Le magazine de la commune de PĂŠtange
Meng Gemeng Octobre - Novembre 2014
Pag Sch
e7
oulr entr
ĂŠe
Sujets Dossier principaux 2
Meng Gemeng Octobre 2014 Page 4-5
D’Befreiung vun Péiteng
Page 6
Un nouveau monument
Page 7
En neit Schouljoer
Véier Joer a véier Méint laang huet d’Ënnerdréckung vum Lëtzebuerger Vollék gedauert. Eng ganz laang Zäit wann ee weess, wéi d’Nationalsozialiste mat der Populatioun ëmgespronge sinn, déi si iwwerrannt haten. Torturen, Erschéissungen a Prisongsstrofe si just e puer vun den Doten, déi si sech afale gelooss hu fir hir Schreckensherrschaft ze verlängeren. Mee d’Blat sollt sech wenden.
Le 8 septembre, en plein milieu de la Semaine de la Reconnaissance, un nouveau chefd’oeuvre fut installé au rond-point Eglise à Pétange: TRIA. Un monument créé par l’artiste Florence Hoffmann qui, sur demande de la commune de Pétange, a accepté de se lancer dans un projet illustrant bien les entités, les individualités et les spécificités représentant les trois pays voisins.
D’Vakanz ass eriwwer, den éischte Schouldag ass do! An deen ass ëmmer e bëssen opreegend no sou enger laanger Paus. Wéi erliewen d’Enseignanten, d’Elteren a virun allem d’Kanner deen éischte Schouldag? Ass e stresseg, si se opgereegt, traureg oder frou? Hei ass e klengen Abléck an d’Rentrée vun der Péitenger Schoul „Am Park“.
Editorial Dossier
Sommaire 4-5
D’Befreiung vu Péiteng
6
Un nouveau monument
7 Rentrée 8-10 Agenda 11
Wat war lass
12-13 Offiziell Liberatiounsfeier 13-18 Wat war lass 19-20 D’Gemeng informéiert 21
PiKo
22
Firma virstellen
23
E Veräi virstellen
24
Sermelux Open
Impressum Éditeur: Administration communale de Pétange B.P. 23 / L-4701 Pétange Tél.: 50 12 51-1 / Fax 50 43 96 www.petange.lu / commune@petange.lu Réalisation: Espace Médias S.A. / Polygraphic Comité de rédaction: Pia Hansel, Jean-Paul Oms Photos: Service Publications et Communication de la commune de Pétange, Carlo Gira, Eliane Polfer, Geschichtsfrënn vun der Péitenger Geméng, Laurent Blum, Anouk Antony, Albert Piron, Florence Hoffmann, Lucien Huberty
3
La rentrée scolaire … … proprement dite se trouve déjà dans le passé, même si c’est dans un passé récent. Néanmoins, il importe de souligner les énormes efforts qui ont été faits et qui continuent d’être faits en matière d’enseignement fondamental et Maisons Relais dans notre commune qui, du point de vue démographique, est la cinquième commune du pays. Abstraction faite des efforts qui sont nécessaires au niveau pédagogique, il y a lieu de signaler que la commune de Pétange a investi des montants substantiels dans la rénovation et la mise en conformité des bâtiments scolaires à hauteur de quelques 12,5 millions d’euros pendant les années 2012-2013. D’autres travaux sont en train de se terminer. Les cours d’école seront également modernisées et ceci en étroite collaboration avec le corps enseignant et le conseil communal des enfants nouvellement installé à Pétange, respectant l’approche et l’adéquation pédagogique la plus adaptée. Une population multiculturelle Quelques 1.800 enfants se retrouvent de nos jours dans les différentes écoles de l’enseignement fondamental, la grande difficulté résidant évidemment dans le paysage multiculturel avec plus de 90 nationalités sur le territoire de la commune. Via le «Plan de Réussite Scolaire», il est essayé de parer aux plus grandes difficultés rencontrées et liées aux problèmes de langues inévitables. Il est veillé à ce que les enfants concernés puissent faire leurs premiers pas dans l’enseignement en utilisant et en perfectionnant leur langue maternelle, pour se diriger lentement vers l’emploi des langues officielles du pays, dont la connaissance approfondie est le meilleur garant d’une réussite dans le parcours scolaire. La moyenne de 16 à 18 élèves par classe devrait en outre permettre une attention plus personnalisée sur les problèmes rencontrés par les uns et par les autres. Problèmes et solutions Mais, il n’y a pas que les difficultés liées à la langue qui se présentent. Certains ont besoin d’une aide spéciale pendant plusieurs mois pour arriver au bout des problèmes qu’ils rencontrent et qui sont d’origines très diverses. Une «classe molécule» a été mise en place pour fournir à ces enfants le soutien nécessaire pour les réintégrer rapidement dans leur classe «normale». Une aide généralisée et dont peuvent profiter tous les enfants et à titre gratuit, est l’aide aux devoirs et la commune a introduit des cours spéciaux qui sensibilisent les enfants aux problématiques de notre société, telles l’accroissement du vandalisme et de la brutalité, pour leur faire comprendre l’importance d’une responsabilité civique et civile. Sport et comportement social
La revue est distribuée gratuitement à tous les ménages de la commune de Pétange.
Une grande importance est accordée au sport à l’école, l’éducation physique ayant des effets positifs sur la santé des élèves, que ce soient les activités sportives collectives ou encore les visites accompagnées dans les deux piscines de la commune. En guise de prévisionnel, il y a lieu d’annoncer d’ores et déjà l’organisation de classes de neige, qui connaissent tant de succès et qui sont bénéfiques pour leur comportement social, leur permettant aussi de connaître leurs enseignants dans un autre contexte. L’éducation et l’enseignement de nos enfants est et reste un défi éternel, abordons-le!
Édition: Octobre / Novembre 14 – ISSN 1993-0070
Le collège échevinal
Imprimeur: Imprimerie Heintz, Pétange ‘Meng Gemeng’, imprimé sur du papier 100% recyclé, paraît 6 fois par an.
Dossier 4
Se sinn do! Véier Joer a véier Méint laang huet d’Ënnerdréckung vum Lëtzebuerger Vollék gedauert. Eng ganz laang Zäit wann ee weess, wéi d’Nationalsozialiste mat der Populatioun ëmgespronge sinn, déi si iwwerrannt haten. Torturen, Erschéissungen a Prisongsstrofe si just e puer vun den Doten, déi si sech afale gelooss hu fir hir Schreckensherrschaft ze verlängeren. Mee d’Blat sollt sech wenden.
Hoffnung kënnt op D’Noriicht, datt déi Alliéiert de 6. Juni an der Normandie u Land goungen, hat sech ganz séier am Lëtzebuerger Land erëmgeschwat. Hoffnung ass nees opkomm, datt et geschwënn eriwwer wier mat de Besatzer. An och wann et nach sollt e puer Méint daueren ier déi éischt Befreier an eist Land kéimen, den Ufank war gemaach. Dag fir Dag koumen si méi no, Dag fir Dag hunn si d’„Preisen“ virun sech hirgedriwwen, och wann dat grouss Verloschter bedeit huet. An Dag fir Dag hunn d’Lëtzebuerger matverfollegt, wéi et um Schluechtfeld zougaangen ass. Natierlech ganz heemlech, a mam Ouer ganz no beim Radio, well d’BBC lauschteren hat drastesch Konsequenzen! An dunn, Enn August, war et endlech esouwäit. Ënner de Besatzer ass d’Angscht virun den alliéierten Zaldoten ëmgaangen, an si sinn zu Dausenden op Vëloen, an Autoen, op Päerd a Weenercher, mee och zu Fouss a Richtung Däitschland fortgelaf. Och dee leschten „Amtsbürgermeister“ vu Péiteng huet de Réckzuch ugetrueden. Aner sinn op déi Péitenger Gare gelaf fir do en Zuch a Richtung Stad ze huelen,
well si woussten, datt d’Lompen ganz staark ugefaangen hu mat sténken. Ënner deenen éischten, déi Lëtzebuerg verlooss hunn, war och de Gauleiter Gustav Simon, deen sech op Tréier an duerno op Koblenz zeréckgezunn huet. Nieft der Eisebunnsbréck op der Porte de Lamadelaine war och d’Bréck iwwer d’Kor verminnt ginn, an d’Leit goufen opgefuerdert, net erauszegoen. Mee si waren all opgereegt a gespaant, hunn sech trotzdeem op d’Strooss gewot fir iwwer déi lescht Evenementer ze poteren an och gewuer ze ginn, wou d’Amerikaner wieren.
Et ass esou wäit Den 9. September moies gouf zu Péiteng Alarm ausgeléist. Déi sougenannt Jabboen haten den Himmel fir sech an hunn op der Péitenger Gare de Rescht vun den Damplokomotive gestoppt. Dës Flieger goufen iwwer all Bewegung um Buedem informéiert, déi de Pilot vun engem Scout bemierkt huet. An d’Awunner? Vill vun hinnen haten sech beim Bombardement vun der Gare an hir Kelleren zeréckgezunn a sinn eréischt erauskomm nodeems et roueg op de Stroosse gouf. Um 11 Auer waren d’Amerikaner zu Athus an eng Stonn méi spéit goufen déi éischt Panzer aus enger laanger Kolonn op der Athuser Strooss erbléckt. “Se sinn do”!
Dossier 5
Erléisung a Schock Wéi séier waren do déi rout-wäiss-blo Fändele vum Späicher geholl an opgehaangen, wéi séier hunn d’Stroossen sech gefëllt. Mee d’Freed iwwer déi éischt alliéiert Zaldote krut en Toufert wéi op der Kräizung vun der Lénger Strooss an der Kierche strooss en amerikaneschen M8 (e blindéierte Won) getraff gouf an ausgebrannt ass. Dat war deen Abléck, an deem d’Lëtzebuerger agegraff hunn an hire Befreier gehollef hunn, déi däitsch Batterie fir ëmmer auszeschalten, esou datt de Wee iwwer d’Lénger Strooss fräi war. Och d’Bréck iwwer d’Kor gouf net gesprengt, well e Patriot dës Aktioun verhënnert huet andeems hien den Éisträicher erschoss huet, deen d’Bréck sollt sprengen. Vun dësem Moment un huet et kee méi dobanne gehalen, d’Stroosse ware voll vu Leit, déi gewénkt hunn, Kanner, déi Schockela, Knätsch an aner Séissegkeeten zougestach kruten. A fir d’Bierger aus der Péitenger Gemeng war et ganz sécher dee längsten Dag, mee och déi längsten Nuecht!
Den Hyman Josefson gouf de 14. Abrëll 1909 am Staat New York gebueren huet och do gelieft. A jonke Jore war hien en „newspaper boy“ an huet d’Zeitungen ausgedroe fir e puer Su ze verdingen. Hie war e ganz intelligente Mënsch an huet et fäerdegbruecht, eng Bourse ze kréie fir op der renomméierter Cornell University studéieren ze kënnen. An dat am Alter vu 16 Joer. Um Enn vu senge Studien hat hien en Diplom als Ingenieur an och als Affekot. Sportlech huet hien och a senger Schoulzäit geglänzt a war 1928 an 1929 Champion am Réngen (Universitéitsmeeschterschaften) an huet esouguer am Billard seng Leeschtung mat engem Meeschtertitel gekréint. 1944 war hie mat der 5th Armored Div. ënnerwee, wéi en zu Péiteng a sengem Won ënner Beschoss koum an dës Attack net iwwerlieft huet. Laang Zäit blouf säin Numm onbekannt, well et housch, hie wier an der Belsch gefall. Eréischt an den 80er Joren war et endlech esouwäit. Den Hyman Josefson gouf offiziell als deen Zaldot unerkannt, deen als éischte säi Liewe fir d’Fräiheet vu Lëtzebuerg ginn huet. Begruewe gouf hien a senger Heemecht, an dat um Long Island National Cemetery am Staat New York .
Wie war den Hyman Josefson? Virun e puer Woche ware Familljemembere vum éischten amerikaneschen Zaldot, deen op Lëtzebuerger Buedem gefall ass, fir de 70. Anniversaire vun der Befreiung vu Péiteng an eiser Gemeng. Si waren extra vun New York op Lëtzebuerg geflu fir un de Feierlechkeeten deel ze huelen a waren houfreg awer och iwwerrascht, datt nach laang Joren no dem 9. September 1944 den Hyman Josefson esou geéiert gëtt ewéi bei eis.
Actualité 6
TRIA, symbole de stabilité, de pérennité Le 8 septembre, en plein milieu de la Semaine de la Reconnaissance, un nouveau chef-d’oeuvre fut installé au rond-point Eglise à Pétange: TRIA. Un monument créé par l’artiste Florence Hoffmann qui, sur demande de la commune de Pétange, a accepté de se lancer dans un projet illustrant bien les entités, les individualités et les spécificités représentant les trois pays voisins.
De l’idée à la sculpture Si au départ, il s’agissait de réaliser un monument à la mémoire du père de l’Europe Robert Schuman, la spécificité de la région des Trois frontières semblait se prêter mieux à la création d’une oeuvre d’art au rond-point Eglise. L’image que Tria désire conférer est celle de l’unité, de la solidarité et de la construction européenne. Ceci aussi bien à travers le matériau utilisé – l‘acier inoxydable - qu’à travers l’aspect esthétique. Pourquoi ce matériau? L’artiste l’a choisi parce qu’il est contemporain dans son emploi dans l’architecture et pour son esthétique actuelle, mais aussi dû au reflet d’un sentiment de résistance, de durabilité. Suite à l’approbation du collège échevinal du projet en question, l’artiste a procédé à l’élaboration d’un dossier avec des photomontages, documentant la sculpture à son emplacement – initialement où la sculpture aurait dû être - mais également avec tous les détails comme les dimensions ou encore le poids ainsi que le processus de la réalisation technique qui fut fait en collaboration avec une entreprise de serrurerie, des ingénieurs,
des collaborateurs du service technique de la commune ainsi qu’avec une entreprise de construction. En ce qui concerne le temps écoulé depuis les premiers croquis et le projet final, on ne peut jamais, dans un processus créatif, se fier à des périodes temporelles traditionnelles car ni la créativité de l’artiste ni les démarches administratives sont totalement contrôlables. Pour TRIA, l’espace-temps entre le premier trait de crayon et son inauguration a été de l’ordre de 4 ans, sachant que le projet fut confronté à des aléas administratifs ne relevant pas obligatoirement de la commune.
L’artiste Florence Hoffmann, une artiste luxembourgeoise, s’est fait une renommée aussi bien au Grand-Duché qu’à l’étranger. Ses nombreuses sculptures dans des espaces publics urbains et privés sur 4 continents sont les meilleurs témoins de son talent reconnu. L’organisation du «Gare Art Festival» en 2015 ainsi que des cours et ateliers créatifs pour tous âges, mais aussi des expositions à Beckerich, Differdange et Remich dans le proche futur sont autant de projets qui remplissent un agenda qui ne semble jamais se désemplir. De plus amples détails sur l’œuvre, la biographie, mais également sur les projets de Florence Hoffmann sont disponibles sur la page internet : www.florencehoffmann.net
Actualité 7
En neit Schouljoer huet ugefaangen Michèle, Enseignante Cycle 4.2. „Den éischte Schouldag bedeit Virbereedung, awer vu datt ech déiselwecht Klass wéi d‘lescht Joer hunn, bedeit et scho manner Stress. Et ass ëmmer méi Stress, wann een eng ganz nei Klass huet, wou een d’Kanner net kennt. Da muss een den éischten Dag ganz vill erzielen an alles erklären. Lo komme si a mir si schonn en agespilltent Team. Dat ass och flott. Normalerweis hätt ech elo scho Bicher an alles geraumt, mä elo maache mir dat zesummen, well deen éischten Dag ass ëmmer laang, da wëll een net direkt voll ufänken. Mir maachen haut nach e bësse méi relax, mä da geet et awer direkt lass. Dofir war ech och an der Vakanz oft hei, fir Saachen ze kopéieren, virzebereeden an ze iwwerleeën, wat elo direkt uleeft, soss wier dat zevill Stress.“
Melissa, 11 Joer, Cycle 4.2.
David, 10 Joer, Cycle 4.1.
„Meng Vakanz war ganz schéin. Ech war um Ufank e bëssen traureg, datt d‘Vakanz eriwwer ass, mä elo net méi. Elo sinn ech frou, meng Kollegen erëmzegesinn, well ech déi selwecht Klass wéi d’lescht Joer hunn. An d’nächst Joer ginn ech schonn an de Lycée.“
„Ech sinn dëst Joer e bëssen opgereegt, well ech elo an eng nei Klass kommen. Mä ech hat eng schéi Vakanz an all meng Saache sinn och prett fir an d’Schoul.“
Kiss and Go Wat ass de Parking Kiss and Go a wou ass esou e Parking? Wee moies säi Kand an d’Crèche, d’Maison Relais oder an d’Schoul féiert, deen huet d’Méiglechkeet, maximal 15 Minutten op de sougenannte Kiss and Go-Parkplazen ze stoen. Déi si geduecht fir datt d’Kanner sécher aus dem Auto klamme kënnen an direkt op engem Trottoir sinn respektiv op engem séchere Wee si fir an hir Klassen ze kommen. Wéi den Numm et seet, soll dat séier goe wann d’Kanner ukommen, esou datt och nach aner Leit hiren Nowuess quasi virun de Dir erausloosse kënnen. An der Péitenger Gemeng ginn et 4 Kiss and GoParkplazen: • Zu Rodange am Blobierg beim neie Précoce Gebai • Zu Lamadelaine um Parking beim Fräizäitzenter • Zu Péiteng an der Kierchestrooss bei dem Schoulgebai Am Park • Zu Péiteng virun der Maison Relais vis-à-vis um Bim Diederich-Sportzentrum Och wann d’Kiss and Go-Plaze besat ginn, esou stinn awer nach genuch Parkplazen an der Ëmgéigend zur Verfügung!
Christiane vu Péiteng „Den éischte Schouldag selwer ass net sou stresseg fir eis, éischter virdrun. Do ass ëmmer vill Opreegung, fir ze kucken, wat mer eigentlich hunn a wat mer nach musse kafen. Herno huet een dann awer Saachen duebel. Do muss een e bëssen den Tri maachen. An der Schoulvakanz ass een awer frou, datt ee sech emol rëm e bësse méi huet, well wann ee selwer och schafft, ka jo net all Vakanz fräi sinn. An dann huet een net ëmmer souvill Zäit, dofir freet een sech, wann een e bësse méi vuneneen huet an awer och emol méi laang schloofe kann.“
Dossier Agenda 8
AGENDA octobre-novembre 2014 17/10
Réunion mensuelle Rodange – Centre culturel (avenue Dr Gaasch) Début: 19h30 Org.: Cercle Philatélique Rodange
19/10
Kiermes-Kaffisstuff Lamadelaine – Fräizäitzenter (rue Grousswiss) Vun 15.00 bis 20.00 Auer Fräien Entrée Org.: Fraen a Mammen Lamadelaine
20/10
Grand Marché Pétange – place J.F. Kennedy De 8h00 à 18h00 Org.: Association des professionnels des foires et marchés asbl Bicherbus
Péiteng – Schoulgebai „An Éigent“ Vun 13.05 bis 13.35 Auer Rodange – Parking Sportshal Vun 13.50 bis 14.05 Auer Org.: Kulturministère
22/10
Self Defense-Cours
SIT TER-Coursen Zesumme mat der Familljekommissioun, der Chancë gläichheetskommissioun an derJugendkommissioun pro poséiert d’AFP-Solidarité-Famille eng Babysitter-Forma tioun a Lëtzebuerger Sprooch zu Péiteng un. Wéini ass dat? Den 2. an de 4. Dezember 2014 vu 15.00 bis 18.30 Auer Wou ? Am Kulturhaus A Rousen zu Péiteng Ween dierf matmaachen? Minimum 12 a Maximum 22 Leit dierfen un dëser Formatioun deelhuelen. De Min destalter ass 15 Joer! De Formulaire kritt een am Accueil vum Biergerzenter an der Péitenger Gemeng oder op www.petange.lu Aschreiwunge gi bis den 20. November 2014 ugeholl! Déi éischt si vir!
Rodange - Sportshal All Mëttwoch vun 18.30 bis 20.00 Auer Präis vum Cours: 50€ Aschreiwunge sinn op der Plaz Informatiounen Tel. 621248392 Organisatioun: Wing Tsun Club Péiteng
25/10
Pabeiersammlung Rodange a Lamadelaine Vu moies fréi un an deenen zwou Uertschaften Päck bis 10 kg gi mat ewechgeholl Org.: Guiden a Scoute vu Rodange/ Lamadelaine 80s and 90s Party Zu Lamadelaine am Fräizäitzenter Wéini? Vun 21.00 bis 3.00 Auer moies Mam DJ Putz an DJ Fritz Entréesbilljeeën: 5€ (Virverkaf) 8€ (Oweskeess) Informatiounen a Reservatiounen iwwer Tel. 691866796 (Jean-François Schrank) Org.: Amicale Nidderréideng 26/10 Porte Ouverte
Péiteng – Seniorie St Joseph Schampesbar vun 11 bis 12 Auer D’Dire sinn op vu 14.00 Auer un Et gëtt gutt Mäifelcher, eppes géint den Duuscht an eng schéin Tombola Fräien Entrée Org.: Amicale vun der Seniorie St Joseph
Agenda Dossier 9
AGENDA octobre-novembre 2014 5/11
Marché mensuel
Pétange – Place J.F. Kennedy De 8h00 à 13h00 Org.: Association des professionnels des foires et marchés asbl
Bazar
Pétange – Maison de la culture A Rousen De 10h00 à 18h00, Tombola de salle Entrée libre Org.: Foyer de la Femme Pétange
9/11
17/11
Bicherbus Péiteng – Schoulgebai „An Éigent“ Vun 13.05 bis 13.35 Auer Rodange – Parking Sportshal Vun 13.50 bis 14.05 Auer Org.: Kulturministère
Réunion mensuelle Rodange – Centre culturel De 14h30 à 18h30 Org.: Foi et Lumière Minette
Bazar
Rodange – Centre culturel De 14h00 à 18h00 Informations et réservations par tél. 26502767 (Josiane Schreiner) Entrée libre Org.: Foyer de la Femme Rodange
Cross-Country Rodange – Terrain Doihl (rue de la Minière) Pré-inscription : cross@rbuap.com Premier départ : 12h00 Org. : CA Red-Boys/UA Pétange 14/11
Réunion mensuelle Rodange – Centre culturel Début: 19h30 Org.: Cercle Philatélique Rodange
15/11 Pabeiersammlung
Péiteng Vu moies fréi un an der ganzer Uertschaft Päck bis 10 kg gi mat ewechgeholl Org.: Guiden a Scoute vu Péiteng
16/11
Concert Ste Cécile et Banquet
Lamadelaine – Centre de loisirs de 11h00 à 17h00 Informations et réservations par tél. 621799070 (Sybille Kieffer) Org: Société de Musique Lamadelaine
En Donneschdeg, de 6. November 2014, um 19.30 Auer am Home St Hubert zu Péiteng invitéiert d’Gemeng Péiteng op d’Presentatioun vum Lëtzebuerger Film
E Liewe laang No engem Szenario vum Emil Angel an ënner der Regie vum Marc Olinger. Et spillen ë.a. mat: Pol Greisch, René Pütz, Marie-Christine Faber a Fernand Fox. Den Emil Angel, Autor vum Buch, dat verfilmt gouf, ass och op der Plaz a steet Ried an Äntwert. Den Entrée ass fräi
Wat war lass? Dossier Agenda 10
AGENDA octobre-novembre 2014 23/11
Hierschtcoursen am WAX
14. Hobbymaart – 14e Marché artisanal
D’Coursen dauere bis Mëtt Dezember 2014. Ugebuede ginn: Molcourse fir Erwuessener, Molen a Bastele mat Kanner, Hierstelle vum eegene Parfum, Hierstelle vun engem Bijou aus engem Sëlwerläffel, Qi Gong Workshop, Peinture à l’aquarelle et acrylique, Entspannung durch Fantasiegeschichten (fir Kanner), Fireworks Art Clay Workshop. Umeldungen iwwer konschtmillen@wax.lu Org.: Konscht-Millen asbl.
Rodange – Kulturzenter Vun 10.00 bis 19.00 Auer Entrée: 2 € (Den Erléis ass fir de Foyer de la Femme) Org.: Broderies sans Frontières www.hobbymaart.lu
Concert de Gala du 125e anniversaire Lamadelaine – Centre de loisirs Début : 20h00 Prix du billet d’entrée : 5€ Tombola de salle Org. : Société Chorale Lamadelaine
Expositions
3/12
Maison de la Culture A Rousen Place du Marché à Pétange
Pétange – place J.F. Kennedy De 8h00 à 13h00 Org.: Association des professionnels des foires et marchés asbl
Marché mensuel
Carole Stumpf Cynthia Klein-Nilles Claude Bour Du 18.10 au 26.10.2014 L’exposition est ouverte de 14-18 heures Romanno Marius Du 16.11 au 23.11.2014 L’exposition est ouverte après-midi
les
4/12
Nikloosfeier
Rodange – Kulturzenter Vu 15.00 bis 18.00 Auer Informatiounen a Reservatioune per Tel. 506523 (Anita Conter) Org.: Union des Femmes Luxembourgeoises
5/12 19/11
Formation «Le deuil chez l’enfant et l’adolescent»
Formation «Le deuil chez Pétange – Maison de la culture A l’enfant et l’adolescent» Rousen
Pétange – Maison de la culture A Rousen De 8h30 à 16h30 Renseignements supplémentaires par tél. 26502339 (Steve Delfino) Org.: La Main Tendue ASBL Angela
21/11
Concert de Ste Cécile Rodange – Centre culturel De 19h00 à 22h00 Entrée libre Org.: Harmonie Municipale Rodange
De 8h30 à 16h30 Renseignements supplémentaires par tél. 26502339 (Steve Delfino) Org.: La Main Tendue ASBL Angela
7/12
Réunion mensuelle avec Bazar de Noël
Rodange – Centre culturel De 14h30 à 18h30 Org.: Foi et Lumière Minette
11 11 2014 !
Optakt vun der Péitenger Fuesend Festsall Home St Hubert
Wat war Dossier lass? 11
70. Anniversaire vun der Liberatioun – E Réckbléck 6. a 7.9.2014 - Am Parc Théophile Kirsch hu Kënschtler hir Wierker ausgestallt an och demonstréiert, wéi si mat verschiddenste Materialie schaffen. Sief dat Stoff, Toun, Eisen oder Glas.
70. Annivers Befreiung
saire vun der vu PĂŠiteng
Dossier Wat war lass? 14
6.9.2014 - L’histoire revécue dans un show „Son et lumière“, voilà une évocation des événements de la guerre 1940-1945 dont les spectateurs se souviendront certainement!
7. - 8.9.2014 - Musikalische Einlagen der drei Musikgruppen, der Militärmusikkapelle, der Big Band der Petinger Musikschule sowie die Aufführung des Films Heemwéi sorgten anlässlich des 70. Jahrestages der Befreiung für gute Unterhaltung.
Wat war Dossier lass? 15
8.9.2014 - D’Famill vum Hyman Josefson vu Staten Island, New York, war extra fir dëse ronnen Anniversaire op Péiteng gereest a gouf vum Schäfferot an der Gemeng empfaangen.
11.9.2014 - Zesumme mat der Famill Josefson krute Jonker aus de Guiden a Scoute vu Péiteng a Kanner aus der Maison Relais vu Péiteng eng Geschichtsstonn ‘live’ zu Baaschtnech an zu Hamm.
Dossier Wat war lass? 16
13.9.2014 - Rockabilly Deluxe! Musik aus den 50er und 60er Jahren, Elvisrollen, Pettycoats, Hot dogs, Harleys und vieles mehr aus dem Bereich Americana hatte ungemein viele Besucher nach Petingen gelockt. Auch der Wettergott schien begeistert zu sein...
14.9.2014 - Par un dépôt de fleurs à l’église paroissiale de Pétange et auprès de la Borne du Passeur, la mémoire des victimes de la guerre fut dignement honorée. Dans un second temps, 3 citoyens de la commune de Pétange furent admis dans les rangs de l’Ordre de la Chevalerie pour leurs mérites.
Wat war Dossier lass? 17
10.9.2014 - Gutt gefëllt war och dëst Joer nees de Fouerbus um leschten Dag vun der Schueberfouer an der Stad, dëse Gratis-Transport hat Gemeng fir grouss a kleng Kiermesfrënn organiséiert.
15.9.2014 - L’administration communale de Pétange a remis un chèque de 2.500€ à l’association Médecins Sans Frontières afin d’aider les victimes de la crise humanitaire en Republique centrafricaine.
20.9.2014 - Junge Auto- und Motorradfahrer auf die Gefahren des alltäglichen Verkehrs aufmerksam machen, dies war das Ziel des „Jonk Fuerer“-Tages, für den das Jugendhaus verantwortlich zeichnete.
Wat war lass? Dossier 18
20.9.2014 - Der Invitatioun op d’„Journée du grand âge“ waren och dëst Joer nees vill Senioren aus der Gemeng nokomm an hunn e puer Stonne matenee verbruecht a gepotert.
3. a 4.10.2014 - Auswahlmannschaften aus Dänemark, Frankreich, Luxemburg, der Schweiz und Österreich nahmen an der 1. Europameisterschaft sowie dem EM-Super-Cup im nationalen Spiel der “Ninepin Bowling Breitensport Kegeln” (NBBK) im Petinger QT-Zentrum statt.
D’Gemeng Dossier informéiert
D’GEMENG informéiert Nei Mataarbechter Jessica MORES: schafft zënter dem 1. August 2014 am Service Ressources humaines.
Melanie THEIN: schafft zënter dem 1. September 2014 am Accueil esouwéi am Front Office vum Biergerzenter.
Daniel PHILIPPART: schafft zënter dem 2. Juni 2014 am Service Associations locales vun der Gemeng.
Neie Gemengekonzelljee Den 3. September 2014 ass deen neie Gemengekonzelljee Claude TOCKERT vum Buergermeeschter Pierre Mellina vereedegt ginn. Hien ass an de Gemengerot nogeréckelt nodeems de JeanClaude Bouché onverhofft gestuerwen ass a vertrëtt elo déi Demokratesch Partei.
19
20
D’Gemeng Dossier informéiert
D’GEMENG informéiert Direkt am Bild, mat sms2citizen Am Joer 2009 huet d’Gemeng de Service sms2citizen agefouert, e Service, bei deem een iwwer Mobiltelefon dréngend Informatioune kritt. Zënter dem Lancement vun dëser Déngschtleeschtung hunn sech 1179 Bierger aus der Gemeng Péiteng ageschriwwen. Zu de Bedingunge fir esou e Message kënnen ze kréie gehéiert ë.a., datt een e Mobiltelefon huet an och an der Gemeng Péiteng wunnt. D’Kategoriën, an déi een sech kann aschreiwe sinn: • Stéierungen um Niveau vum Drénkwaasser, dem Gas, dem Elektreschen, der Gemeinschaftsantenn, asw – 901 Abonnenten • Stéierungen um lokalen Niveau (ë.a. Verkéier, Schantercher, asw) – 860 Abonnenten • Informatiounen iwwer d’Gemeng (ë.a. Avisen, fräi Plazen, asw.) – 818 Abonnenten • Grondschoul (ë.a. Schoultransport, Ëffnungszäiten, asw) – 858 Abonnenten
• • •
Gemengeschwämmen (ë.a. Coursen, Ëffnungszäiten, asw) – 616 Abonnenten Warnung bei Naturkatastrofen (ë.a. Stuerm, Iwwerschwemmungen, asw) – 938 Abonnenten Warnung bei Geforen (ë.a. Evakuatioun, Akzident an der Atomzentral, asw) – 934 Abonnenten
Alleng am Joer 2014 huet de Service Publications et Communication ronn 20900 sms-Messagën un d’Bierger verschéckt. Sidd Dir un dësem Service interesséiert? E Formulaire kritt Dir am Accueil vum Biergerzenter oder op der Internetsäit vun der Gemeng Péiteng www. petange.lu/sms2citizen . Dir kënnt Eech gratis aschreiwen an esou ëmmer um lafende bleiwen!
Op Pétange-TV leeft bis zum Enn vum Joer de Film De Minettstram – 100 Joer TICE! De Film leeft dënschdes, donneschdes a sonndes um 10 Auer, um 14 Auer an um 20 Auer a gehäit e Bléck zeréck op d’Joren, wou den Tram nach am Minett gefuer ass. Eeler respektiv pensionéiert Chauffeure ginn en Abléck, wéi et fréier war. Loosst Eech iwwerzeegen!
MIR GRATULÉIEREN 95 Joer jonk gouf d’Madamm Jeanne Birlenbach-Doyen, déi zënter 2005 an der Seniorie zu Péiteng wunnt. Si krut vum Schäfferot, der Direktioun vun der Seniorie, der Amicale, dem Personal, de Matbewunner an hirer Famill nëmmen dat Bescht fir déi nächst Jore gewënscht an huet op hiren Dag mat ugestouss.
PiKo Dossier
21
PiKo, c’est la grande forme Eh oui, les jours du toit ouvert, des heures de loisirs sous le soleil font bel et bien partie du passé. L’automne a rejoint nos contrées et PiKo se prépare pour la saison «indoor».
Nouveauté au sauna! Pour les clients profitant du sauna au PiKo, une surprise les attend lors de leur passage. Toutes les 2 heures, PiKo offre des fruits frais (agrumes) suivant le plan affiché.
Sandra Del Cotto
12 séances 96,00 € A la piscine PiKo, les samedis matin : Cours n°1 de 10h00 à 10h45 Cours n°2 de 11h00 à 11h45 INSCRIPTIONS: PiKo
Aussi, différents produits pour le corps comme des sels, du chocolat blanc , du miel ou du «ice gel» sont distribués afin d’arrondir les moments chauds-frais des utilisateurs. Venez goûter aux plaisirs purifiants de la chaleur et de la buée! Vous en serez ravis.
1, rue de la Piscine L-4846 Rodange Tél.: (+352) 26.50.87-1 www.piko.lu
Dates : 18.10.14 / 25.10.14 / 08.11.14 / 15.11.14 / 22.11.14 / 29.11.14 / 06.12.14 / 13.12.14 / 20.12.14 / 10.01.15 / 17.01.15 / 24.01.15 / rattrapage : 30.01.15 / 07.02.14
Heures d’ouverture Nous accueillons nos clients – piscine et sauna - d’après l’horaire qui suit:
Lundi
Périodes scolaires
Vacances scolaires (sauf vacances d’été)
jour de fermeture
9h00 - 12h00 14h00 - 21h00
10h00 - 12h00 14h00 - 2100
9h00 - 12h00 14h00 - 21h00
Mercredi
16h00 - 21h00
9h00 - 12h00 14h00 - 21h00
Jeudi
14h00 - 21h00
9h00 - 12h00 14h00 - 21h00
Vendredi
16h00 - 21h00
9h00 - 12h00 14h00 - 21h00
Samedi
9h00 - 19h00
9h00 - 19h00
Dimanche & Jours fériés
9h00 - 18h00
9h00 - 18h00
Mardi
Le 1er novembre 2014, la piscine restera fermée toute la journée. Comme tous les ans vers la fin du mois de décembre, la piscine PiKo se lancera dans des travaux de maintenance afin de garantir une visite sûre aux nageurs et adeptes du sauna. Voilà la raison pour laquelle votre PiKo fermera ses portes le 20 décembre 2014 pour rouvrir de nouveau le 5 janvier 2015! Cependant, l’exécution des travaux, l’accès à la piscine de Pétange sera ouverte certains jours durant cette période, notamment les 22, 23, 29 et 30 décembre 2014 ainsi que le 2 janvier 2015, et celà de 9h00-12h00 et 14h0019h00. Alors planifiez dès maintenant vos heures de détente à la piscine!
Firma Dossier virstellen 22
Tout le monde à bord!
Simon Tours fait peau neuve L’enceinte ne passe certainement pas inaperçue à l’entrée de Pétange, à la Porte de Lamadelaine en venant de Rodange. Voyages Simon-Tours, voilà une entreprise luxembourgeoise qui a réussi son pari il y a longtemps et qui, en 2014, constitue toujours une adresse incontournable pour les globe-trotters.
Il était une fois...
Depuis le début des transports scolaires dans la commune de Pétange au cours des années 90, Simon-Tours a été un des partenaires pour ce service. En 1999, les dirigeants signent un accord avec le ministère des Transports afin d’assurer des trajets (RGTR) entre Differdange et la ville de Luxembourg tout au long de la journée, puis en 2005 à partir de Oberkorn, et depuis 2012 à partir de Hussigny, avec une extension jusqu’au Kirchberg en 2014 de cette dernière.
... en 1959. Eh oui, c’est bien l’année dans laquelle Roger
De nos jours
et Dora Simon avaient pris la décision de se lancer dans le monde du transport en fondant leur propre entreprise à Clemency et en achetant un premier bus qui allait faciliter l’acheminement des ouvriers belges vers les aciéries luxembourgeoises alors en plein essor. Depuis, cette entreprise familiale n’a cessé de grandir et – très important – de diversifier ses activités. Devenu trop petit, les fondateurs quittent le local de Clemency en 1965 pour venir s’installer à Pétange où, en 1974, ils ouvrent également une agence de voyage. Rapidement, ils collaborent avec des organisateurs connus et prestigieux comme Luxair-Tours, TUI, Neckermann ou encore Thomas Cook pour n’en citer que quelques-uns. C’est le début d’une aventure familiale couronnée de succès. Un milliaire dans l’histoire de l’entreprise fut l’année de la passation de pouvoir en 1982, l’année où les enfants des fondateurs, Colette, Lily et Fred, reprirent l’entreprise pour continuer dans la lignée de leurs parents.
Depuis ses premiers jours, l’entreprise a bien grandi. Elle est devenue l’employeur d’une quarantaine de collaborateurs exécutant les trajets nationaux et internationaux, ainsi que dans l’administration. Une réussite basée sur l’engagement des fondateurs et de leurs descendants, ainsi que sur un savoir-faire et un service irréprochables mais également sur l’adaptation à l’ère de l’information virtuelle par la création de son site internet ( www.simontours.lu ). Au cours des dernières semaines, l’agence fut également rénovée de fond en comble. C’est dans un cadre plus moderne, à la fois accueillant et lumineux, que les clients pourront désormais faire réaliser leurs rêves. Alors, bonne route!
Veräiner Dossier virstelen
„Theater, Theater, der Vorhang geht auf!“ Auf eine 88-jährige Geschichte schaut der „Cercle Dramatique Rodange“ in diesem Jahr zurück, Jahre in denen sich die Theatergruppe zu einem Publikumsmagnet in der Gemeinde Petingen, aber auch darüber hinaus entwickelt hat.
Talente waren nie Mangelware Bereits 1936 erlangte die Gruppe ihren ersten großen Erfolg als sie in Schifflingen den Titel „Landesmeister der Amateurtheatergruppen“ feierten, gefolgt von zahlreichen weiteren sowie einem 4. Platz – unter 15 Teilnehmern – in einem großen Wettbewerb in Lüttich (B). Ein erster Höhepunkt in der Geschichte des Vereins war jedoch sicherlich die Aufführung der Passionsspiele vor einheimischem Publikum, und das im Jahr der 100-jährigen Unabhängigkeitsfeiern. Mit dem Einmarsch der Nazitruppen sollte sich alles schlagartig ändern. Der Verein wurde 1941 aufgelöst und sollte erst nach der Befreiung mit einigen „alten“ sowie neuen Theaterfreunden zum Leben erwachen. Dieser Neuanfang sollte der Start in eine erfolgreiche Zeit sein, als eine der besten Theatergruppen im Süden und sicher auch als einer der Eckpfeiler des kulturellen Lebens der Gemeinde. Hoch her ging es stets auf der Bühne sowie im Saal, sei dies im „Café Dauphin“, „Café Marx“ bei der Kierch, oder bei den Proben in der „Bouweschoul“. Derzeit ist das Rodanger Kulturzentrum Probe- und Aufführungsort. Heute werden vor allem lustige luxemburgische Stücke sowie ausländische Stücke, welche in die luxemburgische Sprache übersetzt wurden, aufgeführt. Diese werden von einer Kommission innerhalb des Vereins ausgesucht, und zwar aufgrund der Rollenverteilung, welche in der Hand des Regisseurs liegt. 30 Proben stehen für das alljährliche Theaterwochenende auf dem Programm, dies über einen Zeitraum von 10 Wochen! Und dennoch, das Lampenfieber bleibt bis zum großen Auftritt, wenn der Vorhang sich hebt und der Applaus die harte Arbeit belohnt.
Derzeit arbeitet der Verein nur mit großjährigen Mitgliedern, was aber nicht heißt, dass es in den kommenden Jahren Änderungen geben kann in der Kinder- oder Jugendarbeit. Im Lauf der vergangenen Jahre traten auch mehrere neue Schauspieler dem CDR bei, doch Aktive werden nicht nur im Bereich des Theaterspielens gesucht, denn auch hinter den Kulissen wird gearbeitet. Voraussetzungen für eine Aufnahme sind Freundlichkeit sowie Kollegialität. Dies ist besonders wichtig, da der Verein plant, seine Aktivitäten in nächster Zukunft auszuweiten. Eine gute Stimmung im Team ist gerade deshalb absolut notwendig. Gerne stehen die Mitglieder zur Verfügung um weitere Informationen zu geben. Interessenten können sich auch beim Präsidenten Albert Piron (Tel. 621152624; e-mail: info@cercle-dramatique-rodange.lu ), beim Vizepräsidenten Claude Delstanche (Tel. 621175956) oder bei der Sekretärin Carla Glesener (Tel. 621160653) melden.
Facebook: THEATEREQUIPE CERCLE DRAMATIQUE RODANGE Internet: www.cercle-dramatique-rodange.lu oder www.theater-rodange.lu
23
Sermelux Open 2014 am QT