1 minute read

Gemeng Biwer

Gréiwemaacher

Eis Clienten hunn d’Wuert

Leon Gloden

BUERGERMEESCHTER

D’Muselzeidung ass aus Gréiwemaacher net wegzedenken. En Traditiounsbetrib, dee vun Ufank un de „Miseler Way of Life“ an der Regioun illustréiert.

Gilles Estgen

DIREKTER VUM MAACHER LYCÉE PRESIDENT VUM ORT REGIOUN MUSEL Maud Hansen

PÄIPERLEKSGAART, DIRECTRICE YOLANDE COOP

Dank der Musel- & Sauerzeidung konnte mir fir de Shop an de Bichereck vum Päiperleksgaart nei lokal Clientë gewannen an eise Bekanntheetsgrad an der Regioun steigeren.

Am beschte gefält mir, datt d’Muselzeidung dat verkierpert, wat eis Muselregioun ausmécht. Eng Zeidung mat de Leit fir d’Leit: onkomplizéiert, buedemstänneg an informativ. Déi gutt Zesummenaarbecht mat allen Acteuren (Gemengen, Institutiounen, Geschäftsleit, ...) aus der Regioun huet hautjesdaags Seelenheetswäert.

D’Muselzeidung huet sech rezent moderniséiert, ouni de Grondsaz vun der Zeidung opzeginn. Dat soll och esou bleiwen. Dofir muss si och weiderhin am Besëtz vu Leit bleiwen, déi - esou wéi senger Zäit den Usch - eis Regioun, an där si liewen a schaffen, richteg gären hunn.

John a Samantha Seil

GALERIE MODERNE

„Es gibt wohl kein schmerzlich schöneres Wort als Jubiläum, es trägt die Arbeit vieler, vieler Jahre auf den Armen und über seinen Augen hängt es wie Wehmut“ - Walter Senner -

D'Galerie Moderne gratuléiert der ganzer Ekipp vun der Musel- & Sauerzeidung zur 500. respektiv 400. Ausgab. Bravo. Benoît Holzem

STËFTUNG HËLLEF DOHEEM GENERALDIREKTER

D'Musel- & Sauerzeidung ass genau wéi Hëllef Doheem staark regional verankert. Eis ass et wichteg, e lokalen Uspriechpartner ze hunn an et och fir jiddereen ze sinn. Dowéinst hu mir am Osten och direkt e puer Hëllefs- a Fleegezentren. Mir wënschen eis och fir déi nächst 10 Joer (an nach méi) weider esou eng flott Zesummenaarbecht.

Sylvie Schroeder

SEKRETÄRIN OGB-L MUSEL-SAUER

D'Muselzeidung ass fir eis Sektioun interessant, well mir eis Memberen um Lafende kënnen halen, wat eis Aktivitäten sënn.

This article is from: