1 minute read

D’Eechternoacher Quaichleken

D’Eechternoacher Quaichleken wënschen alles Guddes am neie Joer!

Advertisement

2020 ass zum Enn komm, an och wann et keen normaalt Joer war huet een, wéi en gudde Scout aus Allem dat Bescht gemaach. De Gamellentour an de Chrëschtmaart ware leider ganz ausgefall mee dofir konnte mir op dem Take-Away Hierken- a Gromperefest d’Leit awer nach mat eise selwer gemaachten Hierken a Gromperekichelcher glécklech maachen.

Mee och bei den internen Aktivitéiten hate sech e puer Saache geännert: zum Foulard gouf lo passend ëmmer d’Mask ugedoen an et gouf sech un d’sanitär Mesure gehalen. Leider goufe verschidde Campen ofgesot an den Europäesche Jamboree a Polen ass och ausgefall.

An awer gouf et och am Lockdown genuch doheem ze dinn. Gutt no dem Scoutsgesetz “E Scout mécht all Dag eng BA” hunn och d’Eechternoacher Quaichleken sech zu Echternach an an der Ëmgéigend agesat a wollten hëllefen a ware zum Beispill fir vulnerabel Leit akafen, mam Hond raus oder an d’Apdikt. Och bei der nationaler #Bitzdoheem Aktioun vun de FNEL gouf sech bedeelegt an et si fläisseg Maske gebitzt ginn.

Lénks Patt, EQ .

This article is from: