1 minute read
All Sekonn zielt. All Sekonn zielt.
Dir trefft eng Persoun un, déi vu sech ass?
— Da leet dës Persoun op de Réck, kippt hire Kapp liicht no hannen an iwwerpréift, ob d’Persoun nach otemt. Dëst maacht Dir andeems Dir Äre Bak iwwert de Mond an d‘Nues vun der Persoun haalt.
Advertisement
— An deem Moment kuckt Dir, ob de Broschtkuerf vun der Persoun sech beweegt. Zäitgläich lauschtert Dir, ob eng Ootmung do ass. Och spiert Dir den Otem op Ärem Bak.
— Stellt Dir keng Ootmung fest, ass den éischte Schratt den 112 ze ruffen a mat der Reanimatioun unzefänken.
— Stellt Persounen an Ärem Ëmkrees un den Noutruff ze ruffen an Iech den Defibrillator sichen ze goen. Dir fänkt direkt mat der Häerzmassage un. Dofir maacht Dir den Uewerkierper vum
Patient fräi (och de Soutien muss wéinst méiglechem Metall opgemaach oder opgeschnidde ginn) a fänkt genee tëschent der Broscht u mat 30 Häerzmassagen. Op déi kommen 2 Beootmungen. Dësen 30:2 Rhythmus féiert Dir ëmmer weider duerch bis den Defibrillator Iech aner Uweisunge gëtt.
Déi zweet Persoun soll sech iwwerdeems ëm den Defibrillator këmmeren. D’Schrëtt vum DAE si ganz genee mat Piktogrammer erkläert. Lauschtert esou laang op d’Uweisunge vum Defibrillator bis d’Persoun nees otemt respektiv professionell Hëllef antrëfft.
— Sollt Dir eleng mam Patient sinn an ass keen Defibrillator grëffbereet, da rufft den Noutruff a reaniméiert d’Persoun ouni Hëllef vum Defibrillator bis d’Secouristen antreffen.