Service éducatif MNHN Luxembourg "Eraus an d'Natur -- D'Natur an ärer Gemeng 2011-2012"

Page 1

Era us a

n a r u t a D’N g o r P

m m ra

m u v

äre rG

éd uc ati f2 01

2 1 1/

emen g

se rvi ce

n ’d N

r u t a


Inhaltsverzeechnes Eraus an d’Natur op e flotte Site ................................ 3 D’Natur an ärer Gemeng ........................................... 21 Praktesch Informatiounen ......................................... 26 Iwwersiichts Tableau .................................................. 28

2


Eraus an d’Natur op e flotte Site Cycle 1 préscolaire bis 4 September - Oktober /halwen Dag

Mir ginn an d’Drauwelies Extra recommandéiert fir de Cycle 3! D’Kanner gi selwer an d’Wéngerte liesen, pressen hiren eegenen Drauwejus a ginn e ganze Koup iwwert eis Musel gewuer. Aus organisatoresche Grënn kënne mer iech de geneeën Treffpunkt eréischt am leschte Moment (dee Muere selwer) matdeelen. Wéinst schlechtem Wieder kann et sinn, dass mer d’Aktivitéit kuerzerhand mussen ofsoen. Mellt iech elo schon un fir den Oktober 2012! Grevenmacher - Jardin des Papillons: 15 min

3

BESAT! CO M P L E T FIR 2011


Cycle 1 préscolaire bis 4 vum 1. Oktober un / halwen oder ganzen Dag

De Gréngewald De Gréngewald ass dee gréisste lëtzebuergesche Bësch. Um Site vun de Raschpëtzer, wou mer ganz al Waasserleitungen aus der Réimerzäit entdecken, gi mer gewuer, dass de Gréngewald e wichtegt Drénkwaassergebitt ass. Op enger flotter Plaz am Bësch maache mir eng ganz Rei Naturspiller, fannen eraus wéi eng Zorte Beem een hei fënnt a sichen och Spuere vun Déieren. Jee no Saison an op Ufro kënne mer folgend Sujeten verdéiwen: Fréijorsbësch a Fréibléier Bëschbuedem, Buedemdéieren a Naturkreeslaf Som, Friichten an hir Verbreedung Liewensraum Bësch a Bëschdéieren De Bësch mat all de Sënner erliewen De Notze vum Bësch fir Mënsch an Ëmwelt

Naturspiller Cycle 1 présc. - 2

Natur- a Kulturgeschichten Cycle 3 - 4

Walferdange - Gare

4

Op Ufro kënne mir Iech och e flotte Bësch ronderëm d’Stad Lëtzebuerg proposéieren, wou Dir mat engem städtesche Bus kënnt hifueren


Cycle 1 préscolaire bis 4 vum 1. Oktober un

Ellergronn An Zesummenaarbecht mat der Naturverwaltung Am Ellergronn zu Esch fanne mir eng eenzegaarteg Naturlandschaft: Bësch, Weier, Dréchewiss a Baach bidde Liewensraim fir eng villfälteg Flora a Fauna, déi mir an der Ausstellung am ‚Centre d’Accueil’ vun der Forstverwaltung besser kenneléieren.

Mir bidden iech am Ellergronn 2 Themen un:

Déieren am Bësch Cycle 1 présc. - 3.1 / halwen oder ganzen Dag Am Bësch gesi mer se seelen, dofir gi mir op d’Sich no hire Spuren. Wou wunne se? Wat friesse se? Wéi iwwerliewe se de Wanter? Wéi kommen hir Kleng op d’Welt? Dëse Sujet bidd sech besonnesch fir den Wanter un.

Minett Cycle 3.2 - 4 / halwen oder ganzen Dag Fréier goufen hei a schwéierer Aarbecht déi eisenhalteg Minette s Steng an der Minn Cockerill ofgebaut. Lo nach erzielen d’Iwwerreschter aus där Zäit eis d’Geschicht vun deemools. Net fir näischt ass den Ellergronn haut en Naturschutzgebitt. Mir entdecken déi verschidde Landschaften - Liewensraim fir vill Déieren a Planzen - a gesi wéi d’Industrie d’Natur verännert huet. Esch/Alzette Ellergronn

5


Cycle 1 préscolaire bis 4

vu Mäerz bis Oktober

Iechternacher Séi Naturspiller um Iechternacher Séi Cycle 1 présc. - 2 / halwen oder ganzen Dag Mat ville flotten Naturspiller, déi der Saison ugepasst ginn, entdecke mir d’Liewen am a ronderëm de Séi.

Natur- a Kulturrallye um Iechternacher Séi Cycle 3.2 - 4 / ganzen Dag Op engem flotte Rallye gi mir Interessantes a Spannendes iwwer Geschicht a Kultur vun Iechternach an iwwer Déieren a Planzen ronderëm de Séi gewuer. Echternach Nonnenmillen/Lac: 10 min

D’Sauer als Liewensraum Cycle 3 - 4 / Mee bis Oktober / halwen oder ganzen Dag Laanscht d’Sauer entdecke mir Liewensraim fir vill Déieren a Planzen. Wéi eng Vigel liewen a bréien do? Wéi propper ass d’Waasser an der Sauer? Wéi eng Waasserdéieren kënne mer do fannen ? Echternach Gare: 5 min

6


Cycle 2 bis 4

«a Wiewesch» zu Manternach An Zesummenaarbecht mat der Naturverwaltung Am Häerz vum Dierfche Manternach, net wäit vun der Syr an dem Naturschutzgebitt „Manternacher Fiels“ läit de Centre d’Accueil vun der Naturverwaltung. Manternach - Gare

Schatzkëscht Buedem Cycle 2 - 3 / Hierscht a Fréijoer / halwen Dag Mir erliewen an erfuerschen de Buedem. Wat wibbelt ënnert eise Féiss? Aus wat besteet Buedem? Firwat ass Buedem sou wäertvoll?

De Buedem lieft

Cycle 3.2 - 4 / Hierscht a Fréijoer / halwen Dag Wat geschitt mat de Blieder, déi vun de Beem falen? Mir wullen am Bëschbuedem, kucken eis déi zersate Blieder ënnert der Lupp un a mierken, dass et hei nëmmen sou wibbelt vu Liewen! Aarbechtsheft fir dKanner.

Gräifvullen an Eilen Cycle 3 / Wanter / halwen Dag Laang spatz Krallen, e staarke kromme Schniewel, schaarf Aen a wëll op dFleesch! Wéi erkenne mer déi verschidde Gräifvigel erëm? Wat friesse si a wat fir eng Roll spille si an der Natur? Aarbechtsheft fir dKanner.

7


Beien a Bléien Cycle 3 - 4 / 15. Abrëll bis 1. November / halwen Dag Wat ass e Bongert ? Firwat si Beien esou wichteg ? Wat geschitt bei der Bestäubung ? Wéi kënne mir de Beien a Wëllbeien hëllefen ? Mir ginn an de Bongert, maache Spiller a kënnen och de Beien an engem Glasschaukasten nokucken. Aarbechtsheft fir d’Kanner

Hecke bidde Liewensraum Cycle 3.2 - 4 / 15. Abrëll bis 15. November / halwen Dag Wéi eng wichteg Roll spillen Hecken an der Landschaft ? Weem bidden se Schutz an Nahrung ? Ofwiesslungsräich Spiller a Beobachtunge bréngen eis d’Zesummenhäng vun Heck an Ëmwelt méi no.

D’Syr, een natierlecht Fléissgewässer Cycle 3.2 - 4 / 1. Mee bis 15. Oktober / halwen Dag Laanscht d’Syr entdecke mir Liewensraim fir vill Déieren a Planzen, awer och d’Waasserkraaft an d’Millen, déi domat bedriwwe goufen. Mat Stiwwelen an Netz gi mir op d’Sich no allem wat am Waasser wibbelt. Rendez-vous: um Parking vum „Sentier Pierre Moes”, tëscht Manternach a Mäertert.

8


Cycle 2 bis 4 Mäerz bis Mëtt Juni / halwen Dag

Di faszinéierend Welt vum Vullegesank An Zesummenaarbecht mat der Naturverwaltung Vill Vigel kann ee bal ni gesinn, mir gi meeschtens eréischt duerch hire Gesank op si opmierksam. Léiert déi eenzegaarteg Welt vun de Vullestëmme kennen, ënnert der Leedung vun engem erfuerenen Ornitholog an engem Guide aus dem natur musée. Mat engem speziellen, professionelle Parabolmikro hale mir dës Stëmme fest. Unhand vun Naturerfahrungsspiller ginn d’Kanner ausserdeem vill iwwert d’Liewe vun de Vigel gewuer, vun der Partnersich iwwert d’Bréien, bis zum Fiddere vun de jonke Vigel.

IECHTERNACH SÉI Echternach Nonnenmillen / Lac: 15 min.

D’NEOLITIK-HAUS ZU BLAASCHENT

DE MOSCHBERG ZU DIKRECH

9

Blaschette-Kreizung: 10 min.

Friedhaff: 5 min.

«A WIEWESCH» ZU MANTERNACH Manternach - Gare: 5 min.


Cycle 2 bis 4 am Summer / halwen Dag

D’ Liewen am Waasser - Sténgefort Mir verbrauchen all Dag vill Waasser: wou kënnt dat Waasser hir, firwat ass et esou wichteg a firwat solle mir et net verbëtzen? Mat Netzer gi mer op d’Sich no verschiddene Lurchen an engem klengen Dëmpel. Wéi eng Déiere fanne mer an der Äisch a wat seet dat eis iwwer d’Waasserqualitéit vun der Baach? Steinfort, Al Schmelz: 5 min

Cycle 3 bis 4

Mee bis Juni / ganzen Dag

Rollénger Baach - Dem Laf vum Waasser no Mir begleeden d’Rolléngerbaach op engem Stéck vun hirem Wee. Wou kënnt se hir? Wou leeft se hinn? Tëscht aussergewéinleche Fielsformatiounen an engem ale Bësch entdecke mir d’Liewen an der Baach, léieren d’Zesummenhäng kennen a gesinn, wéi dëse Liewensraum sech verännert. Mersch-Gare oder

Rollingen Veräinsbau an de Mierscher Flexibus (virbestellen um Tel: 8002 1010)

10


Cycle 3 bis 4 September, Oktober, Mee, Juni a Juli halwen oder ganzen Dag

! I E Kanecher Wéngert N An Zesummenaarbecht mat der Sektioun Lenneng/Kanech vun der LNVL An engem Südhang voller Hecken, Dréchewisen, Bongerten, Schof- a Geesseweeden erënneren nach just déi al Dréchemaueren a verwëldert Riewen un d’Kulturlandschaft vu fréier. Matten am Bierg si mëttlerweil all d’Wéngerte verlooss. All? Neen! Ee Bio-Wéngert an de Bänken wiert sech verbruet dergéint, dass seng Maueren an Trapen afalen an d’Hecken hien erdrécken.

De Vugel a säi Nascht

- déi méi kreativ Variant

Am Wéngert ass ëmmer Vulleconcert! Op der Sich no dëse Musikanten geet et duerch Déck an Dënn. Dobäi sollen d’Kanner ugereegt ginn, sech op eng kreativ Art a Weis mat de Vigel an hirem Liewensraum ze befaassen. Dat gebastelt Fiedervéi kënnen d’Kanner natierlech mathuelen.

11


D’Schatzkaart

- déi méi abenteuerlech Variant

Viru laanger Zäit huet en ale Wënzer ee Schatz am Wéngertsbierg verstoppt. Dee gëlt et ze fannen, mat Hëllef vun enger Schatzkaart. D’Stécker vun dëser Schatzkaart mussen d’Kanner sech awer fir d’eischt verdéngen: duerch Léisen vu verschiddenen Aufgaben wou se niewebäi méi iwwert de Biotop Wéngertsbierg gewuer ginn. De Wee zum Schatz féiert d’Kanner kräiz a quier duerch Déck an Dënn. Wann zwou Klassen zesumme kommen, kënnen déi zwou Variante parallel lafen.

Canach, Am Stee: 10 min.

12


Cycle 3 bis 4 Juni a Juli / ganzen Dag

NEI!

Biodiversitéit, de Schatz vun der Deisermillen Kënnen d’Kanner d’Aufgabe léisen, déi dee skurile Longkaulmännchen hinne stellt, an sou säi Geheimnis knacken? Op dësem ofwiesslungsräichen Tour duerch d’Naturschutzgebitt Kelsbach entdecken Kanner déi verschidden Liewensräim, déi d’Deisermillen sou extra a wäertvoll maachen: Kallekfiels, moer Wiss, Schluchtwald, Drëchemauer, Baach, Bësch a Wéngert... Och d’Kulturgeschicht vum Site ass alles anescht wéi langweileg! En Dag ganz am Thema «(Bio)diversitéit». Machtum, Deisermillen

13


Cycle 3 bis 4

ganzt Joer / halwen oder ganzen Dag

De Minett: d’Natur mellt sech zréck! Wou fréier riseg Baggeren de Bierg duerchwullt hunn, huet haut d’Natur rëm alles zréck eruewert. Mir léieren de Minette-Stee kennen, a gesi wéi säin Ofbau vun deemools och haut d’Landschaft markéiert. Firwat ginn et grad hei esou vill eenzegaarteg Planzen an Déieren? Wéi iwwerliewen d’Planzen déi extrem Liewensbedingungen am Dréchegebitt?

Dëse Sujet kann op folgende Plazen ofgehale ginn: HUTTBIERG ZU RËMELENG Rumelange-Gare: 20 min « GIELE BOTTER » ZU PÉITENG Pétange-Gare: 5 min Pétange-Kiirfecht HAARD ZU DIDDELENG Dudelange-Usines: 10min Dudelange-Scheer

14


Cycle 3 bis 4 vun Mäerz un / halwen oder ganzen Dag

Geologie entdecken! - mam Michel Lucius Am Michel Lucius sengem Gebuertshaus am Préizerdaul (zu Rëmmereg/Reimberg) gëtt eng flott Ausstellung gewisen iwwert säi Liewen a säi Wierk. Mir verfollgen d’Spuere vun dësem bedeitende Geolog, vun der Steekaul, wou säi Papp dra geschafft huet, bis an déi russesch Uelegfelder. Hei léiere mir wat e Geolog schafft, wéi een eng geologesch Kaart entziffert a wat fir eng Steng am an ëm d’Haus ze fannen sinn. Beim Waassertuerm entdecke mer wat d’Steng mat eisem Drénkwaasser ze dinn hunn, an och nach en Tour duerch déi berüchtegt «Schankegriecht» steet um Programm. halwen Dag / mat Bus op der Plaz ganzen Dag / ouni Bus op der Plaz Reimberg, Michel Lucius

15


Secondaire

vu Mäerz bis Juli Méindes de ganzen Dag

Geologie vu Lëtzebuerg Eng Dagesexkursioun am Lëtzebuerger Land Op eise Statioune weise mir de Wee vum Waasser, duerch d’Gestengs an d’Quell, an d’Drénkwaasserversuergung, vun der Quell bis an de Krunn. Dobäi gesi mir wéi d’Waasser mathëlleft eise Landschaften hir Form ze ginn. Dës Erosiounsforme sinn staark ofhängeg vun de Gestengsschichten, déi vum Geolog ënnersicht ginn. Him seng Aarbecht erkläre mir um Beispiel vum Michel Lucius. D’Auswiel vun de Statiounen gëtt mam Enseignant ofgeschwat an dem Schoulniveau, respektiv de Lernzieler ugepasst. Beispiller vu Statiounen: Steebroch, Waassersyndikat (SES), Michel Lucius Haus, Landschaftspanorama, Minettsfrichen, Steegaart, Schankegriecht, Fielsen am Mëllerdall, asw. Den Exkursiounsprogramm an d’Themen sin ofhängeg vum Schoulniveau, vum Wieder a vum Trajet.

16


PRAKTESCH INFORMATIOUNEN: D’Exkursioun gëtt Méindes ugebueden. Den Départ ass bei der Schoul géint 8 Auer an de Retour géint 16 Auer. D’Schüler solle fest Schong undoen, e K-way a fir mëttes e Picknick matbréngen. Den Enseignant bekëmmert sech selwer ëm de Bus.

Fir weider Informatiounen: Alain Gleis Tel: 691 611 527 E-mail: alain.gleis@education.lu Online-Umeldung: www.mnhn.lu/educatif/umeldung

M

17

ich

e l Lu c i u s H a u s


Cycle 3 bis 4

vu Mäerz bis 1.Oktober halwen oder ganzen Dag

Koffergrouf SENTIER GÉOLOGIQUE STOLZEBUERG Alles dréit sech em déi fréier Koffergrouf zu Stolzebuerg. Eng Visite a 4 Etappen: DE MUSEE De Musée vun der Koffergrouf mat senge Mineralien, Kofferäerzer a Steng vu Stolzebuerg. Dir kënnt d’Grouwematerial ënnersichen an dir kritt de Grouwebetrieb erkläert (Pannoen, Film, Schema, ...). Wat erzielen eis d’Dokumenter iwwer d’Geschicht vun dëser Mine? War se wichteg? DE GEOLOGESCHE LÉIERPAD De geologesche Léierpad féiert Iech op d’Grouf, iwwer de selwechte Wee ewéi d’Biergleit fréier op d’Schicht gaange sinn. Ënnerwee stinn 10 Pannoë laanscht den Trëppelwee (1,5 km) mat Informatiounen iwwer d’Waasser an der Grouf, de Verlaf vun de Galerien, d’Dall vun der Klangbach, Versuchstollen, asw.

18


OP DER GROUF Op der Grouf, op den alen Halden, kann ee säi Gléck versichen a vläicht Mineralien fannen. Et kann een Déieren entdecken a Planze sammelen, fir se duerno mat der Handlupp ze kucken an ze bestëmmen. Et kann een am Koffer schaffen a säin eegene Souvenir mathuelen. D’GALERIE An da kommt Dir och an d’Galerie eran. Duerch den Entwässerungsstollen geet et an d’Galerie Nr. 3. Do entdeckt Dir d’Spure vum Ofbau (Loftschacht, Förderschacht, Transport, ...), d’Äerzspléck, d’Entwässerung, asw ... Haut gëtt de Stollen elektresch beliicht, fréier war dat anescht. Haut sinn et Trapen, wou fréier Leedere stungen.

PRAKTESCH INFORMATIOUNEN: Fir de Musée an de Léierpad soll een 3 Stonnen virgesinn, fir d’Grouf an d’Galerie och 3 Stonnen. 5 Stonnen erlaben Iech alles ze gesinn. Wichteg fir déi ënnerierdesch Besichtegung: pro Guide kënnen nëmmen 15 Leit mat eran; Helm a Plastikreemantel gi gestalt, Stiwwelen an e Pullover soll jiddereen derbäi hunn, eng Täscheluucht ass vun Notzen. Fir de Picknick steet een Ënnerdaach zur Verfügung.

PRÄIS: en halwen Dag (+/- 3 Stonnen) en ganzen Dag (+/- 5 Stonnen)

90€ / Grupp 120€ / Grupp

Wann 2 Klassen zesummen kommen: en halwen Dag (+/- 3 Stonnen) en ganzen Dag (+/- 5 Stonnen)

105€ 135€

Stolzembourg - Kiirch

19


Cycle 3 bis 4 Oktober, vum Abrëll un

Arboretum Léiert eis Beem a Straicher kennen! Wat ass een Arboretum? Wéi ënnerscheede sech Beem a Straicher? Wourun erkenne mir se? Wéi ee Bam / Strauch ass dat? Mir ginn Iech Rendez-vous am Parc Réimerwee um Kirchbierg fir op eng spilleresch Manéier einheimesch Beem a Straicher kennen ze léieren. Mat Hëllef vun engem Steckbréif, deen d’Kanner opstellen, ginn si ugeleet fir d’Beem an d’Staicher ze kucken, ze beschreiwen, ze bestëmmen, ze moossen, ze molen a ginn dann och nach allerlee iwwer dës Beem, Straicher an de Park selwer gewuer. Praktesch Informatiounen: Treffpunkt: Entrée vum Park beim Busarrêt (25 an 18), rue Coudenhove-Kalergi, vis-à-vis vun der Uni Lëtzebuerg an der Europaschoul. Dauer vun der Visite: 11/2 bis 2 Stonnen Präis: 45€ Fir weider Informatiounen: Thierry Helminger Tel: 46 22 33-201 Fax: 46 38 48 E-mail: thelminger@mnhn.lu Université - Campus Kirchberg

20


Cycle 4 Juni bis September / halwen Dag

«Saturn» Astronomieléierpad zu Schëffleng Op engem schéine Parcours vun 3 km iwwert de Lalléngerbierg, eng typesch Minettlandschaft, gi mer zu Fouss duerch eise Sonnesystem. Mat Hëllef vu flott illustréierte Pannoen, Experimenter a Spiller léiere mer d’Sonn, d’Planéiten, de Mound, d’Asteroïden an all aner Kierper aus eisem Sonnesystem kennen. Aarbechtsheft fir d’Kanner Treffpunkt: Zu Schëffleng beim AS Terrain (Athlétisme) hannert dem Kierfech oder op der Gare zu Schëffleng Gare Schëffleng

21


Cycle 4

Oktober bis Februar, Enn Mäerz / halwen Dag

Baggerweieren am Wanter Wéi eng Vullen iwwerwanteren op de Baggerweiere zu Remerschen? Mat der Spektiv beobachte mir déi verschidde Vullen (an och aner Déieren) a probéieren se sou kennenzeléieren. Wintrange - Dorefplaz: 10 min

Cycle 4

15. Mäerz bis 15. Juli / halwen Dag

Fiichtgebitt zu Menster An Zesummenaarbecht mat der Naturverwaltung Tëschent Mënsbech a Menster ass duerch d’Renaturéiere vun der Syr a kuerzer Zäit eng grouss Biodiversitéit entstan. Dëst wäertvollt Fiichtgebitt huet net nëmmen eng grouss Bedeitung fir d’Zuchvigel a Brutvigel, mee och fir vill aner Déieren a Planzen. Duerch déi extensiv Bewirtschaftung mat onkomplizéierten Déiererassen wéi déi robust Gallowayranner kënnen dës Fiichtwise genotzt an als Oppeland erhale ginn. Mensdorf - Ennen am Duerf: 10 min

22


D’Natur an ärer Gemeng E Guide kennt bei Iech an är Gemeng E flexibele Programm a flotter Natur Dir kënnt en halwen oder e ganzen Dag virgesinn Stellt äre perséinleche Programm mam Guide zesummen

Cycle 1 préscolaire bis 4 d’ ganzt Joer

D’Natur am Laf vun de Joreszäiten Hierschtfaarwen, Friichten a Som, d’Liewen am doudegen Holz, Iwwerwanteren, Spuren, Fréibléier, Keimlingen a Knospen, Summerhëtzt an Dréchent: firwat hu mir iwwerhaapt Joreszäiten, a wéi een Afloss hunn se op d’Liewen an der Natur? Fir de Kanner ze erlaben déi 4 Saisonë mam natur musée kennen ze léieren, ass et méiglech, fir all Joreszäit eng Animatioun unzefroen, respektiv dat Ganzt iwwert 2 Joer lafen ze loossen

23


Cycle 1 préscolaire bis 4

d’ganzt Joer

Eraus an de Bësch De Bam: säi Liewenswee, säin Opbau, seng Awunner. E Bësch ass méi wéi nëmmen eng Unzuel vu Beem: säin Opbau, säin Notzen, Zesummenhäng vu Buedem, Planzen an Déieren. Fir d’Klassen aus der Stad Lëtzebuerg: Op Ufro kënne mir Iech e flotte Bësch ronderëm d’Stad Lëtzebuerg proposéieren, wou dir mat engem städtesche Bus kënnt hifueren.

Cycle 1 prèscolaire bis 4

November bis Mäerz

Wanter am Bësch D’Déieren am Bësch gesi mer seelen, mee hir Spure verroden eis wou se sinn! Wou halen se sech op, wat friesse se, wéi iwwerliewe se de Wanter? Firwat fléien déi eng Vigel fort an déi aner bleiwen hei? Dobanne léiere mer déi wichtegst Spure kennen, an da gi mer selwer ’ op d’Sich.

24


Cycle 1 préscolaire bis 3.1 Mee - Juni

Himmelsdéierchen & Co Mir maachen eis op d’Sich no allerlee Krabbeldéieren a probéieren erauszefannen, wat mer fonnt hunn. Wéi kënne mer Insekten a Spannen auserneenhalen? Flott Naturerfahrungspiller bréngen eis d’Liewensweis vun dësem klengen, interessante Gedéiesch méi no.

Cycle 3 a 4 Fréijoer a Summer

D’Liewen am Waasser Mir ënnersichen e Weier oder eng Baach an Ärer Geigend a kucken, wat fir eng Déieren a Planze mer hei fannen. Vläicht kënne mer jo souguer unhand vun dëse Liewewiesen d’Qualitéit vum Waasser bestëmmen?

25


Cycle 3 a 4

vu Mee un

D’Natur mat alle Sënner erliewen Zesummen dobaussen d’Natur genéissen: genee kucken, lauschteren, fillen, richen a schmaachen. Naturspiller, wou mer eis an d’Verhale vu verschiddenen Déieren erafillen an d’Wichtegkeet vun de Sënner och fir eis erfuere kënnen.

Cycle 3 a 4

am Mee a Juni

Kache mat Kraider, keng Hexerei! Op eisem Spadséiergang duerch Bëscher a Wisen, léiere mir duerch Kucken, Richen a Schmaachen eng ganz Rei Kraider kennen. Datt si bei klenge Boboen, Schnapp, Bauchwéi a Schréibsen hëllefe kënnen, ass da kee Geheimnis méi. Datt si awer och an onserer Ernährung eng wichteg Roll spillen, kënne mer bei engem selwer zoubereetenen Mëttegiessen erausfannen. Präis: 130€, frësch a gesond Liewensmettel abegraff Heifir brauche mir allerdéngs e ganzen Dag.

26


Cycle 3 a 4 Fréijoer a Summer

Konscht am Bësch Mat Naturmaterialien, déi mir dobausse fannen, maache mir Konschtwierker a si ganz kreativ matten an der Natur. All méiglech «Konschtstécker» hëllefen eis, verschidde Begrëffer a Verhalensweisen eng Kéier anescht auszedrécken.

Cycle 3 a 4 vum 1. Mäerz un

Naturrallye Naturerfahrung, Spiller, Beobachtungen, Wëssensvermëttlung, Kreativitéit... dat alles a Form vun engem Rallye dobaussen an der Natur. Zesummen entdecken an erliewe mir dat Bescht, wat d’Natur ronderëm är Schoul ze bidden huet.

27


Praktesch Informatiounen Wéini ? Wéi laang? Wat kascht dat? D’Visite besteet aus enger Féierung iwwert de Site, respektiv duerch d’Natur bei ärer Schoul, verbonne mat vill Animatioun, praktesch Aarbecht an interessanten Observatioune fir d’Kanner. Dëst ass méiglech all Schouldag (ausser Samschdes), mueres tëschent 8.00 Auer an 12.30 Auer, nomëttes tëschent 13.30 Auer an 16.30 Auer oder e ganzen Dag mat Picknick. Nodeems Dir iech online ugemellt hutt, gitt Dir vun eis kontaktéiert. Duerno schécke mir Iech eng definitiv Konfirmatioun mat den néidegen Erklärungen, enger Weebeschreiwung an enger Materiallëscht. Dir musst Iech selwer em den Transport vun Ärer Klass op dee jeweilege Site bekëmmeren.

Mir huele maximal 20 Kanner pro Guide!

Bei all Site gi mir Iech déi nooste Gare oder Bushaltestell vum ëffentlechen Transport un, a wéi laang der vun do nach musst zu Fouss goen. Sicht Iech är Verbindung op www.mobiliteit.lu eraus, a sot eis Bescheet wa mer de Rendez-Vous sollen upassen.

Suergt w.e.g. derfir, dass d’Kanner dem Wieder entspriechend gekleet sinn!

28


Praktesch Informatiounen Wéini ? Wéi laang? Wat kascht dat? En halwen Dag (+/- 3 Stonnen)

75€ / Grupp

En ganzen Dag (+/- 6 Stonnen)

100€ / Grupp

Är respektiv Gemeng, mat där Dir Iech ofgeschwat hutt, kritt an der Regel dës Käschte fir Animatioun verrechent.

Dir kënnt all dës Sujeten och als Schoulausflug oder als Vakanzaktivitéit ufroen. Weider Informatiounen beim natur musée, Tel: 46 22 33 - 1 46 22 33 - 428 46 22 33 - 312

Fir d’Disziplin muss den Enseignant suergen, bei dem och d’Responsabilitéit bleift.

29


Iwwersiichts Tableau 1. Trimester 1 Préscolaire

3.1

4.1

Drauwelies Gréngewald: Naturspiller Gréngewald: Natur- a Kulturgeschichten Ellergronn: Déieren am Bësch

Drauwelies Gréngewald: Natur- a Kulturgeschichten Ellergronn: Déieren am Bësch Manternach: Schatzkëscht Buedem Manternach: Gräifvullen an Eilen Manternach: Beien a Bléien Kanecher Wéngert: Vugel a säi Nascht Kanecher Wéngert: D’Schatzkaart De Minett: d’Natur mellt sech zréck Koffergrouf Arboretum

Drauwelies

Natur an ärer Gemeng

2.1 Drauwelies Gréngewald: Naturspiller Gréngewald: Natur- a Kulturgeschichten Ellergronn: Déieren am Bësch Manternach: Schatzkëscht Buedem Natur an ärer Gemeng

2.2 Drauwelies Gréngewald: Naturspiller Ellergronn: Déieren am Bësch Manternach: Schatzkëscht Buedem Natur an ärer Gemeng

Natur an ärer Gemeng

Gréngewald: Natur- a Kulturgeschichten

Ellergronn: Minett Manternach: de Buedem lieft Manternach: Beien a Bléien Manternach: Hecke bidde Liewensraum Kanecher Wéngert: Vugel a säi Nascht Kanecher Wéngert: D’Schatzkaart De Minett: d’Natur mellt sech zréck Koffergrouf Arboretum Baggerweieren am Wanter Natur an ärer Gemeng

3.2 Drauwelies Gréngewald: Natur- a Kulturgeschichten Ellergronn: Minett Manternach: Schatzkëscht Buedem Manternach: Gräifvullen an Eilen Manternach: de Buedem lieft Manternach: Beien a Bléien Manternach: Hecke bidde Liewensraum Kanecher Wéngert: Vugel a säi Nascht Kanecher Wéngert: D’Schatzkaart De Minett: d’Natur mellt sech zréck Koffergrouf Arboretum

4.2

Natur an ärer Gemeng

Natur an ärer Gemeng

30

Drauwelies Gréngewald: Natur- a Kulturgeschichten Ellergronn: Minett Manternach: de Buedem lieft Manternach: Beien a Bléien Manternach: Hecke bidde Liewensraum Kanecher Wéngert: Vugel a säi Nascht Kanecher Wéngert: D’Schatzkaart De Minett: d’Natur mellt sech zréck Koffergrouf Arboretum Baggerweieren am Wanter


2. Trimester 1 Préscolaire

3.1

4.1

Gréngewald: Naturspiller Gréngewald: Natur- a Kulturgeschichten Ellergronn: Déieren am Bësch Iechternach Séi: Naturspiller

Gréngewald: Natur- a Kulturgeschichten Ellergronn: Déieren am Bësch Iechternach Séi: D’Sauer als Liewensraum Manternach: Schatzkëscht Buedem Manternach: Gräifvullen an Eilen Di faszinéirend Welt vum Vullegesank De Minett: d’Natur mellt sech zréck Geologie entdecken! - mam Michel Lucius Koffergrouf

Gréngewald: Natur- a Kulturgeschichten Ellergronn: Minett Iechternach Séi: Natur- a Kulturrallye Iechternach Séi: D’Sauer als Liewensraum Manternach: de Buedem lieft Manternach: D’Syr Di faszinéirend Welt vum Vullegesank De Minett: d’Natur mellt sech zréck Geologie entdecken! - mam Michel Lucius Koffergrouf Baggerweieren am Wanter Fiichtgebitt zu Menster

Natur an ärer Gemeng

2.1 Gréngewald: Naturspiller Gréngewald: Natur- a Kulturgeschichten Ellergronn: Déieren am Bësch Iechternach Séi: Naturspiller Manternach: Schatzkëscht Buedem Di faszinéirend Welt vum Vullegesank Natur an ärer Gemeng

2.2 Gréngewald: Naturspiller Ellergronn: Déieren am Bësch Iechternach Séi: Naturspiller Manternach: Schatzkëscht Buedem Di faszinéirend Welt vum Vullegesank Natur an ärer Gemeng

Natur an ärer Gemeng

3.2 Gréngewald: Natur- a Kulturgeschichten Ellergronn: Minett Iechternach Séi: Natur- a Kulturrallye Iechternach Séi: D’Sauer als Liewensraum Manternach: Schatzkëscht Buedem Manternach: Gräifvullen an Eilen Manternach: de Buedem lieft Manternach: D’Syr Di faszinéirend Welt vum Vullegesank De Minett: d’Natur mellt sech zréck Geologie entdecken! - mam Michel Lucius Koffergrouf Natur an ärer Gemeng

Natur an ärer Gemeng

4.2 Gréngewald: Natur- a Kulturgeschichten Ellergronn: Minett Iechternach Séi: Natur- a Kulturrallye Iechternach Séi: D’Sauer als Liewensraum Manternach: de Buedem lieft Manternach: D’Syr Di faszinéirend Welt vum Vullegesank De Minett: d’Natur mellt sech zréck Geologie entdecken! - mam Michel Lucius Koffergrouf Baggerweieren am Wanter Fiichtgebitt zu Menster Natur an ärer Gemeng

31


3. Trimester 1 Préscolaire

3.1

4.1

Gréngewald: Naturspiller Gréngewald: Natur- a Kulturgeschichten Ellergronn: Déieren am Bësch Iechternach Séi: Naturspiller

Gréngewald: Natur- a Kulturgeschichten Ellergronn: Déieren am Bësch Iechternach Séi: D’Sauer als Liewensraum Manternach: Beien a Bléien Di faszinéirend Welt vum Vullegesank D’Liewen am Waasser - Sténgefort Kanecher Wéngert: De Vugel a säi Nascht Kanecher Wéngert: D’Schatzkaart Rollénger Baach - Laf vum Waasser De Minett: d’Natur mellt sech zréck Geologie entdecken! - mam Michel Lucius Koffergrouf Arboretum

Gréngewald: Natur- a Kulturgeschichten Ellergronn: Minett Iechternach Séi: Natur- a Kulturrallye Iechternach Séi: D’Sauer als Liewensraum Manternach: Beien a Bléien Manternach: Hecke bidde Liewensraum Manternach: D’Syr Kanecher Wéngert: De Vugel a säi Nascht Kanecher Wéngert: D’Schatzkaart Rollénger Baach: Laf vum Waasser De Minett: d’Natur mellt sech zréck Geologie entdecken! - mam Michel Lucius Koffergrouf Arboretum «Saturn» Fiichtgebitt zu Menster

Natur an ärer Gemeng

2.1 Gréngewald: Naturspiller Gréngewald: Natur- a Kulturgeschichten Ellergronn: Déieren am Bësch Di faszinéirend Welt vum Vullegesank D’Liewen am Waasser - Sténgefort Natur an ärer Gemeng

2.2 Gréngewald: Naturspiller Ellergronn: Déieren am Bësch Iechternach Séi: Naturspiller Di faszinéirend Welt vum Vullegesank D’Liewen am Waasser - Sténgefort Natur an ärer Gemeng

Natur an ärer Gemeng

3.2

Natur an ärer Gemeng

Gréngewald: Natur- a Kulturgeschichten Ellergronn: Minett Iechternach Séi: Natur- a Kulturrallye Iechternach Séi: D’Sauer als Liewensraum Manternach: Beien a Bléien Manternach: Hecke bidde Liewensraum Manternach: D’Syr Di faszinéirend Welt vum Vullegesank D’Liewen am Waasser - Sténgefort Kanecher Wéngert: De Vugel a säi Nascht Kanecher Wéngert: D’Schatzkaart Rollénger Baach - Laf vum Waasser De Minett: d’Natur mellt sech zréck Geologie entdecken! - mam Michel Lucius Koffergrouf Arboretum Natur an ärer Gemeng

4.2 Gréngewald: Natur- a Kulturgeschichten Ellergronn: Minett Iechternach Séi: Natur- a Kulturrallye Iechternach Séi: D’Sauer als Liewensraum Manternach: Beien a Bléien Manternach: Hecke bidde Liewensraum Manternach: D’Syr Kanecher Wéngert: De Vugel a säi Nascht Kanecher Wéngert: D’Schatzkaart Rollénger Baach: Laf vum Waasser De Minett: d’Natur mellt sech zréck Geologie entdecken! - mam Michel Lucius Koffergrouf Arboretum «Saturn» Fiichtgebitt zu Menster Natur an ärer Gemeng

32


DE PANEWIPPCHEN Eng groussformateg, faarweg Zeitung mat Themen aus Natur an Ëmwelt. D’Sujeten, déi am «Panewippchen» behandelt ginn, gi mat Wëssenschaftler vum natur musée a mat Vertrieder vun de Ministären zesummen ausgeschafft a kannergerecht illustréiert. Si sinn der Aktualitéit vum natur musée ugepasst. De «Panewippchen» ass op LËTZEBUERGESCH geschriwwen - ee Pluspunkt, dee vill Enseignanten ze schätze wëssen.

ABONNÉIERT DE «PANEWIPPCHEN»: De «Panewippchen» kënnt 4 mol am Joer eraus a Joresabonnement fir eng -Schoulklass kascht:

pro Kand Joer

fir e

3,20 € Weider Informatiounen kritt dir ënnert dem Tel: 46 22 33 - 450 oder 46 22 33 - 1 oder iwwer E-mail: panda-club@mnhn.lu

33


Eise komplette Programm 2011-12

Visiten am natur musée Visiten Eraus an d’Natur Natur Mobil Science Mobil Panda Club Science Club fannt dir op eisem internet Site iwwert deen dir iech och kënnt online umellen:

www.mnhn.lu/educatif/umeldung Musée national d’histoire naturelle Service éducatif Tel: 462240 -312 Fax: 462240 -315 e-mail: educatif@mnhn.lu musee-info@mnhn.lu

deutsche Fassung version française www.mnhn.lu/educatif


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.