14 minute read

250 Joer am Déngscht vun der Déierenzuucht zu Lëtzebuerg

250 ans au service de l’élevage luxembourgeois

Laang virun der industrieller Revolutioun, der Stolindustrie an, säit de 1970er Joren, der Entwécklung vum Finanzsecteur, war d’Landwirtschaft den eigentleche Motor vun der Lëtzebuerger Ekonomie. Deemno hunn d’Lëtzebuerger, Akerbau ewéi Véizuucht an hirer ADN.

Bien avant la révolution industrielle, l’exploitation de l’acier puis, à partir des années 1970, le développement du secteur financier, c’était l’agriculture qui était le véritable moteur de l’économie luxembourgeoise. La production agricole ainsi que l’élevage de bétail font donc partie de l’ADN des Luxembourgeois.

i

> Union des sociétés avicoles du Grand-Duché de Luxembourg www.usal.lu > Limousin Lëtzebuerg

Facebook > Limousin Lëtzebuerg > Lëtzebuerger Ardenner Studbook www.ardenner.lu

Gewëss huet d’Welt sech hautLëtzebuergesch desdaags vill verännert. Mee de Lëtzebuerger hir laangjäreg Traditioun an der Landwirtschaft lieft weider, besonnesch am Beräich vun der Véizuucht. Iwwerall am Land beméien sech Enthusiasten ëm d’Rengheet vu gewëssen traditionelle Rassen. Si maachen sech och eng Freed draus, Amateuren, ewéi Professioneller, a bewäerten Zuuchtmethoden ze schoulen an d’Leit iwwer dëst gemeinsaamt Ierwen z’informéieren. Dës Aarbecht gëtt haaptsächlech vun Associatioune geleescht, déi schonns säit e puer Joerzéngte bestinn, an déi och weiderhin eng wichteg Roll an der Lëtzebuerger Agrarlandschaft spillen.

Dräi vun dësen Associatioune feieren dëser Deeg en aussergewéinlechen Anniversaire: Limousin Lëtzebuerg (50 Joer), déi sech asetzt fir d’Rass Limousin, Lëtzebuerger Ardenner Studbook (100 Joer), déi sech suergt ëm den Erhalt vum Ardenner Päerd, an d’Union des sociétés avicoles du Grand-Duché de Luxembourg (100 Joer), déi sech zum Zil gesat huet, d’Vilfalt an d’Rengheet vun den ënnerschiddleche Rasse vun Hénger, Kanéngercher, Dauwen, Inten, Gänsen, Fasanen a Mierschwéngercher ze erhalen.

Dës Organisatiounen, déi ënnert sech eng bedeitend 250-järeg Geschicht opweises hunn, beleeën de Lëtzebuerger hir Verbonnenheet mat dëser Ziichterei, déi zu hirem Patrimoine gehéiert. Mir notzen d’Geleeënheet vun dësem eemolege Jubiläum fir eis déi dräi Associatioune méi genee unzekucken, deenen hir éischt Missioun doranner besteet jiddwerengem de Räichtum vun der Lëtzebuerger Ziichterei virun A ze féieren.

Aujourd’hui, le monde a certes Français beaucoup évolué. Mais la longue tradition agricole luxembourgeoise continue à se perpétuer, notamment dans le secteur de l’élevage. Partout dans le pays, des passionnés veillent à maintenir la pureté de certaines races traditionnelles, à former amateurs et professionnels aux bonnes pratiques d’élevage, et à informer la population sur ce patrimoine commun. Ce travail est principalement réalisé par des associations qui sont nées voici plusieurs décennies et continuent à jouer un rôle important dans le paysage agricole luxembourgeois.

Trois de ces associations célèbrent cette année un anniversaire exceptionnel : Limousin Lëtzebuerg (50 ans), qui promeut la race limousine, Lëtzebuerger Ardenner Studbook (100 ans), qui veille à préserver le cheval de trait ardennais, et l’Union des sociétés avicoles du Grand-Duché de Luxembourg (100 ans), qui veut maintenir la diversité et la pureté des différentes races de poules, lapins, pigeons, canards, oies, faisans et cochons d’Inde.

Ces structures, qui comptent à elles seules 250 remarquables années d’histoire, témoignent de l’attachement des Luxembourgeois à cet élevage qui fait partie de leur patrimoine. Nous profitons de ce jubilé hors du commun pour mettre un coup de projecteur sur ces trois associations dont la mission primaire est de faire prendre conscience à chacun de la richesse de l’élevage luxembourgeois.

Union des sociétés avicoles du Grand-Duché de Luxembourg (USAL)

D’Lëtzebuergesch  Union des sociétés avicoles du Grand-Duché de Luxembourg (USAL) gouf gegrënnt am Joer 1922. Haut zielt si 3.400 Memberen, déi meescht dovunner Amateuren, verdeelt op 22 Vereenegunge vu Kléngdéierenziichter, déi uechter d’ganzt Land aktiv sinn. Vun hirem Numm léisst een sech gären täuschen, well an der USAL sinn net nëmmen Ziichter vertruede vu Gefligel (Hénger, Inten, Fasanen, Gänsen oder Dauwen), mee och vu Kanéngercher oder Mierschwéngercher.

An 100 Joer hunn d’USAL, ewéi och d’Praxis vun der Kléngdéierenzuucht, sech vill verännert. „Am Joer 1922, tëschent deenen zwee Weltkricher, war d’Kléngdéierenzuucht eng Noutwendegkeet fir vill Lëtzebuerger. Sech e puer Hénger oder Kanéngercher ze halen, huet et engem effektiv erméiglecht sech dauerhaft ze ernären. D’Associatioun hat an där Zäit natierlech vill méi Memberen“, erkläert d’Sylvie Andrich-Duval, Presidentin vum Organisatiounscomité fir den 100-järegen Anniversaire vun der USAL. Hautdesdaags huet d’Vereenegung gläich e puer Missiounen: d’Vilfalt vun de Rassen erhalen, dofir suergen datt d’Standarde fir all Rass agehale ginn, sécherstellen datt d’Praxis vun der Zuucht am Aklang steet mam Déiereschutz, a pedagogesch Aarbecht, andeems si déi jonk Generatiounen – déi d’Tendenz hunn de Lien mat der Natur ze verléieren – iwwert d’Hale vu Kléngdéieren informéiert.

Well de Manktem u Plaz d’Entwécklung vun der Kléngdéierenzuucht aschränkt, hunn e puer Veräiner vu Kléngdéierenziichter „Zuuchtstatiounen“ entwéckelt, déi et engem erlaben d’Déieren ze halen, och wann een an engem Appartement wunnt. E reellen Erfolleg!

L’Français Union des sociétés avicoles du Grand-Duché de Luxembourg (USAL) est née en 1922. Elle compte aujourd’hui 3 400 membres, pour la plupart des amateurs, répartis dans 22 sociétés avicoles actives dans tout le pays. Son nom est quelque peu trompeur, puisque l’USAL ne regroupe pas que les éleveurs de volailles (poules, canards, faisans, oies ou pigeons), mais aussi ceux qui possèdent des lapins ou cochons d’Inde.

En l’espace de 100 ans, l’USAL a beaucoup évolué, tout comme la pratique du petit élevage. « En 1922, entre les deux guerres mondiales, le petit élevage était une nécessité pour beaucoup de Luxembourgeois. Avoir quelques poules ou lapins permettait en effet de se nourrir durablement. L’association rassemblait donc bien plus de membres à l’époque », explique Sylvie Andrich-Duval, présidente du comité organisateur du 100e anniversaire de l’USAL. Désormais, l’association a plusieurs missions : sauvegarder la diversité des races, veiller au respect des standards pour chaque race, s’assurer que la pratique de l’élevage est réalisée dans le respect du bien-être animal et faire œuvre de pédagogie en informant les jeunes générations – qui ont tendance à perdre le lien avec la nature – sur le petit élevage. 

Le manque d’espace constituant un frein à la pratique du petit élevage, certaines sociétés avicoles ont mis en place des « stations d’élevage », qui permettent d’avoir des animaux, même quand on vit en appartement. Une vraie réussite !

Limousin Lëtzebuerg

D’Lëtzebuergesch  Rass Limousin ass mëttlerweil ville Leit e Begrëff, mee bis 1972 war se um Lëtzebuerger Territoire net vertrueden. Si gouf ab deem Datum aus der Corrèze an der Haute-Vienne agefouert, fir der Mëllechkris entgéintzewierken. „Zu där Zäit gouf zu Lëtzebuerg ze vill Mëllech produzéiert. D’Alternativ war d’Ëmstellung op Fleeschkéi, deenen hir Mëllech nëmme gebraucht gëtt fir d’Kaalwer ze nieren“, erënnert sech de Guy Majerus, President vum Organisatiounscomité fir de 50-järegen Anniversaire vu Limousin Lëtzebuerg, d’Associatioun déi bei der Aféierung vun der Rass zu Lëtzebuerg, am Joer 1972, gegrënnt gouf.

D’Lëtzebuerger Ziichter hunn sech fir dës Rass entscheet opgrond vun hire ville gudden Eegenschaften: si kaleft liicht, mat an der Moyenne 8 bis 9 Kaalwer, si weet e gudden Deel vum Joer, a si bitt Fleesch vun aussergewéinlecher Qualitéit. „Limousins Béischte sinn d’Fleeschrass par excellence, dank hirer Quantitéit un intramuskulärem Fett“, preziséiert de Guy Majerus. „Dat mécht hiert Fleesch zaart a säfteg.“ 120 Ziichter gehéieren der Associatioun haut un. Hiert primäert Zil ass d’Fërderung vun der Rass Limousin, besonnesch duerch d’Selektioun. „Well d’Rass mëttlerweil besser bekannt ass, versichen mer d’Limousin-Fleesch méi ze fërderen, och an der Gastronomie, an d’Restauranten dofir ze sensibiliséieren dës Informatioun op hire Menüskaarten unzeginn“, erkläert de Guy Majerus. S i elle est désormais bien Français connue du plus grand nombre, la race limousine était pourtant absente du territoire luxembourgeois jusqu’en 1972. C’est en effet à cette date que la limousine a été introduite depuis la Corrèze et la Haute-Vienne, pour faire face à la crise du lait. « À cette époque, on produisait trop de lait au Luxembourg. L’alternative était d’opter pour des vaches à viande, dont le lait sert uniquement à l’allaitement de leurs veaux », se souvient Guy Majerus, président du comité organisateur du 50e anniversaire de Limousin Lëtzebuerg, l’association créée à l’introduction de la race dans le pays, en 1972.

Le choix des éleveurs luxembourgeois s’est porté sur cette race en raison de ses nombreuses qualités : elle vêle facilement avec 8 à 9 veaux en moyenne, elle pâture une grande partie de l’année, et offre une qualité de viande exceptionnelle. « La limousine est la race à viande par excellence, grâce à la quantité de graisse intramusculaire, précise Guy Majerus. Cela rend sa viande tendre et savoureuse. » 120 éleveurs font aujourd’hui partie de l’association, dont le but premier est de promouvoir la race limousine, notamment à travers la sélection. « La limousine étant désormais mieux connue, nous cherchons à promouvoir la viande limousine davantage aussi en gastronomie et à sensibiliser les restaurants à faire afficher cette information sur la carte de menu », explique Guy Majerus.

D’Rass Limousin ass säit 1972 um Lëtzebuerger Territoire vertrueden.

La vache limousine broute dans les prés luxembourgeois depuis 1972.

Lëtzebuerger Ardenner Studbook / Le cheval de trait ardennais

Et sinn net wierklech hir Lëtzebuergesch 100 Joer déi d’Lëtzebuerger Ardenner Studbook (LAS) dëst Joer feiert, mee hir 101 Joer. Tatsächlech gouf d’Associatioun 1921 gegrënnt an deemools huet si och d’Reitpäerd, d’Sportspäerd, asw. mat abezunn. Am Joer 1999 huet d’Vereenegung sech gedeelt an du gouf och d’Lëtzebuerger Ardenner Studbook, déi sech exklusiv ëm d’Ardenner Schaffpäerd bekëmmert, an d’Liewe geruff. „Mir wëllen dës Rass schützen, déi hautdesdaags bedrot ass, obschonn se zu onsem Patrimoine gehéiert“, ënnersträicht de Gilbert Bartholmy, President vun der LAS.

D’Ardenner Zuchpäerd, dank senger Robustheet a sengem gedame Charakter, gëtt säit jeehier zu Lëtzebuerg agesat: an de Minnen, op de Felder, an de Bëscher… „Nom Krich war et ewéi wann d’Mechaniséierung dem Ardenner all Zukunft verbaut hätt.“ D’Schaffpäerd – gehéiert et deemno an d’Vergaangenheet? „Mir gesinn hautdesdaags en neien Interessi fir den Asaz vum Schaffpäerd, deen zwar punktuell bleift, mee deen awer do ass!“, erkläert de President vun der LAS, d’Vereenegung déi mëttlerweil 132 Memberen zielt, dorënner aktiv Ziichter an och einfach Proprietäre vun Ardenner Zuchpäerd. „Et versteet sech vum selwen, datt den Ardenner ëmmer nach seng fest Plaz an der Forstwirtschaft huet. Onst Päerd schéngt och Fouss, oder éischter „Houf“ ze faassen an de Wäibierger. D’Déier gëtt haut och agesat a verschiddene Stied, fir klenger Sammlunge vun Offäll oder beim Ënnerhalt vu Gréngflächen, oder esouguer an héich sensibele Beräicher vun Naturschutzgebidder. Schlussendlech ass den Ardenner och e wonnerbaart Päerd fir d’Fräizäit, dank sengem rouege Charakter a well et sech einfach féiere léisst“, schléisst de Gilbert Bartholmy of, dee selwer och Ardenner Päerd uspaant.

Ce n’est pas réellement ses Français 100 ans que fête cette année le Lëtzebuerger Ardenner Studbook (LAS), mais bien ses 101 ans. L’association a en effet été fondée en 1921 et, à cette époque, elle regroupait également les chevaux de selle, de sport, etc. En 1999, l’association s’est divisée et a notamment donné naissance au Lëtzebuerger Ardenner Studbook, qui s’occupe exclusivement du cheval de trait ardennais. « Notre volonté est de protéger cette race qui est aujourd’hui menacée alors qu’elle fait partie intégrante de notre patrimoine », souligne Gilbert Bartholmy, président du LAS. Le cheval de trait ardennais, grâce à sa robustesse et son caractère docile, a été utilisé de tout temps au Luxembourg : dans les mines, dans les champs, dans les bois… « Après la guerre, la mécanisation semble avoir fermé la porte au cheval de trait. » Le cheval de trait a-t-il désormais un passé sans retour ? « On constate aujourd’hui un certain renouveau de l’utilisation du cheval de trait, qui reste ponctuel, mais qui est néanmoins présent ! », explique le président du LAS, association qui regroupe désormais 132 membres, éleveurs actifs ou simples propriétaires de chevaux de trait ardennais. « Il va sans dire que le cheval de trait ardennais mérite toujours bien sa place en sylviculture. Notre cheval semble aussi prendre pied ou plutôt ‘sabot’ dans les vignes. Aujourd’hui dans certaines villes, le cheval est utilisé pour la petite collecte de déchets ou pour l’entretien des espaces verts ou même des zones hautement sensibles dans les réserves naturelles. Finalement, l’ardennais grâce à son tempérament docile et sa maniabilité est aussi un excellent cheval de loisir », conclut Gilbert Bartholmy, qui pratique lui aussi l’attelage au cheval de trait ardennais.

Union des Sociétés Avicoles du Grand-Duché de Luxembourg

1922

Grënnungsjoer / Année de création

3.400

Zuel vu Memberen / Nombre de membres

22

Gefligelziichtereien am Land / Sociétés avicoles dans le pays

4

spezialiséiert Clibb / Clubs spécialisés

Lëtzebuerger Ardenner Studbook

1921

Grënnungsjoer / Année de création

Limousin Lëtzebuerg

1972

Grënnungsjoer / Année de création

120

Zuel vu Memberen / Nombre de membres

200

Zuel vu Limousin Kéi, déi op der Foire zu Ettelbréck, am Kader vum europäesche Limousin-Concours, presentéiert ginn / Nombre de vaches limousines présentées lors du concours européen de limousines de la foire d’Ettelbruck

1999

Joer an deem déi verschidde Studbooks sech getrennt hunn / Année de séparation des différents studbooks

132

Zuel vu Memberen / Nombre de membres

39

Zuel vun Ziichter am Veräin / Nombre d’éleveurs dans l’association

En Timber an eng Postkaart fir dëse Jubiläum ze feieren / Un timbre et une carte postale pour célébrer cet anniversaire

Wéi soll een esou en aussergewéinlechen Anniversaire feiere mat eppes dat ervirstécht? Dës Fro hunn sech déi dräi Associatiounen, déi dëst Joer hir 50 oder 100 Joer feieren, och zesumme gestallt. No laangem Iwwerleeën hunn si decidéiert datt all Veräin seng eege Postkaart, esou wéi och en Timber erausgëtt, mat deene si hiert emblematescht Déier wëllen éieren. Wéi d’Associatioun Limousin Lëtzebuerg ugefaang huet an enger Scheier Fotoe vun hirer ikonescher Kou „Illusion“ ze maachen, gouf decidéiert och fir déi aner Déieren esou eng Zort Fotoshooting z’organiséieren. D’Staren hunn sech doropshin um Haff vum Guy Majerus vu Limousin

Lëtzebuerg afonnt fir e Moment deen an Lëtzebuergesch d’Annalen agoung! Fir Déieren dozou ze kréien ze poséieren ass effektiv net esou einfach… Op dësen Timberen a Postkaarte gesitt Dir also den Ardenner Max, d’Limousine Illusion, mee och den Hunn Chris, den Hues Roger an d’Mierschwéngche Sylvie. Si wäerten um Site „philatélie“ vun der POST disponibel sinn ab der Foire agricole vun Ettelbréck, déi vum 1. bis den 3. Juli organiséiert gëtt. D’Sammler ënner Iech wäerten déi éischt Editioun („première édition“) virzéien, déi wärend der Foire agricole selwer verkaf gëtt… Et sief nach bemierkt, datt am Kader vun hirem Anniversaire, jiddwereng vun deenen dräi Associatioune weider Eventer iwwert

d’Joer geplangt huet. Esou zum Beispill wäert Limousin Lëtzebuerg den éischten Europäesche Concours fir Limousin Kéi wärend der Ettelbrécker Foire agricole organiséieren. D’Lëtzebuerger Ardenner Studbook huet eng pedagogesch BD erausginn, déi geduecht ass fir hir Aktioun an d’Roll vum Ardenner Päerd an der Lëtzebuerger Geschicht méi genee z’erklären. D’USAL, schliisslech, organiséiert eng ganz Rëtsch vun Evenementer: den Dag vun de Kléngdéieren, den 22. Mee zu Schëffleng an den 2. Oktober zu Rëmerschen, e Kongress den 8. Oktober, an nach vill weider Aktiounen.

Comment fêter cet anniversaire exceptionnel avec quelque chose qui sort du commun ? C’est la question que se sont posée, conjointement, les trois associations qui célèbrent cette année leurs 50 ou 100 ans. Après mûre réflexion, il a été décidé de produire une carte postale et un timbre par association qui mettrait en avant leur animal emblématique. L’association Limousin Lëtzebuerg ayant commencé à faire des photos de son iconique vache « Illusion », au cœur d’une grange, il a été décidé d’organiser une séance photo de ce genre pour les autres animaux également. Les vedettes se sont donc retrouvées à la ferme de Guy Majerus, de Limousin Lëtzebuerg, pour un moment d’anthologie ! Faire poser des animaux n’est en effet pas de tout repos…

Sur ces timbres et cartes postales, vous retrouverez donc le cheval de trait ardennais Max, la vache limousine Illusion, mais aussi le coq Chris, le lapin Roger et le cochon d’Inde Sylvie. Ils seront disponibles sur le site « philatélie » de POST à partir de la Foire agricole d’Ettelbruck, organisée du 1er au 3 juillet. Les collectionneurs préféreront opter pour la « première édition » qui sera vendue lors de la Foire agricole…

Notons que, dans le cadre de leur anniversaire, de nombreux autres événements sont prévus par chacune de ces associations tout au long de l’année. Le premier concours européen de vaches limousines sera par exemple organisé par Limousin Lëtzebuerg lors de la Foire agricole d’Ettelbruck. Le Lëtzebuerger Ardenner Studbook a créé une bande dessinée pédagogique qui vise à mieux expliquer son action et le rôle du cheval ardennais dans l’histoire luxembourgeoise. L’USAL, enfin, organise un grand nombre d’événements : la journée des petits animaux le 22 mai à Schifflange et le 2 octobre à Remerschen, un congrès le 8 octobre, et bien plus encore.

Français

Lëtzebuerger Déierenzuucht

Les timbres seront disponibles sur le site « philatélie » de POST, au plus tard le weekend de la FAE (1-3 juillet).

D’Timbere wäerten um Site „philatélie“ vun der POST disponibel sinn, spéitstens de Weekend vum 1.-3. Juli, vun der FAE.

This article is from: