Panewippchen 03/2021 - Service éducatif MNHN Luxembourg

Page 1

Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit

De Panewippchen De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus

N°136 3/2021

www.panda-club.lu


News

Intressantes um Stärenhimmel vun Oktober bis Dezember 2021 Stäreschnäizen:

8./9. Oktober: Draconiden-Stäreschnäizen um Nord-West Himmel. 21./22. Oktober: Orioniden-Stäreschnäizen um Osthimmel (no beim Stärebild Orion). 17./18. November: Leoniden-Stäreschnäizen am Stärebild Léiw.

Partiell Mounddäischtert den 19. November 2021. De selwechten Dag hu mer e sougenannte Mini-Mound. Do ass de Mound am wäitste vun der Äerd ewech a schéngt da butzeg kleng.

Planéite beobachten:

De 27. Oktober gesäit ee géint 06.00 Auer mueres de Merkur iwwer dem Osthorizont. Am Oktober kann een de Jupiter owes déif iwwer dem südwestlechen Horizont erblécksen.

Flott Stärebiller am Hierscht:

Am Oktober steet de Waassermann um Südhimmel. Am November fanne mer de Walfësch um Südhimmel. Am Dezember ass den Orion schéin um Südosthimmel ze gesinn. November: Stärebild Jongfra

Oktober: Stärebild Léiw

Opléisung Rätsel Nossknacker Säit 10: De Panewippchen muss d’Kierb no ënnen dréinen, fir datt den Hummer no ënnen op d’Noss schloe kann.

2 I DE PANEWIPPCHEN 3/2021

Dezember: Stärebild Orion

TEXT: MIKE HAGEN


PW 3/2021 Spektakulär! Fëschsaurier op der Cloche d’Or fonnt!

Am Juni vun dësem Joer hu fräiwëlleg Mataarbechter an de Paleontolog Ben Thuy vum ‘natur musée’ an engem nei ugeluechte Flossbett op der Cloche d’Or zu Lëtzebuerg fossil Schanke fonnt.

En Dag laang hu si bei grousser Hëtzt 50-60 verstengert Schankestécker ausgegruewen. Nodeems si se eng éischte Kéier ënnersicht haten, konnte si feststellen, datt dëst ee Fëschsaurier, en Temnodontosaurus vun ongeféier 7 Meter Längt war, dee virun 190 Millioune Joer gelieft huet. Dat ass eng Sensatioun, well dës Aart Fëschsaurier aus dëser Zäit vun der Äerdgeschicht gouf bis elo eréischt eemol op der ganzer Welt fonnt! Den Temnodontosaurus huet am Urzäitmier gelieft an huet kleng Mieresdéiere gefriess. Jo, och wa mer eis dat net virstelle kënnen, virun 190 Millioune Joer war Lëtzebuerg vum Mier bedeckt. Elo wäerten d’Wëssenschaftler d’Schanken nach méi genee ënner d’Lupp huelen, fir nach méi iwwer den Temnodontosaurus vun der Cloche d’Or erauszefannen.

TEXT: SYLVIE HAGEN, WËSSENSCHAFTLECHE ROT: BEN THUY

Wat ass dran? SÄIT 1 DE PANEWIPPCHEN 3/2021 Thema: LOST OCEAN SÄIT 2 NEWS SÄIT 4 DAT VERSCHWONNENT MIER Ammonitten, Belemnitten a Fësch SÄIT 10 RÄTSEL SÄIT 11 FIR MATZESANGEN Dat verschwonnent Mier SÄIT 12 DAT VERSCHWONNENT MIER Fëschsaurier, Plesiosaurier a Mierkrokodillen SÄIT 16 KNIWWELEN Upcycling: Ënnersetzer SÄIT17 DRAACHESPURE-KICHELCHER SÄIT18 DEM VIC SÄIN DRAM Comic SÄIT 21 MAM MUSÉE AN D’NATUR SÄIT 22 PLANÉITEN Den Neptun SÄIT 26 KNIWWEL En Draach bauen SÄIT 28 DE SIWESCHLÉIFER SÄIT 30 DE KLENGE WIEDERFUERSCHER Loft a Wand SÄIT 34 AKTIOUN SCHLÉIFER Impressum SÄIT 36 LOST OCEAN am ‘natur musée’

I3


Dat verschwonnent

MIER Vum 8. Oktober 2021 bis den 29. Mee 2022 weist den ‘natur musée‘ eng Ausstellung iwwer d’Liewen am Mier virun 183 Millioune Joer. Aus deeër Zäit sinn och zu Lëtzebuerg vill schéi Fossilie fonnt ginn. Mam Panewippche kanns du an déi nei Ausstellung andauchen.

4 I DE PANEWIPPCHEN 3/2021


«The Lost Ocean» Virun 183 Mil lioune Joer… MëttelNordséiHéicht

ClevelandBaseng

WalesLandmass CornwallLandmass

ÄermelkanalBaseng

BretoneschNormanneschLandmass

Hollännesche Baseng LondonBrabantArdennenMassiv

Paräisser Baseng

HannoverBaseng

… louch Westeuropa ronn 3000 km méi südlech wéi haut. Dee gréissten Deel war vu Mier bedeckt, mat enger Rei Inselen dran. D’Klima war wéi haut an der Karibik. Baltica Net alles vun deem ale Mier ass verschwonnen. D’Waasser ass scho laang fort, mee de Mieresbuedem ass nach do - déif ënner eise Féiss. En ass verstengert, mat villen Iwwerreschter vun Déieren a Planzen.

Rhäinescht Massiv

*

* Lag vu Lëtzebuerg Massif Central

S c h e i i n f e o d r i s o P Am Südweste vu Lëtzebuerg fënnt een dat Gestengs, dat virun 183 Millioune Joer hei am Jura-Mier entstanen ass (türkisfaarweg op der Kaart). Et sinn donkelgro Tounsteng. Si gi PosidonieSchifer genannt, no enger Muschel, déi fréier Posidonia housch. Déi Gestengsschicht ass bekannt fir hir extra gutt erhale Fossilien.

Déifferdeng Esch-Uelzecht Diddeleng TEXT: GUY KERSCH I

5


w h o c s n r e nent M v t a D ie

r

Ammonitten Almoudesch Kappféisser

D’Ammonitte ware Kappféisser mat enger Schuel wéi eng Spiral. Kappféisser ginn och nach “Tëntefësch” genannt. Si gehéieren zu de Weechdéieren, grad wéi d’Muschelen an d’Schleeken.

Fréier haten all d’Kappféisser eng Schuel, fir hire mëlle Kierper ze schützen.

Den Nautilus ass e “Cousin” vun den ausgestuerwenen Ammonitten. Hie lieft haut nach am déiwe Mier a Südostasien. 6 I DE PANEWIPPCHEN 3/2021

Ha

ce ras

s

ce ra

lio

y ct a D

rp o

ce

ras

Hei e puer fossil Ammonitten, déi virun 183 Millioune Joer gelieft hunn:

to Ly


Belemnitten Modern Kappféisser

kallekeg Schuel

Rostrum

Tentakelen Déi laang, haart Spëtzt vun de Belemnitten gëtt Rostrum genannt. Déi Spëtzte ginn zu Dausenden als Fossilie fonnt. Vill méi seele fënnt een déi hell, kallekeg Schuel.

Eng absolut Raritéit sinn Tentakelen, wéi bei dësem Fossil vun Holzmaden (D). De Belemnitten hir Tentakelen haten nach keng Saugnäpf, mee Kreepercher. Modern Kappféisser hu just eng bannenzeg Schuel, oder guer keng méi. Si schütze sech duerch séiert Schwammen, an duerch Tarnung: Si kënnen hir Kierperfaarf wiesselen, oder eng schwaarz Tëntewollek an d’Waasser ausstoussen.

D’Belemnitte ware virun 183 Mio. Joer schonn zimmlech modern Kappféisser.

De „Schulp” vun engem haitege Kalmar entsprécht dem Rostrum vun engem Belemnit. TEXT: GUY KERSCH I

7


w h o c s n r e nent M v t a D ie Eng immens Villfalt u

r

Fësch

us

od Hyb

Am lëtzebuerger Posidonieschifer si schonn iwwer 20 fossil Fëschaarte fonnt ginn. Sou wéi op dësem Bild kéint et hei virun 183 Mio. Joer ausgesinn hunn.

Caturus Acidorhynchu

s

pis

ole gon

a Tetr

tes

Lepido

mus

sto Sauro 8 I DE PANEWIPPCHEN 3/2021


Verstengert

Fësch

Dee klenge Luxembourgichthys friedeni ass 2017 no eisem Land benannt ginn. Dem Tetragonolepis säi ronnen, platte Kierper war bis 10 cm grouss.

De Pachycormus war e Raubfësch, dee méi kleng Fësch gefriess huet. De Lepidotes hat platt, hallefkugeleg Zänn, fir Muschelen ze knacken. Allebéid konnte se 1 m grouss ginn.

Flossestachelen

Belemnitten

Den Hybodus war een Hai. Seng zwou Réckeflosse waren duerch e Stachel gestäipt. Dësen Hybodus vun Holzmaden (D) hat ronn honnert Belemnitte gefriess, deenen hir haart Rostren a sengem Mo erhale bloufen. TEXT: GUY KERSCH I

9


?

Nossknacker

Et ass Hierscht an de Kueb huet richteg Gloscht op Nëss. De Panewippchen an hien hunn dofir eng Maschinn erfonnt fir Nëss ze knacken. Si kënne sech awer net méi erënneren, wéi ee Wee d’Kierb muss gedréint ginn, fir datt d’Nëss geknackt ginn. Kanns du hinnen hëllefen?

10 I DE PANEWIPPCHEN 3/2021


Dat v erschwon nent Mie r

D’Musek an eng gesonge Versioun vum Lidd fënns du op mimamu.lu/pw

TEXT A MUSEK: JEAN-PAUL MAJERUS I

11


w h o c s n r e nent M v t a D ie

r

Fëschsaurier Echsen a Fëschgestalt

Dëse Fëschsaurier Stenopterygius am 'natur musée' ass 2,4m laang. Fëschsaurier sinn déi heefegst grouss Wirbeldéieren, déi als Fossilien am Posidonieschifer fonnt ginn.

Stenopterygius Fëschsaurier hu sech aus Echsen entwéckelt, déi hiert Fudder am Mier gesicht hunn. Am Laf vu Millioune Joer krute si eng staark Schwanzfloss fir séier ze schwammen, an hir Been hu sech zu Steierflossen ëmgewandelt. Si konnten net méi u Land goen, fir Eeër ze leeën. Dofir hu se lieweg Jonger am Mier gebuer. E Fëschsaurier hat nëmmen 1 Kapp, awer iwwer 130 Wirbelen. Dofir si Wirbelen déi heefegst Fossilien, déi ee vun dësen Déiere ka fannen. 12 I DE PANEWIPPCHEN 3/2021


De Kinnek vun de

Fëschsaurier 70 cm laangt Brochstéck vun engem Temnodontosaurus-Kapp aus dem lëtzebuerger Posidonieschifer. D’Spëtzt an den hënneschten Deel vum Schiedel feelen.

Temnodontosaurus Stenopterygius Den Temnodontosaurus war ee risege Fëschsaurier, dee bis 12 m laang gouf. E war virun 183 Millioune Joer dat gréisst Raubdéier am Mier. En huet aner, méi kleng Fëschsaurier wéi de Stenopterygius gefriess, awer och Plesiosaurier, grouss Fësch a Kappféisser. TEXT: GUY KERSCH I

13


w h o c s n r e nent M v t a D ie

r

Plesiosaurier Elegant Paddelechsen

Nothosaurier, virun 210 Mio. Joer

Pachypleurosaurier, virun 240 Mio. Joer D’Plesiosaurier ware keng Dinosaurier. Si hu sech aus Echsen entwéckelt, déi am Mier gefëscht hunn.

De Plesiosaurier Microcleidus melusinae besteet aus Kapp, Hals an dem viischten Deel vum Uewerkierper. Esou vollstänneg Skeletter si ganz rar. D’Fossil gouf tëschent Suessem an Zolwer fonnt, an als nei Aart bestëmmt.

14 I DE PANEWIPPCHEN 3/2021

D’Plesiosaurier si mat hire 4 Paddelen duerch d’Waasser „geflunn“. Éier d’Fësch deen décke Plesiosaurier-Kierper bemierkt hunn, hat de „Plesio“ se scho mat sengem klenge Kapp um laangen Hals gefaang.


Mierkrokodillen Land&Mier-Liewen

Schiedel a Réckpanzer vum Mierkrokodil Steneosaurus. Am Géigesaz zu de Fëschsaurier an de Plesiosaurier konnt de Steneosaurus u Land goen. Mat senger spatzer Schnëss huet hien och kleng flénk Fësch gefaang. Fir selwer net gefriess ze ginn, hat hien e Panzer aus Schankeplacken.

TEXT: GUY KERSCH I

15


Upcycling: aus alem Pabeier een Ënnersetzer zauberen

Du brauchs: eng al Zeitung, Pech an eng Schéier.

Weltwäit gëtt all 6te Bam, deen ëmgeha gëtt, zu Pabeier oder Kartrong verschafft. D’Nofro u Pabeier ass riseg a sou verschwannen ëmmer méi vun eise Bëscher. Dofir ass et ganz wichteg, de Pabeier ze trennen, esou datt e recycléiert ka ginn. Wa mer Pabeier recycléieren, ginn net nëmme manner Bëscher ofgeholzt, mee och nach manner Energie a Waasser verbraucht.. Recycléierte Pabeier huet 2019 ongeféier 57% vun der weltwäiter Produktioun ausgemaach, 43% sinn aus nei ofgeholzte Beem entstan.

