MENG GEMENG LE MAGAZINE DE LA COMMUNE DE PÉTANGE Dezember 2020 / Januar 2021
Déi Rodanger Eil steet am „Rampenlicht“ nieft der Sportshal
SOMMAIRE
4
D’STADHAUSPLAZ AM NEIE KLEED
Datt an der Péitenger Gemeng vill geschafft gëtt fir den Ament, dat misst bis ewell quasi jidderengem bekannt sinn. Och d’Gemengeplaz – den offiziellen Numm ass John F. Kennedy-Plaz – stoung um Programm fir net just erneiert, mee och erweidert ze ginn.
6
LA GARE DE RODANGE FAIT PEAU NEUVE
Éditeur :
> Impressum
Administration communale de Pétange B.P. 23 / L-4701 Pétange Tél.: 50 12 51-1000 Fax: 50 12 51-2000 www.petange.lu commune@petange.lu Réalisation : Espace-Médias S.A. Comité de rédaction :
Photos: Service Culture et Communications de la commune de Pétange, Laurent Blum , CFL, Palea Imprimeur : Imprimerie Heintz, Pétange „Meng Gemeng”, imprimé sur du papier 100% recyclé, paraît 6 fois par an. La revue est distribuée gratuitement à tous les ménages de la commune de Pétange.
Pia Hansel, Jean-Paul Oms, Linda
Édition : Décembre 2020/Janvier 2021
Paulsberg (CFL), Jérôme Bauler
ISSN 1993-0070
2
SOMMAIRE
Depuis un bon nombre de mois les CFL sont en train de réaliser des travaux de réaménagement de grande envergure à la gare de Rodange. Afin de préparer le lieu pour le futur, une enveloppe budgétaire de plus de 100 millions d’euros sera investie.
2
Haaptthemen
3
Editorial
4-5
D’Stadhausplaz am neie Kleed
6
La gare de Rodange fait peau neuve
7
„Pimp“ meinen Pausenhof
8-9
Agenda
10
Kleeschen 2020
11
Barbelendag 2020
9-15
Wat war lass ?
16-19 D’Gemeng informéiert 20
Commémoratioun
ÉDITO
CHRËSCHTDAG ANESCHTERS FEIEREN!
2
020 war e Joer vu grousse Changementer, a mir ware gezwongen, eis Gewunnechten an eist Behuele géintiwwer eise Matmënschen ze änneren. Chrëschtdag wäert dëst Joer aneschters ausfalen ewéi soss, an dofir och aneschters gefeiert musse ginn. Dat ass awer net onbedéngt eng schlecht Nouvelle, ganz am Géigendeel! Mir wäerten am enke Krees dës schéin Zäit mat deene Leit verbréngen, déi eis wierklech no stinn.
Dëst Chrëschtfest wäert endlech kënnen dee Moment vu Besënnlechkeet, vun Deelen a vun Zeréckbesënne sinn, ob déi Wäerter am Liewen, déi eis wichteg sinn an déi all déi aner Joren an der Hetz an an der Alldaagsroutine ze kuerz koumen.
Wann eis dat geléngt, da ka Chrëschtdag 2020 eng enorm Beräicherung fir eis alleguerte ginn.
Heiansdo ass manner méi... e Méi u Mënschlechkeet, Matgefill géintiwwer deenen am Liewen, déi et och scho virun der Coronakris net einfach haten. Dat kann sech och an de Geschenker ausdrécken, déi mir dëst Joer eise Léiwe wäerte ginn. Firwat net eppes Selwergemaachtes schenken, eppes ganz Perséinleches, wat vun Häerze kënnt? Mir kënnen eis bestëmmt nach alleguer un e Kaddo erënneren, deen eis besonnesch gutt gefall huet, well en handgemaach an dofir ganz eenzegaarteg war! Hei sinn der Fantasie keng Grenze gesat. A firwat net zesummen an der Famill e Kaddo fir eis Bomi an de Bopi maachen, déi sech ganz bestëmmt vill doriwwer freeë wäerten? Et wäert ville vun eis net einfach falen, Chrëschtdag net kënnen an der Ëffentlechkeet esou ze feieren ewéi si dat all déi aner Jore gewinnt waren. Well d'Chrëschtfeier awer an dësem aussergewéinleche Joer méi kleng an dofir awer och méi intim ausfale wäert ewéi an deenen „normalen“ Zäiten, hu mir awer och d'Chance vun engem méi authentesche Fest. Wann eis dat geléngt, da ka Chrëschtdag 2020 eng enorm Beräicherung fir eis alleguerte ginn. An deem Sënn schéi Chrëschtdeeg an alles Guddes fir 2021 - a virun allem, bleift gesond! De Schäfferot
3
ACTUALITÉS
D’STADHAUSPLAZ AM NEIE KLEED Datt an der Péitenger Gemeng vill geschafft gëtt fir den Ament, dat misst bis ewell quasi jidderengem bekannt sinn. Och d’Gemengeplaz – den offiziellen Numm ass John F. Kennedy-Plaz – stoung um Programm fir net just erneiert, mee och erweidert ze ginn. ET WOR EMOL....
V
iru Joren, do war d’Plaz virun der Gemeng eng Parkplaz, wou ausser den Autoen net vill Raum blouf fir d’Foussgänger oder Beem respektiv Bänke fir sech auszerouhen. Déi Zäite si scho laang eriwwer, an haut steet en neie Plang am Haus, deen de 16. Dezember 2019 am Gemengerot ugeholl gouf, an elo, nodeems nach eng Rei Ännerunge gemaach goufen, ausgeféiert gëtt.
Wat ännert konkret virum a ronderëm d’Stadhaus? Insgesamt wäerten 3000 m2 nei gemaach ginn. Déi grouss Placken, déi erausgerappt goufen, ginn – nodeems se gebotzt respektiv duerch neier, wou dat noutwendeg ass, ersat goufen – nees eng Kéier op der Plaz verluecht. D’Bushaischen ass schonn ofgerappt ginn an an d’Plaz kënnt en neien Arrêt, dee méi kleng ass, dofir awer duerch seng besonnesch Ausféierung an d'A stécht. Een Deel vum alen Arrêt gouf am Eigent-Schoulhaff als Ënnerstand opgeriicht.
Eng Parkplaz virum Gemengenhaus, dat wor eemol
4
Deemools nieft der Gemeng...
Bei der Eigent-Schoul gouf den Arrêt nees opgeriicht
ACTUALITÉS
Selbstverständlech ass hei och beim Plangen un all déi Leit geduecht ginn, déi eng Behënnerung hunn. Esou ass zum Beispill e Leitsystem um Buedem vun der Stadhausplaz virgesinn. Virun dem Gemengenhaus gëtt d’Plaz zimlech fräi gehalen, esou datt Evenementer hei kënne stattfannen, déi och emol eng gréisser Envergure hunn. Dofir ginn hei
déi néideg Uschlëss ewéi Waasser a Stroum ofdeckend geluecht. Zur Lëtzebuergerstrooss hi gëtt d’Stadhausplaz mat Blummekiwwelen ofgegrenzt, wou och Sëtzgeleeënheete mat agebaut ginn. Hei ass och e sougenannte Bicherschaf virgesinn. Do wou ëmmer d’Bushaische stoung wäert an Zukunft e Sprangbuer seng Plaz fannen. Dee soll awer mam Buedem
gläich sinn, esou datt en net hënnert wann eng grouss Manifestatioun stattfënnt. Aus deemselwechte Grond wäerten och mobil Sonnebänken op der Plaz opgestallt ginn. Do wou fréier d’Trape vun der aler Entrée waren, entsteet elo eng permanent Tribün, déi bei ganz ënnerschiddlechen Evenementer ewéi z.B. dem Kleesche genotzt ka ginn. Doriwwer eraus kann dës Bühn och dozou dingen, e Riednerpult oder d’Krëppchen opzestellen an esouguer kleng Optrëtter opzeféieren. Gi mir hanner d’Gemeng, esou verschwannen do d’Dreckskëschten an d’Vëloen an engem extra dofir geschafenen „Haischen“. Laanscht d’Parkstrooss kommen e puer Fitnessgeräter stoen esou wéi der scho laanscht der Kor op dem Spadséierwee opgestallt goufen.
An do, wou elo nach de Kiosk steet, kënnt eng Plaz hin, déi een als „à la provençale“ kéint beschreiwen. D.h. hei kann eng Terrass installéiert, kleng Evenementer organiséiert, Pétanque gespillt ginn an och d’Kanner kéinten hei eng Plaz hu fir ze spillen. Dat si just e puer Beispiller vu villen, déi méiglech sinn. En neie Pavillon mat ëffentlechen Toiletten – och fir Leit mat enger Behënnerung – soll zum neie Bild vun der Stadhausplaz gehéieren. De Pavillon gëtt als Ausschank geplangt, wou Plaz ass fir 10 bis 20 Leit bannen esouwéi 10 Persoune baussen an engem iwwerdeckte Beräich. Am Summer kéinten sech hei ronn 30 Persounen op enger Terrass am Schied ophalen. Dat Ganzt huet natierlech och säi Präis. De Gemengerot huet gring Luucht ginn duerch säi Vote vum Budget vun 2,180 Milliounen Euro.
5
ACTUALITÉS
LA GARE DE RODANGE FAIT PEAU NEUVE Depuis un bon nombre de mois les CFL sont en train de réaliser des travaux de réaménagement de grande envergure à la gare de Rodange. Afin de préparer le lieu pour le futur, une enveloppe budgétaire de plus de 100 millions d’euros sera investie.
B
ien que seuls deux lignes ferroviaires – les lignes 60 et 70 – ainsi que le transport de marchandise passent à Rodange, cette localité aux frontières belge et française est considérée comme un lieu stratégique par lequel, jour après jour, des milliers de frontaliers de la grande région viennent travailler au GrandDuché.
Voilà les raisons pour lesquelles, la transformation de la gare est si importante pour les années à venir. Après la fin des travaux en cours, la gare de Rodange aura 7 voies à disposition dont 5 pour le transport de passagers et les 2 restantes pour celui des marchandises.
Le montage de la marquise du quai 3
Point de vue accès: les clients verront une nette amélioration, notamment pour les personnes à mobilité réduite. Une passerelle ainsi que des ascenseurs assureront un passage aisé aux quais. Dans une première phase, la plateforme des voies 4 et 5 fut renouvelée et le quai 2 fut allongé et mis en service en juin de cette année. Aussi, un premier élément de la nouvelle passerelle fut mis en place en juillet. La passerelle aujourd'hui....
....et à la fin du projet
Actuellement, les voies 6 et 7 sont en voie de rénovation. Une grande nouveauté à la gare de Rodange seront certainement les quais couverts; la première marquise fut montée sur le quai 3. En phase 3, les travaux reliés aux quais 1 et 2, aux 2 passages souterrains ainsi qu’à la passerelle seront clôturés afin de mettre en service les quais 1 et 2 en mars 2022. Ensuite, il faut encore compter un an et demi pour finir les travaux de finition, le parvis et la gare routière. A la mi 2022, le P&R – le parking couvert – avec ses 1.600 places de stationnement devrait être opérationnel. L’accès vers ce nouveau parking est entièrement réaménagé et sera doté d’une rue et d’un rond-point, ce qui a mené à la fermeture du parking dans la rue de l’Industrie. L’enveloppe budgétaire pour ce projet s’élève à 43,5 millions d’euros.
6
ACTUALITÉS
„PIMP“ MEINEN PAUSENHOF Die Schüler und Schülerinnen der Parkschule in Petingen sind in den vergangenen Jahren verwöhnt worden. Nicht nur die Innenräume, auch die Außenanlagen wurden richtig aufgemotzt. Denkt man zurück an die eigene Kindheit, so könnte man schon ein bisschen eifersüchtig werden.
A
TOBEN AUF HOHEM NIVEAU
m 19. November 2018 stand ein Kostenvoranschlag über 470.000 € für die Erneuerung des unteren Schulhofes der Parkschule in Petingen zur Abstimmung im Gemeinderat und wurde mehrheitlich angenommen. Die Arbeiten fingen am 3. April 2020 an und wurden Anfang November 2020 fertiggestellt. Begonnen wurde mit der Aushebung des oberen Belages. Anschließend wurde der Hof in 3 verschiedene Zonen eingeteilt: 1. eine Grünzone mit Rasen, Hecken und Bäumen, welcher als Ruhezone dienen soll, 2. eine Spielzone mit 2 Kletterelementen sowie 4 am Boden eingebauten Trampolinen sowie einem Kieselbett, das einen Fallschutz bildet, 3. eine freie Zone mit hellem Belag, wo ein Basketballfeld, ein kleines Fußballfeld mit Mini-Toren sowie ein Platz für „Funnelball” eingerichtet wurden. In der freien Zone können die Kinder sich aufstellen, wobei farbenfrohe Motive auf dem Boden diese Aufgabe erleichtern. Der Zugang zum Schulhof wurde mit Pforten gesichert. Darüber hinaus wurden neue Mülltonnen aufgestellt indes neue Lampen für genügend Helligkeit sorgen. Schade, dass die Pausen so kurz sind...
Der alte Sandkasten ist verschwunden
Wer möchte die Pausen nicht hier verbringen?
7
AGENDA PABEIERSAMMLUNG
06/01/2021 et 03/02/2021
14/01/2021
Pétange – place du Marché 8h00 - 13h00 Org. : Association des professionnels des foires et marchés asbl
Pétange – Maison de la culture „A Rousen“ Début : 19h30 Entrée libre Org. : Les Amis de l’Histoire de la commune de Pétange
Marché mensuel
Vu moies fréi bis nomëttes Nëmme Päck ënner 10kg gi matgeholl! D’Päck oder d’Kartongskëschten dierfen och net a Plastikstuten agewéckelt sinn! Den 9.1.2021 an de 6.2.2021 zu Péiteng Den 12.12.2020 an 16.1.2021 zu Rodange an zu Lamadelaine Org.: Guiden a Scoute vu Péiteng a vu Rodange/Lamadelaine
Assemblée générale
BICHERBUS – NEI AUERZÄITEN! 11/01/2021 AN 01/02/2021
22/01/2021
Réunion mensuelle
Péiteng beim Schoulgebai An Éigent rue Mathias Adam Vun 10.45 bis 11.35 Auer
Rodange – Centre culturel (avenue Dr. Gaasch) Début : 17h00 Entrée libre Org. : Cercle Philatélique Rodange
Rodange bei der Sportshal rue Jos. Moscardo Vun 13.15 bis 14.15 Auer
18/12
06/02/2021
Assemblée générale
Gratis Bicher, Audio-Bicher an DVDe léinen.
Réunion mensuelle
Rodange – Centre culturel (avenue Dr. Gaasch) Début : 17h00 Entrée libre Org. : Cercle Philatélique Rodange
Info iwwer Tel.: 80 30 81 (Romain Kayser) oder per E-Mail (bicherbus@bnl.etat.lu) Um Internet ënner: https://cutt.ly/ewKPTuE Org.: Kulturministère
Wocheprogramm vu PéitengOnAir Méindes
CENTRE WAX
10.00-11.00 Auer
Good Morning Café
2, route d’Athus Pétange
12.00-13.00 Auer
ze lauschtzeren um 102,20Mhz oder op www.peitengonair.lu
Let’s go country 18.00-20.00 Auer
28/1/2021
Wonschconcert
Erzielowend mam Betsy Dentzer Ufank: 20 Auer Entrée: 15 € Reservatiounen: vu méindes bis freides (18 bis 20 Auer) iwwer Tel.: +352 621 688 872 Org.: Konscht-Millen asbl
20.00-22.00 Auer
History
Mëttwochs
Dënschdes 10.00-11.00 Auer
Good Morning Café 18.00-20.00 Auer
Queesch duerch den Oldies Gaart
10:00-12:00 Auer
Donneschdes
18:00-20:00 Auer
Good Morning Café
© FV Photography
Good Morning Cafe
10.00-11.00 Auer
Culture Club
18.00-20.00 Auer
Sacha on Air
20:00-22:00 Auer
The Radiomanshow
20.00-22.00 Auer
Rock it
Freides 10.00-11.00 Auer
Good Morning Café 18.00-20.00 Auer
Ristorante Tipps 20.00-22.00 Auer
8
Rodange – Centre culturel (avenue Dr. Gaasch) Début : 15h00 Entrée libre Org. : Coin de Terre et du Foyer Section Rodange
Pop an Rock
Samschdes 10.00-12.00 Auer
Saturday Morning Show 13.00-17.00 Auer
Top 50
Sonndes 10.00-12.00 Auer
Déi 2 Groër
13.00-17.00 Auer
Top 50 (Replay)
AGENDA CLUB SENIOR PRËNZEBIERG 27-29, rue Michel Rodange zu Déifferdeng Tel.: 26 58 06 60 e-mail : info.prenzebierg@differdange.lu Kontaktpersoun: Geneviève FABER www.clubprenzebierg.lu
29/1/2021
Informationsabend über Heilpflanzen und Heilpilze mit dem gelernten Kräuterkenner Yves Habscheid praktische Beispiele von Heilpflanzen und –pilzen im Einsatz gegen alltägliche Krankheiten in luxemburgischer Sprache Beginn: 18.00 Uhr Teilnahme: 5€ ! Teilnahme per Zoom ist ebenfalls möglich!
9/2/2021
Escape Room Dir léist gär Rätselen? Dann ass dës Veranstaltung fir Iech! Eng Stonn hutt Dir Zäit fir mat verstoppten Hiwäiser a Schlësselen aus engem Zëmmer erauszekommen. Eng kleng Hëllef ass selbstverständlech och disponibel! Rendez-vous um 13.45 Auer um Parking „Parking Plateau des Hauts Fourneaux“ Präis: 22€ (Transport: 14€)
16.2.2021
Virtrag zum Thema „Demenz“ Informatiounen an Erklärunge vum Alain Tapp, Verantwortleche fir d’Weiderbildung bei der ALA (Association Luxembourg Alzheimer) Konferenz op Lëtzebuergesch Theme vum Owend: Alzheimer an aner Demenzformen -Diagnos a Symptomatik -Ëmgang mat der Diagnos - Ënnerstëtzung a Bewältegung am Alldag - Liewe mat Demenz - Servicer vun der ALA -
Froen an Äntwerten Ufank: 18.30 Auer Wou? Am Club Senior zu Déifferdeng Gratis Veranstaltung.
25.2.2021
Red Rock Climing Schnuppercours an der gréisster a modernster Kloterhal hei a Lëtzebuerg professionell Ënnerstëtzung gëtt et op der Plaz Viraussetzung: Motivatioun an e bëssen a Form sinn Rendez-vous um 9.30 Auer um „ Parking Plateau des Hauts Fourneaux“ oder um 9.50 Auer virum Red Rock Climbing Center zu Zolwer Präis: 28€ (Entrée, Material a Guide)
A propos Transport! D'Gemeng Péiteng deelt mat, datt et och méiglech ass fir mam P-Bus bis an de Club Senior Prënzebierg op Déifferdeng geféiert ze ginn. Informatiounen a Reservatiounen iwwer Tel.: 8002-1251
WAT WAR LASS ?
Venus de Belgique et de France, les descendants de Marcel Gregorius avaient découvert un livre contenant des compterendus des réunions et assemblées du Syndicat d’initiative et de Tourisme de la commune de Pétange fondé le 19 février 1937. Le manuscrit contient les comptes rendus méticuleusement mis en page il y a plus de 8 décennies. Désormais, et avec l’accord de la famille, ce document fut remis à la commune de Pétange pour qu’elle puisse le conserver de façon adéquate.
9
GALERIE
KLEESCHEN DRIVE-IN 2020
Dee grousse Mann huet um Carena-Site zu Péiteng deene ville Kanner Titercher iwwerreeche gelooss, déi extra de Wee op sech geholl hu fir hien ze gesinn. An hei hunn d'Kanneran eleng de COVID-19 esou richteg an den Hannergrond gedrängt.
10
GALERIE
GLÉCK OP TROTZ CORONA
Mat enger Delegatioun aus dem Péitenger Schäffen-a Gemengerot esouwéi Vertrieder vu verschiddenen Associatiounen aus der Gemeng gouf de Barbelendag am ganz klenge Krees gefeiert.
11
WAT WAR LASS ?
Honnerte Stonnen huet de Luis Santos domat verbruecht, d’Maquette vum alen Nothombsschlass esouwéi déi vun der aktueller Gemeng ze restauréieren. D’Maquette vum Nothombsschlass gouf zoufälleg vum Jeff Meunier um Späicher entdeckt a steet aktuell um Rez-de-Chaussée an der Gemeng iwwerdeems déi méi rezent Duerstellung vun der Gemeng am Sëtzungssall steet. Fir dem Här Santos Merci ze soe fir seng ontentgeldlech Aarbecht krut hien en Akaafsbong iwwerreecht.
Zwei Caritas-Vertreter, Caroline Theves und François Large, hatten den Weg nach Petingen gefunden, wo sie einen Scheck über 2.500.- € aus den Händen von Bürgermeister Pierre Mellina entgegennahmen. Das Geld soll den Opfern der schweren Explosion von August 2020 in Beirut zugute kommen. Eine finanzielle Hilfe, die dringend notwendig ist um das Leid der Betroffenen zu lindern.
12
WAT WAR LASS ?
De 4. Oktober waren den englesche Botschafter John Marshal esouwéi de President vun der RAF-Sektioun Lëtzebuerg an de Buergermeeschter Pierre Mellina um Kierfecht zu Lamadelaine zesummekomm, wou si Blummen op de Griewer vun den Zaldoten, déi 1940 hiirt Liewe gelooss hunn an hei begruewe goufen, néiergeluecht hunn.
Lors d’une réunion entre des représentants politiques des communes de Pétange, Mont St Martin et Aubange, l’idée d’une identité commune fut partagée par les personnes présentes. Un premier projet – un pont traversant la rivière Chiers au milieu de laquelle les 3 frontières se rencontrent avec 3 personnes se donnant la main et, éventuellement, une symbolique sur l’eau – fut retenu. De plus, les pistes cyclables devront connecter, dans les mois et années à venir, les trois pays.
13
WAT WAR LASS ?
Et ginn eng Rei Griewer an der Gemeng, no deenen net gekuckt gëtt, an dat aus deenen ënnerschiddlechste Grënn. Zënter 30 Joer huet déi Péitenger Gemeng sech zur Aufgab gemaach, fir Allerhelljen dofir ze suergen, datt hei e Blummenarrangement zu Éiere vun deene Verstuerwenen d’Graw verschéinert. E klenge Geste, deen awer dozu bäidréit, datt och déi Leit net vergiess solle ginn.
Anfang November wurden im Gemeindewald „Hierschbierg” Sicherheitsfällungen unter Aufsicht des Försters vorgenommen, dies weil in unmittelbarer Nähe der Wanderweg vorbeiführt. Betroffen waren die vom Borkenkäfer befallenen Fichten. Darüberhinaus mussten auch einige Lärchen auf einer kleineren Fläche gefällt werden, da sie aufgrund der Trockenheit der vergangenen zwei Jahre abgestorben waren. Das Holz wurde mit Hilfe von Ardennerpferden aus dem Wald gerückt, damit am hier heranwachsenden natürlichen Mischwald keine Schäden entstanden.
14
WAT WAR LASS ?
Um Dag vum Bam hu Vertrieder aus dem Péitenger Schäffen- a Gemengerot, zesumme mat enger Rei Elteren an hirem Nowuess, e Bam am Parc Théophile Kirsch zu Péiteng geplanzt. Dëst Joer war et e Käschtebam, dee bis zu 35 m héich ka ginn an zu Éiere vun deene Kanner, déi tëscht dem 1. November 2019 an dem 31. Oktober 2020 gebuer goufen, geplanzt gouf.
Lors d'une réunion du bourgmestre Pierre Mellina et de l'échevin Jean-Marie Halsdorf avec le nouveau bourgmestre de Longlaville, Monsieur Hamdi Toudma, et de son adjointe Véronique Furgaut, des sujets transfrontraliers comme les pistes cyclables, les organisations culturelles dans le cadre d'«Esch 2022» mais également les stations d'essence sur la RN5 à la frontière luxemburgo-française furent abordés. Un échange d'idées et d'opinions que tous les participants ont apprécié.
15
D’GEMENG INFORMÉIERT / LA COMMUNE INFORME > Rodange
EN ARCHITEKTECONCOURS FIR E CAMPUS Am Zentrum vu Rodange, tëscht der Päsch-Schoul (Meederchersschoul) an der rue Nic. Biever soll an nächster Zukunft de Lotissement „Croix cassée” entstoen. Heizou gehéieren esouwuel en neit Schoulgebai, eng Sportshal, eng Maison Relais an e Parking. D’Gemeng Péiteng hat en Architekteconcours organiséiert well de Site net deen einfachsten ass an et esou méiglech war, e puer Projeten ze gesinn an duerno deen eraussichen, deen am beschten géif erëmginn, wat d’Iddi vun deem Komplex ëmfaasst.
O
Déi ganz Prozedur vum Concours gläicht u sech enger ëffentlecher Ausschreiwung, un däer sech och international Interessente kënne bedeelegen. D’Virgaben, d’Rahmebedingungen, d’Prozeduren, d’Fristen an d’Recourse si gesetzlech festgeluecht an d’Kandidate mussen hir Projeten esou ëmsetzen, datt si och komplett deem entspriechen, wat vun hinne gefrot gouf. Dëse Concours goung iwwer 2 Ronnen, an all Dossier gouf vun engem sougenannte Pré-Jury analiséiert an unschléissend goufen d'Kandidate fir den 2. Tour an engem geheime Vote gestëmmt. Aus deenen 3 Kandidate goung duerno de Gewënner ervir. An der Jury souzen Architekten a Vertrierder vum Bauhär – an dësem Fall war dat déi Péitenger Gemeng – woubäi d’Architekten hei hu musse majoritär sinn. Dat ass och vum „Ordres des architectes et ingénieurs-conseil“ (OAI) iwwerwaacht ginn. No dem Opruff fir Kandidaturen haten sech 18 Büroe gemelt, dat aus Lëtzebuerg awer och aus dem noen Ausland. Am Juni 2020 goufen dunn déi 3 Kandidate genannt, déi et an déi 2. Ronn vum Concours bruecht hunn. Et waren dat: 1. “Team 31” aus der Stad 2. Jim Clemes associates vun Esch/Uelzecht 3. Schemel Wirtz arch. / Franz und Sue ZT vu Lëtzebuerg a Wien De 17. November 2020 huet de Jury entscheet, datt de Projet vu Schemel Wirtz Architectes associés (L) & Franz&Sue (A) d'Virlagen am beschte géif representéieren.
De Site tëscht der Päsch-Schoul an der rue Nic. Biever gëtt e richtege Campus
De Projet vun de Gewënner verbënnt Funktionalitéit, Ambiance an Ëmwelt ënner engem „gringen" Daach
16
D’GEMENG INFORMÉIERT / LA COMMUNE INFORME
CHRËSCHTFEIER 2020 FIR RENTNER
D’GEMENGESERVICER BLEIWEN DISPONIBEL
D
F
FÊTE DE NOËL POUR CRÉDIRENTIERS 2020
LES SERVICES COMMUNAUX RESTENT DISPONIBLES
’Chrëschtfeiere fir d’Rentner aus der Péitenger Gemeng si leider ofgesot ginn duerch d’COVID-19-Pandemie.
Déi Bierger a Biergerinnen, déi an de leschte Joren deelgeholl hunn, goufe scho per Bréif doriwwer informéiert. Am Fall wou Dir an der Pensioun sidd an Interesse dorunner hätt fir Iech anzeschreiwen an déi nächst Joren op eis Rentnerfeier wéilt kommen, dann zéckt net a rufft de Service Culture et Communications un iwwer Tel.: 50 12 51 -2078.
L
es fêtes de Noël pour crédirentiers organisées par la commune de Pétange n’auront pas lieu à cause de la pandémie COVID-19.
Les citoyens et citoyennes ayant participé les années précédentes ont déjà été informés par courrier. Si vous aussi, vous êtes pensionnés et si vous avez envie de vous inscrire afin de prendre part à la fête de Noël pour crédirentiers les années à venir, alors n’hésitez pas et contactez le Service Culture et Communications par Tél. : 50 12 51-2078.
FEUX D’ARTIFICE À LA SAINT-SYLVESTRE Respectant l’avis majoritairement négatif émis par le conseil communal dans sa séance du 16 mars 2016, le bourgmestre a décidé de ne pas accorder une autorisation générale de tirer des feux d’artifice, sur tout le territoire de la commune de Pétange, dans la nuit de la Saint-Sylvestre 2020/Nouvel An 2021.
ir hir verwaltungstechnesch Démarchen op der Gemeng kënnen d’Bierger och weiderhin op d’Hëllef vun de Mataarbechter zielen. Am Abléck gëtt de Leit awer un d’Häerz geluecht fir op E-Mail (commune@petange.lu) an Telefon (501251-1000) zeréckzegräife wann dat méiglech ass. Démarchë kënnen awer och mat engem Kontaktformular op dem Internetsite vun der Gemeng oder op www.guichet.lu gemaach ginn. All Ännerung wäert esou séier et geet un d’Bevëlkerung weidergeleet ginn. Sief dat iwwer Internet, Facebook oder op Pétange TV. Merci fir Äre Versteesdemech.
P
our leurs démarches administratives auprès de la commune, les citoyens peuvent compter sur l’aide des collaborateurs communaux. Actuellement, les gens sont priés de recourir au courrier électronique (commune@petange.lu) et au téléphone (501251-1000) si cela s’avère possible. Les démarches pourront également se faire via un formulaire de contact sur le site web de la commune ou sur www.guichet.lu. Tout changement sera relayé à la population en dû temps, soit par internet, Facebook ou encore sur Pétange TV. Merci pour votre compréhension.
PROGRAMM RPL TV – GEMENG PÉITENG
E
missiounen, déi ab dem 15. Dezember 2020 gewise ginn: – Wat war lass? E kuerze Réckbléck – D’Gemeng Péiteng am Bild de Recyclingzenter – Historesches: D’Aweiung vum Barbel-Monument zu Rodange – Geschäfter aus der Gemeng Dës Emissioune sinn och op Apart TV ze gesinn, an dat um Kanal 82 vu Post TV an am Reseau vun der Eltrona.
17
D’GEMENG INFORMÉIERT / LA COMMUNE INFORME
NEI ADRESS!
D
e fréieren techneschen Service (rue du Parc) ass ewell opgedeelt an den Departement Urbanismus an den Techneschen Departement. Den Departement Urbanismus setzt sech zesummen aus: – dem Sekretariat – dem Aménagement Communal – dem SigCom an technesch Zeechnungen
an huet seng Büroen elo am: Haus vun der Kor (1. Stack) 1C, rue de la Chiers zu Péiteng Tel.: 50 12 51 – 3001 / 3055
COVID-19 INFORMATIOUNE FIR D’VERÄINER
O
p der Internetsäit vun der Gemeng Péiteng (www.petange. lu) fannen d’Veräiner zënter kuerzem sämtlech Informatiounen iwwer déi Moossnamen, déi hir Aktivitéite betreffen an déi vum Gesondheetsministère virgeschriwwe ginn. Esoubal Neiegkeete vum Ministère aus kommen, ginn déi agefiddert, esou datt ee stänneg um leschte Stand ass.
NOUVELLE ADRESSE!
L
’ancien Service technique (rue du Parc) est divisé en un département urbanisme ainsi qu’un département technique. Ce dernier comporte : – le Secrétariat – le service de l’aménagement Communal – le SigCom et dessins techniques
avec les bureaux afférents à l’adresse suivante : « Haus vun der Kor » (1er étage) 1C, rue de la Chiers à Pétange Tél. : 50 12 51 – 3001 / 3055
«LËTZEBUERG AM ZWEETE WELTKRICH» UNE EXPOSITION INOUBLIABLE
E
nvie de mieux connaître l'histoire de Pétange et du Luxembourg pendant la guerre? Envie d'offrir un cadeau hors du commun? Alors pourquoi ne pas offrir le catalogue de l'exposition sur la Deuxième Guerre Mondiale, un document exceptionnel et intemporel des événements de chez 'nous' que vous pouvez réserver et commander?
Par virement de 20 euros sur le compte du CSCP (Comité du Souvenir de la Commune de Pétange) BCEELULL LU04 0019 5555 1009 5000 avec la mention ‘Katalog Expo 2WW’. Le catalogue pourra être enlevé (contre preuve de paiement) à l'office des citoyens de l'Hôtel de ville de Pétange. Pour un envoi par courrier postal il faudra rajouter 5 euros de frais d'envoi (20 + 5 = 25 euros).
«LËTZEBUERG AM ZWEETE WELTKRICH» 75 JOER LIBERATIOUN
18
D’GEMENG INFORMÉIERT / LA COMMUNE INFORME
NEI GESCHÄFTER
NOUVEAUX COMMERCES
> Pétange
RESTAURANT LA PIVOINE
C
'est au 80A, route de Luxembourg que ce nouveau restaurant chinois a ouvert ses portes il y quelques semaines. On y retrouve une cuisine asiatique ainsi que des sushis sur le menu. Au prix de 11.- €, le client pourra également profiter d'un menu du jour avec une entrée et plat au choix ainsi qu'un dessert à l'exception des weekends et des jours fériés. Le restaurant est ouvert de 12h à 14h et de 18h à 22h.
Contact : Tél.: 26 59 44 75
> Rodange
A NOSTRA CASA RESTAURANT
P
our les amateurs de la bonne cuisine, une nouvelle adresse vient de s'ajouter au 14, rue Jos. Philippart à Rodange. Le café/brasserie est ouvert de 7h à 23h, tandis que le restaurant propose des spécialités des cuisines traditionnelles luxembourgeoise, française et italienne, entre 12h et 14h ainsi que de 18h à 22h. Le site internet du restaurant sera opérationnel sous peu.
Contact : Tél. : 26 65 49 86
De Schäffen- a Gemengerot esouwéi d'Mataarbechter vun der Péitenger Gemeng wënschen alle Bierger a Biergerinne schéi Chrëschtdeeg an e glécklecht neit Joer 2021!
19
GALERIE
COMMÉMORATIOUN NATIONALE
20