11 minute read
Braderie zu Waasserbëlleg
from Sauerzeidung 401
by Presss sarl
DrauwenGRÉIWEMAACHER a Wäifest
09., 10. & 11. September
Sonderheft
SEPTEMBER 2022
n e Zum Herausnehm
Léif Frënn VUN DER LËTZEBORRIER MUSEL AN DEM LËTZEBORRIER WÄIN!
Mäin Numm ass Zoé, ech hunn 22 Joar a wunnen zu Maacher.
Vu Kleenem u sënn ech mat meinen Elteren op isem schéine Wäifest gewiest.
Am Oktober fänken ech am (CHL) (Centre Hospitalier de Luxembourg) un, fir mein Léier als Infirmière fäerdeg ze maachen.
No 5 Joer als Wäiprinzessin hunn ech d'Éier als 72. lëtzeborrier Wäikinnigin gekréint ze ginn, a mein Amt als Ambassadrice vum lëtzeborrier Wäin am In- an Ausland, zesumme mat meine Prinzessine Loredana, AnneCatherine, Inês an Alina auszeféieren.
Den éischte Rendez-vous ass dann och schonn den 2. Weekend am September, wou ech mat Eech alleguer prosten an e puer flott, a virun allem onvergeesslech Stonne wäert verbréngen.
PROST, ZOÉ
D’Zoé Schoeben gëtt di 72. Lëtzebuerger Wäikinnigin. Am Interview mat der Musel- & Sauerzeidung schwätzt dat 22 Joer jonkt Maacher Meedchen iwwert säi perséinlechen Highlight vum Wäifest, säi Lien mam Wäin a wéi een et packt, no enger Nuetsschicht den nächsten Dag rëm op der Bün ze stoen.
Zoé, lo ass et net méi méi laang bis d'Maacher Drauwen- a Wäifest. Bass Du schonn opgereegt oder steet éischter d’Virfreed am Vierdergrond?
ZS Et ass virun allem d‘Virfreed! Et ware jo duerch Corona insgesamt 6 Joer als Prinzessin a lo freeën ech mech, fir gekréint ze ginn.
Wéi ass et dozou komm, dass Du Lëtzebuerger Wäikinnigin gëss? Hues Du, wéi deng Virgängerin Lee, eng Lettre de motivation geschriwwe fir dech ze mellen?
ZS Bei mir war et esou, dass ech deemools (ech mengen dat war am Dezember 2016) vum Carole Clemens gefrot gi sinn. Ech hunn dat Fest ëmmer scho bewonnert an als Kand och scho gesot, dass ech gären eng Kéier wéilt Wäikinnigin ginn. Iergendwann stoung dat duerch d’Schoul zwar net méi esou am Vierdergrond, mee wéi ech du gefrot gi sinn, war dat fir mech direkt kloer, dass ech dat géing maachen.
Deng Eltere sinn net am Wäibau aktiv. Wat soe si zu dengem neien Amt?
ZS Mäin Urgroussbop war Wënzer an hat Wéngerten. Fir meng Elteren ass et eng extrem grouss Freed, dass ech lo Wäikinnigin ginn. Ech selwer sinn zwar och e bëssen opgereegt, mee ech mengen, si si méi opgereegt wéi ech an natierlech och ganz stolz.
Du hues och Famill an Italien. Wéi ass dat fir si, lo geschwënn eng Kinnigin an der Famill ze hunn? Kenne si d‘Traditioun?
ZS Mäi Monni war bal all Joers op der Kréinung mat dobäi. Fir meng Famill ass dat ganz intressant. D’Italiener feiere jo souwisou ëmmer alles a fannen dat Fest extrem flott a jiddwereen ass extrem frou a stolz a wëll gäre bei der Kréinung mat dobäi sinn.
LIGHT PARTY UP THE
Hues Du dech selwer scho gutt op däin Amt kënne virbereeden?
ZS Ech hunn di lescht 6 Joer als Prinzessin vill gesinn a vill geléiert. Ech war schonn ëmmer en oppene Mënsch, mee ech denken, dass ech duerch d’Zäit als Prinzessin nach méi oppe gi sinn. Natierlech hunn ech och vill iwwer de Wäi geléiert. D’lescht ware mir och nees am Institut viti-vinicole, wou mir ëmmer 1x am Joer sinn. Do hu mir de Wäi geschmaacht a krute vill vum Änder Mehlen erkläert. Dat ass ëmmer super flott, do kann ee vill bäiléieren.
Duerch d’Famill vun dengem Frënd kriss du jo warscheinlech och relativ vill mat, oder?
ZS Jo, mäi Frënd, deen ech duerch d’Wäiprinzessinne kennegeléiert hunn, ass Wënzer. Do-duerch léieren ech och vill iwwer de Wäin a gesinn, wéi vill Aarbecht am Wéngert ass. Als Prinzessin oder dann als Wäikinnigin representéiere mir de Wäin, mee lo kréien ech och richteg mat, wéi vill Aarbecht dohannert stécht.
Hues du dech och vill mat denger Virgängerin dem Lee ausgetosch?
ZS Ech hu mir vill beim Lee ofgekuckt, wéi hat säin Amt dëst Joer gemaach huet. D’Lee an ech kennen eis scho ganz laang an hat huet mir vill gehollef. Hat huet ëmmer en oppent Ouer fir all Fro déi ech hunn, do weess ech, datt d’Lee mir eng Äntwert kann drop ginn. Ech hunn hatt z. B. gefrot, wéi ech meng Ried kéint ufänken.
Op de Fotoe gesäit ee schonn deen elegante roude Rack, deens Du droe wäerts. Kanns Du eis eppes iwwer däin Outfit verroden?
ZS Mäi roude Rack hunn ech mir selwer dierfen eraussichen. Deen ass vu menger Tatta, déi Néiesch ass, fir mech gemaach ginn. D’Prinzessinne kucken dann, zesumme mam Comité des Fêtes, fir eppes ze fannen, wat am beschten dobäi passt.
„ Ech si gären dobaussen ënnert de Leit. “
34, rue de l’Eglise L-6720 GREVENMACHER info@peinturesteffen.lu Tel. : 75 07 86 Peinture Steffen wënscht der neier Wäikinnigin Zoé vill Freed an hirem neien Amt. www.peinturesteffen.lu
Bass Du als zukünfteg Wäikinnigin och schonn op deng Tattooen ugeschwat ginn? Ass dat e Problem, als Kinnigin tätowéiert ze sinn?
ZS Meng Eltere waren net sou frou, wéi ech mech als Prinzessin tätowéiere gelooss hunn. Ech hätt och kéinte waarde bis no mengem Amt. Vun de Leit ginn ech oft drop ugeschwat, well vill meng Tätowéierunge schéi fannen, eppes Negatives hunn ech nach ni héieren.
Wat steet lo nach di nächst Woche bis d’Kréinung un?
ZS Et ass lo wierklech de volle Programm. Ech muss d’Invitatiounen erausschécken an z. B. kucken, wéi ech mäin Dësch maachen, wien ech wouhinner setzen, fir dass d’Leit, déi sech kennen, beienee sëtzen. Et komme sécher och nach vill Interviewen an ech wäert di ganz Zäit och weider schaffe goen. Ech mengen, et gëtt sportlech.
D’Kréinung wäert an dësem Joer nees an der Sportshal vum Lycée stattfannen a gëtt live iwwerdroen. Kanns Du eis schonn eppes iwwer den Ëmzuch soen? ZS Den Ëmzuch wäert dëst Joer rëm normal stattfannen an duerch ganz Maacher goen. Et si vill méi Ween dobäi, sou dass ee soe kann, dass et rëm en Ëmzuch wéi gewinnt wäert sinn.
MIR WËNSCHEN DER WÄIKINNIGIN E SCHÉINT JOER!
ZAHNARZTPRAXIS Dr. Peter HERRIG & Dr. Sonia MAYNTZ 2, rue de la Moselle L-6757 Grevenmacher Tel.: +352 75 88 60 691 758 866
Make-up by à pro-peau
Institut de Beauté et Pédicure 2b, rue Victor Prost L-6758 Grevenmacher Tel. 75 90 08 www.a-pro-peau.com
Grevenmacher Shopping
Einkaufen in der Fußgängerzone Die kulturellen Sehenswürdigkeiten entdecken Den Luxemburgischen Wein verkosten
Sich kulinarisch verwöhnen lassen
Das Freizeitangebot genießen
D’ Maacher Geschäftsleit wënschen der neier Lëtzebuerger Wäikinnigin Zoé
„ Op den Ëmzuch freeën ech mech am meeschten .“
Wat wäert däi perséinlechen Highlight sinn?
ZS Den Ëmzuch! Op dee freeën ech mech am meeschten, wëll dat ëmmer esou flott ass, wa mir mam Won kommen an all d'Leit do stinn, mat deene mir all di selwecht Léift zum Wäifest deelen. Als Prinzessin (wéi och warscheinlech als Kinnigin) ass dat top do laanscht d’Leit ze fueren! Bei der Bréck gëtt ëmmer „Kättche, Kättche“ gesongen an och nach op verschiddene Plazen. Dat ass super an dat vergësst een ni méi!
Léisst sech d’Amt vun der Wäikinnigin an dat „normaalt“ Liewe gutt ënnert een Hutt bréngen?
ZS Ech schaffen an der haislecher Fleeg a wäert Infirmière léieren, wat ech schon eng KéIer ugefaangen hat a fir 1 Joer hu missten ënnerbriechen. Lo fänken ech am Oktober am CHL op der Onkologie un. Bis lo haten d’Cheffen nach ëmmer Verständnis fir mäin Amt a si mir entgéintkomm. Si kennen dat Fest jo och. Heiansdo ass et zwar sportlech, wann ee grad vun enger Nuetsschicht kënnt, da geet ee kuerz schlofen an huet dann en Optrëtt. Mee dat ass dann esou, do hëlt een de Schlof dann eben den aneren Dag no.
Wat war deng Motivatioun, fir Infirmière ze léieren?
ZS 2007 hat mäi Bop en Hiereschlag, do ass hien da vun Italien op Lëtzebuerg komm an ech sinn hien all Dag mat besiche gaangen. Vun do u war dat fir mech kloer, dass ech an deem Secteur schaffe wëll.
Wat méchs Du gäre privat, wann s Du net als Prinzessin resp. deemnächst als Wäikinnigin ënnerwee bass?
ZS Och privat ginn ech gären op Fester, ech mengen, ech verpasse kee Fest, wa mir lo net scho souwisou mat de Wäiprinzessinnen do sinn. Ech hunn och ëmmer gäre Fussball gespillt, mee lo mam Schaffe klappt dat zäitlech net méi. Ech si gären dobaussen, si gären ënnert de Leit, dofir passt dat och gutt als Wäikinnigin.
• Zimmerei - Holzbau • Dachdeckerarbeiten • Holzrahmenbau • Aufstockung • Dachsanierung
Weyer Zimmerei-Holzbau S.à r.l.
5, an de Längten • L-6776 Grevenmacher Tel.: 26 71 02 44 • Fax: 26 71 02 34 e-mail: info@holzbau-weyer.lu • www.holzbau-weyer.lu
De Comité
1. REI – VU LÉNKS NO RECHTS: Martine STRENG, Claudine WEBER, Josiane BASTIAN, Aline STOLTZ, Carine SAUER, Emmanuelle WENER, Inês FERNANDES MENDES, Loredana BELLI, Zoé SCHOEBEN, Anne-Catherine SCHILTZ, Alina SANTOS MELO, Carole CLEMENS, Monique SCHOEBEN, Anne HAAS, Lynn MANTZ
2. REI – VU LÉNKS NO RECHTS: Pierre GRAF, Claude WEYER, Romain ASSELBORN, Ben SEIL, Alain GOEDERT, Olivier FRIEDERICI, Laurent HURT, Mike WASSMANN, Marcel WASSMANN
72. Drauwen- a Wäifest
CAROLE CLEMENS Presidentin vum Comité des Fêtes vun der Stad Gréiwemaacher
10, route du Vin L-6794 Grevenmacher Tél.: +352 26 74 54 48 Fax: +352 26 74 54 49 Email: info@savory.lu www.savory.lu
Mir si fi r Iech do:
vun dënschdes - freides: 12h00 - 14h00, 19h00 - 22h00 samschdes: mëttes ass zou, 19h00 - 22h00 sonndes: 12h00 - 14h00, owes ass zou méindes ass eise Roudag
Dir kritt bei eis:
Menu à la carte Menu du jour Individuell Menu´en Buff et kal / warm
Fir all méiglech Uläss wéi:
Gebuertsdag Konveniat Hochzäiten Betribsfeieren Kommuniounen a villes méi..
ENDLECH RËM NORMAL!
Et ass rëm sou wäit! Den zweete Weekend am September ass dat traditionellt Drauwen- a Wäifest zu Gréiwemaacher. Nodeem mir d’letzt Joar emol anescht gefeiert hunn, sënn ech frou, datt mir dës Joar rëm een normaalt Wäifest feieren däerfen.
D‘Wichtegkeet vum Maacher Drauwen- a Wäifest fir d’Propagatioun vum lëtzebuerger Wäin a Crémant ass dem Comité des Fêtes bewosst. D’Roll vun der lëtzebuerger Wäikinnigin ass wichteg an der Promotioun vun iser Regioun no baussen. An hirer Funktioun gëtt d’lëtzebuerger Wäikinnigin iser Musel, iser Regioun an ise Wënzer mat hiren ausgezeechente Produkter e besonnescht Gesiicht.
Nodeem d’Lee Risch elo d’Regioun mat Charme doheem an dobaussen a seiner Funktioun als lëtzebuerger Wäikinnigin vertrueden huet, iwwerhëlt d’Zoé Schoeben mat seine Prinzessinnen den 9. September d’Roll vun der Ambassadrice vum lëtzebuerger Wäibau fir dat kommend Joar.
Mäi perséinleche Merci geet un d’Lee Risch fir déi professionell Optrëtter am Déinst vun der lëtzebuerger Musel. Fir d'Zoé gëtt et elo eescht, an him wënschen ech ganz vill Freed a seiner neier Funktioun.
E ganz grousse Merci gëllt awer all ise Sponsoren a Frënn; hir Ënnerstëtzung garantéiert, datt is Fest op der lëtzebuerger Musel weiderhi bestoe bleiwe kann. Dës Weidere wëll ech och net vergeessen, all de Leit, déi sech un der Organisatioun an der Ausféierung vum Drauwen- a Wäifest bedeelegen, Merci ze soen. Dank hirer Ënnerstëtzung wäert och dat 72. Drauwen- a Wäifest e ganz besonnescht Fest ginn.
Ech hoffen, Dir huet Eech den 9., 10. an 11. September all am Kalenner reservéiert, a mir gesinn is um 72. Drauwen- a Wäifest. Programmdetailer, a wéi Dir sëcher a bequem mat dem ëffentlechen Transport op is Fest komme kënnt, fannt Dir, wéi ëmmer, op isem Site www.waifest.lu.
Mir freeën is, fir mat Eech zesummen ze feieren!
Prost, Carole
D'VIRVERKAFSPLAZE FIR «ENTRÉESBÄNNECHER» FIR D'MAACHER DRAUWEN- A WÄIFEST 2022
BIWER
• Boulangerie Peschong
KANECH, JONGLËNSTER, RÉIMECH
• Voyages Emile Weber WAASSERBËLLEGER BRÉCK (D)
• Deutsch-Luxemburgische
Tourist Information
MËNSBECH
• Boulangerie Peschong
GRÉIWEMAACHER
• Administration Communale de la Ville de Grevenmacher • Bazar Thiel-Schmit • Boulangerie Peschong • Café New Rive Gauche • Eicatcher • Syndicat Initiative et de Tourisme de la Ville de Grevenmacher • Station Aral Rond Point • Station Aral Potaschberg • Voyages Emile Weber WAASSERBËLLEG
• Weber Zeidungsbuttek
Online: www. luxembourg-ticket.lu
Virverkaf 15 € • Weekendticket 18 € Ticket gëlteg vum 9. bis 11. Sept. 2022
Dagesticket op der Plaz disponibel (10€) Bis 16 Joer ass den Entrée fräi
SALON DE COIFFURE DAMEN · HERREN · KINDER
Unsere Öffnungszeiten Dienstag bis Freitag von 9 bis 17.30 Uhr Samstag 8 bis 15.30 Uhr
2x im Monat freitags bis 21 Uhr geöffnet Montags geschlossen
18, Route de Trèves Grevenmacher gegenüber der Apotheke