De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus
it e L k n jo r fi ’ e é s u m r u t a ‘n m u v g n u it Ze
De Panewippchen N°105 4/2013 Dës Nummer gouf gemaach an Zesummenaarbecht mat der Administration de la Nature et des Forêts
‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450
www.naturmusee.lu www.panda-club.lu
De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt: Ministère de la Culture - Musée national d’histoire naturelle Ministère de la Famille et de l’Intégration - Service National de la Jeunesse Ministère du Développement durable et des Infrastructures Administration de la Nature et des Forêts - Administration de l’Environnement Ministère de la Santé Ministère de l’Intérieur et à la Grande Région, Administration de la gestion de l’eau Ministère de l’Education nationale et de la Formation professionnelle
Wupp News Impressum:
Redaktiounscomité: S. Backes, J. de la Gardelle, S. Goerens, C. Greisen, M. Grosbusch, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, M. Hoffmann, M. Kirsch, M. Reichard, F. Theisen, M. Ursone, F. Wolff. Texter: Naturverwaltung, S. Goerens, M. Grosbusch, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt. Grafik an Illustratioun: S. Goerens, S. Hagen. Fotoen: ©anf, ©‘naturmusée’, Jang Schock.
Akrobaten op der Fudderplaz Gutt, datt de Restaurant och am Wanter op ass!!! Amplaz déi kleng krappeg Käeren kéinte se och Nëss heihinner leeën!
Dezember-Mäerz Ausstellung am ‘natur musée’: Schatzkëscht Buedem An der neier Wanderausstellung
«Schatzkëscht Buedem» kanns du vill Intressantes iwwert de Buedem gewuer ginn. D’Ausstellung ass vum 5. Dezember 2013 bis den 30. Mäerz 2014 am ‘natur musée’ ze gesinn. Dono ass si ënnerwee am Land.
Molconcours Maach mat beim Molconcours vun der Post! Vum 01.08.2013 - 28.02.2014. Thema:
Liewensraum Buedem Fir all d’Grondschüler aus den Zyklen 3&4. D’Reglement an d’Lëscht vun de Präisser fënns du op
www.philately.lu
Dinofësch? Den 23. Dezember 1938 huet d’Marjorie Latimer op engem Maart a Südafrika e komesche Fësch kaaft: hie war gro-schwaarz ouni Punkten (war net méi ganz frësch), ongeféier 140 cm grouss a 57,5 Kilo schwéier. Den JLB Smith, de beschte Fëschexpert vun deeër Zäit, huet de Fësch als
gemengt, datt déi Fësch scho ganz laang ausgestuerwe wieren.
Quastenflosser
Foto: Haplochromis
bestëmmt. Quastenflosser ware just als Fossilie bekannt (hu virun 300-150 Millioune Joer gelieft) an d’Expären hu
Haut ginn et nach lieweg Quastenflosser am Mier bei Südafrika an Indonesien. Si liewen déif am Mier a kommen nuets erop fir kleng Fësch ze friessen.
Foto: Jojan
2
Dem Marjorie säi Fësch war also eng Sensatioun a fir d’Marjorie ze éieren, huet de Fësch de wëssenschaftlechen Numm Latimeria chalumnae kritt.
Text: Michelle Grosbusch, Claude Heidt
De Panewippchen 4/2013
MC Chicken Déi zweet Märel* vu riets schéngt net ganz gutt drop ze sinn, well si ass virdrun zimlech schlecht geflunn.
Ech mengen, de Mëtteg steet endlech erëm Poulet um Menu (gëschter ass et de ganzen Dag näischt z’iesse ginn).
Opgepasst e Feind kënnt vu Westen!
An den aarme Mill gëtt elo geplëmmt, a Stécker gerappt an dann opgefriess.
Jo, Huer*, Bëschkauz*, Bammarder a Co. Mä déi sinn net vill besser wéi hien, well déi kënnen ons och friessen.
Ech sinn nach hongereg a fléien zréck an de Restaurant.
Stop! do hanne sëtzt nach e fette Kueder, hoffentlech verschwënnt dat Monster gläich fir datt mir nach onst OwesIesse kréien.
hock
Verschoun ons mat denge bluddege Geschichten. So, huet de Käizchen iwwerhaapt och Feinden?
Sperber oder Käiz Epervier chen, Spe d’Europe rber, , Eurasia n Sparro Accipiter whawk, nisus
D’Fra ass e gudde Kr Mann (Gew iicht: M: 15 ack méi grouss w éi de 0 g; F: 250 Frësst b esonnes g). ch gär kl heiandsd eng Vull o och Mai en an s. Baut säin Nascht an ganze La Nolebës nd dohee cher an ass am m. Steet wéi all Gräifv Natursc ullen ënne hutz. r
Text: Claude Heidt
*Huer/Héngerdéif = Habicht, Bëschkauz = Waldkauz, Märel = Amsel
Foto: Jang Sc
Nondikass, dat gëtt et jo net! Ech hätt ni geduecht, datt de Killer ons géif an der Heck gräifen.
De Panewippchen 4/2013
Déi bëssi aner An der Stad an an den Dierfer uechtert d’Land gi vun de Gemengen eng sëllege Spillplazen opgeriicht an ënnerhalen. Hei fënnt een nawell zergutzt Schaukelen a Rutschen, Klotergerüster an Dréispiller an et kann ee sech do och gutt ameséieren. Niewent dëse Spillplaze ginn et awer och an a bei all Uertschaft sou heemlech Ecker, déi sech ubidde fir ze spillen a wou d’Fantasie Kopplabunz schloe kann. De Panewippchen huet sech op d’Rees gemaach fir iech e puer vun dëse Plazen ze weisen.
Baachen a Waasserleef Hei kann een net nëmme mat de Féiss dra piddelen, mee och e klenge Wier baue fir d’Waasser ze stauen, e Waasserrad lafe loossen, Schëffelcher aus Blieder a Bengelcher schwamme loossen an nach villes méi.
Wisen a Bongerten Hues de schonns emol probéiert op e Bam ze klammen? Einfach ass et net, awer lëschteg, well d’Welt gesäit vun „uewen“ e Stéckchen anescht aus. An ale Bongertebeem fënnt een och kleng Hielen an deene sech gutt e Schatz verstoppen oder - wann ee Chance huet - fanne léisst. An d’Wise ronderëm de Beem lueden an, fir eruewert ze ginn.
4 Text: Mike Hagen
De Panewippchen 4/2013
Spillplaz
An engem Bësch oder Bëschelchen Hei kann ee formidabel Hütte bauen, kloteren, sech verstoppen oder op Expeditioun goen. Et fënnt een alles wat ee brauch: eng helle Wull vu Bengelen an Äscht, Beem a Fielsen, Steng a Farn, Blieder a Buedem. Op ville Plazen am Land huet de Fierschter iech och nach e klengen Ënnerstand gebaut, fir wann et reent.
Och dir hutt sécher bei iech an der Uertschaft oder am Bësch esou eng Plaz! Gitt an eruewert dës Spill-Plaz an der Natur! Dir wäert gesinn, et lount sech!
5
De Panewippchen 4/2013
experimentéieren bastelen kachen a brachen
Kniwwel Moosgraffiti
ker
oc el Z
äff
éil 2T
Du brauchs: Zwee Gräpp voll Moos. (Pass op: 34 % vun de Moosaarten hei zu Lëtzebuerg stinn op der rouder Lëscht- dofir kraz däi Moos vu Maueren erof oder huel d’Moos, dat an de Stengritzen ass.
2 Tase Bottermëllech
Mam Stabmixer oder mam Blender alles mixen. Wann dës Mixtur ze papech ass, kanns du nach e bësse Waasser dobäi ginn.
Text: Sabine Goerens
Lo muss du just däi Moosgraffiti mat enger Sprutz gutt fiicht halen. Am beschten 1 Mol d’Woch netzen, bis däi Graffiti gring a schéin erkennbar ass.
A lass! Sich dir eng elle Mauer eraus déi s du mat dengem Graffiti verschéinere kanns. Mol mat der Moosmëschung drop.
Schokelasliefkuch 1
6
Fir 8 Leit brauchs du: 200 g schwaarze Schokela 250 g Miel 200 g Hunneg 60 g Pudderzocker 2 Glieser Mëllech 3 Kaffisläffele Natron 3 Eegiel 1 Péitchen gemuelen Neelcheskäpp 2 Péitercher gerappten Ingwer 2 Péitercher Kanéil 1 Péitche schwaarze Peffer 2 Péitercher Salz Text: Sylvie Hagen
Schmëlz den Zocker, den Hunneg, de Schokela an d’Gewierzer an der Mëllech bei niddreger Hëtzt.
4
Réier d’Miel mam Natron drënner. Klapp dësen Deeg 20 Minutte laang a schëdd en dann an eng gefett a gemielte Bakform.
Klapp d’Eegiel an enger Schossel …
5
2
6
Deck se mat Alufolie zou. Looss de Liefkuch 1-11/2 Stonn bei 180°C goen.
… a réier et ënnert d’Mëllechmëschung. Opgepasst: net kache loossen!
3
7
8
De Panewippchen 4/2013
kniwwelen rätselen bauen spillen an ameséieren
säiten*** Schnéiflacken
Du brauchs: dënne Pobeier (Drockerpobeier, Kadospobeier, …), eng Schéier.
Fal de lénksen Eck zur Mëtt
Fal de rechteckege Pobeier zu engem Dräieck
Schneid de Rechteck, deen iwwersteet, of
Dréin ëm …
… a schneid d’Wutzen of
Schneid Formen an déi zwou Säiten
Fal de Rechteck op d’Halschent fir méi e klengen Dräieck ze hunn
Dréin rëm ëm
Fal de rietsen Eck zur Mëtt
Diebel op d’Halschent
Fal auserneen
Hänk deng Schnéiflacken mat engem dënne Fuedem an der Fënster oder am Zëmmer op oder verstree vill Schnéiflacken um Dësch.
Text: Sylvie Hagen
7
De Panewippchen 4/2013
Wisechampignon, Wiesenchampignon, rosé des prés, field mushroom Bommel, Hummel, bourdon, bumblebee
Wollefsspann, Wolfsspinne, araignée-loup, wolf spider
Schwéngchen, Mauerassel, aselle des murs, common woodlouse
Maulef, Maulwurf, taupe, mole
Da Ta m m
Méckelarv, Fliegenlarve, larve de mouche, maggot
Waasserbierchen, Bärtierchen, oursin d’eau, waterbear Pseudoskorpioun, Pseudoskorpion, pseudoscorpion, false scorpion
Milbe, Milbe, acarien, acari
Sprangschwanz, Springschwanz, collembole, springtail
Pseudoskorpioun Schleekeneeër Schneckeneier, oeufs d’escargots, snail eggs
Seechomes, Ameise, fourmi, ant
Mikroskopesch kleng Déieren: Mikroskopisch kleine Tiere: Animaux microscopiques: Microscopic animals:
Nematod Fadenwü vers rond roundwo
Riederdéiercher, Rädertierchen, rotifères, wheel animals Sprangschwanz, Springschwanz, collembole, springtail
De Panewippchen 4/2013
Bitzschneider, Weberknecht, faucheur, harvestman
Fuuss, Fuchs, renard, fox, Vulpes vulpes
Schwéngchen, Kellerassel, cloporte rugueux, rough woodlouse
ausendbeen, ausendfüßler, millipède, millipede
Lafkiewerlek Laufkäfer, carabe, ground beetle
Steepilz, Steinpliz, cèpe, cep
Reewuerm, Regenwurm, ver de terre, earthworm Schleek, Schnecke, escargot, snail
Rullschwéngchen, Saftkugler, gloméris, pill-millipede
Honnertbeen, Hundertfüßler, centipède, centipede
Maus, Maus, souris, mouse
Dachs, Dachs, blaireau, badger
Stralepilz, Strahlenpilz, penicillium
den, ürmer, ds, orms
Réngelwuerm, Ringelwuerm, annélide, annelid
Amöben, Wechseltierchen, créatures amorphes, amorphous creatures De Panewippchen 4/2013
op engem Quadratmeter Wisebuedem fënnt een:
50 Schleken
130 Reewierm
De Buedem: d’Fabrik vum Liewen Heinzelmännercher ënnert eise Féiss: Am Buedem liewe méi verschidde Liewewiese wéi drop. An der Welt vun de Buedemliewewiesen ass awer nach
villes onerfuerscht! Just 1% vun de Buedemmikroorganismen (déi Winzlingen, déi mir mat bloussem Aen net gesi kënnen) sinn erfuerscht … do bleift nach vill ze dinn!
230 Spannen
240 Méckelarven
300 Schwéngercher
Kuck dir mol e puer vun deene wichtegsten Aarbechter aus der Buedemfabrik un:
320 Seechomessen
550 Dausendbeen
800 Käferlarven
10.000 Buuschtewierm
18.000 Milben
28.000 Sprangschwänz
1.800.000 Fuedemwierm
600.000.000 Eenzeller
1.000.000.000 Algen
12.000.000.000 Champignonen
10
10.000.000.000.000 Bakterien
Si schaffen Dag an Nuecht fir d’Liewen um Rullen ze halen a maache kaum eng Paus. Si zersetzen dat doudegt Planzematerial, z.B. déi vill Blieder, déi am Hierscht eroffalen, a maachen neie Buedem doraus, op deem aner Planze kënnen Iesse fanne fir ze wuessen. Duerch hir Aarbecht gëtt d’Waasser gebotzt, verschwannen d’Blieder an d’doudegt Holz. Schimmelpilz Penicillium gëtt medezinesch genotzt géint Krankheeten, déi duerch Bakterien ausgeléist ginn (Antibiotikum Penicillin). Vill vun hinne liewen a klenge MiniaturAquariumen tëscht de Buedemgrimmelen.
D’Bärtierchen si kleng Winzlingen, déi op hiren 8 Stummelbeenercher durch Moos an Humusschichte lafen an no nach méi klenge Beutedéiercher sichen. Si kënnen Hëtzt, Keelt an Dréchent als kleng ausgedréchent Fässelcher iwwerliewen. Fir ze kucken, wéi widderstandsfäeg si wieren, goufen der souguer schonn an de Weltraum geschoss. Si iwwerliewen
Text: Michelle Grosbusch
Temperaturschwankungen tëscht -273°C an +149°C. Vun deene gutt siichtbare Buedemdéieren, der Makrofauna, déi d’Architekten vun der Fabrik sinn, erziele mir déi nächste Kéier am Panewippchen. Si maachen Duerchgäng, Tunnelsystemer a baue stänneg alles ëm.
an den nächste Panewippercher:
- De Reewuerm, dee bekannteste Buedemaarbéchter. - Kleng Mamendéieren: d’Gigante vun der Ënnerwelt: d’Maus, den Hamster, d’Spëtzmaus, de Maulef, d’Mauswisel. - D’Kannerstuff am Buedem Raiber am Buedem: d’Seechomessen - Ingenieuren: D’Reewierm, d’Seechomessen, d’Asselen, d’Dausendféissler, d’Kiewerleken, d’Raupen, d’Wullmais, de Maulef, …
neier An der sstellung rau Wande
cht s ë k z t « Scha em » Bued
ill nach v rt de u d s n we kan ntes iw n. Intressa gewuer gin 5. Buedem ung ass vum n ell D’Ausst r 2013 bis de e b Dezem z am er ä sinn. 30. M ’ ze ge am e é s u ‘natur m si ënnerwee ss Dono a Land. De Panewippchen 4/2013
Centres d’accueil ANF Bëschentdeckungszentrum Burfelt
Wou? Op enger Hallefinsel um Stauséi bei Ënsber Regioun: Éislek Naturschutzgebitt: Bruch – Pont Misère Besonnesch Planzen-an Déierenaarten: kuck hei niewendrunn Landschaft, Habitater a Kulturgeschicht: De Stauséi, Louhecken, Fiichtwisen an deene seleche klengen Deller vum Eisleck Aktivitéiten, déi Schoulklassen op Ufro gebuede kréien: Konschtwierker am Bësch, Minibiodiversitéit am Bëschentdeckungszentrum Burfelt, Lou-Schläissen, NaturWerkstatt Holz, Bësch erliewe mat alle Sënner, Erliefnispädagogik, Biber, Biber, Naturerliefnispad Misäersbréck. Castor fiber. Kontakt: Bëschentdeckungszentrum Geflecktes Knabenkraut, Burfelt L- 9660 Ënsber Tel: 89 91 27 Dactylorhiza macculata burfelt@anf.etat.lu
Naturschutzzentrum Mirador Wou? Zu Stengefort um Terrain vun der “Aler Schmelz”. Regioun: am Oste vum Gutland Naturschutzgebitt: Schwaarzenhaff-Jongebësch Besonnesch Planzen-an Déierenaarten: kuck op den Illustratiounen. Landschaft, Habitater a Kulturgeschicht: Zu Stengefort gouf et fréier eng Héichuewenanlag, den Naturschutzzentrum Mirador ass e restauréierten Deel dovunner. Am Naturschutzgebitt ginn et al Sandgrouwen Steebréch, déi haut Liewensraum fir vill seelen Déieren a Planze sinn. Aktivitéiten, déi Schoulklassen op Ufro gebuede kréien: Ronderëm d’Waasser Stengefort a Steng, gëtt et do en Zesummenhang? Villfalt an der Natur Kontakt: Naturschutzzentrum Mirador 1, rue Collart L- 8414 Sténgefort Tel: 26 39 34 08 mirador@anf.etat.lu
Päiperléck, Randring Schéckenfalter, Proclossiana eunomia.
Wëllkaz, Wildkatze, Felis silvestris.
Bëschhong, Haselhuhn, Tetrastes bonasia. Schwaarzstorch, Schwarzstorch, Ciconia nigra.
Wollgras, Wollgras, Eriophorum.
Fëschadler, Fischadler, Pandion haliaetus.
Naturschutzzentrum A Wiewesch
D’Käerzeblumm, Helm-Knabenkraut, Orchis militaris.
a
Am Steebroch Schwaarzenhaf
Adder, Schlingnatter, Coronella Austiaca.
Wou? Am Häerz vun der Uertschaft Manternach an engem ale Bauerenhaff Regioun: Muselgéigend Naturschutzgebitt: Manternacher Fiels Besonnesch Planzen-an Déierenaarten: Kuck Zeechnungen Landschaft, Habitater a Kulturgeschicht: D’Manternacher Fiels ass dee gréisste Schluchtwald vu Lëtzebuerg. Ronderëm Manternach gëtt Landwirtschaft bedriwwen an et ginn nach vill Bongerten an Hecken. Aktivitéiten, déi Schoulklassen op Ufro gebuede kréien: Naturrallye Insektesafari De Fräsch a seng Kollegen Mäerzblimmchen, Kontakt: Naturschutzzentrum A Wiewesch Zweiblättriger Blaustern, 12, Syrdallstrooss L- 6850 Manternach Scilla bifolia Tel: 267 167 – 1
awiewesch@anf.etat.lu
Am Steebroch Jongebësch
Sëlwergras, Silbergras, Corynephorus canescens.
Kleng Mouk, Kreuzkröte, Bufo calamita.
Eeërmouk, Gebuertshelferkröte, Alytes obstetricans,
Naturschutzzentrum Ellergronn
Kruuchteblumm, Knabenkraut, Orchis morio eng Orchideeënaart op den Dréchewisen
Text: Naturverwaltung
Hirschzong, Hirschzunge, Asplenium scolopendrium L.
Grousst Mausouer, Grosses Mausohr, Myotis myotis, eng Fliedermaus an den ënnerierdesche Galerien
Wou? Zu Esch/Uelzecht an de Gebaier vun der fréierer Mine Cockerill Regioun: Minette am Süde vum Land Naturschutzgebitt: Ellergronn Besonnesch Planzen-an Déierenaarten: Kuck d’Zeechnungen Landschaft, Habitater a Kulturgeschicht: D’ Naturschutzgebitt Ellergronn ass e Bëschgebitt mat Weieren an enger grousser Diversitéit u Biotopen An deene fréieren Tagebaugebidder, wou de Minette ofgebaut gouf, sinn Dréchewisen a Pionéierbëscher entstan. Aktivitéiten, déi Schoulklassen op Ufro gebuede kréien: Fliedermais Eise Frënd de Bësch Vu Mineuren a Minièren Kontakt: Naturschutzzentrum Ellergronn Ellergronn L-4114 Esch Uelzécht Tel.: 26 54 42-1 ellergronn@anf.etat.lu
«Fir all déi, déi mat Kanner schaffen: Naturschutzzentre vun der Naturverwaltung bidden eng grouss Auswiel vun Aktivitéiten un fir de Kanner eis Natur, de Bësch an d‘Landschafte vu Lëtzebuerg un Hand vu flotten Aktivitéiten méi no ze bréngen. Fir weider Informatiounen wend iech direkt un déi jeweileg Zentren!
11
De Panewippchen 4/2013
Den Heckefräsch He c k e f r
äs
Den Heckefräsch ass déi klengste Fräschenaart hei zu Lëtzebuerg. Nieft senger Gréisst, hie gëtt kaum méi grouss wéi 5 cm, ënnerscheed hie sech vun anere Fräschen ënner anerem duerch seng grell gréng Faarf, seng Klammkënschten a säin enorm haart Ruffen.
räsch Laubfro sch rainette verte Europea n Tree F rog Hyla a rborea
p äp
äs Wa a s s e r f r
ch
p-
äp
p-
äpp-ä
5 cm
äp
ä
pp
äp
äp p-
p
pp-äp
p
fr
ch
s Gra
h äsc
Heckef
2 km
Sou ass bekannt, datt dem Heckefräsch säi Ruffen an der Paarungszäit bis zu 2 Kilometer wäit ze héieren ass. Och gëtt dem Heckefräsch nogesot, datt hien d’Wieder kéint viraussoen. D’Leit mengen, datt wann de „Wiederfräsch“ an engem Terrarium eng Leederchen eropklëmmt, d’Wieder besser gëtt. Nu jee …
?!? Sécher ass awer, datt den Heckefräsch hei zu Lëtzebuerg souwéi europawäit bedrot ass. Dat doduerch, datt déi 2 wichtegst Elementer vu sengem Liewensraum, Dëmpelen an Hecken, ëmmer méi rar gi sinn. D’Veraarmung vun eiser Landschaft huet dann och dozou gefouert, datt den Heckefräsch bis op eng eenzeg Plaz am Land ganz verschwonne war.
Gutt ass et dowéinst, datt sech virun 3 Joer Naturschützer aus der Naturverwaltung an dem Naturschutzsyndikat Sicona zesumme gedoen hunn fir dëser Aart rëm op d’Spréng ze hëllefen.
12 Text: Naturverwaltung
De Panewippchen 4/2013
Wat gouf gemaach: Fir d’éischt hu missen déi richteg Liewenskonditioune fir den Heckefräsch geschafe ginn. Hei hunn de Sicona, den ‘natur musée’ souwéi d‘Naturverwaltung iwwer Joeren rëm Hecke geplanzt, mais virun allem rëm Weieren an Dëmpelen ugeluecht.
Du si Fräscheneeër aus der Belsch importéiert ginn (mat allen néidegen Autorisatiounen, versteet sech). Dës Eeër stamen aus engem immens flotten Naturschutzgebitt a Limburg a si vun enger Equipe vun héich motivéierte Fräschemammen a Päpp zu klenge Fräsche gezillt ginn. De Fräschen hire Liblingsmenu waren iwregens Grillen a Mécken … Lecker! Schlussendlech sinn déi puer Wochen al, a gutt genierte Fräschen op insgesamt 2 Plazen uechtert d’Land ausgesat ginn. Am ganzen hu sou iwwer déi lescht 2 Joer méi wéi 2.000 kleng Heckefräschen de Wee iwwert d’Belsch an enger Tëschestatioun am Terrarium an d’Fräiheet hei zu Lëtzebuerg fonnt!
Menu
An elo heescht et hoffen, datt dës Déiere sech och bei eis wuel fille wäerten. Villverspriechend Unzeeche gëtt et op alle Fall: effektiv konnt éischten Nowuess, vu Fräschen déi 2012 ausgesat gi sinn, schonn dëst Joer beobacht ginn!
Am Moment hu sech d’Heckefräschen ënnert de Buedem verkroch, hunn hir Kierpertemperatur drastesch erofgeschrauft a waarden op dat gutt Wieder am Fréijoer fir nees un den Dag ze kommen.
…zzz…z
zz
Da wäerten och d’Leit vun der Naturverwaltung an dem Sicona rëm aktiv ginn a viraussiichtlech eng lescht Serie vu Fräschen aussetzen. Dono gëtt sech erhofft, datt dës nei Heckefräschepopulatioune grouss genuch sinn, fir sech eegestänneg an iwwert d’Joeren eraus kënnen ze behaapten. E spannende Projet deemno, dee beweist, datt Naturschutz och grouss Erfolleger feiere kann, wann de gudde Wëllen do ass. Weider sou!!!
13 De Panewippchen 4/2013
r
u o t l e pp ë r T en d r e h g c n s e r d Erfue mern mat n n ë r u F zu No an denge l Entdeck Famil den 1. Well-being Trail zu Lëtzebuerg. Trëppel dëse Pad duerch en herrleche Bësch a laanscht Fielsen a maach Entspanungsübungen. Ech si mol gespaant, wéi s du dech dono fills!
Well-bei Start: um Camping Noumerlayen
Längt: 4,3 km Dauer: ongeféier 1,5 Stonn Schwieregkeetsgrad: mëttel Ausschëlderung: gitt dem Wee N1 no
rtographie Ruppenthal © Kartographie: Digitale Ka ite Suisse Luxembourgeoise ORT Région Mullerthal - Pet
14 Text: Sylvie Hagen & Naturverwaltung
De Panewippchen 4/2013
ng trail
Fir déi Grouss Dëse Wee ass am Kader vun enger internationaler Studie vum Finneschen Institut fir Bëschfuerschung an dem Institut fir Psychologie vun der Universitéit Tampere a Finnland ageriicht ginn. Dës Studie huet virun allem d’Verbindung tëschent Aktivitéiten an der Natur an dem Notzen fir d’Gesondheet vun der Populatioun ënnersicht. Et goufen déi psychologesch Effekter vun engem Openthalt an der Natur gekuckt, andeems gemooss gouf, wéi sech dat op de Mënsch auswierkt. Dobäi gouf festgestallt, datt d’Natur eng erhuelsam a stäerkend Wierkung op de Mënsch huet an dozou bäidréit, datt e sech wuel fillt: de Bolz, de Bluttdrock an d’Stresshormoner ginn erof, den Immunsystem gëtt gestäerkt, Energie a Konzentratioun ginn erop, Angscht, Depressioun a Middegkeet gi manner, Et entspaant ee sech. Dës Studie huet bewisen, datt sech schonn den Openthalt vun ee puer Minutten entspanend op de Mënsch auswierkt. A Japan a Korea ginn «Heelbëscher» ageriicht an ëmmer méi gëtt d’»Bëschtherapie» agesat fir gestressten a kranke Leit ze hëllefen. Wann Dir wëllt, kënnt Dir un enger Studie deelhuelen, déi d’Auswierkung vum Well-being Trail ënnersicht. Dat geet, andeems Dir e kuerze Froebou beäntwert, deen Dir op www.mu.leader.lu fannt. De Panewippchen 4/2013
1 3 0 2 i l u J z t i n l l Ma
16
Science-Club mam Igel
De Panewippchen 4/2013