deSCOUT 2/2007

Page 1

deSCOUT 2/07

No 519 / 87. Joergang

FNEL SCOUTEN A GUIDEN


Josiane Kaiser-Hinger

Imprimerie Victor Buck

EDITORIAL Scoutsjoer geet esou lues op en Enn an déi meescht vun iech wäerte sech sécher op d’Summervakanz freeën. Réckbléckend wor dëst Joer fir ons e memorabelt Joer am Zeeche vum 100 Joer Scoutismus. Déi vill Aktivitéiten, déi dëst Joer stattfonnt hunn, hunn de Scoutsmouvement no bausse publique gemaach. Oft ass d’Idee déi di aner Leit vun de Scouten hunn, e Bild wat dem Scoutsmouvement vun haut absolut net méi entsprécht. Am Kader vun de ville Festivitéiten ass et gelongen de Leit dobaussen, déi näischt mat Scouten ze dinn hunn, ze weisen dass Scoute vun haut en dynamesche Mouvement ass, dat en d’Jugend duerchaus och nach haut begeeschtere kann. Wéi heescht et esou schéin „Eemol Scout ëmmer Scout“. An dem Sënn soll och den 8. Juli op der Kockelscheier fréier Scouten a Guiden zesumme brénge fir dësen Dag ze erliewen. Bestëmmt erënneren déi fréier Scouten/Guide sech gären un hir Zäit bei de Scouten zeréck, a wie weess villäicht krit deen een oder anere villäicht erëm Idee aktiv mat dobäi ze sinn. Op alle Fall si mir iwwerzeegt, dass dësen Dag fir ons e flott Erliefnes gëtt. Dëst Joer huet ons villäicht alleguer, déi mir dobäi si, kloer gemaach, wat ons de Scoutismus bruecht huet. Dir huet bestëmmt nei Bekannschafte, Frëndschafte geschloss an dat Gefill krut, dass mir eng Gemeinschaft si an zesummen eppes färdeg bréngen. Duerno kënnt fir déi meescht vun de Gruppen e flotte Summercamp, fir een Deel vun iech och d’Participatioun um Jamboree. Op dir elo am Land bleiwt oder an d’Ausland deSCOUT

2/07

gitt, dir gitt zesummen an enger Équipe a weist dat och dobaussen. Dir erlieft zesummen eppes Flottes a wäert alleguer flott Souvenire mat heem bréngen. Déijéineg, déi um Jamboree si kréien d’Geleeënheet nei Leit kennen ze léieren a Frëndschaften ze schléissen. Op alle Fall wënsche mir iech e ganz flotte Camp an dass der all erëm gestäerkt a voller Enthousiasmus am September dobäi sidd. Wa mir um Enn vum dësem Scoutsjoer denken, denke mir awer och un all déi Scouten a Guiden, déi villäicht no hirem Exame fort an d’Ausland op d’Uni ginn. Eng ganz interessant a flott Zäit steet iech befier. Leider bedeit dat oft, dass ons Chefen , wa mir elo ganz egoistesch denken, net méi esou vill am Asätz kënne sinn, souwuel an hirem Grupp wéi och an der FNEL. Vergiess ons net! Am Zäitalter vun Internet ass et méiglech trotz grousser Distanz Kontakt ze halen. Et ass menge mir eng flott Méiglechkeet gewuer ze gi wat alles lass ass an esou wa Geleeënheet do ass awer mat derbäi ze sinn. Mir wënschen iech all eng ganz flott Vakanz an hoffen iech all am September erëm ze gesinn

deSCOUT

Périodique officiel de la FNEL Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg 43, rue de Hollerich, Luxembourg Paraît 4 fois par an Rédaction et mise en page Josiane Kaiser-Hinger, Claudine Scheeck Impression Imprimerie Victor Buck, Leudelange Adresse postale deSCOUT (FNEL) B.P. 2676 L-1026 Luxembourg Tel +352 26 48 04 50 Fax. +352 26 48 04 30 E-mail deSCOUT@fnel.lu Internet www.fnel.lu Clôture de rédaction pour le prochain numéro le 15 août 2007

EDITORIAL 3


deSCOUT

Photo: A. Fritsch

6 8

10

2/07

TITELTHEMA D’Generalprouf L’histoire des Jamborees

10

SCOUTEN Den Explo an der Stad

12

WËLLEFCHER Sixplo am Hexenhaus

17

FORMATIOUN La nuit des brevets

Photo: Commissariat LX

89 Kandidaten kruten hire Brevet

12

20 22 23

24 26

Photo: Bisons futés

24

deSCOUT

2/07

28 30 31

RONDERËM Scouten a Konscht Une histoire d’un malentendu Un arbre pour la vie

ÄER SAÏTEN Luxembourg knows how to rave Eng BA fir de Nepal

ZU GUDDER LESCHT De klenge Scout Gudden Appetit E klengt Rezept 3 Froen

INHALT 5


Päischtweek-end um Neihaischen Préparatioun fir de World Scout Jamboree 2007 an England

Paul Konsbrück

D’GENERALPROUF Fir mat Zuelen unzefänken: Lëtzebuerg geet dëst Joer mat engem relativ grousse Kontingent op de Jamboree, näämlech 261 Leit am Ganzen: 176 Scoute mat 20 Chefen, 57 Leit ginn als sougenannten „EIST“ mat (International Service Team). E gudden Drëttel vum Kontingent si Leit vun der FNEL. FNEL oder LGS – dat soll awer an England keng zevill grouss Roll spillen a fir dass ee sech e bësse kenne léiere kann, war dann iwwer de Päischtweek-end (26-27-28 Mee) e Camp um Neihaischen. Dernieft gouf et eng Hellewull Preparatiounsaarbechten ze maachen a fir anerer war de groussen Highlight sécherlech „d’Reunioun 1957“, eng Aart Conveniat vun deenen di viru 50 Joer um Jamboree an England waren.

E Samschdeg sinn dann awer mol fir d’éischt „EIST’en“ opgetaucht an hunn ugefaang d’Zelter fir d’Atelier’en opzeriichten an d’Campplaz ze aménagéieren esou dass d’Scouten/Guiden an hir Chefen déi Aarbecht alt mol manner haten. Déi hu sech dann och gudd Zäit gelooss an hunn d’Sonn genoss amplaz vive hir Kichen ze iwwerdaachen. Dat sollt bestrooft ginn, mat Eemere Waasser, déi op eemol vum Himmel gefall sinn an och - bis eng kuerz Ennerbriechung Sonndes Mëttes - net domat opgehal hunn. Allerdéngs muss een eppes ganz kloer soen : de Reen war gudd a wichteg fir dee Camp! Doduerch, dass et heiansdo naass a kal war, si sech d’Leit méi no koum an

hu sech och miissten zesummen débrouilléieren. D’Stëmmung ass duerch di Schaueren net gedréckt ginn an et war de grousse Moment fir di sëllege Max-Kuborn-Imitatoren: „Jo, elo nach eng Stonn, dann hält et op“, „De Wand kennt jo vu Westen“, „Et ass och schonns vill méi hell“, „D’Sonn ass gläich erëm do“ (...) D’Atelier’en déi Sonndes de ganzen Dag op Héichtoure gelaf si, waren trotz geleeëntleche Schaueren allefalls e Succès an et konnt vill fir de Jamboree preparéiert ginn. Sou misst den „Office“ (Lëtzebuergesche Pavillon um Jamboree) mat all senge genialen Expositiounselementer nëmmen nach de Finissage verpasst kréien, d’Veillée gouf preparéiert, de Kachkéis am World-

village geschmaach, d’Scoute krute lauter Informatioune wéi et um Jamboree leeft an hunn och nach en Holzhummer mat hirem Numm drop fir matzehuelen. Nach e Wuert zu der Réunioun vun de 1957’er. Dat war mol vläicht cool! Et war esou, dass vun deene knapp 600 (!), déi deemools an England derbäi waren, der eng 50 dee Wee op Neihaischen fonnt hate fir sech eremzebegéinen – deelweis fir d’éischte Kéier säit 1957 – an awer och fir eis ze erziele wat fir Spiichten dann deemools um Programm stoungen. Mir krute Foto’e gewisen a mat enger gewësser Portioun Stolz erzielt wat fir schéin Zäiten et dach waren. ( Erstaunlech iwweregens, dass Verschiddener seguer nach hir Uniform vun deemools un haten – an se huet gepasst. Bei muncher ee passt déi vum Läscht Féderalscamp mol net méi). FNEL a LS (nix „G“) waren deemools nach streng getrennt, dat ass haut anescht a vläicht och gudd esou – de Scouten ass den Ënnerscheed net opgefall, just engem klenge Bouf vun den LGS, dee gefrot gouf, wat dann den Ënnerscheed wier: „ Déi vun der FNEL si scho méi lëschteg ewéi mir – awer och méi liddereg! Hei Gëschter hu mir schonn d’Zelter opgeriicht a si hunn nach gespillt“. Domat wier alles gesot. Wieder Info zu Week-End an d’Campzeitung op : http://wsj2007.org.lu

6 TITELTHEMA

deSCOUT

2/07

TITELTHEMA 7


21e Jamboree Scout Mondial 2007 Le 21e Jamboree Scout Mondial marquera le Centenaire du Scoutisme, avec plus de 40000 scouts venant de presque tous les pays du monde.

Source: www.scout.org

L’HISTOIRE DES JAMBOREES Le fondateur du Scoutisme, Lord BadenPowell pensait organiser une rassemblement spécial avec des scouts de toutes les nationalités pour célébrer le dixième anniversaire du premier camp scout sur l’île de Brownsea. Cela n’a pu avoir lieu qu’après la première guerre mondiale. Cette rencontre internationale a eu lieu en 1920 à Olympia, Londres. Ce premier Jamboree rassembla 8000 scouts venant de 34 pays. Jamboree est à présent un terme international qui désigne un grand rassemblement scout. Depuis 1920, des Jamborees Scouts Mondiaux ont eu lieu environ tous les 4 ans, sauf durant la seconde guerre mondiale, et ont été accueillis par différents pays. 1er Jamboree Scout Mondial – 1920 Londres, Angleterre. 8.000 scouts de 34 pays. 2e Jamboree Scout Mondial – 1924 Emerlunden, Copenhague, Danemark. 3e Jamboree Scout Mondial – 1929 Birkenhead, Angleterre. 50.000 scouts de 69 pays (320.000 visiteurs). 4e Jamboree Scout Mondial – 1933 Gödöllö, Hongrie. 25.792 scouts. 5e Jamboree Scout Mondial – 1937 Vogelensang-Bloemendaal,Pays-Bas. 28.750 scouts de 54 pays. 6e Jamboree Scout Mondial – 1947 “Le Jamboree de la paix”. Moisson, France. 24.152 scouts sont présents.

8 TITELTHEMA

7e Jamboree Scout Mondial – 1951 Bad Ischl, Autriche. 12.884 scouts. 8e Jamboree Scout Mondial – 1955 Niagra-on-the-Lake, Canada. 11.139 participants de 71 pays. 9e Jamboree Scout Mondial – 1957 Sutton Park, Angeterre. Le Jamboree du Jubilé commémorant le 50e anniversaire du Scoutisme. Plus de 30.000 scouts de plus de 80 pays sont présents.

15e Jamboree Scout Mondial – 1983 Kananaskis Country, Alberta, Canada. 14.752 scouts de 106 pays sont réunis. 16e Jamboree Scout Mondial – 1987-1988 New South Wales, Australie. 14.434 participants de 84 pays. 17e Jamboree Scout Mondial – 1991 Parc National du Mt. Sorak, Corée. Avec près de 20.000 participants représentant 135 pays .

10e Jamboree Scout Mondial – 1959 Mt. Makiling Phillipines. 12.203 scouts venant de 44 pays.

18e Jamboree Scout Mondial – 1995 Flevoland, Pays-Bas, 28.960 participants 166 pays.

11e Jamboree Scout Mondial – 1963 Marathon, Grèce. 14.000 participants de 89 pays.

19e Jamboree Scout Mondial – 1998-1999 Picarquín, Chili, 1998-99. Participation de 30.948 scouts, de 157 pays et territoires.

12e Jamboree Scout Mondial – 1967 Farragut State Park, Idaho, U.S.A. 12.011 campeurs venant de 105 pays.

20e Jamboree Scout Mondial – 2002-2003 Le 20e Jamboree Scout Mondial en Thaïlande a été l’événement phare de notre Mouvement. Plus de 24.000 scouts de 147 pays.

13e Jamboree Scout Mondial – 1971 Asagiri Heights, Japon. 23.758 campeurs venant de 87 pays.

Les 86 membres participants de la FNEL, c.à.d 64 jeunes scouts, 7 responsables, 11 membres EIST (International Service Team) et 4 membres “Staff”, représentent les groupes suivants: Les Aigles, 23 participants Bisons futés, 12 participants CBDM, 14 participants EELQ, 13 participants

14e Jamboree Scout Mondial – 1975 Lillehammer, Norvège. 17.259 campeurs venant de 91 pays.

Greng Scouten, 11 participants Piwitschen, 1 particpant

Jamboree Scout Mondial de l’année 1979 Lieu: le monde. Date: toute l’année 1979. Au lieu d’un seul Jamboree, l’Organisation mondiale déclare 1979 “l’Année mondiale du Jamboree”, multipliant par mille le rayonnement d’un. Le 15e Jamboree mondial, prévu en Iran en 1979 a été reporté. deSCOUT

Le Grand-Duché de Luxembourg sera représenté par un contingent “LBSA” de 263 scouts et guides au 21ième Jamboree Scout Mondial.

Panthères noires, 9 participants Wiselen, 3 particpants

2/07

TITELTHEMA 9


Den 28. an den 29. Abrëll war an der Stadt eppes méi lass. 165 Scouten a Guiden hun sech getraf fir eng flott Aventure ze erliewen.

Scout’s Équipe

DEN EXPLO AN DER STAD Wéi allgemeng bekannt feieren d’Scouten dëst Joer hieren 100 jäerege Jubiläum. Dofir hu mir et och wichteg fonnt de Scoutsexplo ënnert dëst Thema ze stellen. Fir dass mir och genuch Zäit hate fir all ons Aktivitéiten duerchzezéien, hate mir schonns Samschdes mueres um 10 Auer Rendez-vous op der Gare. Nodeem all Mënsch ukomm wor ass et mat Sak a Pak lass gaang a Richtung Bouneweeg. Beim Home vun de Lions Bleus hu mir alleguer an Zelter geschlof. Mir hunn ons installéiert an dunn zou Mëtteg giess, fir dann endlech op de grouss Aventure a Stat opzebriechen. Zou Fouss si mir an de Gronn gaang. Do wor schonns vill lass, well owes „la fête du printemps“ wor.

10 SCOUTEN

Vum Gronn aus ass et dunn a Richtung Stat gaang an zwar bei de Roude Pëtz, do wor onse sou genannten „Headquaerter“. D’Scouten hu missen 10 Posten, déi allerdéngs duerch ganz Stat verspreet woren, fannen. Bei all Poste krute si e Puzzlestéck. Nodeem si déi10 Posten zur Zefriddenheet zu Enn bruecht hunn, si si mat hiren 10 Puzzlestécker zeréck bei de Roude Pëtzt komm. Do krute si da matgedeelt, wou d’Owesplaz fir z’iesse wor. Et gouf gegrillt an zwar beim Home vun der Hoga. Owes ass et dunn nach eng Kéier zeréck an d’Stat gaangen. Op der Place d’Armes hu mir eng Veillée gehal, mat Spiller, Lidder a Sketcher. Well et schonns esou herrlecht waarm Wieder wor, woren owes vill Leit op der Plëss, esou dass mir iwwert e feelende Public net konnte kloen.

deSCOUT

Sonndes hu mir d’Kasematten erorbert. An zwar hu jeeweils 3 Gruppen esou vill wéi méiglech „Gold nuggets“ misse sammelen, fir sech kënnen Holz etc. ze kafen. Domat konnten d’Équipe sech dann Hütten an Haiser kafen. Et ass natierlech drëm gaangen esou vill wéi méiglech Haiser an Hütten ze kafen. Nodeems jidderee säi Bescht gemaacht hat hu mir ons fir d’„Chaîne des adieux“ eng super Kuliss ausgesicht an zwar d’Pirateschëff am Park. Alles an allem ass den Explo an der Stat eng flott Aventure gewiescht an esou muncher Ee, wiert vun elo un sech villäicht besser an der Stat erëmfannen, an d’Scouten hunn erlieft, dat een och an onser Stat ganz vill Abenteuer erliewe kann.

2/07

SCOUTEN 11


Den 12. an 13. Mee hu 45 Sixer an 122 Wëllefcher, zesumme mat hire Chefen, de Bësch zu Huelmes verzaubert.

Sandy Spielmann

SIXPLO AM HEXENHAUS Endlech war et nees sou wäit, d’Sixer aus dem ganze Land hu sech den 12.Mee 2007 zu Huelmes am groussen Hexenhaus getraff. Dëst Joer hu si sech zu diploméierten Hexen an Zauberer rageschafft. Déi 45 Sixer (an 20 Chefen) hunn, nodeems se sech aquartéiert hunn, tonne Saache misse léieren a beweisen, fir éischtens genuch Punkten ze sammelen, fir zur Hex oder zum Zauberer ausgebilt ze ginn an zweetens hu misse bei den alen Zauberer an Hexen, “Zutaten” verdéngt ginn, well der leider net méi genuch do ware fir de groussen Hexentrank ze brauen. Et gouf gezaubert, duerch Spannennetzer geklomm, Gewierzer geschmaacht, Planzen erkannt, Hexenstawduelleléiert, um Hexebiesem geflunn, Zauberspréch erfonnt a villes méi. No deene villen ustrengenden „Prüfungen“ ass endlech de groussen Trank zesummegewierfelt ginn an et gouf eppes zwëschen d’Zänn. Owes gung et du weider mam Hexenduelléieren. Zwou Équipen hu mat vollem Asaz bewisen, dass si quasi als Hexen an Zauberer gebuer goufen a si hu sech nom ustrengende Spill all en Diplom verdéngt (an natierlech eng Schlupp vum Hexentrank an e Kichelchen), sou dass sech elo offiziell all als diploméierten Hexemeeschter oder Zauberer bezeechnen däerfen.

12 WËLLEFCHER

“Bonnes Meutes” 2006-2007 Bisons futés, Fréiseng Castors, Schëtter CBDM, Merl Greng Scouten, Diddeleng Hoga, Stadt Lëtzebuerg Piwitschen, Cap Panthères noires, Luerentzweiler

No enger erhuelsamer Nuecht an engem warme Bett, koume moies schonn 122 weider kleng Hexen an 25 grouss Hexen op Besuch, déi all kucke wollte wat hier grouss Sixer geléiert hunn. Si all goufe fir hire Courage mat voller Sonn de ganzen Dag belount an se hu sech op de Wee gemaach duerch de groussen Hexebësch, wou all méiglech Aufgaben op se gelauert hunn. Si hu geléiert um Biesem ze fléien, d’Gläichgewiicht drop ze halen (soss ass een definitiv naass ginn!!), si hunn en Amulette an en Zauberstaf gebastelt a sech och misse kreativ beweisen. Géint 15.00 Auer hu mer eis all nees zesumme getraff an et gouf sech vun den Hexe verabschid an e klénge seriösen offiziellen Deel gemaach, wou 7 Bonne Meute verdeelt gi sinn a 5 extra gudd Wëllefcher hire Leaping Wolf iwwerreecht kritt hunn. Dono si mer nees all an de (richtege) Bus geklomm a ware frou wéi mer nees op der Gare ukomm sinn. Ech well hei nach emol jidderengem villmools Merci soen, deen am viraus oder (a virun allem) um Sixplo selwer sou gudd gehollef huet an och der Jugendherberg well ech e grousse Merci iwwert dëse Wee zoukomme loossen, déi super flexibel a fein waren. MERCI. Sandy Spielmann (iwwert de leschte SIXPLO;) deSCOUT

“Leaping Wolf” 2006-2007 Paul BERTRAND, Castors Charel LOOS, Castors Christophe MOLITOR, CBDM Guilhelm TURK, CBDM Yves SEBURGER, Piwitschen

2/07

WËLLEFCHER 13


INVITATIOUN deSCOUT 2/07

Hues och Du vill schéi Momenter bei de Guiden an de Scouten erlieft, a wëlls Du dës erëm opliewe loossen?

Programm: v u n 10: 00 u n

Ar r iv é e

10: 00 - 12: 00

Pr o g r a m m v un d e B r a n ch e n , w o u jid d f e r e e n o k uck e k a n n

v u n 11: 00 u n

Pr e s e n t a t io un v u F I lm a F o t o e n a us d e le s ch t e n 1 0 0 J o e r S co ut s s h o p a S co ut s a us s t e llun g

11: 30

Co n ce r t -Ap é r o a m g r o us s e n Z e lt

v u n 12: 00 u n

Më t t e g ie s s e n (G e g ri l l t e s a re s e r vé i e r t M e n ue r) a n t y p e s ch e r G uid e n - a S co ut s a m b ia n ce

Dann ass den 8. Juli 2007 däin Dag!

14: 30 - 16: 00

G e b ue r t s d a g s f e ie r m a t a lle G uid e n a S co ut e n , d ue r n o g r o us s e G e b ue r t s d a g s k uch

16: 00 - 18: 00

G e m it t le ch t Z e s um m e s in ( G r ill a Gedrénks)

Parki ng: Op der K o c kel sc h e ie r k ë n n t d ir d e e n D a g le id e r n e t p a r k e n . Beno t zt do fi r w. e . g e is N a v e t t e n . D é i f ue r e n v un 1 0 : 0 0 18: 00 A u er t ësc h t d e r S t a t e r G a r e a n d e m P& R B o uillo n a n der K o c kel sc hei e r. Wei der I nfo r matio un e n um Te le f o n 2 6 9 4 8 4 2 6 , o p w w w. sc o u t i ng 2007. l u o d e r e e n E -Ma il un t o m . la h r @ lg s . lu. M i r freen ei s o p e n o n v e r g ie s s le ch e n D a g o p d e r Ko ck e ls ch e ie r.

BHHM-! GOFM-! MH T

Am Kader vum Centenaire vum Scoutissem invitéieren d’AGGL, d’FNEL an d’LGS all aktiv a fréier Guiden a Scouten an hir Familljen op de Weekend de Rencontre op der Kockelscheier. 14 NoAKTUELL 519 / 87. Joergang

8. Juli 2007 FNEL deSCOUT

SCOUTEN A GUIDEN

2/07

AKTUELL15


89 Brevet’e sinn den 30. Juni op der “Nuit des brevets� ausgedeelt ginn.

ÂˆĂ›iĂŠĂžÂœĂ•Ă€ĂŠÂˆ`iÂ˜ĂŒÂˆĂŒĂž

Service Formation FNEL

LA NUIT DES BREVETS

ˆ`ĂŠLÞÊ ÂœĂ€ĂŒÂˆĂƒĂŠ\ Ă€iĂƒĂŠÂŤÂœĂ•Ă€ĂŠÂ?iĂƒĂŠÂŁn‡Ó{° ˆm Â˜ĂŒ Âœ vĂ€ ĂƒĂŠ >˜ ĂŠĂƒ iĂƒ >} Â˜ĂŒ `iĂƒĂŠ>Ă›>

100 Joer Scoutissem ass nu mol eng Exzeptioun. Dofir organisĂŠiert d’FNEL am Joer 2007 kee Pow-Wow. Et sinn awer eng ganz Partie nei Responsabler, dĂŠi am vergaangene Joer hir Formatioun (Leadership, Explorerbrevet, Assistant- oder Chef d’UnitĂŠ) ofgeschloss hunn. Fir dĂŤst an engem wĂźrdege Kader ze feieren hat de Service Formation FNEL e Samsdeg den 30. Juni bei de Fraiheetsbam op Stroossen invitĂŠiert, fir bäi der GeleeĂŤnheet de Kandidaten hire Brevet ze iwwereechen an d’Chef d’UnitĂŠ z’assermentĂŠieren.

iĂŒĂŒÂˆÂ˜}ĂŠĂžÂœĂ•ĂŠĂŒÂ…iĂ€i°

Ă›>Â˜ĂŒ>}iĂƒĂŠ\ V>Ă€ĂŒiĂŠ6 - ĂŠ}Ă€>ĂŒĂ•ÂˆĂŒi]

ÂœÂ˜ĂŒÂˆÂ˜Ă•iĂ€ĂŠĂƒiĂƒĂŠjĂŒĂ•`iĂƒ]ĂŠVœ““i˜ViÀÊDĂŠĂŒĂ€>Ă›>ˆÂ?Â?iĂ€]ĂŠĂ€iĂƒĂŒiÀÊ>Ă•ĂŠ Ă•Ă?i“LÂœĂ•Ă€} ÂœĂ•ĂŠÂŤ>Ă€ĂŒÂˆĂ€ĂŠDĂŠÂ?ÂżjĂŒĂ€>˜}iÀʜÊ >Â˜ĂƒĂŠĂŒÂœĂ•ĂƒĂŠÂ?iĂŠV>Ăƒ]ĂŠÂˆ`ĂŠLÞÊ ÂœĂ€ĂŒÂˆĂƒĂŠjĂ›ÂœÂ?Ă•iĂŠ>Ă›iVĂŠ Â?iĂƒĂŠLiĂƒÂœÂˆÂ˜ĂƒĂŠ`iĂƒĂŠÂ?iĂ•Â˜iĂƒ°ĂŠ ÂœĂ€ĂŒÂˆĂƒĂŠ >Â˜ÂľĂ•iĂŠ Ă•Ă?i“LÂœĂ•Ă€}ĂŠÂœvvĂ€iĂŠViĂŠÂľĂ•ÂżÂˆÂ?ĂŠv>Ă•ĂŒ

ÂŤĂ€kĂŒĂŠjĂŒĂ•`ˆ>Â˜ĂŒĂŠDĂŠĂ“ĂŠÂŻ]

ÂŤÂœĂ•Ă€ĂŠ>LÂœĂ€`iĂ€ĂŠĂ•Â˜iĂŠÂ˜ÂœĂ•Ă›iÂ?Â?iĂŠjĂŒ>ÂŤiĂŠ`iĂŠÂ?>ĂŠĂ›Âˆi°ĂŠ*ÂœĂ•Ă€ĂŠÂŤÂ?Ă•ĂƒĂŠ`ÂżÂˆÂ˜vÂœĂ€Â“>ĂŒÂˆÂœÂ˜Ăƒ]ĂŠ

Â˜ÂœĂ•Ă›iÂ?Â?iĂŠÂœvvĂ€iĂŠ - °

ĂœĂœĂœ°Âˆ`LĂžvÂœĂ€ĂŒÂˆĂƒ°Â?Ă•

ÂœÂ“ÂŤĂŒiĂŠ iĂ•Â˜iĂƒĂŠÂŁn‡Ó{

Ă€i˜`iâÂ‡Ă›ÂœĂ•ĂƒĂŠ`>Â˜ĂƒĂŠĂ•Â˜iĂŠ>}i˜ViĂŠ ÂœĂ€ĂŒÂˆĂƒĂŠ >Â˜ÂľĂ•iĂŠ Ă•Ă?i“LÂœĂ•Ă€}ĂŠÂœĂ•ĂŠĂƒĂ•Ă€

2/07

Brevet: LEADERSHIP 2007 Chris BACKES, Dachsen Gilles BACKES, Dachsen Jeff BERENS, DaereldÊieren Djuna BERNARD, Wiselen Delphine CALMES, Aigles Lisy CLESEN, CBDM Tom COLOMBO, Piwitschen Sara D’AGOSTINO, Dachsen Elisabeth ENGELDINGER, Wiselen Dennis FINK, Greng Scouten Lena HARTZ, Greng Scouten Cathie HAVE, Greng Scouten Nora HEINEN, Lions bleus JÊrome KOCKHANS, Loups blancs Laurent KOPS, Loutres Joshua MAJERUS, DaereldÊieren Claire MERENZ, Loutres Cathy MEYER, Piwitschen Jessica PELTIER, Dachsen Kevin RAACH, Castors Sophie REINERS, Lions bleus Lena SCHMITT, Lions bleus Ben Lim SIMON, Kiewerlecken Nicolas WURTH, Aigles FORMATION 17


Assistant Chef de Colonie

Assistant Chef de Meute

Assistant Chef de Troupe

Explorerbrevet

Annick BACKES, Dachsen Marianne BOLMER, Loutres Julie BOVE, Wiselen Bob CHRISTEN, Wëll Sai Sarah DIDDEN, Panthères noires Julie HUBERTY, Piwitschen Mara HUBERTY, Wiselen Nicolas LAMPACH, Lions bleus Lynn PALGEN, Dachsen

Charlotte DIMMER, Aigles Max GAASCH, Kiewerlecken Valérie HELLINCKX, Kiewerlecken Laurent KOEPP, Deckelsmouken Jill KOHL, Panthères noires Stéphanie KUBORN, Kiewerlecken Tina LEHNEN, Panthères noires Elodie LONGO, Panthères noires Katrin MECKEL, Rammericher Fräschen Linda QUARING, Deckelsmouken Julie REGENWETTER, Panthères noi. Yvonne SCHACKMANN, Aigles Lee WHITE, Kiewerlecken

Elisabeth ALLDIS, Dachsen Charel BINCK, Piwitschen Noémie COLLETIN, Lions bleus Sven FANDEL, Wëll Sai Yannick HINGER, Deckelsmouken Julie KAYSER, Kiewerlecken Marie-Sophie MEYER, EQ Philippe RAUSCH, Wëll Sai Noémie RUME, Deckelsmouken Manou SCHLESSER, Dachsen Lisa TURK, CBDM Vincent WAGENER, Kiewerlecken

Christophe CAPELLE, Bisons futés Ken DAHM, Peaux rouges Sharif EL DEIB, Bisons futés Ben GAFFINET, Bisons futés Christian GYBERYEN, Bisons futés Lisa LEUENBERGER, Bisons futés Nadine LINDEN, Bisons futés Joëlle LINDEN, Bisons futés Andy LIONTI, Peaux rouges Angie SCHROEDER, Peaux rouges

Chef de Colonie Sara BAMBERG, Castors Jil BOUCHE, Wiselen Nora JACOBY, Loutres Jessica SCHREINER, Feldmais Elisabeth THINNES, Hoga

Chef de Troupe Chef de Meute

Jessica CIGRAND, Hoga Alain FRITSCH, Wiselen Jamila KREMER, CBDM

Jeff FISCHER, CBDM Ben HUBERTY, Piwitschen Corinne ROSEREN, Hoga Bob SCHIMBERG, Wiselen

Assistant Responsable d’Unité Explorer Andy BARBONI, Loutres Don BOURONE, Daereldéieren Raphaël FOURNIER, Piwitschen Mohammed HAMDI, Loutres Responsable d’Unité Explorer Tom SCHINTGEN, Loutres

Responsable Clan Christine BASTIAN, Piwitschen Frank KAYSER, Wiselen Romy MORANG, Panthères noires

18 FORMATION

deSCOUT

2/07

FORMATION 19


Wièn ka sech nach un den IKKI erënneren? A wat huet e Scout mam Kulturjoer ze din?

Josiane Kaiser-Hinger

SCOUTEN A KONSCHT 2007 ass Kultur Joer an zugläich Joer vun 100 Joer Scoutismus. Zu dëser Geleeënheet huet et mech interesséiert erauszefannen a wéiwäit Scouten da mat Kultur oder Konscht verbonne si. Fro huet sech och gestallt op et ka si, dass villäicht de Scoutismus säin Deel dozou bäigedroen huet déi eng oder aner Décisioun ze huelen. Laang Joer sinn et hir...... Wièn vun iech ka sech nach un den Ikki erënneren? Majo ech ka mech nach ganz gutt dorun erënneren. D’Idee wor eng Zeitung ze grënne mat enger Figur fi r Wëllefcher. Mir woren deemools e puer Leit déi d’Idee haten, mais leider konnt kee vun ons molen. Dunn ass wéi e Wonner Tina Gillen komm (deemools CB) an huet an Null Komma nix eng Figur op de Pabeier gezaubert. Déi Figur huet dunn „IKKI“ geheescht. Den Ikki huet der ëmmer gestiicht an do wor nach eng Figur „de Pefferkär“ déi huet natierlech ëmmer säi Pefferkär zou alles misse bäidroen. Dir wäert iech elo froe wat huet dat dann elo mat Konscht ze doen? Ma d’Tina huet schonns deemools en immens Konschttalent bewisen an huet och du spéider an déi Richtung weider gemaach. Tina huet ënner aneren och an d’gëlle Buch vun der FNEL gemoolt. Zum Tina senger Scoutskarriere hei e kuerzen Iwwerbléck. Hat war schonns an de Wëllefcher ab 1978 an ëmmer dobäi.

20 RONDEREM

En plus wor Tina och beim éischte Camp am Nepal dobäi.

Wat huet e Scout mam Kulturjoer ze dinn?

Wéi et net anescht ze erwaarde wor bei esou engem Talent huet d’Tina sech dann och spéider der Konscht gewidmet.

Ma datt wäert dir elo gläich gewuer ginn an zwar vum Steph Meyers, de bereet wor ons Ried an Äntwert ze stoen.

Op meng Fro: „Wéi bass du zur Konscht komm?“ mengt Tina: „ Comic zeechne wor ni dat wat mech am meeschten interesséiert huet, ma et wor e flotte Moyen fi r schnell a Kontakt ze komme mat aneren. Et ass witzeg an direkt. „

De Steph wor och schonns mat 10 Joer an de Wëllefcher an zwar an de Kiewerleken zu Stroossen. A wie woren dann seng Cheffen?? Ma keen anere wéi de Pit Dolizy a Margot Guillon. De Steph huet et an de Wëllefcher esou gudd gefall, dass hien net méi konnt ophalen. Ausserhalb vun sengem Grupp wor hien och nach 6 Joer an der Scoutsformatioun aktiv.

Op jidder Fall huet d’Tina sech fi r déi Richtung entscheet op wuel et net ganz einfach ass vun der Konscht ze liewen. Tina ass am Moment zou New York, well hat eng Bourse krut fi r e Joer zu NY en résidence kënnen ze schaffen. Do kritt hat en Atelier zur Verfügung gestallt vum ISCP (international studio and curatorial program). Mech huet natierlech interesséiert op déi Zäit an de Scouten dem Tina erméiglecht huet Erfahrungen ze maachen, déi spéider a sengem Beruffsliewe wichteg woren. Tina ass iwwerzecht, datt déi Zäit hat markéiert huet. Virun allem de Sënn vun der Natur an Zesummeliewe mat aneren, de Respekt e fi r den aneren, si Wäerter déi d’Tina an dem Zesummenhang ernimmt. Awer wat och wichteg fi r Kreativitéit ass, ass d’Konscht aus wéinege Mëttelen eppes ze kreéieren. deSCOUT

An elo ass de Steph mat Responsabel fi r Organisatioun vum Kulturjoer. Wéi kënnt en dozou? Hei dem Steph seng Äntwert: „Deelweis duerch d’Scouten. Ech hunn se vertrueden an engem Jugendgremium, deen zoustänneg wor ze kucken, dass och Jugendlecher a Jugendorganisatiounen d’Méiglechkeet hätte beim Kulturjoer matzemaachen. Wéi mäin Numm du vun enger anerer Säit gefall ass vir de Posten, wosste si schonns mat weem se et ze dinn hätten.“ De Steph këmmert sech em soziokulturell Projet’en , déi während dem Joer am Land organiséiert ginn. Mais hien huet och vill mam Gesamtprogramm fi r d’kulturellt Joer ze dinn, an ass mat an der Direktioun mam Robert Garcia an Nancy Braun. 2/07

Natierlech huet et mech och hei interesséiert wat fi r e Roll d’Scouten am Steph sengem Beruffsliewe spillen. Och de Steph huet gemengt, dat déi Experienzen, déi en an de Scoute gemaach huet, e schonns prägen. Esou huet dem Steph seng Experienz als Chef him et erméiglecht ënnert Stress ze organiséiren, Verantwortung ze droen an och ënnert Drock déi richteg Décisiounen ze huelen. Dat ganz natierlech ouni Nerven ze verléieren an ouni seng Mataarbechter ze stressen.Also ech mengen Devise „Learning by doing“ wier elo hei zum Schluss net falsch op der Plaz???

RONDEREM 21


En 10 ans, 75 arbres ont été plantés au Misäershaff. La prochaine cérémonie aura lieu le 11 novembre 2007.

www.mhvl.lu

Fondation FNEL

UNE HISTOIRE D’UN MALENTENDU Dans le cadre de son exposition « Attention Tsiganes ! Histoire d’un malentendu », le Musée d’Histoire de la Ville de Luxembourg se propose d’organiser un atelier qui invite les enfants à réagir et à s’exprimer sur le thème de l’exposition en travaillant sur la symbolique du ‘mur’ - frontière, habitat, protection, délimitation, mur de silence, d’incompréhension… Utilisant la brique de construction comme support, les participants vont employer des techniques variées telles que le dessin, la peinture, la mosaïque, le collage et le pochoir, pour créer des dessins et ornements narrant la vie et les coutumes des enfants tsiganes. Toutes ces briques recouvertes d’histoires et de messages multicolores vont être ensuite assemblées pour former une grande installation, formant un tableau vivant où les enfants peuvent exprimer leurs réflexions, leurs doutes, leurs espoirs et leurs envies.

22RONDEREM

Date : possibilité de s’inscrire du 4 au 11 juillet Durée d’une visite-atelier : 2h30 Artiste: Justine Blau Age: 8 - 11ans

Depuis 1997 nous plantons des arbres sur le terrain de 7 hectares du Misäershaff en souvenir d’une naissance,

mais également d’aménager les alentours immédiats de notre Misäershaff et encore et surtout, de rassembler

d’un mariage, de tout autre événement heureux ou en mémoire d’un cher défunt.

ainsi les fonds nécessaires pour la gestion de notre Centre de Formation et de Rencontres.

Cette action de plantation d’arbres aura des aspects multiples, puisqu’elle nous permettra non seulement de

Celles ou ceux d’entre vous qui veulent figurer parmi les nouveaux donateurs et assister, en tant qu’invité

faire un geste d’amour ou d’amitié, de reconnaissance ou de souvenir,

d’honneur, lors de la cérémonie de plantation des arbres en date du 11

envers des personnes ou à l’occasion d’événements qui ont ou ont eu une grande importance dans notre vie,

novembre 2007, sont prié(e)s de nous contacter au téléphone 26480442 ou par courriel: pit@fnel.lu .

Renseignements auprès du Musée d’Histoire de la Ville de Luxembourg 14, rue du Saint-Esprit L-2090 Luxembourg ou appeler: Mady Mailliet, TEL 4796-4570, FAX: 47 17 07, e-mail : m.mailliet@musee-hist.lu deSCOUT

Photo: pixelio.de

Cet atelier s’inscrit dans la tradition de la peinture murale. Au fil des siècles, le mur a été un espace d’expression et de création, que ce soit sous forme de fresque, de mosaïque, de relief ou de graffiti, témoignant des préoccupations de chaque époque, jouant un rôle social, religieux et politique. On le retrouve par exemple dans l’art rupestre, les fresques et mosaïques de Pompéi, les hiéroglyphes des temples égyptiens, les fresques révolutionnaires mexicaines de Diego Rivera, le mur de Berlin…

UN ARBRE POUR LA VIE UN ARBRE POUR LE SOUVENIR

2/07

RONDEREM23


Rainbow Project 2007 Vum 4. Abrëll bis den 10. Abrëll war an deem soss esou friddleche Fréiseng eng méi lass!

Joël a Nadien vun de Bisons futés

LUXEMBOURG KNOWS HOW TO RAVE

Nodeems d’Bison’s Explorer a Serbien 20 Englänner kennegeléiert haten, hate mer der Ouschteren 38 bei eis op Besuch, e richtege Camp à l’anglaise.

Nodeems d’Explorer an hier Chefen alles organiséiert, an d’Zelter opgebaut hate konnten d’Englänner kommen. D’Kichenequipe huet vu lo un fir em di 60 Leit gekacht, an d’Danièle ass lo nach méi sécher, dass et ni Metzler oder Kach wäert ginn, well vu Bounen a Fleesch schneiden huet hatt es definitiv genuch. Den éischten Dag goufe mer Owes um groussen Eröffnungs „Campfire“ mat original englesche Scoutslidder an Dänz bekannt gemat, di richtege Kieperasaatz fuerderen. Den 2. Dag hunn d’Explorer sech dunn zu Miedernach ofgeseelt an hu sech iwwer „Schluchten“ gehangelt, de Yak huet eis dunn nach duerch de Bësch guidéiert an eis vill interessant „facts“ iwwert de lëtzebuergesche Bësch erzielt. No all deenen Aktivitéite kruten d’Englänner als Stäerkung mëttes eng echt lëtzebuerger Grillwuurscht servéiert. Den Dag drop si mer mam Bus op Iechternach gefuer an hunn do bei excellente Wiederconditiounen e Statspill, an dono zu Veianen eng Visite vum Schlass gemaach. A souguer fir Einheimescher war et net ëmmer einfach sech erëmzefannen, de Ben hat nodeems en seng Glace eran hat, mat massiven Orientéierungsproblemer ze

24 ÄER SÄITEN

kämpfen („Wou ass hei d’Toilette? Ech fannen se net“). An deen Owend wann dann och di legendär Party wou dono eis englesch Kollege sech mat“ Luxembourg knows how to rave“ geäussert hunn. D’Bilanz vum Owend: 2 gebrache Bänken. D’Englänner kruten eng Aweisung an e Stéck lëtzebuerger Musiksgeschicht, si beherrschen den Text vun zwou Bulle Mocca an diverse Lidder vum Fausti scho bal perfekt. Eng aner Konsequenz vum laangen Owend war, dass den Dag drop de ganze Camp mat midde Gesichter mam Kayak iwwert de Stau gepaddelt, oder duerch de Bësch ronderëm de Misärshaff getrëppelt ass. Owes krute mir dann di englesch Traditiounen a Spezialitéite méi nobruecht, schwaarzen Téi mat Mëllech, verschidden Zorte Kéis, a fir di couragéiert „jellied eel“. Dono si mer kreativ ginn an hunn en Défilé, mat Moud aus plastik’s Tute virbereet wou all Grupp e Land representéiert huet.

ganze Camp resüméiert a bësse gefeiert. De leschten Dag waren dunn nach verschidden Atelieren: Filzbäll maachen, d’Mauer umolen, a Stempele maachen, eis Konstruktioun fäerdeg maachen. Den Här Gasperi vum SNJ, huet eis den European Youth Program erkläert, deen eise Camp finanziell ënnerstëtzt huet. Um 3 war d’Chaîne des adieux op der Gare an dunn nach eng läscht kéier hire Lieblingshit: „ooohoohhh ech hunn eng Moss am Bic…“. Mir soen haaptsächlech eisem Camp Chef dem Lea, dem Tom, eisem Pappi, dem Mich an den englesche Chefen, der Kichenéquippe an all deenen déi dëse Camp erméiglecht hu villmools Merci! Am Resumé et war e coolen Camp oder wéi d’Englänner giffe soe LUSH! Vläit gesi mer si jo um groussen Jamboree erëm, beim Zelt opriichte sange mir dann “Und der Hammer der geht so“ an d’Englänner „And the hammer is a tool!“

Sonndes si mer moies Luxembourg City besiichtege gaang, d’Lëtzebuerger miisste sech als Guidë beweise vun der éiweger Flam bis bei de Palais, iwwert de Bockfiels an de Musée, d’Englänner dono zielstrebeg an de Mc Do zougesteiert. :P Den Hike huet eis op Iechternach an dunn an de Mëllerdall geféiert, wou mer owes an enger Höhl geschlof hunn, den anere Moie bis op Altréier. Beim closing Campfire gouf dunn de deSCOUT

2/07

ÄER SÄITEN 25


Wou? Wéini? Mat wièm? Weis eis, wou der et am léifste maacht: deSCOUT liesen. - eleng oder zu e puer - d’Foto un descout@fnel.lu - gewannt är Photo als Poster

“Les petits ruisseaux font les grandes rivières” Ovide

Pierrette Kemp-Klein

ENG B.A. FIR DE NEPAL

Photo: C. Stemper

Photo: C. Stemper

Bei de Scoute léiert ee Kniet maachen, an der Fuesent iesse mir gäre Fuesent-Kniet a fir datt een eppes net vergësst, mécht ee sech e Knuet an d’Schnappech.

26 ÄER SÄITEN

Kee Knuet am Schnappech hunn d’Beaver, d’Wëllefcher, d’Scouten an d’Guiden vun der HOGA, Stader Scouten a Guiden vun der FNEL gebraucht, fir sech drun ze erënneren, datt et vill Kanner op der Welt gëtt, deenen et net esou gutt geet wéi hinnen. Duerfir hu si den 10.Februar 07 an hirem Home an der Semoisstrooss e ganze Koup Fuesent-Kniet gebak fir se ze verkafen. Den Erléis vun dëser B.A., erschafft mat hire klengen Hänn, vun 300€, hu si e Samschdeg den 5.05.07 der ONGDFNEL Eclaireurs et Eclaireuses pour le Développement Communautaire iwwerreecht, fir de Kakani Centre de Formation vun hire nepalesesche Scoutsbridder finanzéieren ze hëllefen. deSCOUT

deSCOUT war rasant ënnerwee. An d’Pantheren haten hire Spaass dobäi.

2/07

ÄER SÄITEN 27


de klenge SCOUT Claudine Scheeck

Waat ass en Jamboree? D’Wuert “Jamboree” soll aus der Indianersprooch kommen a wierdlech iwwersat “Friddlecht Treffe vun all de Stämm” bedeiten. De BP, de Grënner vun de Scouten, wollt am Summer 1920 d’Scouten aus ganz Groussbritannien versammele fir den éischten Jamboree. Hie war ganz iwwerrascht wéi op eemol Scouten aus ganz Europa an esouguer aus Amerika koumen.

28 ZU GUDDER LESCHT

Säit deem ass all 4 Joer en Jamboree. (Just während dem 2. Weltkriich, teschend 1937 an 1947 war keen.) E gëtt am Optrag vu WOSM – der World Organisation of the Scout Movement organiséiert. Bäi esou engem World Scout Jamboree treffe sech also d’Scouten aus der ganzer Welt fir zesumme während 10-12 Deeg e flotte Camp ze verbréngen, Abenteuer ze erliewen, onvergiesslech

deSCOUT

Momenter ze sammelen an international Frëndschaften ze knëppen. Dëst Joer ass den Jamboree vum 27. Juli bis den 8. August an England, an et fueren 263 lëtzebuerger Scouten a Guiden dohin. Fir op en Jamboree matzegoen, muss een tëschent 14 a 17 Joer al sinn. Iwwer 18 Joer huet een d’Méiglechkeet als Chef matzegoen (déi Plaze si awer limitéiert)

2/07

oder als Member vun engem internationale Service Team, dat heescht dat ee mat Scouten aus anere Länner zesummen an enger Équipe schafft an mat dozou bäi dréit dat de Programm leeft. Wièn elo denkt "Schued dat ech net mat dobäi sinn", den soll sech de Summer 2011 schonns reservéieren, well dann invitéieren d'Schweden eis op den 22. WSJ op Kristianstad.

ZU GUDDER LESCHT 29


3

GUDDEN APPETIT Josiane Kaiser-Hinger

CERVELAS MAT KÉIS Fir d'éischt préparéiers du dir 16 Stécker Kéis op d'Längt vun denge Wierschtecher. Da schneits du däi Wupp zweemol der Längs no an, fir duerno de Kéis dran ze leeën, wéckel nach 2 Tranche Speck ronderëm a schonns ass e prett fir op de Grill.

FROEN

Un de Raoul Wirion, Commissaire international an Responsabel FNEL fir den Jamboree.

Du gees mat ob den Jamboree an England. Firwat hues du décidéiert dëst Joer do mat ze goen?

Fir 4 Persoune brauch een: 8 Cervelas (oder Wierschtecher) 16 Stécker Kéis (Gruyère) 16 Tranche moere Speck

En Jamboree ass fir all Scout en onvergiesslecht Erliefnes, an ech si frou dass ech dëst Joer kann an England dobäi sinn, ëmsou méi well et den Jamboree vum Centenaire ass, a wat ass méi schéin e Gebuertsdag zesumme mat 42000 Gläichgesënnten ze feieren? Ass dat däin 1. Jamboree? Wa jo wat erwaarts du dir ? Wa nee? Wéi eng Erliefnesser hues du vun engem fréieren Jamboree mat bruecht? Et ass net mäin 1. Jamboree mais mäin 4. Jo, ech hat déi grouss Chance och schonn an Holland (95) am Chile (98-99) an an Thailand (2002-2003) mat dobäi ze sinn. Dat ass wahrscheinlech och e Grond firwat ech och frou sinn an England dobäi ze sinn, ech weess ongeféier wat op mech duer kennt. Natierlech ass all Jamboree anescht, an all Jamboree huet säin eegene Charme. Wéi eng Erliefnesser... Hm dat ass net sou einfach a Sätz ze schreiwen. Et muss ee sech dat esou virstellen dass e während knapp 2 Wochen an enger Stat lieft, eng Stat wou nëmme Scoute sinn... a wou iwwerall eng super Stëmmung herrscht. Jiddereen ass gudd gelaunt, et léiert een nei Leit kennen, nei Kulturen, ... Ech kann nëmmen all Scout, deen d’Méiglechkeet huet, et recommandéiere vun der Geleeënheet ze profitéieren an och un esou engem Jamboree deelzehuelen! (2011 a Schweden zum Beispill ;-) ) Wat genee ass deng Charge do? Wéivill Leit gi mat vun der FNEL an a wéi enger Funktioun? Meng offiziell Funktioun heescht “Head of contingent”. Mir hunn eng flott Staf-Équipe déi sech aus Leit vun der LGS an aus Leit vun der FNEL zesumme setzt. Den Änder vun der LGS mécht mat mir zesummen de Responsabele vum Lëtzebuerger Kontingent. Vun der FNEL hëllefen nach d’Lucie Schlechter (Responsabel fir den EIST), de Pol Konsbruck (PR) an den Olivier Faber (Transport, Material a Logistik). Eis Funktioun ass haaptsächlech de Lëtzebuerger Kontingent ze formen, an se och rëm all gesond mat zréck ze bréngen. Niewelaanscht wäerte mer e Stand dohannen hu wou mir de Scoutismus zu Lëtzebuerg an eist Land presentéieren a representéieren. Am Ganze si mer zu 280 Lëtzebuerger, dovunner ronn 80 Scoute vun der FNEL. Dat ass also eng staark Équipe, an ech kann op dëser Plaz nëmmen all de Lëtzebuerger e super Camp wënschen!! Bis an England!!

30 ZU GUDDER LESCHT

deSCOUT

2/07

ZU GUDDER LESCHT 31


La Luxembourgeoise


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.