1 minute read

Zesumme spueren Zesummenhalen

De Krich an der Ukraine huet déi staark europäesch Energieofhängegkeet vu Russland oppe geluecht. Mir wëllen onofhängeg vu fossile Brennstoffer ginn: fir eis Fräiheet, eis Sécherheet – a fir eise Klima ze schützen. Mir erreechen dëst andeems mir Energie spueren a séier erneierbar Energien entwéckelen.

D’Regierung huet déi grouss Energiespuerkampagne „Zesumme spueren – Zesummenhalen“ lancéiert. D’Zil vun der Campagne ass et, déi ganz Gesellschaft ze encouragéiere fir Energie ze spueren – de Staat, d’Gemengen, d’Betriber an d’Stéit.

Advertisement

All gespuerte Kilowattstonn Energie zielt. Zesumme kënne mir dëst Zil erreechen. An deem Sënn: Zesumme spueren – Zesummenhalen!

Wéi spueren ech Energie doheem?

» Ech stellen d’Temperatur jee no

Raum op 17–20 °C. » Ech benotze manner waarmt

Waasser. » Ech iwwerpréiwe meng Dauer verbraucher (Frigo, Tiefküler, asw).

Ech maache mat

zesumme-spueren.lu +352 247 86 902

Wéi spueren ech Energie bei der Heizung?

» Ech entlëfte mäin Heizkierper. » Ech loosse bei der Maintenance en

Heizungscheck maachen. » Ech lëften nëmme kuerz a maachen d’Heizung wärend deem aus.

Wéi spueren ech Energie an der Schoul?

» Ech reduzéieren d’Beliichtung op e

Minimum. » Ech stellen d’Heizung op maximal 20 °C. » Ech stousslëften an evitéieren dauerhaft gekippte Fënsteren.

Wéi spueren ech Energie um Büro?

» Ech reduzéieren d’Beliichtung op e

Minimum. » Ech stellen d’Heizung op maximal 20 °C. » Ech schalten alles aus wat net muss u bleiwen (Computer, Printer, asw).

De Schäfferot huet decidéiert Folgendes ab elo emzesetzen:

Hëtzes:

» D’Temperaturbegrenzung an verschiddenen Gemengegebaier

op maximal 20°C, ausserhalb vun der Benotzung gëtt d’Temperatur méiglechst erofgefuer. » Elektresch Heizkierper däerfen net opgestallt ginn.

Elektresch:

» Aussebeliichtung vun de Gemengegebaier bleift Owes ausgeschalt (ausser Secherheetsbeliichtung). » Beliichtung an de Gebaier an elektronescht Material ginn Owes systematesch ganz ausgeschalt (kee Stand-by). » Beliichtung vun de Sportsinfrastrukturen (bannen a baussen) ginn op déi aktiv Benotzungszäite begrenzt an no Training oder Match ausgeschalt. » Beliichtung um Iechternacher Séi, dem Park, der Basilika, der Peter &

Paul Kierch an Chrëschtbeliichtung ginn vun 23 – 6 Auer ausgeschalt. » D’Ausschalte vun der ëffentlecher

Beliichtung (Plazen a Strossen) gëtt aktuell op seng technesch Machbarkeet analyséiert, dëst och mat de staatlechen Acteuren.

Mir encouragéieren jiddereen och doheem an op der Schaff mat ze spueren fir dass mer besser a méi sécher zesummen duerch de Wanter kommen. All ausgeschalt net-wesentlech Beliichtung entlaascht eis Netzwierker an all manner gehëtzten Grad spuert Suen. Villmols Merci! .

This article is from: