Panewippchen 4/2021 - Service éducatif MNHN Luxembourg

Page 1

Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit

De Panewippchen De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus

N°137 4/2021

Dës Nummer gouf an Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère gemaach

www.panda-club.lu


News

Den Uhu am Gronn De 5. Oktober 2021 hu Mataarbechter vum ‘natur musée’ e blesséierten Uhu am Gronn fonnt an hien an d’Vulleklinik op Diddeleng gefouert. Den Uhu hat den Tommel an eng Gehirnerschütterung, well hien an eppes geknuppt war. Nodeems den Uhu sech erëm erholl hat, ass hien de 14. Oktober erëm am Gronn fräigelooss ginn. Den Uhu ass wéi e Chef fortgeflunn an huet d’Hierschtkueben (Saatkrähen) an der Géigend erféiert. D’Kueben hu sech e puer Minutte mat vill Gejäiz iwwer déi grouss Eil, hire Feind, opgereegt.

esektioun D’Monique Kirsch aus der Zoologi issioun rem nne d’Ka vum ‘natur musée’ huet fir rz kue Uhu Héléla vum radio 100,7 den virgestallt. Lauschtert eran. https:// en-uhu soundcloud.com/naturmusee/d

2 I DE PANEWIPPCHEN 4/2021

Firwat ass awer en Uhu an der Stad ënnerwee? Majo ganz einfach, well hien hei Brutplazen a masseg Iesse fënnt. Uhue bréien a Lächer a Fielsen, op héije Gebaier (Kierchen), an Näschter vu grousse Vullen (Gräifvullen, Reeër) oder esouguer um Buedem am Bësch. Wéi all Eile baue si och selwer keen eegent Nascht. Mam Iessen ass den Uhu net kriddeleg: grouss Insekten, Mamendéieren (Rat, Kéiseker, Marder, jonke Fuuss, Fliedermais), Vullen (Dauwen, Kueben, Gräifvullen, aner Eilen) stinn um Menü. Zu Lëtzebuerg ginn et am Moment 20-25 Koppelen. TEXT: CLAUDE HEIDT


Wat ass lass um Nuetshimmel vu Januar bis Abrëll 2022 Stäreschnäizen:

An der Nuecht vum 3. op de 4. Januar kënne mer bis zu 110 Stäreschnäizen an der Stonn gesinn. Da kënnt ons Äerd an d’Ëmlafbunn vum Asteroid 2003 EH a seng Brochstécker vergléien dann an onser Atmosphär. D’Astronomen nennen dëst de Quadrantiden-Stroum. Fir se ze entdecken, musst dir an Nord/Nordost Richtung kucken tëschent d’Stärebiller Herkules, Draach a Bärenhüter.

Planéiten:

7. Januar De Merkur ass elo um südwestlechen Oweshimmel ze beobachten, well hie steet deen Owend am wäitste vun der Sonn ewech a gëtt esoumadden net méi esouvill vun der Hellegkeet vum Sonnestär iwwerdeckt.

Stärebiller am Wanter: Zwilling, Stéier a Fuhrmann

Stärebild Fuhrmann Stärebild Stéier

Stärebild Zwilling

Reewuerm

Kéiseker

ënner Bamschuel

an enger Bamhiel Himmelsdéierchen

déif am Buedem Bëschfliedermaus

ënner engem Bliederkoup

Opléisung Rätsel Säit 11

TEXT: MIKE HAGEN

PW 4/2021 Wat ass dran? SÄIT 1 DE PANEWIPPCHEN 4/2021 Thema: SÄIT 2 NEWS Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur zu Lëtzebuerg SÄIT 4 NUTRI-SCORE SÄIT 10 KNIWWEL Homemade Granola SÄIT 11 RÄTSEL Wanterschlof SÄIT 12 D’BËSCHSPËTZMAUS SÄIT 14 EN DAG OP DER LEEKOLL SÄIT 20 KNIWWEL Schreif emol rëm SÄIT 21 FIR MATZESANGEN Den Neelchen SÄIT 22 BRRR - WÉI KAL! SÄIT 26 MAM MUSÉE AN D’NATUR 4 SÄIT 27 WILD CITIES SÄIT 28 BIRDWATCH DAY SÄIT 34 KLENG MA VOLLER RÄTSEL De Merkur SÄIT 38 DE KLENGE WIEDERFUERSCHER 4 D’Temperatur SÄIT 42 KNIWWEL Wanterdekoratioun Impressum SÄIT 44 ‘natur musée’

I3


Hues du schonn emol den

Nutr Nu tri-S i-Sco core re Den Nutri-Score-Logo fënnt een ëmmer méi dacks op Verpackunge vu Liewensmëttelen. De Produzent kann dee fräiwëlleg op seng verpaakten Iesswuere man. Mam Nutri-Score kann ee liicht gesinn, ob ee Produkt méi oder manner gutt ass fir eng gesond Ernährung (= Närwäertqualitéit).

gesinn?

Den Nutri-Score ass e Logo vun A, B, C, D oder E.

De gréngen A ass eng gutt Närwäertqualitéit an de rouden E méi eng schlecht.

4 I DE PANEWIPPCHEN 4/2021


Nutr tri-S i-Sco core re berechent? Wéi gëtt den Nu Dëse Bewäertungssystem ass vu Wëssenschaftler entwéckelt ginn. Si kucken, wat wichteg ass an enger gesonder Ernärung:

Ballaststoffer, Proteinnen, Uebst a Geméis, Scheekefriichten ( Ierzen, Bounen, Lënsen,…) Lënsen,… ) Nëss, Raps-, Noss- an Olivenueleg. Op där anerer Säit sti Saachen, déi ongesond sinn, wann een zevill dovun ësst:

(Eewäisser) fënnt ee ganz vill am Fleesch, Gefligel, Fësch, Eeër Scheekefriichten, Tofu, sinn am Geméis, Mëllechprodukter. Si Uebst, Vollkargetreide, sinn d’Haaptbausteng Scheekefriichten. Si vun eisem Kierper. maachen eis sat a si gutt fir d’Verdauung.

Ballaststoffer

Gesiedegt Fettsaiere

fënnt een an Déiereprodukter wéi Charcuterie, am Botter, a Kokos a Palmueleg, a Patisserie, Kichelcher, Schockela.

Kalorien, gesiedegt Fettsaieren, Zocker a Salz.

Natierlech

Transforméiert: e bësse verännert (agefruer, geschnidden, …), 1-2 Zoutaten dobäi

Proteinnen

Et fënnt een den Nutri-Score gréisstendeels Ultra-transforméiert: vill op transforméierten oder ultra-transforméierte verännert, minimum 5 Liewensmëttel, a Fäerdegprodukter wéi Jugurt, Zoutaten dobäi, déi een net esou an der Kiche benotzt Cornflakes, Müsli, gefruere Pizza oder Lasagne. Mam Nutri-Score kann een also ganz einfach d’Liewensmëttel aus enger Kategorie matenee vergläichen. Et soll een awer trotzdeem ëmmer seng Ernärung am Ganze kucken. Zum Beispill kann eng Limonad oder e séisse Snack en A oder B kréien, wann de Produzent amplaz vum Zocker Séissstoff dra mécht. Och Séissstoff soll een awer nëmme ganz wéineg iessen, a fir Kanner ass e guer net gutt.

Eisen Tipp: Ech iessen: - Vill planzlech Liewensmëttelen, wéi Uebst a Geméis, Lënsen, Bounen, Gromperen a Vollkargetreide. - Natierlech Liewensmëttelen, déi manner wéi 4 Zoutaten hunn. - Vun allem, mat vill Variatioun, Faarwen a Geschmaach.

TEXT: ANNE MARX I

5


Wat fannen ech op der Etikett vu mengem Liewensmëttel? Den Numm vum Liewensmëttel

Nährw

ertang aben : je Fette davon g davon esättigte F e m davon ehrfach g ttsäu esättig einfac Kohle h u n gesätt n ig davon hydrate Z davon ucker Polyo davon le * S Ballas tärke * tstoffe Prote * ine Salz Vitam ine un d Min erale*

Wou kënnt et hir? Zoutaten: Vun den Zoutaten, déi als éischt op der Lëscht stinn, ass am meeschten am Liewensmëttel dran; vun deenen, déi als lescht drop stinn, ass am mannsten dran.

OMORA

Mat där Lëscht kann ee gutt d’Qualitéit vum Liewensmëttel analyséieren: Wat d’Lëscht mei kuerz ass, wat besser. - Wat manner Zoutaten drop stinn, déi een normalerweis net an der Kichen huet, wat besser (E …) - Andeems een déi puer éischt Zoutate kuckt, gesäit ee wat am meeschten dran ass. wéineg Zoutaten vill Zoutaten

Bis wéini et

Hei ginn et 2 versch

Nutr tri-S i-Sco core re Wann d’Liewensmëttel en Nu huet, kann och dat hëllefe méi séier ze gesinn, ob z. B. vill Zocker oder Fett dran ass. Am beschte vergläicht een d’Liewensmëttel aus enger selwechter Kategorie mateneen, also Kichelcher mat Kichelcher, Uebstjugurt mat Uebstjugurt, asw. 6 I DE PANEWIPPCHEN 4/2021

«Verbrauche bis…» oder «à consommer jusqu’au…» Nom Oflaf vum Verbrauchsdatum kënne verschidde Liewensmëttel eng Gefor fir d’Gesondheet sinn. Wann dësen Datum eriwwer ass, soll een d’Produkt net méi iessen, an et soll een en och net méi afréieren. Beispiller heifir si frëscht Fleesch a frësche Fësch.


100 g oder 1 00 ml

uren g/100 g gte Fe g/10 tts g te Fett äuren * g/1 0g säure 0 n * g/1 0g 00g g/100 g g/10 g/1 0g 00g g/100 g g/100 g g/100 g g/100 g g, mg oder

Do lount sech e kuerze Bléck op de Fett- (gesättigte Fettsäuren), Zocker-, an de Salzgehalt. Déi sollte méiglechst kleng sinn.

D’Närwäertkennzeechnung ( oder «étiquetage nutrionnel») nutrionnel» ) : Do stinn déi wichtegst Närstoffer, déi am Liewensmëttel dra sinn, an hir Quantitéit. Dës ginn ëmmer pro 100g uginn an heiansdo och pro Portioun.

D‘Quantitéit

Nährwertangaben: je 100 g oder 100 ml Energie: kcal/100g Fette g/100g davon gesättigte Fettsäuren g/100g davon einfach ungesättigte Fettsäuren* g/100g davon mehrfach ungesättigte Fettsäuren* g/100g Kohlenhydrate g/100g davon Zucker g/100g davon mehrwertige Alkohole* g/100g davon Stärke* g/100g Ballaststoffe* g/100g Eiweiß g/100g Salz g/100g Vitamine und Mineralstoffe* g, mg oder µg/100g

De Fabrikant/ Fabrikant / Hiersteller

XXXX

gutt ass:

hidden Datumer:

Dat heescht, wann e Jugurt ausgesäit, schmaacht a richt wéi ëmmer, dann ass en och nach gutt fir z’iessen - och wann den Datum schonn eng Woch ofgelaf ass.

«Mindestens haltbar bis…» oder «à consommer de préférence avant…» De Mindesthaltbarkeetsdatum bedeit, datt d’Produkt bis zu deem Datum näischt oder wéineg u Geschmaach a Qualitéit verléiert. D’Liewensmëttele sinn no dësem Datum awer net automatesch ongenéissbar. Beispiller heifir sinn Nuddelen, Kaffi, Räis a.s.w.

Fir manner Liewensmëttelen ewech ze geheien ass et wichteg, dëst ze verstoen. Nuddelen oder Räis kann een also och nach iessen, wann de Mindesthaltbarkeetsdatum eriwwer ass. Wichteg ass et, ëmmer mat eise 5 Sënner ze decidéieren: - Ass Schimmel drun, huet d’Faarf sech vill verännert oder ewechgeheien. ass d’Béchs bombéiert? ewechgeheien. - Richt et anescht wéi normal a komesch? ewechgeheien. - Schmaacht et anescht, pickt et am Mond? TEXT: ANNE MARX I

7


Test d’Qualitéit vum Liewensmëttel: Wat ass däi Liblingsprodukt? Kuck emol d’Etikett a probéier et selwer ze bewäerten. Nutr i-Sco core re et huet? Wat mengs de, wéi een Nu tri-S Si vill Zousazstoffer dran?

N um m : Vu wou kë nn t et ? ht) Wat as s dran ? (Zoutatelësc

r Lëscht)

de (éischt 4 Zoutaten op r? le ee dd an st be pt Wat si nn dé i 4 H aa 1

2 3 4

Pro a Kontra fir den Nutr Nu tri-S i-Sco core re : Pro

Kontra

En ass liicht ze verstoen a wëssenschaftlech getest.

Zousazstoffer wéi Séissstoff ginn net berécksiichtegt.

Vill Leit hunn Iwwergewiicht. Den Nutr Nu tri-S i-Sco core re hëlleft Produkter fannen, déi besser si fir eng gesond Ernärung.

Den Nutr Nu tri-S i-Sco core re ass fräiwëlleg an net all Produzent mécht en op seng Verpackungen.

De Produzent wëll e gudde Score an ännert d’Zesummesetzung vu senge Liewensmëttel. E mécht z. B. manner Zocker dran.

Den Nutr Nu tri-S i-Sco core re ass dacks just op fäerdege Geriichter a Snacks, déi souwisou scho manner gesond sinn an déi ee just a klenge Moosse soll iessen.

Et kann ee super Liewensmëttel aus enger Kategorie matenee vergläichen. 8 I DE PANEWIPPCHEN 4/2021


Conclusioun Nutr Nu tri-S i-Sco core re ass Den wëssenschaftlech getest an eng einfach Hëllef fir gutt anzekafen. Et soll een awer trotzdeem seng ganz Ernärung am Bléck hunn a sech un der Ernärungspyramide orientéieren.

Ee Liewensmëttel eleng ass net gesond oder ongesond, mee et ass en Deel vun eiser Ernärung, déi een am grousse Ganze sollt kucken.

Dat heescht, vill Geméis an Uebst, Vollkarprodukter a Gromperen a Scheekefriichten, e bësse Fleesch, Fësch an Eeër a Mëllechprodukter an e bësse Fett, am beschte planzlech Ueleger.

Wat sinn iwwerhaapt Zousazstoffer? Et ginn iwwer 300 Zousazstoffer, déi an der EU erlaabt sinn. Si gi benotzt fir: - Liewensmëttel méi laang haltbar ze man (Conservateur) - Faarwen ze änneren (Faarfstoffer) - D’Liewensmëttel ze séissen - D’Texturen ze optiméieren (méi fest, mëll, cremeg, asw.) TEXT: ANNE MARX I

9


Wat maache mat de villen Nëss déi s du am Hierscht opgeraf hues?

vu ne ng em

Ma th ëll ef

Knuspermüsli selwergemaach

Erwuessenen

Du brauchs: 500 gr Huewerflacken 500 gr verschidde Kären a Nëss déi s du gär hues 5 Zoppeläffele Sonneblummenueleg 5 Zoppeläffelen Hunneg oder Agavesirup an eventuell 1 Zoppeläffel Kanéil oder Vanillzocker Déi déck Nëss oder Hieselnëss a Käre graff kleng maachen. D'Huewerflacken, den Zocker an den Ueleg dobäi schëdden an nach emol gutt mëschen. Dat Ganzt an eng feierfest Form ginn a fir 30 Minutte bei 180° C an de Schäffche stellen. All 10 Minutte réieren. Ofkille loossen an dono a Glieser fëllen a beschrëften.

Ideal fir Moies: 40 g vun dësem hausmaacher Müsli mat engem Jughurt an e bëssen Uebst vermëschen. Looss der et gutt schmaachen! 10 I

TEXT: SABINE GOERENS


?

Wanterschlof

Reewuerm Zéi e Stréch vum Déier op seng Schlofplaz. Ech hale kee Wanterschlof, ech sinn d’ganzt Joer ënnerwee.

ënner Bamschuel

Kéiseker

an enger Bamhiel

Himmelsdéierchen

déif am Buedem

ënner engem Bliederkoup

Bëschfliedermaus

Verschidden Déiere schlofen de ganze Wanter iwwer: si hale Wanterschlof. Fann eraus, wéi een Déier sech wéi eng Plaz gesicht huet, fir de Wanter ze verbréngen.

I 11


al dsp itz ma us, mu

D’Bëschspëtzmaus ign a r sa

mm e co

u n e,

x araneus e r o w, S e r h s co m m o n

W

D’Spëtzmais gehéieren zu den Insektefrësser, wéi de Kéiseker an de Maulef.

D’Bëschspëtzmaus ass 6 bis 8,5 cm laang 6 bis 8,5 cm 12 I DE PANEWIPPCHEN 4/2021

a weit 6 bis 13 Gramm.


D’Bëschspëtzmaus frësst virun allem Insekten, Spannen, Reewierm a Schleeken. Dofir huet si en Insektefrëssergebëss mat ville klenge spatzen Zänn. Si gesäit ganz schlecht. Hiert Fudder fënnt se mat den Oueren a mat der Nues. D’Bëschspëtzmaus muss all Dag méi friessen, wéi si selwer weit soss erhéngert se. Hire Kierper ass ze kleng, fir Fettreserven unzeleeën. Dofir hält se kee Wanterschlof: Si brauch och an der kaler Joreszäit all zwou bis dräi Stonne Fudder. Well si am Wanter net sou vill ze friesse fënnt, gëtt se am Hierscht méi kleng a méi liicht! Sou ka si de Wanter mat manner Fudder iwwerliewen.

Vum Fréijoer bis an de Summer setzen d’Weibercher 2 bis 4 mol 4 bis 7 Jonger op d’Welt. Déi Neigebuer weien nëmmen en halwe Gramm. Hir Ae ginn eréischt no 3 Wochen op. No engem Mount si se scho selbstänneg. TEXT: GUY KERSCH I

13


Panewippchen, kuck dir mol dee Fiels genee un! Wat fällt dir op?

p o g a D n E * ** u z l l o k   e e L der

l e t r a a m r e ew

U

D’Doris Thilmany empfänkt eis an erkläert den Oflaf vum Dag. Dat gëtt jo richteg flott!

* Eng Lee ass eng dënn Plack aus Steen. ** D’Wuert Koll ass en anert Wuert fir Kaul(an dësem Fall fir Grouf).

14 I DE PANEWIPPCHEN 4/2021

Genee ! D’Gestengsplacke stinn den héije Wee. Wéi kann dat sinn?


Viru 400 Mio. Joer

sinn um Terrain vum haitege Lëtzebuerg um Buedem vun engem groussen Ozean Sand, Leem an doudeg Déieren a Planzen ofgelagert ginn.Wärend enger laanger Zäit si kilometerdéck Schichten entstan. Virun 300 Mio. Joer sinn d’Äerdplacke mat de Schichte widderenee gestouss. Duerch säitlechen Drock an dat eegent Gewiicht sinn dës Schichten zesummen an an d’Luucht gedréckt zu festem Fiels gepresst ginn. Sou si Falen entstan. Gläichzäiteg hu sech duerch de säitlechen Drock d’Leempartikelen den héije Wee geluecht. Sou ass d’Schiferung entstan: ee Steen, dee sech liicht an dënn Placke splécke léisst.

A genee dëse Schifersteen gouf wärend 200 Joer ofgebaut an der Géigend ronderëm Uewermaartel.

? s e l l o v t r e ä W s e p p e r e Ass Schif liicht Koll kann ee r e d s u a r e if De Sch splécken. dënn Placke n a E léisst kee Waasser duerch.

um Steen: egenschafte v

Hei d’E

Lo hu mir eng Iddi: en Daach decken!

Sou e Schiferdaach hält 70 Joer.

TEXT: MURIEL NOSSEM I

15


Klierf

aa Uewerm

e

rtel gouf de

aa Zu Uewerm

Wolz

rtel

éck

Ettelbr

er ofgebaut.

nd 200 Jo Steen wäre

it am n hunn d’Le u 0 9 7 1 r e o Vum J erierdesche n n ë n a r e if ch Éislek de S a genotzt. ll o h e g s u ra Grouwen e

Miersch

at de ’Grouwe m d ll a r e th o aaft. amill R éi däitsch Fzebuerzgu Uewermaartel opk d t e u h n u Lëtaiser Vun 1890 r de Wunnh e u g u s a r Gebaie Si hate verstan, t h c e elz datt d’Qualitéit vum Esch-U Maartelenger Schifer extragutt war. Vun do un ass Dampmaschinnen hu moderniséiert ginn. Stroum geliwwert, Lifter si gebaut gi fir an d‘Grouwen. Den Zuch, de klenge Jhangeli, huet d’Leeë matgeholl. Sou war den Export an d’ganz Welt méiglech. No a no gouf et eng Schmëdd, eng Seeërei an eng Schräinerei. No e puer Joer a ville Moderniséierunge war d’Schiferveraarbechtung déi zweetgréisst Industrie vum lëtzebuerger Land. Nëmmen am Minett hunn nach méi Leit Am Joer 1986 sinn déi beim Ofbau vum Eisenäerz geschafft! lescht lëtzebuerger Schifergrouwen awer zougemaach ginn. Auslännesche Schifer, z. B. aus Spuenien, war méi bëlleg, an et gouf es vill méi. Ophänk

Waassereegeler

Wéi funktionéiert eng Karbidsluucht? Soubal Waasser op déi gro Steng drëpst, entsteet e Gas: Acetylengas, an deen ass entzündlech a produzéiert eng Flam. 16 I DE PANEWIPPCHEN 4/2021

Brenner mat Flam

Waasser

Calziumcarbid


D’Doris erzielt eis d’Geschicht vun der klenger Uelegluucht an dem Jang sengem treie Frënd, der Fliedermaus. Merci Doris Merci

Do ass se jo, d’Fliedermaus, dem Jang säin treie Frënd! An elo nach de Schatz fannen!

cool

Wat et mat der Fliedermaus an dem Schatz op sech huet, dat verrode mir iech net. Do musst dir scho selwer emol an d’Grouf Laura erofgoen.

flott Geschicht

flott

interessant

Mir ginn an d‘Grouf “Laura“ a spiere séier, wéi fiicht a kal et ass.

E wéineg onheemlech ass et schonn déi Trape 15 Meter déif erof ze goen.

D’Mëttestonn hu mir eis elo verdéngt am Park, nieft der Villa vun dem deemolege Besëtzer, der Famill Rother.

h c e b r D’Aa

l l o k e e L r e d t an

So Panewippchen, kuck emol genee, do sëtzen dach Kanner an der éischter Rei?

Deemols war dat esou: Kanner vu 14 Joer hunn deelweis direkt no hirem leschten Dag an der Schoul en éischten Dag an der Grouf geschafft.

8 Stonnen! Dat ware laang Schaffdeeg! Am Wanter war et däischter, wa si an d’Grouf erofgaang sinn an owes war et schonn nees Nuecht, wa si heemgaang sinn.

TEXT: MURIEL NOSSEM I

17


t!

ch war e

Geféierle

*

P

l uewen éc k e ss a ls e rfi ife ch S Um ckel* an ënne mam Pé e ginn, eng Ritz geschlo säitlech. duerno nach eng teen jo A well de Schifers cker brécht, ass vu sech aus a Sté ck erofgerutscht. eng schwéier Pla ë eng Gréisst geha Déi ass dunn op m echter op senge ginn, déi en Aarb ). konnt (80-120kg re ie é rt o sp n a tr Réck uel lëtscheg a schm g i, é G ! !! ss u o F Zu Trapen erop! r der vu Päerd ode e tw n e n e e d , n in den Zuch tässelt g ck an e Buggi ge ng Diesellok, déi e lé B si i é te d a h n n it si é e sp w i Ue uf. Mé oder gedréckt go n n zu e g e h sc n ë M ezunn huet. mat de Buggie g

r et och!

d wa Ongeson

vill D’Aarbechter hu sech temt. Deen huet o e g a s b të rs ife Sch äert. Vill an huet déi verh t sa e fg o n e g n o n un an de L mproblemer a sin te O rg e u n te a h r Männe ilikos uerwen, déi ee S st e g t e e kh n ra K r enge ong genannt. nennt, och Stëbsl

Den David hëlt eis mat an d’Atelieren, wou d’Schifersteng weider verschafft gi sinn.

* Maliss

De Meeschter huet de Block gespléckt. Den zweeten Leekëppert, de Männi, huet déi passend Form op d‘Leeën opgemoolt an dës Schiferplacken dem Stréch no rausgeschnidden. Well een dëse Virgang och mat engem speziellen Hummer ka maachen, nennt een dat och: d’Lee këppen, dohir kënnt de Numm Leekëppert. 18 I DE PANEWIPPCHEN 4/2021

De Meeschter huet d’Bléck Schifer mat enger Maliss* a méi kleng Bléck zerdeelt an dono dës Bléck a Leeë gerass (gespléckt).


chemauer Mir hunn eng Dré e gebaut: e wichteg aus Schifersteng , en Dat ass guer net esou Planzen an Déier Liewensraum fir sekten a einfach an et geet net duer, wéi Eidechsen, In einfach Steng openeen ze Spannen. tässelen! Hutt dir scho mol eng richteg Dréchemauer gebaut?

Dono konnte mir entweder e Kettenunhänger aus Schifer man oder eng Schiferplak gravéieren.

D’Doris huet eis déi richteg Uweisunge ginn an no e puer Feelversich hate mir den Trick séier eraus. Dat huet esou vill Freed gemaach, mir wollte guer net méi ophalen.

E richteg flotten Dag an der Leekoll! Mir roden iech: gitt och emol op Uewermaartel a kuckt iech e Stéck lëtzebuerger Geschicht un. En décke Merci dem Doris, dem Mireille an dem David, déi eis begleet hunn an onermiddlech op eis vill Froe geäntwert hunn.

t-Martelange...

se Hau De Musée de l‘Ardoi ...ass mat senger iwwer 200-järeger Geschicht, sengen 8 ha an iwwer 22 Gebaier en eenzegaartege Site, deen déi zweetgréisst Industrie aus dem Lëtzebuerger Land erëmspigelt: D’Schiferindustrie!

Eng Visitt um Site vun den eemolege Leekolle lount sech ëmmer:

• Ob mat der Famill, dem Veräin oder enger anerer Grupp fir eng Visitt guidée, • mat der Famill an de Kolleege fir e kreativen Atelier (Gravur, Dots, Airbrush,..) oder eng Schuppi Visitt, • fir mat der Schoulklass oder der Maison Relais en interessanten Dag op der Koll ze verbréngen, • oder mat denge Kolleegen däi Gebuertsdag ze feieren... Du entdecks net nëmmen de Leeëstee vu senger Entsteeung bis zum fäerdege Produkt, mee léiers och de Beruff vun de Leekëpperte kennen an erliefs déi ënnerierdesch Grouf! Zousätzlech kanns du nach bei verschidden Ateliere mam a ronderëm de Schifer matmaachen an esou en nach besseren Abléck an d’Aarbecht vun deemools gewannen. Méi Informatioune fënns du op www.ardoise.lu oder op www.facebook.com/MuseeArdoise

TEXT: MURIEL NOSSEM I

19


Firwat net mol rëm eng Kéier e Bréif schreiwen?

1

ippchen Léiwe Panew geet gutt a wéi Mir geet et et dir? nz o grad Vaka Mir hunn el

1

Schreif mol rëm

Du brauchs een A4-Blat (am beschten e recycléierte Pabeier) Dorobber schreifs du dann däi Bréif. Fal d’Blat (mat der Schrëft no bannen) an zwee a klapp et nees op.

2

Klapp d’Ecker bis an d’Mëtt.

2

Léiwe Panew ippche

Mir geet et gutt a wéi ge et et dir? Mir hunn el o grad Vakanz

Panewippchen t a wéi geet Mir hunn elo grad Vakanz

Sou soll dat dann ausgesinn.

3

Klapp d’Säiten sou wéi op der Zeechnung eriwwer.

4

Klapp den ieweschten Deel bis op d’Mëtt a klemm den Eck an de klengen Dräieck eran. Maach elo dat selwecht mam ënneschten Deel.

Schreif mol nees e Bréif: un d’Bomi, de Bopi, e Monni oder eng Tatta. Oder schreif mir e Bréif... ech géif mech freeën.

5

A fäerdeg ass d’Envelopp!

20 I DE PANEWIPPCHEN 4/2021 I TEXT: SABINE GOERENS

Panda-Club De Panewippchen 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg

n


n e h c l e e N Den ng gesonge

Musek an e

Versioun

nns du op vum Lidd fë

/pw

mimamu.lu

TEXT: JEAN-PAUL MAJERUS I

21


Brrr, wéi kal!

Elo am Wanter heescht et sech gutt schuckeleg apaken, well d’Temperaturen dobaussen ëm de Gefréierpunkt leien a mir riskéieren ons zolidd ze erkalen. 22 I DE PANEWIPPCHEN 4/2021


Mee wéisou mécht d’Keelt ons iwwerhaapt eppes aus? Anere Liewewiesen, wéi z. B. de Fësch, schéngt d’Keelt jo awer näischt unzedoen. D’Léisung vun dësem Rätsel ass déi heiten: D’Fësch gehéieren zu de wiesselwaarmen Déieren an déi passen hir Kierpertemperatur der Temperatur dobaussen un.

De Mënsch awer gehéiert zu de gläichwaarme Liewewiesen. Dat bedeit, datt mir ons Kierpertemperatur déi ganzen Zäit op ongeféier 37 Grad Celsius hale mussen, fir datt ons Organer am Kierper richteg schaffe kënnen an déi liewenswichteg Funktiounen net gestéiert ginn.

Keng liicht Aufgab fir onse Kierper: Am Summer killen an am Wanter hëtzen. Fir datt dat klappe kann, huet d’Natur ons eng ganz Rëtsch Tricke géint Hëtzt a Keelt mat op de Wee ginn. An der Summerhëtzt heescht et fir onse Kierper „Waasser marsch“, mir schweesse fir ons ofzekillen. (kuck och PW 2/2020, Säit 28-31)

TEXT: MIKE HAGEN I

23


Tricker vun onsem Kierper géint d’Keelt. Gi mer am Wanter eraus an d’Keelt an onse Kierper fänkt un auszekillen, da ginn huerteg eng Rei Géigereaktiounen ugestouss. All ons liewenswichteg Organer leien am Kapp, Broscht- oder Bauchberäich. Hei dierf d’Temperatur also net vill ofhuelen. Bei Äerm, Hänn, Been, Féiss, Nues an Oueren ass et net grad esou schlëmm, wann déi eemol kal ginn. Dofir si si och déi éischt, déi de Kierper bei grousser Keelt „ofschalt“. Als alleréischt verenge sech d’Bluttgefäässer, déi just ënner onser Haut leien. Dëst ass wichteg, well d’Hëtzt am Kierper och iwwer d’Blutt verdeelt gëtt. Sinn elo déi Odere méi enk, fléisst manner Blutt duerch an et geet och manner Hëtzt iwwer d’Haut verluer.

Duerno riichte sech d’Hoer, déi mir um Kierper hunn, e bësselchen op. Déi Loft, déi ënner der Couche vun Hoer gefaangen ass, isoléiert ons zousätzlech virun der Keelt.

24 I DE PANEWIPPCHEN 4/2021

A wa mer dann nach ëmmer kal sinn, gëtt onst Gehier de Befeel „Heizung uman!“ un ons Muskelen. Muskele produzéiere nawell gelleg vill Hëtzt wa si schaffen. Ons Muskele fänken also u sech ze spanen an zesummenzezéien. Si schaffe praktesch am „Leerlauf“ mam Resultat, datt mir ufänke mat zidderen.


Wat ass den Neelchen a firwat kréie mir en? Wann an onsen Hänn a Féiss d’Bluttzirkulatioun op Spuermodus steet, fir d’Hëtzt am Kierper ze halen, fänken ons Fangerspëtzten an och ons Zéiwen u wäiss an daf ze ginn. Mir spiere se dann och net méi richteg a wa mir eppes ertaaschte wëllen, fillt dat sech nawell bosseg un.

Nerv Bluttbunn

Am äiskale Fanger

De Fanger gëtt waarm! AUA!

Fanger Nerv Bluttbunn

Wa mer dann ons Hänn an d’Täsch stiechen, a se esoumadden nees ophëtzen, ginn ons Oderen nees méi grouss an d’Blutt fléisst zréck an d’Fangerspëtzen. An dat deet nawell zerguttstert wéi, well dann och d’Nerven nees erwächen a richteg funktionéiere kënnen. An dat nenne mer dann «den Neelchen» hunn.

Wéi kann ech mech géint d’Keelt schützen? - mech gutt waarm undoen.

Onbedéngt och eng Mutz opdoen, well am Kapp sëtzt ons Kommandozentral an déi soll gutt schuckeleg waarm bleiwen.

- mech beweegen.

Well d’Muskelen Hëtzt produzéieren, soll een net ze laang an der Keelt roueg sëtzen ouni sech ze beweegen.

- eppes Waarmes drénken.

Waarmt Gedrénks hëtzt de Kierper vu bannen an d’Blutt kann dës Hëtzt am ganze Kierper verdeelen.

TEXT: MIKE HAGEN I

25


4

#MamMuseeAnDNatur

Filmer op

EVOLUTIOUN - VUM WOLLEF A VUM SCHNUFFI (3:20)

n f vun de Joerdausende La am ch se e er nn rä All Déieren a Planze ve t een Evolutioun. Dem Sara (6 Joer), nn a Joermilliounen, dat ne er) hiren Hond Schnuffi an de Wollef, 1 Jo Yana (9 Joer) a Lisa (1 n, hunn déiselwecht sin ge s nn ka ‘ ée us m deen s du am ‘natur Ur-, Ur-, Ur-…UrGrousselteren. Scann dëse QR-Code a komm mat an den ‘natur musée’ fir ze entdecken, wéi den Hond entstanen ass.

REES BEI EIS 8 PLANÉITEN (1. Deel 5:09, 2. Deel 9:41)

ee no kommen, kann ei R r de em st sy ne mir jeden an eisem Son „Mein Vater erklärt Wéi déi 8 Planéiten en al rh ve az S ite s also de em he ganz einfach mat de hthimmel“. Am nooste bei der Sonn as ac urn, den Uranus Sonntag unseren N , d‘Äerd, de Mars, de Jupiter, de Sat zesumme us Merkur, dann d‘Ven eptun. Scann dëse QR-Code a maach nN iten. an zum Schluss de ees bei eis 8 Plané R g en a ar S a na mam Ya 26 I DE PANEWIPPCHEN 4/2021 I TEXT: PATRICK DELHALT


LOOSST DOHEEM E BË SCH WUESSEN AN ENTDECKT D’BIOD IVERSITÉIT ZU LËTZEBUE RG!

PRODUZÉIERT VUN

ZUNG VUN

MAT DER ËNNERSTËT

A PARTNERSCHAFT

MAT

ENG INTERAKTIV AN EDUKATIV GESCHICHT FIR KANNER VU 6 BIS 9 JOER Verfügbar a 4 Sprooch en: LU, FR, EN, DE

GRATIS

Komm, lee lass! Looss däin eegene virtuelle Bësch wuessen a gëff méi iwwer d’Déieren an d’Planze vu Lëtzebuerg gewuer. An dësem Abenteuer ass et deng Aufgab, fir dem magesche Bam deng Hëllef unzebidden an déi verluere wëll Déieren erëm zréck an hir Heemecht ze bréngen. Website: wildcities.app Production: a-bahn.com

D’Geschicht fänkt u mat engem Somkär. Wou e wuesse wäert, läit un dir. Entdeck all déi verstoppte Geheimnisser vun dengem Bësch andeems de mat neien Déierefrënn poters an de Geschichte vun denge Planzen nolauschters. Sou gëss de gewuer, wéi mer all zesummen eppes maache kënnen, fir all Dag fir eise Planéit ze suergen. TEXT: a_BAHN, Jam3 I

27


Birdwatch day Gemeinsam Vulle beobachten, den 1.Weekend am Oktober, dëst Joer fir déi 28. Kéier.

Intro

Zuchvigel bestëmmen ass keng einfach Saach, mee mat engem Vullefuerscher op der Plaz, deen engem hëlleft, ass dat richteg flott. De Panewippchen huet de Patric Lorgé, Ornitholog* bei natur&ëmwelt, interviewt an ass vill Spannendes gewuer ginn.

28 I DE PANEWIPPCHEN 4/2021

xy


yyy

den internationalen Dag vun den Zuchvullen qwertzu

Vulle ginn an ang Netzer gefa gt an an da berén elooss, nees fléie g firwat?

Esou léiere mir d’Weeër kennen, déi si fléien. Déi Réng ginn a Schweden hirgestallt, si fiederliicht a stéieren d’Vullen net. All Rank huet eng eegen Nummer, dat ass dem Vull seng Identitéitskaart! Zu Lëtzebuerg ginn all Joer 20.000 Vulle beréngt. «natur&ëmwelt» schafft scho 60 Joer zesumme mam Institut des Sciences naturelles de Belgique. Zënter Kuerzem kréien d’Vullen e Sender op de Réck. Dës Sendere liwweren Daten un e Satellit, deen dës Daten nees un de Fuerscher zréckschéckt. Sou kann de Wee, deen d’Vulle fléien, genee ermëttelt ginn.

TEXT: PATRIC LORGÉ, MURIEL NOSSEM I

29


Wou beobachts ten de du am léifs Vullenzuch?

Am Hierscht ginn ech ganz gäer op 2 Plazen no Zuchvulle kucken: op d’Sëller Héicht (vu wou een eng immens Vue no Norden huet), fir duerchzéiend Vullen ze zielen an op d’Weieren am Haff Réimech. Hei raschte vun August bis November vill Waasservullenaarten, awer och Sangvullen, fir sech vun de Strapaze vun hirer Rees ze erhuelen. Wéi ech 10 Joer al war, huet den Ed Melchior, e passionnéierte Vullenexpert, mech mat heihinner geholl fir Vullen ze beréngen, säitdeem ass de Vullenzuch meng Passioun.

Muss een onbedéngt eng Spektiv Jo, eng Spektiv ass hu fir ze ? immens wichteg fir beoabchten Vullen ze beobachten, well ee se domadder besser gesäit ouni se ze stéieren. Eng Spektiv soll eng Vergréisserung vun 8x hunn a si soll net ze schwéier sinn!

s

er

iww

s

te

Ark

s

te

Ark 30 I DE PANEWIPPCHEN 4/2021

nn

Hues du dëst Joer eng besonnesch Am Juli huet et immens vill gereent an d’Wisen am Réiserbann g waren iwwerschwemmt, dat zitt ëmmer vill Vullen un. Ech konnt Beobachtun do eng Arktesch Skua (Schmarotzerraubmöwe, labbe parasite, gemaach? parasitic jaeger, Stercorarius parasiticus) beobachten, déi um Waasser gerascht huet. Dat war den éischten Noweis vun dëser Vullenaart zu Lëtzebuerg. Si bréit héich uewen an Nordeuropa an iwwerwantert viru Westafrika. Normalerweis gesäit ee Skuae m t e R é is a just um Mier. ua u er em Sk w Sk ba h h h c c c


ie

Jo, absolut. Ech sinn ëmmer erëm begeeschtert fir de Vullenzuch ze beobachten an Ännerunge mat ze erfuerschen. Sou konnte mir feststellen, datt z. B. d’Krukerten (Kranich, grue cendrée, common crane, Grus grus) am Hierscht mëttlerweil 1 Mount méi spéit bei ch e n vill eis duerchzéie wéi nach virun r de 20 Joer. Oder fir nei Aarten ze gesinn, déi nach ni oder ganz seele bei eis gesi goufen, wéi z. B. de Sibiresche Bliedervillchen (Gelbbrauen-Laubsänger, pouillot à grands sourcils, yellow-browed warbler, Phylloscopus inornatus). Bl

Lo hues du als nn Expert scho esouvill ge Beobachtun s gemaach. As et fir dech nach ëmmer spannend?

st

el

l

op de r Ta n

k

t

s

er

F iti

Kr

uk

Mee mir setzen eis och vill fir de Schutz vun Zuchvullen an hir Liewesraim an. Kleng Sangvulle wéi de Klenge Jäizert (Teichrohrsänger, rousserolle effarvatte, reed warbler, Acrocephalus scirpaceus) oder de Fitis (Fitis, pouillot fitis, willow warbler, Phylloscopus trochilus) weien 11 resp. 7 Gramm. Fir si ass et immens wichteg, fir op hirer Rees Tankstellen ze fannen, wou si nei Energie kënnen tanken (Insekte fänken): dat si Fiichtgebidder oder Hecke mat ville Friichten. Ouni dës Hecken kënne si déi laang Rees net packen. Mat eise Partner vu «BirdLife International» schaffe mir och vill fir den illegale Vullefang oder d’Ofschéisse vun Zuchvullen ze verbidden. Ouni dat alles fält et den Zuchvullen ëmmer méi schwéier hiert "Verspriechen" anzehalen, nämlech am Fréijoer zeréckzekommen.

TEXT: PATRIC LORGÉ, MURIEL NOSSEM I

31


ge Beobachtun mellen

32 I DE PANEWIPPCHEN 4/2021

s

J

t us

e

er äiz

Gro

K le

Hei zwee Beispiller: De Guckuck (Kuckuck, coucou gris, common cuckoo, Cuculus canorus) an de Klenge Jäizert sinn zwou Zuchvullenaarten, déi am Haff Réimech och als Brutvull virkommen.

ng

Jiddfer Beobachtung gëtt op www.ornitho.lu agedroen. De Musée lued déi Donnéeë vun ornitho.lu a seng grouss Datebank vun der Biodiversitéit eran. Doduerch kënne se besser genotzt gi fir d’Aarten zu Lëtzebuerg ze schützen. Si kommen och op en Internet-Portal gibf.org fir Fuerscher an Naturschützer vun der ganzer Welt.

e

J

e ä iz

rt


u

h e n (K e rnb ei ß

sc

ec ht

hsc h muew

el

r aa

ii ep

Wis

s

aw

fi n c h , Coc

cot hr

au

nk

,h

fa

ux

Pou

a

te

-no y

o sc

ccot

-b e c, ca s s e

h ra u s te

s)

ro s ps

t er

Sch

t

äppc

Ki

ch

n ek

Wärend de Guckuck aus eise Géigende schonn am August fortflitt fir an Zentralafrika de Wanter ze verbréngen, zitt de Klenge Jäizert bei eis bis Ufank Oktober duerch. Allen zwee iwwerwantere se an Zentralafrika: dat mécht eng Fluchstreck vun ongeféier 6000 – 8000 km. Um Birdwatch Day konnten d’Berénger vun «natur&ëmwelt» nach 17 Kleng Jäizerte fänken a beréngen. Mir si gespaant, ob mer vun hinnen eng Réckmeldung kréien. Dëst Joer waren déi dräi heefegst Aarten: - Poufank (Poufank, Buchfink, pinson des arbres, chaffinch, Fringilla coelebs) - Wisepiipsert (Wiesenpieper, pipit farlouse, meadow pipit, Anthus pratensis) a - Schaarschtechschmuewel (Rauchschwalbe, Hirondelle rustique, barn swallow, Hirundo rustica).

,g er

is

Gu

ck

ck

TEXT: PATRIC LORGÉ, MURIEL NOSSEM I

33


us

M

V

en

s ar

Kleng ma

34 I DE PANEWIPPCHEN 4/2021


turn N

Sa

ep

tun

a voller Rätsel Hien ass deen nooste bei der Sonn an och net all ze wäit vun ons ewech. An dach wësse mer séier wéineg iwwer hien: de Merkur. D’Sonn

Dëse Planéit ze erfuerschen ass schonns eng gelleg Erausfuerderung! Well hie sech esou no ëm de grelle Stär Sonn beweegt, ass d’Beobachtung mam Teleskop eng komplizéiert Affär. Och Raumsonden dohinner ze schécken ass kriddeleg, well der Sonn hir gigantesch Unzéiungskraaft riskéiert d’Sond vum Merkur fortzezéien. Dofir ass dëse Planéit bis haut ee vun deene geheimnisvollsten. E Sonnefleck

De Merkur

D’Astronomen hunn awer schonns jett Saachen erausfonnt. De Merkur ass de klengste vun de "grousse" Planéiten an onsem Sonnesystem – och wann hie méi butzeg ass, sou ass hien awer keen Zwergplanéit, wéi z. B. de Pluto. Mat engem Duerchmiesser vun 4.878 km ass hien awer en zolidd Stéck méi kleng wéi ons Äerd (12.742 km Duerchmiesser).

D'Äerd

De Merkur TEXT: MIKE HAGEN I

35


Haart Kuuscht änlech der Äerdkuuscht

Mantel aus geschmoltene Steng

D‘Astronome ginn dovunner aus, datt dem Merkur säi Kär aus Eise besteet an dëse bal ¾ vum ganze Planéit ausmécht. Eng „mënschefrëndlech“ Atmosphär, sou wéi mir se op der Äerd hunn, huet dëse Planéit iwwregens net. Seng ass nawell éischter dënn a besteet zum Deel aus Sauerstoff, Helium a Waasserstoff, vergläichbar ongeféier mat der Atmosphär um Mound.

Kär aus Eisen an Nickel Krateren um Merkur

Ma och dem Planéit seng Uewerfläch erënnert staark un déi vun onsem Mound. Si ass iwwerséint mat déiwe Krateren. A well bis haut nach keng vulkanesch Aktivitéit um Merkur konnt nogewise ginn, mengen d’Fuerscher, datt dës Krateren alleguerten duerch Aschléi vu Meteoritten entstane sinn. Do huet et nawell zerguttstert geknuppt!

Den Degas Krater um Merkur

D’Raumsond Messenger

 36 I DE PANEWIPPCHEN 4/2021

Well de Merkur e gudde Strapp méi no bei der Sonn ass wéi ons Äerd, nämlech bal 100 Millioune Kilometer, klëmmt d’Temperatur bis op + 430 Grad Celsius. An no der Afenhëtzt am laangen (Merkur-) Dag, kënnt dann eng fatzeg kal a laang (Merkur-) Nuecht mat bis zu minus 180 Grad Celsius. D’Raumsond Messenger, déi fir d’NASA tëschent 2011 an 2015 ronderëm de Merkur gejauft ass, huet no bei de Pole vum Planéit déif Kratere mat Äis entdeckt.


Fir dat méi genee ënner d’Lupp ze huelen, huet déi europäesch Weltraumagentur ESA 2018 och eng Raumsond a Richtung Merkur geschoss. Si soll 2025, no bal 9 Milliarde km a vill Emweeër um Zil ukommen. Wann een nämlech a Richtung Sonn flitt, muss een zolidd ofbremsen. D’Unzéiungskraaft vun onsem Stär ass esou grouss, datt een d’Magnéitfelder vun Äerd, Venus a Merkur notze muss, fir net vun der Sonn geschléckt ze ginn. Dofir flitt de BePiColombo och net déi 100 Millioune Kilometer vun der Äerd bis bei de Merkur riicht aus an engem Siess, mee hie flitzt och nach eng Kéier ronderëm d’Äerd, zwee mol ronderëm d’Venus a sechs

D’Raumsond BePiColombo

mol ronderëm de Merkur, ier en da seng wëssenschaftlech Aarbecht maache kann. Da si mer mol gespaant, wat d’Fuerscher 2025 nach alles iwwer dëse rätselhafte Planéit erausfannen. Et bleift spannend! De Merkur

D’Sonn

D’Venus

D'Äerd

Steckbréif Merkur Duerchmiesser 4878 km Distanz zur Äerd 100 Millioune Km Distanz zur Sonn 58 Millioune Km Temperatur tëschent -180 Grad Celsius an +430 Grad Celsius 1 Merkurdag 59 Äerdendeeg 1 Merkurjoer 88 Äerdendeeg Mounden keng

TEXT: MIKE HAGEN I

37


De klenge WIEDER

4

D’Temperatu .. D’Temperatur gett gemooss mat engem Thermometer. Dat weess du, mee weess de dann och firwat datt deen d’Temperatur uweist?

..

Bau der e Flaschenthermometer

1

2

Fierf e bësse kaalt Waasser mat Waasserfaarf … … a schëtt et an eng Fläsch.

3

Stiech e Schallimo (e muss e bëssen duerchsichteg sinn!) duerch d’Lach am Stopp.

4

38 I DE PANEWIPPCHEN 4/2021

Schmier Plastilin oder Wuess iwwer de Stopp a ronderëm de Schallimo, sou datt alles dicht zou ass.

5

Buer e Lach an de Stopp vun der Fläsch a maach de Stopp op d’Fläsch.

Lo muss de d’Fläsch mat dengen Hänn wiermen a kucke wat geschitt.


Rfuerscher

ur

Den Thermometer moosst d’Temperatur. Ok, mee d’Temperatur vu wat? ,

Ma fir ze kucken ob ech Feiwer hunn, musse mer d’Temperatur vu mengem Kierper moossen, dofir hale mer ..den Thermometer no u mai Kierper. Jo, a wa mer vum Wieder .. .. schwatzen, welle mer d’Temperatur vun der Loft moossen. Mee, eigentlech kann en Thermometer nëmmen d’Temperatur vu sech selwer moossen. ,

Probeier mol: Lee op engem schéine sonnegen Dag en Thermometer dobaussen op d’Terrass. Lee en an d’Sonn, op eng Mauer, op en hëlzent Briet, op e schwaarze Blech, an de Schnéi, an de Schiet … Looss him all Kéiers e bëssen Zäit, bis datt dat, wat en uweist, net méi ännert ier s de d’Temperatur oflies!

.. Wat hels du an Uecht?

Waarm Loft a waarmt Waasser brauche méi Plaz wéi kal Loft oder Waasser. Bannen an der Fläsch ass awer net méi Plaz, deen eenzege Wee fir sech méi breet ze maachen ass deen duerch de Schallimo. Dofir klëmmt d’Waasser am Schallimo. Dat selwecht geschitt mam gefierften Alkohol an dengem Thermometer. TEXT: CARMEN GREISEN I

39


Boahh, ech hat, d’lescht am Summer eng Keier 62°Celsius op menger Terrass gemooss! Dat ass jo en neie Weltrekord!

Dat, wat s de do gemooss has, war net d’Temperatur vun der Loft, mee d’Temperatur vum ' Thermometer a vum Buedem, dei .. sech enner de.. Sonnestrale gutt opgehetzt haten. Dofir gëtt d’Lofttemperatur iwwerall op der Welt ënner deenen nämlechte Konditioune gemooss: Den Thermometer hänkt:

fräi an der Loft am Schiet op 2 Meter Héicht (ewech vum Buedem, deen Hëtzt ofgëtt) an engem Wiederhaischen (geschützt viru Wand a Reen)

Wandrichtung .. Wandstaerkt

Reen

Kamera

D’Wiederhaischen am Haff ' vum ‘natur musee’ Fir datt net all Stonn ee Meteorolog muss higoen an d’Miesswäerter ofliesen, gëtt haut meeschtens eng

automatesch Wiederstatioun

Temperatur 40 I DE PANEWIPPCHEN 4/2021

opgeriicht. Hei moosse verschidde Sensoren andauernd, an d’Donnéeë ginn automatesch op e Computer iwwerdroen a gespäichert.


E puer Temperaturrekorder: ..

Letzebuerg

Death Valley, Kalifornien

Vostok, Antarktis

' ' hechst Dei Temperatur vun der ganzer Welt: 56,7°C am Death Valley, Kalifornien, USA, am Juli 2021

..

an zu Letzebuerg: 40,8°C zu Steesel am Juli 2019 .. ' niddregst Temperatur weltwait: Dei -89,2°C zu Wostok, Antarktis am Juli 1983 a -24,3°C bei eis zu

..

Letzebuerg

Nach en aneren Temperaturrekord, deen eis e bësse misst ze denke ginn: Dëse Juli war weltwäit gesinn dee wäermste Juli säit d’Wiederdate gesammelt ginn, dat heescht säit 1880. Zu Lëtzebuerg sinn an deene leschte Joeren net nëmmen am Summer, mee och am Wanter aussergewéinlech héich Temperature gemooss ginn. Sou hate mer de 27. Februar ' An zu Reimech konnt 2019 um Findel 21,6°C, dat ee sech et deen Dag op war nach ni zanter 183 Joer.

der Esplanade gemittlech maache bei knapp 24°C! ' Am deifste Wanter!

Mee domat si mer elo schonn net méi beim Wieder, mee beim Klima, an dat ass nach eng aner Geschicht … TEXT: CARMEN GREISEN I

41


Secateur

Du brauchs:

eng Nues

Aen

o

hn

Sc

r ue

Wanterdekoratioun

t

ch Äs

Schéier

Pech

, Double Facech flëssege Pe

Schneit oder briech als éischt 3 nämmlecht grouss Stécker Aascht . Verbann déi dräi Äscht esou maten een, datt s du dono een Dräieck hues.

art

K ck

eS

g ron

Schéier ht Äsc Secateur

Maach eng . op r ie dé en Re R ndéier fe Nues vum Pech d’Aen an d’ m ee oh d en la ke ac W Wann s du keng eier en op e Blat Pab A du s hues, kann ues chneiden. Fir d’N molen an erauss aachen m er Bommel selw kanns du dir eng iden. ne olen an eraussch oder e Rondel m

Pech

Double Face, Läim

Schnouer

Huel e Stéck Kartrong, loos s ënnen e bësse fräi fir de Stamm vu m Bam a pech d’Äscht op de Kartro ng.

42 I DE PANEWIPPCHEN 4/2021

d’Bengelen a Schneit oder briech n. verschidde Gréisste

Maach e oder eng zéi eng


Och am Wanter gëtt et villes am Bësch ze entdecken. Géi eraus a kuck dir de Bësch méi genee un. Wéi eng Faarwe fënns du erëm, entdecks du souguer vläicht e puer Spuere vun de Bëschbewunner? Dobäi kanns du e puer Äscht, déi s du um Buedem fënns, sammelen an eng schéin Dekoratioun fir op de Beemche bastelen. Vill Spaass

De Panewippchen ‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450

www.naturmusee.lu www.panda-club.lu

Impressum Redaktiounscomité:

S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, M. Hoffmann, G. Kersch, M. Kirsch, A. Marx, F. Theisen.

Texter:

a_BAHN,Jam3, A.-M. Bis, P. Delhalt, S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, C. Heidt, G. Kersch, P. Lorgé, J.-P. Majerus, A. Marx, M. Nossem.

Grafik an Illustratioun:

aBAHN,Jam3, S. Goerens, M. Hagen, S. Hagen, M. Moritz.

Fotoen:

S2 Hannergrond: ©shutterstock, Uhu uewen: Alexander Weigand, Uhu flitt: Claude Heidt, Uhu ënnen: Geneviève Faber S4-9 Logo Nutri-Score: SPF France, aner: mnhn S10 mnhn S12&13 Reewuerm: Soricida, Neigebuer Bëschspëtzmais: WWalas, aner: shutterstock S14 mnhn S15 Hannergrond: shutterstock, aner: mnhn S16 mnhn S17 Hannergrond: shutterstock, al Foto: Musée de l’ardoise, aner: mnhn S18 Hannergrond: shutterstock, Foto Buggy an al Foto: Musée de l’ardoise, aner: mnhn S19 Site Musée: Musée de l’ardoise, aner: mnhn S22-25 shutterstock S26 mnhn S27 a_BAHN, Jam3 S28 Hannergrond: shutterstock, Portrait: Patric Lorgé S29 Réng: mnhn, aner: shutterstock S30 Hannergrond: shutterstock, Spektiv: http://www. kiteoptics.com, Skua: Andreas Trepte, Skua Fluch: Patric Lorgé S31 Bliedervillchen: Katarzyna Stepnievska, klenge Jäizert a Fitis: Patric Lorgé, Tankstell: Raymond Gloden S32 Hannergrond: shutterstock, Screenshot ornitho.lu: mnhn, Haff Réimech uewen: Patric Lorgé, Haff Réimech ënnen: Raymond Gloden, Jäizerten: Patric Lorgé S33 Guckuck: Vogelartinfo, Poufank a Piepsert: Patric Lorgé, Schmuewel: Raymond Gloden S34 Merkur: NASA Messenger Team Jason Harwell S35 Sonn: Elijah Mathews S36&37 NASA S40 Wiederstatioun Musée: mnhn, automatesch Wiederstatioun: shutterstock S42&43 mnhn S44 mnhn

g Schnouer un dengem est fir et opzehänken.

Gäre kanns du däi Beemchen och nach mat Naturmaterialien oder Pärele rëschten.

De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt vun Ministère de la Culture Musée national d’histoire naturelle Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable Administration de la Nature et des Forêts Ministère de la Santé

Abonnementer & Info panda-club@mnhn.lu Tel.: 462233 450 Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.

e Lach (z.B. mat engem Bläistëft gem Locher) an de Kartrong an Schnouer derduerch. TEXT: ANNE-MARIE BIS

I 43


Imprimerie


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.