
2 minute read
Är Fotoen
from Muselzeidung 506
by Presss sarl
Réckbléck Är Fotoen
Nei Fotoen aus der Regioun vun Iech a fir Iech zesummegestallt! Bei Iech war och eppes lass? Da schéckt eis gären Är Foto vun engem flotte Moment eran: burton@pt.lu
Réimech
Generalversammlung vun de Museldickserten
Siren
Mobilitéitsdag an der Gemeng


Réimech
ARDL Chrëschtfeier um Muselschëff River Diva


Schengen
Vernissage „Borderline“ vum Valerio Vincenzo
Gréiwemaacher
D‘Vertrieder vun der DP Osten hu sech an der Foussgängerzon presentéiert

Fëlschdref
De Gaart an Heem Fëlschdref huet 100 Joer gefeiert. Bei dëser Geleeënheet gouf e Gedenksteen ageweit

Mutfert
Welcome-Owend fir déi nei Awunner
Stadbriedemes
D‘Amicale vun de fréiere Gemengevertrieder aus dem Kanton Réimech no enger Visitt vun der Kellerei Domaines Vinsmoselle zu Welleschten an engem gudde Mëttegiessen „an der Tourelle“ zu Stadbriedemes


Conter
Fest vum Drëtten Alter an der Gemeng


Stadtbriedemes
D'Madamm Becker-Blasius huet hiren 104. Gebuertsdag gefeiert
Kanech
„Wine and Dine - sou schmaacht Lëtzebuerg“ am Wëllemskeller organiséiert vun der Pudenis asbl

Waasserbëlleg
Am Kader vun der Orange Week hunn d‘Memberen aus der Chancëgläichheetskommissioun ee klenge Kaddo kritt an et si Banner opgehaange ginn, wou sech géint Gewalt géint Fraen a Meedercher solidariséiert gëtt

Bech
Gutt Stëmmung um Bloen Hierscht vun der DP Osten am Restaurant Steinmetz

Greiweldeng
Déi pensionéiert Buschauffere vu Voyages Emile Weber hu sech no laanger Paus erëmgesinn, fir iwwer vergaangen Zäiten ze poteren


Gréiwemaacher
D‘Madamm Aurora Alves Braganças Fernandes huet hire 70te Gebuertsdag gefeiert
Gréiwemaacher
D‘Josiane an de Marco Schiltz-Fassbender hu Sëlwerhochzäit gefeiert
