



Kriibsejuegd Kriibsejuegd
D’gëllen Hänk
Héierkonscht a Klangbiller
Bëschfuerscher D’gëllen Hänk
Kriibsejuegd Kriibsejuegd
D’gëllen Hänk
Héierkonscht a Klangbiller
Bëschfuerscher D’gëllen Hänk
Dënschdeg, den 13. Mee 2025
Donneschdeg, den 15. Mee 2025
Stengefort
Wat lieft eigentlech alles an a bei engem Weier?
Mam Netz gi mir an de Weier vum Centre nature et forêt Mirador no Fräschen, Molchen a ganz vill anere spannenden Déiere fëschen a fannen et eraus.
6-8 Joer
um 14.30 Auer zu Stengefort (zréck: 17.00 Auer)
Janosch Diederich 5 Euro
Schiltzbierg
Mir strumme mam Fiissche
Vulpes Fritz iwwert de Schiltzbierg, gi mat him op d’Juegd, geheien e Bléck an seng Stuff a léiere seng gutt Frënn awer och seng granzeg Nopere kennen.
Dënschdeg, den 20. Mee 2025
Donneschdeg, den 22. Mee 2025
um 14.30 Auer
um Schiltzbierg (zréck: 17.00 Auer)
Mike Hagen 5 Euro
Samschdeg, de 24. Mee 2025
Buerglënster
Mat Kescher a Lupp maache
mir ons op d’Sich no klenge wibbelege Krabbeldéieren a Sprénkerleken. Duerno kucke mir ons déi Borschten emol vu méi no un a léieren si ze bestëmmen.
um 13.30 Auer
zu Buerglënster (zréck: 16.00 Auer)
Janosch Diederich 5 Euro 6-8
Guedber
Mir fänke Kriibsen an engem
Bëschweier bei Guedber a kucken ons déi Borschten emol vu méi no un.
Dënschdeg, den 3. Juni 2025
Donneschdeg, de 5. Juni 2025
um 14.30 Auer zu Guedber (zréck: 17.00 Auer)
Mike Hagen 5 Euro
Donneschdeg, den 12. Juni 2025
Dënschdeg, de 17. Juni 2025
Rued
De Willy Wiichtel feiert
Gebuertsdag an huet eis all op seng Party invitéiert. Komm mat, entdeck dem Willy säin Doheem a seng Frënn an erlief, wéi Wiichtelcher feieren.
um 14.30 Auer
zu Rued op der Atert (zréck: 17.00 Auer)
Dominique Schauss 5 Euro 6-8
Lëtzebuerg
Sinn déi Wëll wierklech nëmmen am Bësch? Am Kader vun eiser neier Ausstellung maache mir eis am Stadgronn op d’Sich no dem wëlle Gedéiesch, dat an der Stad doheem ass. um 14.30 Auer am „natur musée“ (zréck: 17.00 Auer)
Janosch Diederich 5 Euro
Donneschdeg, den 3. Juli 2025
Dënschdeg, den 8. Juli 2025 6-8
Mir entdecken an erfuerschen de Bësch. Et gëtt spannend!
um 14.30 Auer zu Stroossen beim Fräiheetsbam (zréck: 16.45 Auer)
Christiane Flesch (Igel) 5 Euro
Schlammwiss
Mir ginn an d’Schlammwiss an hëllefen d’Vullen beréngen.
Méindeg, de 26. Mee 2025 (moies)
Méindeg, de 26. Mee 2025 (nomëttes)
Dënschdeg, de 27. Mee (moies)
Dënschdeg, de 27. Mee (nomëttes)
moies 9 - 11 Auer oder
mëttes 14.30 - 16.30 Auer zu Mënsbesch
Christiane Flesch (Igel) 5 Euro
Donneschdeg, den 19. Juni 2025
Donneschdeg, den 10. Juli 2025
Lëtzebuerg
Mat Hëllef vun der Sonn maache mir megaschéi
blo Biller vun de Planzen an de Blummen aus der Péitruss. Mir benotzen dofir
d’Cyanotypie, eng Zort Fotografie ouni Fotoapparat!
