Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit
De Panewippchen De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus
N°125 4/2018
Dës Nummer gouf an Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère gemaach
www.panda-club.lu
News michael Benson’s
Otherworlds VISIONS OF OUR SOLAR SYSTEM
'natur musée' 25, rue Münster Luxembourg opening hours : tuesday 10 h 00 - 20 h 00 wednesday - sunday 10 h 00 - 18 h 00 closed on mondays and 1/11, 25/12, 1/1
Vull vum Joer 2019: De Grénge Fénk De Grénge Fénk ass ganz Fudderplazen am Gaart, liicht ze erkennen: déi wou hien all Zorte Käre baussecht Plomme vum frësst. Aner Vullen, déi him Flillek a vum Schwanz si ze no kommen, gi verjot. giel. De Grénge Fénk ass ee Hie kënnt am Wanter nch, Chloris chl ris ganz dacks op o enfi er di r e ,v k in nf ü Gr
2 I DE PANEWIPPCHEN 4/2018
e, p o ur d’E
vun onsen heefegste Vullen. Hie wunnt iwwerall, wou vill Hecken a Beem stinn, also och an naturnoen Uertschaften.
gre
d’Madame Gréngfénk
den Här Gréngfénk
TEXT: CLAUDE HEIDT
Nei Insektefossilien am Minett entdeckt! Ausgrue Viru kuerzem hunn d’Paläontologe vum ‘natur musée’ op enger Baustell am Minett eng ganz Rei Fossilie vun Insekte fonnt. Méiglech war dës Entdeckung dank dem schaarfe Bléck vum Cédric Bamberg, deen als Student am ‘natur musée’ geschafft huet. Op den éischte Bléck sinn dës nei
wunge mat der Lupp.
Flillek vun engem urtümlechen Heesprénger, knapp 3 cm laang.
Fossilien onscheinbar, mee wëssenschaftlech si si spektakulär. Insekte verstengeren nëmme ganz seelen. Déi nei Fossilien
erlaben en Abléck an eng Zäit (fréie Jura), wou d’Insekten et ganz schwéier haten - ähnlech wéi haut och!
Gëff enger neier Aart en Numm -
an de Gewënner ass…
Du erënners dech sécherlech un de Concours am Kader vun der Ausstellung ‚Rock Fossils‘, bei deem en Numm fir eng nei Aart Fossil gesicht gouf. De Gewënner steet fest! Déi nei Aart wäert
Ophiotholia cthulhu
heeschen! D’Propos gouf agereecht vum Artemis, Isis, Koni, Rozi, Alessia a Lemmy aus dem Groupe créa vun der Maison Relais
TEXT: BEN THUY
Kiem, zesumme mat hirer Basteljoffer Tania KremerSossong. D’Inspiratioun fir den Numm kënnt vum H.P. Lovecraft sengem Fabelwiesen ‚Cthulhu‘ a senge Frënn aus dem déiwe Mier, vun deem d’Kanner souguer e Bild gemaach hunn. Felicitatiounen!
PW 4/2018 Wat ass dran? SÄIT 1 DE PANEWIPPCHEN 4/2018 Thema: Dobausse beweege bei all Wieder SÄIT 2 NEWS Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur zu Lëtzebuerg SÄIT 4 FUERSCHUNG AM ‘natur musée’ Op der Spur vum Flosskriibs SÄIT 10 FIR MATZESANGEN Beweeg-dech-Reegae SÄIT 11 KNIWWELEN Slime selwer maachen SÄIT 12 BEWEEGUNG DOBAUSSEN SÄIT 19 KNIWWELEN Fudderdäpp fir d’Vullen SÄIT 20 THEMEN AM NEIEN ‘natur musée’ Liewen op 4 Been SÄIT 25 KNIWWELEN En Zappmännche bastelen SÄIT 26 BEIEN AM WANTER SÄIT 28 D’MUERMELDÉIER SÄIT 34 GLETSCHERTREKKING SÄIT 40 VERGIESSE GEMÉISZORTEN SÄIT 42 KNIWWELEN Kache mat ale Geméiszorten Impressum SÄIT 32 ‘natur musée’
I3
Fuerschung am op der Spur vum Flosskriibs War et den Orconectes?
Oder huet den Astacus hei seng Bluttspuren hannerlooss?
War et de Pacifastacus?
4 I DE PANEWIPPCHEN 4/2018
'
'natur musee' Eng Enquête leeft op Héichtouren: eisen Detektiv ermëttelt, ob et invasiv Kriibse sinn, déi hei hir Spuren hannerlooss hunn.
A
Den Dr. David Porco entwéckelt eng Method fir unhand vun e bësse Waasser aus enger Baach oder engem Weier kënne festzestellen, ob eng bestëmmten Aart an dem Gewässer lieft oder net.
us stac
a st a c u s (E u ro p ä e s c
he
Fl o
ss k
ri i b
s)
Or
co
ne
ct es
li m osu s
( Ka m b e r k r ii b s)
)
Pa
sta
ii
bs
c
ifa
cu
ig n s le n i u sc u l u s ( S
kr al
An eisem Fall handelt et sech ëm 3 Aarte vu Flosskriibsen: den Europäesche Flosskriibs, de Signalkriibs an de Kamberkriibs.
TEXT: CARMEN GREISEN I
5
Den Europäesche Hien huet Flosskriibs war fréier rout Patten. ganz heefeg a ville lëtzebuergesche Gewässer. Hie gouf och gären um Teller zerwéiert!
Europäesche Flosskriibs
Edelkrebs, écrevisse à pattes rouges, european crayfish, Astacus astacus
sskriibs
Europäesche Flo
uni d’Schéieren): (o t ng ä rl e rp e Ki • bis 18 cm Schéiere fir • grouss, rout hen an et no Friessen ze sic sech ze festzehalen, a fir eim Männche verdeedegen; b ss a kräfteg wéi u ro g i e m ll vi se si beim Weibchen : tennen um Kapp • zwee Puer An ge riche se, déi mat deene klen ze taaschten a grouss sinn do fir spieren Vibratiounen ze nhiel selwer an n u W ir h n e w e • gru d’Uwänner ch ënner Steng, • verstoppe se lz Wuerzelen an Ho inden: Fësch • Natierlech Fe r (z.B. Eil), Groreeë
den s s a d n r a Hei am L Flosskriibs awe che Europäes 2010 gesi ginn. ht fir d’lesc
Déi ganz kleng Kriibsercher bleiwen och nach eng gutt Zäitchen op an ënner der Mamm sëtzen, fir vun hir gefiddert ze ginn.
6 I DE PANEWIPPCHEN 4/2018
Zu Lëntgen an der Fëschzuucht vun der Waasserverwaltung gi se geziicht, fir d’Populatiounen um Liewen ze erhalen.
Vläicht komme jo mol rëm besser Zäiten a si kréien och an eise Gewässer an der fräier Natur eng IwwerliewensChance.
An eise Gewässer laueren hautdesdaags awer nach zwee aner Gesellen:
d e t n Wa
A ville Baache si si ausgesat ginn an hu sech séier a ganz Europa ausgebreet. An hirem Gepäck hate se och nach eng Krankheet: d’Kriibspescht.
s
s
Signalkriib
b Kamberkrii
méricaine, écrevisse a crayfish, spinycheek s limosus Orconecte
, e Californie d e s is v re c é sh, signal crayfi leniusculus s u c ta s a if c Pa anséischen fr e ir h i é w pa en – sinn an Euro arte komm a a k ri e m A Déi zwou A aus en! cho seet – schmaach tt u g u o s Numm et s se ft ginn, well ageschlee
Mir sinn net sou kriddeleg wéi den Edelkriibs, wat eise Liewensraum ugeet.
Eis amerikanesch Kriibse mécht déi Pilz-Krankheet näischt aus, well mir dru gewinnt sinn. Déi Europäesch Kriibsen ginn awer futti drun!
Verknaschtent Waasser mécht eis näischt aus, mir kréie vill Nowuess!
TEXT: CARMEN GREISEN I
7
Op sou eng Lëscht kommen all Déieren a Planzen, déi (bewosst oder onbewosst) aus anere Kontinenter bei eis ageschleeft goufen. Si breede sech bei eis an der Natur aus a sinn eng Gefor fir eis heemesch Aarten a fir Kriibse sinn d’Aartevillfalt. Allesfrësser - an doduerch hu se e groussen Afloss op hire Liewensraum an op déi Déieren a Planzen, déi zum Ekosystem gehéieren. Fir genee ze ënnersichen, wat fir ee Schued se uriichten, musse mer wëssen, wou se sinn, a wéi wäit se sech Joer fir Joer ausbreeden. Iwwerall am Waasser, wou sou Déiere liewen, d.h. kämpfen, bludden, kacken, wuessen, sech reproduzéieren a stierwen, kënne mer Spuere vun DNA* vun hinne fannen. Dem David seng „molekular Geschirkëscht“ kann dës DNA-Stécker am Waasser feststellen. Da wësse mer wéi eng Aart hei geschwommen ass. De Signal- an de Kamberkriibs sinn dofir a ganz Europa onerwënscht: si stinn op der Lëscht vun den ‘invasive friemen Aarten’.
* All Liewewiesen huet e genetesche Code, deen eenzegaarteg ass! Dee Code oder DNA kënnt an all eenzel Zell vum Kierper vir a gesäit aus wéi eng ganz laang, verdréite Stréckleeder, déi opgerullt ass. Dem Kriibs säi Code - an och däin eegenen - besteet aus 4 Buschtawen C, G, T, A an ass eng Bauuleedung fir de Kierper, fir Schanken, Muskelen, Haut, Gehir, Hoer, Häerz, Longen, a.s.w. ze bilden.
8 I DE PANEWIPPCHEN 4/2018
Den David bei der Aarbecht: um Terrain: Kriibse fänke mat Hëllef vu Fale voller Hondsfudder, Waasserprouwen huelen
am Labo: DNA erausfilteren, botzen an analyséieren (sequenzéieren)
am Büro: Stécker aus der DNAKetten (‘Sequenz’) identifizéieren déi typesch fir d’Aarte sinn; Brochdeeler dovu kënnen (duerch ‘Amplifikatioun’) am Waasser nogewise ginn. Hei gëtt et dee Kr
iibs net!
An hei lieft dee Kr
iibs!
Et kéint ee souguer am Waasser feststellen, wéi vill där Kriibsen ongeféier an enger bestëmmter Zon liewen. Och en NetSpezialist soll an Zukunft mat engem einfache ‘Schnelltest’ direkt beim Waasser eng Äntwert op d’Fro fannen: Lieft deen hei, oder lieft kee sou hei?
D’Resultat vu Waasserprouwe n aus der Uelzecht bei Hesp er, Noweis vum Signalkrribs
Dës nei Method ka spéider och nach bei aner Aarten ugewant ginn. Bestëmmt sëtzt nach an iergend engem Aquarium sou een „onfräiwëlleg oder illegal ageschleeftent Liewewiesen“ a verlaangert no Fräiheet an der Natur… TEXT: CARMEN GREISEN I
9
10 I DE PANEWIPPCHEN 4/2018
D’Musek an eng gesonge Versioun vum Lidd fënns du op: inecc.lu/pw
r e h c a a Hausm
slime
Rezept, E super einfacht e Slime fir dee glibbereg en: selwer ze maach
Fir eng Bull Slime brauchs du: 110 ml Waasser 100 gr Maismiel e puer Drëpse Liewensmëttelfaarf Mësch alles gutt mateneen an enger Schossel.
Scho fäerdeg! An der Schossel ass de Slime fest, mä an denger Hand gëtt e mëll. TEXT: SABINE GOERENS I
11
Action dobaus bei all Wieder! beweege mécht Spaass e s s u a b o Sech d t, zu all Joereszäit a bei all t u g t e e an d i Reen, Wand an Niwwel ass e b h c O . r Wiede nteressant dobaussen. Dofir, i n a n i é et sch mam Panewippchen eraus t m m o k r, Kanne prangt, laaft, rolzt, spillt, … s a t f o L ’ an d
12 I DE PANEWIPPCHEN 4/2018
ssen !
ech op d’mannst d g e e w Be n am Dag! e t t u n i M 60 Beweegung… … suergt dofir, datt deng Muskelen a Schanke sech tiptop opbauen, dat mécht dech staark! … stäerkt däin Immunsystem, dat heescht, däi Kierper kritt sech gutt géint Viren a Keime gewiert an du gëss net séier krank! … mécht, datt s du geschéckerlech a gewieweg bass, e gutt Gläichgewiicht hues a bei Spiller a Coursë gewënns! TEXT: SVEN MAJERUS, SYLVIE HAGEN I
13
Spiller am Schoulhaff - Foussball a Vëlkerball spillen - am Seel oder am Lastik sprangen - mat de Jicke spillen (https://www.panda-club.lu/2013/07/panewippchen-22013/)
- Fänkches a Stoppches spillen (https://www.panda-club.lu/2005/12/panewippchen-042005/)
- op der Spillplaz klammen, rutschen, klunschen - Himmel an Häll (Hopsen) (https://www.panda-club.lu/2003/06/panewippchen-22003/)
- De Fuuss geet ëm
(https://www.panda-club.lu/2005/12/panewippchen-042005/)
Fouss op der Linn:
Zwee Kanner stelle sech vis-à-vis, mat de Féiss hannerteneen, op eng Linn (Seel, Kräidstréch…). Si beréiere sech nëmme mat den Handflächen a probéieren een deen aneren aus dem Gläichgewiicht ze bréngen.
14 I DE PANEWIPPCHEN 4/2018
Frot är Schoulmeeschteren a Léierinnen, är Grousselteren, Elteren a Frënn a loosst är Fantasie spillen! Erfannt selwer Spiller!
Spiller am Bësch, an der Wiss, bei der Baach, am Park, …
- an engem Bliederkoup sprangen a wenzelen - eng Bliederschluecht man - iwwer e Bamstamm balancéieren - zu souvill wéi méiglech zesummen op e Bamstamm klammen - Käschten, Eechelen, Blieder, Dillendäpp sammelen (an doheem domat bastelen oder Werfspiller domat maachen) - iwwer Steng oder Stécker Holz sprangen - eng Hütt oder eng Stopp bauen - an oder iwwer e Pull sprangen, de Pull eidel sprangen - e Staudamm an der Baach bauen, eng Bréck iwwer d’Baach bauen - am Bulli sprangen, mam Mätsch eppes modelléieren - op Beem, Steng a Mauere kloteren - Spure sichen
Fal net erof!
Zwee Kanner sti vis-à-vis op engem Bamstamm, deen um Buedem läit. Si probéieren een deen anere vum Stamm ze stoussen. Oder si probéieren een deem aneren op déi ausgestreckten Hänn ze klappen, ouni erofzefalen.
TEXT: SVEN MAJERUS, SYLVIE HAGEN I
15
… - Blieder, Champignonen, Bësch richen - Beem taaschten - eFitnessparcours mol anescht man, just déi Statioune man, déi der Spaass maachen, z. B. Konschten op de Staange man, an de Réng klunschelen,… - en Draach fléie loossen - Käschten, Dillendäpp, Eechelen an e Kuerf oder eng Kaul am Buedem schéissen - Dillendäpp fëschen: Aangele selwer bauen, Dillendäpp an de Pull, d’Baach oder op de Buedem leeën a probéieren, ween déi meescht gefëscht kritt.
Zwillingsjuegd:
E Spiller sicht eng Käscht, Eechel, … an hält se verstoppt a senger Hand. Hie mécht d’Hand op a rifft „Zwillingsjuegd“. Da mussen déi aner séier deen nämlechte Géigestand siche lafen. Deen éischten, deen e fënnt an zréckbréngt, huet gewonn.
… an am Schnéi - e Schnéimännche bauen, - eng Schnéiballschluecht man - mam Schlitt fueren - um Äis glëtschen
Schnéihuesejuegd:
Fänkchesspill am Schnéi: eng Schnéihuesen-Hiel (ronn Fläch) a Weeër am Schnéi platt trëppelen, an eng Äisfuussen-Hiel ausserhalb. Da probéiert den Äisfuuss d’Schnéihuesen op de Weeër ze fänken. An der Huesenhiel däerf kee Schnéihues gefaange ginn.
16 I DE PANEWIPPCHEN 4/2018
Et gëtt kee schlecht Wieder, et gëtt just falscht Gezei! Richteg ugedo bass du, wann däi Gezei dem Wieder ugepasst ass. Ideal ass den Zwiwwellook:
e puer Loen iwwereneen.
Egal ob et moies an owes kal an an der Mëttesstonn wootleg ass, ob ee beim Spille schweesst oder net, du kanns ëmmer déi eng oder aner Schicht aus- oder undoen.
Wichteg: Do dech net ze dënn, awer och net ze waarm un! A pak däi Kapp gutt an, well do ka séier Hëtzt verluer goen.
Mutz, Stirband, Händschen, Moulen
T-Shirt waarm Ënnerwäsch Collant Pullover, Sweatshirt, Jackett
eventuell dënn Reebox, fir driwwer unzedoen Anorak, bausse waasserdicht, banne waarmt Fudder
fest, waasserdicht Schung oder Stiwwelen
Schikostüm Gummisstiwwelen mat décke Strëmp
Wann s du d’Féiss naass kriss, dann do sou séier wéi méiglech dréche Strëmp a Schung un.
A wann s du nees doheem bass, da gëtt et eng Taass waarme Kakao an eng gutt schuckeleg Dusch.
TEXT: SVEN MAJERUS, SYLVIE HAGEN I
17
De Schoulwee! Wéi kënns du an d’Schoul? l ass et, mat denge Kolleegen oder Richteg coo chwëster zesummen de Schoulwee ze denge Ges Vëlo, der Trottinette, den Inlineskates, man: mam er gemittlech zu Fouss. dem Skateboard od
Fir d’Elteren
Jo, d’Kanner kënnen dat! Dir hutt dat dach och fäerdegbruecht an deem Alter, oder? Begleet se am Ufank vum Schouljoer op hirem Schoulwee, an decidéiert zesummen, wéini se prett sinn, fir eleng ze goen oder ze fueren, och wann et am Ufank nëmmen dat lescht Stéck bis an d’Schoul ass! Vertraut Äre Kanner! Déi 10 oder 20 Minutten ouni Opsiicht vun engem Grousse si ganz wichteg fir si!
*Kanner sollen e Minimum vu 60
Minutte Beweegung am Dag hunn. Si solle virun allem méi Ausdauer kréien. Aktivitéiten, déi méi intensiv sinn, sollen awer och net feelen.
*D’Beweegung stäerkt den
Häerzkreeslaf, suergt fir en optimalen Opbau vu Muskelen a Schanken, reegt de Stoffwiessel un, stäerkt den Immunsystem an ass och ganz wichteg fir d’psychomotoresch Entwécklung.
*Sou laang ee sech
an der frëscher Loft beweegt - dat ass besonnesch wichteg am Wanter - bleift d’Schläimhaut vun
18 I DE PANEWIPPCHEN 4/2018 I
TEXT: SVEN MAJERUS, SYLVIE HAGEN
Fir d’Elteren den Otemweeër schéi fiicht an dréchent net aus. D’Schläimhaut ass déi éischt Barrière vun eisem Immunsystem, a si muss ëmmer fiicht sinn, fir richteg ze funktionéieren.
*Beweegung dobausse verhënnert och, datt een net ëmmer nëmmen dobanne sëtzt, wou sech am Wanter méi Viren a
Keimen ophalen (zemools an dréchenen, schlecht belëfte Raim).
*Och wann d’Kand e bëssen
erkaalt ass: soulaang et keng Féiwer huet, ass et wichteg, datt et eraus an d’Loft geet.
*An der frëscher Loft rolzen, lafen,
sprangen, spillen, … baut Stress of, entspaant, fuedert d’Kreativitéit a mécht glécklech.
*Net ze vergiessen, d’Kanner hunn en natierlechen Drang sech ze beweegen! Nëmme sou bleiwe si gesond a kënne sech richteg entwéckelen.
Fudderdäpp fir d’Vullen Kokosfett
Wann et fir d’Vullen am Wanter méi schwéier gëtt Fudder ze fannen, kënne mir hinne mat Fudderzäpp hëllefen:
n, Huewerflacke er gemuelen od ss gebrachen Në (ongesalzt), Geseems ekären, (Sonneblumm Leinsamen, ) Hanf, Mohn …
gesammelt Fiichten- oder Kiferzäpp
e Stéck Schnouer
Dréchen d’Zäpp op enger waarmer Plaz bei der Heizung. Duerch d’Hëtzt ginn d’Schuppe wäit op. Bann e Stéck Schnouer uewen un dengen Zäpp fest ronderëm an ënner d’Schuppen erduerch, fir datt s du deng Fudderzäpp duerno kanns einfach ophänken.
D’Kokosfett ass bei Zëmmertemperatur ganz mëll a kann direkt mam Geseems, den Nëss, den Huewerflacken … verréiert ginn…
…an da mat engem Läffel oder de Fangeren op d’Zäpp geschmiert ginn. Wichteg ass et, d’Fudder gutt ënner d’Schuppen ze drécken.
Hänk deng Fudderzäpp nom Ofkillen op eng geschützte Plaz (z. B. un e Bam, wou keng Kazen dru kommen).
TEXT: MICHELLE GROSBUSCH I
19
Themen am neien ‘natur musée’
Liewen op 4 Been
Apa3to0 samurus virun 150 Mio Joer
Acanthostega 60 Mcmio Joer virun 365
20 I DE PANEWIPPCHEN 4/2018
n e i b i h p m A t h c s i E
ĺchthyostega 1,5 m virun 365 Mio Joer
Déi éischt Véierféisser hunn nach am Waasser gelieft. Si haten zwar scho Longen, hunn awer och nach hir Kime gebraucht, fir ze ootmen. Mat hire Paddel-Féiss si se um suppege Buedem tëschent de Waasserplanze gutt virukomm. Um Land konnte se awer just krauchen an net richteg goen. Den Acanthostega an den Ichthyostega hunn am flaache Waasser gejot.
Dem Pederpes seng Féiss a säi Kapp ware scho gutt un d’Landliewen ugepasst. Mat sengen Ouere konnt hien awer besser ënner Wasser héiere wéi u Land, an deemno huet hie wuel nach vill Zäit am Waasser verbruecht.
Ped1 ermpes
virun 355 Mio Joer
De Prionosuchus ass dat gréisst Amphib vun allen Zäiten. Och zu Lëtzebuerg goufe Fossilie vu groussen Amphibie fonnt: den ‘natur musée’ weist ee Kënnbak vun engem Cyclotosaurus vu Miedernach. Allebéid hu wéi Krokodillen ausgesinn an am Waasser gejot. Si waren awer Amphibien, a keng Reptilien!
Prionosuchus 9m virun 270 Mio Joer
Gerobatrachus 11 cm virun 290 Mio Joer
Cyclotosaurus bis 4 m virun 210 Mio Joer
Viru ronn 290 Dee klenge Gerobatrachus war ee Virleefer vun eise modernen Amphibien, also vun de Fräschen a Mouken, Salamanderen a Molchen. TEXT: GUY KERSCH I
21
a r e n n a Naass K en r e t l E fiicht Mouke bei der Puerung
D’Larve vun deenen allermeeschten Amphibie liewen am Waasser an ootme mat Kimen. Am Laf vun e puer Méint wandele si sech zu Landdéieren, déi mat Longen ootmen.
pp a k e z u Vum Ka ch s A r F e bis bei d :
E Koup Fräscheneeër gëtt Bruck genannt.
Déi allermeescht Amphibie brauche Waasser, fir sech fortzeplanzen. D’Weibche leet Eeër an d’Waasser, an de Männche sprutzt Som driwwer. Am Fong bräichte si dobäi guer kee Kierperkontakt. Meeschtens hält de Männche sech awer um Weibche fest, fir d’Somzellen sou no wéi méiglech bei d’Eezellen ze bréngen. D’Eeër hunn eng mëll Haut aus Schläim, sou datt d’Somzellen einfach erakommen. Well dat net am Kierper vum Weibche geschitt, gëtt et baussenzeg Befruchtung genannt.
3 Deeg
3 Wochen
1 Dag 13 Wochen
14 Wochen
16 Wochen
12 Wochen
1Joer
Erwuessen Amphibie pompele mam Mond Loft an d’Longen. Si ootmen awer och duerch hir dënn plakeg Haut. Dat geet awer nëmmen, wann d’Haut fiicht bleift. Dofir liewe vill Amphibie souwuel am Waasser wéi um Land, oder si hale sech op fiichte Plazen um Land op. Bei dësem Alpesalamander gesäit ee gutt seng fiicht Haut. 22 I DE PANEWIPPCHEN 4/2018
8 Wochen
n e i l i t p e Eischt R -
D’Reptilien hu sech viru ronn 325 bis 315 Millioune Joer aus Amphibien entwéckelt. Si waren déi éischt LandWierbeldéieren, déi och a ganz dréchene Géigende liewe konnten.
Silvanerpeton 40 cMmio Joer virun 335
Virun de richtege Reptilie gouf et schonn Iwwergangsformen, wéi de Silvanerpeton. Seng Rëppe weisen, datt hie scho wéi e Reptil mam Broschtkuerf geotemt huet. Seng Larven hu sech awer wuel nach am Waasser entwéckelt.
Silvanerpeton: nach kee richtegt Reptil...
Hy2lo5ncommus oer
virun 315 Mio J
Den Hylonomus ass dat eelst Fossil, dat ganz sécher ee Reptil ass. Niewent senge verstengerte Schanke sinn och typesch reptilesch Zéiwen- a Schuppenofdréck fonnt ginn. Engem Hypacrosaurus säi verstengert Been ass am ‘natur musée’ ausgestallt.
Vun 230 bis 66 Millioune Joer virun haut hunn d’Reptilien a Form vun den Dinosaurier d’Liewen u Land dominéiert. D’Reptilien hu sech och zu den haitegen Echsen, Krokodillen an Deckelsmouken entwéckelt, an zu de Schlaangen, déi hir 4 Been „verluer“ hunn.
Hypa9crmosaurus viru 75-67 Mio Joer
TEXT: GUY KERSCH I
23
-
n e n e h c e Dr m u n e Liew Silvanerpeton 40 5cMmio Joer
Fir onofhängeg vum Waasser ze sinn, brauchen d’Reptilien Eeër mat enger fester Schuel, déi um Land net ausdréchnen. Dat geet awer nëmme mat bannenzeger Befruchtung: de Männche muss säi Som an de Kierper vum Weibchen eraginn. Sou kommen d’Somzellen eran an d’Eezellen, éier d’Schuel ronderëm d’Ee entsteet.
virun 33
Et ass net sou einfach fir déi kleng Krokodillen, Deckelsmouken a Schlaangen, fir aus der fester Eeërschuel erauszekommen... Baussent dem Waasser muss de Kierper viru Verdonstung geschützt ginn. Dofir hunn d’Reptilien eng déck schuppeg Haut, wéi dës tropesch Bëschechs.
Longe vun Amphibien
Moie Fränz, mäi klenge Reptiliefrënd. Moie Charel. Obschonn d’Fräsche keng Reptilie sinn, mee Amphibien.
24 I DE PANEWIPPCHEN 4/2018
Longe vu Reptilien
Well se net mat hirer décker Haut ootme kënnen, hunn d’Reptilien och méi performant Longen entwéckelt wéi d’Amphibien.
Wann d’Fräsche keng Reptilie sinn, wisou leeë se dann Eeër, grad wéi d’Chamäleonen? Mee Charel, d’Reptilie leeën hir Eeër um Land. An d’Fräsche leeë se an d’Waasser, sou wéi d’Fësch.
Ech wousst net, datt d’Fësch och Reptilie sinn. !?
Zappmännchen Dillendapp Kapp Du brauchs: Holzbull fir de eféier 30 cm) Schnouer (ong Schal Filz fir Mutz a Wäschklam ze molen Stëft, fir d’Aen n erëm ze mole d n ro s e re K e CD, fir lzläim Pech oder Ho Schéier
1
2
4
Mol mat Hëllef vun der CD e Krees op de Filz.
Schneit de Krees eraus. Diebel de Krees an der Mëtt a schneit en an 2 Halschenten.
3
Diebel eng Halschent an der Mëtt, sou datt de Filz duebel ass. Lee deng Schnouer dran a maach Pech laanscht eng Säit a pech den Hittchen zou.
5
Schneit nach eng schmuel Sträif Filz fir de Schal.
Mat der Klam drécks du den Hittche soulaang fest, bis de Pech hält.
6 Zéi d’Schnouer duerch d’Lach vun der Holzbull a pech den Hittchen un.
7 Wéckel d’Schnouer ënner d’Schuppen erduerch um ënneschten Deel vum Dillendapp fest a pech se un.
8 Wéckel de Schal ëm dem Männche säin Hals a pech e fest. Mol dem Männchen Aen an hänk en op. TEXT: MICHELLE GROSBUSCH I
25
Wat maachen d’Hunnegbeien am Wanter? Wann et dobausse schuddereg kal gëtt a keng Bléie méi op sinn, fir unzefléien, dann halen d’Beien eng Wanterrou. Zu Dausende réckele si ganz no beieneen a wierme sech géigesäiteg.
Eng Drauf Beien zesumm egekuschelt an der Këscht
Leet een d’Ouer widder eng Beiekëscht am Wanter, dann héiert een e monotoont Brummen, ëmmer de selwechte Rhythmus, ëmmer déi selwecht Tounhéicht. Dësen Toun produzéieren d’Beien duerch d’Vibratioun vun hire Flilleke-Muskelen: si ziddere sech waarm. Op d’mannst 25 Grad a bis zu 35 Grad waarm kann et bannen an der Këscht sinn, an dat och bei minus 10 Grad Baussentemperatur! 26 I DE PANEWIPPCHEN 4/2018
Zidderen, dat verbraucht Energie! An dofir hunn d’Beien och am Wanter Honger. 20 kg Hunneg brauch ee Beievollek, fir de Wanter z’iwwerliewen.
Déi waarm Beien aus der Mëtt léisen déi kal vu baussen of.
Baussen un der Drauf ass et méi kal wéi bannenan, d’Beie sëtze beieneen, wéi enger Drauf hir Gronen, d’Kinnigin an der Mëtt.
2 Méint méi spéit sëtzt d’Beievollek méi héich un de Rimmercher. Ënnen ass den Hunneg scho giess, uewen ass es awer nach fir déi lescht Wanterdeeg.
De Wanter - eng geféierlech Zäit fir d’Hunnegbeien! Spëtzmaus-Alarm am Beiestack! D’Beie bréngen et awer fäerdeg, fir d’Spëtzmaus mat hirem Gëft dout ze man. Duerno iwwerzéie si d’Maus mat enger Lo Propolis*. Si balsaméieren de Kierper an a verhënneren esou, datt Verwesungsbakterien a Keimen d’Beievollek krank maachen.
Den Doudekappschwäermer! Dëse Wanderpäiperlek brauch op sengem Wanterzuch vu Südeuropa bis an Island eng Energiequell: Beienhunneg ass fir hie genee dat Richtegt! Och wann de Päiperlek mol gepickt gëtt, ass dat net schlëmm, hien ass immun géint Beiegëft! 5 Zellen Hunneg drénkt en eidel, dann ass en nees gestäerkt, fir virun ze reesen. *Propolis ass Haarz vun de Knospen an den Dillendäpp vu Beem, deen d’Beie vermësche mat Wuess, Pollen a Spaut an zu enger pecheger Substanz verschaffen.
TEXT: MURIEL NOSSEM I
27
Schlofmutzen Héich an de Bierger, do wou keng Beem méi wuessen, ass de Panewippchen engem knuffegen Déierche begéint, dem Muermeldéier.
Muermeldéie r, M urm elti er/
28 I DE PANEWIPPCHEN 4/2018
Mu r me
l, m a
Mäin Numm kënnt vum aldäitsche Begrëff: murmunto. Dee Begrëff kënnt aus dem Laténgeschen: Mus montis = Alpenmaus.
rmotte
rm , ma
ot, Marmota
„Männche maachen“ Wann een an de Bierger spadséiere geet, gesäit een dacks e puer Muermelen op den hënneschte Patte beienee sëtzen. Mir maache Männchen, fir eist Friesse mat de viischte Patten an de Mond ze drécken. Am léifsten hu mir Grieser, Kraider a Blummen, an och Somen, Wuerzelen a Knollen. Mat eise Knabberzänn, déi nowuessen, gëtt ofgebass a mat de Bakenzänn gëtt zermuel.
Mir maachen och Männchen, fir eist Räich ze iwwerwaachen. Mir richen, héieren a gesi super gutt. Wa Gefor kënnt, e Fuuss, e Gräifvull oder en Hond, da päife mir ganz haart. Laang päifen heescht, d’Gefor kënnt aus der Loft. E puer mol kuerz päife bedeit, datt d’Gefor vum Buedem kënnt. Duerch d’Päife gëtt d’ganz Famill gewarnt a mir jauwen all ganz séier an eise Bau.
Gefor! Hëpp, all an de Bau!
Mmmh!
TEXT: SYLVIE HAGEN I
29
Mol mäi Kolleeg faarweg!
kleng Oueren gro-schwaarze Kapp
Jonk Muermelen hunn e flauschegt Fell. Wa si méi al sinn, gëtt hire Pelz struppeg. All Joers nom Wanterschlof verléiere si hire Pelz an da wiisst en neien.
beigë Bauch bis 60 cm
Muermeldéieren hu ganz staark Krallen, fir d'Tunnelle vun hirem Bau ze gruewen. 4 Kralle sinn un de viischte Patten, 5 un den hënneschte Patten. 30 I DE PANEWIPPCHEN 4/2018
Mir verdroe keng Hëtzt, 20° fir eis si wéi 36° fir dech!
D’Muermele si Mamendéieren, dat heescht, den Nowuess drénkt Mëllech bei der Mamm. Si gehéieren zur nämlechter Famill wéi d’Kaweechelcher. Si kënne bis 7 Kilo schwéier a bis 15 Joer al ginn.
Réck gielzech, roudelzech, gro
D’Spëtzt vum Schwanz ass ëmmer schwaarz.
All 2 Joer am Fréijoer bréngt d’Weibchen 2 bis 6 Klenger op d’Welt. Si weien ongeféier 30 Gramm, si blann, daf a plakeg. No engem Mount ënnerhuele si hiren éischten Ausfluch a gi sech direkt un d’Friessen. Mat 3 Joer si si ausgewuess.
donkel Patten
bis 20 cm Eise Kacka.
TEXT: SYLVIE HAGEN I
31
Familljendéier
ien“ ze soen, sti Fir „Mo ec h e m m e u n s e a z p r p e iwen mir d'Kä eis Nuese laanschteneen .
D'Muermeldéiere liewen a Gruppe vun ongeféier 20 Déieren zesummen.
M
ir
en ill p s
a rolze vill m
a t e n e en
ne ge e le af
e n d ee m a n e re sä iF el
l.
Tunnelexpert Mir leeë bis déif an de Buedem e grousse System vun Tunnellen a Kummeren un, do géifs du dech dra veriren! All Muermeldéier aus mengem Grupp hëlleft dobäi. Mat eise viischte Been an eisen Zänn buddelen a gruewe mir de Buedem, a schären e mat eisen hënneschte Been eraus. Mir sinn ni wäit ewech vun engem Lach a bei der geréngster Gefor si mer husch an eisem Bau.
32 I DE PANEWIPPCHEN 4/2018
Fluchtwee
Schlofe wéi e Muermeldéier Am Hierscht, wann et kal gëtt, verkrauchen d'Muermeldéiere sech an hire Bau an hale Wanterschlof. An dat gutt 6 Méint laang!
Am Hierscht friesse mir vill a gi fett. Mir polsteren eis Schlofkummer mat Hee a mëllem Gras. Wa mer all am Bau sinn, stoppe mer den Agang mat Steng, Buedem a Stréi zou, rullen eis zesummen a kuschelen eis fest widereneen. Déi Klengst leien an der Mëtt; do ass et am wäermsten. Eis Kierpertemperatur geet op 6 Grad erof; sou spuere mer Energie.
An dann Äddi bis am nächste Fréijoer, wou mir Während dem Wanterschlof liewe eis, ganz dënn an hongereg, mir vun eise Fettreserven. huerteg op d'Sich no Friesse man.
Terrass a Fiels, fir Wuecht ze halen
Fluchtwee Niewegäng Haaptgang
Toilett
Niewekummer: schlofen a verstoppen
Haaptkummer: Schlofkummer a Kannerstuff
TEXT: SYLVIE HAGEN I
33
Gletscher
Eng Woch mam Science Vum Liz Burton
Club op der Riederalp (CH).
kingech fir de Gletschertrek Ech hat e Mail krut, datt ugeholl wär… Yesssss! Camp am Summer 2018 reegt, mee ech hu mech Ech war natierlech opge freet. aus vill op déi Woch ge vir am ng laa ho sc er aw r super Équipe eng Woch Ech war also mat enge aus mam Fotoapparat lp ra de Rie r de n vu ng laa kumentéiert, natierlech ënnerwee an hu vill do Aletschgletscher, deem och déi puer Stonnen um n scher vun den Alpen. Hie gréissten a längste Glet n tte ma km. Mir schlofe huet eng Längt vu bal 23 ger ntrum vu Pro Natura, en Ze am lp ra de Rie r de op . Naturschutzorganisatioun
D’Liz huet dëse superflotte Reportage geschriwwen am Kader vum "Mérite Jeunesse". De Mérite Jeunesse gehéiert zur weltwäit féierender Organisatioun The Duke of Edinburgh’s International Award, déi an iwwer 140 Länner aktiv ass. Bass du tëschent 14 a 24 Joer al a wëlls du nei Erfarungen an Erliefnisser man, nei Talenter un dir entdecken a vill Leit kenneléieren, da stell dech dëser Erausfuerderung an engem Programm, deen s du dir selwer zesummestells a wou s du a 4 Beräicher (Benevolat, Sport, Talent an Expeditioun) e grousst Abenteuer erliewe kanns. All Detailer fënns du op: 34 I DE PANEWIPPCHEN 4/2018
http://merite.jeunesse.lu
trekking
Juli 2018
Éischten Dag
Mat Rucksak a Valiss war de Start vun onsem Abenteuer um Houwald. Vun do fiert de Bus fort. E Meedche freet mech, ob ech mech wëll nieft hatt sëtzen. Ech si frou, well ech hatt och wollt froen an elo déi éischt Frëndin fonnt hunn. Zu Mörel ukomm, geet et de Bierg mat der Gondel erop op d‘Riederalp. Op der Endstatioun si mir awer nach net ukomm. Vun do aus geet et nach emol gutt 20 Minutten zu Fouss de Bierg erop bis op eis Hütt. Dat ass no der Busrees guer net esou ouni.
2ten Dag Nom Kaffidrénke sti mir an de Biergsc hong prett virun der Dier bei onsem Guide, dem Maurus. Eis Nopere vum Haus si Kéi, deenen hir Klacken een owes am Bett héiert. Dat ass iergend wéi berouegend, et kënnt ee sech dann net esou elen g fir. D’Thema vum Dag ass d’Waasser, virun allem geet et ëm d’Waasserleitungen, déi ëm d’14. Jh. ugefaangen hu gebaut ze ginn. D’Waasser kënnt vum Gletscher hannert der Riederalp, mee et muss virun de Bierg, fir d’Felder op der Südsäit bewässeren ze kënnen. Dofir gouf d’Riederi gebaut, eng Waasser leitung vu ronn 12 km. Eise Wee soll eis laanscht dës Waasserleitung féieren. Ënnerwee gesäit een d’Matte rhorn vu wäitem. Mir kréien erkläert, wéi d’Waasserleitu nge ronderëm de Bierg verluecht gi sinn. Um Schluss vum Wee maache mir nac h en Challenge. Mir sollen eis Hänn gan z an d’Gletscherwaasser strecken a wie sen g Hänn am längsten dran hält, gewënnt. Ech sinn am Ufank gutt mat dobäi, mee dann hunn ech d’Gefill, datt ech meng Fangeren net méi ka bew eegen an huelen d’Hänn eraus. Anerer hunn et vill méi laang ausgehalen. TEXT: LIZ BURTON I
35
3ten Dag éien Programm. Mir kr um ng fti Ra t ee st Haut ewéi eng üm un an eppes en Neoprenkost schung. erdeem Neopren ss au tt, ke ac ej Re haft si mir nerschéi Landsc Duerch eng won Spaass. fuer. Dat war vill ge of er e on Rh d’
4ten Dag
36 I DE PANEWIPPCHEN 4/2018
al waart n der Woch! De Pasc vu g Da n sse ou gr De déi d’Spikes ausgedeelt, n ie kré ir M s. ei op schonn n déi r brauchen a musse mir fir op de Gletsche mir lass. etscher droen. Da gi selwer bis bei de Gl ommen, hu mir eng Wéi mir um Bierg uk erof. Mir ginn ht op de Gletscher riic e Vu i hé sc er nn wo etscher. ng erof bis bei de Gl dann de ganzen Ha us a mir che mir eng kleng Pa E bësse méi déif maa ien och scher entsteet. Mir kré et Gl e i wé n, se wi kréie ge Gletscher i donkel Sträifen am erkläert, wouhier dé änen. scher kommen. Dat si Mor ech ënne beim Glet s us m r de ie W en m Trotz waar Jackett, en an de Fleece, d’ be xe Bo g an la g en m . Iwwer Händschen undoen d’Mutz, de Buff an d’ ir op kale Wand. Da gi m de Gletscher bléist e summen Spikes un. Mir ginn ze d’ nn di an än or m d’Säite her. Mir musse a ginn op de Gletsc un e Seel gestréckt Mir fanne . Mir wandere virun. en el pp trë op ch itle sä kleng wéi kleng Déieren, méi Gletscherfléi. Dat si en a sech Äis iwwerliewe kënn Seejomessen, déi am kënnt ee ernähren. Op eemol am léifste vu Pollen Mënschen et . An awer bréngen d’ sech esou winzeg vir at mir dann ze maachen, woum tti fu s le al t da g, de net fäer gräifen. Ech kann et vir l de an aw m Kli a op d’Them Ze soen, et keng Wierder dofir. hu h ec n, we ei hr sc be Nieft eis sslos ënnerdriwwen. aa m s as in, hé sc er ass wonn Mir gesinn e , guer net esou ouni. si Gletschersplécken hertisch. sougenannte Gletsc
5ten Dag… Et geet haut schonn um 5:00 aus dem Bett fir d’Wëldbeobachtung. Mir kréien eng Spektiv a ginn an 2 Gruppen opgedeelt. Mir gi fort a gesi geschwënn déi éischt Gäms. Da kommen nach e puer Réi. Mir kréien de Prinzip vum Wëldwiessel erkläert. Dat heescht, datt d’Déie ren an der Nuecht op der Südsäit sinn an am Dag zimlech ënnen op der anerer Säit vum Bie rg. Sou fréi moies kommen d’Déiere vun der Südsäit eriwwer, dofir stinn d’Chancen elo gutt, fir der e puer ze gesinn. Mir fannen och Spueren um Wee. Déi eng si vu Gämsen, déi aner vu Réi . Déi vun de Réi si komplett agedréckt, wougé int déi vun de Gämse just um Rand agedréckt sinn. Da gesi mir nach duerch e speziellen Telesko p e Steebock. Et ass äiskal, mee et ass wonnersch éin, wéi d’Sonnestrahlen iwwer de Bierg briechen an d’Spëtzte vun de géigeniwwerle iende Bierger beliichten.
Mir mussen iwwer eng Gletscherspléck sprangen. D‘Häerz rutscht mir bal an d’Box, mee am Endeffekt ass et guer net esou schlëmm. Mir kom me bei en hëlzene Staf, dee weist, wéi vill Äis a 6 Deeg geschmolt ass. Krass! Soubal mir erë m op der Morän sinn, di mir d’Spikes erëm aus a wäsche se am Gletscherwaasser. Da geet et erof vum Gletscher. De Pascal erzielt eis, datt de Gletsch er wéinst dem Klimawandel an der Äerderwie rmung ëmmer méi wäit zréck geet. Dat bréngt awe r net nëmme waassertechnesch Problemer mat sec h. Well de Gletscher en héijen Drock op d’Bierg er ausübt, an den Drock dann ofhëlt, wann de Gle tscher zréck geet, rutschen d’Häng of. Dofir ass dat alle s do ronderëm och Spärgebitt. D’Universitéiten iwwerwaachen alles. D’Leit ware sech zwar bewosst, datt de Problem géing kommen, mee si haten e massiv ënnerschätzt. Wat heescht dat dann och fir d’Existenz vun deene Leit , awer och fir de Liewensraum, deen do ofrutscht, fir d’Planzen an d’Déieren?
TEXT: LIZ BURTON I
37
…5ten Dag De Rescht vum Dag gëtt e bësse méi relax, well mer schonns ganz fréi op de Been waren de Moien. Um 9:30 gi mir fort. E Stéck goen an da maache mir eng Zort Talabfahrt mat enger Trottinette, awer natierlech mat méi décke Rieder, also keng vun deenen, déi een heiheem gesäit. Dat war genial! Ënnen ukomm, fuere mir erëm mat der Gondel erop. Mir gi bei de Bettmerséi, fir do zu Mëtteg z’iessen a mir ginn och dra schwammen. D’Waasser ass äiskal. Ënnerwee fir erëm zréck an ons Villa hu mir ganz vill Muermeldéieren héieren. Iwwerhaapt hu mir déi ganz Woch ëmmer Muermeldéieren an de Bierger héieren a gesinn. Haut den Owend steet nach d’Moundfinsternis um Programm. Mir ginn eraus an et gi Spektive verdeelt. Am Ufank gesäit een de Mound guer net, a mir froen eis, wat dann do de Problem kënnt sinn, mee da kënnt de Mound hannert dem Bierg eraus. En ass scho bal ganz bedeckt. De Schiet ass rout. Et erkennt ee souguer d’Moundkugel, de Mound gesäit net méi aus wéi eng Scheif. Mir kënnen duerch eng Spektiv kucken. Dann taucht och de Mars op. Deen ass haut esou no wéi soss ni un der Äerd a liicht ganz hell. Et gesäit een och iwwer eis esou vill Stären. Net esou wéi doheem, do ass et vill ze hell. Och de grousse Won ass richteg hell a kloer. Do si Leit mat richteg gudden Teleobjektiver a Stativer.
38 I DE PANEWIPPCHEN 4/2018
6ten Dag 0 op. Um 8:30 Haut sti mir eréischt um 8:0 solle mir eigentlech drénke mir Kaffi. Um 9:30 e et reent a mir op d’Hängebréck goen, me ewaarden, wéi verréckelen dat emol, fir ofz nnen ass. No ongeféier d’Wieder an eng/zwou Sto e mir beim Grünsee annerhalwer Stonn komm näischt huet. En ass un, dee säin Numm net fir net ganz propper. Ech wierklech nawell gréng an h muss laachen, well sinn e bësse midd, mee ec ëscht an d’Waasser dem Laura seng Schmierek rsicht, se eraus ze fällt an hatt verzweifelt ve h just eng kuerz fëschen. Mir maachen oc erëm am Gaangen Mëttegpaus, well d’Wieder et nach e Stéck de ass ze changéieren. Et ge ass mega schéin an Bierg erof. D’Hängebréck och. Et schaukelt, mee d’Vue selbstverständlech aus. d’Héicht mécht mir näischt
7ten Dag r an rmëssen d’Bierge ve h Ec . es re em Leider ... He , awer och all nnen elo schonn ha do ag ld Al n eren aus. Et de uschen d’Numm ta ir M . en eg lle ier rëm, meng Ko Zäit geet vill ze sé d’ an l al s ei fir ass traureg pes zesummen ren onbedingt ep ie dé ci dé ir m goen. Mir mee ill op d’Fouer ze isp Be m zu , en Kéier ze maach e si all nach eng el hu h Ec . un R mäi Papp an kommen um P& ammen ech bei kl da an rm Aa an den den Auto.
Erëm doheem Wou ech erëm doheem war, war ech mega frou, fir meng Famill erëm ze gesinn, och wann et heiheem vill méi waarm war wéi an de Bierger. Ech hu meng Kollegen awer trotzdem vermësst an och d’Bierger, déi wonnerbar gesond a frësch Loft an iwwerhaapt den Alldag mat de Wanderungen. Dat war sécher eng vun deene schéinsten Erfarunge vu mengem Liewen. Ech hunn esou vill geléiert. Virun allem ass mir um Gletscher bewosst ginn, wéi kleng mir sinn, an datt mir awer Schold dru sinn, datt de Gletscher zréck geet. Ech hunn awer net
nëmmen an de Beräicher Flora, Fauna, Geographie, Geschicht a Wëssenschaft eppes dobäigeléiert, mee och a Saachen Teambuilding. Mir sinn zu verschiddene Leit mat verschiddene Charakteren aus verschiddenen Ecke vum Land, déi eis virdrun net kannt hunn, an der Woch onwahrscheinlech zesummegewuess. Mee ech ka mat absoluter Sécherheet soen, datt ech mech glécklech schätze kann, dat do eng Kéier erlieft ze hunn, an datt déi Woch sécher ëmmer eng Éiereplaz a mengen Erënnerunge behält.
Liz Burton
Merci der Responsabler vum Camp, dem Christiane Flesch.
Wëlls du dem Liz säi ganze Reportage liesen, da kuck op:
https://www.science-club.lu/2018/10/25287/
https://www.panda-club.lu/2018/10/gletschertrekking-rapport/
TEXT: LIZ BURTON I
39
Vergiesse Gemeiszorten ’
Pastinak, Topinambur, Rutabaga, Portulak, ... … dat si komesch Nimm! Si gehéieren zu Geméiszorten, déi laang vergiess waren. Während Joerhonnerte koum bei eise Virfaren haaptsächlech dëst Geméis op den Teller. A well si sou gutt schmaachen a sou gesond sinn, entdecke mir si haut rëm nei. All dës typesch Wantergeméiszorte si Vitaminnen- a Mineraliebommen an halen eis am Wanter fit a gesond.
Wanterportulak
/pourpier, Winterportulak/Te llerkraut/ Winterpostelein, pourpier d’hiver, winter purslane/Indian lettuce, Cl aytonia perfoliata
nais, , Pastinake, pa k a n i t s Pa aca sativa parsnip, Pastin
Vun November bis Mäerz. Frësch, saierzeg, nosseg. Knackegt Blatgemé is, lecker als Zalot, a Smoothien oder am wäisse Kéis fir op d’Schmier, awer och kue rz gekacht fir Geméis oder Zopp. Vitamin C, Vitamin E, Omega 3, Magnesium, Eisen, Kalzium. Zal ot
p mat Chi p Zop
is an d’Fréijoer. Vum Hierscht b lzeg. Wéi Wierzeg-séisse gebroden, d’Gromperen: n rt, gebak, se gekacht, frittéie t. lo Za er geriwwen an d t: Puree ut g h Besonnesc t Pastinaken oder Zopp ma a Gromperen. taminnen, Vitamin C, B-Vi sen. Magnesium, Ei
Zalo t m
Wuerze le at n a
n Ma
go 40 I DE PANEWIPPCHEN 4/2018
Chip sen
’ Gemeis mat Zooss
Topinambur
/russesch Gromper, Topinambur, topinambour, topinambur/Jerusalem Artichoke, Helianthus tuberosus Vum Hierscht bis an d’Fréijoer. Séisselzeg. Zopp, Püree, gebroden, gekacht, gebak. Schmaacht extra gutt réi als Carpaccio, mat Zitroun, Ueleg, Salz a Peffer a geraspelt an der Zalot. Ganz dënn Scheiwe frittéiert oder gebak gi gutt Chipsen. Vläicht hutt der jo nach en Eck am Gaart fir dës Vitamin C, B-Vitaminnen, héich Planze mat schéine Magnesium, Eisen. giele Bléien?
z Wusalesifirs,zsalesifyl, Schwarzeal/Wrinte rspargel, Schwarzwu
Scorzonera hispanica
Vun November bis Abrëll.
Wierzeg an nosseg. an Gutt schruppen, schielen an oder Essegeng Schossel mat Zitrounejus ng). waasser leeën (soss gëtt si bro ak, frittéiert. Gekacht, gebroden, iwwerb mel-Zooss schmaacht si ha Gekacht an an enger Béc ounejus derbäi ginn. extra gutt. Ëmmer e bëssen Zitr lzium, Phosphor, Vitamin C, E, B-Vitaminnen, Ka waarz Wuerzelen Magnesium, Kalium, Eisen. Sch déi meescht hunn no de Bounen an Ierzen n. rte Nährstoffer vun alle Geméiszo
..
Aerdkollraf
Gekrauselte Kabes Grünkohl/Krauskohl, chou kale/chou frisé, Tuscan Kale, Brassica oleracea var. sabellica’
Steckrübe, rutabaga, turnip, Brassica napus subsp. napobrassica
Vum Hierscht bis an d’fréit Fréijoer.
Am Hierscht an am Wanter
Betacarotin, Vitamin C, Vitamin A, Vitamin K, Magnesium, Kalzium, Kalium.
o t let ten
Chr .. sie eschtdaag
Pu.. lsk re ..e .. me mat Ham
Duuss, séisselzech. Mat anerem Geméis oder Uebst zesumme gekacht, hëlt si deenen hire Geschmaach un. Püree oder Kompott (zesumme mat Kürbis oder Äppel), gekacht, gebroden fir Gemé is, am Curry oder als Fritten. Magnesium, Kalzium, Kalium, Vitamin C, B-Vitaminnen.
Liicht séisselzeg. sse Déi gréng Blieder vun af n r l an .. o de Stiller schneiden, Norwegen: Aerdk wäschen a ganz reng schneiden. Réi als Zalot oder Kuck mol gutt no dësem extrae Geméis, wann s am Waasser oder am Damp gekacht oder an der du déi nächste Kéier an de Buttek gees. Pan gebroden als Geméis. mat Knuewlek t h c a An um Maart fënns de se bestëmmt! ka Sp ge i lee ge TEXT: SYLVIE HAGEN I
41
krupseg Geméis-Chipsen
Salz, , g e l e U Peffer ken Pastina mbur a n i p o T
Den Uewen op 180° virhëtzen
Mat enger Salz a Peffe Schossel gu
An dënn Scheiwen huwwelen
D’Geméis gutt wäschen
Pastinakemuffins
Miel 250 g lver o p k a B n 1,5 TL stinake a P g 300 icotta R g r 0 20 e Botte l l ë m 120 g 2 Eeër skären s o n d r e 80 g Ä Salz
D’Pastinake schielen, reng rappen an ënner den Deeg réieren Den Uewen op 200° virhëtzen An enger Schossel en Deeg aus Miel, Eeër, Ricotta, mëlle Botter, Bakpolver a Salz réieren
42 I DE PANEWIPPCHEN 4/2018
De Panewippchen ‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450
www.naturmusee.lu www.panda-club.lu
Impressum
Redaktiounscomité:
S. Goerens, C. Greisen, M. Grosbusch, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, M. Hoffmann, G. Kersch, M. Kirsch, A. Marx, F. Theisen, M. Ursone, F. Wolff.
Texter:
Strutz Ueleg, er an enger utt dréinen
L. Burton, S. Goerens, C. Greisen, M. Grosbusch, S. Hagen, C. Heidt, G. Kersch, J.-P. Majerus, S. Majerus, M. Nossem, B. Thuy.
Grafik an Illustratioun: S. Goerens, S. Hagen, M. Moritz, K. Scholtes.
Fotoen:
Op engem Bakblech (mat Bakpabeier) verdeelen an, je nodeem wéi déck d’Scheiwe sinn, 20-30 Minutte krupseg baken
Den Deeg a Muffinforme verdeelen D’Nëss graff hacken an iwwer d’Muffins streeën an ongeféier 20 Minutte baken
S2 Hannergrond, gréng Fénken: shutterstock, Planéit: Benson S3 mnhn S4-5 mnhn S6 Europäeschen Flosskriibs, Kriibs mat Eeër: shutterstock, aner: mnhn S7 Liewensraum: shutterstock, »Wanted»: Astacoides, aner: mnhn S8-9 mnhn S11 mnhn S13 shutterstock S14 Lastiksprangen, Hopsen: shutterstock, aner: mnhn S15 Bam klammen, Hütt bauen, Pull: shutterstock, aner: mnhn S16 mnhn S18 mnhn S19 mnhn S20 Apatosaurus: shutterstock, Acanthostega: Dr Günter Bechly S21 Ichtyostega: Dr Günter Bechly, Pederpes, Cyclotosaurus: DiBgd, Prionosuchus, Gerobatrachus: Nobu Tamura S22 Mouken: Smihael, Fräscheneeër: shutterstock S23 Silvanerpelon: Dmitry Bogdanov, Hylonomus: Matteo DeStefano, Hypacrosaurus: Debivort, aner: mnhn S24 Schildkröt, Schlaang: shutterstock, lizard: Selvaganesh17, Krokoeeër: ferme aux crocodiles, lizard: Babujayan S25 mnhn S26 Fong: shutterstock, Beiendrauf: Miri S27 Doudekäpp am Stack: Merdal S28 shutterstock S29 Muermel frësst: Kuebi, Muermel päift: Maboll, aner: shutterstock S30 jonkt Muermel Pelz: Bohus1, Muermel grouss: Kat1100,aaltt Muermel Pelz: shutterstock S31Muermel Babys: Eva Loidl, Muermel Jonker: Sylvain Haye, Muermel Krallen: Ibex73, aner: shutterstock S32&33 shutterstock S34-39 Christiane Flesch, Laurent Moes, Klôt Schmit S40 Pastinak Buedem: Goldlocki, Pastinak Zopp: shutterstock, Portulak, Portulak Zalot, Portulak Geméis: shutterstock, Portulak Buedem: Rasbak, Topinambur Buedem, Zalot, Chips: shutterstock, aner: mnhn S41 Schwaarzwuerzel Buedem: Goldlocki, Schwaarzwuerzel, Schwaarzwuerzel Geméis: shutterstock, Kabes Buedem: Dwight SIpler, Kabes Geméis: Cajsa Lilliehook, Äerdkolraf Puree: shutterstock, aner: mnhn S42&43 mnhn S44 mnhn Poster: S1: mnhn S2: Dännegrings, Kaweechelchen, kleng Foto1 a Grafik Dänn wiisst: shutterstock, Fiichten- an Dännesomkären: Gmihail, Pinienzapp zou: Boerns, Pinienzapp op: Asabengurtza, Kaweechelchen: shutterstock, Fiichtenzäpp Bam: 京浜にけ, Fiichtenzäpp Buedem: Christian Ferrer, Dännenzäpp Bam: Jerzy Opiola, kleng Foto2: zdenet, kleng Foto4: Luis Fernandez Garcia Kären, Panewippchen, Fiichtegkeetsmiesser: mnhn
De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt vun Ministère de la Culture Musée national d’histoire naturelle Ministère du Développement durable et des Infrastructures Administration de la Nature et des Forêts Ministère de la Santé
Abonnementer & Info
TEXT: SYLVIE HAGEN
panda-club@mnhn.lu Tel.: 462233 450
Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar. I 43
Imprimerie Heinz