1 minute read

Biergerworkshop Biergerforum

Am Kader vun der Stadentwécklung hunn am Laf vun de leschte Méint Workshops mat lokalen Acteuren aus de Beräicher Kultur, Tourismus, Shopping a Gemengevertrieder stattfonnt. Déi entspriechend Resultater goufen am Biergerworkshop Enn Mäerz mat deelhuelende BiergerInnen diskutéiert a weiderentwéckelt.

D’Iddien déi d‘IechternacherInnen zesummen developpéiert hunn, goufen um leschte Biergerforum den 18. Mee 2022 presentéiert, an de Schäfferot huet mat enger Rei Usätz zur Ëmsetzung reagéiert. Esou wäerten zum Beispill Iddie wéi e Feierowend Maart, weider Picknick-Events zousätzlech zum Bréckefest, d’Erneierung vum Kulturwee & divers Vëlos-Infrastrukturen ëmgesat ginn.

Advertisement

Um Programm stoung dernieft eng Backstage Tour vum TRIFOLION an der Museksschoul an eis Partner vum Tourist Office an der UCAE waren och derbäi.

Mir soen alle Bedeelegten e grousse Merci! Wann Dir interesséiert sidd un de verschiddene Projeten déi wäerten ëmgesat ginn, matzeschaffen, da mellt Iech beim Stadtmarketing Echternach: mengstad@stadtmarketing.lu T. 72 92 22 25. .

Dir konnt net beim Biergerforum dobäi sinn? Kuckt Iech hei d‘Opzeechnung un:

echter.lu/biergerforumX

This article is from: