011 2
Panda-News 1
www.panda-club.lu panda-club@mnhn.lu
u v r r e k oe n o 0J J fir 6-1
Index Plazen, wou d’Aktivitéite sinn: ‘natur musée’ «a Wiewesch» zu Manternach Heischent Kockelscheier Baggerweieren Rendez-vous
Responsabel
6
2
Index
Säit 2
Familjen: 6-8 Joer:
Eilen-Nuecht
Säit 3
Eng Wantergeschicht Schläifen, ritzen a seeën Déierespueren Hexenzopp Fuesend am Bësch 1,2 oder 3 Mmmmmhhh Krokodillen Vitarium Donald Duck Fräschen a Mouken Astronaut Fréijoersblummen Lafen, schwammen, fléien Déierekanner Bush Tucker Vullennäschter
Säit Säit Säit Säit Säit Säit Säit Säit Säit Säit Säit Säit Säit Säit Säit Säit Säit
Manternach
Euro
Onkäschtebäitrag
9-10 Joer: C.S.I. Musée Säit Toumaï, Lucy a Co Säit Eilen Säit Schatz an der Bläiminn Säit De Stäreluussert Säit In Concert Säit Earth Stone Säit Insekten-Hotel Säit Spigelbild Säit Ouschterhues … oder? Säit Boctok Säit Vitarium Säit Speedboot bauen Säit Bëschkauz Säit Opléisung Quiz 5/2010 Säit Quiz 1/2011 Säit Team Säit Umeldung Säit
4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30 31 32 33 34 35 36 & 37 38 & 39 40
Freideg, den 18. Mäerz 2011 zu Esebuer bei der Kapell Samsdeg, den 19. Mäerz 2011 zu Ettelbréck beim Kierfecht
Ettelbréck Esebuer
Familjen
Eilen-Nuecht
Nuets an engem däischtere Bësch probéiere mir Eilen ze héieren an ze gesinn.
um 19:00 Auer (zréck 21:00 Auer) Claude Heidt
gr
atis
3
6-8 Joer
Eng Wantergeschicht Dënschdeg, de 4. Januar 2011 Donneschdeg, de 13. Januar 2011
Manternach
Zu Manternach “a Wiewesch” wéckele mir ons an eng gutt schukkleg Decken, maachen et ons gemittlech an erliewen eng ganz speziell Wantergeschicht.
um 14.30 Auer zu Manternach (zréck: 17.00 Auer) Michelle Grosbusch
4
4
Euro
Dënschdeg, den 11. Januar 2011 Donneschdeg, de 13. Januar 2011 Dënschdeg, den 18. Januar 2011
Sandweiler
6-8 Joer
Schläifen, ritzen a seeën Mir modeléieren eng super Skulptur aus Specksteen, déi dir mat heem kënnt huelen.
um 14.30 Auer op der Sandweiler Gare (zréck: 17.00 Auer) Christiane Flesch (Igel)
4
Euro
5
6-8 Joer
Déierespueren Dënschdeg, den 11. Januar 2011 zu Housen Donneschdeg, den 13. Januar 2011 zu Heischent
Lëtzebuerg
Mir maachen ons op d’Sich am Bësch no allerlee Déierespueren a bastelen och eng Fuussespuer fir mat heem ze huelen.
um 14.30 Auer (zréck: 17.00 Auer) Chantal Kerschen
4
6
Euro
Housen
Dënschdeg, de 25. Januar 2011 zu Housen Donneschdeg, de 27. Januar 2011 zu Heischent
Heischent
6-8 Joer
Hexenzopp
Duerch eng kuerz Geschicht léiere mir eng kleng Hex kennen, déi eng besonnesch Hexenzopp kache kann. Mir hëllefen hier a schmaachen natierlech och déi grujeleg gutt Zopp.
um 14.30 Auer (zréck: 17.00 Auer) Chantal Kerschen
4
Euro
7
6-8 Joer
Fuesend am Bësch Dënschdeg, den 1. Februar 2011 Donneschdeg, den 3. Februar 2011 Donneschdeg, de 17. Februar 2011
Guedber
Am Bësch sinn d’Fuesgecke lass. Si hunn d’Beem geschminkt an den Déiere Parécken a Boken opgesat. Mir kucken ons déi lëschteg Geschicht eemol un.
um 14.30 Auer um Schiltzbierg (zréck: 17.00 Auer) Mike Hagen
8
4
Euro
Dënschdeg, den 8. Februar 2011 Donneschdeg, de 10. Februar 2011 Dënschdeg, de 15. Februar 2011
Lëtzebuerg
6-8 Joer
1,2 oder 3 Mir maachen e groussen Naturquiz an der Form vun 1,2 oder 3! Dës Aktivitéit ass fir jiddfereen, dee Loscht huet ze rätselen an ze spillen.
um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Christiane Flesch (Igel) 4
Euro
9
6-8 Joer
Mmmmmhhh! Dënschdeg, den 8. Februar 2011 Donneschdeg, den 10. Februar 2011
Lëtzebuerg
Mir besichen d’Ausstellung «A tous les goûts», wou mir eng sëlleche Saache schmaachen a richen.
um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Chantal Kerschen
10
4
Euro
Dënschdeg, den 22. Februar 2011 Donneschdeg, de 24. Februar 2011
Lëtzebuerg
6-8 Joer
Krokodillen Mir kucken ons déi gefréisseg Béischten eemol vu méi no un, léieren hier Famill kennen a ginn natierlech och op KrokodilleJuegd.
um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Mike Hagen
4
Euro
11
6-8 Joer
Vitarium Biissen
Komm mat an den neie Science Center «Vitarium» vun der Luxlait. E spannend Erliefnes: vill Experimenter an interaktiv Spiller erwaarden dech. Et geet lass mat enger Zäitrees (3D-Film), duerno entdecke mir de Wee, deen d’Mëllech vun der Kou bis an eist Glas mécht. um 14.30 Auer bei der Luxlait zu Biissen (zréck: 17.00 Auer) Chantal Kerschen Christiane Flesch (Igel) Euro 6
12
Freideg, de 25. Februar 2011 mam Chantal Dënschdeg, den 12. Abrëll 2011 mam Igel
Dënschdeg, den 1. Mäerz 2011 Donneschdeg, den 3. Mäerz 2011 Dënschdeg, den 8. Mäerz 2011 Donneschdeg, den 10. Mäerz 2011
Lëtzebuerg
6-8 Joer
Donald Duck Mir erfuerschen dem Donald Duck seng Famill an der Uelzecht. Matt Experimenter probéiere mir erauszefannen, firwat Inten net am kale Waasser erfréieren, wéi si iessen a villes méi.
um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Claude Heidt
4
Euro
13
6-8 Joer
Fräschen a Mouken Housen
Dënschdeg, de 15. Mäerz 2011
Beim Weier zu Housen hu mir e Rendez-Vous mat Fräschen, Mouken an aner Waassergedéiesch.
um 14.30 Auer am Park Housen (zréck: 17.00 Auer) Chantal Kerschen
14
4
Euro
Dënschdeg, de 15. Mäerz 2011 Donneschdeg, de 17. Mäerz 2011 Dënschdeg, den 22. Mäerz 2011
Lëtzebuerg
6-8 Joer
Astronaut Mir fléie mat enger Rakéit op de Mound! Mir gesinn d’Stären an alles, wat een Astronaut soss nach op senger Rees begéint!!
um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Christiane Flesch (Igel)
4
Euro
15
6-8 Joer
Fréijoersblummen Donneschdeg, de 24. Mäerz 2011
Manternach
Mir ginn op d’Sich no Fréibléier a kucken eis Zwiwwelplanze méi genee un.
um 14.30 Auer zu Manternach (zréck: 17.00 Auer) Michelle Grosbusch
16
4
Euro
Dënschdeg, den 29. Mäerz 2011 Donneschdeg, den 31. Mäerz 2011 Dënschdeg, de 5. Abrëll 2011 Donneschdeg, de 7. Abrëll 2011
Lëtzebuerg
6-8 Joer
Lafen, schwammen, fléien Wéi kommen d’Déieren am beschte vun der Plaz a wat fir Tricken hu se dofir? Kënnen Afe schwammen? Kann de Kiwi fléien? Wie ka méi séier lafen: d’Giraff oder de Fuuss?
um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Maria Ursone
4
Euro
17
6-8 Joer
Déierekanner Dënschdeg, de 5. Abrëll 2011 zu Housen Donneschdeg, de 7. Abrëll 2011 zu Heischent
Lëtzebuerg
Elo ëm d’Ouschterzäit sinn d’Déierekanner vun Hong, Hues a Kanéngchen ënnerwee. Mir kucken emol, wat si ons ze zielen hunn a bastelen och nach geckeg Hénger fir mat heem ze huelen.
um 14.30 Auer (zréck: 17.00 Auer) Chantal Kerschen
4
18
Euro
Mëttwoch, den 13. Abrëll 2011 Dënschdeg, den 19. Abrëll 2011
Guedber
6-8 Joer
Bush Tucker Am Bësch kachen a brache mir kleng Schneekegkeeten um Lagerfeier.
um 14.30 Auer um Schiltzbierg (zréck: 17.00 Auer) Mike Hagen
4
Euro
19
6-8 Joer
Vullennäschter Mëttwoch, den 20. Abrëll 2011 Donneschdeg, den 21. Abrëll 2011 Freideg, den 22. Abrëll 2011
Lëtzebuerg
Mir gesi verschidde Vullennäschter a léiere vill Vulleneeër vuneneen ënnerscheeden, fierwen Eeër a bastelen eng Ouschterdekoratioun.
um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Maria Ursone
20
4
Euro
Dënschdeg, den 11. Januar 2011 Donneschdeg, den 13. Januar 2011
Lëtzebuerg
Mir ënnersichen all méiglech Spueren (Tënt, Buedem, Fangerofdréck) fir de Schëllege vun engem schlëmme Verbriechen ze fannen.
9-10 Joer
C.S.I. Musée
um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Claude Heidt
4
Euro
21
9-10 Joer
Toumaï, Lucy a Co Lëtzebuerg
Mir probéieren erauszefannen, wéi de Mënsch sech an de leschte 6 Millioune Joer entwéckelt huet. A wat hunn Toumaï a Lucy domat ze doen?
um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Claude Heidt Euro 4
22
Dënschdeg, den 8. Februar 2011 Donneschdeg, den 10. Februar 2011
Donneschdeg, den 10. Februar 2011
Manternach
Wéi lieft d’Tureil «a Wiewesch»? Mir ënnersiche Eilekatz a kucken ons Sequenzen aus dem Liewe vun “onser” Tureil un.
9-10 Joer
Eilen
um 14.30 Auer zu Manternach (zréck: 17.00 Auer) Michelle Grosbusch
4
Euro
23
9-10 Joer
Mechernich
Schatz an der Bläiminn Dënschdeg, den 22. Februar 2011
Mir klammen an eng däischter Bläi-Minn fir no engem Schatz ze sichen. Nomëttes waart nach eng séiss Iwwerraschung op ons.
um 08.00 Auer um P&R Howald (zréck: 18.00 Auer) Claude Heidt
o
Eu 15 r
24
Mëttwoch, den 23. Februar 2011
Lëtzebuerg
An engem opblosbare Planetarium kucke mir ons d’Stäeren an d’Stärebiller vu ganz no un a kréien de Stärenhimmel erklärt.
9-10 Joer
De Stäreluussert
Um 10.00 Auer am “natur musée” am Gronn (zréck: 12.00 Auer) Eric Buttini
4
Euro
25
9-10 Joer
In Concert Freideg, de 25. Februar 2011
Nidderaanwen
Op onser Expeditioun duerch d’Naturschutzgebitt Aarnescht probéiere mir déi verschidde Vigel un hirem Gesang ze erkennen. Vläicht kréie mir jo och Spiechten ugelackelt fir se vu ganz no ze gesinn.
um 09.00 Auer zu Nidderaanwen bei der Apdikt (zréck: 11.00 Auer) Claude Heidt
26
4
Euro
Dënschdeg, den 1. Mäerz 2011 Donneschdeg, den 3. Mäerz 2011
Lëtzebuerg
Experimenter mat Steng maachen, Steng vum Land kenneléieren, Sandsteen a Schiefer, ... a wat ee mat Steng alles maache kann.
9-10 Joer
Earth Stone
um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Maria Ursone Euro 4
27
9-10 Joer
Insekten-Hotel Donneschdeg, den 3. Mäerz 2011
Manternach
Mir preparéieren d’Insektesaison a bauen een Insektenhotel an deem Päiperlécken, Florfliegen, Wëllbeien an Himmelsdéierecher en Ënnerdaach fanne kënnen.
um 14.30 Auer zu Manternach (zréck: 17.00 Auer) Michelle Grosbusch
28
4
Euro
Dënschdeg, de 15. Mäerz 2011 Donneschdeg, de 17. Mäerz 2011
Lëtzebuerg
Mir kucken eis méi genee un a stelle fest, datt mir alleguer anescht sin: Faarf vun den Aen, Hoer gekrauselt oder glat, grouss oder kleng. Firwat??? Mir maachen e Selbstportrait vun eis, dat dir mat heem kënnt huelen.
9-10 Joer
Spigelbild
um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Maria Ursone Euro 4
29
9-10 Joer
Ouschterhues … oder? Donneschdeg, den 31. Mäerz 2011
Manternach
Mir huelen d’Liewe vun den Huesen ënnert d’Lupp a fierwen Eeër mat Naturfaarwen.
um 14.30 Auer zu Manternach (zréck: 17.00 Auer) Michelle Grosbusch
30
4
Euro
Dënschdeg, de 5. Abrëll 2011 Donneschdeg, de 7. Abrëll 2011
Lëtzebuerg
Viru 50 Joer ass de Juri Gagarin mat enger Vostok Rakéit als éischte Mënsch an de Weltall geflunn. Mat Experimenter probéiere mir alles iwwert dës Rees erauszefannen.
9-10 Joer
BOCTOK-1
um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Claude Heidt Euro 4
31
9-10 Joer
Vitarium Donneschdeg, de 14. Abrëll 2011
Biissen
Komm mat an den neie Science Center «Vitarium» vun der Luxlait. E spannend Erliefnes: vill Experimenter an interaktiv Spiller erwaarden dech. Et geet lass mat enger Zäitrees (3D-Film), duerno entdecke mir de Wee, deen d’Mëllech vun der Kou bis an eist Glas mécht.
um 14.00 Auer bei der Luxlait zu Biissen (zréck: 16.30 Auer) Christiane Flesch (Igel)
32
6
Euro
Mëttwoch, den 20. Abrëll 2011 Donneschdeg, den 21. Abrëll 2011
Lëtzebuerg
Mir bauen e Boot mat eegenem Solarmotor an testen et natierlech och an der Uelzecht.
9-10 Joer
Speedboot bauen
um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Mike Hagen Euro 6
33
9-10 Joer
Bëschkauz
Wäiswampech
Freideg, den 22. Abrëll 2011
Op onser Expeditioun duerch d’Naturschutzgebitt Conzefenn probéiere mir erauszefannen, wéi vill Bëschkauzen an onsen EilenKëschte wunnen.
um 10.00 Auer zu Wäiswampech (zréck: 16.00 Auer) Claude Heidt
34
4
Euro
Quiz
Opléisung Quiz 5/2010 Léisung: De Belemnit oder Donnerkeil ass e verstengerten Deel vun engem Urzäittëntefësch. Ënnert de ville richtegen Äntwerten hu mir e Gewënner gezunn: et ass d’
Mara Bour vu Gonderange
Mir gratuléieren!
35
Quiz
Quiz 1/2011
Schéck deng Äntwert un: Panda-Club 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg panda-club@mnhn.lu
36
Quiz
Fann 13 Feeler!
D채in Numm: _________________ Deng Adress: _________________ _________________ _________________
37
Team
äert Pandateam wÍnscht
Michell
Animatio
Sylvie Hagen Graphik
Claude Heidt Edith Pedroso Sekretariat
38
Animatioun
le Grosbusch
oun
Sabine Goerens Graphik
Team
schĂŠi Feierdeeg! Maria Ursone Animatioun
Mike Hagen Animatioun
Christiane Flesch Animatioun
Chantal Kerschen Animatioun
39
Umeldung
Ech melle mech fir dës Aktivitéiten un:
Numm:
........................................................................................................... ...........................................................................................................
Virnumm:
...........................................................................................................
Adress:
........................................................................................................... ...........................................................................................................
L-
...........................................................................................................
Tel.:
........................................................................................................... ...........................................................................................................
Handy:
...........................................................................................................
Gebuertsdatum:
Bemierkungen: ................................................................................... ...........................................................................................................
e-mail:
Umeldung un: Jumbokaart: Jo Jong
Meedchen
Nee
Panda Club 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg
Info: 46223 3450
Fax.: 462233451 e-mail: panda-club@mnhn.lu online: www.panda-club.lu/umeldung.aspx