Gletschertrekking Rapport

Page 1

Gletschertrekking 2018

Rapport Mérite Jeunesse

(23.07.2018 – 29.07.2018)

Liz Burton

kkoooooooooooooooooooooooooooooooooooooooooooooooooooooooooooooooooooooooooooo



Gletschertrekking – Science Club Wéi ech am Februar d’Newsletter vum Science-Club kritt hun ass mir de Gletschertrekking direkt an d’Aa gesprongen. Well ech mech fir alles interesséiere wat mat Äis ze dinn huet an iwwerhaapt schrecklech frou mat de Bierger si, wosst ech direkt datt ech do gäere geng matgoen. Mee natierlech kritt en net ëmmer alles wat en sech wënscht direkt. D’Rees war just vun 13-15 Joer. Ech hun awer am Laaf vum Fréijoer meng 16 kritt. Ech hun awer trotzdem emol telefonéiert an nogefrot ob do eppes méiglech wier. Du sin ech op eng Waardelëscht komm. Et huet geheescht waarden ob sech bis de 15. Mee keng weider 6 Joncker umellen. An iergendwéi hat ech dunn e bësse Chance a kunnt matgoen. Ech war natierlech opgereegt, mee ech hu mech awer scho laang am Viräus vill op déi Woch gefreet. Ech war also mat enger super Équipe eng Woch laang vun der Riederalp aus mam Fotoapparat ënnerwee an hu vill dokumentéiert, natierlech och déi puer Stonnen um Aletschgletscher, dem géissten a längste Gletscher vun den Alpen. Hien huet eng Längt vu bal 23 km. Mir schlofen matten op der Riederalp am Zentrum vu Pro Natura, enger Naturschutzorganisatioun. Meng Fotoen hei am Rapport si mat L.B. gezzechent. Déi Fotoen, déi mat S.C. gezeechent sin, si vun de Moniteure vum Science Club.

1


Dag 1 Um 4:45 heescht et opstoen. Ech sinn e bëssen opgereegt. Ech freë mech schon op eng Woch voll vu spannenden neien Erfahrungen an ech si gespant wat mir alles maachen. Mat Rucksak a Valis musse mir um 5:50 um P&R um Houwald sin. Vun do fiert de Bus fort. Mir kommen un a sammelen eis um Parking. Da kënnt de Bus. E Meedche freet mech ob ech mech wëll nieft hat sëtzen. Ech si frou, well ech hat och wollt froen an elo déi éischt Frëndin fonnt hun. Kuerz no 6:00 fuere mir fort. Mir maachen zwou Pausen ënnerwee, komme laanscht de Genfer Séi a S.C. komme kuerz virun 15:30 am Dall un. Da geet et de Bierg mat der Gondel erop op d‘Riederalp. Op der Endstatioun si mir awer nach net ukomm. Vun do aus geet et emol nach gudd 20 Minutten de Bierg erop bis op eis Hütt. Dat ass no iwwer 8 Stonne Bus guer net esou ohne. Géint S.C. 16:00 si mir op der Hütt ukomm. Mir mussen eisen Handy oofginn. E Sonnde kréie mir en zrèck. Ech komme bei d’Anne-Sophie, d’Laura an d’Lisa an d’Kummer. Mir pake séier aus an da spille mir eng Partie Kaart virum Iessen. Mir maachen nach eng Vierstellungsronn dobaussen un der frëscher Loft Duerno spille mir nach eng Partie Uno a gin da schlofen. S.C.

2


Dag 2 Um 7:00 sti mir op an um 8:00 iesse mir zu moies a maachen eis e Bréitche fir mëttes. Um 9:00 sti mir an de Biergschong prett virun der Dier an eise Guide de Maurus ass och schon do. Mir gin de Bierg erof. Eis Nopere si Kéi, denen hier Klacken en owes am Bett héiert. Dat ass iergendwéi berouegend, et kënnt en sech dann net esou eleng fir. D’Thema vum Dag ass d’Waasser, virun allem geet et em d’Waasserleitungen, déi ëmt 14. Jh. ugefaangen hu gebaut ze ginn. D’Waasser kënnt vum Gletscher hannert der Riederalp, mee et muss virun de Bierg fir d’Felder op der Südsäit bewässeren ze kënnen. Dofir gouf S.C. d’Riederi gebaut, eng Waasserleitung vu ronn 12 km. Eise Wee soll eis laanscht dëss Waasserleitung féieren. Net wäit viru bleiwe mir stoen. De Wee ass kaal. Et sti keng Beem do, wéi ronderem. Am Fong jo näischt esou Ongewintes. De Maurus mëcht eis drop opmierksam. Hie freet eis firwat. Kee wees eng Äntwert, bis e vun de Moniteure seet: „War do net e Brand?“. Jo. 1944 sin e puer Touriste vum Jungfraujoch eriwwer gewandert komm an hu sech bei der Riederalp verlaaf. E vun hinnen huet eng Zigarett ewechgeheit an et ass zu engem Brand L.B. komm. Et huet wochelaang gebrannt, well keng Pomjeën do waren. Et war am 2. Weltkrig an d’Männer waren op de Grenze stationéiert. Wier dunn net iwwerraschend Schnéi komm, wier nach vill méi Schuet entstanen, an de Brand wier sëcherlech net esou séier geläscht ginn. Elo wou en dat weess kënnt en sech iergendwéi onachtsam vir an et ass iergendwéi komesch op esou engem friddleche Wee ze goe wou d’Leit an d’Natur eng Kéier sou vill Misär haten. Et geet virun de Bierg of. E Moment gesäit en d’Matterhorn vu wäitem. Mir kréien erklärt wéi si d’Waasserleitunge ronderem de Bierg verluecht L.B.

3


De Föhn

S.C.

Wa Wolleken op Bierger treffen da klammen se an d’Luucht. Do uewe gëtt et da méi kal an eng kal Wollek ka manner Waasser halen. Dofir renen se sech aus. Wann dat Ganzt dann op der anerer Säit vum Bierg oofsteigt, dann erhëtzt sech dat ganz séier. Dobäi entsteht da waarm, drëche Loft. De Wallis ass emrandt vu Bierger. Vun dohier kënnt de Föhn am Wallis vun alle Säiten. Dat mëcht de Kanton zu enger ganz drëchener Regioun.

hun a mussen et selwer mat Plastikréierecher probéieren. Dobäi fanne mir eraus datt dat guer net esou einfach ass. Zumools well de Gletscher am Wanter méi wäit virstéisst wéi am Summer. Dowéinst an och wéinst Steeschléi muss d’Leitung ëmmer erëm gefleckt ginn. Déi Aarbecht iwwerhuele jonk Männer, déi sech eppes zu Schold komme gelooss hunn an déi hieren Numm wëlle reng wäschen. Déi ganz Bewässerung ass awer iwwerhaapt eréischt noutwändeg well et am Wallis esou drëchen ass. Dat ass esou wéinst dem Föhn. Mee d’Schwäizer hun sech do awer och nach eng aner Geschicht afaale gelooss. Mir kréien och erklärt datt et zwou Zorte vu Leitunge gouf. Plaatzeweis besteet d’Leitung aus dräi Brieder déi unenen geneelt sin an op anere Plaatzen hu si e Bamstamm ausgehielegt. Da geet et op d’Staumauer. Si ass 122m héich an ass dofir gudd Stroum ze produzéieren. Et geet erëm virun an um 12:30 steet eng Mëttespaus um Programm wou mir eis Bidonen opfëlle kënnen. Da gëtt et interessant. De Pad gëtt ëmmer méi schmuel a geschwënn geet et nieft engem gefillten 100m, wann net méi, erof. Mir kommen op eng Plaatz D’Soo wou nëmme Geröll läit. Da komme mir laanscht Fielsen. Et gëtt gezielt, dass den Herrgott mam Péitrus en De Wee ass dra gebaut an et Tour duerch di ganz Schwäiz gemaach huet. Zum huet e besser kee Schrëtt Schluss gouf et eng Versammlung mat falsch ze setzen. Mir komme Representanten aus alle Kantonen. Do hun bei en Tunnel. Ronderem de d’Schwäizer den Herrgott ëm e Gefale gefrot. Hie soll Bierg gesi mir d’Iwwerreschter d’Schwäiz mat Waasser versuegen an et rene vun enger Waasserleitung. loossen. Mee de Péitrus huet gemierkt datt Schrecklech geféierlech. Dat d’Walliser net ganz zefridde waren an hannen am Eck war d’Aarbecht vum Sander getuschelt hun. Hien ass bei si gaang a si soten si och. De Sander war dofir gengen hiere Kanton léiwer selwer bewässeren. zoustännesch d’Leitung ze Dofir ass et haut am Wallis esou drëchen. Am ganze botzen well sech doran ëmmer ganz vil Sand Rescht vun der Schwäiz bewässert den Herrgott oofgelarert huet. D’Waasser d’Felder, mee am Wallis maachen se dat selwer. 4


aus dem Gletscher ass D’Soo vun den 3 Sander nämlech voll mat Sand vun denen oofgeschlaffene Matten am Bierg, ronderem den d’Riederi geet soll eng Steng. Dofir gëtt a gouf et Jongfra liewen: eng Fee. Do sin enges Dags 3 Sander och nach iwwert d’Riederi komm. Op emol hu si héieren: „Stund „Gletschermëllech“ isch da, aber der Ma no nit“. Am Ufank wosste si net ob genannt, awer och si sech net vläicht verhéiert hätten. Mee du méi spéid hu „hellegt Waasser“ wéinst si et nach eng Kéier héieren, awer déi Kéier méi haart: sengem grousse Wäert. De „Stund isch da, aber der Ma no nit“. Do wosste si datt Sander ass dobäi iwwert dat d’Fee wier. Si wollten se dunn onbedingt gesinn. Si eng Ganglat gaangen esou hu se nach eng Kéier héieren. Awer elo esou haart, dass datt seng Féiss drëche et als Echo zréckkomm ass: „Stund isch da, aber der Ma bliwwe sinn. Well dem no nit“. Dunn hu si Kaméidi héieren. Vun uewen si Geröll Sander seng Aarbecht a Steng gefall komm an hu si mat an den Doud gerappt. esou geféierlech war, war si am Ufank och gudd ugesinn. Dat huet sech awer am Laaf vun der Zäit geännert. Duerno goufen am Duerf Ziedele verdeelt a jiddereen huet missen drop schreiwe wat e gäeren als Loun hätt. Dunn ass d’Aarbecht un de gaangen den am mannsten dofir gefrot huet. Och d’Leit, déi d’Reperaturen hu misse maachen, goufen dunn ausgeloust. Dat huet awer provozéiert datt ëmmer méi Accidenter geschitt sinn. Dozou gëtt et och eng Soo vun 3 Sander, déi eng Fee héieren. Well et ëmmer méi geféierlech ginn ass, Pro Natura hun d’Leit wëllen e Stollen duerch de Bierg bauen. Si haten d’Suen Pro natura beschreiwt sech folgendermoossen: awer net dofir. Dun hu si en Handel Für mehr Natur – Überall! mam Virgänger vu Pro Natura Pro Natura ist die älteste gemaach. Si hun hinnen de Bësch Naturschutzorganisation der Schweiz. Wir als Naturschutzgebidd gin a kruten dofir vun hinnen de Stolle bezuelt. lieben die Natur, verteidigen ihre Interessen und Duerch de Stolle kënnt dann och dat verleihen ihr eine starke Stimme. Die natürliche Feld mam Geröll duerch dat mir Vielfalt an Tieren, Pflanzen und Lebensräumen vierdru gaange sinn, dat ass de muss erhalten und gefördert werden! Steen, den si äus dem Bierg eräus geholl hunn. Source: https://www.pronatura.ch/de

L.B.

L.B. 5


L.B.

S.C.

Duerno komme mir op eng Plaatz wou en Deel vun der Riederi rekonstruéiert gouf. Dobäi sin d’Stützmaueren awer nach Originaler. Heibäi erkennt en dann och gudd de Prinzip vum äusgehielegte Bamstamm. Schliesslech si mir ronderem de Bierg an op der Sonnesäit. Et ass direkt e ganz anert Klima an eng fuerchtbar Hëtzt. Mir léiere wéi d’Planzen sech un déi Konditiounen upassen. Déi eng hun Nolen. De Vierdeel dovun ass, datt d’Fläch L.B. vun de „Blieder“ méi kleng ass an datt dofir manner Waaser verdonste kann. Aanerer hu ganz deck Blieder an dene si Waasser späichere kënnen. S.C. Et geet virun an et kënnt engem vir wéi wann et ëmmer méi waarm geng ginn. De Pad ass delweis esou schmuel, dass just e Fouss dohi passt. Déi nächst Metere sinn haart, och wann d’Vue vun do aus et allemol wäert ass. Ech spieren all Bewegung an et ass mir waarm. Do kënnt d‘Öffnung vum Stollen op der anerer Säit genau richteg. L.B.

6


Schon op 10m Distanz spiert en dass et méi kaal gëtt a wou mir alleguer eis Hänn an d’Waasser gestreckt hun geet et eis besser. Da geet et nach e Steck laanscht de Kanal a mir kréie gewisse wéi d’Bewäserung fonktionéiert huet. Dat war ënnert der Woch e strikten Zäitplang. Jiddereen hat seng bëstemten Auerzäit e bëstemmten Dag wou en huet dierfen d’Waasser op säi Feld leden. D’Sonndeswaasser gouf un de Meeschtbiddende verkaaf an den Erléis war fir d’Kierch.

L.B.

L.B.

L.B.

Duerno maache mir nach eng Challenge. Mir sollen eis Hänn ganz an d’Gletscherwaasser strecken a wie seng Hänn am längsten dran hällt gewënnt. Ech sin am Ufank gudd mat dobäi, mee dann hun ech d’Gefill, dass ech meng Fangeren net méi ka bewegen an huelen d’Hänn eräus. Do sinn der awer nach eng Parti mat méi Durchhalteverméigen. No enger Zäitchen enege mir eis drop datt et 6 Gewënner gëtt a si zéien hier Hänn gläichzäiteg eraus. Dat war awer elo gudd fir sech nach eng Kéier e bëssen oofzekillen. S.C. 7


Mir sin den Dag awer all frou wa mir an der Gondel sëtzen. Am Supermarché kaafen ech mir nach eng Apfelschorle an e Steck Toblerone als Stäerkung no dem Dag, äusserdem nach e puer Postkaarte fir heem ze schecken. De Wee erop ass awer elo haart. Mir maachen zwou Pausen ënnerwee. Beim Owesiesse musse mir eis decidéieren ob mir e Freide mat op L.B. d’Hüttenwanderung wëlle goen oder léiwer op d’Hängebreck. Ech wollt eigentlech onbedingt op d’Hüttenwanderung goe fir de Gletscher nach emol ze gesinn, mee ech wëll d’Mondfinsternis net verpasse, well dat wuel déi lescht ass déi ech esou am mengem Liewe gesi wäerd. Äusserdem kann en sech jo och net bekloe wann en op eng Hängebreck geet. Nom Iesse gi mir nach eng Parti Kaart spillen a schlofen den Owend gudd.

S.C.

8


Dag 3

S.C.

S.C.

Haut steet de Rafting um Programm. Et geet um 6:30 äus dem Bett a mir musse séier Kaffi drenke fir um 7:30 prett ze sin. Da gi mir erof bei d’Gondel. D’Vue ass wonnerschéin an déi frësch Loft deet gudd fir wakreg ze ginn. Mir fueren an den Dall. Eng Stonn Zuch fir dohin. Da geet et un. Mir kréien en Neoprenkostüm un an eppes ewéi eng Reejacket, äusserdem Neoprenschung. Den Addi an d’Ramona, eng jonk Koppel äus der Schwäiz, si bei eis am Boot. E Stëck fuere mir mam Minibus an da maache mir eng Trockenübung. „Alle vorwärts!“ „Alle rückwärts!“ „Rechts rückwärts!“ „Links rückwärts!“ „Stop!“ „Pause!“ heescht et da vum Responsabelen. Da geet et an d’Waasser. Ech sin e bëssen erféiert wou ech gesinn datt mir um Rand an net am Boot sëtzen an eisen enzegen Halt S.C. eng Fousschläuf ass. Meng Féiss gin äiskaal a mir klammen op d’Boot. Et dauert e bëssen an da si mir all méi sëcher. Déi éischt Sprëtzer kommen mee insgesamt ass de Rhône roueg. Da kënnt eng „Attack“ vun der anerer Équipe. Mir kommen op eng Plaaz wou eise Guide seet d’Waasser wier net déif. Mir sollen eraus klammen. Am Ufank sin ech net esou iwwerzeecht vun der Iddi mee da soen ech mir datt déi Gelegenheet net méi rëm kënnt. Ech stolperen e bësse mee geschwë laafen ech nierft dem Boot. An och de Leschten den sech geweigert huet, gëtt an d’Wasser gestouss. Ech doe mech e bësse schwéier fir erëm an d’Boot ze klamme mee d’Ramona gëtt mir d’Hand an hëlleft mir. 9


S.C.

S.C.

S.C.

Da komme mir nach op e puer méi interessant Plaze wou et séier geet an e gudd gerëselt gëtt. Et ass mega schéin a mir hun all vill ze laachen. No 12km um Rhône komme mir dann och schon un. Schon de ganze Wee iwwer war et mir kaal, mee am Minibus fir zrèck gëtt et besser. Virun allem wou mir dann erëm eis Kleeder un di gëtt et mir méi waarm. Mir kréien eppes Waarmes ze drenken an e gudd Steck Kéis. Nom Mëttegiesse spille mir nach eng Parti Kaart an da gi mir an den Zuch wou mir viru spillen. Mir hun och elo en neie Kolleg fonnt, mat dem mir esou vill laache wéi scho laang net méi. Mir gin nach séier an de Supermarché an déi Kéier verséisst eis d’Laachen de Wee fir erop. Nom Iesse maachen mir nach e Spillowend. Mir spillen „Die perfekte Minute“ wou sou munch e vun eis bei denen eenzelnen Aufgaben witzeg ausgesäit.

S.C.

10


Dag 4 Enstehung vun engem Gletscher

S.C.

Mir stinn um 7:15 op. Da geet et op de Kaffisdësch an da waart eise Guide, de Pascal, schon op eis. Mir kréien d’Spikes äusgedeelt, déi mir fir de Gletscher bräuchen. Da gi mir lass, de Bierg eroof bei eng aner Gondel. Mir huelen déi bis ganz erop well mir net duerch d’Sperrgebiet kënne goen. Wou mir eraus klammen hu mir eng wonnerschéi Vue riicht op de Gletscher eroof. E

L.B.

bësse méi déif maache mir eng kleng Paus a mir kréie gewisse wéi e Gletscher iwwerhaapt entsteht. Mir kréien och erklärt wouhier déi donkel Sträifen am Gletscherkmmen. Dat si Moränen. Mir kréien de Prinzip vun engem Gletscher um Beispill vun enger

An der Héicht wou de Gletscher entsteht fällt och am Summer Schnéi. Am Dag sin do e bësse méi wéi 0°C dofir schmëlz dann de Schnéi. An der Nuecht sin dann erëm e bësse manner wéi 0°C, da gefréiert d’Waasser erëm. Wann de Virgang sech dann ëmmer erëm widderhëllt, entsteht mat der Zäit Gletscheräis. Duerch säin enormt Gewiicht rutscht de Gletscher de Bierg eroof. Duerch Widderstänn um Buedem ass dann och d’Entstehung vu Gletscherspalten ze erklären. Zesummegefaasst bräuch e 4 Saachen: eng niddreg Temperatur, Nidderschlag, d’Schwéierkraaft, fir datt de Gletscher sech no ënne beweegt, a Schmelzwaasser, wat duerch den Drock vum Gletscher entsteht, fir dass de Gletscher iwwert de Sten gleite kann. 11


Hunnegschmier demonstréiert. Dobai stellt den Hunneg de Botter Wann de Gletscher sech bewegt da schleeft en op d’Gletscheräis, de Säiten Steng a Geröll mat. Dat gi Schmelzwaasser an d’Schmier de Seitenmoränen. Den Aletschgletscher besteht Buedem duer. Da gi mir nach e awer am Fong äus dräi Gletscheren déi um Steck virun an treffen eise Konkordia-Platz zesumme fléissen. Do ginn dann Bergführer de Martin. Hie soll eis op de Gletscher féieren. Mir gin all Kéier zwou Seitenmoränen zu enger de Bierg erof. Mir si schon a Mittelmoräne. Verspéidung a si gin de Bierg esou séier eroof datt mir bal net nokommen. Ech schaffe bal méi mam Kapp wéi mat de Féiss fir ze kucke wou ech soll hintrëppelen. Ech muss höllesch oppasse fir net ze falen. Ech probéiere mech un de viru mir ze krämpen, ech kucke wou hien hintrëppelt, wou hie rutscht, wat gudd geet, wat Source: http://www.spiegel.de/fotostrecke/der-simuliertenet. No enger Zäitche komme aletschgletscher-fotostrecke-111218-4.html mir dann ënnen un. Bei engem klenge Séi iesse mir en Deel vun eisem Mëttegiessen. Mir kréien och Gesellschaft vun engem Mitesser. E Schof huet sech bis bei eis getraut an entdeckt eis Rucksäck. Ech maache meng Boxebeen méi laang an di Fleeze, Jacket, Mutz, Buff an Hännschen un. Da gi mir op d’Säitemorän an dinn d’Spikes un. Mir ginn zesummen un e Seel gestreckt a gin op de Gletscher. Mir musse säitlech optrëppelen. Mir wandere virun. Mir fanne Gletscherfléi. Dat si kleng Déieren, méi kleng wéi Seechomessen, déi am Äis iwwerliewe kënnen a sech am léifste vu Pollen ernähren. Op emol kënnt en sech esou winzeg vir. Esou machtos. An awer brengen d’Mënschen et fäerdeg dat alles futti ze maachen, woumat mir dann op d’Thema Klimawandel L.B. virgräifen. Ech schéissen d’Fotoe quasi all us der Hand, well ech Angscht hun e Fouss falsch ze setzen. Ech hoffen datt der alt e puer derbäi sin, déi eppes gi si, fir dass ech se mengen Eltere weise kann. Mee eng Foto ka souwisou nëmmen e Brochdeel vun dem erëmginn wat en do uewe matkriit a spiert. Ech kann et net beschreiwen, ech hu keng Wierder dofir. Ze soen et ass wonnerschéin ass masslos ënnerdriwwen. Nieft eis si Gletscherspalten, guer net esou ohne. Mir gesin en esougenannte Gletschertisch. Mir mussen iwwert eng Gletscherspalt sprangen. D‘Häerz rutscht mir bal an d’Box mee am Endeffekt ass et guer net esou schlëmm. Mir komme bei en hëlzene Stab, de weist wéivill Äis a 6 Deeg geschmolt ass. Krass! Et muss en dobäi natierlech och bedenken,

Moränen

12


dass de Gletscher e Steck eroofgerutscht ass an datt et Summer ass an datt de Gletscher dementspriechend net grad esou vill zrèck gaangen ass wéi dat elo äusgesäit, mee awer. Da komme mir laanscht eppes ewéi Sandkegelen. Mee do ass Äis drënner. De Prinzip ass de selwechte wéi beim Gletschertisch. De Martin geet Waasser sichen a schëtt et driwwer. Et gesäit esou aus wéi wann de Sand sech geng an Äis verwandelen. Da geet et lues a lues erëm zrèck. Als Oofschloss kréie mir Gletscherwaasser mat engem Sirop ze schmaachen. Net ze vill, well et esou mineralhaltech ass. Et schmaacht richteg gudd an erfrëschend. Soubal mir erëm op der Morän sinn di mir d’Spikes erëm äus, a wäschen se am Gletscherwaaser.

Gletschertisch Bei engem Gletschertisch handelt et sech em e Sten, den op enger Seil Äis läit. Dat passéiert well de Sten dat Äis wat ënnert em läit virum Schmëlze schützt.

L.B.

L.B.

L.B.

L.B. L.B. 13


Da geet et eroof vum Gletscher. Mir gin 10 Minuten de Bierg erop an dann iesse mir de Rescht. Da gëtt et richteg sauer. Mir maachen nach eng Paus an da gi mir e Steck distanzéiert, mee mir verstinn eis all gudd an eisem Grupp. Wou mir dann endlech uewen ukomme maache mir nach eng Kéier eng wuel verdingte Paus. Mir kréien un engem Model nach eng Kéier gewisse wéi déi Mittelmoränen entstinn, an zwar mat Vanillscreme als Gletscher a Schoklasgrimmelen als Geröll. De Rescht vum Wee ass relativ riicht, mee mir sin awer midd a gebrach vum Dag. Da bleiwe mir stoen. De Pascal erzielt eis datt de Gletscher wéinst dem Klimawandel an der Äerderwärmung ëmmer méi wäit zrèck geht. Dat brengt awer net nëmme waassertechnësch Problemer mat sech. Well de Gletscher en héigen Drock op d’Bierger äusübt, an den Drock dann oofhëllt wann de Gletscher zrèck geet, rutschen d’Häng of. Dofir ass dat alles do ronderem och Sperrgebiet. D’Universitéiten iwwerwaachen alles. D’Leit waren sech zwar bewosst datt de Problem geng kommen, mee si haten e massiv ënnerschätzt. d’Gondel mat der mir erop gefuer sinn ass dofir am Moment dat bescht iwwerwaachtent öffentlecht Verkéiersmëttel vun der Schwäiz. Si gouf extra schon esou gebaut, dass si Spillräum hu fir se ze reckelen. Mee säit 2016 hu si schon zwee Drëttel vun dem Spillräum genotzt. Ech fannen dat iergendwéi schued. Ech hun déi Gondel esou schéi fonnt. Si ass vill méi héich, et gesäit e gudd eräus. Wat heescht dat dann och fir d’Existenz vun dene Leit, awer och fir de Liewensraum den do oofrutscht, fir Planzen a fir Déieren. Da gi mir weider a komme komplett fäerdeg bei der Hütt un. Et ass 18:00, mir hun enorm Retard. Mir hetzen eis fir an d’Dusch, mee mir packen et net ganz fir um 18:30 um Dësch ze sëtzen. Duerno telephonéieren ech heem. Ech froe wéi et am Tour de France gaangen ass. Dat ass eigentlech dat eenzegt wat mir dru feelt, keen Handy ze hun, datt en net matkritt wat an der Aktualitéit esou lass ass, mee heiandsdo ass dat och guer net esou schlecht. Ech sin e bëssen enttäuscht wou ech gewuer ginn datt de Bob Jungels wahrscheinlech keng Chance méi huet fir an d’Top Ten ze kommen.

14


Dag 5

L.B.

L.B.

L.B.

Et geet haut schon um 5:00 aus dem Bett fir d’Wildbeobachtung. Mir kréien eng Spektiv a ginn an 2 Gruppen opgedeelt. Mir gi fort a gesi geschwënn déi éischt Gems. Da kommen nach e puer Réi. Mir kréien de Prinzip vum Wildwechsel erklärt. Dat heescht datt d’Déieren an der Nuecht op der Südsäit sinn an am Dag zimmlech ënnen op der anerer Säit vum Bierg. Sou fréi moies kommen d’Déiere vun der Südsäit eriwwer, dofir stinn d’Chancen elo gudd fir der e puer ze gesinn. Mir gesinn och Spueren um Wee. Déi eng si vu Gämsen, déi aner vu Réi. Déi vun de Réi si komplett agedreckt, während déi vun de Gämse just um Rand agedreckt sinn. Da gesi mir nach duerch e speziellt Fernrohr e Steebock. Et ass äiskaal, mee et ass wonnerschéin wéi d’Sonnestrahlen iwwert de Bierg briechen an d’Spëtzte vun de géigenwwerleiende Bierger beliichten. Vun der Keelt ass et awer schwéier sech ze konzentréieren wou eise Guide eis erklärt wat d’Merkmaler vun der Gems a vum Hirsch sin. Mir kréien jeweils e Gewei an eng Patt gewisen. Da gesi mir nach en dëckt rout Déier, wat 15


komesch Geräischer vu sech gëtt a fléie kann. Ech maan de Geck, et ass en Helikopter. Ech si frou fir erëm zrèck op de Kaffi. Den Dag soll relax sin. Um 9:30 gi mir fort. E Steck goen an da maache mir eng Zocht Talabfahrt mat enger Trotinette, awer natierlech mat S.C. méi decke Rieder, also keng vun denen déi en heiheem gesäit. Am Ufank sin ech e bëssen onsëcher mee mat der Zäit gëtt et besser an och d’Kéiere gi mëttlerweil. Et ass dann och erëm séier eriwwer a mir fuere mat der Gondel erop. Mir gi bei de S.C. Bettmerséi fir do zu Mëtteg z’iessen a mir gin och dra schwammen. D’Waasser ass äiskaal. Ech sin direkt ausser Otem, ech packen et net wäit, well meng Muskele gi steif, mee et ass awer mega flott. Da gi mir an d’Hütt. De Wee ass net esou schwéier, et geet just liicht de Bierg op. Zu e puer Kollege potere mir nach e bëssen a ginn dann iessen. Et ass haut méi roueg, well mir just den halwe Grupp sinn, déi aner si jo op der Hüttenwanderung.

Da steet haut den Owend nach d’Mondfinsternis un. Mir gin eraus an et gi Spektive verdeelt. Am Ufank gesäit Bei enger Mondfinsternis en de Mound guer net, a mir froen eis wat dann do de stinn d’Sonn, d’Äerd an de Problem kënnt sinn, mee da kënnt de Mound hannert Mound genau an enger Achs. dem Bierg eraus. En ass scho bal ganz bedeckt. De Schiet Doduerch fällt de Schiet vun ass rout. Et erkennt en souguer d’Moundkugel, de Mound gesäit net méi äus wéi eng Scheif. Mir kënnen der Äerd op de Mound. duerch e Fernglas kucken. Dann taucht och de Mars op. D’Resultat ass eng Den ass haut esou no wéi soss ni un der Äerd a liicht ganz Mondfinsternis. hell. Et gesäit en och iwwer eis esou vill Stäeren. Net esou wéi doheem, do ass et vill ze hell. Och de grousse Woon ass richteg hell a kloer. Do si Leit mat richteg gudden Teleobjektiver a Stativ, dat geng ech mir elo och wënschen, well ouni Stativ kann en dat schon emol ganz vergiessen. No enger Zäit gi mir erëm eran a kucken nach vun eiser Kummerfënster wéi de Schiet erëm vum Mound erooffällt. Dat do war da wuel déi éischt an déi leschte Kéier datt ech esou eng Mondfinsternis hun dierfe gesinn, well esou eng wéi déi hei gëtt et eréischt an 150 Joer nach eng Kéier.

Mondfinsternis

16


Dag 6

L.B.

Haut sti mir eréischt um 8:00 op. Um 8:30 drenke mir Kaffi. Um 9:30 solle mir eigentlech op d’Hängebreck goen, mee et reent a mir verschieben dat emol fir oofzewaarde wéi d’Wierder an eng/zwou Stonnen ass. Ech gi mam Robert bis eroof an de Supermarché an L.B. duerno sin d’Wierderkonditiounen och esou datt mir kënne fortgoen. Et si 500 Héichtemeter bis eroof. Mir begéinen eng Gems ënnerwee, déi sech net vun eis oofschrecke léisst an einfach stoe bleift wou mir laanscht ginn. Bei all Schrëtt soen ech mir, dass dat elle gëtt fir dat alles erëm erop ze goen, mee ech probéieren et auszeblenden. No ongeféier anerhalwer Stonn komme mir beim Grünsee un, dee säin Numm net fir näischt huet. En ass wierklech nawell gring an net ganz propper. Ech sin e bësse midd, mee ech muss laache well dem Laura seng Schmierkëscht an d’Waasser fällt an hat verzweifelt versicht se eraus ze S.C. fëschen. Mir maachen och just eng kuerz Mëttegpaus well d’Wieder erëm am Gaangen ass ze changéieren. Et geet nach e Stëck de Bierg eroof. D’Hängebrëck ass mega schéin an d’Vue selbstverständlech och. Et schaukelt, mee d’Héicht mëcht mir näischt aus. D’Gletscherwaasser ënnert eis ass esou wëll a gesäit esou geféierlech aus, wéi wann et alles geng mat sech rappen. Da geet et erëm erop. Op dem Stëck bis bei de Séi musse mir vill iwwer Steng krackselen. Op enger Plaatz ass de Wee just en 17


