Panda News 3/2022 - Service éducatif MNHN Luxembourg

Page 1

Panda-NN ews Panda-

kënnt 4x am Joer eraus

ber

022 2

is d e n 1 2. li b Se

p

m te

u .J

3

20

www.panda-club.lu panda-club@mnhn.lu

vu m

La traduction française du programme des activités se trouve sur

fir Jonker vu 6-10 Joer


Kalenner Panda Spezial Familljen 9-10 Joer 6-10 Joer 6-8 Joer 6 Joer

2

Juli

August

September

1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30 31

1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30 31

1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30

Naturdetektiven Liewe wéi d’Kelten

Panda Spezial

Naturdetektiven Spektivsafari Schallihaff

Dinocamp

Redakter fir en hallwen Dag

Vun der Kou Schengenbis bei de Botter grouf

Robbesscheier Schlaangerallye

Tarzan am Bësch

Eng Nuecht

Tarzan am Bësch

am Bësch

Tarzan am Bësch Flooss bauen

Op de Spure vum Réi Virwëlztut Handwierk an Natur Vum Gaart op den Teller Op de Spure vum Réi

Bush Tucker Bush Tucker

Um Kass-Haff Fest vum ‘natur musée’ Um Kass-Haff

Schätz, Schanken a Schierbelen Dynamikum Science Center

1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30 31

Sum


Sonndeg, den 11. September 2022

Lëtzebuerg

Familljen

Fest vum ‘natur musée’ Den Datum vum Fest steet, also haalt iech deen Nomëtteg fräi. Mir si frou, iech fir e puer flott Stonnen am Gronn ze empfänken. Bis dohi schéi Vakanz!

Weider Infoe fannt dir deemnächst op mnhn.lu gr

atis

3


6 Joer

Dinocamp vun Dënschdeg, den 9. August 2022 bis Mëttwoch, den 10. August 2022

Iechternach

Op de Spuere vun Dinosaurier, Flugsaurier a Mieresmonster entdecke mir den Iechternacher Séi. Den zweeten Dag erfuersche mir déi spannend Teufelsschlucht a besichen den Dinopark zu Iernzen. Mir schlofen zu Iechternach an der Jugendherberg.

um 10.00 Auer zu Iechternach (zréck: Mëttwoch, 17.00 Auer) Anne-Marie Bis

ro

0E 12 u

4


Donneschdeg, de 21. Juli 2022

6-8 Joer

Liewe wéi d’Kelten Berbuerg

Méchs du mat bei der Keltenolypmpiad mat Spiller am Bësch, Spuresich, selwer zoubereetend Iessen aus dem Keltekessel a Geschichte ronderëm d‘Feier?

um 10.00 Auer zu Berbuerg (zréck: 16.00 Auer) Muriel Nossem

o

Eu 10 r

5


6-8 Joer

Naturdetektiven am Gronn Méindeg, den 1. August 2022

Lëtzebuerg

Mir ginn op Entdeckungsrees duerch de Gronn an huelen d’Biodiversitéit vun de Planzen an Déiere mol méi genee ënner d’Lupp. Mat vill Spaass gi mir och selwer aktiv a maachen eppes fir d’Biodiversitéit.

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Anne-Marie Bis

6

5

Euro


6-8 Joer

E Besuch um Schallihaff Mëttwoch, den 3. August 2022 Krautem

Moies si mir op Besuch um Haff, mir fidderen an heemelen Déieren a maache Spiller. Nom Iesse wandere mir an de Krautemer Bësch a man eng Schnëtzeljuegd.

um 10.00 Auer zu Krautem (zréck: 16.00 Auer) Muriel Nossem

o

Eu 10 r

7


6-8 Joer

Vun der Kou bis bei de Botter Dënschdeg, den 9. August 2022

Boukels

Um Hanshaff gesi mir, wat alles mat der Mëllech geschitt, éier Botter doraus gemaach gëtt. Dofir gi mir bei d’Kéi op Besuch an de Stall, maachen eisen eegene Botter an nach vill méi!

um 10.00 Auer um Hanshaff (zréck: 17.00 Auer) Sophie Schmiz

o

Eu 10 r

8


Dënschdeg, de 16. August 2022 Mëttwoch, de 17. August 2022 Donneschdeg, den 18. August 2022

Méideng

6-8 Joer

Tarzan am Bësch Den Tarzan kennt de Bësch gutt. Mir besichen hien an hie verréit ons, wéi een am Bësch kann iwwerliewen. Ganz spannend Geschichten erzielt hien ons iwwer d’Déieren, déi bei him wunnen.

um 14.30 Auer zu Méideng (zréck: 17.00 Auer) Christiane Flesch (Igel)

5

Euro

9


6-8 Joer

Virwëlztut Dënschdeg, den 23. August 2022

Lëtzebuerg

Looss dech iwwerraschen! Et waart ee spannenden a flotten Nomëtteg op dech.

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Anne-Marie Bis

10

5

Euro


Méindeg, den 22. August 2022 Freideg, de 26. August 2022

Guedber

6-8 Joer

Op de Spure vum Réi Mir strummen duerch de Bësch an entdecken d’Liewensweis vun dëse stëlle Bëschbewunner.

um 14.30 Auer zu Guedber (zréck 17:00 Auer) Mike Hagen

5

Euro

11


6-10 Joer

Panda Sp Klaushaff Huelmes Stroossen

Bëschspiller

Méindeg, de 25. Juli 2022 Mir entdecken de Bësch um Klaushaff a maache grouss Bëschspiller.

Fëschen am Weier

Départ all Dag um 8.15 Auer um P&R Bouillon (zréck: 16.45 Auer)

Dënschdeg, de 26. Juli 2022

o

Anne-Marie Bis Christiane Flesch (Igel) Eu Sophie Schmiz 10 r

12

Mir huelen de grousse Weier zu Huelmes mol méi genee ënner d’Lupp a kucke mol, wat do alles esou dra lieft. Dat ass scho faszinant!


6-10 Joer

pezialwoch Naturolympiad

Mëttwoch, de 27. Juli 2022 Mir maachen am Bësch NaturspillStatiounen zu Stroossen. Esou entdecke mir de Bësch. Mir spillen, klammen, bastelen an hu Spaass.

Beiendag

Donneschdeg, den 28. Juli 2022 Haut gi mir op Besuch bei déi Huelmesser Beiekinnigin. Si ëmpfänkt ons a weist, wat si alles kann.

Flantermais

Freideg, den 29. Juli 2022 Mir fuere mam Bus op de Klaushaff a besichen d’Flantermais-Hielen.

13


6-10 Joer

Robbesscheier

Munzen

Donneschdeg, den 11. August 2022

Mir fuere mam Zuch op Drauffelt a ginn dann duerch de Bësch bis op d’Robbesscheier zu Munzen. Mir baken ewéi fréier, fuere mat der Päerdskutsch, ginn Déiere fidderen a schaffen am Gaart.

um 09.00 Auer op der Gare Lëtzebuerg (zréck 17.15 Auer) Christiane Flesch (Igel)

o

Eu 30 r

14


Freideg, den 12. August 2022

Guedber

Mir entdecken ons heemesch Schlaangen an huelen och hir exotesch Koséngen ënner d’Lupp.

6-10 Joer

Schlaangerallye

um 14.30 Auer zu Guedber (zréck: 17.00 Auer) Mike Hagen

5

Euro

15


6-10 Joer

Flooss bauen Freideg, den 19. August 2022 Präiteler-Bréck

Mir bastele verschidden Zorte vu klenge Floosser a maachen dono eng Course op der Schwaarzer Iernz. Wiem säi Flooss geet net ënner a kënnt als éischt an d’Zil?

um 14.30 Auer zu Präiteler-Bréck (zréck: 17.00 Auer) Sophie Schmiz

16

5

Euro


6-10 Joer

Vum Gaart op den Teller Donneschdeg, de 25. August 2022 Esch-Uelzecht

Mir schaffen am Gaart a kachen eis e leckert Iessen, Vun der Recolte bis zur Virbereedung maache mir alles selwer.

um 09.30 Auer zu Esch-Uelzecht (zréck: 14.00 Auer) Anne-Marie Bis

o

Eu 10 r

17


6-10 Joer

Bush Tucker Méindeg, den 29. August 2022 Dënschdeg, den 30. August 2022

Schiltzbierg

Mir kachen a brachen um a beim Lagerfeier.

um 14.30 Auer um Schiltzbierg (zréck: 17.00 Auer) Mike Hagen

18

5

Euro


Freideg, den 9. September 2022 Méindeg, de 12. September 2022

Rolleng

Mir gi bei de Biobauer op de Kass-Haff, schaffen am Stall, fidderen Déieren a villes méi.

6-10 Joer

Um Kass-Haff

um 14.00 Auer um Kass-Haff (zréck: 17.00 Auer) Christiane Flesch (Igel), Anne-Marie Bis

o

Eu 15 r

19


9-10 Joer

Naturdetektiven am Gronn Mëttwoch, den 20. Juli 2022 Donneschdes, den 21. Juli 2022

Lëtzebuerg

Mir ginn op Entdeckungsrees duerch de Gronn an huelen d’Biodiversitéit vun de Planzen an Déiere mol méi genee ënner d’Lupp. Mat vill Spaass gi mir och selwer aktiv a maachen eppes fir d’Biodiversitéit.

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Anne-Marie Bis

20

5

Euro


Dënschdeg, den 2. August 2022

Käerch

Wéi ginn ech richteg mat enger Spektiv ëm? Op wat muss ech oppassen? Mir maachen eng Safari duerch de Bësch, wou mir ënnerwee mat der Spektiv Déiere fanne mussen. Wa mer all d’Déiere fonnt hunn, grille mer nach zesummen um Feier, ier et heem geet.

9-10 Joer

Spektivsafari

um 14.15 Auer zu Käerch (zréck: 19.00 Auer) Christiane Flesch (Igel), Gilles Wagener, anf

5

Euro

21


9-10 Joer

Redakter fir en hallwen Dag Donneschdeg, de 4. August 2022

Lëtzebuerg

Zesumme gestalte mir eng Säit fir de Panewippchen. Looss denger Kreativitéit fräie Laf a schéck eis bei der Umeldung däi Liblingstheema eran. D’Panda Team sicht ee vun den agereechten Theemen eraus, mat deem mir dann zesumme weiderschaffen.

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Anne-Marie Bis

22

5

Euro


9-10 Joer

Schengengrouf Dënschdeg, den 9. August 2022 Schengen

Wat mécht Schengen an Europa esou eenzegaarteg? Mir fannen d’Äntwert a strummen duerch d’Naturbësch Grouf, wou mir eng helle Wull spannend Saachen entdecken.

um 10.00 Auer zu Schengen (zréck: 16.00 Auer) Muriel Nossem

o

Eu 10 r

23


9-10 Joer

Eng Nuecht am Bësch vun Dënschdeg, de 16. August 2022 bis Mëttwoch, de 17. August 2022

Guedber

Mir bauen ons en Ënnerdaach am Bësch fir drënner ze schlofen, gi fëschen an de Weier, kachen am Lagerfeier a begéine vläicht e puer Nuetsdéieren.

um 14.00 Auer zu Guedber (zréck Mëttwoch: 12.00 Auer) Mike Hagen

o

Eu 15 r

24


Mëttwoch, de 24. August 2022

Randschelt

Moies: hummeren, schnëtzen, feilen a schläifen, mir bauen eis en Hocker! Nom Picknick geet et op de Kannerwanderwee mat ville Spillstatiounen.

9-10 Joer

Handwierk an Natur

um 10.00 Auer um P&R Kockelscheier (zréck: 16.00 Auer) Muriel Nossem

o

Eu 10 r

25


9-10 Joer

Schätz, Schanken a Schierbelen Mëttwoch, de 7. September 2022 Remerschen

Mir sichen no Bijouen, Keramik a Schanken, an erfuerschen déi spannend Geschicht vun de Mënschen tëschent der Steenzäit an dem Mëttelalter. Nom Picknick waarden Iwwerraschungen an de Beobachtungshütte vum Haff Réimech op eis.

um 10.00 Auer zu Remerschen (zréck: 16.00 Auer) Muriel Nossem

o

Eu 10 r

26


Donneschdeg, den 8. September 2022

Pirmasens

Den Dynamikum zu Pirmasens ass en interaktive Musée, wou ee spilleresch Natur- an Technikphänomeener erliewen a verstoe kann.

9-10 Joer

Dynamikum Science Center

um 08.00 Auer um P&R Bouillon (zréck: 18.00 Auer) Christiane Flesch (Igel)

o

Eu 20 r

27


Quiz

Opléisung Quiz 2/2022 Temnodontosaurus

Léisung: Am Summer 2021 gouf op der Cloche d’Or en Temnodontosaurus fonnt. Ënner de ville richtegen Äntwerten hu mir ee Gewënner gezunn: et ass de

Philippe Dondelinger vun Dikrech.

Mir gratuléieren!

28

Plesiosaurus

Nothosaurus


Dëst Stärebild ass gutt um Summernuetshimmel ze erblécksen. Et huet den Numm vun engem Déier. Kanns du ons dat Déier zeechnen?

Quiz

Quiz 3/2022 Däin Numm: __________________ Deng Adress: __________________ __________________ __________________ Schéck deng Äntwert un: Panda-Club 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg panda-club@mnhn.lu

29


Team

äert Pandateam wënscht Mike Hagen Animatioun

Christiane Flesch Animatioun

Sabine Goerens Grafik

30


Team Sylvie Hagen Grafik

Muriel Nossem Animatioun

Sophie Schmiz Animatioun

Anne-Marie Bis

Animatioun

31


Umeldung

scan mech

online Umeldung a komplette Programm

Umeldung:

E-Mail: panda-club@mnhn.lu online: www.panda-club.lu/umeldung Du kriss deng Confirmatioun iwwer E-Mail. Du kanns deng Umeldung all Moment iwwer däi Benotzernumm op www.panda-club.lu/account kucken. Kontakt: Panda Club, 25 rue Münster, L-2160 Lëtzebuerg Eis allgemeng Konditioune fënns du op www.panda-club.lu/conditions-generales/

nhn.lu m @ b lu c a d n a p Info: 462233-450 Gëff Member:

Du bass intresséiert un Déieren, Planzen, der Emwëlt an den Naturwëssenschaften? Da gëff Member am Panda-Club a maach mat bei spannenden Aktivitéiten, coolen Experimenter a spektakuläre Campen. Als Member kriss du regelméisseg onst Programmheft „Panda-News“ an ons Zeitung „De Panewippchen“ geschéckt. Hei fënns du eng helle Wull un interessanten Informatiounen iwwer ons Äerd an d’Liewen op onsem Planéit. D’Memberschaft ass gratis. Fir weider informatiounen:

Panda-Club tel: 462233-450 panda-club@mnhn.lu

pandaclub@ mnhn.lu


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.