WANTED
1
Animateuren vun Vakanzaktivitéiten mat Kanner a Jonken
Ville d’Echternach
D'Gemeng Iechternach organiséiert fir den Summer 2014 vum 18 bis den 29ten August Vakanzaktivitéiten fir Kanner a Jonker. Fir d'Kanner, respektiv déi Jonk, bei dësen Aktivitéiten ze begleeden ginn Animateuren zwësche 16 an 26 Joer gesicht. D'Animateuren verdingen den Studentenloun.
Dofir brauch een den Animateursbrevet A (SNJ oder aner Organismen)
2
an/oder déi Freelance mat Jonken schaffen fir Skate, kloteren an soss Outdoor-Aktivitéiten. Dën Brevet A kann een awer och nach am Juni zu Iechternach am der Jugendherberg maachen op enger Formatioun déi vun der Gemeng Mäertert-Waasserbëlleg an 4motion organiséiert gëtt an wou d'Iechternacher Gemeng d'Käschten fir all Jonken iwwerhëlt deen am Summer an der Gemeng well als Animateur schaffen.
3
D'Formatioun fir d'Animateuren vun den Vakanzaktivitéiten fir Kanner gëtt gehale vum Formateur Gilles Ramponi, Sozialaarbechter a Freelance Formateur bei 4motion.
4
Dës Formatioun an 2 Weekender preparéiert déi Jonk op hiren Roll als Begleeder vun de Kanner während den Vakanzaktivitéiten. Nieft der Partizipatioun vun den Kanner, déi sollen selwer mat entscheeden kënnen wéi eng Aktivitéiten si maachen, ass och d'Chancëgläichheet groussgeschriwwen.