1 minute read

Sécherheet a Präventioun vun Accidenter am Alldag

Gilles Schmit, Institut National de Formation des Secours Maison Moderne

De beschte Schutz géint potenziell Geforen am Alldag ass, sech hirer Existenz bewosst ze sinn a Léisungsstrategien zur Hand ze hunn, wa se entstinn. Dat ass wat een an dem Cours „Sicherheit und Unfallverhütung“ (SUA) léiert.

Wéi eng Theme ginn am Cours behandelt?

E Liewe ka sech vun engem Moment op en anere veränneren, sief dat duerch en Accident, e Feier oder duerch soss en Evenement. An deem Sënn léiert de Participant d’Geforen am Alldag, am Haushalt, an der Vakanz oder an der Fräizäit richteg ze erkenne respektiv virzebeugen. Am Fall vun engem Accident d’Geforen anzeschätzen an dorop ze reagéieren. Dofir ass et wichteg, den Ëmgang mat engem Feierläscher ze wëssen an erkläert ze kréien. D’Instrukteren deelen hei déi néideg Informatioune mat op wat ee muss oppassen a wéi eng Zort Feierläscher fir wéi e Feier geduecht ass. Och hei gëtt praktesch mat de Participante geschafft.

Mat enger gerénger Waasserquantitéit, déi an d’waarmt Fett geschott gëtt, ginn d’Gefore vun enger Fettexplosioun an der Simulatiounskichen demonstréiert.

Wéi kann e Feier sech an engem Haus ausbreeden? Dëst ass och en Thema am SUACours wat unhand vun engem Rauchdemohaus de Leit méi no bruecht gëtt.

Eng Camionette spezifesch fir de SUA-Cours

Fir dësen interessante Cours mat deem néidege Material ze gestalten, huet d’Ekipp vum INFS zwou nei Camionnetten zur Verfügung gestallt kritt. Ausgestatt sinn déi zwee Gefierer mat enger vollautomatescher Opfëllstatioun mat Schaumzoumëscher, enger ganzer Rei u Feierläscher an dem Feiertrainer.

Scan mech

This article is from: