2 minute read

Portrait

An dësem Deel vum Honnertzwielef wäerte mir Iech reegelméisseg Membere vum CGDIS virstellen.

Portrait: Alain Momin

De 17. Juli 2020 huet den Alain Momin aus dem CIS Luxembourg no 33 Déngschtjoer seng wuelverdéngte Pensioun ugetrueden. Mir hunn d’Geleeënheet genotzt fir dem Alain Merci fir säin Déngscht ze soen an him e puer Froen ze stellen:

CGDIS: Wéini hues du als Beruffspompjee ugefaangen a wat huet dech motivéiert dëse Beruff ze wielen?

No menger Léier als Mecanicien hunn ech bei engem private Patron an enger Autosgarage geschafft. No e puer Joer do hunn ech no neien Erausfuerderunge gesicht an op enger Rei Plaze meng Demandë gestellt, och bei de Beruffspompjeë vun der Stad Lëtzebuerg.

Ech selwer hat mam Pompjeeswiesen zu deem Moment eigentlech nach ni eppes ze di gehat, mee d’Erausfuerderung huet mech gereizt. Esou hunn ech den 2. August 1987 op der Areler Strooss ugefaangen an ech hunn et bis haut keng Sekonn bereit.

CGDIS: Wat fir eng Evenementer hunn dech wärend dengen Déngschtjoer a meeschte gepräägt?

Als Beruffspompjee hu mir jo eigentlech e Beruff wou leider net ëmmer alles esou gutt ass. Wa mir eraus op den Asaz a bei d’Leit heemginn, ass eigentlech ëmmer e Mënsch an Nout a brauch Hëllef. Et ginn awer och aner Saachen, schéi Momenter an eisem Beruff. Wat mech hei am meeschte gepräägt huet, war dass ech bei zwou Gebuerten derbäi konnt sinn, eppes wat s du eigentlech ni hues.

Awer och am negativen hunn ech eng Rei Saachen erlieft déi prägend waren. Dëst ware schwéier Verkéiersaccidenter oder verbrannt Läichen, sou Momenter vergësst een och net. Leider sinn ech esouguer eng Kéier mat enger Waff op engem Asaz bedreet gi wou ech deemools net sécher war op ech géing ganz heem kommen.

CGDIS: Wat sinn deng Pläng fir d’Pensioun?

Also ech hunn een Hobby, an dat ass d’Reesen. Ech sinn immens gären ënnerwee, a soulaang ech gesond an a Form sinn, wëll ech dat och weider maachen. Meng Pensioun fänkt wéinst der aktueller Situatioun zwar net esou un ewéi ech mir dat virgestallt hat, mee soubal et erëm méiglech ass, wäert ech mat menger Fra erëm reesen.

Aus deem Grond hunn ech och erëm ugefaange méi Sport ze maachen a reegelméisseg mat menger Fra lafen ze goen, en Hobby wat ech déi nächst Zäit definitiv nach wäert méi ausbauen. Ech hunn och e flotte Gaart doheem wou ech immens gären dra schaffen, an elo hunn ech och endlech méi Zäit fir hei kënnen dran ze schaffen.

PUBLIÉ PAR

Corps grand-ducal d’incendie et de secours

CONTACTS

En cas d’urgence: 112

Numéros utiles : Standard téléphonique : 4977- 11 Service communication: 49771-2046 Département des pompiers volontaires : 49771-2332 INFS (formation) : 49771-2500 E-mail : info@cgdis.lu

Contact rédaction : nathalie.schumann@cgdis.lu cédric.gantzer@cgdis.lu communication@cgdis.lu

ADRESSES

Siège : 1, rue Stümper, L-2557 Luxembourg Annexe administrative : 7, rue Christophe Plantin, L-2339 Luxembourg

PRODUIT PAR

CONTACT

agency@maisonmoderne.com

© Maison Moderne™ www.maisonmoderne.com

Maison Moderne est utilisée sous licence par MM Publishing and Media SA (Luxembourg).

© 2020 CGDIS

Tous droits réservés. Toute reproduction ou adaptation, intégrale ou partielle, est strictement interdite sans autorisation écrite du CGDIS. Loi du 27 mars 2018 portant organisation de la sécurité civile et création d’un Corps grand-ducal d’incendie et de secours.

Art 1

La sécurité civile a pour mission la protection des personnes, des animaux, des biens et de l’environnement contre les événements calamiteux, les sinistres et les catastrophes, l’information et l’alerte des populations ainsi que la préparation et la mise en œuvre de mesures et de moyens appropriés.

This article is from: