Bued brecken

Page 1

Déi Koler Bréck(en) Zanter jeehier deelt d’Äisch Koler an eng iewescht Hallschent, „Peiffeschhaff oder Gare“ genannt, an en ënneschten Deel, „am Duerf“ genannt. Éier ët eng Bréck gouf, huet d’Äisch missen zu Fouss duerchschratt ginn, wat bestëmmt an der kaler Joreszäit oder bei Héichwaasser keng grouss Freed wor. Verbonnen ginn déi zwee Duerfdeeler natierlech zanter laanger Zäit mat enger Bréck, déi och schon e puer Mol huet missen erneiert, an der Zäit huet missen ugepasst ginn.

Déi eelsten, 5m30 breet Bréck wou d’Pläng nach erhalen sinn gouf Ufank 19. Jorhonnert erbaut, an huet wahrscheinlech eng Bréck aus Holz ersat. 1935 gouf op der selweschter Plaz eng nei Bréck erbaut, déi mat enger Breet vun 9m80 dem ëmmer méi grousse Verkéier gerecht gouf. Si wor fir hier Zäit ganz modern erbaut, an huet d’Baach mat 14 Stohlträger iwwerspaant. 1964 gouf dëss Bréck eng éischte Kéier renovéiert. 2009 huet d‘Bréck no enger Inspektioun missen ofgestäipt ginn, wëll se dem häitegen Verkéier awer net méi gewues wor. Heimat wor kloer, datt deemnächst eppes misst geännert ginn.

2013 huet d’Ponts&Chaussées déi mëttlerweilen liicht baufälleg Bréck ofrappe gelooss. De Verkéier gouf iwwer eng Noutbréck ëmgeleed, an d’Aarbechten fir eng nei Bréck hunn ugefaangen. Zanter Enn 2014 iwwerspaant elo eng schéin nei Bréck mat engem liichte Bou d’Äisch. Hirt éischt Joer Dingscht huet se dann elo hannert sech.

© E grousse Merci un d’P&Ch-DOA fir d’Copien vun den ale Pläng.


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.