1 minute read

MËLLERDALLER REZEPTER

Next Article
AGENDA

AGENDA

Rezept vun der Distillerie Miny hugo mat Hielännerbléielikör

1 Portioun 5 Minutten

Fir unzefänke leeë mir 2–3 Äiswierfel an ee Wäisswäiglas. Am Uschloss reiwe mir déi 3 Peffermënzblieder duerch dat Bannescht vum Glas a verdeele se op d’Äiswierfel. Duerch d’Reiwe vun de Peffermënzblieder, ginn hir Poren op, sou datt sech deen typeschen Aroma am Glas verdeele kann. Da wäsche mir d’Limett (½) gutt ënnert fléissendem Waasser a schneide se a Stécker. D’Limettestécker liicht ausdrécken a mat an d’Glas derbäi ginn. Duerno schëdde mir dann den Hielännerbléielikör (4 cl) derbäi. Zum Schluss kënnt eise lëtzebuerger Cremant (120 ml) an dʼSpruddelwaasser (no Bedarf) derbäi. „ Lëtzebuerger Spëtzequalitéit zanter 1895.“

24, rue Principale • L – 7465 Noumer www.miny.lu

Europäischer Landwirtschaftsfonds für die Entwicklung des ländlichen Raumes: Hier investiert Europa in die ländlichen Gebiete.

www.mellerdaller-produzenten.lu

qualitéit aus dem Mëllerdall – ekologesch an ekonomesch gutt an no um Verbraucher, dat hate sech eng 6 Produzenten aus der Regioun Mëllerdall am Joer 2005 op de Fändel geschriwwen, wéi si entscheet hunn, méi enk zesummen ze schaffen a sech an hir am Mëllerdall hiergestallten, respektiv ugebaute Produkter dobaussen op de Mäert an an der Gesellschaft besser ze vermaarten. Dorausser ass 2011 de Veräin Mëllerdaller Produzenten entstanen. D‘Zil war zesummen no Iddien a Weeër ze siche fir eng besser Visibilitéit ze hunn. Haut sinn et méi ewéi 20 Betriber, déi sech am Regruppement vun de Mëllerdaller Produzenten engagéieren, fir datt d’Leit d‘Regioun Mëllerdall net nëmmen duerchwandere kënnen, mee datt si si och schmaachen, an op eng flott Aart a Weis erliewe kënnen.

This article is from: