Panda-News 013 2
kĂŤnnt 5x am Joer eraus
4
www.panda-club.lu panda-club@mnhn.lu
u v r r e k oe n o 0J J fir 6-1
Kalenner Familjen 9-10 Joer 6-8 Joer
2
Juni 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30
Ourdaller Bléiefest
Juli 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30 31
Expeditioun Weier
Zoo Köln
Minn Géisdref
Fossilien
Bauerenhaff Eppelbléi Fossilien
Waasserbéischten1
Beien & Hunneg Mouerenexpeditioun
Waasserbéischten1
Lellgerbaach
Fräiliichtmusée Konz Mamerlayen Aaschtbëseler
Mamerlayen
August 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30 31
September
Muselexkursioun
Bauerenhaff Eppelbléi
Fräiliichtmusée Konz
Naturpark Ourfest
Koffer an aner Mineralien
Naturolympiad
Steenzäit
Naturolympiad
Gräifvullenzoo
Ecomusée Azannes
Op der Pirsch Robbesscheier Op der Pirsch
Propper Uelzecht?
Bibersafari
Bibersafari Op Tour mam Lama
Schiefergrouf
Op Tour mam Lama
Ourdaller BEO
Solarboot Stau
Aaschtbëseler
Speedboot bauen Schlaangen & Co Schlaangen & Co
1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30
Musée rural Bënzelt
Naturspiller Gronn Äppelfest Naturspiller Gronn
Panda Familjefest
Ourdaller Beo
Kaalber
Sonndeg, den 30. Juni 2013
Familjen
Ourdaller Bléiefest
Fir d’ganz Famill: alles iwwert Beien a Bléien, Bastelatelieren passend zum Thema, flotte Beie-Mobile fir mat heem ze huelen.
Vun 11.00 bis 18.00 Auer zu Kaalber Chantal Kerschen
gr
atis
3
Familjen
Naturpark Ourfest Housen
Sonndeg, de 4. August 2013
Spill a Spaass fir d’ganz Famill, Atelieren vum PandaClub „ Konscht op Schiefer“ a vum Science Club „Fabrica fossilis“.
vun 11.00 bis 18.00 Auer zu Housen Chantal Kerschen
4
gr
atis
Familjen
Panda Familjefest Sonndeg, de 15. September 2013
De ganzen Nomëtteg iwwer masseg Atelieren a Spiller fir Kanner iwwert d’Natur, de Weltall, d’Déieren an d’Planzen. Porte ouverte am “natur musée”. Fir Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt.
Vu 14.00 bis 18.00 Auer an der Rue Münster am Gronn. Mike Hagen
gr
atis
5
An dengem Liewen trëppels du véier mol ronderëm d’Äerd.
Méi entdecken
Wëssenschaft a Fuerschung fir jiddereen: science.lu 6
6-8 Joer
Zoo Köln
Köln
Dënschdeg, de 16. Juli 2013
Mir ginn op Safari an de Kölner Zoo, begéine Pavianen a Krokodillen, maachen en Tour duerch de Reebësch a versichen och de Rescht vun den Zoobewunner kennenzeléieren.
um 08.00 Auer um P&R Howald (zréck: 20.00 Auer) Chantal Kerschen
o
Eu 20 r
7
6-8 Joer
Bauerenhaff Eppelbléi Donneschdeg, den 18. Juli 2013
Eppelduerf
Mir verbréngen e ganzen Dag um Bauerenhaff, luussen an de Stall eran, paken eng Hand mat un a léieren déi sëllechen Déieren um Haff e bessi besser kennen.
um 09.00 Auer um P&R Howald (zréck: 17.00 Auer) Chantal Kerschen
o
Eu 15 r
8
Méindeg, den 22. Juli 2013 Donneschdeg, de 25. Juli 2013
Wëntreng
6-8 Joer
Waasserbéischten 1 Mir probéieren Déieren (Molchen, Fräschen, Siwestécher, WaasserWanzen asw.) an engem Weier ze fänken.
um 14.30 Auer zu Wëntreng (zréck: 17.00 Auer) Claude Heidt
4
Euro
9
6-8 Joer
Fräiliichtmusée Konz Konz
Dënschdeg, den 30. Juli 2013
Hei liewe mir wéi fréier; wéi hu se deemols gewunnt, wéi hunn d’Schoulen ausgesinn a wat hunn d’Kanner de ganzen Dag gestiicht? En Dag voller Iwwerraschungen a flotte Bastelatelieren.
um 09.00 Auer um P&R Howald (zréck: 17.00 Auer) Chantal Kerschen
o
Eu 20 r
10
Mëttwoch, den 31. Juli 2013 Donneschdeg, den 29. August 2013
Guedber
6-8 Joer
Aaschtbëseler En ass butzeg, wibbeleg, virwëtzeg an an de lëtzebuerger Bëscher doheem. Mir maachen ons op d’Sich nom mysteriéisen Aaschtbëseler.
um 09.00 Auer um Schiltzbierg bäi Guedber (zréck: 11.30 Auer) Mike Hagen
4
Euro
11
6-8 Joer
Muselexkursioun Donneschdeg, den 1 August 2013
Gréiwemaacher
Wou fléisst d’Sauer an d’Musel? Mir begéine Päiperleken am Gaart, drénken Tam Tam an der Kellerei a sichen tëschent Drauwestäck no Wéngerteschleek, Réngelnatter a Feieromes.
um 09.00 Auer um P&R Howald (zréck: 16.00 Auer)
12
Eu 20 r
o
Maria Ursone
Dënschdeg, den 6. August 2013 Mëttwoch, de 7. August 2013
Lëtzebuerg
6-8 Joer
Naturolympiad Dësen Nomëtteg ass Equipegeescht verlaangt. All Equip mécht e puer Atelieren, wou Geschécklechkéet, Kreativitéit a Sprëtzegkeet gefuerdert ginn.
um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Christiane Flesch (Igel)
4
Euro
13
6-8 Joer
Op der Pirsch Méindeg, den 12. August 2013 Mëttwoch, de 14. August 2013
Guedber
Sou just ier et däischter gëtt schläiche mir ons duerch de Bësch op der Sich no den Déieren déi do wunnen.
um 20.30 Auer um Schiltzbierg bäi Guedber (zréck: 22.00 Auer) Mike Hagen
14
4
Euro
Dënschdeg, den 13. August 2013
6-8 Joer
Robbesscheier Munzen Munzen
Mir fuere mam Zuch an d’éislek, wou mir mat enger Päerdskutsch fueren an d’Déieren op de Bauerenhaff besiche ginn. Mir entdecken d’Robbesscheier a gi suguer mëttes gefiddert.
um 08.30 Auer op der Gare Lëtzebuerg (zréck: 16.40 Auer) Christiane Flesch (Igel)
o
Eu 25 r
15
6-8 Joer
Bibersafari Freideg, de 16. August 2013 Méindeg, den 19. August 2013
Stauséi
Op onser Safari ronderëm de Stau erfuersche mir d’Liewe vum Biber. Doniewent siche mir nach Spuere vu Wäschbier an Otter.
um 09.00 Auer um P&R Howald (zréck: 17.00 Auer) Claude Heidt
o
Eu 15 r
16
Dënschdeg, den 20. August 2013
6-8 Joer
Op Tour mam Lama Habscht
Um Bauerenhaff „an Hecken“ zu Habscht gëtt et e ganz besonnescht Déier: de Lama. Mir maachen ons mat him op den Tour a léieren dee Gesell aus der Famill vun de Kaméiler mol méi genee kennen.
um 10.00 Auer um P&R Howald (zréck: 17.00 Auer) Chantal Kerschen
o
Eu 15 r
17
6-8 Joer
Ourdaller Beo
Kaalber
Dënschdeg, de 27. August 2013
Zu Kaalber léiere mer vill Zorte Käre kennen, kréie gewise wéi een Ueleg presst a Moschter mecht. Mir baken awer och ons eege Wafelen a loossen ons déi duerno och gutt schmaachen.
um 10.00 Auer um P&R Howald (zréck: 17.00 Auer) Chantal Kerschen
o
Eu 15 r
18
6-8 Joer
Musée rural Bënzelt
Bënzelt
Donneschdeg, de 5. September 2013
Zu Bënzelt erliewe mir wéi d’Bauere fréier gelieft hunn, ginn an de Gaart Geméis plécken a kachen a brachen domadder eng schmanteg Zëppchen.
um 09.00 Auer um P&R Howald (zréck: 17.00 Auer) Chantal Kerschen
o
Eu 15 r
19
6-8 Joer
Naturspiller am Gronn Dënschdeg, den 10. September 2013 Donneschdeg, den 12. September 2013
Lëtzebuerg
Flott Spiller dobaussen, vill Iwwerraschungen an eng sëllegen Déieren a Planzen déi et ze entdecke gëllt.
um 14.30 Auer am ‘natur musée’ (zréck: 17.00 Auer) Chantal Kerschen
20
4
Euro
Mëttwoch, den 11. September 2013
Lëtzebuerg
6-8 Joer
Äppelfest Et ass d’Zäit vun den Äppel. Mir léieren déi sëllegen Zorte besser kennen a maachen eng helle Wull vu schmantegen Desserte fir déi Schneekeg ënnert ons.
um 14.30 Auer am ‘natur musée’ (zréck: 17.00 Auer) Chantal Kerschen
4
Euro
21
9-10 Joer
Expeditioun Weier Samsdeg, de 6. Juli 2013
Ettelbréck
Mir fänken Déieren (Molchen, Fräschen, Siwestécher, Waasser-Wanzen asw) an engem Weier fir si ze erfuerschen.
um 14.00 Auer zu Ettelbréck (zréck: 17.00 Auer) Claude Heidt
22
gr
atis
Dënschdeg, de 16. Juli 2013
9-10 Joer
Minn zu Géisdref Géisdref
Mineralien ënnert de Mikroskopen ënnersichen an an eng kal Antimon-Minn eraklammen.
um 08.00 Auer um P&R Howald (zréck: 17.00 Auer)
Eu 10 r
o
Claude Heidt, Misch Thoma
23
9-10 Joer
Fossilien Mëttwoch, de 17. Juli 2013 Donneschdeg, den 18. Juli 2013
Rëmeleng
Mir siche no Verstengerunge vu Schleeken, Muschelen an Tëntefësch an engem Koralleriff.
um 14.00 Auer um P&R Howald (zréck: 17.00 Auer) Claude Heidt, Misch Thoma
24
6
Euro
Bënzelt
Dënschdeg, den 23. Juli 2013
Mam Cliärwer Beieveräin an CNDS Naturaarbéchten erfuersche mir d’Liewe vun de Beien: d’Beien am Stack kucken (an engem richtege Schutz-Kostüm), Hunneg schleidere fir en duerno an d’Glieser ze fëllen. An anere Wierder: Du bass e ganzen Dag Beien-Ziichter zu Bënzelt.
9-10 Joer
Beien an Hunneg
um 08.00 Auer op der Gare Lëtzebuerg (zréck: 16.45 Auer) Claude Heidt
o
Eu 10 r
25
9-10 Joer
Mouerenexpeditioun
Réserve Naturelle Hautes Fagnes
Mëttwoch, de 24. Juli 2013
Iwwer Brécken duerch en onheemleche Mouer an den Hautes Fagnes goe fir Planzen an Déieren ze erfuerschen an erauszefannen, wat den 21. Januar 1871 mat enger jonker Koppel geschitt ass.
um 08.00 Auer um P&R Howald (zréck: 18.00 Auer) Claude Heidt
o
Eu 20 r
26
Freideg, de 26. Juli 2013
9-10 Joer
Expeditioun Lellgerbaach Lellgen
Am Naturschutzgebitt Lellgerbaach waarde vill Aufgaben op ons fir d’Rätsel vum «Hellege Kiewerlek» ze léisen.
um 09.00 Auer op der Gare Lëtzebuerg (zréck: 16.45 Auer) Claude Heidt
o
Eu 10 r
27
9-10 Joer
Mamerlayen Dënschdeg, den 30. Juli 2013 Mëttwoch, den 31. Juli 2013
Schëndels
Mir ginn d’Wanterwunnenge vun de Flantermais kucken. Mir ginn a krauchen duerch däischter Hiele mat onsen Täscheluuchten. Vläicht begéine mir och nach e puer Déieren …?
um 14.15 Auer tëschent Schëndels a Keespelt (zréck: 16.45 Auer) Christiane Flesch (Igel)
28
4
Euro
Donneschdeg, den 1. August 2013
Eppelduerf
Mir verbréngen e ganzen Dag um Bauerenhaff, luussen an de Stall eran, paken eng Hand mat un a léieren déi sëllechen Déieren um Haff e bëssi besser kennen.
9-10 Joer
Bauerenhaff Eppelbléi
um 09.00 Auer um P&R Howald (zréck: 17.00 Auer) Chantal Kerschen
o
Eu 15 r
29
9-10 Joer
Fräiliichtmusée Konz Freideg, den 2. August 2013
Konz
Hei liewe mir wéi fréier; wéi hu se deemols gewunnt, wéi hunn d’Schoulen ausgesinn a wat hunn d’Kanner de ganzen Dag gestiicht? En Dag voller Iwwerraschungen a flotte Bastelatelieren.
um 09.00 Auer um P&R Howald (zréck: 17.00 Auer) Chantal Kerschen
o
Eu 20 r
30
9-10 Joer
Koffer an aner Mineralien Stolzebuerg
Méindeg, de 5. August 2013
An eng kal, däischter a fiicht Minn klammen an duerno no Koffer, Quarz an anere Mineralien sichen.
um 09.00 Auer um P&R Howald (zréck: 17.00 Auer) Claude Heidt
o
Eu 15 r
31
9-10 Joer
Steenzäit Housen
Dënschdeg, de 6. August 2013
Mir verbréngen een Dag an der Steenzäit, bauen en Ënnerstand, ginn op d’Juegd an nach villes méi.
Um 09.00 Auer um P&R Howald (zréck: 17.00 Auer) Chantal Kerschen
o
Eu 10 r
32
Donneschdeg, den 8. August 2013
Ath
An enger super Gräifvulleshow fléie Gräifvigel iwwert eis Käpp. Vill aner exotesch Vulle kënne mir am Zoo observéieren, wéi Flamingoen a Papageien. Mir trëppelen och duerch kleng asiatesch Dierfer a kucken eis e grousst Schëff vu bannen un.
9-10 Joer
Gräifvullenzoo
um 07.30 Auer um P&R Howald (zréck: 20.00 Auer) Maria Ursone
o
Eu 25 r
33
9-10 Joer
Ecomusée Azannes Freideg, den 9. August 2013 Azannes
Mir ginn an «d’Schoul» wéi fréier, schreiwe mat Tënt, fierwe Stofft, bake Brout an enger aler Millen, wäsche Gezei an engem Wäschbuer, a kucke wat d’Päerd sou alles maachen.
um 11.00 Auer um P&R Howald (zréck: 18.00 Auer) Maria Ursone
o
Eu 25 r
34
Mëttwoch, de 14. August 2013
Lëtzebuerg
Biologesch a chemesch Analyse man fir erauszefannen, wéi propper d’Uelzecht ass.
9-10 Joer
Propper Uelzecht?
um 14.00 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 16.30 Auer) Claude Heidt
4
Euro
35
9-10 Joer
Schiefergrouf Mëttwoch, den 21. August 2013
Uewermaartel
Op engem Rallye erfuersche mir d’Schiefergrouf vun Uewermaartel, mir klammen an déi kal an däischter Schiefergrouf rof a fuere mam Minnen-Zuch.
um 09.00 Auer um P&R Howald (zréck: 18.00 Auer) Claude Heidt
o
Eu 20 r
36
Donneschdeg, den 22. August 2013
Habscht
Um Bauerenhaff „an Hecken“ zu Habscht gëtt et e ganz besonnescht Déier: de Lama. Mir maachen ons mat him op den Tour a léieren dee Gesell aus der Famill vun de Kaméiler mol méi genee kennen.
9-10 Joer
Op Tour mam Lama
um 10.00 Auer um P&R Howald (zréck: 17.00 Auer) Chantal Kerschen
o
Eu 15 r
37
9-10 Joer
Solarboot um Stau Dënschdeg, de 27. August 2013
Ënsber
Mir fuere mam Solarboot iwwert de Stau fir erauszefannen, wat um an am Waasser lieft. Vläicht ass jo och de Fëschadler ze bewonneren.
um 09.00 Auer um P&R Howald (zréck: 17.00 Auer) Claude Heidt
o
Eu 15 r
38
Mëttwoch, den 28. August 2013
Lëtzebuerg
Jiddferee baut säin eegent solarbedriwwent Speedboot fir mat heem ze huelen.
9-10 Joer
Speedboot bauen
um 09.00 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 11.30 Auer) Mike Hagen
4
Euro
39
9-10 Joer
Schlaangen & Co Mëttwoch, den 28. August 2013 Donneschdeg, den 29. August 2013
Lëtzebuerg
Mir kucken exotesch Schlaangen a pake se un: Python, Kinneksnatter, Boa an och Waranen; wéi friessen d’Schlaangen, wéi beweege si sech a wat hu si fir ze taaschten?
um 17.00 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 20.00 Auer) Maria Ursone
40
6
Euro
Kaalber
Dënschdeg, de 3. September 2013
Zu Kalber léiere mer vill Zorte Käre kennen, kréie gewise wéi een Ueleg presst a Moschter mécht. Mir baken awer och ons eege Wafelen a loossen ons déi duerno och gutt schmaachen.
9-10 Joer
Ourdaller BEO
um 10.00 Auer um P&R Howald (zréck: 17.00 Auer) Chantal Kerschen
o
Eu 15 r
41
Quiz
Opléisung Quiz 3/2013 Léisung: hei gesäis de wéi een Déier wéi séier ass, wann et sou richteg Gas gëtt: Ënnert de ville richtegen Äntwerten hu mir ee Gewënner gezunn: et ass d’
Noémie Weihbrecht vu Garnech.
Mir gratuléieren!
42
Ech hu Muschelen op der Plage fonnt. Kanns du de richtegen Numm dobäi setzen?
Quiz
Quiz 4/2013 Däin Numm: __________________ Deng Adress: __________________ __________________ __________________
Schéck deng Äntwert un: Panda-Club 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg panda-club@mnhn.lu Fax: 462233451
43
Umeldung
Ech melle mech fir dës Aktivitéiten un:
Numm:
........................................................................................................... ...........................................................................................................
Virnumm:
...........................................................................................................
Adress:
........................................................................................................... ...........................................................................................................
L-
...........................................................................................................
Tel.:
........................................................................................................... ...........................................................................................................
Handy:
...........................................................................................................
Gebuertsdatum:
Bemierkungen: ................................................................................... ...........................................................................................................
e-mail:
Umeldung un: Harespelallergie: Jo Jong
Meedchen
Nee
Panda Club 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg
Info: 46223 3450
Fax.: 462233451 e-mail: panda-club@mnhn.lu online: www.panda-club.lu/umeldung.aspx