wéi wäerten denger Meenung no d’Aktivitéite vun der Branche an hir Roll bannent der FNEL am Joer 2029 ausgesinn? Bis dohin huet d’Äerd sech nach oft ronderëm gedréint a wie weess, wéi de Scoutismus allgemeng a 25 Joer ausgesäit. Sécher sinn ech mir awer, dass de Scoutismus weiderhin eng wichteg Roll an der Gesellschaft wäert spillen, an domat och eng Explorerbranche. Fir d’Branche hoffen ech, dass eis Responsabel (dozou zielen ech dann och) erkennen, dass et grad an engem Alter, wou eis jonk Leit ufänken, hir Grenzen se sichen a sech hir eege Meenungen ze bilden, en edukative Mouvement besonnesch gefuerdert ass, a mir vläicht méi Energie an des Aufgab investéieren. Dest Ziel erreeche mir och am Joer 2029, mat engem flotte Programm, gemëscht mat traditionellen Aktivitéiten, wéi Hike, Kaart a Kompass (trotz integréiertem GPS am Bic) a mat modernen Elementer, wéi nei Medien an Techniken. Als klengen Highlight zum Schluss, en Hike am All, wie weess, bis dohin!? 2/04

ZU GUDDER LESCHT39



Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.