2 minute read
Eis Lieser hunn d'Wuert
from Sauerzeidung 401
by Presss sarl
Eis Lieserinnen a Lieser hunn d'Wuert
Fir eis Gebuertsdagseditioun vun der Musel- & Sauerzeidung hu mir eis Lieserinnen a Lieser gebieden eis en Zitat eranzereechen. Mir wollten z. B. wësse wat hinnen am beschten oder manner gutt an der Musel- & Sauerzeidung gefält, wat si gären ännere géifen oder einfach nëmme wat si der Musel- & Sauerzeidung wënschen. Zesumme koumen eng ganz Rëtsch flott Zitater, déi mir Iech hei presentéieren. Gläichzäiteg konnten eis Lieserinnen a Lieser mat hirem Zitat un engem Gewënnspill deelhuelen.
D’Sandra vun Trënteng huet en Akafsbong am Wäert vu 500 € gewonnen, dee gären an der Bijouterie Hoffmann zu Gréiwemaacher ageléist gëtt.
D’Corinne vu Bäerdref huet en Akafsbong am Wäert vun 250 € gewonnen, dee gären am Hôtel du Commerce zu Klierf ageléist gëtt.
GLÉCKWONSCH!
Di 25 Gewënner, déi eng Fläsch Crémant gewonnen hunn, si benoriichtegt ginn. Villmools Merci fir d’Matmaachen!
Ech wënschen der Muselzeidung alles Guddes fir hir 40 Joer Bestoen, dass si esou viru mécht wei bis ewell.
Natierlech kucken ech mir, ewéi ech et als Kand scho gemaach hunn, déi vill Fotoen ëmmer gär un. Wat mir gutt gefält, sinn déi vill Annoncen, sief et déi privat, oder och déi professionell. Mir hu schonn déi eng oder aner gutt Adress hei an der Zeitung fonnt.
Stéphanie vu Rëmerschen
Ech wënschen der Muselzeidung, dass se nach laang Jore sou weider maache kann. Et ass allkéiers flott fir Artikelen ze liesen, Fotoen ze kucke wat sou lass war. Duerch eng Annonce vun enger Firma an der Muselzeidung hu mir elo eng schéin nei Entréestrap beim Haus. Maacht esou virun.
Danielle vun Uewerbëlleg
Ech wënschen der Muselzeidung och weider ganz vill Succès an dass si eis nach ganz laang erhale bléift.
Sandra vu Greiweldeng
Mir gefält ganz vill un de Musel- a Sauerzeidung. Vill Fotoe mat bekannte Gesiichter, Events hei am Eck, Butteker déi Aktiounen hunn, Familljefester an hir Datumer, aktuell Themen (Vakanzenheft mat Ideeën), kleng Annonce, asw. Mir géif et nach vill besser gefalen, wann et och eng App vun Iech géif ginn. Natierlech liesen ech gären op Pabeier, ma trotzdeem hunn ech Momenter an der Salle d’attente vun engem Staterdokter, um Busarrêt asw., e puer Minutten Zäit a géif gär meng Zäit domat fëllen. Ausserdeem ass et bestëmmt eng gutt Saach fir d’Ëmwelt.
Tessy vun der Musel
Ech wënsche weiderhin nach esou vill Erfolleg wéi si all déi Jore bis elo haten.
Dass d‘Leit nach weiderhin esou flott Fotoen, Beiträg a Reportagen era gi fir se an der Zeitung ze verëffentlechen.
An dass och nach genau esou vill Geschäfter, Betriber an esou weider annoncéiere wäerten, well dat hält d'Zeitung um Liewen. Alles Guddes a weider vill Erfolleg dem ganzen Team.
Sandra vun Trënteng
Mir gefält am beschten: Vakanz Doheem, weil ich mich öfter im Urlaub in Bollendorf befinde und meine Nachbarin dort mir die Sauerzeidung immer aufhebt. Über die Sauerzeidung konnte ich schon das Akkordeon unseres Sohnes verkaufen und finde immer wieder interessante Annoncen.
Ich wünsche der Sauerzeidung für die Zukunft alles alles Gute.
Irene aus Mörfelden-Walldorf
D'Sauerzeidung gefält mir gutt, well si regional ass.
Corinne vu Bäerdref
Mir gefält einfach alles an Ärer Muselzeidung.
Pierrette vu Sandweiler
kacom.lu | Foto: Pixabay
CHAUFFAGE SANITAIRE
Zone Industrielle 4, Rue Pierre Richardot L-6468 Echternach
Tel.: 72 92 55 1 Fax: 72 90 81 DÉPANNAGEDÉNGST T +352 72 92 55 1