de WahlkarussELL, Theater 2017 zu Ell

Page 1

inform’Ell I N F O R M AT I O U N S B L AT V U N D E R G E M E N G

N°1 / 2017

Spezial WahlkarussELL

Neies iwwer d'Gemengewahlen zu Ell - Exclusiv Hannergrondinformatiounen - Wien huet d'Nues vir?


Sommaire p. 02

Acteuren

p. 03

Gemengerot

p. 04

Spezial Wahlen

p. 05

Anniversaire

p. 06

Sponsoren

Musik Gemeng Ell L-8530 ELL www.musikgemengell.lu Layout: Ender Theisen Fotoen: Christiane Garlemant Merci dem Schäfferot vun der Gemeng Ell, dass mir de Layout vum "richtegen Inform'ELL" dierfe benotzen!

Häerzlech

Wëllkomm

am

Wahlkaruss'ELL!

Léif Theaterfrëndinnen, léif Theaterfrënn Wourëm et geet: Et ass di éischte Kéier an der Geschicht vun der Gemeng, datt eng Fraelëscht sech fir di nächst Gemengewahlen opgesat huet. D'Zil ass kloer: et geet drëm de Männermonopol am Gemengerot ze briechen. Mat hirem dach ongewéinleche Wahlprogramm,dee gravéierend Aschnëtt an di bis elo 'intakt' Männerwelt virgesäit,fënnt d'Fraelëscht, ugefouert

vun der resoluter Virginie Schubert, groussen Uklang bei de weibleche Wieler. D'Press ass um Dill an och an de Sondagë leien d'Frae wäit vir an di absolut Majoritéit schéngt hinne vu vir era sécher. Dëst ass fir den amtéierende Buergermeeschter Gast Decker Grond genuch de Virmarsch vun deenen tatkräftegen Emanzen ze bremsen, an zwar mat alle Mëttelen. De neie G e m e n ge nte c h n i ke r Jean Doué, grad ewéi

d'Marylène, d'Serveuse aus dem 'Chez Elle' spillen hir Trëmp aus a loossen de Wahlkarussel zerguttstert ronderëm dréien. Affaire à suivre... Gaby Mack Regie


GEMENG

I

DUERF

I

SCHOUL

I

Acteuren

I

AGENDA

Et spillen dëst Joer:

Heng Rasqué Gast Decker

Gérard Wietor Pitt Wickler

Raymond Jans Théo Happ

Dan Joseph Georges Schank

Nadine Clesen Virginie Schubert

Martine Wolff Berthe Wickler

Denise Glodé Gisèle Klemm

Michèle Feltgen Charlotte Schank

Emelie Fetler Anni Decker

Fred Thill Jean Doué

Nadine Thill Marilène/Marilyn

Laurent Schaus Marco

Ouni eis Hëllef geet et nit: Liicht an Toun: Claude Schaus Flüsterkëscht:

Francis Coljon, Robert Roder

Reservatiounen a Kees: Renée Coljon Maquillage:

Marion Kemp-Klein, Emi Avila

Bühn:

Armand Schuh

Staff / Comptoir: D'Musikanten

2

Aus dem Däitschen iwwersat vum Nathalie Bender an Ender Theisen

Op dëser Plaz soe mär jidderengem, dee gehollef huet an hëlleft, e grousse Merci!


GEMENG

I

DUERF

I

AGENDA

I

LEIT

Aus dem Gemengerot Neie Gemengentechniker fir Ell Séance publique du 15 janvier 2017 Date de l'annonce publique de la séance: 20.12.2016 Date de la convocation des conseillers: 20.12.2016 Présents: M. Decker, bourgmestre, M Schank , M. Happ, M. Wickler conseillers ; Mme Foyer, secrétaire et M. Raber rédacteur ; M. Jean Doué pour le 1er point de l'ordre du jour Absents: a) excusé: // b) sans motif: //

An där leschter Sitzung ass de neie Gemengentechniker, de M. Jean Doué, virgestallt an agewise ginn. Hie krut seng Aufgaben erkläert, a wäert direkt mussen op Dingschtrees fueren. Méi war nit gewuer ze ginn. // D'Ligue "Propper an Adrett fir den Erhalt vu gudde Manéieren an irreprochabelem Behuelen" huet nach emol eng Demande eragi fir e Veräinssall ze kréien. Et ass de Moment "ganz schwiereg" e Raum ze fannen, mengt de Buergermeeschter Gast Decker. Si musse sech nach gedëllegen. // De Bibelkrees huet eng Klo agereecht, well si de Subside gestrach kruten. De Gemengerot steet awer geschlossen hannert dëser Decisioun. // D'Ufro vum M. Billy Hoffmann, fir eng Liichtreklamm op d'Fassade vum "Chez-Ell'e" unzebréngen, ass unanime gestëmmt ginn. De Rescht vun der Sitzung ass nit ëffentlech gewiescht, do gouf sécher iwwer d'Wahlstrategie geschwat. Ganz laang huet et awer nit gedauert well um 16.40 Auer hunn d'Fraen de Büro gestiermt - méi Genaues wor awer nit erauszefannen. Wéinst de Wahlen? Wéinst dem "Chez-Ell'e"? Mir bleiwen drun. Am nächsten Inform'Ell komme mir do drop zeréck.

3

I


GEMENG

DUERF

I

I

SCHOUL

I

LEIT

I

AGENDA

Hannergrënn aus dem Wahlkarussell 54%

46%

D'Marilyn verdréint hinnen all de Kapp - just den Ausdrock am Gesiicht ass en aner. Ass hatt Schold um Zodi an deem leschte Gemengerot?

D'Wahle bleiwe spannend bis zum Schluss. D'Fraelëscht, ugefouert vum Virginie Schubert, kritt ëmmer méi Zoustëmmung. Neisten Héichrechnungen no kommen d'Fraen op 54% vun de Stëmmen. D'Halschent vun de Sëtz schéngt hinne sécher ze sinn an et geet a Richtung absolut Majoritéit. Grond genuch fir unzestoussen? Oder Grond fir sech Suergen ze maachen? Ëmmer méi Versammlungen a Sitzunge ginn am Café ofgehalen. Souwuel vun de Fraë wéi och vun de Männer! De Gast Decker huet sech extra e Büro do ageriicht. D'Vertrauen an de Wiert schéngt vu béide Säite grouss ze sinn.

Vill Froen déi nach ze kläre bleiwe bis de nächsten InformELL kuerz virun de Wahlen!

Wien ass de Jean Doué wierklech? En Agent? E Spioun? A virun allem: Wou ass hien? Zanter 2 Wochen ass e spurlos verschwonnen.

4


GEMENG

I

DUERF

I

AGENDA

I

LEIT

Programm "110 Joer" D'Musik deelt mat, dass si dëst Joer 110 Joer feieren. Dofir sinn niewent den Theaterowenter 2017 folgend Manifestatiounen iwwer d'Joer geplangt: (weider Detailer kommen am Laf vum Joer) 6. Mee 4. Juni 13. Juli 15. /16. Juli 15. Juli (20.15h) 14. Oktober 19. November 9. Dezember

Galaconcert zesumme mam Chouer Beetebuerger Sängerfreed Duerffest am Centre Camille Ney Diplomiwwerreechung vun der Réidener Musikschoul Visite vun eisen hollännesche Frënn vun Ell (NL) Concert vun der Fanfare Ellona an der Moselle Valley Brass Band Big Band Owend mat der Märeler Big Band an der Big Band Opus78 Concert mat Luxembourg Philharmonia Ofschlossconcert vun de Festivitéiten "Winterlights" mat de Schoulkanner aus dem Fräschpillchen

Eng Musik besteet just, wa se och genuch Musikanten huet. D'Musik Gemeng Ell ass dofir frou iwwer all neie Member deen en Instrument spille kann oder dat léieren wëll. Dofir, wann Dir intéresséiert sidd an enger flotter Ekipp Musik ze spillen, dann zéckt nit Iech bei eis ze mellen. Dir kënnt dat maachen iwwer de Kontaktformular um Site oder Dir kënnt gären och emol bis laanscht kucke kommen. Eis Prouwen sinn Donneschdes Owes um 20.00 Auer am Musikssaul zu Ell. Fir weider Informatioune, kuckt och um Site http://www.musikgemengell.lu/

5

I


GEMENG

I

DUERF

I

SPONSOREN

I

LEIT

Reese mat Bus, Fliger a Schëff

Revendeur agréé Première peinture 100% biosourcée www.verdello.lu

PEINTURE GÉNÉRALE

Tél. 236 222 1 / info@unsen.lu / www.unsen.lu

. Escaliers et dallages . Tablettes de fenêtres . Terrasses en granit . Monuments funéraires . Plaques de cuisines Foetz . 1a, rue de l’Avenir . tél. 55 20 02-1 . www.hary.lu . harymarb@pt.lu AGROTECHNIC SARL L-9175 Niederfeulen Tél: 00352-812731 Fax: 00352-817427 E-mail: info@agrotechnic.lu

Vente et entretien de machines de jardinage et forestières

www.agrotechnic.lu

Nicolas & Heidesch Entreprise de Constructions Transformations | Toitures, Coffrages Abattage et Elagage d’Arbres Dangereux 26, rue Abbé Neuens | L-8811 BILSDORF GSM: 621 245 980 / 621 501 542 | E-mail: nicolasp@pt.lu

Nicolas Gits T: 00352 621 288 095 info@hibiscus.lu

6, Haaptstrooss L-8530 ELL Tél. 23 62 10 47

6

I


Nightclub Bar Dancing Ouvert tous les jours à partir de 17hrs Discrétion absolue


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.