2 minute read
Är Fotoen
from Muselzeidung 503
by Presss sarl
Réckbléck Är Fotoen
Nei Fotoen aus der Regioun vun Iech a fir Iech zesummegestallt! Bei Iech war och eppes lass? Da schéckt eis gären Är Foto vun engem flotte Moment eran: burton@pt.lu
Gréiwemaacher
Virun der grousser Rentrée hunn 180 7es-Schüler virdrun am Kader vum Accueil positif hiren neie Lycée an hir Klassekomerode kennegeléiert
Uespelt
Concert vun der Uespelter Musek zesumme mat hire Kollege vun der Koninklijke Fanfare St. Caecilia Hulsberg aus Holland
Munneref
Historesche Spadséiergang „sur les traces de l‘histoire juive à Mondorf“ organiséiert vun de Frënn vun der Aler Synagog an der Kulturkommissioun
Gouschteng
D‘Fanfare Gouschteng-Beyren war den Hämmelsmarsch fir d‘Quetschekiermes spillen
Schengen
Wäilies an der Gemeng
Weiler zum Tuer
Fairtrade Rentrée
Elleng
Feierlechkeete vun 150 Joer Kierch zu Elleng, a Presenz vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich
Schengen
Visitt vun der parlamentarescher Delegatioun vun der demokratescher Republik aus dem Kongo
Haastert
Den Här an d‘Mme Entringer-Kuni krute fir hir gëllen Hochzäit vum Schäfferot gratuléiert
Nidderaanwen
Am Kader vum Sunday Brunch, organiséiert vun der Integratiounskommissioun vun der Gemeng Nidderaanwen, gouf de „Pacte vum Zesummeliewen“ vun der Madamm Cahen an de Gemengeresponsabel ënnerschriwwen
Bech-Maacher
Joeresfeier vun der „Association des Victimes de la Route“ um Site vum Waasserschi
Weiler zum Tuer
Am Kader vun der Mobilitéitswoch gouf et Fairtrade Croissante fir deene Leit, déi den ëffentlechen Transport benotzen, Merci ze soen
Nidderaanwen
An der Woch vun der europäescher Mobilitéitswoch hu verschidden Aktivitéiten an der Gemeng Nidderaanwen stattfonnt: Verdeele vu Croissanten, Tour du Duerf, Workshop zum Thema Mobilitéit
Nidderaanwen
Quetschefest vum Coin de Terre et du Foyer Sennengerbierg beim Match
Mënsbech
D‘Gesondheetsministerin Paulette Lenert an de Santé Direktor Dr. JeanClaude Schmit hunn um Rousefest vun de Lëtzebuerger Rousefrënn am Rousegaart vum Schlass Mënsbech eng Rous gedeeft
Senneng
Oldtimerdays beim Pompjeesmusée „Ale Pompjees Schapp“
Conter
D‘Buergermeeschtesch vun der Gemeng Conter, d‘Marion ZoviléBraquet, huet de Südkollektivvertrag 2022-2024 ënnerschriwwen