1 minute read
Léif Matbiergerinnen a Matbierger,
D’Gemeng Suessem engagéiert sech zanter Joren a puncto Nohaltegkeet an dëst a ganz ënnerschiddleche Beräicher. An där Hisiicht hu mir och net laang gezéckt, fir de regionalen, nohaltegen a virun allem och soziale Projet vun der Spullkëscht zesumme mat eisem CIGL (Centre d’Initiative et de Gestion Local) unzegoen. An dëser Editioun vum kuerz&knapp. stelle mir Iech dës ongewéinlech Wäschstrooss méi genee vir an erklären och, wat et mam Label ‚Green Events‘ op sech huet.
Den Ufank vum Joer bitt sech och ëmmer un, fir sech déi wichteg Rendez-vousen am Kalenner unzesträichen. Niewent eisen traditionellen Evenementer op deene gewinnten Datumen, bieden ech elo schonn, Iech den 9. Mee zousätzlech ze markéieren. Zesumme mat eise berodende Kommissiounen invitéiere mir Iech um Europadag alleguerten op de KUSS, fir eis an engem labbere Kader iwwert d’Zukunft vun eiser Gemeng auszetauschen. Wéi steet et ëm de Sport, d’Kultur an d’Abanne vun deene Jonken an eise véier Uertschaften? Wat sinn Är Iddien, Kriticken oder vläicht och Dreem an deene jeeweilege Beräicher? Nëmmen zesumme kënne mir eis Gemeng konstruktiv no vir bréngen a se esou divers gestalten, datt jiddweree sech erëmfënnt a sech wuel fillt.
Advertisement