ongeféier 30 cm breet Steck Holz wat zwee Stecker Fiels verbënnt. Un der Fielswand ass e stolent Seel. Ech hun e bëssen Angscht e Fouss falsch ze setzen, well nieft mir geet et riicht eroof. Beim Grünsee maache mir nach eng Drenkpaus an da geet et erop. Ech ziele, fir dass ech mech net esou op d’Ustrengung konzentréiere kann. Scho gläich gesäit en déi zwee déi vir gaange sin net méi an ech kréien Angscht well ech näischt vum Wee erëm erkennen, bis de Laurent mir seet, dass mir en anere Wee zreck gin. Den éischten Deel vum Wee ass haart a mäin Häerz klappt mega séier vun Ustrengung, mee duerno geet et ëmmer besser. Ech gin a mengem Rhythmus net ze séier vir. Déi aner deklaréiere mech zum Guide ☺. Et reent erëm, mee et ass ze waarm a mir maachen en ze groussen Effort fir d’Reejacket unzedinn. Ech wees net ob ech méi naass vum L.B. Schweessen oder vum Ree sin. Da komme mir an de Bësch an de Wee ass elo wonnerschéin, awer ëmmer nach ustrengend. Mir sin all frou wou mir uewen op der Riederalp erauskommen. Mir gesin awer net vill, well alles komplett am Niwwel hänkt. Wou d’Hütt aus dem Niwwel optaucht halen ech op mat zielen: 1382. Mee wann ech mech ënnerwee net esou oft verzielt hätt, wier ech bestëmmt bis bei 1500 komm. Ech paacke schon e bëssen a mir gin nach e Steck Kuch iessen. Nom Owesiesse steet nach e Casinoowend um Programm. Ech spille beim Black Jack mat, mee ech landen op der zweetleschter Plaatz. Et ass e komëscht Gefill, dass dat elo eise leschten Owend war. Och, dass wou mir an eis Kummer komme schon alles esou eidel an no Opbroch äusgesäit. Ech brauch haut och méi laang wéi soss fir anzeschlofen, vläicht och e bësse well et mir Leed deet datt dat elo schon eis lescht Nuecht ass.

18


Dag 7

S.C.

Mir stinn um 6:30 op a raumen nach séier de Rescht vun eise Saachen zesummen. Dann drenke mir nach Kaffi an da geet et de Bierg eng leschte Kéier eroof. Ech gin nach eng Kéier an de Supermarché mir e puer Kichelcher fir de Wee kaafen. Mir klammen an d’Gondel a vun do aus an de Bus. D’Laura an ech soen de Moniteure villmools Merci fir déi wonnerbar Woch. Ech mengen et ass egal vu wou e kënnt, et freet en sech ëmmer fir heem, awer en Deel vu mir deet sech schwéier. Ech vermëssen d’Bierger an den Alldag dohannen elo schon, awer och all meng Kollegen. Mir tauschen d’Nummeren aus. Et ass traureg fir eis all an d’Zäit geet vill ze séier rëm, mee mir decidéieren onbedingt eppes zesummen ze maachen, zum Beispill op d’Fouer ze goen. Mir kommen um P&R un. Ech huele si all nach eng Kéier an den Aarm an da klammen ech bei mäi Papp an den Auto.

S.C. 19


Erëm doheem Wou ech erëm doheem war, war ech mega frou fir meng Famill erëm ze gesinn, och wann et heiheem vill méi waarm war wéi an de Bierger. Ech hu meng Kollegen awer trotzdem vermësst an och d’Bierger, déi wonnerbar gesond a frësch Loft an iwwerhaapt den Alldag mat de Wanderungen. Dat war sëcher eng vun dene schéinsten Erfahrunge vu mengem Liewen. Ech hun esou vill geléiert. Virun allem ass mir um Gletscher bewosst ginn, wéi kleng mir sin an dass mir awer schold dru sinn, dass de Gletscher zrèck geet. Ech hun awer net nëmmen an de Beräicher Flora, Fauna, Geographie, Geschicht a Wëssenschaft eppes dobäigeléiert, mee och a Saachen Teambuilding. Mir sinn zu verschiddene Leit mat verschidde Charakteren aus verschiddenen Ecke vum Land, déi mir eis virdrun net kannt hun, an der Woch onwahrscheinlech zesummegewuess. Ech wees net wéi laang et nach dauert bis de Gletscher ganz verschonnen ass, eise Guide huet eppes vun 2090 gesot, vläicht war dat elo meng lescht Gelegenheet esou eppes ze maachen. Mee ech ka mat absoluter Sëcherheet soen, dass ech mech glécklech schätze kann, dat do eng Kéier erliewt ze hun, an dass déi Woch sëcher ëmmer eng Éiereplaaz a mengen Ërennerunge behällt.

20


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.