An Zesummenaarbecht
mam Centre National de l’Audiovisuel (CNA) an der LUGA
um 13:45 Auer an der Stad Lëtzebuerg (zréck: 17.00 Auer)
Mike Hagen 5 Euro
Esch-Uelzecht
Zesumme mam
Klangkëschtler Sam
Erpelding entdecke mir d’Geräischer aus eiser Ëmwelt, huele se op a verschaffe se mat Hëllef vun Tountechnik. Mir
produzéieren eis eegen
Héierspiller a probéiere verschidden Techniken aus fir Klangbiller ze schafen.
um 14.30 Auer zu Esch-Uelzecht
(zréck: 17.30 Auer)
Dominique Schauss 5 Euro
Dënschdeg, den 1. Juli 2025
Donneschdeg, den 3. Juli 2025
Dënschdeg, de 6. Mee 2025
Donneschdeg, den 8. Mee 2025
Buerglënster
Bei engem Trëppeltour komme mir laanscht lauter
Vullenhaisercher, mir kucken eis un, wien do esou erageplënnert ass an och, ob eis Villercher nach op hiren
Eeër sëtzen, oder ob si scho fläisseg um Fiddere sinn.
um 14.30 Auer
zu Buerglënster
(zréck: 17.00 Auer)
Janosch Diederich
Burfelt
Komm mat op de Burfelt! Entdeck d’’Louschläissen’ a wéi een aus wëlle Planzen an der Lou ka Faarf an Tënt hierstellen. Mëttes grille mir beim Stauséi.
An Zesummenaarbecht mat der ANF, Centre Burfelt um 9.00 Auer um P&R Bouillon (zréck: 16.00 Auer)
Dominique Schauss
15 Euro
Dënschdeg, den 20. Mee 2025
Donneschdeg, den 22. Mee 2025
Buerglënster
Mat Kescher a Lupp maache
mir ons op d’Sich no klenge wibbelege Krabbeldéieren a Sprénkerleken. Duerno kucke mir ons déi Borschten eemol vu méi no un a léiere si ze bestëmmen.
um 14.30 Auer
zu Buerglënster (zréck: 17.00 Auer)
Janosch Diederich
5 Euro
Lëtzebuerg
Mëttwoch, den 28. Mee 2025 9-10 Joer
Wärend engem spannende Workshop entdecke mir déi nei Ausstellung „Sous les pavés, la nature“, iwwerleeën eis, wéi mir eis Welt kënne verbesseren an dëst an enger Stad vu muer ëmsetzen. Dono gi mir selwer zum Bauhär a bauen eis Zukunftsstad.
um 9.30 Auer am „natur musée“ (zréck: 12.00 Auer)
Anne-Marie Bis
5 Euro
Donneschdeg, den 12. Juni 2025
Guedber
Dënschdeg, de 17. Juni 2025 9-10
Mir fänke Kriibsen an engem
Bëschweier bei Guedber a kucken ons déi Borschten emol vu méi no un.
um 14.30 Auer zu Guedber (zréck: 17.00 Auer)
Mike Hagen
Lëtzebuerg
Donneschdeg, de 26. Juni 2025 9-10
Sinn déi Wëll wierklech nëmmen am Bësch? Am Kader vun eiser neier Ausstellung maache mir eis am Stadgronn op d’Sich no dem wëlle Gedéiesch, dat an der Stad doheem ass.
um 14.30 Auer am „natur musée“ (zréck: 17.00 Auer)
Janosch Diederich
5 Euro
Mëttwoch, de 7. Mee 2025 tëschent
20.40 Auer (Ufank) an 22.35 Auer (Héichpunkt)
Donneschdeg, de 5. Juli 2025 tëschent 18.35 Auer (Ufank) an 20.35 Auer (Héichpunkt)
Hues du Loscht d’gëllen Hänk um Mound ze erblécksen?
Dës Figur entsteet duerch e Spill vu Luucht a Schiet op der Mounduewerfläch; d’JuraBiergketten um Mound gëtt vun de Sonnestralen erliicht. Dohannert läit awer e risegen Dall, de Sinus Iridum (d‘Reebou-Bucht) am Schiet. Wa mir elo vun der Äerd aus op de Mound luussen, gesäit et aus, wéi wann un onsen Äerdtrabant eng kleng gëllen Hänk gepecht gi wier.
