De Steegaart ass dee gréisste vun eisen dräi geplangte Gäert – a wann s du d’Villfalt vu Lëtzebuerg entdecke wëlls, da bass du hei genee richteg!
Stengmaueren aus all Eck vum Land: Schifer aus dem Éislek, Sandsteen aus dem Zentrum, Muschelkallek vun der Musel a Minettgestengs aus dem Süden. Ronderëm dës Mauere wuesse Planzen, déi typesch fir déi jeeweileg Regioun sinn. Esou kanns du lauter verschidden Aarten entdecken, déi un eisen dréchenen a stengege Buedem ugepasst sinn.
Wousst du, datt et och lieweg Fossilie gëtt? Eent dovu kanns du an eisem Gaart entdecken! Mir stelle vir: Eise Ginkgobam! D’Ginkgobeem si scho steenal – et gëtt si schonn zënter der Zäit vun den Dinosaurier! E steenale Bam an engem Steegaart, dat passt!
A wéi an all guddem Gaart dierfen natierlech Kraider a Blummen net feelen! Mir passen do selbstverständlech drop op, datt se net nëmme fir de Mënsch schéi fir ze kucke sinn, mee och eisen heemeschen Insekte gefalen! Moment… dat ass dach am Fong eng super Iwwerleedung op eise Schwësteregaart, dee mir am Fréijoer wäerte virstellen!
Eisen Highlight am Gaart ass eis Sonnenauer! Si weist, duerch de Schiet deen d’Sonn geheit, d’Zäit un.
An dat ganz ouni Stroum an Technik! Wéi dat geet? Op der Sonnenauer ass ee „Gnomon“ installéiert; dat ass deen Deel vun der Sonnenauer, dee Schiet wërft. Duerch d’Positioun vum Schiet op der Auer kann een dann d’Zäit ofliesen. Mee opgepasst! D’Sonn steet am Summer méi héich um Himmel wéi am Wanter. Dowéinst gëtt de „Gnomon“ zweemol am Joer, am Mäerz an am September, gewiesselt an un d’Positioun vun der Sonn ugepasst. Nëmmen esou kënne mer ganz sécher wëssen, wéi vill Auer et ass – a kommen och pünktlech un!
Iwwregens: Mir hunn zwou nei Ausstellungen, déi s du am Musée entdecke kanns! A „Luxembourg on the Rocks“ geet et drëms, wéi d’Steng d’Geschicht vu Lëtzebuerg gepräägt hunn. An an „Tönende Tiere“ kanns de de Gesang vu verschiddenen heemeschen Déiere lauschteren an déi flott Déiereskulpture vun engem däitsche Kënschtler dobäi bewonneren.
Zu Lëtzebuerg ausgestuerwen!
Wuechtelkinnek, Crex crex
Bëschhong, Tetrastes bonasia
Eis Bréivullen, dat sinn d’Vullen, déi hei am Land hir Eeër ausbréien an hir Jonk opzillen. „natur&ëmwelt” gëtt all 5 Joer eng nei Rout Lëscht vun de Bréivullen eraus. D’Rout Lëscht 2024 weist leider erëm, datt vill Vullenaarten zu Lëtzebuerg ëmmer méi rar ginn.
natur&ëmwelt ass eng lëtzebuerger
Vereenegung déi schafft fir d’Villfalt vun den Déieren an de Planzen an enger natierlecher an ofwiesslungsräicher Landschaft ze erhalen.
De Wuechtelkinnek an d’Bëschhong hunn déi lescht 10 Joer net méi reegelméisseg an eisem Land gebréit, an déi lescht 5 Joer konnt keng eenzeg Koppel méi beim Bréie gesi ginn. Si gëllen dofir elo zu Lëtzebuerg als ausgestuerwen.
Aner Aarten, wéi de Grousse groen
Neimäerder (Lanius colluro), sinn a Gefor auszestierwen. Souguer Aarten, déi fréier ganz heefeg waren, wéi d’Tuermeil (Tyto alba) an de Feldspatz (Passer montanus), sinn ewell staark a Gefor.
Lëscht ass eng vun de Lëschten, déi vun der IUCN (International Unioun fir d’Erhale vun der Natur) verëffentlecht ginn, a wou déi Déieren- a Planzenaarte vun der ganzer Welt drop stinn, déi no dru si fir auszestierwen.
D’Haaptgrënn heifir sinn de Klimawandel an datt d’Plazen, wou dës Vulle liewen, méi schlecht ginn oder ganz verschwannen.
S Ä IT 1
DE PANEWIPPCHEN 4/2024
S Ä IT 2
NEIES
Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur zu Lëtzebuerg
S Ä IT 4
BIODIVERSITÉIT AN DER
LANDWIRTSCHAFT
S Ä IT 10
STENG AN HIR FORMEN
S Ä IT 14
KNIWWEL
Bliederdéieren
S Ä IT 16
TÖNENDE TIERE
Gewënner vum Challenge.
Wie mécht dann do sou vill Kaméidi?
S Ä IT 20
FIR KLENG LIESRATEN
D’Heckerous
S Ä IT 22
RÄTSEL
Déieren an der Arktis
S Ä IT 23
FIR MATZESANGEN
Wat ee Kaméidi!
S Ä IT 24
LUXEMBOURG ON THE ROCKS Fielsformatiounen zu Lëtzebuerg
De Waasserkreeslaf
S Ä IT 28
KNIWWEL
Schëtzeg Bréidercher
S Ä IT 30
KUSIN LUCY
Häerzlech wëllkomm am ‘natur musée’
S Ä IT 36
BERUFFER am ‘natur musée’
Interview mam Pascal
S Ä IT 42
net an der Arktis
Léisung vum Rätsel vun der Säit 20: 4, 6 an 10 liewen
KNIWWELEN
Stären
Impressum
S Ä IT 44
‘natur musée’
Muh…sterschüler a Määh…maschinne fir d’Natur
Firwat d’Natur zu Lëtzebuerg grouss
Planzefrësser brauch!
D’Lëtzebuerger Landschaft huet vill Liewensraim: Hecken, Bëscher, Weieren, Felder an natierlech och eis
Bësch
Meekraitchen
Bëschkauz
Bontspiecht
Wisen a Weeden, genannt d’“Gréngland”. Um Gréngland fanne mer ganz aner Aarte wéi am Bësch.
Gréngland
Steekauz
Dëstelpéckchen
Wise-Salbei
Poufank
Fir datt d’Gréngland och Gréngland bleift muss een et méien (z. B. mat Trakter a Méimaschinn) oder beweede mat Hausdéiere wéi Kéi, Schof, Päerd oder säit kuerzem och lo zu
Lëtzebuerg … Waasserbüffelen! An eisem Land decidéiert de Bauer wéi d’Gréngland genotzt gëtt.
Wann ee Gréngland net méit oder beweet, da geschitt eng sougenannte “Successioun”: d’Gras verfilzt, an da wuessen do Hecken, an dono Beem, an no 40 Joer huet een dann e Bësch do stoen. De Bësch ass zwar net schlecht fir d’Natur, mee e ganze Koup bedroten Aarte liewen awer léiwer am Gréngland wéi am Bësch, a si géifen dann hire Liewensraum verléieren.
Et wor d’Serengetieemol… Lëtzebuergzu
Eis Aarten déi um Gréngland liewe gëtt et scho säit e puer Millioune Joer an Europa. Déi éischt Baueren, déi
Ween huet dann d’Wise “geméit” ?...
...ier d’Baueren an Europa komm sinn?
Fréier goufen et hei grouss Häerde vu grousse Planzefrësser
wéi Auerochsen, Wisenten, wëll Päerd a souguer Nashörner, déi d’Gras gefriess hunn. Virun 30.000 Joer, also virun der leschter Äiszäit, goufen et hei esouguer Waasserbüffelen a Bëschelefanten, an an der Musel hu sech warscheinlech Nilpäerd gebuet.
d’Gréngland notzen, sinn awer réischt viru 6000 Joer an Europa agewandert. Den Trakter an d’Méimaschinne koume vill méi spéit: si goufe réischt am leschte Joerhonnert erfonnt. Zënterhir hunn d’Bauere keen Hee méi mat der Séissel misse maachen.
Deemools goufen et an Europa och Hieleléiwen an Hyänen … an natierlech och d’Neandertaler, déi all op d’Juegd gaange sinn op déi grouss Planzefrësser.
D’Lëtzebuerger Landschaft huet also deemools net vill aneschters ausgesi wéi haut déi afrikanesch Serengeti!
Leider ass de gréissten Deel vun der Déierewelt haut an Europa ausgestuerwe wéinst der Äiszäit, awer haaptsächlech duerch d’Juegd vum moderne Mënsch. Dee leschten Auerochs - eng wëll Kou - ass am Joer 1627 a Pole gestuerwen.
GrousserhalenPlanzefrësser eist Gréngland!
De Mënsch huet aus de wëllen Auerochsen Hausranner geziicht, an aus de wëlle Hauspäerd.
Genee wéi hir ausgestuerwe wëll Virfaren erfëlle si haut déi Roll, un déi si am beschten adaptéiert sinn: Si friesse jonk Beem an Hecken, an hëllefen esou ville Vullen- a Planzenaarten hiren oppene Liewensraum ze erhalen. Och ganz nei Planzefrësser goufe vum Mensch aus dem noen Oste matbruecht, wéi d’Geessen an d’Schof.
Wousst der schonn? Déi eenzeg wëll grouss Planzefrësser, déi zu Lëtzebuerg net vum Mënsch ausgerott goufen, sinn de Routhirsch, d’Réi an d’Wëllschwäin. A bis haut ginn et a Polen d’Wisenten, och nach „europäesche Bison“ genannt.
Majo, duerch d’Grasfriesse kënnt méi
Luucht un de Buedem, an dat hëlleft neie
Planzenaarten (Blumme, Kraider,
Wann eng Wiss mat engem Trakter geméit gëtt, heescht dat och, datt leider vill kleng Déiere stierwen, wéi Mais, Heesprénger, oder Vullen déi hiert
Nascht um Buedem bauen, well se keng Zäit hu fortzelafen oder ze fléien ier den Trakter kënnt. Dofir gesäit een dacks Aasfréisser wéi de Roude
Milan a Kueben op frësch geméinte
Wisen. Bei enger Kou déi sech lues duerch eng Wiss frësst, ass dat eppes ganz aneschteres. Hei hunn d’Insekten an aner Déiercher genuch Zäit sech a Sécherheet ze bréngen.
Hecken) fir ze keimen, an dono ze bléien. Dofir fënnt een op natierleche Weeden och extra vill Päiperleken.
1 2 3
Domat gëtt d’Gras op eng ganz natierlech Aart a Weis lues ofgefriess, ouni datt kleng Déiercher stierwen.
Dir gesitt, eis grouss domestikéiert Planzefrësser sinn net aus der Natur ewechzedenken.
Lo ass awer de Problem, datt och zu Lëtzebuerg leider ëmmer manner Kéi dobausse stinn…
Op engem moderne Bauerenhaff, wou vill Mëllech produzéiert gëtt, sinn d’Kéi bal de ganzen Dag am Stall a friesse
De Kouflapp lieft! Wichteg ass och wat hannen dobäi eraus kënnt :) an zwar…de Kacka vun de Kéi, Päerd a Schof! Well hei sinn nach vill Närstoffer dran, déi gär vu Mëschtkiewerleken, Méckelarven a Reewierm gefriess ginn. An engem Kouflapp kënne sech méi wéi 800 Kiewerleken ophalen! Dës Insekten déngen dann erëm als Fudder fir Schmuewelen a Fliedermais. An de Rescht vum Kouflapp? Ma dee gëtt an Humus-Buedem ëmgewandelt, op deem erëm nei Planze kënne wuessen. D’Natur ass hei also an engem perfekten Zyklus!
just Silo-Gras a Kraaftfudder. Dëst Kraaftfudder ass gemaach aus Weess, Mais an importéiertem Soja - lauter Liewensmëttelen, déi och de Mënsch kéint iëssen. De Soja kënnt dacks vu Plazen aus Brasilien, wou fréier den tropesche Reebësch ofgeholzt gouf.
De Kacka vun de Kéi kënnt a Form vu Piff erëm op d’Wiss, wou d’Insekten en awer net méi notze kënnen. An anere Wierder: D’Kou an d’Wiss begéine sech net méi op eng natierlech Aart a Weis, an dëst ass schlecht fir eis Natur, weltwäit. Dëst ass ee vun de Grënn wéisou mer säit de leschte 50 Joer
vill manner verschidde Planzenaarten an Insektenzorten an eiser Landschaft hunn. An natierlech och vill manner Schmuewelen a Fliedermais, well dës net méi genuch ze friesse fannen. Et ass dofir wichteg, datt mer genuch Kéi, Päerd a Schof op eisem Gréngland halen, a se mat frëschem Gras an Hee fidderen, fir eis Biodiversitéit besser ze schützen!
Bis viru ronn 30.000 Joer goufen et Waasserbüffelen zu Lëtzebuerg
An den Naturschutzgebidder “Schlammwiss-Brill” zu Menster an “Dumongshaff” bei Féiz ginn et och lo rëm 2 Häerden domestikéiert Waasserbüffelen, déi an dëse Fiichtgebidder ganz natierlech hiert Liewe verbréngen.
Dës Déiere gi sech gären an d’Weiere bueden, fir sech bei waarmen Temperaturen ofzekillen.
Hei tauche si dacks ganz ënner fir um Buedem dann och nach Algen ze friessen!
A wat bréngen déi Büffelen dem Mënsch? (virun der leschter Äiszäit)
Si gruewe sech och mat hire Féiss an Hare Lächer aus Bulli, déi sech mat Waasser fëllen, wann et reent. An dëse selwergemaachte klenge Weiercher leeë Fräschen a Mouke gär hir Eeër an d’Schmuewele fannen hei Bulli fir hir Näschter ze bauen. Och de Panewippche fänkt hei gär seng Insekten!
Majo, hirt Fleesch schmaacht engersäits ganz gutt an aus hirer Mëllech kann ee “Mozzarella di Buffala” maachen!
Wëllt dir d’Waasserbüffele kucke goen? Hei fannt dir si: http://g-o.lu/3/uaG9
Ass dëst e Büffel oder….e Krokodil?
Steng an hir Formen
Steng an hir Formen
Grouss oder kleng, déck oder dënn, spatz oder ronn. Steng gëtt et vun allen Zorten a Formen. An dat ass nach laang keen Zoufall. Well d’Form vun de Steng eleng erzielt vill iwwer hier Geschicht, an aus wat se bestinn.
Vum Fiels zum Sandkär
Och grouss Fielse verännere sech mat der Zäit. Si sinn dem Afloss vu Wand a Waasser ausgesat. Stécker briechen eraus, rullen a rëtschen de Bierg erof a lande vläicht iergendwann an enger Baach oder engem Floss. Well d’Stréimung se matrappt reiwen a schruppe se géinteneen a notze mat der Zäit ëmmer méi of. Aus méi groussen, eckege Steng ginn esou ëmmer méi kleng, ofgeschlaffe Kiselsteng, déi een op Lëtzebuergesch och nach Waken nennt. Dëst geet esoulaang weider bis de Steen sech a seng Bestanddeeler zersat huet an iergendwann op enger Plage zum Beispill als Sand ugeschwemmt gëtt.
Am Laf vun der Zäit gëtt aus engem groussen eckegen e klenge ronne Steen, och Wak genannt.
Steen wéi Seef
Änlech wéi dem Steen ergeet et engem Stéck Seef!
Wann een e Stéck Seef auspéckt huet se Ecken a Kanten. Nodeems ee sech awer e puer Mol zerguttst dermat ageseeft huet, gesäit se ëmmer d’selwecht aus: d’Ecken an d’Kante si verschwonnen an et bleift d’Form vum ... Kiselsteen.
Messer schaarf a Feil spatz
Net all Stee brécht d’selwecht. Wéi bei anere Materialien och ginn et bei de Steng Ënnerscheeder. Esou brécht de Feiersteen (och Silex genannt) oft esou, datt extreem schaarf Kanten entstinn. A grad dofir hunn eis Virfaren en och benotzt fir all méiglech Messeren, Feilspëtzten an anert Geschier doraus hierzestellen. De Grond fir déi schaarf Kanten ass ganz
De Steenzäit briquet
Entgéint der geleefeger Meenung kann ee mat zwee Feiersteng déi ee géintenee klappt kee Feier maachen. An dach huet de Feierstee säin Numm verdéngt. Eis Virfaren hu mat him géint een anere Stee geklappt, ee sougenannte Markasit. An eebe well de Feiersteen esou haart ass kann e mat senge schaarfe Kante kleng Spéin aus dem Marcasit rappen, déi duerch d’Reiwung tëscht deenen zwee Steng esou erhëtzt ginn, datt se ee Feier kënnen entfachen.
E Steenzäitbriquet huet also aus engem Feiersteen, engem Marcasit an zum Beispill engem Zunderpilz bestanen.
Perfekt geformt, vu Mënschenhand?
D’Natur bréngt Steng an all méigleche Formen ervir. An och de Mënsch verschafft a beschafft de Steen säit dausende Joren.
1
Elo ass et un dir. War et de Mënsch oder awer d’Natur déi dës Steng geformt huet?
Champignon ass ee Fielsblock bei Noumer, dee seng Form den ënnerschiddlechen Eegenschafte vun de Sandsteenschichte verdankt déi sech hei ofgelagert hunn. Esou besteet säin Hutt aus méi haardem Sandsteen, a säi Fouss aus méi mëllem, dee méi séier duerch d’Verwitterung ofgedroe gëtt.
2
Dës sinn déi sougenannte BockKasematten, een ënnerierdescht Tunnelsystem aus kilometerlaange Gäng, dat am 18. Joerhonnert vun den deemolege Besatzer an de Bockfiels geschloe gouf fir d’Festung Lëtzebuerg nach besser verteidegen ze kënnen.
3
Dës Schläifrillen um GeositeChampignon bei Noumer si schonn iwwer 5000 Joer al. Eis Virfaren hunn déi käreg Struktur vum Sandsteen genotzt, well se ideal war fir hiert Steegeschier dorun ze schläifen.
4
Dës sougenannt Wabenmusterung kënnt heefeg am Lëtzebuerger Sandsteen vir an huet näischt mam Mënsch ze dinn. D’Musterung entsteet nodeems Waasser, dat duerch de Sandsteen sickert, op der Uewerfläch verdonst an de Kallek, deen sech am Waasser geléist hat, erëm oflagert.
5
Den Däiwelselter ass ee 7 Meter héije Steebou bei Dikrech. Archeologen hunn 1892 do Mënscheskeletter fonnt déi ëm déi 4000 Joer al solle sinn. En ass eendeiteg vu Mënschenhand gemaach.
Bliederdéieren
Raf beim Spadséieren e puer schéin Hierschtblieder
Mol mat engem Stëft e puer lëschteg Aen an Nuesen op e Pabeier. Schneit dës Guckelcher aus.
Blubb, blubb, sinn ech e Fësch, oder e Blat?
Ech sinn net laang genuch gedréchent ginn,
Du kanns d’Nuesen och direkt mam Stëft op d’Blieder molen.
Wat hues du grouss Aen?
An ech.......
selwer deng Déieregeschichten oder pech se als Deko op eng
Challenge TÖNENDE TIERE
De Matthias Garff, de Kënschtler aus der Ausstellung „Tönende Tiere“, huet aus recycelten Alldaagsgéigestänn Déieren nogebaut.
Am leschte Panewippchen hu mir zu engem Challenge opgeruff, bei dem eis Lieserinnen a Lieser genee ewéi de Matthias aus alen Alldaagsgéigestänn Déiere sollte bauen.
Dir hutt super flott Saachen erageschéckt! Grousse Respekt dofir!
Hei gesitt dir eis Gewënner:
D’Emily an den Alex hunn aus ale Vëlosstécker Déiere gebaut. Erkennt dir d’Déieren?
D’Nella huet aus engem Schwamp, engem Hoerlastik, enger Plastiksfläsch an enger Raclette fir d’Fënster e Fësch gebastelt!
Häerzlech Felicitatioun un eis Gewënner!
Wie mécht dann do sou vill Kaméidi?
Huhu
Quak Quak Tok Tok
Zirp Zirp
Bestëmmt hues du dës Geräischer vun den Déiere scho mol héieren. Mee hues du dech och gefrot, wat d’Déiere mat dëse Geräischer wëlle soen?
Jo? Da wëlkomm am Club vun de Bioakustiker! Bioakustiker si Wëssenschaftler, déi probéieren ze verstoe wéi d’Déieren Informatiounen iwwer hir Téin a Geräischer weiderginn.
D’Bioakustiker stelle sech Froe wéi:
Wéi mécht d’Déier dësen Toun? A firwat? Wat wëll d’Déier mat dësem Geräisch soen?
Op den nächste Säite kanns du e puer vun de faszinanten Déieregeräischer entdecken an erausfannen, wat se domat wëlle soen.
Den Heckefräsch
De klengen Heckefräsch, deen nëmmen 3-5 Zentimeter grouss gëtt – dat ass ongeféier sou grouss wéi däin Daum – huet déi haartste Stëmm vun eise Lurchen.
Seng Schallblos verstäerkt säi Gequaaks bis op 90 Dezibel. Dat ass esou haart wéi eng Siren vun engem Policeauto.
Lauschter mol eran a mäi Gequaaks an dem Dominik Eulberg seng Interpretatioun.
Komm an den ‘natur musée’ a besich déi faszinant Ausstellung! TÖNENDE TIERE vum 12.10.24 - 5.1.25
Flilleken als Museksinstrument
Grille benotzen hir Flilleken als Museksinstrument. Dofir reiwe si hir viischt Flilleken iwwereneen.
Wëlls du gesi wéi dat geet?
Dës Grill weist dir et:
Bei de Feldgrille kënnen nëmmen déi erwuesse männlech Grille „sangen“, an zwar ganz haart fir e Weibche bei sech ze lackelen. Dëse Gesang héieren d‘Weibercher bis op 200 Meter wäit ewech.
Sou schéi kann ech zirpen:
Dominik Eulberg & Matthias Garff TONENDE TIERE
Päifen als Ofschreckung
Den Doudekapppäiperlek huet säin Numm kritt wéinst dem Doudekappmuster op sengem Réck. Fréier hunn d’Mënsche gemengt, hie géing Ongléck a souguer den Doud bréngen. Hien ass den eenzege Päiperlek aus eiser Géigend, deen een däitlech héierbaren Toun ofgëtt.
Wann den Doudekapppäiperlek sech a Gefor spiert, päift hien erstaunlech haart a probéiert domat seng Ugraïfer
Mäi Päifen ass e quietschescht Alarmgeräisch, wéi dat vun enger Maus. Lauschter mol eran:
Bei de Krokodillen
zesummen an engem Nascht am Sand oder an engem Nascht aus Planzen. Hir Mamm (heiansdo och hire Papp) passen op d’Eeër
Bass du nach méi interesséiert un Déieregeräischer an un de faszinanten Aventure vun engem Bioakustiker?
Da kanns du dir dëst Buch ukucken: «Découvre le langage des animaux avec Nicolas Mathévon».
Souguer d’Raup vum Doudekapppäiperlek, déi ausgesäit wéi eng faarweg Zockerstaang vun der Kiermes, mécht ee Geräisch wa se fäert – Si knirscht mat hirem Mondwierk.
Wann déi kleng ‚Krokodillen‘ am Ee prett si fir ze schlüpfen, ruffe se hir Geschwëster an den aneren Eeër. Hir Geschwëster äntwere mat de selweschten Téin an da schlüpfen déi Kleng all zur selweschter Zäit aus den Eeër.
D’Krokodilmamm erkennt och de Klengen hir Geräischer a kënnt hinnen hëllefen, fir aus hiren Eeër rauszeklammen.
Lauschter mol wéi en Toun d’Bëbeekrokodille maachen:
D’Heckerous
Hundsrose, églantier, dog rose, Rosa canina
D’Heckerous ass an Europa bei wäitem déi heefegst wëll Rousenaart. Si ass bis a Mëttelasien doheem, an och an Nordafrika.
Am Fréijoer ass d’Heckerous mat onzielege wäisse bis hellrosae Bléie garnéiert.
D’Heckerous ass schéin, awer pickeg – eng sécher Plaz fir e Vullennascht dran ze bauen.
Am Wanter sinn d’Spackelter Fudder fir vill Vullen a Mamendéieren –
Hire Pollen ass Fudder fir Kiewerleken, Beien, Päiperleken, Schwiefmécken…
Spackelter – sou heeschen d’Friichten, déi sech aus de bestëbste Bléien entwéckelen.
Aus Spackelter kann ee Kompott, Gebeess, Téi, Jus, Sirop, Limonad maachen. A Juckpolver aus de Somkären. an och eng Vitamin-C-Bomm.
1
Äisbier Ursus maritimus
2
Bal all dës Déiere fënnt een an der Arktis, ronderëm den Nordpol. Wéi heeschen dës Déieren? Fann déi, déi sech hei erageschlach hunn, an net do liewen! Mol faarweg!
3
Walross Odobenis rosmarus
Schnéihues Lepus timidus
5
8 Polarfuuss Alopex lagopus
Polarwollef Canis lupus arctos
9
4 Keeserpinguin Aptenodytes forsteri
Krill Euphausiacea
5
Moschusochs Ovibos moschatus
Kinneksalbatross Diomedea epomophora
7
6
10 Schwaarzwäisse Lemur Varecia variegata
Narwal Monodon monocerus
11
12
Schnéieil Bubo scandiacus
13
Papageitaucher Fratercula corniculata
D’Musek an eng gesonge
Versioun vum Lidd fënns du op mimamu.lu/pw
LUXEMBOURG ON THE
Entdeck
d’Fielsformatiounen zu Lëtzebuerg
Minett
Lëtzebuerg ass ee klengt Land, huet awer eng ganz villfälteg Geologie. All Regioun huet hir eege besonnesch Gestengszorten a Gestengs. Hei gitt dir gewuer, wat dir an deene verschiddenen Deeler vum Land entdecke kënnt:
Maarteleng
D’Regioun Minett am Süde vu Lëtzebuerg ass benannt nom eisenhaltege Sedimentsteen, deen hei virkënnt. Dëse roudelzege Steen gouf ofgebaut fir Eisen erauszehuelen. Doduerch ass eist Land räich ginn. Och nach haut fannt dir op deene schéine Wanderweeër d’Spuere vum fréieren Eisenofbau a vun eiser industrieller Vergaangenheet. Dëst Joer gouf um „Giele Botter“ ee geologesche Wee ageweit, deen iech op eng spannend Entdeckungsrees duerch déi geologesch Besonneschkeete vum Minett féiert.
Péiteng
LUXEMBOURG ROCKS
Stolzebuerg
Berdref
Éislek
Am Norde vu Lëtzebuerg, an der Regioun Éislek, fënnt een de Schifer. Dësen donkele Steen mat ganz renge Käre léisst sech an dënn Placke splécken. De Schifer gouf als Daachmaterial benotzt an ass a villen ale Gebaier ze fannen. Am Schifermusée zu Maarteleng kënnt dir alles iwwer d’Geschicht an d’Verwendung vun dësem intressante Gestengs léieren. Weider kënnt dir am Éislek déi historesch Kofferminn vu Stolzebuerg besichtegen.
Mëllerdall
Am Oste vum Land läit de Mëllerdall, bekannt fir seng wonnerschéi Fielsen aus dem lëtzebuerger Sandsteen. Dës Regioun ass ideal fir Wanderungen. Déi beandrockend „Schrägschichtungen“ am Sandstee weisen drop hin, wéi d’Mier an d’Land virun 200 Millioune Joer verlaf sinn. D’Wanderweeër am Geopark Mëllerdall féieren iech duerch wonnerschéin Naturlandschaften a weisen iech déi faszinant Geologie vun der Géigend.
De Waasserkreeslaf an ons Waasserreserven zu Lëtzebuerg
Waasser ass liewenswichteg fir ons all.
De Waasserkreeslaf suergt dofir, datt mer ëmmer erëm frëscht Waasser hunn. Awer wéi funktionéiert dëse Kreeslaf genee?
1
D’Waasser vun der Äerduewerfläch verdonst, besonnesch aus de Mierer, Flëss a Séien, a klëmmt als Waasserdamp an d’Atmosphär.
Ons Drénkwaasserversuergung hänkt staark vum natierleche Waasserkreeslaf of. Zu Lëtzebuerg spillt de Sandsteen eng entscheedend Roll fir ons Waasserreserven. De Sandsteen späichert d’Waasser, a gëtt et no an no erëm of. Dat ass besonnesch wichteg fir och an
2
Do uewe killt de Waasserdamp of a kondenséiert zu Wolleken.
6
De Waasserkreeslaf geet weider, andeems d’Waasser op en Neits verdonst, zu Wolleke gëtt an erëm als Nidderschlag op d’Äerd fält.
dréchenen Zäite genuch Waasser zur Verfügung ze hunn. Andeems mir dës natierlech Waasserreservoire schützen an nohalteg notzen, kënne mir sécherstellen, datt och an Zukunft genuch Drénkwaasser fir jiddereen do ass.
3
Wann d’Wolleke schwéier genuch sinn, fält d’Waasser als Nidderschlag zréck op d’Äerd - a Form vu Reen, Schnéi oder Knëppelsteng.
5
Dat gespäichert Waasser trëtt a Form vu Quellen erëm un d’Uewerfläch. D’Waasser leeft a Baachen a Flëss duerch d’Landschaft, a schliisslech an d’Mier.
4
De Sandstee suckelt d’Reewaasser op wéi ee risege Schwamp. Ënner dem Sandstee verhënnert eng waasserdicht Schicht aus Mergel, datt d’Waasser weider a méi déif Schichte sickert. Esou gëtt d’Waasser als Grondwaasser am Sandsteen gespäichert.
Sandsteen
Du brauchs:
1 Glas Naturjugurt
1 1/2 Glas Miel
1 TL Bakpolver
1 TL Natron
1 Péitche Salz
1
Stell de Schäffchen op 180 Grad.
Schëtzeg Bréidercher
2
3
Form 6 Bullen aus
Mësch alles an enger Schossel. Kniet mat de Fangeren, bis du e glaten Deeg hues.
4
Lee e Stéck Bakpabeier op e Grill vum Schäffchen a setz d’Bullen drop. Bak d’Bréidercher 15 mn.
5
Looss se op enger Hiertchen ofkillen an an Amenajo kanns du dir frësch a lecker Bréidercher schmaache loossen.
Du kanns natierlech och Korinthen, Kären an Nëss an däin Deeg mëschen.
TEXT: SYLVIE HAGEN
Kusin Lucy Häerzlech wëllkomm am ‘natur musée’! Kusin Lucy
Viru 50 Joer gouf bei Hadar an Äthiopien en Deel vun engem Skelett ausgegruewen, dat haut weltberüümt ass a ‚Lucy‘ genannt gëtt.
E sensationellt Fossil!
D’Entdeckung vum Lucy am Joer 1974 huet gewisen, datt mënschlech
Virfare scho virun iwwer 3 Millioune Joer op 2 Bee konnte goen - laang éier d’Gehier méi grouss gouf!
D’Kopie aus Gips vum Lucy senge Schanken am Nationalmusée vun Adis Ababa an Äthiopien. D’Originalschanke leien do an engem Tresor.
Moie Lucy!
Hadar
Afrika Äthiopien
Firwat heescht et da just Lucy?
Bei der Ausgruewung vun deenen
52 Schankestécker hunn d’Wëssenschaftler Musik vun de Beatles gelauschtert, ‚Lucy in the sky with diamonds‘. Dat Lidd ass an hire Käpp hänke bliwwen, well et dauernd gelaf ass a spontan koum d’Iddi op, fir hiert uraalt Skelett ‚Lucy‘ ze nennen.
Wou ass d’Lucy fonnt ginn?
D’Schanke louchen um Ufer vun engem
Floss a Séi, wou se mat Sand a Bulli bedeckt gi sinn, sou datt se net vu wëllen Déieren ugeknabbert an zerstreet goufen. Et si keng Bëssspueren un de Schanke fonnt ginn. Duerch d’Gewiicht an den Drock vum Sand sinn d’Schanken am Laf vun der Zäit verstengert a konnte sech iwwer Millioune Joren erhalen.
Den Donald Johanson, dee mat senger Ekipp d’Schanke vum Lucy entdeckt huet.
Déi 52 Schankestécker, déi vum Lucy fonnt goufen.
Wie war d’Lucy?
D’Lucy war e Virmënsch, en Australopithecus, an huet virun ongeféier 3,2 Millioune Joer an Äthiopie gelieft.
E Wäisheetszant war schonn aus dem Kifer eraus komm, mee hie war nach net staark ofgenotzt, sou datt d’Lucy net ganz al gi war. Säin Alter gëtt op 25 Joer geschätzt. Un der Form vun de Beckeschanken erkennt een, datt d’Skelett warscheinlech dat vun enger Fra war.
E Modell vum Selam, e klengt Australopithecus-Meedchen, deem seng Schanken am Joer 2000 entdeckt goufen.
D’Form vum kräftege, breede Becken a vum Uewerschenkel weisen och, datt d’Lucy op 2 Bee gelaf ass. Beim oprechte Gang ass dës Form vum Becken néideg, fir den Uewerkierper ze stäipen.
Fir an der Savann méi wäit kënnen ze gesinn, huet hatt sech op seng zwee Bee gestallt. Sou war et méi grouss a konnt besser iwwer dat héicht Gras ewechkucken. Hatt war awer nëmmen e gudde Meter (+-110cm) grouss.
120cm
110cm
100cm
90cm
80cm
Wéi grouss bass du? D’Lucy war net méi grouss wéi e 4 bis 5 järegt modernt Kand.
De Schimpans
De Schimpans geet just heiansdo op zwee Been, awer säin oprechte Gang ass ongeschéckt. Säi Skelett ass besser un d’Liewen an de Beem ugepasst: Seng Äerm si grad sou laang wéi d‘Been, hien huet kräfteg Schëlleren, e Gräiffouss bei deem déi déck Zéif géint déi aner Zéiwe gräife kann an d‘Zéiweschanke si gekrëmmt.
Mat senge laangen Äerm a kräftege Schëllere konnt d’Lucy gutt an de Beem kloteren. Seng gekrëmmte Fangeren an déi beweeglech déck Zéif hunn him d’Gräife vun den Äscht erliichtert. Awer den Daum konnt just dem Zeigefanger géintiwwer gestallt ginn, sou datt d’Lucy nach net esou geschéckerlech war mat den Hänn wéi de Mënsch.
d’Lucy eis Urbomi?
Orang-Utan Gorilla
Dem Lucy säi Fouss war gemaach fir den oprechte Gang, och wann en däitlech ënnerschiddlech vun eisem war. Et hat zimmlech kuerz Been. D’Zéiwe ware laang. Déi déck Zéif stoung schonn nieft deenen aneren Zéiwen an enger Rei, sou wéi bei eis Mënschen, awer se war nach zimmlech beweeglech.
Moderne Mënsch
Lucy Schimpans
-3,2 Millioune Joer
D‘Lucy ass méi no mat eis Famill wéi mat de Schimpansen. Mir stamen awer net direkt vum Lucy of, mee mir hate virun ongeféier 7 Millioune Joren e gemeinsame Virfaren.
-7 Millioune Joer
Eis Entwécklungslinn huet sech also viru 7 Millioune Joer getrennt, sou datt d’Lucy éischter eng ural Kusin vum Mënsch ass. TEXT:
Haut
Mir freeën eis drop, iech d’Lucy deemnächst kënne bei eis am ‘natur musée’ virzestellen!
de Modell aus Plastilinn
Wéi kritt een dann elo eng Popp vun deem Plastilinnmodell?
Et gëtt en Ofdrock gemaach vum Plastilinn, sou wéi den Zänndokter en Ofdrock vun dengem Gebëss mécht.
Wéi gëtt eist Lucy
«gebaut»?
D’Popp
Dësen Ofdrock aus Silikon mat Gips ronderëm gëtt da mat hautfaarwegem
Silikon opgefëllt, deen haart gëtt. Lo hu mer mol eng plakeg Popp.
Do kommen
An aus Acryl dran, fir datt d’Lucy méiglechst echt ausgesäit.
Säit engem Joer gëtt fläisseg un ‚eisem‘ Lucy gebastelt. Eng Berliner Kënschtlerin schafft mat enger ganzer Ekipp dru fir d’Lucy a Liewensgréisst aus Plastilinn ze modeléieren.
Hei gëtt op all klengen Detail opgepasst, datt d’Zéiwe laang genuch sinn, d’Fangere gekrëmmt sinn, d’Gréisst richteg ass asw. Si orientéiere sech dobäi un de Schanken, déi fonnt gi sinn.
d’Hoer ginn agesat
Da brauch d’Popp nach Hoer an dat ass beim Lucy schrecklech vill Aarbecht. All Hoer, an hatt huet der vill méi wéi mir, muss eenzel agesat ginn.
Gips
Eng aner Ekipp aus der Belsch ass am Gaang e Skelett nozemaachen. Si kruten d’Moosse vun den originale Schanken, déi fonnt goufen. De Computer huet hinnen déi feelend Schanke geformt an da ginn all d’Schanken an engem 3D Printer ausgedréckt. Fir datt se awer schéin al ausgesinn, musse se nach agefierft ginn. Dat ganzt Skelett gëtt op Staange montéiert a steet deemnächst nieft eisem Lucy.
d’Skelett
Mir kréie vum Lucy eng Popp aus Silikon an de Musée, esou wéi de Loschbuermënsch um roude Canapé an der Entrée vum Musée.
D’Computeranimatioun
Zu Stroossbuerg gëtt eng Computeranimatioun a 4 Sproochen ausgeschafft, wou een déi verschidde Skeletter vum Mënsch, vum Lucy a vum Schimpans op eng interaktiv Aart a Weis matenee vergläiche kann. Hei versteet ee séier, firwat de Schimpans léiwer duerch d’Beem klotert, d’Lucy souwuel op 2 Been leeft wéi och nach gutt klotere kann, an de Mënsch léiwer um Buedem bleift.
Zéck net fir d’Lucy geschwë besichen ze kommen a gewuer ze ginn, wat mir bis elo iwwer eis ural Kusin alles wëssen.
Wéi heeschs du?
Ech sinn de Pascal.
Wat ass däi Liblingsiessen?
Pizza Diavola mat
Thon, Peperoni an Ënnen. Am beschte schmaacht mir
dës Pizza wann ech se selwer um Grill maachen.
Wat ass däin Hobby?
Vëlo fueren, mat menger
Famill an de Kanner flott
Ausflich maachen an Zäit verbréngen. Ech bastelen och ganz gären, z. B. maachen ech Aueren a Luuchten aus Holz.
kuck och hei!
Hues du eng Liblingsfaarf?
gréng
Wat méchs du am Musée?
Ech si Schräiner am ‘natur musée’. Hei bauen ech ganz vill Elementer fir d’Ausstellungen. Fir de Service, dee mat de Kanner an de Schoulklasse schafft, setzen ech och vill Projeten ëm. Zousätzlech maachen ech Reparaturen am Musée an an de Büroe vum Musée. Wann z. B. eng Fënster oder eng Dier net méi op an zou geet, da ruffe se mech. Wann iergendwou ee Regal muss opgehaange ginn, da maachen ech dat natierlech och. Dir gesitt, et ass ëmmer vill ze dinn.
TEXT:
Interview mam Pascal Pauls, Schräiner aus dem ‘natur musée‘
Wéi setz du dann deng Projeten ëm?
Als éischt muss ech eng Zeechnung vum Projet maachen, da stellen ech eng Lëscht op mam Material wat ech brauch, bestellen dëst an da gëtt geschnidden an zesummegebaut.
Wat war däi flottste Projet bis elo?
Ech hu scho vill spannend Projetë gemaach, ech zielen iech der mol e puer op, da kënnt dir selwer entscheede wat iech am beschte gefält:
- Kleng Déieren aus Holz fir d’Aktivitéit „Bëschdéieren an hir Kleng“ fir d’Spillschoulen
- Eng Kiche fir déi nei Büroe vum Service vun der Digitalisatioun
- D’Bordure vun der Moundlandschaft aus der Ausstellung „Asteroid Mission“
- E Rullweenche fir kleng Atelieren, déi am Musée oflafen.
Wat gefält dir am beschten un dengem Beruff?
Am beschte gefält mir, datt de Beruff esou eenzegaarteg ass an datt ech ganz kreativ ka sinn. Keen Dag ass esou wéi deen aneren. Ech sinn och frou, datt ech mam Naturmaterial Holz ka schaffen. Zousätzlech fannen ech et super flott, datt, wann ech un eppes schaffen, ech och ëmmer d’Resultat dono gesinn. An domat och nach aner Leit glécklech maachen.
Wat muss du alles maache wann eng nei Ausstellung installéiert
Hei schaffen ech ganz vill am Team mat Leit aus dem Musée. Eis Graphiker plangen déi ganz Ausstellung a kucken, wou wat soll hikommen.
Dono geet et dann ëm déi technesch Ëmsetzung. Ech zeechne Pläng vun de Miwwelen, Elementer a Vitrinnen déi gebraucht ginn. A verschidde Miwwele mussen z. B. verstoppte Këschte sinn oder si mussen zesummegeklappt kënne ginn. Hei muss ech mir ganz kreativ Iddien iwwerleeën. Dono kucken ech wéi ee Material ech brauch fir alles ze bauen. En Deel kann ech aus alen Ausstellungen weiderverwäerten an deen aneren Deel muss ech nei kafen. Dat ass meeschtens vill Holz, Schrauwen, Faarwen, asw.
Dono geet et an d’Produktioun, hei ass Millimeteraarbecht gefrot, fir datt dono alles genee op seng Plaz passt. Dat ass e super Challenge an ech freeë mech all Kéiers fir dës Eenzelstécker ze bauen. Zum Schluss ginn dann nach verschidden Elementer ugestrach oder geuelegt.
Wollts du schonn
ëmmer am ‚natur musée‘ schaffen?
Ech wousst u sech guer net, datt de Musée een eegene Schräiner huet an datt dësen och nach an an engem super Atelier däerf schaffen. Wou ech dëst bis erausfonnt hunn, war dat mäin absolutten Dramjob. Fir mech ass et een Dram, datt ech esou vill bauen, bastelen a kniwwele kann. Datt mir dofir och nach top Geschier a Maschinnen zur Verfügung stinn, ass d’Kiischt um Kuch fir mech.
Wat war dann däin Dramberuff als Kand? Helikopterpilot beim Rettungsdéngscht.
NATUR MUSEE
Wat hues du geléiert?
No der Primärschoul an dem Lycée hunn ech mat 15 Joer eng Léier als Schräiner ugefaangen. Dës huet 3 Joer gedauert. Si huet aus enger Mëschung aus Theorie an der Schoul a praktesch Schaffen am Atelier bestan. Dono hunn ech nach weider 3 Joer dru gehaang, fir Schräinermeeschter ze ginn (Chambre des métiers). Hei hunn ech vill iwwer Comptabilitéit vun engem Betrib geléiert a wéi een eng Firma féiert.
War deng Ausbildung cool?
Jo si war flott an awer och ustrengend. Et huet super vill Spaass gemaach an ech hu vill iwwer d’Schaffe mat verschiddene Materialien, wéi z.B. Holz, Metall, Glas a Plastik geléiert.
Wat war däi Liblingsfach an der Schoul?
An der Primärschoul an am Lycée war dat Konscht a Sport. Technescht Zeechne war mäi Liblingsfach an der Beruffsschoul.
Hues du vill misste léieren?
Jo, ech hu vill misste léieren a mech a vill verschidde Beräicher missten eraschaffen: Trapebau, Miwwelbau, Fënster- an Hausdierebau an nach a villes méi.
Wou ass deng Liblingsplaz am oder ronderëm de Musée?
D’Schräinerei, mat all deene ville Maschinnen a Geschier ass wierklech meng allerléifste Plaz am Musée.
Komm an de Musée a kuck dir niewent eiser permanenter Ausstellung och déi ëmmer wiesselend temporär Ausstellungen um leschte Stack un. Hei entdecks du net nëmmen nei Theemen, mee villäicht fënns du jo och eraus, wat ech alles erëm Neies fir d’Ausstellung gebaut hunn.
Hues du nach een Tipp un eis Lieser?
NATUR MUSEE
Du brauchs:
7 Brouttute pro Stär
Pechstëft
Schéier
Ficelle
3
Dréin d’Tuten all Kéiers mat der Ëffnung no uewen.
Fal eng Tut eemol an der Längt (1) an eemol an der Breet (2) op d’Hallschent an nees op. Fal uewen déi zwee Ecker (3), sou datt en Dräieck entsteet, an erëm op.
Pech déi gefaalten Tut op déi 6 aner Tuten (Dro de Pech wéi virdrun an engem ëmgedréintenen T op).
4
5
Stären
2
Pech 6 Tuten openeen de en ëmgedréintenen Pech drop mools.
Elo kanns du denger Kreativitéit fräie Laf loossen a verschidde Stäre mat verschidde Mustere schneiden.
Schneit d’Wutzen uewen of, sou datt en Dräieck bleift (dat sinn d’Spëtzte vum Stär).
openeen andeems ëmgedréintenen T mam mools.
De Panewippchen
‘natur musée’ - 25, rue MünsterL-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450 www.naturmusee.lu www.panda-club.lu
Impressum
Redaktiounskommitee:
A. Bis, S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, G. Kersch, M. Kirsch, J. Meyer, P. Michaely, F. Theisen.
Texter:
P. Birget, A.-M. Bis, S. Goerens, S. Hagen, C. Heidt, G. Kersch, K. Kurt, J. Meyer, B. Minette, D. Schauss, F. Theisen, K. Totaro, S. Weber.
S2 Spiechten am Schnéi, Foto Mëtt a Plomm: Claude Heidt, Spiecht Zong a Spiecht flitt aus dem Nascht: Adobe Stock, Spiecht Hand: Andrea Lupo, Spiecht a Kueb: pixabay, Eeër: Notafly, Spiecht fiddert1: Herwig Winter, Spiecht fiddert2: Simon Mannweiler, aner: shutterstock
De Panewippchen
gëtt ënnerstëtzt vun
Ministère de la CultureMusée national d’histoire naturelleAdministration de la Nature et des ForêtsMinistère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable
Abonnementer & Info
panda-club@mnhn.lu
Tel.: 462233 450
Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.
Stories emerged from stone. Exhibition 11.10.24 — 16.03.25