E klenge Steen - eng grouss Entdeckung!
An engem Steebroch bei Konstem gouf an engem klenge Steen en ausgestuerwene Séiskorpioun (Adelophthalmus sievertsi) fonnt. En ass 9 cm grouss a 406 Millioune Joer al, aus enger Zäit, laang ier et Dinosaurier oder Mënschen op der Äerd gouf.
D’Séiskorpioune ware Raubdéieren an déi meescht vun hinnen hunn am Séisswaasser gelieft. Si haten 8 Been, Schwammfächer a Schéieren, mat deene si hiert Friessen zerluet hunn. Si hu Glidderféisser a Fësch gefriess. Verschiddener vun hinne konnte bis 2,3 Meter laang ginn. Beim gréisste bis elo bekannte Massenausstierwe virun 252 Millioune Joer si se ausgestuerwen.
9 Fuerscher aus Lëtzebuerg, Däitschland an der Belsch hunn zesumme mam Ben Thuy aus dem ‘natur musée’ an de Gestengsschichte vum Steebroch no Spuere vun der Vergaangenheet gesicht, wou si dëse klenge Stee fonnt hunn. Mat Hummer a Meessel gouf de Stee virsiichteg opgebrach an déi sensationell Entdeckung gemaach. Eng Entdeckung wéi dës bréngt d’Fuerscher e Stéck weider op der Sich fir den Ufank an d’Entwécklung vum Liewen op der Äerd ze verstoen.
Am ‘natur musée’ kanns du schonn e Séiskorpioun aus där Zäit a vun där Plaz bewonneren. Mee de Séiskorpioun, deen dëse September zu Konstem fonnt gouf, ass bei wäitem dee vollstännegsten a schéinsten, dee bis elo hei zu Lëtzebuerg fonnt ginn ass!
Naturschu
Naturschu
Wat ass en Naturschutzgebitt?
En Naturschutzgebitt ass e Stéckelche vun eisem Land, wou d’Natur besonnesch geschützt ass. Entweder well do e spezielle Liewensraum ass, deen et net méi op villen anere Plaze bei eis gëtt, wéi z.B. eng Heed, e Mouer, eng Dréchewiss… Oder et liewen do seele Planzenan Déierenaarten, wéi z.B. Orchideeën, den Heckefräsch oder verschidde Fliedermausaarten.
Firwat sinn esou Naturschutzgebidder néideg?
Mir Mënsche brauchen ëmmer méi Plaz fir Wunnengen, Stroossen, asw. a (ver)brauchen d’Natur fir eis Zwecker –denk just un d’Stied, d’Felder, d’Weeden, oder de Bësch… Allze oft huet déi wëll Natur dogéint keng Chance! Weltwäit si méi wéi 1 Millioun Aarte vum Ausstierwe bedrot. Mir Mënschen, souwéi all aner Liewewiesen, brauchen awer och d’Natur an d’Biodiversitéit. Mat dëse Schutzgebidder kréie vill bedroten Aarten e Réckzuchsgebitt, eng Plaz fir sech. Och seele Liewensraim wéi Mouere fënnt ee bal just nach an Naturschutzgebidder. Dofir ass den Naturschutz extreem wichteg, fir dës Liewensraim an Aarten ze erhalen.
En Naturschutzgebitt ass also esou wéi Natur an enger Konservebéchs!? Däerfen d’Mënschen dann do eran?
Och an engem Naturschutzgebitt däerfe mir Mënschen an d’Natur goen, fir eis do ze erhuelen, fir se ze bewonneren an och (landwirtschaftlech) ze notzen. Just datt hei d’Natur virgeet an de Mënsch besonnesch gutt op se oppasse muss. Dofir ginn et fir all Gebitt Verhalensreegelen, un déi jiddweree sech hale muss.
eMouer
Aktuell ginn et an eisem Land 70 Naturschutzgebidder, an et ginn der ëmmer méi! Och op europäeschem Niveau sinn Deeler vun eiser Natur geschützt. Eis Naturschutzgebidder si kleng Bijouen, si sinn eenzegaarteg! Hei si just e puer flott Plazen erausgepickt:
An dëse wonnerschéine Bëscher gëtt aalt Holz leiegelooss, fir datt z.B. rar Insekten hir Eeër kënnen ofleeën. De Fierschter oder de Bëschbesëtzer däerf nëmmen heemesch Beem uplanzen an och net zevill Beem fälle fir Holz ze maachen.
Den Tagebau am Minett huet eng Moundlandschaft hannerlooss, wou sech duerno seelen Orchideeënaarten entwéckele konnten, an d’Buedembréier wéi d’Bëschléierchen hir Eeër leeën. Awer nëmmen, wa mir um Wee bleiwen, an den Hond an der Léngt
A g elaac h t
Wien huet et net schonns eemol héieren, d’Gackere vun den Hénger, d’Gekickels vun de getëppelten Hyänen oder och nach d’Laache vum australesche Kookaburra. Si laache sech all en Eck ewech, oder? Genee déi Fro huet d’Wëssenschaft sech gestallt. D’Verhalensfuerscher wollten erausfannen ob d’Déiere laache kënnen an, wa jo, wéini se dat da maachen.
wat ass Laachen iwwerhaapt?
D’Fuerscher hu fir d’éischt missten eng aner Fro beäntwerten, nämlech déi, wat Laachen iwwerhaapt ass.
Beim Mënsch gëllt d’Laachen als eng wichteg Form vu Kommunikatioun mat senge Matmënschen. Mir laachen als Reaktioun
op komesch oder witzeg Situatiounen, awer och wa mer frou oder erliichtert sinn, datt mer eng quokeleg Situatioun iwwerwonnen hunn. Doriwwer eraus setze mir onst Laachen a fir Sträit ze vermeiden a Konflikter ze entschäerfen. Wëssenschaftler hunn
och erausfonnt, datt d‘Laachen eng ugebuere Reflexbeweegung ass, déi een net eréischt muss léieren. Dat gesäit ee besonnesch gutt beim Këddelen. Wa mir op enger Plaz vum Kierper këddeleg sinn a mir ginn do beréiert, fänke mer gläich un ze laachen.
Fir elo ze iwwerpréiwen ob d’Déieren och laache kënnen, hunn d’Ethologen – esou nennt een d’Fuerscher, déi sech mat dem Verhale vun Déiere beschäftegen – e Këddelexperiment gemaach. Si hunn hir Mondwénkelen eropgezunn an de Mond opgemaach, esou datt een d’Zänn gesinn huet an dobäi kloer Hi-Hi-Hi an Ho-HoHo -Téin vu sech ginn. D’OrangUtanen an d’Gorillaen hunn éischter Kickeltéin vu sech ginn.
Ugefaangen hu se hiert Experiment mat Afen. Si hu jonk Orang-Utanen, Gorillaen a Schimpanse gekëddelt. A kuck do, d’Afen hu gelaacht, woubäi d’Laache vun de Schimpansen deem vum Mënsch am nooste komm ass.
ha -ha-ha h i -hi
h o-ho-ho
Duerno hunn amerikanesch Wëssenschaftler Rate gekëddelt. Och si hu wéi geckeg gepiipst an et sichtlech genoss. Donieft ginn et awer eng sëllegen Déieren, déi hir Freed weisen - wann och net duerch Laachen - dann awer duerch
hin- an hierbëselen oder danzen a sprangen, mam Schwanz wackelen a
nach villes méi. Dat ass dann eng Zort „Laachen duerch Kierpersprooch“.
Domadder war also elo gewosst, datt et Déiere ginn, déi laachen!
Dacks verwiessele mir awer Déieren, déi laachen, mat deenen Déieren, déi Geräischer maachen, déi esou änlech kléngen ewéi d’Laache vun engem Mënsch.
n oder Ge räisch?
Dat beschte Beispill dofir ass d’Getëppelt Hyän. Ass si opgereegt oder rosen, mécht si e Kaméidi, deen ewéi onst Laache kléngt. A Wierklechkeet ass si awer éischter streidereg a wëll hir Plaz am Ruddel verdeedegen.
Och de Kookaburra, en australesche Vugel aus der Famill vun den Äisvullen, kann ee mueres fréi oder owes bei Sonnenënnergang haart „laachen“ héieren. Säi „Laachen“ ass awer näischt anescht wéi de Gesang, mat deem hie
säin Territoire markéiert an ofgrenze wëll. Hie gëtt vun den Australier och nach „Laughing Jack“, dat heescht „Lachender Hans“, genannt. Ofschléissend kënne mer also soen, datt zwar net alles Laachen ass, wat esou kléngt,
d’Wëssenschaft an d’Fuerschung ons awer nees e bësse méi schlau gemaach hunn. An d’Ethologe wäerte bestëmmt hei nach weider fuerschen, fir ons d’Verhale vun den Déiere besser verstoen ze doen.
Et ass net alles Laachen, wat esou kléngt!
D’Laache vum ”Lachender Hans”:
?
Sich jiddwerengem Déier seng richteg Spuer!
H C E L L Ë M
T E G N É W
S U R
C B A U H U S E U H 14 I DE PANEWIPPCHEN 2/2022
N H C A A L
Z J
S T
Q U V W I
X Y P N D A
S C H E N G E F U O R G
Park Pillo Réikitz Schengen Spur Uhu Wéngert M P A C T
E P
L M Ä R L
P A N E W I P P C H E N A K B O T E R O R H I D E E
Schengen
D’Marie-Rose ass eise Guide an hëlt eis mat op en Entdeckungstour an den Europamusée
De 14. Juni 1985 ass hei d’Schengener Ofkommes ënnerschriwwe ginn.
D’Duerf Schengen ass weltberüümt! Firwat?
Dëse Vertrag hu Politiker aus 5 Länner, Däitschland, Frankräich, Belsch, Holland a Lëtzebuerg ënnerschriwwen.
Wat steet an deem Vertrag?
D’Grenzen tëscht dëse Länner ginn ofgeschaaft, jiddweree ka fräi aus engem Land an en anert reesen.
Op deem Vertrag erkennt ee 5 rout Sigelen, fir all Land een. Dat beweist d’Echtheet vun deem Vertrag.
Bis haut hu 26 Länner d‘Schengener Ofkommes ënnerschriwwen: Lëtzebuerg, Frankräich, Belsch, Holland, Däitschland, Dänemark, Estland, Finnland, Griicheland, Island, Italien, Lettland, Liechtenstein, Litauen, Malta, Norwegen, Éisträich, Polen, Portugal, Schweden, Schwäiz, Slowakei, Slowenien, Spuenien, Tschechesch Republik an Ungarn. Déi europäesch Länner nennt ee SchengenStaaten. Do däerf jiddweree fräi an ouni Kontroll vun engem Land an en anert reesen.
Genee wéi d’Politiker drécke mir de Stempel an de waarme Wuess a versigelen eist Dokument.
„Grenzkontroll“ vun de Panda Club Kanner
Virun 1985 huet ee misse säi Pass oder seng Carte d’Identité weisen, wann ee vun engem Land an en anert gereest ass. Op der Grenz stoung e klengt Haus an eng Barriär. E Mann an Uniform, den Douanier, huet de Pass gefrot, och mol d’Pabeiere vum Auto gekuckt oder kontrolléiert, wat am Auto transportéiert ginn ass.
Douanier* gëtt et nach haut, och wa keng Kontrolle méi op de Grenze vu Lëtzebuerg sinn. En Douanier kontrolléiert d’Päck um Flughafen, déi an e Land geliwwert ginn: Si keng verbuede Saache wéi z.B. Drogen dran, oder Déieren, déi net dierfen importéiert ginn?
Virum Musée, op der Stäreplaz ass och villes ze kucken. Hei stinn all d’Fändele vun de Länner, déi d’Schengener Ofkommes ënnerschriwwen hunn.
Vum
Europamusée ass et net wäit bis an Naturschutzgebitt Grouf.
Natur ouni Grenzen
Direkt hanner der Barriär komme mir an e besonnesch interessante Bësch, deen eis un en Dschungel erënnert. Hei ginn et déif Schluchten, Liane vun Däiwelsseeler a Wantergréng a vill aalt Holz. E perfekte Liewensraum fir Insekten, Fliedermais, Vullen a Planzen.
Eng Spuer! Dat gëtt notéiert!
Wat maachen, wann ee kee Bläistëft dobäi huet?
Nu kuck, hei gëtt et jo eng Barriär, mee neen, dat ass keng Landesgrenz! Mee mir sinn am Agang vum Naturschutzgebitt. Fir eis ass d’Staang perfekt fir ze testen, wéi eng Fliedermaus sech fillt oder e Fauldéier…
En Ofdrock vun der Bamschuel
Wéi eng Planz ass dat dann? Jiddweree sammelt Blieder vu Planzen, déi him besonnesch gefalen a pecht se a säin Heft.
An zu gudder Lescht maache mir e Sonnebild bei deem wonnerschéine Wieder.
D’Englännerin Anna Atkins ass déi éischt Botanikerin, déi virun 170 Joer Fotoe vu Planze gemaach huet. Si huet eng speziell Technik genotzt fir Planzen naturgetrei ze illustréieren. Bis dohi sinn d’Planze gezeechent ginn. A mir experimentéieren haut d’„Blaufärbung“, sou heescht dat Verfaren. Hei eist Resultat!
Am Mee kommen déi kleng Réikitzen op d’Welt. Hiert Fell ass déi éischt 2 bis 3 Méint getëppelt.
Esou si se gutt getarnt an zimmlech sécher viru Feinden.
D’Kitz dréckt sech de ganzen Dag
De
e
huet keent. Am Summer hunn d’Réi e
mat Mëllech fiddere kënnt. am Wanter ass e grobrong.
flaach an d’Gras, bis seng Mamm et D’Réi sinn immens schei.
Dofir kritt ee se net dacks ze gesinn. Soubal si e Mënsch héieren oder richen, verschwanne se mat e puer flénke
Sätz am Bësch oder an den Hecken.
Panda Challen
Naturkniwweler vum Mount Dezember
2
Eng Friessbud fir Villercher
Schneit de Kartong 2-3 cm op all Säit an an dréck e spatz no bannen.
duerchzestiechen. Hei kënne sech d’Villercher drop sëtze fir ze knabberen.
Hänk deng Friessbued eraus an de Gaart oder op de Balkon.
Trau dech eraus an d’Natur a maach och du mat!
10 Panda Challengë pro Joer waarden op dech. Um Ufank vun all Mount stelle mir dir en Challenge, hëlls du d’Aufgab un? Wann s du eis dobäi och nach eng Foto vun dir an dengem Challenge op panda-club@mnhn.lu schécks, kriss du eng kleng Iwwerraschung.
Wëlls du och um Challenge deelhuelen? Da scann dëse QR Code oder kuck dir den Challenge op eiser Internetsäit panda-club.lu un!
éiere laachen och
D’Musek an eng gesonge Versioun vum Lidd fënns du op mimamu.lu/pw
Mëllech
Mëllech besteet zum gréissten Deel aus Waasser, Eewäiss (Proteinen), Mëllechzocker (Laktos) a Mëllechfett. An e klenge Rescht si Vitaminnen a Spuerenelementer. An der EU kritt ee Mëllech awer net vun all Déier ze kafen, just vu Kou, Schof, Geess, Büffel, Päerd, Iesel, Yak, Kaméil.
Mamendéieren
Weiblech Mamendéieren hu Mëllechdrüse fir hir Kleng ze nieren. Déi Kleng gi mat Mëllech gefiddert, bis se prett si fir fest Narung z’iessen. Schof, Hond, Elefant, an natierlech och de Mënsch!
Probéier och mol ʺPlanzemëllechʺ, déi net vun engem Déier kënnt: Aus Huewer, Soja, Mandelen, Kokosnoss, Räis.
Fir Mëllech haltbar ze maachen, gëtt se oft pasteuriséiert: dat heescht fir 15-30 Sekonnen op 72-75 °C erhëtzt an direkt rëm ofgekillt. Dat geet duer, fir déi meescht Keimen a Bakterien dout ze maachen, sou datt sech d’Mëllech am Frigo eng Woch laang hält.
Oder et mécht ee Kéis, Botter oder Jughurt aus der Mëllech. Dat ass guer net sou schwéier selwer ze maachen! Am leschte Panewippchen hu mer wäisse Kéis gemaach. Kuck op den zwou nächste Säite wéi ee Botter mécht.
Et ass de franséische Chemiker Louis Pasteur, deen d’Pasteuriséierung vu verdierfleche Liewensmëttel 1864 erfonnt huet.
3.
Lo gëtt et sportlech: Rësel d’Glas mat aller Kraaft.
2.
Botter selwer maachen
Du brauchs: ongeféier 200 g Botter: ½ Liter Ram, e grousst Glas mat engem Deckel an Äiswaasser (Äiswierfelen am Waasser).
1
Schëtt d’Ram an d’Glas a maach den Deckel gutt fest zou.
No enger Zäit gëtt aus der Ram Klappschmant (op Däitsch: ″Schlagsahne″), mee du rësels weider. (Wann dir lo schon deng Äerm wéi dinn, kanns du de Klappschmant an eng Schossel schëdden a mam Mixer weider maachen.)
4.
Iergendwéini gëtt de Klappschmant giel. No 10 bis 20 Minutten deelt e sech vun engem Moment op deen aneren op eemol a Botter an a Bottermëllech.
7.
Eigentlech
kanns du de Botter lo schonn iessen, et ass awer nach e Rescht Bottermëllech dran. Fir de Botter méi laang haltbar ze maachen, schëtt lo d’Äiswaasser drop. Kniet de Botter bis d’Waasser duerch de Rescht Bottermëllech dréif gëtt. Dat nennt ee ″Botter wäschen″.
8.
5.
D’Bottermëllech kanns du lo ofschëdden, mee hal se awer. Du kanns se nämlech drénken, domat baken oder se an d’Zopp maachen.
Rësel oder mix däi Botter weider, bis erëm Bottermëllech rauskënnt. Schëtt d’Bottermëllech nees of. Dat widderhëls du sou laang, bis keng Bottermëllech méi entsteet.
6.
Wiessel d’Waasser a kniet de Botter rëm, a widderhuel dëse Schrëtt sou laang, bis d’Waasser kloer bleift.
Schëtt d’Waasser of a kniet de Botter mat den Hänn. Schëtt nach eng Kéier den allerleschte Rescht Waasser of a fäerdeg ass däi Botter! Am Frigo hält e sech eng bis dräi
9.
Looss der deng Botterschmier gutt schmaachen!
Impakt
Kennt der den Impakt vum Mënsch op d’Biodiversitéit?
D’Ausstellung
Impakt am ‘natur musée’ erzielt d’Geschicht vun enger Aart (eng ganz speziell ënner ganz villen aneren), déi et a ganz kuerzer Zäit fäerdeg bruecht huet, dem Planéit Äerd hire Stempel opzedrécken. Gellt, Dir wësst, vu weem mir hei schwätzen? Ma kloer, de Mënsch!
Kloer ass och, datt d’Äerd net just do ass, fir nëmmen de Mënsch ze ernären. D’Äerd ass nämlech zënter hirer Entsteeung viru 4,6 Milliarde Joer d’Heemecht vun immens villen Aarte gewiescht, vun deenen der haut 99,9 % ausgestuerwe sinn. D’Liewen op der Äerd ass viru ronn 4 Milliarde Joer entstanen. Déi alleréischt Virfare vum Mënsch ginn et allerdéngs eréischt zënter ronn 2 Millioune Joer, de moderne Mënsch souguer eréischt zënter ongeféier 100000 Joer. E Klacks also! D’Gläichgewiicht vum Liewe berout zënterhier op ganz feinen Interaktiounen, déi de Mënsch allerdéngs gewalteg an d’Ongläichgewiicht
D’Experte vum Weltbiodiversitéitsrot (IPBES) schätzen, datt haut méi wéi 1 Millioun Déieren- a Planzenaarte vum Ausstierwe bedrot sinn (vun am ganzen 8 Milliounen, dovunner 5,5 Milliounen Insekten).
D’Zuele schwätzen eng däitlech Sprooch:
1/3 vun der Äerduewerfläch déngen der Landwirtschaft an der Véizuucht.
1/4 vun de Wirbeldéieren, de Wirbellousen a Planze si vum Ausstierwe bedrot.
1/3 vun de Bëscher sinn zënter dem Ufank vum Industriezäitalter duerch mënschlech Aktivitéite verschwonnen.
1/3 vun den iessbare Fëschaarte waren am Joer 2015 Affer vun derIwwerfëschung.
75 % vun de Liewensraim sinn duerch mënschlech Aktivitéite schwéier beanträchtegt.
85 % vun de Fiichtgebidder sinn tëscht 1700 an 1980 verschwonnen. Fiichtgebidder (Moueren, Mangroven, asw.) verschwannen dräimol méi séier wéi d’Bëscher.
1/4 vun de Mieresmamendéiere si bedrot. 40 % vun den Amphibie si virum Ausstierwe bedrot.
Aartestierwe bedeit net automatesch d’Enn vun der Welt. Aartestierwen ass en natierlecht Phänomeen an huet nach ëmmer zu der Geschicht vum Liewe gehéiert. An de leschte 500 Millioune Joer gouf et bis elo och 5 grouss Massenausstierwe vun Aarten, fir déi et ëmmer eng natierlech Ursaach gouf: Beim leschte viru 66 Millioune Joer sinn duerch d’Konsequenze vun engem Meteorittenaschlag z. B. all d’Dinosaurier verschwonnen.
Den Impakt vun de mënschlechen Aktivitéiten op d’Natur gëtt ëmmer méi grouss. Duerfir ënnerscheet sech dës Kris vun deenen anere virdrun: De Mënsch dréit hei fir d’éischt Kéier d’Verantwortung. D’Zerstéierung vun der Ëmwelt duerch de Mënsch schaaft d’Viraussetzunge fir e sechst Massenausstierwen.
Hätt
Der et gewousst?? D’Miwwelen aus dëser Ausstellung sinn zu 95 % aus recyceltem Holz vun der engleschen Marinn hiergestallt a stamen aus enger aler Ausstellung vun de Kolleege vum Natural History Museum vu London.
Iwwer eng ganz laang Zäit huet d’Mënschheet nëmmen aus e puer Dausend Individue bestanen. Eréischt virun 30000 bis 40000 Joer hu mir d’Grenz vun enger Millioun Äerdbewunner iwwerschratt. Duerch bessert Geschier an d’Vereinfachung vun der Aarbecht fir ons Ernärung sécher ze stellen, ass et ons gelongen ons iwwer d’ganz Welt auszebreeden. Et gëtt haut esou gutt wéi keng Plaz méi op der Äerd, déi net vu mënschlechen Aktivitéite betraff ass.
An de leschten zwee Joerhonnerten ass d’Weltbevëlkerung ëm dat sechst- bis aachtfacht an d’Lut gaangen. Zënter dem 15. November 2022 si mir zu 8 Milliarde Mënschen op der Äerd. Nach ni ware mir zu sou vill. Um Ufank vun den 2000er Joeren hunn d’Fuerscher festgestallt, datt déi mënschlech Aktivitéiten d’Funktiounsweis vum Systeem Äerd verännert hunn. Mir hunn d’geologesch Zäit vum Holozän verlooss an trieden an den Anthropozän an. Dat bedeit, datt de Mënsch Spueren an de geologesche Couchen hannerléisst, déi nach a Miliioune vu Joere wäerte siichtbar an detektéierbar sinn, wann et de Mënsch vläicht scho laang net méi gëtt.
E léiwe Vull? E léiwe Vull?
Ee vun onse bekanntste Vullen, d’Routbrëschtchen, ass ganz liicht ze erkennen: orange rout Broscht, grobronge Réck an en dënne spatze Schniewel. Dat ass typesch fir Vullen, déi Insekten a Spanne friessen. Am Hierscht a Wanter sti beim Routbrëschtchen och nach Bieren um Menü.
Routbrëschtchen, Rotkehlchen, rouge-gorge,
Heiansdo gëtt d’Routbrëschtche mam Pillo verwiesselt. De Pillo Männchen huet awer e roude Bauch (d’Weibchen e grobrongen), e schwaarze Kapp, e groe Réck an en décke Schniewel fir Kären ze friessen.
Routbrëschtchen
Mat senge groussen Aen gesäit d’Routbrëschtche ganz léif aus, mä gëtt awer ganz wëll wann en anert Routbrëschtchen a säi Revéier*
Normalerweis geet et duer déi orange rout Broscht ze weisen an ze sange fir deen aneren ze verdreiwen. Klappt dat awer net, da gëtt gekämpft, wat oft ganz brutal ass. Mam spatze Schniewel gëtt op de Kapp vum Géigner geschloen an et ass och schonns virkomm, datt de Verléierer gestuerwen ass. Iwwregens verdeedegt d’Routbrëschtchen (de Männchen a souguer d’Weibchen) och e Revéier am Wanter, wat aussergewéinlech bei de Vullen ass.
Och wa mir also d’Routbrëschtchen dat ganzt Joer bei ons gesinn, sinn et awer net ëmmer déi selwecht Vullen. Am Hierscht fléien d’Routbrëschtercher aus onse Géigende bis a Südfrankräich a Spuenien. An d’Vullen aus Nordeuropa komme bis bei ons geflunn. D’Routbrëschtche flitt normalerweis nuets an de Polar Stär (deen ëmmer am Norde steet) a seng Nopesch Stäre weisen him de Wee.
robin, Erithacusrubecula
D’Routbrëschtche wunnt a Bëscher, Parken an och an Uertschaften, wou vill Hecke stinn. D’Nascht gëtt entweder um Buedem ënner Gestraich oder a Lächer vu Maueren a Beem gebaut an esouguer eemol an engem Doudekapp an England.
Normalerweis bréit d’Routbrëschtchen zweemol am Joer, heiansdo och dräimol. Opgepasst: jonk Routbrëschtercher, déi grad aus dem Nascht geflu sinn, gläichen hiren Elteren net immens. Hier Broscht ass net orange rout, mä hellbrong gesprinselt, warscheinlech fir net vun erwuessene Vullen ugegraff ze ginn.
*Revéier = Géigend an där e Vull normalerweis an der Brutzäit lieft an déi hie géint Vulle vun der selwechter Zort verdeedegt.
Maach deen drëtten Aascht un deenen zwee anere fest, sou wéi op der Foto. Wéckel all Kéiers Drot ronderëm d’Enner, sou wéi virdrun.
Meesen a Märele wäerten dëse Restaurant gär am Wanter besichen, wa si an der Natur net méi vill fir ze friesse fannen. Du kanns awer och einfach Äppel fir si op de Buedem leeën.
Sammel e puer Äscht du am Bësch oder am Park ënnerwee bas. E en Erwuessene kann der op d’Mooss schneiden. Stiech dee méi
Aascht duerch däin
Lee 2 Äscht mat hiren Enner iwwereneen a wéckel fest Drot ronderëm, drënner, driwwer a ronderëm.
‘natur musée’ - 25, rue MünsterL-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450 www.naturmusee.lu www.panda-club.lu
Redaktiounscomité:
A. Bis, S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, M. Hoffmann, G. Kersch, M. Nossem, F. Theisen.
Invité: P. Michaely, C. Steinbach.
Texter:
A.-M. Bis, S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, C. Heidt, G. Kersch, P. Michaely, B. Minette, M. Nossem, S. Schmit, C. Steinbach.
Grafik an Illustratioun:
S. Goerens, S. Hagen, M. Moritz.
Fotoen:
S2&3 Hannergrond: shutterstock, Orchideeën: © Photostudio C Bosseler, aner: mnhn
S4&5 Mouer: Corinne Steinbach, aner: © Photostudio C Bosseler
S6&7 Bam Champignons: David Feldtrauer, Bam Spiechtlächer: Mireille Feldtrauer, Lallengerbierg: Zinneke, Biberdamm: Claude Heidt, aner: mnhn
S8&9 Fiels Doudholz: Danièle Murat, Uhu: Claude Heidt, Mauerpeffer: Ryan Hodnett, Fiels a Waasserbüffelen: mnhn, aner: © Photostudio C Bosseler
S10-13 shutterstock
S15 mnhn
S16 Hannergrond: Naturverwaltung, aner: Muriel Nossem S17 Vertrag: Zinneke, aner: Muriel Nossem
S18 Douane gëschter an haut: Musée de la Douane, aner: Muriel Nossem
S19 Muriel Nossem
S20&21 shutterstock
S22 mnhn
S23 dës Fotoe goufen erageschéckt vun de Familljen, déi beim Panda Challenge matgemaach hunn
S26&27 Sophie Schmit
S28 mnhn
S29 Marion Dessart S30&31 2 Fotoen ënnen an der Mëtt: Marion Dessart, aner: mnhn S32&33 Hannergrond: Francis C. Franklin, Routbrëschtchen Wuerm: Philip Heron, Nascht: Yerpo, Routbrëschtchen Kamera: Alden Chadwick, aner: shutterstock S34&35 mnhn
S36 Muséum d’Histoire Naturelle Toulouse
Poster: Säit 1: Hannergrond: shutterstock, Säit 2: Blummewiss: S. Schneider, Orchidee: W. Bulach, Päiperlek: Cahrles J. Sharp, Schlammwiss: Naturverwaltung, Eech, Biberspueren, Beien, Waasserbüffelen: mnhn, Hannergrond an aner: shutterstock
Ministère de la CultureMusée national d’histoire naturelleMinistère de l’Environnement, du Climat et du Développement durableAdministration de la Nature et des ForêtsMinistère de la Santé panda-club@mnhn.lu Tel.: 462233 450
Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.