Rapp aus enger Zeitung e puer faarweg Säiten eraus. Schneit d’Säiten a 4 Stécker. Fal deng Stécker 5-6 mol an ongeféier 1 cm breet Sträifen.

Rull deng Sträif Pabeier zu enger Spiral zesummen, huel dann een neie Pabeier a pech dësen un deng Spiral a rull och dës Sträif Pabeier ronderëm. Maach esou laang weider, bis deng Spiral ongeféier een Duerchmiesser vun 3,5 cm huet. Pech de Wupp fest.

Rull 7 Spiralen a pech se uneneen. A fäerdeg ass däin Ënnersetzer aus recycléiertem Material. 16 I DE PANEWIPPCHEN 3/2021 I TEXT: ANNE-MARIE BIS


Huel e puer Figuren, déi schéi Spuere kënnen hannerloossen.

Draachespuere-Kichelcher

Wäsch se gutt mat Seef, spull se of a looss se dréchnen.

Fir dës mega gutt Draachespueren ze maache brauchs du: 100 gr Zocker 200 gr Botter 1 Ee 300 gr Miel an natierlech e puer gewäschen Draachen.

Alles gutt mateneen zu engem Deeg verknieden an 20 Minutten am Frigo roue loossen.

Den Deeg zentimeterdéck ausrullen.

Den Deeg, deen zevill ass, ewech huelen, rëm ausrullen an austiechen. An dat esou laang bis keen Deeg méi do ass.

Mat engem Eeërdëppchen d’Draachespueren ausstiechen.

E bëssen Hammbiersgebeess an en Dëppche schëdden a mat engem Pinsel d’Draachespueren ausmolen. Looss elo deng Draachen iwwer den Deeg lafen.

TEXT: SABINE GOERENS I

17


18 I DE PANEWIPPCHEN 3/2021


TEXT: GUY KERSCH I

19


20 I DE PANEWIPPCHEN 3/2021 I TEXT: GUY KERSCH


3

#MamMuseeAnDNatur

Filmer op

FEIER MAACHE WÉI DE LOSCHI AN DER STEENZÄIT (4:46)

D’Yana, d’Lisa an d’Sara ginn op d’Sich no de Spuere vum eelste Lëtzebuerger, dem LoschbuerMënsch, dee virun 8.000 Joer gelieft huet. Si dräi weisen dir och, wéi de Loschi Feier gemaach huet. Scann dëse QR-Code a maach en Tour an de Mëllerdall, wou de Loschi gelieft huet, an an den ‘natur musée‘, wou säi Skelett läit.

DÄIWELSKRALL FOSSILIEJUEGD (2:05) s Eng Däiwelskrall as , eng Mieresmuschel déi virun ongeféier hei 200 Millioune Joer gelieft huet. Zu där Zäit war Lëtzebuerg vum Mier bedeckt. e Scann dëse QR-Cod a géi zesumme mam Yana, Sara a Lisa op Fossiliejuegd.

TEXT: PATRICK DELHALT I

21


us

M

V

en

s ar

E stiermesche Benannt nom Mieresgott glënnert e liicht blo um Himmel, den Neptun.

22 I DE PANEWIPPCHEN 3/2021


Sa

turn

e Kadett

Iwwer den aachte Planéit aus onsem Sonnesystem ass laang nach net alles gewosst, an dach gehéiert hien ouni Zweiwel zu de spektakuläersten Himmelskierperen. Atmosphär mat Wolleken a Stierm

Äis aus gefruerene Gasen

Iwwer dat Bannenzegt vum Planéit gëtt nach spekuléiert; d’Wëssenschaftler ginn awer dovunner aus, datt mer hei Äis aus gefruerene Gasen an esouguer vläicht e feste Kär fannen.

feste Kär

Hien ass, grad ewéi säin Noper Uranus, e risege Gasplanéit. Seng Uewerfläch besteet aus Waasserstoff, Helium an dem „sténkege“ Gas Methan. Dësen ass iwwregens och dofir verantwortlech, datt den Neptun bloelzeg blénkt, wa mir e mam Teleskop erblécksen.

Am Verglach zum bloe Planéit Äerd ass de Neptun schonns e Badetti. Hien ass ganzer 57 mol méi grouss wéi onse Mammeplanéit an dréit sech och nawell fatzeg séier ëm seng eegen Achs. Een Dag um Neptun dauert just mol 16 Stonnen a 7 Minutten.

D'Gréisst vum Neptun verglach mat där vun der Äerd TEXT: MIKE HAGEN I

23


Dofir brauch hien awer e gudde Strapp méi laang fir eemol ronderëm d’Sonn ze jauwen. E Joer um Neptun dauert 165 Äerdejoer! Datt dat esou laang dauert ass liicht ze erklären; de baussegste Planéit vun onsem Sonnesystem ass ronn 4500

 6

Sonn

eeg

36

D 48 0.1

Millioune Kilometer vun der Sonn ewech, ons Äerd awer nëmmen 150 Millioune Kilometer. Ons Äerd huet doduercher eng vill méi kuerz Distanz op hirer Ëmlafbunn zeréckzeleeën wéi de bloe Ris.

5

eg De

Mio 150

km

4.

m

io k

M 500

Äerd

Neptun

De Neptun gouf 1846 entdeckt. Dëst war awer keen Zoufall, well et gouf geziilt no him gesicht. Et war den Astronomen nämlech opgefall, datt de Planéit Uranus, dee 1781 entdeckt gouf, sech op senger Ëmlafbunn net esou beweegt De Johann Galle huet, wéi si dat ausgerechent haten. De Grond dofir konnt nëmmen e groussen Himmelskierper sinn, deen duerch seng Unzéiungskraaft dem Uranus seng Bunn ronderëm d’Sonn beaflosst. Dunn hunn d’Mathematiker ausgerechent, wou deen Himmelskierper theoretesch misst ze fanne sinn, d’Astronomen hunn hier Teleskopen op déi Plaz am Himmel geriicht a gesicht. De Johann Galle huet en dunn den 23. September 1846 erbléckst. 24 I DE PANEWIPPCHEN 3/2021

Um Enn vum 20. Joerhonnert hunn d’Wëssenschaftler dunn nach eng Entdeckung gemaach. De Neptun huet op d’mannst fënnef Réng, esou wéi mer se vum Saturn hier kennen. Si sinn awer vill méi dënn wéi em Saturn seng, an dohier och net sou gutt ze gesinn.

Dem Neptun säi Réngsystem


E schwaarze Fleck (en Zyklon)

Dat Spektakuläerst um Neptun ass awer sécher seng Atmosphär, well do ass nawell zerguttstert eng lass! Do stiermt et fatzeg mat Wandvitesse vu bal onvirstellbaren 2000 km an der Stonn. Et bilde sech riseg Stuermsystemer, déi mir mam Teleskop als donkel Flecke beobachte kënnen. Dee gréisste vun dëse Wierbelen huet knapp 13.000 km Duerchmiesser; do géif ons Äerd labber dra passen.

Well den Neptun esou wäit vun der Sonn ewech ass, kritt hien och net méi vill vun der Sonnenenergie mat. Dat erkläert och d’Temperaturen, déi mat duerchschnëttlech -220 Grad äiseg kal sinn. Do misst ee sech schonns gutt schuckeleg apaken, wann ee wéilt de Neptun besiche goen! Ma och genuch Zäit misst ee matbréngen, well d’Rees dohinner dauert net manner wéi 12 Joer. Esou laang huet d'Raumsond Voyager 2 gebraucht bis se laanscht den hellbloe Planéit flitze konnt. Voyager2

Den Triton vun der Voyager2 gesinn

Wéi déi meeschte Planéiten huet och den Neptun seng Mounden. 14 sinn der bis haut bekannt an et ginn och bestëmmt nach e puer onentdeckter. Den imposantsten ass den Triton; e risege Klomp Äis méi grouss wéi den Zwergplanéit Pluto. D’Fuerscher wëllen an Zukunft dëse grousse Mound méi genee ënner d’Lupp huelen. Et gëtt spekuléiert, datt hie Vulkaner a Geysiren op senger Uewerfläch a bannendran e giganteschen Ozean aus Waasser hätt. Vläicht wësse mer Äiskuuscht an e puer Joer schonns méi? Et ënnerierdescht bleift spannend! Mier

Äisvulkan

Steckbréif Neptun Duerchmiesser Distanz zur Äerd Distanz zur Sonn Temperatur 1 Neptundag 1 Neptunjoer 14 Mounden

Geysir Splécken am Äis

feste Kär

49.244 km 4.351 Millioune km 4.500 Millioune km -220 Grad Celsius 16 Stonnen 7 Minutten 60.148 (Äerden)Deeg Triton, Nereid, Naiad, Thalassa, Despina, Galatea, Larissa, Proteus, Halimede, Psamathe, Sao, Laomedia, Neso, Hippocamp TEXT: MIKE HAGEN I

25


Du brauchs: Pech

Looss den Draach fléien!

Pechband

25 cm

fest reng Ficelle glat Schnouer (gutt 20 Meter) Zeitung

Schéier

Stofftreschter (oder Krepppabeier)

6

5 Pech

1 Bengel (ongeféier 30 cm laang)

zwee holze Bengelen: 100 cm a 60 cm laang, 6 mm Duerchmiesser

gelen iwwer K L e e d ’B e n räiz. S tréck se éck Ficelle une t S m e g n e n ee n a m a a ch M . t a e t Pech sé feste Knu chers de de K

a t d er S e e a b éi d E n ner vun K r e a l c e k g , n u e e B w l e n an al ënn e n mlechte Wee. dee n n äm

1 Schneit m

kleng See

26 I DE PANEWIPPCHEN 3/2021

Looss der dobäi vun engem Erwuessenen hëllefen!

2

e puer Zeitungsblied

er iww

e re n e e n .

ü st o p d e Pa b L e e d ’ Ge r eier. S chneit e ’Gerüst of, op la a n s c h t d al l e S äite gutt u o r s g s i w é é m i m d c ’Gerü 5 st.

10 téck Schnoue r ën n e n u n den m a a ch a l l 3 0 c a h c a a r D me fft dru fest. Stéck Sto

9 Stréck e S

7

n vun der glat K n ie t d ’ En er Sch nouer a l w e g é n c e k B e l m s e rond vu erëm.


3 Wéckel

Ficelle stramm ro

nderë m d’Gerüst a l l e K s é k i c e é r r s d a n n d’Kr a ä ck . e t s K e f n e u e h c t a a séche Ma r e mat Pech.

4 Stréck

e Stéck Ficelle so

u un d e kuerze Bengel. e i n t m K ’ d a t Pech. Sécher

mat

he

Knuet.

8 Sécher d

’Borde mat Pec hband

.

anns du mat D’Ecker k d ëmwéckelen Washiban .

e Pabeier, dee D ie b e l d e n iww ersteet, p a e n c e h n e n a f b e st. no

11

Kn ie t d a t

anert Enn un d

’Mëtt

vun dëser Ficelle.

un d’Mëtt

ill Plaz v u o w i h o d s, au r e i é An da lass! G raach fléien! D n äi d ss o lo a s, as a Wand TEXT: SYLVIE HAGEN I

27


De Siweschléifer

Siebenschläfer - loir gris - edible dormouse - Glis glis Méi Informatiounen iwwer eis Schléifer fannt dir op https://www.mnhn.lu/wp-content/uploads/2021/06/Depliant-Schleifer_FR_HP.pdf

28 I DE PANEWIPPCHEN 3/2021


De Siweschléifer ass e Knabberdéier. E gesäit aus wéi eng Mëschung aus Maus a Kaweechelchen. De Siweschléifer ass sou grouss wéi eng Rat an huet e buschege Schwanz. E frësst Friichten a Knospen, awer och Insekten a Vulleneër. Am Hierscht brauch e vill Somkären (Eechelen, Bucheckeren…) fir Wanterspeck unzesetzen.

De Siweschléifer hält e Wanterschlof vu 7 bis 8 Méint . Am Summer schléift en de ganzen Dag a gëtt just nuets aktiv. Dofir hunn déi meescht Leit nach ni e Siweschléifer gesinn.

Am Mee pueren d’Weibercher sech mat mat de Männercher. Am Juni setzt d’Mamm 4 bis 6 Klenger op d’Welt. Si zitt hir Kanner eleng op.

5 virwëlzeg Jonker op enger Fënsterrumm.

E Siweschléifer-Puppelchen TEXT: GUY KERSCH I

29


De klenge WIEDER

3

Loft a Wand LOFT ass eng Mëschung vu verschiddene Gasen, ouni si kéinte mer net liewen.* Loft kënne mer net gesinn, net richen an net schmaachen.

Komm, mir weise mol, datt se nawell do ass: Wat ass an deem Glas hei?

Stiech e geknujelt Nuesschnappech an d’Glas.

Näischt! Falsch, do ass wuel eppes dran!

Zapp et den ëmgedréinte Wee riicht an eng Biitche Waasser. Gëtt d’Nuesschnappech naass? Firwat net? D’Waasser kann net an d’Glas lafen, well schonn eppes am Glas ass, an zwar Loft. Eréischt wann s de d’Loft erausléiss (d’Glas schiif häls), da leeft d’Waasser eran an d’Schnappech gëtt naass.

__> Loft ass eppes! Blos e Loftball op a looss e lass. Wat geschitt? Firwat?

' __> Loft dreckt!

30 I DE PANEWIPPCHEN 3/2021

*Et ass an der Loftschicht, déi ronderëm eis Äerd ass – der ATMOSPHÄR - wou dat ganzt Wieder sech ofspillt. Loft besteet haaptsächlech aus Stéckstoff (N2, 78%) a Sauerstoff (O2, 21%). Dee ganz klenge Reschtdeel maachen aner Gasen aus, dorënner: Argon, Waasserdamp (H2O) a Kuelestoffdioxyd (CO2).


Rfuerscher

d

mlech Haut ass zimaussen! vill Loft dob

Du mengs wuel "Haut ass zimmlech vill Wand"!

Loft =/ Wand Och déi Loft, déi iwwer eisem Kapp* a ronderëm eise Kierper ass, dréckt op eis, sou änlech wéi d’Waasser, wa mer an der Schwämm ganz déif dauchen. Just vill, vill manner.

.. dréckt *D’Loft, déi op däi Kapp (Huttgréisst 52), weit 215 Kg!

Mir spieren de Loftdrock net, ausser en ännert ganz séier richteg vill. Wa mer zum Beispill an engem Lift oder enger Seelbunn séier eropoder eroffueren.

De Barometer kann de Loftdrock moossen

Uewen an de Bierger ass de Loftdrock méi niddreg (et dréckt manner Loft vun uewen op dech) wéi ënnen am Dall.

Mee och op enger bestëmmter Héicht (iwwer dem Mieresspigel) ass net ëmmer d’nämmlecht vill Loft. An der Meteo schwätze mer vun ‚Héichdrockgebitt‘ an ‚Déifdrockgebitt‘ - oder ' ' - déi sech entwéckelen HEICH an DEIF an op der Äerdkugel ronderëmwanderen. Déi Ënnerscheeder am Loftdrock entstinn duerch Temperaturënnerscheeder an d’Äerdëmdréiung.

T

T

H H TEXT: CARMEN GREISEN I

31


An de Wand? Produzéier mol selwer Wand mat engem Fächer! Spiers du en am Gesiicht an an den Hoer?

' sech beweegt. __> Wand ass Loft, dei D’Loft zitt ëmmer vun enger Plaz, wou héijen Drock ass, op eng Plaz, wou niddregen Drock ass.

H

T

A well dat op ville Plaze geschitt, mol méi oder manner staark, ass eis Loft ronderëm d’Äerd dauernd a Beweegung. Dat ass de Wand.

' De Wandmiesser aus dem Museesgaart

Wei` staark de Wand grad ass, kanns de ganz einfach beobachten:

Wandstäerkt 0 bis 1 km/h wandstëll Den Damp klëmmt riicht an d'Luucht.

Wandstäerkt 6

39-49 km/h staarke Wand Et päift ronderëm d'Haiser; et ass schwéier, de Prabbeli ze halen.

32 I DE PANEWIPPCHEN 3/2021

Wandstäerkt 7 50-61 km/h steife Wand Ganz Beem beweege sech; beim Goe géint de Wand spiert ee Widderstand.

Beaufort Skala Wandstäerkt 1 1-5 km/h liichten Zuch Den Damp gëtt liicht gedriwwen.

Wandstäerkt 8

62-74 km/h stiermesche Wand Äscht brieche vun de Beem of; de Wand hënnert beim Goen.

Wandst

6-11 km/h liicht Bris De Wand een am G d'Blieder dauschen

W

7 S S H g g


n.

Wandstäerkt 9

75-88 km/h Stuerm Schiet un den Haiser, Zille gi vum Daach geblosen.

fir an de Gaart oder an de Schoulhaff bastelen. Huel en dënnen, glate Bengel, stiech e puer Pärelen drop a maach se mat enger Drëps Pech fest.

Schneit e Stéck Seidepabeier, Kopiespabeier, dënne Karton, décke Karton an dënnt Holz a befesteg se um Bengel.

W

N

Maach et esou, datt déi verschidde Blieder fräi ronderëm de Poul dréine kënnen, da kanns de och nach ofliesen aus wéi enger Richtung de Wand kënnt. Mol eng Wandrous op de Buedem.

S

h se d spiert Gesiicht;

Wandmiesser

E

täerkt 2

Wann s du et nach méi genee wëlls wëssen, kanns de der e

Wandstäerkt 3

12-19 km/h schwaach Brise Blieder an dënn Äscht beweege sech.

Wandstäerkt 10 89-102 km/h schwéiere Stuerm Beem ginn entwuerzelt, grousse Schued un den Haiser.

Wandstäerkt 4 20-28 km/h staark Brise Stëbs a Pabeier gëtt gehuewen; dënn Äscht beweege sech.

Wandstäerkt 11

108-117 km/h orkanaartege Stuerm Schwéier Zerstéierungen.

Wandstäerkt 5 29-38 km/h schwaache Wand Kleng Lafbeem beweege sech.

Wandstäerkt 12

ab 118 km/h Orkan Schwéier Verwüstungen.

TEXT: CARMEN GREISEN I

33


Gaardeschléifer, Siweschléifer an Hieselmaus Bei eis zu Lëtzebuerg ginn et dräi verschidde Schléiferaarten: Allen dräi hu se e Schwanz mat Hoer (am Géigesaz zu de Mais) an zimmlech grouss schwaarz Aen, mat deene se gutt an der Nuecht gesinn.

Schléifer nenne mir se awer net nëmme well se de ganzen Dag verschlofen, a meeschtens just nuets aktiv sinn, ma virun allem wéinst hirem laange Wanterschlof. Vu September/Oktober bis Mäerz/Mee verkrauche se sech an ee Lach am Buedem, an eng Bamhiel oder och ënner den Daach vun engem Haus. Hei rulle se sech zesummen a verschlofen déi kal an ongemittlech Joreszäit.

34 I DE PANEWIPPCHEN 3/2021

• De Ga

Hien erkenn schwaarzer ronderëm d


De Panewippchen ‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450

www.naturmusee.lu www.panda-club.lu

Impressum Redaktiounscomité: S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, M. Hoffmann, G. Kersch, M. Kirsch, M. Nossem, F. Theisen.

Texter:

aardeschléifer

nt een u senger r „Zorro-Mask“ d’Aen.

A-M. Bis, P. Delhalt, S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, G. Kersch, J.-P. Majerus, M. Schaltz.

• De Siweschléifer

Hien huet ee buschege Schwanz an ee groe Pelz.

• D’Hieselmaus

Se ass winzeg kleng (max 8cm) an huet ee routbrongen, goldege Pelz.

De Mouvement Ecologique an den Oekozenter Pafendall, zesumme mat hire Partner, zu deenen och den ‘natur musée’ gehéiert, wëllen nämlech erausfannen, wou et nach iwwerall där Schléifer zu Lëtzebuerg gëtt.

Méi Informatiounen iwwer eis Schléifer fannt dir hei:

Du hues ee Gaardeschléifer, ee Siweschléifer oder eng Hieselmaus bei dir am Gaart, Gaardenhaischen oder um Späicher wunnen? Oder op engem Spadséiergang begéint? Da schreif eng E-Mail un natur@oeko.lu mam Datum, der Adress an ëm wéi ee Schléifer et sech handelt.

Wat de Schléifer brauch fir gutt ze liewen a wéi s du hinnen däi Gaart gemittlech ariichte kanns, kanns du op

naturelo.meco.lu noliesen.

https://www.mnhn.lu/wp-content/uploads/2021/06/ Depliant-Schleifer_FR_HP.pdf https://www.meco.lu/de/blog/documentcenter/ aktioun-schleifer-gaardeschleifer-siweschleiferan-hieselmaus/ TEXT: MICHELLE SCHALTZ

Grafik an Illustratioun: P. Diederich, S. Goerens, MP. Goetzinger, L. Grosbusch, M. Hagen, S. Hagen, M. Moritz.

Fotoen: S2&3 Hannergrond: shutterstock, Fotos Ausgruewung: mnhn S4&5 shutterstock mnhn S6 Ammonitten: mnhn, aner: shutterstock S7 Fossil Belemnit: Ra'ike, Belemnitten: Dmitry Boganov, Schulp: Mariko GODA S8 Hannergrond: shutterstock, Acidorhynchus: Bildflut, Saurostomus: Ghedoghedo, Tetragonolepis: Urwelt-Museum_ Hauff, aner: Nobu Tamura S9 Luxemburgichtys: Louis Taverne & Etienne Steurbaut, Tetragonolepis: Ghedoghedo, Hybodus: Urwelt-Museum_ Hauff, Mike Haller, Fossilien: mnhn S12 Stenopterygius: shutterstock, aner: mnhn S13 Schiedel Temnodontosaurus: Everard Home, Fossil: mnhn, Temnodontosaurus: shutterstock mnhn S14 Pachypleurosaurier: Smokeybjb, Nothosaurier: Nobu Tamura, Fossil: mnhn, Plesioaurier: shutterstock mnhn S15 Fossilien: mnhn, aner: shutterstock mnhn S16 mnhn S17 mnhn S21 mnhn S22-23 NASA S24-25 Johann Galle: public domain, aner: NASA S26&27 mnhn S28&29 Siweschléifer op Fënster: Zwiegel, aner: shutterstock S31&32 mnhn S34&35 Gaardeschléifer, Hieselmaus schléift: Jacques Pir, aner: AdobeStock S36shutterstock mnhn POSTER: shutterstock

De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt vun Ministère de la Culture Musée national d’histoire naturelle Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable Administration de la Nature et des Forêts Ministère de la Santé

Abonnementer & Info panda-club@mnhn.lu Tel.: 462233 450

Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.

I 35


Imprimerie


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.