De Panewippchen 2/2018

Page 1

Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit

De Panewippchen De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus

N°123 2/2018

www.panda-club.lu


News

Dinoschank fonnt! Viru kuerzem gouf am ‘natur musée’ e ganz besonnescht neit Fossil vu Lëtzebuerg virgestallt: eng Schank vun engem Dinosaurier! Et handelt sech ëm en Osteoderm. Dat ass eng Knacheschupp aus dem Panzer vun engem thyreophoren Dinosaurier. ‚Thyreophora‘ heescht ‚e Schëld-dréier‘, an déi bekannteste Vertrieder vun de gepanzerten Dinosaurier sinn dir ganz bestëmmt geleefeg: de Stegosaurus an den Ankylosaurus!

sou kéint den Dinosau

rier ausgesinn hunn

D‘Fossil vu Lëtzebuerg staamt vun engem méi primitive Vertrieder, ähnlech dem Scelidosaurus. D’Fossil gouf zu Rëmeleng an engem Steebroch vun zwee Fossiliesammler

fonnt. Et ass dat zweet Virkomme vun engem richtegen Dinosaurier zu Lëtzebuerg, nodeems 2014 Iwwerreschter vun engem Raubsaurier vu Bruch bei Miersch bekannt gemaach goufen. d’Kna

chesc

hupp

8 cm TEXT: BEN THUY

Zwee herrlech Bicher! Déi kleng Bei Milli op hirem éischten abenteuerlechen Ausfluch eraus aus dem däischtere Beiestack. Text vum Isabelle Maquoy. Illustratioune vum Quentin Gréban. An d’Lëtzebuergescht iwwerdroe vum Josée Klincker. ISBN 978-2-87142-936-4 Editions Mijade

Alles iwwer Beien! Text vum Wydawnictwo Dwie Siostry. Illustratioune vum Piotr Socha.

2 I DE PANEWIPPCHEN 4/2016

An d’Däitscht iwwersat vum Thomas Weiler. ISBN 978-3-8369-5915-5 Gerstenberg Verlag


PW 2/2018 Wat ass dran?

Punk-Deckelsmouk Viru kuerzem gouf dës witzeg Deckelsmouk op d’IUCN-Lëscht vun de “vum Ausstierwe bedrohte Kreaturen” gesat. D’Mary-River Deckelsmouk (MaryRiver Schildkröte, tortue à crête verte, Mary-River turtle oder green-haired turtle, Elusor macrurus) lieft just am Mary River, engem Floss an Australien. Si huet hellblo Aen, e laange Schwanz, e klenge Kapp a ganz grouss hënnescht Patte mat

deene si ganz schëtzeg schwamme kann. Hir speziell Punkfrisur kënnt duerch Algen, déi op hirem Kierper wuessen. Hire Panzer ka bis 40 cm grouss ginn an domat ass si eng vun de gréissten Deckelsmouken an Australien. Si ka bis 3 Deeg ënner Waasser bleiwen. Well dës extra Deckelsmouk zënter laangem gär als Hausdéier gehal gëtt a well hire Liewensraum zerstéiert gouf, gëtt et der haut net méi vill.

De Panewippchen ass online: www.panda-club.lu/category/panewippchen/ Hei kënnt dir iech all d’Nummere vum Joer 1995 un ukucken.

TEXT: SYLVIE HAGEN

SÄIT 1 DE PANEWIPPCHEN 2/2018 Thema: Rock Fossils SÄIT 2 NEWS Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur SÄIT 4 GEESSEMËLLECH? D’Fléimouk alias Ziegenmelker SÄIT 6 FUERSCHUNG AM ‘natur musée’ Astrophysik mam Nicolas d’Oreye SÄIT 21 KNIWWELEN Eng hausmaacher Klunschel SÄIT 14 HONGREG PLANZEN SÄIT 21 KNIWWELEN Planzen um Frigo SÄIT 22 ROCK FOSSILS SÄIT 30 DE GAART VUM ‘natur musée’ E Paradäis fir Beien SÄIT 34 NEIES AM ‘natur musée’ Fossilien SÄIT 38 FIR MATZESANGEN Ech sinn eng Fleeschfrupsplanz SÄIT 39 KNIWWELEN Uebstblummen SÄIT 40 COMIC Rock Fossils SÄIT 42 KNIWWELEN Rocksteng Impressum SÄIT 44 ‘natur musée’

I3


Geessemëllech? Op enger Schneis an engem Bësch sëtzt owes eng Fléimouk.

errrrrrr rrrrrr errrrrrrrr rrrr

Kuerz drop: E Fléimouke-Weibche kënnt ugeflunn.

4 Woche méi spéit: De Papp bei de Jonken.

d’Mamm kënnt nees bei d’Nascht geflunn.

Cool!

4 I DE PANEWIPPCHEN 2/2018

Nodeems e Jonke giess huet, geet hien hannerrécks fort, fir ze kacken. Duerno trëppelt hie vijenzeg erëm zréck. Esou entsteet mat der Zäit e Krees mat Kack ronderëm de Jonken hir Raschtplaz.

Sou, elo erzielen ech Iech eng Geschicht an duerno gëtt geschlof.


Op enger Wiss niewent dem Bësch stinn 3 Geessen. Et gëtt ëmmer méi däischter. Op eemol kënnt eng Fléimouk geflunn.

Ech weess et net, well ech iesse just Insekten, déi selwecht, déi dir zwee och kritt.

Si hänkt sech un den Auder vun der Geess an drénkt Mëllech. Wéi schmaacht da Mëllech?

Firwat erziels du ons da sou e Kabes?

Esou Geschichte gi bei de Mënschen iwwer ons erzielt.

Egal wat. Déi Mënschen hu jo vun Tuten a Blose keng Ahnung.

Du sees et an elo gëtt awer geschlof.

- Gréisst: wéi eng Märel - Lieft a Bëscher um Sandbuedem mat Schneisen, wou wéineg Planze stinn - Iessen: Insekten (Matten) - Kënnt am Abrëll-Mee aus Afrika an ons Géigenden a flitt am AugustSeptember erëm zréck - Fléimouke baue keen Nascht mä leeën 2 Eeër einfach op de Buedem. - Well Fléimouke just nuets ënnerwee sinn a schwéier ze elker iegenm ar lias Z a k ightj u alias n Fléimo t n e s lev paeu ngou euro alias e lgus u im r p a alias C

entdecke sinn, wësse mir leider net, wéi vill Koppelen hei zu Lëtzebuerg bréien.

TEXT: CLAUDE HEIDT I

5


FuerschUNG am Zu Walfer am Europäeschen Zenter fir Geodynamik a Seismologie (d’Wëssenschaft vun den Äerdbiewen) erfuerschen de Nicolas d’Oreye a säin Team d’Beweegunge vun eiser Äerdkuuscht (der Lithosphär). De Nicolas war schonn als Kand

begeeschtert vun de Wëssenschaften a ganz besonnesch vun der Physik. Duerch d’Leit, déi hie begéint huet an d’Projeten, un deenen hie mat geschafft huet, ass hien dunn éischter zoufälleg dozou komm, d’Beweegunge vun der Äerdkuuscht ze studéieren.

Nicolas, wat kanns du eis iwwer d’Äerdkuuscht erzielen?

6 I DE PANEWIPPCHEN 2/2018

Ä


‘natur musée’: Geophysik GeoPhysik

De Buedem, op deem s du stees, beweegt sech net nëmme bei engem Äerdbiewen oder engem Vulkanausbroch. Eis Kontinenter beweege sech lues awer sécher auserneen oder openeen duer. Dofir ass d’Plackentektonik verantwortlech.

nordamerikanesch Plak

nordamerikanesch Plak eurasesch Plak Fuca Plak

Cocos Plak

pazifesch Plak

Mëttelozeanesche Réck

Vulkaner

Mëttelozeanesche Réck

Vulkaner

Äerdkuuscht

Äerdmantel

Äerdmantel

Duerch Äerdkär déi Kreesbeweegunge vum zéiflëssege Gestengs am Äerdmantel ginn Satelit dës Placke matgerappt. GPS-Satelit

Satelit Warnsystem

GPS-Satelit GPS

GPS

GPS-Bojen

Äerdbiewewellen Pressiouns Sensoren GPS

GPS

Seismometer

Ebbe/Flut

Warnsystem

GPS-Bojen

Äerdbiewen Seismometer

Ebbe/Flut Äerdbiewewellen Pressiouns Sensoren

afrikanesch Plak

australesch Plak

antarktesch Plak

D’Äerdkuuscht besteet aus 7 groussen an ëm déi 50 kleng Placken.

Subduktiounszone

Äerdkär

Äerdkuuscht

pazifesch Plak südamerikanesch Plak

Skotia Plak

Mier

Subduktiounszone

Naska Plak

philippinnesch Plak

Mier Subduktiounszone

Subduktiounszone

arabesch Plak indesch Plak

karibesch Plak

Äerdbiewen

D’Placke beweege sech natierlech extrem lues: just e puer Zentimeter am Joer. Dat spiere mir guer net. Well si sech net all an déi nämmlecht Richtung beweegen, gi si op verschidde Plaze widderenee gedréckt, hei entstinn da Bierger. Op anere Plaze gi se ausernee gezunn, do entstinn da Mierer. Do wou d’Placke laanschtenee schruppen, fanne mir dacks Vulkaner. Et ass och do, wou déi meeschten Äerdbiewen entstinn.

Ähnlech wéi d’Ebbe an d’Flut am Mier, ginn et och Gezäite vum Gestengs. Net nëmme d’Waasser, mo och de feste Buedem gëtt vum Mound ugezunn. Bis zu 40 cm hieft sech de Buedem do, wou de Mound der Äerd am noosten ass.

TEXT: MICHELLE SCHALTZ I

7


All dës Beweegungen ënner eise Féiss erfuerscht den Nicolas a säin Team zu Walfer an engem ënnerierdesche Labo. Zënter 1967 stinn hei, an enger aler Gipsminn an 80m Déift, Prezisiounsapparater, déi d’Beweegunge vun der Äerdkuuscht iwwerwaachen.

Mat dësen Apparater kann den Nicolas och Äerdbiewe moossen, déi e puer dausend Kilometer vu Lëtzebuerg ewech geschéien. Een Äerdbiewe produzéiert nämlech Äerdbiewewellen. Dës Welle beweege sech mat enger Vitess vun e puer Kilometer an der Sekonn a kënne mat engem Seismograf opgezeechent ginn.

Dëse Seismogramm vum Äerdbiewe vum 12. Januar 2012 op Haiti gouf zu Walfer opgezeechent.

8 I DE PANEWIPPCHEN 2/2018

Zënter 2005 fuerscht den Nicolas a säin Team un neie Methoden, fir d’Beweegunge vun der Äerdkuuscht ze moossen.


Mat Hëllef vun engem Netz aus GPSen a Satellitten kann den Nicolas Millimeterbeweegunge vun der Äerduewerfläch feststellen.

Wéi funktionéiert dës Method?

D’GPSen, déi ech benotzen, funktionéieren d’nämmlecht wéi de GPS, deen s du aus dem Auto kenns.

Andeems een d’Signaler vun de Satellitten, déi ronderëm d’Äerd kreesen, analyséiert, kann een déi ganz genee Positioun vun den Empfängerantennen, déi op ganz bestëmmten a bekannte Positiounen op der Äerd stinn, (Vermoossungspunkten), moossen.

Wann d’Äerdkuuscht sech also beweegt, da beweege sech och dës Vermoossungspunkten. Well mir zu all Moment d’Positioun vun den Antenne moossen, moosse mir gläichzäiteg och d’Beweegung vun der Äerduewerfläch.

TEXT: MICHELLE SCHALTZ I

9


Bei enger zweeter Method gëtt d’Äerduewerfläch vun engem Satellit gescannt. Hei schéckt de Satellit ee Radarsignal Richtung Äerd. Esou ee Radar kenns du bestëmmt vun der Strooss. Och d’Police benotzt e Radarsignal, fir d’Vitesse vun den Autoen ze moossen. Fir all Punkt op der Äerd huet een och d’Informatioun zum Wee, deen all Radarwell vum Satellit bis bei d’Äerd an nees zréck hannert sech huet. Wann een also zwou esou Radarfotoe matenee vergläicht, kann ee fir all Punkt feststellen, ob d’Äerduewerfläch sech méi no oder méi wäit vum Satellit ewech beweegt huet. Dës Method funktionéiert awer nëmmen do, wou de Buedem sech net verännert. D’Planze beweege sech am Wand a stéiere sou eng genee Miessung.

Dës Method huet de Nicolas a säin Team net hei zu Lëtzebuerg entwéckelt, mee zu Goma am Kongo, un der Grenz zum Ruanda. Goma läit am “Groussen Afrikanesche Rift”.

Goma

Dem. Rep. Ruanda Kongo

Rift Vulkan

e Goma), bservatoire d (O o d in uh M CGS/MNHN) Adalbert las d’Oreye (E o ic N n a re iè Julien Barr

10 I DE PANEWIPPCHEN 2/2018

An dëser Regioun sinn déi nubesch Plack an déi somalesch Plack zënter ville Millioune Joer am Gaang auserneen ze dreiwen. Hei ginn et dofir och besonnesch vill Äerdbiewen a Vulkaner. Iergendwann wäert e Mier dee Gruef fëllen.


Zu Goma liewe méi wéi 1 Millioun Mënschen. D‘Stad ass quasi direkt op engem Vulkan, dem Nyiragongo, gebaut. 2002 ass dëse Vulkan fir d'lescht ausgebrach an et kann all Moment zu engem neien Ausbroch kommen. Dat ass natierlech eng grouss Gefor fir d’Leit, déi hei wunnen.

Zënter 2005 flitt de Nicolas a säin Team (dozou gehéieren och Wëssenschaftler aus der Belsch), 2-4 mol am Joer an de Kongo, fir zesumme mat dem lokale vulkaneschen Observatoire dem Nyiragongo de Bols ze filllen. Si moossen net nëmmen d'Beweegunge vum Buedem, ma och d'Temperatur, vulkanesch Gasen (Kuelendioxid CO2, Schwefeldioxid SO2), den Infraschall (Téin, déi de Vulkan mécht, mee déi de Mënsch net héiere kann), an esou weider.

D’Methoden, déi eist Team entwéckelt hunn, ginn och an der lëtzebuerger Groussregioun agesat, fir d’Buedemafäll a Minneregiounen ze iwwerwaachen.

Trotz de gesammelten Informatiounen ass et bis haut extrem schwéier ee Vulkanausbroch virauszesoen. Ee Vulkan huet nämlech kee fest Verhalensmuster an all Vulkan ass anescht. Et brauch een also vill Zäit, fir esou ee Vulkan ze verstoen! Méi Informatiounen zu dësem Projet fënns du op: www.virunga-volcanoes.org

Dem Nicolas seng Resultater liwweren och wäertvoll Informatioune fir d’Äerdbiewefuerschung op anere Plazen op der Welt. TEXT: MICHELLE SCHALTZS I

11


cher Eng hausmaa Klunschel:

Eng Klunschel

he mir: Dofir brauc t engem n - e Bam ma lunschel dru ’K d r fi t, h sc staarken Aa eeler/ ze hänken schte Kloters e b m (a r le d sinn - 2 See eg an zolid ff rë g i é d r, Statikseele r - 1 See hebengel fi sc E r e d o - 1Hieselterschel un der Klun v g n a ta ’S d

Fir d’éischt seeë mir eis e Bengel vun engem ongeféier 5 cm décken Hieselter.

2.

1. D’Enn vum Seel

gëtt annerhallef Mol iwwer den Aascht gewéckelt.

D’Enn vum Seel gëtt vu riets iwwer d’Seel hannert den Aascht geluecht an no vir duerch d’Schlauf gezunn.

Dono maache mir d’Seeler un engem Aascht vum Bam fest mat engem Knuet, deen «dueblen Ankerstéch» oder «Prusik» heescht: 3. D’Enn vum Seel muss nach eng Kéier ronderëm den Aascht gewéckelt ginn. Da gëtt de Knuet festgezunn.

4.

m enge t a M de gëtt u datt » g la so «Sch échert, rwaart one t ges Knue net kann . en en opgo

4a.

Dofir gëtt dat kuerzt Enn vu lénks no riets iwwer dat laangt Seel geluecht.

12 I DE PANEWIPPCHEN 2/2018

4b.

Dat kuerzt Enn gëtt weider am Krees ënner dat laangt Seel geluecht.

4c.

Dat kuerzt Enn gëtt vun uewen durch d’Schlauf no vir gestach an de Knuet gutt festgezunn.


Fir d’Staang anzehänken ass ganz einfach:

Et gëtt eng Schlauf iwwer dat lénkst Handgelenk geluecht, d‘Hand gräift d’Seel vun uewen…

…an zitt et duerch d’Schlauf eraus, …

…fir dann de Bengel dran anzeklemmen. Gutt festzéien a mat engem «Schlag» sécheren (kuck 4a - 4c).

TEXT: MICHELLE GROSBUSCH I

13


Hongreg Planzen Bestëmmt hues de scho vun hinnen héieren - a waars heemlech frou, datt s de nach keng heiheem an der Natur begéint hues:

leeschfriessen P anzen

Kuelendioxid Sauerstoff Sonneliicht

Waasser 14 I DE PANEWIPPCHEN 2/2018


Si kommen haaptsächlech an den Trope vir, mee och an Europa an esouguer zu Lëtzebuerg kanns de hinne begéinen.

Donieft brauche si awer och nach Mineralien, fir ze wuessen a fir nei Stoffer, wéi z. B. Eewäisser ze bilden. Déi huele sech d’Planzen normalerweis aus dem Buedem.

D’Wëssenschaftler nenne se och nach Carnivoren, Wann den Ënnergronn awer vu carne = Fleesch aarm u Mineralien ass, oder a vorare = friessen. Stéckstoff, Kalium, Eisen a Phosphor ganz am Buedem

Och wa si net all Dag e Bifdeck verschléngen an ni Blutt fléisst, sou stëmmt et dach, datt dës Planzen Déieren ëmbréngen a verdauen.

Eemol gefaang, mussen d’Déieren da just nach mat spezielle Verdauungssäften zersat ginn, sou datt d’Blieder d’Nährstoffer ophuele kënnen. Iwwreg vum Déier bleift da just den onverdauleche Chitinpanzer.

Mee firwat komme Planzen op déi geckeg Iddi, Déieren ze friessen? All d’Planzen hunn en anere Stoffwiessel wéi mir, si maache

feelen, da mussen d’Planze kucken, datt si déi wichteg Stoffer soss entzwousch hirkréien; an zwar vun den Déieren. Et ass also eng ganz clever Léisung vun der Natur, datt dës Planzen Déiere fänke kënnen, ouni sech dofir fortzebeweegen. Natierlech geet dat nëmme mat Tricken a Falen… meeschtens sinn dat ëmgewandelt Blieder.

Mouer an de Vogesen, e Par

adäis fir fleeschfriessend Pla

nzen!

Fotosynthes: Den Zocker, dee se brauchen, fir ze wuessen, fabrizéieren d’Planze selwer aus Waasser an CO2, mat Hëllef vun der Sonn. (Dobäi gi si Sauerstoff un d’Loft of, vun deem och mir profitéieren!) Mineralien (mat Stéckstoff, Phosphor, Eisen a Kalium) Problem: Dës Nährstoffer feelen an deem Buedem, wou d’fleeschfriessend Planzen drop wuessen!! TEXT: CATHERINE FABER I

15


Mir kucken ons elo mol zesummen déi verschidde Falentypen an déi bekanntste fleeschfriessend Planzen un.

Klappfal

Op an zou mécht mech frou!

éckefal, e, Venus flytrap, Dionaea D’Venusm dionée-attrape-mouch Venusfliegenfalle,

aus Nordamerika ass déi bekanntste Klappfal. D’Insekte ginn duerch de Geroch (no Bléien oder Friichten) an déi opfälleg Faarf ugezunn.

16 I DE PANEWIPPCHEN 2/2018

Bannen an den 2 Klappe si ganz kleng Taaschtbuuschten, a soubal en Insekt déi beréiert, klappt d’Blat eenzock zesummen. Steif Wimperen um Rand maachen aus dem zougeklappte Blat e Prisong, aus deem d’Insekt just nach dout an ausgesuckelt erauskënnt.


Suckelfal Ganz ähnlech funktionéiert och d’Suckelfal vum

hlauch Utricularia Waasserutrsicuclair e, bladderwort, Wasserschlauch,

enger Waasserplanz, där mir och bei eis a stoende Gewässer, wéi z. B. an de Baggerweiere begéinen. Vu wäitem verréit déi opfälleg giel Bléi dës seele Planz. Um Still ënner Waasser hänken nieft schlitzförmege Blieder och nach kleng zougedréckte Blosen. Si hunn en Deckel a kleng Taaschtbuuschten; ginn dës beim Laanschtschwammen z. B. vun enger Waasserflou beréiert, klappt d’Dir séier wéi de Blëtz op a suckelt duerch Ënnerdrock der Waasserflou an d’Fal.

Upps, hei huet et eng Moustiquelarv erwëscht!

TEXT: CATHERINE FABER I

17


Pechfal

Pech gehat!

Pechfalen, wéi de

Sonnentaa,usundews, Drosera Sonnentau, drosér

funktionéieren no engem ganz einfache Prinzip: D’Drüsenhoer un de Blieder bilden e Pech, dee wéi Bléiennektar an der Sonn blénkt.

Zesumme mat der meeschtens rouder Faarf lackelt dat d’Insekten un. A wa si sech sëtzen, fir dovun ze naschelen, ass et och scho geschitt: si bleiwe pechen! D’Blat rullt sech bei de meeschte Pechfalen dann och nach mam Insekt an, sou datt et sech secher net méi aus dem Stëbs ka maachen! D’ Blieder vum

Sonnentau an engem Mouer

Fettkraut , butterwort, Pinguicula Fettkraut, grassette

sinn och typesch Pechfalen. Dacks sinn d’Blieder voll mat doudege Mécken. Kee Wonner, datt d’Planz op ganz aarmen Ënnergrënn, meeschtens op Fielsen nieft Quellen op der ganzer Nordhallefkugel iwwerliewe kann. 18 I DE PANEWIPPCHEN 2/2018


Grouwefal Eemol gerutscht… an ni méi entwutscht!

Et ginn awer och Planzen, déi ganz einfach drop waarden, datt en Déier virwëtzeg genuch ass, fir sech op de Rand ze setzen - deen, spigelglat, fir eng lescht Rutschpartie suergt.

Kanepla, nénpeznthès, pitcher plant, Nepenthes Kannenpflanze

hten Tropen doheem.

fiic D’Kaneplanz ass an de

Dës dacks opfälleg gefierfte Grouwefale kënne ganz ënnerschiddlech geformt sinn, mee typesch si ganz glat Wänn an ënnendra waart schonn e sauere Verdauungssaaft op d’Déier, wat heiran erdrénkt.

Schlauchsaprralacénniez, trumpet pitcher, Sarracenia Schlauchpflanze,

esch fir Nordamerika.

D’Schlauchplanz ass typ

Sumpfkrou

Deckel als Reeschutz glëtschege Rand mat séissem Nektar

sauere Verdauungssaaft

Opgepasst, net ausrutschen! Wee schneeke kënnt, ass a Gefor. Vu Méck bis Echs, vu Vull bis Maus: ech verdauen alles! TEXT: CATHERINE FABER I

19


k n ä rb te s n ë F r e d p o r te s n Mo Wéi halen ech mir sou e Monster

GEFOR

op der Fënsterbänk?

Dat bedeit fir hir Fleeg:

Bal an all gréissere Planzebuttek kritt een hautdesdaags fleeschfriessend Planzen ugebueden. Dat ass eng ganz flott Saach! Du weess jo elo, datt déi meescht fleeschfriessend Planzen op nährstoffaarme Biedem virkommen, an dat dacks a suppege Liewensraim.

- Ni düngen! - Vill, awer nëmme mat Reewaasser, nätzen (Kallek ass “Gëft” fir si)! Am beschte steet d’Waasser ëmmer ronn 1cm héich am Ënnerteller. - Dacks ass eis Zëmmerloft ze dréchen, dofir soll d’Planz net iwwer enger Heizung stoen an heiansdo mat Reewaasser gesprutzt ginn. - Vill Luucht, awer keng direkt Sonn!

20 I DE PANEWIPPCHEN 2/2018 I TEXT: CATHERINE FABER

Natierlech ass et flott, d’Venusméckefal zouklappen ze gesinn. Mee méchs du dat ze dacks, kascht dat just Energie an deng Planz stierft fréizäiteg duerch Iwwermidden. Du brauchs se awer och net ze fidderen, si ass et net gewinnt, all Dag Déieren ze fänken an d’Blieder stierwen of, nodeems se e puer mol op an zou gaange sinn.


o g i r F e d p o r fi z Eng Plan Wäin- oder Sammel e puer aus Kork. Schampesstëpp

1

Mat engem Stoppenzéier oder enger Schéier hielechs du de Stopp aus.

2

Pech 1 Magnéit op den ausgehielechte Wäistopp, oder 2 kleng Magnéiter op de Schampesstopp.

4

Hänk se op de Frigo a vergiess net, d’Planzen eemol d’Woch mat e puer Drëpse Waasser ze nätzen.

3

Fëll d’Stëpp mat Blummebuedem. Huel Ofleeër vu *Sukkulenten a planz se an de Buedem.

* Den Numm kënnt vu ‘sucus’ (Latäin) an heescht Saaft. Dës Planze späicheren d’Waasser extra gutt a ginn och heiansdo als „Fettpflanzen“ bezeechent. Kaktusse gehéieren z. B. zu de Sukkulenten. TEXT: SABINE GOERENS I

21


De Melusinastär e Rock Fossil  vu Lëtzebuerg D’Ausstellung

„Rock Fossils - true love never dies“ weist aktuell an der Abtei Neimënster an am ‘natur musée’ Fossilien, déi no Rockstars a Bands aus dem Rock, Punk a Metal benannt sinn.

22 I DE PANEWIPPCHEN 2/2018


Wann e Paläontolog eng nei Aart Fossil entdeckt, däerf hien dëser Aart en Numm ginn. Wéi dat genee funktionnéiert, kanns Du op der Säit 26 liesen. Et gëtt Paläontologen, déi sinn därmoosse Fans vu Rockmusek, datt si eng nei Aart no hirem Liiblingsmuseker oder hirer Liiblingsband benennen!

Genee sou eng Aart ass viru kuerzem vu Lëtzebuerg beschriwwe ginn: de

Melusinaster arcusinimicus Et handelt sech dobäi ëm en ausgestuerwene Schlaangestär, also e Cousin vun de Séistären. Fonnt gouf en zu Rëmeléng an der Wäisskaul, engem ale Steebroch, wou verstengert Korallerëffer erhal sinn. An enger dënner Tounschicht matten am verstengerte Korallerëff huet de

Paläontolog Ben Thuy aus dem ‘natur musée’ d’Fossilie vum neie Schlaangestär entdeckt. Dat war guer net sou einfach, well dës Fossilie si winzeg kleng an hu misste mat Hëllef vun engem Sifft an engem renge Pinsel aus dem Toun erausgesicht ginn. Schlaangestäre sinn am Fong net sou kleng, mä hire Skelett zerfällt séier an elauter kleng Eenzeldeeler, wa si stierwen, a genee déi Eenzeldeeler sichen d’Paläontologen.

0,5 mm BEN THUY I

23


De Melusinaster arcusinimicus ass e spezielle Schlaangestär, well en ass e Virfar vun de sougenannte Medusekäpp, déi et haut a grousser Villfalt am Mier gëtt. D‘Medusekäpp si Schlaangestären, déi verzweigten Äerm hunn an domat Plankton aus dem Waasser filteren.

Bis viru kuerzem war et e grousst Rätsel, wou d’Medusekäpp iwwerhaapt hierkommen. Duerch d’Entdeckung vum Melusinaster arcusinimicus wësse mir elo besser, wéi al d’Medusekäpp sinn a wéi se sech am Laf vun der Äerdgeschicht entwéckelt hunn.

Wat bedeit den Numm Melusinaster arcusinimicus? De Gattungsnumm, also Melusinaster, bezitt sech op d’Melusina, wat s Du bestëmmt aus dem Mäerche kenns.

D

’Melusina war eng wonnerschéi Fra, déi am Gronn bei der Uelzecht gelieft huet. De Siegfried, Grënner vun der Stad Lëtzebuerg, huet sech onstierflech an d’Melusina verkuckt,

24 I DE PANEWIPPCHEN 2/2018

et hunn, a wéi se sech bestu d’Buerg um huet d’Melusina him t, awer ënner der er ub za ge s el fi ck o B att eemol an der h t at d g, n gu én ed B m Buedzëmmer ge n se a s us m ch o W . a Rou gelooss ginn Siegfried sech e d t ue h k an f U m A Kolleegen hu g n se ä M . al h ge ru d n huet hie säi gestëppelt, an dunch an duerch Versprieche gebra m Buedzëmmer d’Schlëssellach vu elusina säi gekuckt an dem Monnt: Geheimnis erausf lechkeet hatt war a Wierk eng Nix.


Wat huet dat mam Schlaangestär ze dinn? Majo, heiansdo si Fossilien net dat, no wat se am Ufank ausgesinn. Datt de Melusinaster arcusinimicus a Wierklechkeet e Virfar vun de Medusekäpp (Medusen an der Mythologie sinn iwwregens eng Aart Nixen) ass, koum eréischt no ausféierlechen Analysen eraus. De Bezuch zu Rock Fossils läit am Aartnumm, also arcusinimicus. Dat ass dat laténgescht Wuert fir Erzfeind, oder

op Englesch „Arch Enemy“. Den Numm éiert déi bekannte Metalband Arch Enemy aus Schweden. De Ben huet während der Analys vun de SchlaangestärFossilien dacks Arch Enemy gelauschtert an huet doraus Inspiratioun gezunn. D’Musek vun Arch Enemy ass schro, mee an hiren Texter sange si dacks dovun, datt een de Courage net soll verléieren, datt ee sech selwer soll trei bleiwen an datt ee sech net soll ënnerkréie loossen.

Heiansdo féieren nei Aarten dozou, datt Leit sech begéinen, déi aus ganz verschiddene Welte kommen. Sou war et och mam Melusinaster arcusinimicus: de Ben hat d’Geleegenheet d’Rockmuseker vun Arch Enemy ze treffen an hinne vun hirer neier Aart z’erzielen. D’Band war dovu ganz begeeschtert, ëmmerhin ass et eng seelen Éier, eng Veréiwegung a Form vun engem Aartnumm ze kréien.

Metalband Arch Enemy

TEXT: BEN THUY I

25


Wéi kréien d’Aarten hiren ëtt et eng helle Op der Äerd g n, Planzen Wull vun Déiere nen. Fir datt a Champigno iwwer déi mir eis kënnen ustauschen, se a n se ie w e w e Li se schützen, ënnersichen a en Nimm ginn. musse mir hinn

E Fuuss ass en anert Déier wéi e Wollef, dowéinst hu si an eiser Sprooch ënnerschiddlech Nimm. Mä wousst du, datt si och en Numm hunn, deen op der ganzer Welt onofhängeg vun der Sprooch verstane gëtt? Beim Fuuss ass et Vulpes vulpes a beim Wollef Canis lupus.

26 I DE PANEWIPPCHEN 2/2018

Dir ass sécher opgefall, datt déi Nimm „schif“, (kursiv) geschriwwe ginn, an och datt si aus zwee Deeler bestinn, engem grousse Gattungsnumm (z.B. Canis), an engem klengen Aartnumm (z. B. lupus). Dës Aart a Weis gouf schonn am Joer 1735 vum schwedesche Wëssenschaftler Carl von Linné agefouert a gëtt zënterhier vun alle Wëssenschaftler op der Welt benotzt.

Mä wou kommen déi Nimm iwwerhaapt hier? Wann e Wëssenschaftler eng nei Aart vun Déier, Planz oder Champignon entdeckt, egal ob lieweg oder verstengert, da kann hien/si dëser Aart en Numm ginn! Ganz esou einfach ass dat natierlech net: d’Aart muss am Detail beschriwwe ginn an dës Beschreiwung muss dann an enger wëssenschaftlecher Zäitschrëft publizéiert ginn.


Nu mm?

Dat ass vill Aarbecht an dauert dacks laang. Do ass d’Sich no engem coolen Numm fir déi nei Aart nach dee flottsten Deel!

Vill Aarte si benannt no der Plaz, wou se fonnt goufen (z. B. den Ammonit Caloceras luxemburgense vu Lëtzebuerg), no engem spezielle Mierkmol vun der Aart (z. B. den däregen Trilobit Ceratarges spinosus).

Bedéngungen Wann et drëm geet, enger Aart en Numm ze ginn, gëtt et just wéineg Reegelen:

*en däerf nëmme Buchstawen aus

dem laténgeschen Alphabet hunn, also keng Accenten oder Ëmlauten,

* * et muss een e kënnen

en däerf net beleidegend sinn, an

ausschwätzen ouni d’Zong ze verschlécken.

* Aus Héiflechkeet sollt een och keng Aart no sech selwer benennen.

An da kënnt et vir, datt Wëssenschaftler sech méi perséinlech Nimm afale loossen, z. B. fir e Frënd oder e Partner ze éieren, oder fir hirer PAssioun Ausdrock ze ginn. Esou gëtt et eng ganz Rei Fossilien, déi no Rockstars benannt sinn. Dorënner ass zum Beispill den Dinosaurier Masiakasaurus knopfleri, benannt nom Mark Knopfler vun der Rockband

no hirem Entdecker (z. B. de verstengerte Fësch Haasichthys michelsi no de Fossiliesammler Roby Haas an Albert Michels), oder no engem bekannte Wëssenschaftler (z. B. d’Spann Caerostris darwini).

Dire Straits. Et gëtt erzielt, datt d’Paläontologen, déi deen Dino ausgegruewen hunn, just Schanke fonnt hunn, wa se Dire Straits gelauschtert hunn, dohir den Numm!

TEXT: BEN THUY I

27


Normalerweis ass et de Wëssenschaftler virbehal, enger neier Aart en Numm ze ginn. Mat der Ausstellung „Rock Fossils“ hues du elo déi eemoleg Geleeënheet, enger neier Aart en Numm ze ginn!

Duerch d’Schichte vum déiwe Mieresbuedem

Gëf f enger neier

Aktuell gëtt en neit Fossil vun de Paläontologenxxx aus dem ‘natur musée’ beschriwwen, a jiddereen, dee wëll, kann eng Propos eraginn, wéi dat Déier soll heeschen. Den originellsten Numm gëtt zum Schluss vun der Ausstellung vun de Paläontologen ausgesicht!

Ëm wéi een Déier geet et dann hei? Déi nei Aart gehéiert zu de Schlaangestären, also de Cousinë vun de Séistären. Si liewen haut praktesch iwwerall am Mier, an et gëtt se scho zënter méi wéi 450 Millioune Joer.

28 I DE PANEWIPPCHEN 2/2018

Esou ass et och an dësem Fall: d’Fossilie vun der neier Aart goufe mat Hëllef vun engem ganz renge Sifft am Bulli fonnt, dee virun 110 Millioune D’Cousinë vum neie Joer am déiwe Mier viru Fossil liewen haut nach Florida ofgelagert gouf.

Déi allermeescht Fossilie vu Schlaangestäre si winzeg kleng Skelettdeeler, déi een als Mikrofossilie mam Sifft ka fannen.

am déiwe Mier.


r Aart en Nu mm! Dëse Bulli gouf vun engem Schëff gesammelt, dat mat engem laange Buerer d’Schichte vum déiwe Mieresbuedem erfuerscht huet. Den neie Schlaangestär ass speziell, well e Stachelen a Form vun engem Präbbeli hat an domat wahrscheinlech kleng Partikele fir z’iessen aus dem Waasser gefaang huet. Doriwwer eraus bitt dës Aart ganz wichteg Ablécker an d’Evolutioun vun den Déieren am déiwe Mier.

An elo bas du gefrot fir dëser Aart en Numm ze ginn! Op der Säit 27 gesäis du, wéi eng Bedéngungen den Numm muss erfëllen. Denger Fantasie si keng Grenze gesat! awer net, e puer Wuert *zeVergiess schreiwen, fir z’erklären, wat däin Numm bedeit a wou en hierkënnt. Wann däin Numm ausgewielt gëtt, kënnt en zesumme mat der Erklärung an d’Publikatioun vun der neier Aart.

datt deng Propos gülteg *ass,Fir muss se mat engem Don vu mindestens 15 Euro fir e Mieresschutzprojet verbonne sinn. D’Beschreiwe vun neien Aarte soll jo och dozou bäidroen, datt mir d’Diversitéit an d’Evolutioun vum Liewe besser verstinn an doduerch besser schütze kënnen. Also, iwwerlee dir e flotten Numm a maach mat op:

www.mnhn.lu/name-a-new-s

pecies TEXT: BEN THUY I

29


De Gaart vum 'natur musée -

e Paradäis fir Beien Zënter Ufank Mee genéisst e Beievollek de Bléieräichtum am Gaart.

30 I DE PANEWIPPCHEN 2/2018


Beien am Gaart Voll beluede mat Pollen, deen immens gutt richt, a séissem Nektar maache sech d’Hunnegbeien erëm op de Wee an de Beiestack.

Superstaark! 1/2 Gewiicht un Nektar

Miel Miel

1/3 Gewiicht u

Miel

=

Miel

Miel

Miel

Miel

Miel

Miel

15 Liter Waasse

10 Kilo Miel

30 Kilo

=

Miel

Eng Bei ka Pollen bis zu30 Kilo engem Drëttel vun hirem Kierpergewiicht un den hënneschte Been droen. 1/2 Gewiicht un Nektar

Miel Miel

1/3 Gewiicht u

30 Kilo

D’Beiekëscht am

Muséesgaart

Am Beiestack

Hei sinn all Beien am Gaang ze schaffen. Wann d’Sammlerin méi no kënnt, kommen d’Beien hir gläich entgéintgeflunn, ugelackelt vum Geroch, dee si matbréngt. Si gëtt hinnen alleguer ze schmaache vun deem lacklegen Nektar a parfuméierte Pollen.

=

Miel

Miel

Miel

Miel

Miel

=

Miel

Miel

Miel

15 Liter Waasser

10 Kilo Miel

30 Kilo

An der Hunnegblos ka si Nektar matbréngen, deen d’Halschent vun hirem Kierpergewiicht ausmécht.

D’Beievollek aus dem Musée

sgaart

TEXT: MURIEL NOSSEM I

31


Da fänkt si un ze danzen, fir hire Schwësteren ze erklären, wou si d’Blumme fannen.

s As

et

ech, weise si de it ew Kre ä tw es e n d

an z.

t.

Sc

h

de ner ën

i wäit ewech, e ll m é da w u q r eng Aac n a u n t e htc eise ek nz, de he N si n d’ da l s e e s r A änz w

Wat kann een nach alles am Schaukasten gesinn? De Beien

nokucke bei der Aarbecht.

sichen. No der Kinnigin an den Drone* D éi versc hidde B rutstadien vum Ee bis bei d’erwuesse B erkennen. ei Beievollek verstoen D’Organisatioun vum . Gesinn, wéi Hunneg entsteet.

Firwat ass d’Bestäubung néideg? c

hw

ekskäerz, S nn i K

Eng Bei bestäubt an enger Minutt 15-20 Bléien, dat mécht aus hir eng super Bestäuberin.

aansblum m eh G

e ärb F ,

Gie l

*Drone si männlech Beien. 32 I DE PANEWIPPCHEN 2/2018


Nëmme wann d’Beien oder aner Insekten eng Bléi bestäubt hunn, entwéckelt sech d’Bléi zur Fruucht.

G

Lu

Lisär,

bl u m m nne ,S So

hMargréitche sc n e r

rblumm, K Ka o

D

chsbulmm , rfe

ll Muert, W i

erchen ,F

Kéifouss, W i

der, Ec ht ian

or

is

Dëll ,D i

m im

don M ar har i, Sc

Ha

K

-Borre ts c ten ar

Ro

tum ra

um

ium Daus e fol ille

t Knappkr uss au ro

Wisekléi,

ricum perf

ol, Echtes tn J r a

e yp

scabiosa G ea ur

tchen, G ew blie d n

H

o

m

niskraut,

ns e

a

a

Es

Tr lee, ifoliu

ate pr

tiv sa

c

kléi, Saat-

t-K

m

go

, Achillea m be ar

is viciifo li

e te

tianum Sib ircu i um

es

rblumm ,K

hrchen-M hnö ar a ,Z

,Leucanthe m rite ge

o officina l

h yc br

um

Anthem ille, is am

an oh

maria nu um

ag or

, Medic a rne e z

us

cyanus

ie Fe

Kie

a re

endistel, a ri S

b ily

M

thus annu

au

drum sativ

pratensis

orretsch, B ,B

he Scha nlic fg öh

C

ian

ia lv lume, Centa nb ke

, Verba rze s ke

h

nder,

blume , nen

ian

annuu s

oria

or

a

K er

me, Cen blu t n r

on

el H

s thu

n-Salbei, S

te rset , Ono pa

Möhre, Hel i

is al

e ld

an

ns

er rhoeas

e es

biosen-Flo ca c t, S

nigrum

er-Hund sk

s pulegioid mu hy

ole

hmohn, P tsc a l

rze Kön ig s

hymian, T

elblume, C

W

Malve, M

ylvestris as lv

ve

d-T el

ng Ri

dula officin en al

nethum gr

av ap

wa

Et gi Planzen, déi besonnesch vill Nektar produzéieren:

a

A ll,

Flower Power

e ild

a

Vill Bléien ouni Pestiziden, da sinn ech frou!

eblumm Tut ,

D’Beie bestäuben z.B. Mandelbeem, Kaffisplanzen, Uebstbeem, Kraiderplanzen a villes méi. An nëmmen dowéinst hu mir Jus, Uebst, Gebeess, Kaffi, Téi, Mandelen, Müsli an nach ganz vill méi op eisem Dësch.

TEXT: MURIEL NOSSEM I

33

S

ria cto tin


Themen am neien ’natur musée’:

Fossilien erzielen d'Geschicht vum Liewen.

Schlaangestär, J. 5 cm, ~405 Mio Ierpeldeng, ~7,

Nolebam-Zapp, Scheidge

n, ~18 cm, ~200 Mio J. Mierschleek, Bruch/Miersch, ~8 cm, ~200 Mio J.

Ammoniten, Bruch/Miersch, ~7 & 4,5 cm, ~200 Mio J.

k & Zant, Bruch, Dino-Zéiweschan , ~200 Mio J. ~6 & 4 cm

Belemnit, Rëm

eleng, ~ 42

Korall, Déifferdeng, ~9 cm héich, ~170 Mio J.

34 I DE PANEWIPPCHEN 2/2018

cm, ~170 M

io J.

Schmelzschuppefësch, Diddeleng, ~65 cm, ~180 Mio J.


Eng Saach vu Chance Fossilie sinn Iwwerreschter oder Spure vu Liewewiesen, déi méi wéi 10 000 Joer al sinn. Déi allermeescht doudeg Déiere gi gefriess, an all d’Reschter ginn normalerweis zerstéiert. Souguer haart

Muschelschuele ginn duerch d’Welle widderenee gestouss, gebrach a mat der Zäit zu Sand zerriwwen. Fir datt e Liewewiesen als Fossil erhale bleiwe kann, muss et no sengem Doud séier zougedeckt ginn.

Ee Fossil entsteet

1 Millioune Joere gelieft. Dëse Fësch huet viru

D’Déier ass gestuerwen Sand a Bulli hunn de Fësch 2 an op de Grond vum Mier 3 bedeckt. D’Fleesch ass gefall. gefault, an d’Skelett ass bliwwen.

A Millioune Joeren huet de Joeren hunn ëmmer 4 Mat weider Schichten aus Sand 5 d’Gewiicht vun den a Bulli sech ofgelagert.

ieweschte Schichten de Bulli zu Steen zesummegedréckt.

vun der 6 Beweegunge Äerdkuuscht hunn

d’Steeschichten aus dem Mier gehuewen a gediebelt. Si scho laang dout, an nach ëmmer do.

Lues a lues huet de Joren no sengem 8 Millioune 7Frascht Reen, de Wand an de Doud gëtt eise Fësch als d’Steeschichten nees Fossil fonnt. ofgedroen.

TEXT: GUY KERSCH I

35


D'Liewe geet richteg lass Schwamm Vauxia, ~ 5 cm

goufen. Den ‘natur musée’ Zënter op d’mannst 3,5 Milliarde Joer gëtt et Liewen weist eng Rei Fossilien aus dem kanadesche op der Äerd. Et fënnt een Burgess-Schifer, déi viru 505 aus däer Zäit awer nëmme mikroskopesch kleng Fossilie Millioune Joer gelieft hunn: vun Eenzeller (Bakterien). Eréischt 3 Milliarde caris, Glidder féisser Anomalo Joer méi spéit, ~ 20 cm viru 540 Millioune Joer, hu sech am Mier vill verschidde Villzeller entwéckelt, déi schonn e puer Zentimeter grouss

Wuerm Ottoia, ~ 8 cm

500 Millioune Joer duerno schreiwe mir Chordate Bicher a fléien an de Weltraum.

Chordat Pikaia, ~ 5 cm. All d’Wierbeldéiere si Chordaten.

D'Eislek: Éislek Guttland

Scho 400 Millioune Joer al!

Déi eelst Steng vu Lëtzebuerg si viru ronn 400 Millioune Joer am DevonMier entstanen. Am Éislek kann

een haut typesch Fossilien aus där Zäit fannen: Trilobiten. Dat war eng Klass vu Glidderféisser – grad wéi d’Kriibsen, d’Insekten, d’Spannen an

d’Dausendféisser. D’Trilobite sinn awer virun 250 Millioune Joer ausgestuerwen. Dofir fënnt ee se net am Guttland, wou d’Steng méi jonk sinn.

Äerdaltertu

m

36 I DE PANEWIPPCHEN 2/2018

Äerdmëtt

elalter


Lëtzebuerg an der Dinozäit Déi bescht erhale Fossilie fënnt een am Guttland, besonnesch an de Schichten aus der Jurazäit. Aus dem Lëtzebuerger Sandsteen, dee ronn 200 Millioune Joer al ass, kenne mer vill Zorte vu Muschelen, Schleeken, Ammoniten a Korallen. Am Uelegschifer am Süde vun eisem Land fënnt een och Fësch a spektakulär Miersaurier, déi viru ronn 180 Millioune Joer gelieft hunn. Iwwerreschter vu richtegen Dinosaurier si bei eis awer immens rar (Foto Säit 2 a Säit 34). D’Dinoen hu jo u Land gelieft, mee Lëtzebuerg war deemools bal ëmmer vum Mier bedeckt.

Kapp a Broschtberäich vum Fëschsaurier Stenopterygius, vun Diddeleng, ~ 48 cm

Kapp (vu Beetebuerg/Diddeleng, ~ 53 cm) a Réckpanzer (vu Bascharage, ~ 48 cm) vum Mierkrokodil Steneosaurus

Kënnt dir eis w.e.g. eise Ball zréckschéissen? Mir kënnen net sou gutt schwammen!

~ 1,30 m laang an eng absolut Raritéit am ‘natur musée’: De Plesiosaurier vun Zolwer ass deen eenzegen op der Welt vun der Aart Microcleidus melusinae. TEXT: JGUY KERSCH I

37


Ech sinn engFleeschfrupsplanz

D’Musek an eng gesonge Versioun vum Lidd fënns du op: https://www.inecc.lu/pw/

38 I DE PANEWIPPCHEN 2/2018 I TEXT A MUSEK: JEAN-PAUL MAJERUS


Uebstblummen

Du brauchs e Blummendëppen, Ausstiechformen, Pabeier, Spiissercher an dat Uebst, dat s du gäeren hues. Lee eng zerknujelt Pabeierkugel an de Fong vum Blummendëppen

Schiel d’Uebst, schneit et an Tranchen a stiech mat Kichelchersforme Blummen eraus.

Schneit den Deckel vun enger Waassermeloun of a lee en an d’Blummendëppen op den zerknujelte Pabeier.

Pick mat engem Spiissche Lächer dran.

Stiech d’Uebst op d’Spiisser an dréck se an d’Lächer vun der Waassermeloun.

Du kanns d’Spiissercher och an e Glas stellen. TEXT: SABINE GOERENS I

39


Jingmai O’Connor

1

Hier Beméiunge goufe belount! No e puer ustrengenden Deeg hunn d’Fuerscher hire Camp ofgebaut an hunn all hir Entdeckunge méi wéi 2000 km wäit ewech op Peking transportéiert.

An der Chinesescher Akademie fir Geologie huet d’Jingmai O’Connor eent vun de Fossilien ënnersicht an dobäi eng Entdeckung gemat! D’Stéck huet sech als eng nei Aart vum Urvull Qiliania erausgestallt. 3

40 I DE PANEWIPPCHEN 2/2018


2005 ass en internationaalt Tea m vu Geologen a Paläon tologen an déi kle ng Stad Changma am Nor dweste vu China gereest, fir no Fos silie vu prähistores che Vullen ze sichen. 2

Dem Jingmai säi Bruder , de Raph, ha groussen t e Afloss op de Museksgo vu senger ût Schwëster. D’Guitaren d’Batterie , n an d’Lidder texter vun der Ba nd ‘Bad Relig ion’ hunn d’Jing mai animéier t, méi iwwer hire Sänger Greg Graffin erau szefannen… Laus chte r mol eran !!!

Kuck dat Dir un…

An esou gouf

Qiliania graffini offiziell.

An

ar c Ev an hie o lu Ba ti Gr d R o un Ev eg el i o G g

a

Pu lu ra ion S nk tio ff in än r ge o uns , ck r erbio lo g

4

TEXT: BEN THUY I

41


Rockeg Steng Maacht en Tour bei eng Baach a sammelt Steng. Moolt mat Kräid, Wuessfaarf oder Tuschbic op all Steen en An oder e Mond drop. A lo kënnt der een deem anere Gesiichter opleeën a Geschichten erfannen. A wann de Papp oder d’Mamm am Ligestull schléift, … Wat hues de gesot? Hunn dech net héieren! Oh wat sinn ech midd!!

…an elo ass d’Geschicht eriwwer!

42 I DE PANEWIPPCHEN 2/2018


De Panewippchen ‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450

www.naturmusee.lu www.panda-club.lu

Impressum

Redaktiounscomité:

Stengspill

S. Backes, J. de la Gardelle, S. Goerens, C. Greisen, M. Grosbusch, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, M. Hoffmann, G. Kersch, M. Kirsch, F. Theisen, M. Ursone, F. Wolff.

Texter:

C. Faber, S. Goerens, M. Grosbusch, S. Hagen, C. Heidt, G. Kersch, J.-P. Majerus, M. Nossem, M. Schaltz, B Thuy.

Jiddfer Spiller probéiert e Gesiicht zesummen ze kréien.

Grafik an Illustratioun:

Service graphique Mnhn, S. Goerens, S. Hagen, M. Moritz.

Fotoen:

S2 Hannergrond: ©shutterstock, Dinosaurier: Jack Mayer Wood, Dinoschank: Roland Felten S3 Mary Deckelsmouk Kapp: ChrisVanWyk/ZSL/PA, Mary Deckelsmouk: Gnther Schmida S5 Fléimouk: Mnhn S6-11 Mnhn, Buedemfal: Kemalen S12-13 Mnhn S14 Mouer: FfHabitat S15 Kiewerlek:Α Μ a Η Α X Κ a ρ S16 Venusméckefal1: JoeMiGo, Venusméckefal2&4: shutterstock, Venusméckefal3: Noah Elhardt S17 Waasserschlauch: shutterstock S18 Drosera Libellen: Noah Elhardt, Sonnentau1: Mnhn, Sonnentau2: shutterstock, Fettkraut: Noah Elhardt S19 Grouwefal:ΝThrong Tham Ν Ν Ν Kruetreepradit, Schlauchplanz1&3: shutterstock, Schlauchplanz2: Andreas Eils S20 Grouss Foto: Karelj, Planz am Blummendëppen: Camidarosa, Planzen op Telleren: Georges Seguin, aner: Mnhn S21Mnhn S22 Fong: shutterstock S23 Fong: shutterstock, Wäisskaul: Roby Weis, aner: Ben Thuy S24 Fong: shutterstock, Illustratioun Melusina: Muriel Moritz S25 Fong: shutterstock, Arch Ennemy: Katja Kuhl, Fong Foto: shutterstock S26 Linné: Johan Henrik Scheffel, Grouss Foto: 10tons S27 Ammonit: Roby Weis, Trilobit: James St John, Fësch: Roby Weis, Spann: GalliiasM, Grouss Foto: 10tons S28-29 Fong: shutterstock, Liewege Verwandten lénks: Yoshiaki Ishida, Buerschëff: WIlliam Crawford, aner: Ben Thuy S30 Mnhn S31Bei1: David Levine, Bei2: stanze, aner: Mnhn S32 Bei op Bléi: Ferran Pestana S33 Blummen vu lénks no riets: Tepeyac, Stefan.lefnaer, Emöke Dénes, Wildfeuer, Meneerkebloem, Pablo Alberto Salguero Quiles, Andreas Eichler, Stefan.lefnaer, Albert H., Hajotthu, Kristian Peters, Sten Porse, Karelj, Steinsplitter, Matti Vurtala, Mars2002, O. Pichard, Isidre blanc, Isidre blanc, 4028mdk09 S34 Mnhn S35 shutterstock S36 Mnhn S37 Mnhn S39 Mnhn S40-41 Fong: shutterstock, Illustratioun: Stephanie Brittnacher S42-43 Mnhn POSTER: S1: Peter Southwood, S2: Mnhn

Leet all d’Steng mat den Aen an de Mënner no ënnen op de Buedem. Een nom aneren dréint e Steen ëm. Fir kënnen e Gesiicht unzefänken, braucht dir e Mond. Wann dir kee Mond kritt, leet dir de Steen zréck an et ass un deem nächsten. Wee fir d’éischt e Gesiicht zesummen huet, huet gewonn.

De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt vun

Ministère de la Culture Musée national d’histoire naturelle Ministère du Développement durable et des Infrastructures Administration de la Nature et des Forêts Ministère de la Santé

Abonnementer & Info panda-club@mnhn.lu Tel.: 462233 450

Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.

TEXT: SABINE GOERENS

I 43


Imprimerie exe


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.