deSCOUT 2/2008

Page 1

deSCOUT 2/08

No 523 / 88. Joergang



Martine Faber-Schmit

Happy Birthday Ticot Dat heescht, fir eis bass du den Ticot, fir muench anerer de Georges, a mat dengem Totem de Castor. Mat deenen engen hues du deng éischt Erfahrungen am Scoutsliewe gesammelt, mat aneren hues de iwwert Joeren d’FNEL geleet, an déi Jéngst kennen dech duerch deng herrlech Fieder am Scout, oder einfach als den Ticot deen ëmmer dobäi ass, wann eppes an der FNEL lass ass, de nach regelméisseg hei an der Hollerecher Strooss laanscht kënnt, an deen ëmmer do ass wann e gebraucht gëtt. Wa mir an dësen Deeg op deng 80 Joer ustoussen, dann ass et fir e Scout ze éieren deen elo schonn zanter 65 Joer am Scoutsliewe vun der FNEL implizéiert ass. Deemools mat dengen 15 Joer hat de Scoutsvirus dech wierklech sérieux erwëscht. Deng Scoutskarrière hues du an den Diables Mauves gestart, oder besser gesot, am Ënnergrond mat der Trupp „Roude Léiw“, matten am Krich, fir duerno d’Diables Mauves erëm opbléien ze loossen. Vum Chef de patrouille, iwwert de Scoutmaster Assistent, Redakter vum Scout, Formateur, Commissaire aux Relations publiques, Commissaire international, Commissaire général, Vize-President a President hues du d’FNEL mat denge verschiddenste Kompetenzen ze förderen an ze präge gewosst. Deng Zäit als Commissaire international schéngs du besonneg genoss ze hunn wann ech der nolauschtere mat wéi enger Begeeschterung s‘du vun all den Erliefnesser erziels déi’s du an der Funktioun has. Dat war natierlech och eng wonnerbar Ergänzung zu dengem Beruff als Direkter vum Office National du Tourisme. deSCOUT

2/08

Do wou’s du sécher fir ëmmer bleiwend Trassen hannerlooss hues, ass an dengem Engagement als Redakter. Mat Brillo verstees du et Wieder a Gedanken an uspriechend, billerräich Texter ëmzesetzen, preuves à l’appui: déi onzähleg Artikelen am Scout, d’Brochure fir d’50 Joer LBSA, deng wäertvoll Kontributioun bei der Zesummestellung fir d’Buch vum „Centenaire du Scoutisme“. Ticot, mir all wëssen et ze schätze wéi’s du mat dengem interesséierte Geescht, dengem immense Verhalt mat esou vill Präzisioun, d’Geschicht vun der FNEL, vum Scoutismus lieweg häls a weider vermëttels. Wéi’s du et selwer sees, bass du schwéier ze bremse wann’s du ufänks ze erzielen, ma et ass esou faszinant a léierräich dass mir et net mësse wëllen. Ticot, Georges, Merci fir alles wat’s du der FNEL bruecht hues, deng onermiddlech Bereetschaft dech anzebrénge wann’s du solizitéiert gëss. Merci fir de Mënsch, de Scout deen’s du bass. Däi Scoutsengagement hues du zu engem Liewensengagement gemaach, e Beispill, e Virbild fir eis kommend Scoutsgeneratiounen.

deSCOUT Périodique officiel de la FNEL Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg 43, rue de Hollerich, Luxembourg Paraît 4 fois par an Rédaction et mise en page Josiane Kaiser-Hinger, Claudine Scheeck Impression Qatena, Leudelange Adresse postale deSCOUT (FNEL) B.P. 2676 L-1026 Luxembourg Tel +352 26 48 04 50 Fax. +352 26 48 04 30 E-mail deSCOUT@fnel.lu Internet www.fnel.lu Clôture de rédaction pour le prochain numéro le 15 août 2008

EDITORIAL


ÛiÊÞ ÕÀÊ `i Ì ÌÞ

`ÊLÞÊ ÀÌ ÃÊ\ ÃÊ« ÕÀÊ iÃÊ£n Ó{° Ài m Ì vÀ ÃÊ Ã> ÃÊ i } Ì> `iÃÊ>Û> iÌÌ }ÊÞ ÕÊÌ iÀi°

Û> Ì>}iÃÊ\ V>ÀÌiÊ6 - Ê}À>ÌÕ Ìi]

Ì ÕiÀÊÃiÃÊjÌÕ`iÃ]ÊV i ViÀÊDÊÌÀ>Û> iÀ]ÊÀiÃÌiÀÊ>ÕÊ ÕÝi L ÕÀ} ÕÊ«>ÀÌ ÀÊDÊ ¿jÌÀ> }iÀÊ¶Ê > ÃÊÌ ÕÃÊ iÊV>Ã]Ê `ÊLÞÊ ÀÌ ÃÊjÛ ÕiÊ>ÛiVÊ iÃÊLià ÃÊ`iÃÊ iÕ iÃ°Ê ÀÌ ÃÊ > µÕiÊ ÕÝi L ÕÀ}Ê vvÀiÊViʵտ Êv>ÕÌ

«ÀkÌÊjÌÕ` > ÌÊDÊÓʯ]

« ÕÀÊ>L À`iÀÊÕ iÊ ÕÛi iÊjÌ>«iÊ`iÊ >ÊÛ i°Ê* ÕÀÊ« ÕÃÊ`¿ v À >Ì Ã]Ê

ÕÛi iÊ vvÀiÊ - °

ÜÜÜ° `LÞv ÀÌ Ã° Õ

«ÌiÊ iÕ iÃÊ£n Ó{

Ài `iâ Û ÕÃÊ`> ÃÊÕ iÊ>}i ViÊ ÀÌ ÃÊ > µÕiÊ ÕÝi L ÕÀ}Ê ÕÊÃÕÀ


deSCOUT 6

AKTUELL Pow-Wow

7

ÄER SAÏTEN Kiewerlecken Les Kiewerlecken ont 30 ans

10

12

2/08

12 14 18

Aigles E Weekend zu Zürech

BRANCHE Beaver Funday Sixplo Explorer Im Einsatz für den Biber

14 21 ONGD 3 Froen un de neie President

24 26 27

18 deSCOUT

2/08

ZU GUDDER LESCHT De klenge Scout Gudden Appetit E klengt Rezept Déi nei Uniform ass do

INHALT


PROGRAMME du 85e POW-WOW le dimanche 6 juillet 2008 à Strassen 10h15

Ouverture du Pow-Wow

10h30

Début des Activités Postes

12h00

Déjeuner

14h45

Fin Postes

15h10

Partie Officielle

16h20

Chant des Adieux

17h00

Vin d’honneur

19h30

Dîner

D’Kiewerlecken vu Stroossen

invitéieren all d’Membere vun den Amicalen, de Comité’en a Frënn vun der FNEL op e gemeinsamt Mëtteg- an/oder Nuechtiessen, dëst am Kader vun hirem 30. Gebuurtsdag.

12:00 Auer Mëttegiessen Riesling’s Paschtéit - Entrecôte grillée mat Zalot - Taart Präis vum Menu sec 12€

19:30 Auer Nuechtiessen Salade gourmande - Prince Orloff - Dessert

Präis vum Menu sec 18€ Mellt Iech w.e.g. bis spéitstens den 30. Juni 2008 u bei de FNEL Kiewerlecken - BP 86 L-8001 Strassen E-mail kiewerlecken@pt.lu an iwwerweist d’Suen op de Konto IBAN LU66 1111 0057 2704 0000 vun de Kiewerlecken bei der CCPL

AKTUELL

deSCOUT


En 1915, grâce à l’initiative d’Ed Hemmer, le scoutisme fut introduit à Strassen.

Michel Braquet

Les Kiewelecken ont 30 ans A ceux qui trouveraient cet âge un peu jeune pour en faire grand cas, on peut rétorquer que déjà en 1915 (!) à l’initiative de Ed HEMMER les „Eclaireurs de Strassen“ avaient introduit le scoutisme chez nous, même si le groupe n’a eu qu’une existence éphémère, puisqu’il a cessé ses activités 5 ans plus tard. Diverses autres initiatives après la 2ème Guerre Mondiale n’ont pas eu de succès durable jusqu’à ce qu’en 1978, les KIEWERLECKEN se constituent sous le parrainage des Diables Mauves, avec Roger GALLION comme président, Péil KUBORN et Carlo SCHOCKWEILER comme chefs. Depuis lors le groupe a connu un développement ininterrompu, accéléré en 1987 par la construction du Home „Bei de Kiewerlecken“ par la Commune de Strassen. Disposant enfin, après 4 déménagements, d’un lieu de rencontre et d’activités stable, notre groupe a pu pleinement s’épanouir. Il serait difficile d’énumérer les nombreuses activités réalisées depuis 30 ans en quelques lignes, et cela pourrait d’ailleurs devenir un peu fastidieux pour le lecteur. Je vais plutôt essayer de relever ce par quoi les Kiewerlecken se sont distingués. Font partie sans aucun doute de ces signes distinctifs les „projets“ des Kiewerlecken. Alors que le terme de „Bonne Action (B.A.)“ est souvent considéré comme désuet 2/08

et peut-être même suspect à une époque caractérisée par l’individualisme, les Kiewerlecken ont su garder toute sa signification à cette notion essentielle du scoutisme, en l’adaptant aux besoins de notre société dans un monde global. De la simple action au service de la communauté locale jusqu’au projet d’aide au développement dans des pays du tiers monde, le fil rouge d’un certain nombre de „projets“ a été la sensibilisation et l’implication de tous les membres du groupe. Ainsi les projets au Népal, en Pologne, au Burkina Faso ou en Moldavie ont permis à nos jeunes participants de voir et de mieux comprendre les problèmes et les besoins auxquels sont confrontés ces pays aux conditions de vie diamétralement opposées aux nôtres. En effet, à côté des projets de développement proprement dits qui étaient conduits par quelques-uns, l’implication du plus grand nombre de Kiewerlecken était obtenue lors de la collecte de fonds destinés à financer le projet et finalement par l’organisation d’un camp sur place permettant un réel échange culturel. A cet égard, le dernier projet organisé en Moldavie avec les Aigles et les Dachsen était exemplaire, puisque les activités locales étendues sur plusieurs semaines étaient multiples, impliquaient les scouts, les explorers et les rovers et comprenaient des ÄER SÄITEN


ÄER SÄITEN

deSCOUT


* en cas d’intérêt, un mail suffit: kiewerlecken@pt.lu

Happy Birthday... collaborations avec des scouts de Moldavie, une organisation caritative locale et les enfants d’un orphelinat moldave. A côté de ces projets de groupe, il faut mentionner les initiatives non moins importantes reposant sur l’action infatigable de quelques-uns, comme les convois humanitaires de médicaments et d’équipement médical vers la Biélorussie et la Pologne qui sont organisés depuis une quinzaine d’années. Même si les Kiewerlecken sont un groupe jeune, ils ont bien leurs traditions propres comme le Kigruca (Kiewerlecksgruppecamp), mais aussi la Scoutskiirmes et le Vizfest qui, tout comme la participation à de nombreuses manifestations communales, ancrent bien notre groupe dans la vie locale de Strassen.

A tous je transmets un grand MERCI. Mais je tiens aussi à faire appel à ceux qui entre-temps ont un peu oublié les Kiewerlecken et qui aimeraient bien renouer les anciennes amitiés. La GUILDE est là pour vous accueillir dans notre home et vous permettre de vous revoir dans la bonne humeur.*

En contrepartie, le groupe bénéficie du soutien matériel non négligeable de la Commune, qui s’est concrétisé encore récemment par une extension du home, mais aussi du soutien moral de ses habitants qui se traduit par l’affluence continue de jeunes et moins jeunes membres nouveaux. Cette belle histoire des Kiewerlecken de Strassen a été rendue possible par tous ceux qui, depuis 30 ans y ont contribué d’une façon ou d’une autre par leur travail, leur motivation ou tout simplement leur bonne humeur. 2/08

ÄER SÄITEN


Mir hu no laange Négociatiounen en Datum fonnt ob deem d’Rover ob Zürech konnte goen fir hiren traditionellen a supermegagaile Roverweekend.

Rover vun den Aigles

E Rover Weekend zu Zürech Direkt am Zuch ass et och schon gudd lass gangen. Den neitste Klatsch und Traatsch gouf heftegst beschwat an diskutéiert, a fir de Rescht vum Trajet hunn eis Exploretten an den Här Theis de ganze Wagon animéiert! Ee Gléck dass si do woren, wat wären di 5 Stonnen Zuch soss laang gewiescht. Owes um 9 Auer si mer dunn um HB Zürich häerzlech vun eise Rover-Respo’en empfaang gi, a lass as et gaang: Direktioun gudd Owesiessen! A wat krute mer? Di beschte Fusilli Bolognese, als Dessert vill Schockela’s Eeër, an e gudde, kale Béier hu mer och genoss éier mer rëm op den Tour gaange sinn! No engem kuerzen Outfit’s-check wore mer dun prett fir d’Züricher Scene : d’Studentendisco Stuz... an zwar direkt op der richteger Plaz, am Zentrum vun der ETH. Wann dat keng richteg Uni as... Bis méi a manner spéit as du gefetzt a gedanzt ginn, fir den Dag drop “ready” ze sin fir de Grand Jeu. Olé!! An oh mei, wat wore mir den Dag drop sou midd wéi et geheescht huet, mir ginn op de Jeu EN ville! Mee d’Motivatioun war méi staark, a lass gung et! Fir d’éischt eng mathematesch getürckte Rallye duerch déi schéin ETH, wou mer duerch d’Gäng an d’Trape vum Gebei gelootst gi sinn. No dëser Visite si mer dunn an d’Zürich City gaangen. Do miisste mer ënnert anerem Luuchten zielen, eieiei dat war komplizéiert. An well mer all schonn/nach elle midd wore vun all deenen Ustrengungen, hu mer den Zuch fir rop op den Uetlibierg geholl,

10 ÄER SÄITEN

wou mer on the Top of Zürich stoungen. Nodeems mir eng schéi Vue genoss hunn, as de Geocaching lass gaang, dat war mega spannend a mir waren all immens frou wéi mer um Ziel ukomm waren. D’Prost hued och nach héieren, dass den Theis schéi beim Noémie P. gekohlt huet. Traditiounsweis krute si d’Suckel an de Reech. Owes as de Programm weider gang an zwar um Gebai vun der ETH fir uewen um Daach ze grille wou mer effektiv eng herrlech Vue haten. Wou mer du wollten e bësse weiderfeieren, hun mer d’Prost-Santé an d’Mme Petit doud opfonnt. Du war fir déi Zwee och Feierowend an se hunn de Recht vun der supermegabuppegailer Soirée verpasst. Esouguer de Georges krut sech nach motivéiert e bësse mat ons fetzen ze kommen. An an der Langstrasse huet et mat engem gudde fetten excellente Kebab-Frites opgehal. Brav wéi mer eben sou sinn, hun mer gläich nom Kebab den Taxi bis Heem geholl wou mer eise verdéngte Schlof geholl hunn. Den Dag drop ass et da bei de Jules G. gaang wou mer e leckere Brunch zou eis geholl hunn. D’Sophie krut e Glas op de Fouss, Aua...Et lieft awer nach. Et voilà, dat wor dann eise Roverweekend. D’Leit hu sech rëm an hir verschidden Ecker vun Europa zréckgezunn, nodeems mer nach ons Fotoe gekuckt haten... Woaw! Da soe mer just nach eise léiwe Rovercheffen Merci fir d’Organisatioun, Merci fir de flotte Weekend! deSCOUT


Wou? Wéini? Mat wièm? Weis eis, wou der et am léifste maacht: deSCOUT liesen. - eleng oder zu e puer - d’Foto un descout@fnel.lu - gewannt är Photo als Poster

CONCOURS deSCOUT war dobäi Hunn se zu Zürech net genuch Bänken an der Groussgaass? Da kann een awer vu Gléck schwätzen, dat d’Scoute sech ze hëllefe wëssen.

2/08

ÄER SÄITEN 11


Am Mount Abrëll hun sech d’Beaver vun der FNEL op den Tour gemaach a 7 verschidden Aerddeeler besiicht.

Maripol Rollinger

Beaver Funday De 27. Abrëll mueres kuerz virun 10 huet d’ Weltrees fir 115 Beaver a 35 Chefen ugefaang. 13 Kolonië waren op deem flotten Dag vertrueden. Op der Stader Gare sinn d’Beaver vun enger sympathescher Stewardess an engem schmocke Steward empfaang ginn a schonn ass et lass gaang. Ëmmer méi Beaver sinn um Wee a Richtung Norden an den Zuch geklomm. A no enger Stonn stounge si all um Quai Paradiso kuerz viru Wolz – opgereegt, wat dann elo alles sollt op se duer kommen.

A wéi op dem Reeskoffer vun de Kolonië keng Plaz méi war fir nach méi Souvenir-Peschbiller um Flughafe bäigeklieft ze kréien, de Beaver hier Féiss vum villen trëppelen a reese ganz vill midd waren, do eréischt si si all gudd gelaunt an den Zuch geklomm an hu sech erëm op de Wee gemeet fir Heem. Awer versprach : mär gesinn eis erëm um nächste Beaver Fun Day am Joer 2009. D‘Beaveréquipe

7 verschidden Aerddeeler : Europa, Asien, Afrika, Australien, Nord- a Südamerika , a net ze vergiessen d’Antarktis. D’Koffere si gepak ginn, an all Kolonie huet sech säin Ticket geholl fir an d’Aventure. D’Beaver konnte Gold wäschen uewen an Alaska, mat den Aboriginies an Australien flott Biller molen a Spure liesen, all Wëssenswäertes iwwer de Schokola gewuer ginn an aus allen Ecker vun der Welt Spiller maachen a Souvenire mathuelen. Et waren esouguer Leit aus Tirol ugereest fir d’Mëttegiessen ze preparéieren.

12 BRANCHE

r E schéine Bonjou s, vun eiser Weltree ll era iw et s hei as immens schéin. Vill léif Gréiss d’Beaver

n de Un d’Elteren vu FNEL Beaver nd 5, Iwerall am La L-1000 Lëtzebuerg

deSCOUT


2/08

Photos: Martine Faber

BRANCHE 13


E war aussergewéinlech eise Sixplo, well et gouf Besuch vun engem Ausserierdeschen, dem Galaxius.

Wëllefcher’s Equipe

D’Fuerscher vum bloe Planéit De Galaxius war viru laanger Zäit schonn eng Kéier op eisem schéine bloe Planéit an hat hei och ëmmer proppert Waasser fonnt, dat hien als Treibstoff fir säi Raumschëff brauch. Dës Kéier awer, huet hee kee proppert Waasser fonnt an esou huet hee sech op d’Sich misse maache fir es ze fannen. Esou ass hien dann um Misärshaff geland wou sech 41 Sixer afonnt hate fir e flotte Weekend zesummen ze verbréngen. Nodeems de Galaxius hinne säi Problem duergeluegt hat, hunn d’Sixer sech bereet erkläert fir him ze hëllefen. “Wou kréie mär proppert Waasser hir?” hu si sech gefrot an do ass hinnen d’Iddi komm fir

14 BRANCHE

eng Waasserfilteranlag ze bauen. D’Sixer sinn du vu Posten zu Poste gelaf an hu bei de jeeweilege Fuerscher Aufgabe kritt. Wa si déi Aufgabe richteg geléist haten, hu si verschidde Bestanddeeler fir de Bau vun enger Filteranlag kritt. Zum Schluss ass dann den Uewerfuerscher Ben komm an huet mat all de Sixer gemeinsam déi grouss Filteranlag zesummegesat an esou konnte mär dat knaschtegt Waasser propper kréien an dem Galaxius säi Raumschëff erëm optanken. Schaffe mécht hongereg. A wou et un der Zäit war, dass eis kleng Fuerscher sech géife stäerken a si sech et am Iesssall gutt

deSCOUT


waren ënnerwee schmaache gelooss hunn, hu se festgestallt datt alles scho bal ze gutt gaange war, well

Uewenop ukomm, souzen déi Men in Black schonn un engem Dësch, ewéi am Geriicht, an hunn op d’Sixer an d’Chefe gewaart. Als Suite vun de Verhandlunge wollte si hinnen nach eng lescht Chance gi fir de Weekend ze retten. Déi lescht Chance huet doranner bestanen, dass d’Wëllef

Photo: Charles Reiser

.. wéi se nach amgaange waren ze iessen, sinn e bemol ganz komesch Gestalten a schwaarze Kostümer era gestiermt, esou eppes ewéi d’Men in Black. An déi hate keng gutt an der Kopp. Si haten héieren dass en Ausserierdesche sech illegal um Haff giff ophalen. Si hu fonnt dass et esou net méiglech wier fir e Wëllefchersweekend ofzehalen a wollten de Weekend ofbriechen an d’Sixer alleguerten heem schécken. Well de Galaxius dee Moment mat sengem Raumschëff en Tour gedréint huet, wollte si mam Commissaire Armand schwätzen an

hunn deen dunn einfach mat erausgeholl. No e puer Minutte verhandelen, ass den Armand erëm komm an huet d’Sixer informéiert dass si sech alleguer mat hire Chefen an e puer Minutten am grousse Sall miissten afannen an do giffen se dann d’Informatioune kréien ewéi et dann elo giff viru goen.

2/08

BRANCHE 15


hinne sollte beweisen ewéi si mam Galaxius, dee mëttlerweil zréck geflu komm war, kéinten zesumme liewen ouni dass eppes Schlëmmes giff geschéien. Dräi Gruppen, zwou Sixer- an eng Chefegrupp, hunn eng ganz laang Lëscht mat Aufgabe kritt, déi geléist hu misse ginn an och bewäert goufen. All Grupp huet sech dunn och direkt dru gemaach fir déi deelweis schwéier, deelweis lëschteg Aufgaben ze léisen.

a sollt heemgeschéckt ginn. A schonn nees huet den Armand misse verhandelen, well ouni hir Chefe konnten d’Sixer jo kaum do bleiwen. D’Chefen hunn also nach eng Aufgab kritt fir sech zréck ze kafen. Si hu missen de grousse Sall an Null Komma Nix opraumen. Glécklecherweis hunn all d’Sixer décidéiert eng B.A. ze maachen an hunn hinne gehollef, esou datt zum Schluss jiddereen do bleiwe konnt.

Nodeems all Grupp seng Resultater presentéiert hat, hunn d’Men in Black hir Bewäertung gemaach an et huet sech erausgestallt, dass d’Sixer esou gutt geschafft haten, dass se konnten do bleiwen. Mee, d’Cheféquipe hat sech fatzeg blaméiert

Sonndes mueres sinn dunn nach 141 Wëllefcher dem Galaxius senger Invitatioun nokomm. Hien hat si ageluede fir datt si säi Planéit giffe kenne léieren. Fir de Wëllefcher alles ze weisen, hat de Galaxius d’Chefe gefrot fir him ze hëllefen. An déi hunn

16 BRANCHE

deSCOUT


asdEch sinn erëm gutt doheem ukomm, an ech wollt de Wëllefcher nach eng Kéier soen: “Dir waart SUPER!!” asd

och spontan matgemaach. D’Wëllef si vill gewuer gi vum Galaxius sengem Planéit : si maachen do Spiller wou gutt gelaacht gëtt, et ass alles vertosch - lénks ass riets a vir ass hannen, si recycléiere vill a verwäerten et erëm, et gëtt sech och ganz ëmweltfrëndlech fortbeweegt - si fueren net mat engem schnelle Boot wat vill verbraucht, mee mat engem Kanu ... an dat war déi absolut gréisst Attraktioun fir all d’Wëllefcher. No engem ganz schéinen Dag huet jiddereen dem Galaxius leider missen Äddi soen. De Weekend war voll cool, mär haten eis gutt geschéckt an dofir och fantastescht Wieder an d’ÉQUIPE war frou dass vill Wëllefcher

2/08

derbäi waren. E grousse Merci un d’Chefen, déi matgehollef hu fir dass et esou e flotte Weekend konnt ginn, un d’Formatiounséquipe fir hiren Asaz bei der Veillée an un d’Kachéquipe fir dat leckert Iessen. Mär freeën eis schonn op den nächste Sixplo a wäre frou wann der erëm nees all dobäi wiert. Lénks Patt äer Wëllefcherséquipe

BRANCHE 17


Die Explorer der FNEL pflanzten mit viel Eifer Weiden für den Biber. Die drei Verantwortlichen der Aktion: Sandra Cellina (FNEL), FrantzCharles Muller (Hëllef fir d’Natur) und Laurent Schley (Forstverwaltung)

Stiftung “Hëllef fir d’Natur”

Photo: Laurent Schley

Im Einsatz für den Biber

Bekanntlich ist seit geraumer Zeit der Biber wieder in Luxemburg anwesend. An mehreren Standorten entlang der Sauer, sowie an der Clerve, haben sich Biber auf natürlichem Wege wieder angesiedelt. Biber entfernen sich im Normalfall nicht weiter als 10-20 m vom Gewässer und sind, vor allem im Winter, auf Weichhölzer wie Weiden angewiesen sind, um sich zu ernähren. Leider wurden nach dem 2. Weltkrieg an vielen Stellen entlang von Fließgewässern statt Weiden Monokulturen von Fichten angepflanzt, die in Luxemburg eigentlich nicht einheimisch sind. Die Forstverwaltung und die Stiftung Hëllef fir d’Natur setzen sich dafür ein, diese Fehler der Vergangenheit wieder rückgängig zu machen. In diesem Sinne

18 BRANCHE

wurde im vergangenen Herbst eine Fläche der Stiftung Hëllef fir d’Natur entlang der Clerve von Fichten befreit. Im Sinne des Bibers wurde entschieden, diese Fläche mit Weiden zu bepflanzen. Sollte der Biber sich also in der Zukunft in der Nähe niederlassen, so wird er einen reich gedeckten Tisch an den geliebten Weichhölzern vorfinden. Aus diesem Grund wurde kürzlich bereits zum zweiten Mal eine Pflanzaktion von der Stiftung Hëllef fir d’Natur in Zusammenarbeit mit der Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg (FNEL) durchgeführt, die auf ein Naturwochenende eingeladen hatte. Rund 25 Explorer (Altersklasse 15-18 Jahre) pflanzten unter der Leitung von Sandra Cellina (FNEL) und Mireille Molitor (Hëllef fir d’Natur) etwa 1000 Weidenstecklinge entlang der Clerve, aus denen sich in den nächsten Jahren Weiden entwickeln werden: ideale Bibernahrung. Somit leisten Pfadfinder fleißig ihren Beitrag zu der Schaffung optimaler Lebensraumbedingungen für das sympathische Nagetier. Der Präsident der Stiftung Hëllef fir d’Natur, Frantz-Charles Müller, ließ es sich nicht nehmen, sich persönlich sich für den Einsatz der FNEL für die Natur zu bedanken. Die Pfadfinder besuchten anschließend zusammen mit den Biologen Jan Herr und Dr. Laurent

deSCOUT


Die Forstverwaltung ruft übrigens weiterhin dazu auf, alle Meldungen von Bibern oder deren Aktivitäten (gefällte Bäume, Dämme, Burgen, Trittspuren, etc.) sofort zu melden (Email-Adresse biber@ ef.etat.lu).

Photo: Mireille Molitor

Schley von der Forstverwaltung einen Biberstandort an der Clerve, wo sie von den Fachleuten Erklärungen zur Biologie und Lebensweise des Bibers erhielten. Die Explorer staunten nicht schlecht angesichts der dort vom Biber gefällten Bäume, die bis zu 20 cm Durchmesser hatten.

2/08

BRANCHE 19


Une sérigraphie, signée Brandy 2008, est vendue au profit de nos projets d’aide au développement au Népal.

Chers amis, chères amies,

“Overcovering composition”

Dans le cadre de sa démarche de sensibilisation e Dans le cadre de sa démarche défavorisés et notamment au Népal, la de FNEL se p de l’artiste Robert Brandyaux au prix de 350 `, afin de sensibilisation et d’aide jeunes dans par l’ONGD-FNEL. La sérigraphie « Overcovering co des pays défavorisés et notamment est tirée en 50 exemplaires.

au Népal, la FNEL vient d’éditer une sérigraphie de l’artiste Robert Brandy au prix de 350€, afin de soutenir ses Les commandes peuvent être passées par télépho projets coordonnés l’ONGDpar courriel à pit@fnel.lu .par Elles seront traitées par FNEL. La sérigraphiede“Overcovering Après enregistrement la commande, le mont FNEL LU23 0030 4592 0000 de la For composition” au0457 format 50 xauprès 65 cm est tirée en 50 exemplaires.

Par cette action tu as une opportunité Comme nous savons que nous pouvons toujours c exceptionnelle de contribuer au très heureux de vous proposer cette sérigraphie e développement et au succès des avant qu’un courrier ne soit envoyé à tous les sym projets de notre ONGD. T sjhsbqijf È!Pwfsdpwfsjoh!dpnqptjujpo!É tjho f;!Csboez!3119 Gpsnbu!ef!mb!gfvjmmf!;!61!y!76!dn Qspevju!fo!36!dpvmfvst!tvs!qbqjfs!Bsdift Qsjy!;!461!`

Les commandes peuvent être passées par téléphone Pit Dolizy au de la Les sérigraphies sont à àenlever au siège 28 avril au 9 mai 2008, de 09.00 à 17.00 heures, 26 48 04 42 ou par courriel à pit@ ou le fnel.lu. Après enregistrement de la commande, le montant est à virer au Persuadés vous serez compte de que la FNEL LU23enthousiastes 0030 0457 à cont succès des projets de notre ONGD, nous espérons 4592 0000 auprès de la Fortis Banque soutenir la présente action. Nous vous en remerc Luxembourg. recevoir nos meilleures salutations scoutes. Les sérigraphies sont à enlever au siège de la FNEL.

20 ONGD

deSCOUT


Den 10. Abrëll huet d’ONGD-FNEL den Tun Ruppert zum neie President gewielt. Seng Virgängerin d’Léa Metz ënnertstëtz hien weider an der Fonktioun vum Sekretär.

D’Redaktioun

Dräi Froen un de President vun der ONGD-FNEL

Bonjour Tun. Den 10. Abrëll bass du zum neie President vun der ONGDFNEL gewielt ginn. Wor’s du schonns an der Entwécklungshëllef aktiv a firwat huet esou ee Posten an eiser ONGD dech interesséiert?

um Mann an et ass eng Persoun gesicht ginn déi vill Zäit investéiere wollt an eng gewëssen Experienz aus dem professionelle Liewe matbrénge géif. No intensiver Reflektioun koum ech zum Entschloss matzemaachen.

Bonjour Josiane. Richteg Entwécklungshëllef hat ech bis dohinner nach net geleescht, mee wéi ganz vill aner Leit, reagéieren ech positiv op jidder Appel vu Solidaritéit mat Mënschen op dëser Welt deenen et net esou gutt geet wéi eis an eisem klengen awer räiche Ländchen. Meng Solidaritéit mat der drëtter Welt huet sech also beschränkt op Donen déi ech gemaach hunn, an domat mäi bescheidene Bäitrag geleescht hunn, fir d’Leed vun den aarme Leit an de Katastrophegebidder ze erliichteren. Mäi Rôle war also éischter passiv, elo ass en aktiv, an dat gefält mir.

Mech interesséiert et, wann ech eppes Positives bewierke kann, wann net nëmme geschwat an theoretiséiert gëtt, mee wann eng iwwerluechten an tatkräfteg Hand mat ugepaakt gëtt. Do sinn ech gären, an, an deem heite Fall, och mat Häerz, derbäi.

Virun e puer Méint gouf ech, wéi seet een esou schéin op lëtzebuergesch, aus heiterem Himmel, mat der Entwécklungshëllef befaasst, an am Besonneschen mat där vun der ONGDFNEL. A ville Gespréicher mat de Responsabele vun der FNEL krut ech d’Situatioun vun der ONGD duergeluecht. Ech konnt mir dunn eng besser Iddi maachen iwwer d’Entwécklungshëllef am Allgemengen an déi vun der ONGDFNEL am Besonneschen. Et wor Nout 2/08

Kanns du eis eppes iwwer deng Aarbecht an der ONGD-FNEL soen? Gären, awer fir d’éischt wëll ech all deene Leit en häerzleche Merci soen, déi bis elo d’Geschécker vun der ONGDFNEL matbestëmmt a geleet hunn. Mee, fir op d’Fro zréck ze kommen, méi wichteg ewéi meng Aarbecht eleng, ass mir d’Aarbecht vum ganzen ONGD-Team. Gutt Aarbecht gëtt geleescht, wann all Interesséiert iwwerzeegt sinn, déi richteg Direktioun ageschloen ze hunn, an dat ass bei der Entwécklungshëllef net anescht. Dozou gehéieren eis Gremien, eis Memberen, eis Personal an all Memberen an Aktiver vun eisem Mammenhaus, der FNEL. Mir kënnen nëmmen iwwerzeegt matdeelen, ONGD 21


Composition du Conseil d’administration de l’ONGD - FNEL au 10.04.2008 RUPPERT Tun, Président ; DAX Pierre, Vice-Président ; METZ Léa, Secrétaire; MULLER Jean-Claude, Trésorier; Membres: AACH Guy, BERNA Paul, BLAU Loretta, DELLERÉ Caroline, FABER Martine, FRANCK Adrienne, GEDITZ Paul, HELDENSTEIN Jean, HERMANN-STEINBACH Mely, KUSKE Joachim, LECORSAIS Reggie, MAJERUS Michèle, RODRIGUES Cristina, SCHINTGEN Claude, SCHOTT Carlo, SCHOTT Véronique, STOLZ-PAGE Frank, SUNNEN Robert, THILL Erika

informéieren a sensibiliséieren, wa mir selwer vun eiser Entwécklungshëllef iwwerzeegt sinn. Meng éischt Aufgab besteet also doranner déi positiv Energie vun alle Bedeelegten op een Nenner ze bréngen an esou ze drainéieren, dass se sech nëtzlech an zum Wuel vun de Mënschen an den aarme Länner auswierkt. Eng efficace Gestioun vun der ONGD ass dofir Viraussetzung an absolut Transparenz an alle Beräicher parallel mat der Retraçabilitéit vun allen Aktioune si mir do ganz wichteg Begrëffer. Mir wäerten eis all néideg a modern Aarbechtsinstrumenter an Aarbechtsmethoden uneegne fir eiser ONGD fest Strukturen ze ginn, fir en agréabelt Aarbechtsklima ze schafen a fir gutt Aarbecht ze leeschte bei eis an um Terrain an der drëtter Welt. Entwécklungsaarbecht kann een awer nëmmen effizient gestallten, wann een op e finanziell zolidde Background opbaue kann. Dorunner schaffe mir alleguerte ganz äerdeg. Dobäi ass d’Collecte vu Fongen immens wichteg, an ech soe bei dëser Geleeënheet all deenen eenzelen Donateuren an de Scoutsgruppen en häerzleche Merci fir hier wäertvoll Ënnerstëtzung. Duerch den Appui vum Stat kënne mir bei Scoutsprojete fir all gespenten Euro, no Déductioun vun den

22 ONGD

administrativen Onkäschten, 2,82 Euro an d’Entwécklungshëllef investéieren D’Kommunikatioun no bausse wäert an nächster Zäit eng ganz wichteg Roll an der ONGD kréien. E regelméissege Kontakt a Meenungsaustausch mat all eise Partenairen a mat de FNELScoutsgruppen stinn um Ordre du jour. Du gesäis also, de President versicht esou

Comité de gestion vun der ONGD-FNEL vlnr: Tun Ruppert, Léa Metz, Jean-Claude Muller, Pierre Dax deSCOUT


Muenches ze bewierken. Ech kann dobäi op eng engagéiert a motivéiert Équipe zielen an et fänkt u richteg Spaass ze maachen. Zum Ofschloss kanns du eis d’ONGDFNEL villäicht nach eng Kéier kuerz virstellen? D’ONGD besteet aus engem Conseil d’administration vu maximal 25 Memberen deen d’Affaires courantes engem Comité de gestion vu 4 Leit uvertraut. Mir beschäftegen 3 Persoune mat Deelzäitkontrakter an zielen op d’Ënnerstëtzung vu ville Bénévolen, Partenairen a Frënn. Eis Comptabilitéit gëtt, no interner Virbereedung, vun enger zu Lëtzebuerg gutt bekannter Fiduciaire kontrolléiert a finaliséiert an zousätzlech vun engem interne Vérificateur gepréift. Si gëtt duerno, bei enger anerer Fiduciaire reviséiert a certifiéiert. Zur Zäit géréiere mir 30 Projeten, eegener a Projets-tiers. Mir hunn eis an 11 Länner engagéiert, an deenen 3 Kontinenter Asien, Afrika a SüdAmerika. Den Haaptaccent vun eiser Entwécklungshëllef läit am Népal. Do ass och e Member vun eisem CA, de Paul Geditz, d’ganz Joer iwwer op der Plaz aktiv. Dëst erméiglecht eis ganz 2/08

no bei deene Leit ze sinn, déi eis Hëllef dréngend brauchen. D’Valeur vun eise Projeten uechter d’Welt beleeft sech zur Zäit op ronn eng Millioun Euro pro Joer. Also net grad näischt. Eise gesamt jäerlech Budget chiffréiert sech op eppes méi wéi 1,2 Milliounen Euro. Dës enorm Zommen zesummen ze kréien, duerch eegen Aktiounen a mat der CoFinanzéierung duerch de Ministère des Affaires Etrangères, ass eng grouss Erausfuerderung. Ech profitéieren dofir och vun der Geleeënheet a maachen e waarmen Appel un all Lieser vum de Scout, fir eis bei eiser humanitärer Missioun ze ënnerstëtzen. Wa Lieser interesséiert sinn eng Hand an der ONGD-FNEL mat unzepaken, géif dat mech an all meng Kollegen a Mataarbechter immens freeën. E grousse Merci un déi ganz Redaktiounséquipe vum de Scout fir dëst Gespréich.

www.fnel-ongd.lu ¦ ongd@fnel.lu CCPL LU10 1111 1003 3032 0000

ONGD 23


)M )NTERNET UND MIT DEM Introduction (ANDY KANN MAN VIEL ERLEBEN ,USTIGES )NTERESSANTES 3ELTSAMES %RSCHRECKENDES "EiNGSTIGENDES "ELASTENDES 'EFiHRLICHES¨ Auteur

TITEL Text

-IT UNS KANNST DU ~BER ALLES REDEN ANONYM UND VERTRAULICH MONTAGS BIS FREITAGS BIS 5HR

Helpline: 26 64 05 44 help@lusi.lu www.lusi.lu 24 ZU GUDDER LESCHT

DIENSTAGS BIS DONNERSTAGS g 5HR

deSCOUT


de klenge SCOUT Claudine Scheeck

LuSI? A waat ass dat? LuSI ass d’Ofkierzung vun “Luxembourg Safer Internet”, an dat ass e Projet, de sech als Zil gesat huet, de sécheren Ëmgang mam Internet an deenen aner neie KommunikatiounsTechnologien (z.B. Handy) ze förderen, an dat besonnesch bei Kanner a jonke Leit.

Problemer wéi CyberBullying, d’High-Tech Variant vum Mobbing, ginn do ënnert anerem thematiséiert an et kritt e vill nëtzlech Informatiounen, op wat een alles oppasse soll fir dat den Thema Internet och eng flott a nëtzlech Aventure ass a bleift. www.lusi.lu ass op alle Fall e Site wou et sech lount eran ze clic’en.

Dat ass dann och de Schwéierpunkt vun der LuSI-Websäit, wou souwuel Kanner, Jugendlech mee och déi Erwuesse vill Interessantes iwwert Surfen, Blog’en, Chat’en, a villes méi, gewuer ginn.. 2/08

LuSI ass e vun der Europäescher Kommissioun subventionéierte Projet vum Programm “Safer Internet Plus”

ZU GUDDER LESCHT 25


GUDDEN APPETIT Claudine Scheeck

Kaiserschmarrn

Zutaten für 4 Personen 150 gr Mehl 3 Eier 1 EL Zucker 2,5 dl Milch 1 Prise Salz 60 gr Rosinen 80 gr Butter 2 EL Puderzucker

26 ZU GUDDER LESCHT

Zubereitung: Aus Mehl, Eigelb, Zucker, Salz, Rosinen und Milch einen Teig bereiten. Das Eiweiss steif schlagen und unter den Teig ziehen. Die Butter in einer Pfanne erhitzen und den Teig etwa fingerdick eingiessen. Den Teig beidseitig braun backen, dann mit Hilfe von 2 Gabeln in kleine Stücke zerreissen. Teigstücke für weitere 1-2 min dämpfen. Kaiserschmarren auf einer vorgewärmten Platte anrichten, mit Puderzucker bestreuen. Tipp: Als Dessert mit ‘Zwetschkenröster’ (Pflaumenkompott) servieren.

deSCOUT


Équipe vum Scout Shop

Déi nei Uniform ass do Am September 2007 hu mir zesummen, op der Assemblée générale zu Märel, den dänesche Modell vun Hiem gewielt. Entscheedend fir dëse Modell war, dat een d’Hiem och iwwert der Box kann droen. D’Faarw huet och geännert, vun hell- op donkelgro. D’Fabrikatioun huet e puer Méint gedauert, mee elo sinn d’Hiemer do, an se ginn och schonns säit Ufank Juni am Shop verkaf.

BÂTIMENT

• Escaliers et dallages en marbre ou granit

• Tablettes de fenêtres • Plans de travail pour cuisines • Façades en granit ou pierres naturelles • Pavés, Mobilier urbain • Ponçages marbres, granits et pierres naturelles

Le Triangle Vert 48, Zone d’Activités Économiques L-5691 ELLANGE/MONDORF

2/08

Fir Ofwiesselung an der Scout’s Tenue suergen dann och eis aner nei Artikelen, wéi e flotten T-Shirt fir Kanner, e Polo-Shirt fir déi méi Grouss an e waarme Fleece fir drop. D’Équipe vum Scout Shop ass prett fir dir de neien Outfit ze présentéieren, Donneschdes, den 3. Juli an 10. Juli, ëmmer vun 17h30 19h30, an der Hollerecher Strooss op Nr. 43. (Et ginn och Gruppen déi eng Sammelcommande maachen. Fro an dengem Grupp no!)

FUNÉRAIRE

• Monuments et articles funéraire • Monuments cinéraires • Démontages et remontages • Caveaux, Fondations • Inscriptions en bronze, inox, laiton • Inscriptions taillées main ou sablées • Nettoyages, Restaurations • Fossoyage Tél.: +352 31 00 66 Fax: +352 31 31 10 E-mail: marbrerie.schott@pt.lu

ZU GUDDER LESCHT 27



Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.