Huel deng Spektiv eraus, géi ee vun den uewe genannten Datumer eraus an de Gaart a kuck der de Mound emol méi genee un. Da wäerts du e mat Sécherheet erblécksen!
6-12 Joer
Vill Spaass!
Beefort
Wolls du schonns ëmmer
Detektiv sinn a Geheimnisser léisen? Da komm mat op eisen Detektivcamp!
Mir erfuerschen Hielen
an hir Bewunner, léisen d’Geheimnis vun de Waasserdéieren a knacke kniffeleg Rätselen.
Mir schlofen an der Jugendherberg zu Beefort.
Vun Méindeg, den 11. August 2025 bis Dënschdeg, den 12. August 2025
Méindeg, um 10.00 Auer zu Beefort (zréck: Dënschdeg, um 17.00 Auer)
Dominique Schauss, Anne-Marie Bis, Jill Flies 85 Euro
Beefort
Wolls du schonn ëmmer
Detektiv sinn a Geheimnisser léisen? Da komm mat op eisen Detektivcamp!
Mir erfuerschen Hielen
an hir Bewunner, léisen d’Geheimnis vun de Waasserdéieren a knacke kniffeleg Rätselen.
Mir schlofen an der Jugendherberg zu Beefort.
Vu Mëttwoch, den 13. August 2025 bis Donneschdeg, de 14. August 2025
Mëttwoch, um 10.00 Auer zu Beefort (zréck: Donneschdeg, um 17.00 Auer)
Dominique Schauss, Katharina Kurt, Jill Flies 85 Euro
Wäicherdang
vun Méindeg, den 1. September 2025 bis Freideg, de 5. September 2025
Hei kanns du alles léieren, wat en Astronaut kënne muss: Rakéite bauen, Stären a Stärebiller erkennen, Fuerschung an Experimenter maachen a sech am Däischtere kënnen orientéieren. Fir onsen Astronautentraining ofzeschléissen, fuere mir een Dag an den EuroSpaceCenter. Mir schlofen am Chalet vum SNJ zu Wäicherdang.
Méindeg, um 11.00 Auer zu Wäicherdang (zréck: Freideg, um 12.00 Auer)
Mike Hagen
Keeserpinguin
Léisung: Hues du dës Déieren erkannt? Hei gesäis du d’Léisung.
Ënner de ville richtegen Äntwerten hu mir eng Gewënnerin gezunn: et ass d’
Claire Schammel aus der Millebaach
Mir gratuléieren!
Verschidden Déieren a Planzen hunn am Lëtzebuergeschen nawell bosseg Nimm! Kanns du se alleguerten erëmerkennen?
Hondsaasch
Bëschbuppert
Wollefsfascht
Jëfferchen
Méckepräbbeli
Ieselsouer
Däin Numm:
Deng Adress:
Schéck deng Äntwert un:
Panda Club
25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg panda-club@mnhn.lu
Umeldung:
De Panda Club huet elo en neie Buchungsprogramm.
Fir iech unzemellen, benotzt wegl. de follgende Link. Dir kritt dann och en neie Login.
https://booking.mnhn.lu/lb-lu/booking
Du kriss deng Confirmatioun iwwer E-Mail. Du kanns deng Umeldung all Moment iwwer däi Benotzerkont op booking.mnhn.lu kucken.
E-Mail: panda-club@mnhn.lu
Gëff Member:
Info: 462233-450
Du bass interesséiert un Déieren, Planzen, der Emwëlt an den
Da gëff Member am Panda Club a maach mat bei spannenden Aktivitéiten, coolen Experimenter a spektakuläre Campen.
Als Member kriss du reegelméisseg onst Programmheft „Panda-News“ an ons Zeitung „De Panewippchen“ geschéckt. Hei fënns du eng helle Wull un interessanten Informatiounen iwwer ons Äerd an d’Liewen op onsem Planéit.
D’Memberschaft ass gratis. Fir weider informatiounen: Panda Club tel: 462233-450 panda-club@mnhn.lu